
8 minute read
7 Den neie Buergermeeschter
De Sammy Wagner (LSAP) huet sech säit Oktober 2021 der Erausfuerderung als Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort ugeholl. Keng einfach Aufgab fir de jonke Politiker deen zanter 2017 2. Schäffe war. Den neie Buergermeeschter gesäit seng nei Aufgab als Challenge, déi hie mat vill Power a Motivatioun ugeet. Mee wat mécht de Buergermeeschter, wann e sech grad net ëm d'Gemeng këmmert? Well net nëmmen als Gemengepapp ass de Sammy Wagner ambitiéis an aktiv. Dofir beäntwert hien eis déi eng oder aner Froen.
DEN NEIE BUERGERMEESCHTER
Advertisement
Sammy Wagner, membre du parti LSAP, a relevé le défi en octobre 2021 de revêtir l’écharpe de bourgmestre de la commune de Steinfort. Tâche délicate pour un jeune politicien devenu échevin en 2017. Le nouveau bourgmestre voit son nouveau mandat comme un challenge, qu‘il compte accomplir gonflé d’énergie et de motivation.
LE NOUVEAU BOURGMESTRE
Mais que fait le bourgmestre en dehors de ses tâches communales ? En effet, Sammy Wagner a également d’autres ambitions et d’autres activités en parallèle. Il répond à nos questions sur ce sujet.
Wéi géngt Dir Iech an e puer Wierder beschreiwen?Comment vous décririezvous?
Idealistesch, zilstrebeg a bereet nozelauschteren ouni dobäi de Leit nom Mond ze schwätzen. Heiansdo ze emotional, haartnäckeg a fuerchtbar ongedëlleg.
Idéaliste, déterminé, attentif et authentique vis-à-vis de mon interlocuteur. Parfois trop émotionnel, têtu et terriblement impatient.
Wéi géif Dir d’Gemeng Stengefort an e puer Sätz erklären? En quels termes décririez-vous la commune de Steinfort?
D’Gemeng Stengefort ass fir mech eng Gemeng déi vill ze bidden huet. Sief et d’Relikten aus vergaangenen historeschen Zäite wou hei nach eng Schmelz war oder och déi vill flott Trëppelweeër duerch eist d’Noerhuelungsgebitt. Duerch déi gutt Ubannung un d’Stad sinn engem als Awunner och keng Grenze gesat wat d’Fräizäitgestaltung ubelaangt.
D’Erausfuerderung wäert an Zukunft sinn, déi héich Liewensqualitéit ze erhalen an do anzegräife wou et néideg ass. Hei denken ech virun allem un d’Verkéiersproblematik oder nach d’Moderniséierung vun eisen Infrastrukturen.
La commune de Steinfort est pour moi une commune qui a beaucoup à offrir, que ce soit au travers des reliques de notre passé sidérurgique laissées par notre ancienne fonderie ou bien des nombreuses et belles promenades au fil de notre zone de récupération. Grâce à l’accessibilité à la capitale, le choix offert aux résidents en matière d’activités et de loisirs est illimité.
Le défi sera à l'avenir de maintenir la qualité de vie et d'intervenir si nécessaire. Je pense ici notamment à la problématique du trafic ou bien encore à la modernisation de nos infrastructures.
Wéi gesäit en normalen Dag an Ärem Liewen aus? À quoi ressemble une journée classique du quotidien ?
En normalen Dag, wat ass dat? De Spagat, tëschent Schoulhalen, Buergermeeschterposten a privaten Obligatioune suergt dofir dass keen Dag wéi deen aneren ausgesäit. Mee ech zielen zu deene Leit déi am Stress zur Beschtform oplafe kënnen, och wann et emol un d’Limitt vun deem geet wat gesond ass.
Une journée classique, c’est quoi ça ? Le fait de répartir mon temps entre mes salles de cours, mon rôle de bourgmestre et mes impératifs privés contribue à ce qu’aucun jour ne se ressemble. Fort heureusement, je fais partie des gens qui tirent profit des situations de stress, même lorsque celui-ci atteint la limite du raisonnable.
Wat maacht Dir an Ärer Fräizäit am léifsten als Ausgläich zu den alldeeglechen Erausfuerderungen? Quelle est votre activité préférée dans votre temps libre vous garantissant un certain équilibre pour relever vos défis quotidiens ?
Lafen, Vëlofueren oder mam Hond spadséiere goen. Et gëtt näischt besseres fir de Kapp fräizekréien.
La course à pied, le cyclisme ou les promenades avec mon chien. Rien de tel pour se changer les idées.
Dir sidd Physiksproff; Wat huet Iech am meeschten un Ärem Beruff faszinéiert? Vous êtes également professeur de physique au lycée. Qu’est-ce qui vous a principalement attiré dans votre profession ?
D’Physik u sech ass einfach faszinant an erméiglecht engem villes am Liewen, och iwwert d’Wëssenschaft eraus, ze verstoen. Wéi ech d’Méiglechkeet kritt hu meng Begeeschterung u Jonker weider ze ginn, war et kloer dass ech déi ergräifen. La physique en elle-même est tout simplement fascinante et permet de comprendre beaucoup de choses dans la vie au-delà de la science. Quand l'opportunité m’a été donnée de transmettre ma passion aux jeunes, il était naturel que je la saisisse.
Wat géing Dir Ärem Jonken Ech mat op de Wee ginn, wann dir dat maache kéint? Quel message feriez-vous passer à l’adolescent que vous avez été, si vous en aviez la possibilité ?
Eigentlech näischt. Mäi jonken Ech hätt souwisou net op mech gelauschtert, nolauschteren hunn ech eréischt vill méi spéit geléiert. Ech sinn och der Meenung, dass jiddereen säin eegene Wee fanne muss. Vläicht wär et als Gesellschaft wichteg, dass mir jidderee seng positiv an negativ Erfarunge maache loossen. Et si schliisslech déi, di eis ausmaachen.
En fait, rien. L’adolescent que j’étais ne m’aurait de toute façon pas écouté. Ce n’est que bien plus tard que j'ai appris à écouter. De plus, je suis d'avis que chacun doit trouver sa propre voie. Il serait peut-être important pour la société que chacun fasse ses propres expériences, positives comme négatives, car ce sont elles qui nous façonnent.
Wat wënscht Dir Iech fir d'Zukunft vun der Gemeng? Que souhaitez-vous pour l’avenir de la commune ?
D’Gemeng Stengefort vun der Zukunft, ass eng Gemeng mat héijer Liewensqualitéit an de kuerze Weeër. Eng Gemeng wou jonk an al gären zesummeliewen a sech zu Fouss a mam Vëlo deplacéiere kënne fir hiren Alldag ze bewältegen. Eng dynamesch Gemeng déi net stoe bleift an déi ech wëll zesumme mat allen Awunner weiderentwéckelen ouni de Charakter „vun der Gemeng am Gréngen“ opzeginn. Eng fortschrëttlech Gemeng, mat modernen Infrastrukture wou ee gären hinzitt fir seng Kanner grouss ze zéien, well ee vu gudde Schoul- a Betreiungsstrukture souwéi engem flotte Fräizäitangebot profitéiere kann. Zugläich soll Stengefort fir mech awer och eng Plaz sinn, wou een am Alter gäre wunne bleift, well een all déi néideg Servicer ugebuede kritt, souwéi flott Kultur- a Fräizäitaktivitéiten.
À mes yeux, la commune de Steinfort du futur est une commune avec un certain confort de vie dans l’immédiat. C’est une commune dans laquelle petits et grands vivent en harmonie et ont la possibilité de se déplacer à pied et à vélo au quotidien. C’est aussi une commune dynamique qui ne reste pas statique et que je souhaite développer avec tous ses habitants sans renoncer à son côté « ville-campagne ». C’est une commune progressiste, avec des infrastructures modernes, dans laquelle on a envie d’emménager pour y élever ses enfants, où l’on peut bénéficier de bonnes structures scolaires et périscolaires ainsi que d'une large gamme de loisirs. En même temps, Steinfort doit être pour moi un endroit où l'on apprécie de vivre ses vieux jours, car tous les services adéquats ainsi qu’une palette de belles activités culturelles et de loisirs y sont à disposition.
Wou gesitt Dir Iech an 10 Joer? Où vous voyez-vous dans 10 ans?
Schwiereg Fro, well ech net sou laang am Viraus plangen. Ech hunn nach vill Projeten déi ech gäre géif realiséiren. En Dram vu mir ass et ëmmer nach mech selbststänneg ze maachen an meng eegen Entreprise ze grënnen.
Question difficile, car je ne planifie pas volontiers si longtemps à l'avance. Il me reste encore beaucoup de projets qui me tiennent à cœur à réaliser. Un de mes rêves est de devenir indépendant et de fonder ma propre entreprise.
DE BUERGERMEESCHTER SAMMY WAGNERGANZ PRIVAT
Wéi eng dräi Géigestänn géngt Dir mat op eng verloossen Insel huelen? eng verloossen Insel huelen?Quels sont les trois choses que vous emporteriez avec vous sur une île déserte ?
En Täschemesser fi r mir eng Hütt ze bauen, eng éischt Hëllefs-Këscht falls ech mech bei der Aufgab géif verletzten a vläicht eng Gittar géint d’Langweil. Op der Insel hätt ech dann emol endlech Zäit mir dat Instrument bäizebréngen.
Un couteau de poche pour me construire une cabane, une trousse de secours en cas de blessure en bricolant et peut-être une guitare pour tromper l'ennui. Sur mon île, j'aurais alors enfi n le temps d’apprendre à jouer de cet instrument.
Wann Dir en Déier wäert, weieen Déier wär dat? Si vous étiez un animal, lequel seriez-vous ?
Eng Bei. Ofgesinn dovunner dass ech dann e wichtege Bäitrag fi r d’gesamt Biodiversitéit géif leeschten, ass mir den Asaz am Interesse vun der Ekipp wichteg.
Une abeille. Outre le fait de contribuer activement à la biodiversité dans son ensemble, mon engagement dans l’intérêt collectif est pour moi primordial.
Léiwer Kaffi oder Téi? Êtes-vous plutôt café ou thé ?
Kaffi . Café.
Léiwer Béier oder Wäin? Êtes-vous plutôt bière ou vin ?
Wäin. Vin.
Léiwer séiss oder salzeg? Êtes-vous plutôt sucré ou salé ?
Séiss-sauer. Aigre-doux.
Léiwer Wanter oder Summer? Préférez-vous l’hiver ou l’été ?
Summer. L’été.
Léiwer Pizza oder Sushi ? Êtes-vous plutôt pizza ou sushi ?
Pizza.
All Sprooche schwätze kënnen oder Zäitreese kënnen? Savoir parler toutes les langues ou bien pouvoir voyager dans le temps ?
Zäitreesen. Voyager dans le temps.
Halloween oder Feltesdag? Préférez-vous Halloween ou la Saint Valentin ?
Weder nach. Mee gutt, bei Feltesdag sinn ech net deen eenzegen deen decidéiert.
Ni l’un ni l’autre, mais bon, en ce qui concerne la Saint Valentin, je ne suis pas seul à décider.
Liblingsfi lm? Quel est votre fi lm préféré ?
Forrest Gump.
Liblingsbuch? Quel est votre livre préféré ?
Schwiereg Fro, do ginn et der méi. Ech géif awer hei elo mol „Der Prozess - Franz Kafka” oder „Le petit prince Antoine de Saint-Exupéry” nennen.
Question diffi cile, car j’en ai plusieurs. Je choisirais quand même "Le procès" de Franz Kafka, ou bien "Le petit prince" d’Antoine de Saint-Exupéry.