©Layout: marcwilmesdesign / Fotoen: Oliver Götz Fotografie
ll, De Mëllerda eng Regioun mat Gout!
Dat Joer 2022 soll dat Europäescht Joer vun der Jugend ginn (aktuell Propos vun der Europäescher Kommissioun), wat gëtt et bei Iech an der Gemeng als Extra-Offer fir d’Jugend? Wéi ee Projet an dem Kader wëllt Dir besonnesch ernimmen? D’Gemeng Bech huet schonn an den 80er Joren der Jugend een Haus zur Verfügung gestallt, bei dem si selwer matgehollef hunn ze restauréieren. Virun e puer Joer huet d‘Gemeng an enker Zesummenaarbecht mat dem Veräin d’Becher Jugendhaus renovéiert an ausgebaut. D’Jugendhaus gëtt vun der Becher Jugend autonom verwalt. Et ass net nëmmen den Treffpunkt fir d’Jugend aus der Gemeng, mä de Veräin organiséiert och flott Aktivitéite fir d’Bierger aus der Gemeng. Duerch dat schéint Jugendhaus fillt sech d’Jugend verantwortlech an ëmmer méi Jugendlecher wëllen eng Charge am Veräin iwwerhuelen. Wéi motivéiert d’Jugend ass, kann een all Joar gesinn bei der Organisatioun vun der Tunneldisco.
Ich wünsche meinen Patienten ein glückliches und gesundes Jahr 2022!
Rezept vun der boulangerie - pâtisserie jeitz
gehacktes op fladebrout 4 Portiounen
30 Minutten
D’Gehacktes (500 g) mat Knuewelek (2 Zéiwen) ubroden, zwee kleng geschnidde Paprika derbäi ginn, an duerno d’Pizzatomaten (1 Béchs). Dat ganzt 5 bis 10 Minutte lues kache loossen. D’Fladebrout de laange Wee opschneiden a Sauerram drop verdeelen. De Schäffchen op 180 ° erhëtzen (Ëmloft). D’Gehacktes salzen a pefferen, mat Chilli wierzen an op déi 2 Hallschente vum Fladebrout verdeelen. Mat Kéis (500 g) bestreeën an op engem Bakblech 10 bis 15 Minutten iwwerbaken.
Produkter: Brout, Mëtschen (Viennoiserie), Pâtisserie, regional Produkter, Epicerie Philosophie: Als kleng „Manufaktur“ mat 4 Mataarbechter an der Produktioun hu mir d’Méiglechkeet, och fir kleng Commanden a Stéckzuelen de Clienten hir spezifesch Wënsch ze erfëllen. Nieft dem normale Bäcker-Pâtissier-Sortiment hu mir och regional Produkter vun de Mëllerdaller Produzenten, aus dem Naturpark Our souwéi Produkter „vum Séi“, ausserdeem Epicerie-Artikele fir den alldeegleche Gebrauch. Déi Matière première déi mir verschaffe probéiere mir sou gutt et geet aus der Regioun ze bezéien, sou wéi mir dat schonn zanter 1930 maachen.
7, route de Luxembourg L – 6210 Konsdref
Praxis für Osteopathie und Kinésitherapie 65, Grand-Rue | L-6630 Wasserbillig | +352 621485010 www.osteopathie-neimanns.com
+352 79 00 40 baecker.jeitz@internet.lu
Loscht kritt? Fir weider Rezepter a Produzenten, besicht eis op eisem Site: www.mellerdaller-produzenten.lu Europäischer Landwirtschaftsfonds für die Entwicklung des ländlichen Raumes: Hier investiert Europa in die ländlichen Gebiete.29 SAUERZEIDUNG