1 minute read

SEMAINE DE LA SANTÉ MENTALE

Next Article
SPORTSDAG

SPORTSDAG

10. - 14. Oktober SEMAINE DE LA SANTÉ MENTALE

D’STENGEFORTER GEMENG HUET SECH WÄREND DER WOCH VUN DER SANTÉ MENTALE AGESAT FIR ZUM THEMA MENTAL GESONDHEET AN ONGESONDHEET ZE SENSIBILISÉIEREN AN Z’INFORMÉIEREN.

Advertisement

Lu

An enger Formatioun, organiséiert vum Centre d’Information et de Prévention Luxembourg, hunn eng 19 Leit geléiert wéi een a verschiddene Situatioune psychesch éischt Hëllef leescht. Vu BEE SECURE hunn eis Jonker am Stengeforter Jugendhaus e Workshop zum Thema Selbstduerstellung am Internet gebuede kritt.

D’Semaine de la Santé mentale gouf zu Stengefort am Hôpital Intercommunal mat engem Virtrag iwwert Achtsamkeet als Jungbrunnen am Alter vun der Dr Marie-Paule Theisen ofgeschloss. Wärend der ganzer Woch hunn d’Schoulkanner an der Grondschoul an an der Maison Relais verschidden Achtsamkeetsübungen aus eisem Guide konnte maachen. Zousätzlech ass eist Gemengepersonal iwwert eng intern Newsletter zum Thema mat nëtzleche Rotschléi opgekläert ginn.

Fr

Lors de la Semaine de la Santé mentale, la Commune de Steinfort a organisé différentes manifestations pour sensibiliser nos concitoyen.nes sur le thème de la santé et de la maladie mentales : formation de premiers secours en santé mentale, atelier sur la représentation de soi sur le web pour les jeunes, exposé sur la pleine conscience, sans pour autant oublier des activités pour les écoliers, voir la sensibilisation du personnel de la commune.

En

During the Mental Health Week, the Municipality of Steinfort organised various events to raise awareness about mental health and mental illness: mental health first aid training, a workshop on self-portrayal on the web for young people, a presentation on mindfulness, as well as activities for schoulchildren and awareness-raising for municipal staff.

This article is from: