1 minute read

JOURNÉE COMMÉMORATIVE

Advertisement

9. Oktober JOURNÉE COMMÉMORATIVE

E SONNDEN, DEN 9. OKTOBER HAT DE STENGEFORTER SCHÄFFEROT OP D’OFFIZIELL FEIERLECHKEETE VUN DER JOURNÉE COMMÉMORATIVE AGELUEDEN, DËST FIR ZESUMMEN UN D’AFFER VUN DER NAZIOCCUPATIOUN WÄREND DEM 2. WELTKRICH ZE GEDENKEN, EN ALLJÄRLECHE RENDEZ-VOUS, DEEM SENG BEDEITUNG SOU AKTUELL EWÉI NACH NI ASS.

Lu

Traditionell gouf eng Gerbe virum Krichsmonument beim Klengbettener Kierfecht niddergeluecht éier et weider an d’Stengeforter Kierch fi r d’feierlech Mass goung. Duerno ass de Cortège Richtung Square Patton gaangen. Beim Patton Monument huet de Buergermeeschter, Sammy Wagner, d’offi ziell Ried gehalen, éier d’Stengeforter Schoulkanner ergräifend anonym Temoignagen aus dem 2. Weltkrich virgedroen hunn. Och hei gouf eng Gerbe niddergeluecht an eisen doudegen Zaldoten aus dem Krich geduecht ginn. Duerno ass et weider Richtung Weier gaange fi r d‘Aweiung vun der Billerwee Ausstellung „Stengefort am 2. Weltkrich“, déi sech zesummesetzt aus Archivfotoe vum Syndicat d’initiative. Fir déi passend musikalesch Begleedung huet d’Harmonie Klengbetten an d’Stengeforter Musek gesuergt. Dës Manifestatioun ass ofgeschloss gi mam Éierewäin dee vun der Gemeng Stengefort off réiert gouf.

Fr

Le dimanche 9 octobre, le Collège échevinal de la commune de Steinfort avait invité aux célébrations offi cielles de la journée commémorative, pour commémorer ensemble les victimes de l’occupation nazie lors de la 2e Guerre mondiale, une manifestation récurrente dont la signifi cation n’a jamais été aussi actuelle.

En

On Sunday October 9, the aldermanic college of the Municipality of Steinfort invited to the offi cial ceremonies within the framework of the National Commemorative Day, to commemorate together the victims of the Nazi occupation during the Second World War, a recurring event whose signifi cance has never been so current.

Video vun der Journée commémorative

This article is from: