
2 minute read
51 1 Joer am Amt als Fierschter
1 JOER AM AMT ALS FIERSCHTER: DE BEN LOUIS
Text: Ben Louis Säit engem Joer sinn ech Fierschter an der Gemeng Stengefort. Ech hunn d'Plaz vum Marc Parries ageholl, deen ëmmerhi bal 40 Joer Fierschter an der Gemeng war an zanter engem gudde Joer seng Pensioun genéisst.
Advertisement

Meng alldeeglech Aufgaben ënnerscheede sech net onbedéngt vun deenen vum Marc. Gestioun vun de Bëscher, Ënnerhalt vun de Sentieren, Produktioun vu Brennholz sinn e puer vun den Aufgaben an de Bëscher. Mee och am Naturschutz sinn ech aktiv, ob et elo d'traitéiere vun Naturschutzdemanden ass oder den aktiven Naturschutz. Beispillsweis gehéieren den Entretien vun den Naturschutzzonen "Dräi Brécken" an déi al Steekaulen dozou.
Ech sinn och do fi r den Awunner vun der Gemeng hier Froen ze beäntwerten, an hinnen, sou wäit ech ka weider ze hëllefen.
Déi praktesch Aarbechte maachen ech dank enger gudder Zesummenaarbecht mam Service Technique vun der Gemeng, dem CIGL an e puer privaten Entreprisen. Den Haaptdeel gëtt allerdéngs mat eisem feste Personal gemaach. Dëst sinn de Vincent Zigrand, Tom Bernard an de Remi Morosini. Déi dräi si Bëschaarbechter am Revéier Stengefort. Si këmmere sech ëm déi praktesch Ëmsetzung vu bal 800 ha Bësch, déi sech am Revéier befannen. Motivéiert a forméiert gi si all Dag hiert Bescht.
Nieft de klassesche Missioune vum Fierschter, sinn ech och Responsabel vum Mirador.





Dëst ass ee vu 5 sougenannte Centre nature et Forêts. Dem Mirador seng Haaptmissioun ass déi vun der Sensibilisatioun. Egal ob jonk oder manner jonk, hei fënnt jiddereen eng Äntwert op seng Fro.
Datt mer gutt besicht si weisen d'Zuele vum leschte Joer: Knapp 7.600 Leit sinn d'lescht Joer an de Mirador komm.
D’Receptioun vum Mirador gëtt haaptsächlech vun der Madamm Gabrielle Wampach gefouert. D'Reservéierunge vun all den Aktivitéiten an d'Sich no engem passende Guide gi vun hier gemaach.

Mir schaffen am Mirador mat Guiden, déi mat grousser Motivatioun a Begeeschterung hire Cours ubidden. Falls dir Iech virstelle kënnt och als Guide am Mirador ze schaffen, dann zéckt net Iech bei eis ze mellen.
Mir hunn awer och fest ugestalltent Personal, wat pedagogesch Aktivitéiten ëmsetzt. An zwar de Gilles Wagener. Hien organiséiert a féiert dës aus. Deen ëmsetzt. An zwar de Gilles Wagener. Hien organiséiert a féiert dës aus. Deen een oder aneren huet hie sécherlech scho bei eis gesinn.
No engem Joer am Revéier kann ech soen, datt mer d'Zäit nach net laang ginn ass, an ech mech ëmmer rëm op déi alldeeglech Challenge freeën. Ech soen alle Mataarbechter a Matwierkende Merci a freeë mech op weider erfollegräich Joren.
Falls der nach Froe sollt hunn, zéckt net Iech ze mellen. Vläicht gesäit ee sech emol am Bësch.