BIWER
Interview mam Buergermeeschter
MARC LENTZ
Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles wéidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéieng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen? Och wärend dem Lockdown kann eng Gemeng hir Dieren ni ganz zoumaachen. Verschidden Déngschtleeschtunge mussen zu all Zäit garantéiert ginn. Dozou gehéieren zum Beispill den Etat civil, d’Waasserversuergung, d’Gestioun vum Ofwaasser. Doriwwer eraus ass d’Gemeng, mat senge Verantwortlechen, en Uspriechpartner a Koordinator a speziellen Zäiten. Wéieng Betriber aus Ärer Gemeng ware wärend dem Lockdown besonnesch innovativ oder hunn der Gesellschaft op iergendeng Aart a Weis am Alldag gehollef? Et koum ni zu engem komplette Stëllstand. Besonnesch an der Restauratioun konnte mir gesinn datt no Alternative gesicht ginn ass an zum Beispill Méiglechkeete vun Take-Away geschaaft goufen. Nei Entreprisen hu sech bei eis etabléiert an anerer hu sech vergréissert. De Standuert Biwer, mat iwwer 1.600 Aarbechtsplazen, ass also nach ëmmer wichteg fir eis Regioun. Da war awer och nach ënner anerem eise Fussballveräin wärend dem Lockdown virbildlech aktiv, andeems seng Membere sech fir déi méi schwaach aus eiser Mëtt agesat hunn a fir si Akeef am Supermarché oder an der Apdikt gemaach hunn. Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus?
Steckbréif Gemeng Biwer
DIERFER Biwer, Biwerbaach, Buddeler, Buddelerbaach, Breinert, Bruch, Haaster, Wecker, Wecker-Gare, Weydeg FLÄCH 2.314 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 1.829 AWUNNER BIS HAUT 1.881 NATIONALITÉITEN 59 BUERGERMEESCHTER Marc Lentz SCHÄFFEN Sylvie Steinmetz, Marc Greis GEMENGERÉIT Ady Goebel, Fernand Weyer, Léa Mai, Martine Birkel, Nico Lemmer, Claude Dupont
28 SAUERZEIDUNG
D’Gemeng huet de Veräiner d’Méiglechkeet gebueden, hir Aktivitéiten nees opzehuelen, esou laang dat mat de sanitäre Virschrëften am Aklang ass. Fir eis kommunal Piscine hu mir speziell Reegelen opgestallt. Eis Sportsinfrastrukture sinn och nees opgemaach ginn an de Centre culturel gouf esou amenagéiert, datt op d‘mannst d’Comitéë sech mam néidegen Ofstand konnten treffen, fir esou hir zukënfteg Aktivitéiten ze diskutéieren.