2 minute read

VIROWEND VU NATIONALFEIERDAG

NO 2 JOER PAUS KONNTE MIR RËM ZESUMME MAT EISE MATBIERGER.INNEN DE VIROWEND VUN NATIONALFEIERDAG FEIEREN. ET WAR E FEST VUM „MATENEEN“, VUN DER ONOFHÄNGEGKEET, DER EEGESTÄNNEGKEET, MÄ AWER OCH VUM FRIDDEN, VUM SOZIALE FORTSCHRËTT A VUM WANDEL.

Lu

Advertisement

Den traditionellen Te Deum an der Stengeforter Kierch huet den Ufank vun dëse Feierlechkeete gelaut, éier de Cortège sech op de Wee an de Kulturzentrum „an de Keeseminen“ gemaach huet. No der Begréissung vum President vun der Entente vun de Veräiner, Guy Laroche, an der Usprooch vum Buergermeeschter, Sammy Wagner, sinn traditiounsgeméiss verdéngschtvoll Leit ausgezeechent gi. D’Stengeforter Musek, zesumme mat der Harmonie Klengbetten, hu fi r de musikaleschen Encadrement gesuergt. Den Éierewäin, off réiert vun der Gemeng, huet den offi ziellen Deel ofgeronnt. De ganzen Owend sinn och eis kleng Matbierger.innen net vergiess gi mat engem speziellen Animatiounsprogramm. The U2 Tribute Band an den DJ Nix hunn dann nach fi r Partystëmmung bis an d’Nuecht era gesuergt.

E grousse Merci un Iech all, déi, déi mat gefeiert an déi, déi mat gehollef hunn! Mat Iech all hate mir ee schéint Fest wou bis an d’Nuecht era gefeiert gouf.

Fr

Après 2 ans de pause, nous avons à nouveau pu célébrer la veille de la fête nationale ensemble. C’était une célébration de l’indépendance, mais aussi de la paix, du progrès social et du changement.

Un grand merci à vous tou.tes, que ce soit pour avoir célébré ou aidé cette soirée-là ! Ensemble avec vous, nous avons su faire la fête jusque tard dans la nuit.

En

After a two-year break, we were once again able to spend the eve of the National Day together. It was a celebration of independence, but also of peace, social progress and change. A huge thank you to all of you be it for celebrating or helping out! Thanks to you, we had fun together until late into the night.

This article is from: