GROUSS BOTZ STENGEFORT 2021 #MIRHALESTENGEFORTPROPPER #GROUSSBOTZ Leider ginn nach all Joer an der Natur an de Parkanlagen, laanscht d'Stroossen an op de Spillplazen Tonnen un Dréck illegal ewech geheit.
D'Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Stengefort huet dofir an Zesummenaarbecht mat der Gemeng, dem CIGL Stengefort an dem Mirador drop gehale fir och dëst Joer, trotz der Covid-Pandemie, eng grouss Botz an der Gemeng z’organiséieren.
D'Baueren hu grouss Problemer well Plastik, Aluminiumsbéchsen an aner Saachen, déi op de Wisen entsuergt ginn duerno am Hee landen. D'Metall an de Plastik gi vun de Béischte mat gefriess a kënnen dann zum Beispill am Mo vun de Kéi Verletzunge verursaachen, déi am schlëmmste Fall déidlech kënne sinn.
Vum 8. Mäerz 2021 bis den 9. Abrëll 2021 konnt een ënnert dem Motto „Mir hale Stengefort propper“ matmaachen. Wärend dëser Aktioun kruten d’Participante vun der Gemeng dat benéidegt Material ewéi Händchen, Zangen an Tuten zur Verfügung gestallt an et goufen zousätzlech Dreckskëschten an de verschiddenen Dierfer opgestallt fir den Tri ze maachen.
Mee och Hausdéiere wéi Kazen oder Hënn kënne sech duerch dës Offäll schwéier blesséieren, wa si sech zum Beispill u Schierbele schneiden.
Mir soen alle Leit e grousse MERCI, déi fläisseg matgehollef hunn, d’Gemeng nees méi propper ze maachen – zum Wuel vun der Ëmwelt, den Déieren a vun all Awunner.
34