DËSLESCHT AN EISER GEMENG ...
D’Klengbettener Musek huet nees op hir Quartiersconcerten invitéiert. 25. Juni: Um Kazebierg zu Klengbetten 02. Juli: An der Cité zu Grass 09. Juli: An der Cité zu Hoen 16. Juli: Bei der aler Spillschoul zu Klengbetten
Am Kader vun enger klenger Zeremonie gouf de 15. Mäer z 2021 den David Kasel vum deemolge Buergermeeschter Guy Pettinger als Fonctionnaire vereedegt. Den David schafft am Accueil vun der Gemeng a beäntwert Iech gären är Froen. Den 19. Juli 2021 gouf och d'Léna Pyckavet als Fonctionnaire vereedegt. D'Léna schafft zanter 2018 am Service Relations Publiques vum administrativen Departement an ass do ënnert anerem zoustänneg fi r d'Organisatioun vun de Manifestatiounen a Receptiounen vun der Gemeng Stengefort.
66 66
Vum 2. bis den 11. Juli 2021 huet d'Gemeng Stengefort d'Véierelsfinallen, d'Halleffinallen an d'Finall vun der Futtball-EM 2020 live an de Keeseminnen (Parking Al Schmelz) zu Stengefort iwwerdroen. Dës Manifestioun war ënnert dem „CovidCheck“ organiséiert, an et konnt ee sech déi verschidde Matcher mat Iessen a Gedrénks op der Plaz ukucken.