1 minute read

43 Fairtrade Kaffi

FAIRTRADE KAFFI

Den 8. August 2021 huet de lokale Grupp vu Fairtrade op e gemittlecht Moiesiesse mat Fairtrade souwéi och regionale Produiten invitéiert. Eng Ronn 90 Leit haten de Wee op de Weier fonnt fi r och emol méi onbekannte Fairtrade-Produiten ze schmaachen, sech iwwer Fairtrade z'informéieren an e gesellege Moment mat der Famill oder de Kolleegen a Kolleeginnen ze verbréngen.

Advertisement

An dësem Kader gouf ënnert anerem de Participante vun der grousser Botz Merci gesot fi r hiert Engagement. Si krute vum Schäffen Andy Gilberts eng 10l-Bio-Offallpoubelle gefëllt mat verschiddene FairtradeProduiten iwwerreecht. Och déi Leit, déi um Rallye „Léist d’Rätsel an entdeckt eis Gemeng“ am Mee matgemaach haten, kruten eng 10l-Bio-Offallpoubelle geschenkt. Déi 4 Gewënner konnte sech iwwer Fairtrade-Produiten an hirer Poubelle freeën.

De „Fairtrade Kaffi “ war gratis, mee et gouf d'Méiglechkeet en Don un d'Fondatioun Fairtade Lëtzebuerg asbl ze maachen. Insgesamt koumen hei 470,90 € zesummen.

This article is from: