1 JOER AM AMT ALS FIERSCHTER:
DE BEN LOUIS
Text: Ben Louis
Säit engem Joer sinn ech Fierschter an der Gemeng Stengefort. Ech hunn d'Plaz vum Marc Parries ageholl, deen ëmmerhi bal 40 Joer Fierschter an der Gemeng war an zanter engem gudde Joer seng Pensioun genéisst. Meng alldeeglech Aufgaben ënnerscheede sech net onbedéngt vun deenen vum Marc. Gestioun vun de Bëscher, Ënnerhalt vun de Sentieren, Produktioun vu Brennholz sinn e puer vun den Aufgaben an de Bëscher. Mee och am Naturschutz sinn ech aktiv, ob et elo d'traitéiere vun Naturschutzdemanden ass oder den aktiven Naturschutz. Beispillsweis gehéieren den Entretien vun den Naturschutzzonen "Dräi Brécken" an déi al Steekaulen dozou. Ech sinn och do fir den Awunner vun der Gemeng hier Froen ze beäntwerten, an hinnen, sou wäit ech ka weider ze hëllefen. Déi praktesch Aarbechte maachen ech dank enger gudder Zesummenaarbecht mam Service Technique vun der Gemeng, dem CIGL an e puer privaten Entreprisen. Den Haaptdeel gëtt allerdéngs mat eisem feste Personal gemaach. Dëst sinn de Vincent Zigrand, Tom Bernard an de Remi Morosini. Déi dräi si Bëschaarbechter am Revéier Stengefort. Si këmmere sech ëm déi praktesch Ëmsetzung vu bal 800 ha Bësch, déi sech am Revéier befannen. Motivéiert a forméiert gi si all Dag hiert Bescht. Nieft de klassesche Missioune vum Fierschter, sinn ech och Responsabel vum Mirador.
50