Luci - Editioun 6 - Lëtzebuergesch

Page 1

Luci

Inspiring Travel Stories from Luxembourg EDITIOUN 6 — LËTZEBUERGESCH

Märchenhaft Erliefnesser Op de Spuere vum berüümte Ris

Fotosammlungen D’Biller vun engem Land

Mam Vëlo duerch d’Land Vu West no Ost laanscht d’Sauer


plan K

BUE LËT ZE M US E L

RGE R

DESTINATIOUN WÄISTROOSS a Moossen ze genéissen

Fannt d’Wënzer op vins-cremants.lu


Editorial Moien a wëllkomm zu Lëtzebuerg, sidd Dir och schonn emol ganz an eng Geschicht agedaucht, wéi wann Dir selwer mattendra wiert? Mat dëser Editioun vum Luci-Magasinn wäerte mir Iech hoffentlech nees d’Geleeënheet dozou ginn. Zum Beispill an de Fotosammlunge vu Lëtzebuerg mat onendlech villen Zeenen a Motiver an de ganz eegenen Historiquen. Et gi super Plazen, wou ee se bestaune kann. Staune kënnen och Grouss a Kleng op de Spuere vum Ris am lëtzebuergesche Märchepark, dem Parc merveilleux, wou Dir mat Klass am Märcheschlass iwwernuechte kënnt. An dëser Luci-Editioun si mir och sportlech ënnerwee a pedalléiere vu West no Ost eemol queesch duerch dʼLand, ëmmer laanscht dʼSauer. Loosst Iech iwwerraschen, wéi eng Geschichten en eenzege Floss erziele kann. A wou een an der ënnerierdescher Welt vun der Stad Lëtzebuerg ka Steng schwätzen héieren, gitt Dir och gewuer. Elo ass et awer un der Zäit, fir op Tauchstatioun ze goen. Vill Freed bei der Lektür vun eiser neier Editioun vum Luci, Ärem Destinatiounsmagasinn! Bis geschwënn zu Lëtzebuerg. Äre

Dr. Sebastian Reddeker CEO Luxembourg for Tourism

PS: Dir hutt déi lescht Ausgabe vum Luci verpasst? Kee Problem. Bestellt se einfach online op www.luci.travel a mir liwweren Iech se gratis heem — fir nach méi Luci-Momenter, déi inspiréieren.

3


Inhalt

42

84

6-17

Outdoors Passion

MINETT TRAIL

De Wee vum Wandel 18-26

The Good Life

DE BEETEBUERGER MÄRCHEPARK AN EN ERLIEFNISWEE

De Ris geet op d'Rees 28-33

90

The Good Life

DE PÄIPERLEKSGAART ZU GRÉIWEMAACHER

Gitt de Flilleken no! 34-40

Transforming Experiences

NATURERLIEFNISZENTER ROBBESSCHEIER

2 PS a ganz vill Häerzblutt 42-47

Outdoors Passion

HAFF RÉIMECH A BIODIVERSUM

6

Natierlech leidenschaftlech! 48-52

Daydream

SCHLÄSSER ALS INSPIRÉIEREND MAGESCH PLAZEN

54

18

4

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

SchlassDramEnergie


54-62

Transforming Experiences

E VËLOSTOUR LAANSCHT D’SAUER VU GRENZ ZU GRENZ

Go with the Flow 64-69

The Good Life

SESSELLIFT-ERLIEFNIS ZU VEIANEN

Héich uewen op Zäitrees

102

70-82

70

Open and Diverse

FOTOSAMMLUNGEN ZU LËTZEBUERG

Lëtzebuerg, deng Biller!

34

84-88

Transforming Experiences

SCHIFERMUSÉE ZU UEWERMAARTEL

Schifer-Geschicht 90-101

Transforming Experiences

D’STATER KASEMATTEN

Verstoppten Tunnellen a Steng, déi eng Geschicht erzielen 102-110 Daydream

D’BIBLIOTHÉIKE VUM LAND

Reese fir Geescht a Séil

48

112-120

Open and Diverse

CARTE BLANCHE: MIKE ZENARI

Nuit des Musées 122

Impressum

64 5


Outdoors Passion MINETT TRAIL

De Wee vum Wandel Duerch de Süde vun de pittoreske Lëtzebuerger Landschafte schlängelt sech e spezielle Wanderwee, deen d’Häerze vun Naturbegeeschterten a Geschichtsfrënn eruewert: de Minett Trail. Iwwer 90 Kilometer erstreckt sech dëse Wee duerch eng Regioun, déi fréier d’Häerzstéck vun der Stolindustrie vum Land war. Eng Wanderaventure duerch déi industriell Vergaangenheet an déi natierlech Schéinheet vu Lëtzebuerg. Text TOM JUTZLER Fotoen ANDRÉ SCHÖSSER

6

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


7


De Minett Trail ass e Wee, deen déi vill Gesiichter vun der Regioun perfekt refletéiert. Mol sinn et rout Fielsen, mol industriell Monumenter, mol ass et awer och dicht, däischtert Gréngs, dat d’Wanderer faszinéiert. D’Nora Peters huet den Trail konzipéiert. Hei ass hatt ënnerwee an engem Bësch bei Esch-Uelzecht, wou en ale Schacht an engem Tunnel ophält.

8

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wéi e Phar weist de Waassertuerm vun Diddeleng eis de Wee. Scho vu Wäitem ze gesinn, ass en dat inoffiziellt Warzeeche vun der Industriebrooch Neischmelz. Am Killweier bei senge Féiss: de Floater. Eng vun de Kabaisercher – Logementer fir Wanderer –, déi extra fir de Minett Trail konzipéiert goufen. Hei wäerte mir d’Nuecht verbréngen. Ewéi en Hausboot dümpelt dat originellt Vakanzenhaischen tëschent Séirousen an Inten a waart drop, vun eis entdeckt ze ginn. E Wunn-Konschtobjet aus Stol an Holz. Mir ginn eran. D’Wänn bestinn aus openeegetässelten hëlzene Placken, déi d’Ofbaufront vun enger Minière reproduzéieren. Riseg Fënstere bidden eng schéi Vue op de Waassertuerm. Modern, inspiréierend a gemittlech. Leider kënne mir elo net bleiwen. Den Dag läit virun eis a mir hunn esou munches wëlles.

D‘DNA vun der Regioun Mir hunn e Rendez-vous: D’Nora Peters vum regionalen Tourismusbüro waart an der Kantin op eis. D’Lokal läit just e Kazesprong vum Floater ewech an ass – inklusiv der Mikrobrauerei Twisted Cat – an enger denkmalgeschützter Industriehal ënnerbruecht. D’Nora sëtzt an enger vun de plüschene Fotellen a straalt eis iwwer d’Kaart vum Minett Trail, déi virun him ausgebreet ass, entgéint. Den Trail, dee mir op der Kaart agezeechent gesinn – mat Kilometerangaben, Schwieregkeetsgraden, Kuriositéiten a Kuckeswäertem – ass virun allem säi Wierk.

Méintlaang huet hatt verschidde Weeër getest, mat Einheimeschen iwwer den Tracé gefachsimpelt, Insiderwëssen iwwer landschaftlech schéi Plaze gesammelt. Well eis Zäit net fir de ganzen 90-Kilometer-Trail duergeet, wëlle mir vum Nora Tipps kréien, wéi eng Highlighte mir op engem laange Weekend ënnerkréien. An esou fléien eis Fangeren iwwer d’Kaart, vun Highlight zu Highlight, a mir picken eis monter d’Roséngen eraus. Fir e Gefill fir d’DNA vun der Regioun ze kréien, fänke mir mat enger Visitt vum Musée des mines zu Rëmeleng un. De frëndlechen, tätowéierte Manager vun der „Kantin“, mat Äerm ewéi Bamstämm, luet eis als Äddi fir owes an. En DJ wäert opleeën. An et wäert gedanzt ginn. Et quiitscht an et dubbert. De klengen Zuch, deen eis op engem laange Wee ëmmer méi déif an de

Bierg eran- an ënnert de Buedem bréngt, wackelt onmoosseg wärend sengem luesen Trajet an d’Déifte vum Stollen. Mat all Sekonn, déi mir weider an d’Däischtert erafueren, si mir ëmmer méi vu killer, fiichter Loft ëmginn. Ënnerierdesch, an de wäitleefege Gäng vun der fréierer Eisenäerzminn, erwächt déi haart a geféierlech Aarbecht vun de Mineuren zum Liewen.

Gléck op! D’Féierung duerch déi däischter, schwaach beliichten Tunnellen, laanscht aalt Geschier an al Maschinnen, léisst eis d’Ustrengunge spieren, deenen d’Aarbechter all Dag ausgesat waren. Mir gesinn, mat wéi engen einfache Mëttelen – u sech just Hummer, Meessel a Muskelkraaft – deMënsch am Ufank d’Eisenäerz aus dem Bierg erausgeholl huet. A mat wat fir giganteschen infernale Maschinnen den Zäitalter vum Eisenäerzofbau

Um Trail weisen d’Schëlder, wéi vill Attraktioune laanscht de Wee ze fanne sinn. Naturschutzgebitter, Waasserbasengen, Aussiichtspunkten, industriell Monumenter an nach villes méi maachen de Wanderwee immens attraktiv.

9


Dat inoffiziellt Warzeeche vun der Industriebrooch Neischmelz: den Diddelenger Waassertuerm. Am Killweier bei senge Féiss: de Floater. Eng vun de Kabaisercher – Logementer fir d’Wanderer –, déi extra fir de Minett Trail konzipéiert goufen.

10

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Mat der definitiver Desaffectatioun vum Walzwierk vum Stolproduzent ArcelorMittal gouf 2005 zu Diddeleng de Projet Neischmelz an d’Liewe geruff. Matten am Zentrum, op enger Fläch vu bal 36 Hektar, gëtt dat fréiert Siderurgie-Broochland an e modernen an ekologesche Quartier ëmgewandelt. 11


zu Lëtzebuerg op en Enn gaangen ass. Riseg, knallgiel Schaufelradbaggeren an iwwerdimensionéiert Buerer stinn an deene ville Gäng. Se wierken ewéi vun engem Science-Fiction-Filmset.

Verstoppte Welten Et deet gutt, no der Däischtert, dem Fiels an dem Stëbs tëschent Rëmeleng an Esch Uelzecht weiderzewanderen. Mir gi laanscht d’Haus Gonner, d’Kabaische mat der Nummer 10 net wäit ewech vum Musée des mines, ier de Bësch eis mat frëscher Loft a schéine grénge Blieder empfänkt. Plëtzlech spiere mir eng kill Lëftchen. D’Stämm vun de Biche sinn op eemol mat Moos a Flechte bedeckt. Wien elo d’Aen ophält, wäert en entdecken: de Wee an den Ënnergrond. Ëmmer nees

stéisst een op Agäng vu verloossene Minnen, déi mat schwéieren eisenen Dieren zougespaart sinn. Oft kënnegt eng duuss, kill Loft d’Tunnellen un. Era gi mer net. Lues geet de Pad erof. Grueft sech ëmmer méi déif an de Buedem vum Bësch an, bis en zu engem richtege Schacht gëtt. Och seng Maueren: mat Moos a Fare bedeckt. D’Temperatur ass däitlech gefall. Dann, hannert enger Päerdsbierheck, entdecke mir den Agang. Eng schwaarz däischter Maul matten am wuchernde Bësch. Dës – et muss een zouginn, e bësse grujeleg – Entdeckungstier maachen, dass en Trëppeltour an de Minetter Bëscher eng richteg Aventure ass. Eis gëtt bewosst, wéi vill de Mënsch heiansdo d’Landschaft ëmgestalt. An ewéi séier d’Natur sech alles nees zeréckhëlt, wann ee se léisst.

D’Haus Gonner ass d’Kabaischen zu Rëmeleng. En historesche Bijou nei interpretéiert. Dëst fréiert Bürosgebai vum Biergbaubetrib faszinéiert d’Visiteure mat sengem Mix aus Zillen an Natursteen, déi Geschichten aus der Zäit vun der Eisenäerzexploitatioun erzielen.

Mir ginn dem Trail bis op Esch no a fuere mam Bus zeréck op Diddeleng. Schliisslech waarde Floater, DJ a Craftbéier op eis. Den nächste Moien. D’Sonn schéngt duerch dem Floater seng grouss Panoramafënster. Vu bausse gréisst den Tuerm, dee sech am Waasser spigelt. Am Liicht vun der Moiessonn wierkt e richteg filigran. Et schellt un der Dier. Mir maachen op, mee et ass keen ze gesinn! Allerdéngs steet e Platto mat Kaffi a regionale Produiten op der Schwell. Super, wann den Dag esou ufänkt!

Wou ass den Humpe fir d’Schlaken? Mir sichen nom Humpen. En Humpe war e Kippbehälter op engem Eisebunnswaggon, an deen déi nach flësseg Schlake vun der Stolproduktioun agefëllt goufen. D’Ween si vun der Diddelenger Siderurgie bei de Bord vum Haard-Plateau gefuer an d’Schlake goufen an déi desaffectéiert iwwerierdesch Minn getippt. Haut ass de Schlakentipp e wäertvolle Liewensraum fir Déieren- a Planzenaarten, déi et gär waarm hunn. Tëschent de Steng, déi sech wéinst hirer däischterer Faarf séier opwiermen, entsti kleng Hielen. Hei kënnen Eidechsen, Käferen a Schlaange sech zeréckzéien. Mir fannen den Humpen a kraxelen an d’oppe Bidden. Op där anerer Säit vum Dall fält de Bléck op e géien Hang – ee vun deene längsten an Europa. Och wann déi beandrockend rout Fielswänn hei duerch de massiven Agrëff vum Mënsch entstane sinn, esou erënnere se awer och un déi

12

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Am Minett-Park Fond de Gras loosse sech iwwer 100 Joer Industriegeschicht am Lëtzebuerger Süden aktiv erliewen. Den Dampzuch „Train 1900“ verbënnt Péiteng mam Fond de Gras ewéi am Ufank vum leschte Joerhonnert.

Och am Fond de Gras gëtt et eng Kabaischen. Et ass e restauréierten Eisebunnswaggon. Déi sechs Schlofplaze sinn awer méi ewéi just e Luxus-Schlofwaggon. Hei gëtt et eng Sauna, zwou vollekipéiert Buedzëmmeren, eng Kiche mat engem Gemeinschaftsraum an esouguer eng Loggia, fir zesumme relax Stonnen ze verbréngen.

13


E klengen Zuch bréngt d’Visiteure vum Musée des Mines zu Rëmeleng déif an de Bierg eran. Ënnerierdesch, an de wäitleefege Gäng vun der fréierer Eisenäerzminn, erwächt déi haart a geféierlech Aarbecht vun de Mineuren zum Liewen.

natierlech Fielsformatiounen am amerikanesche „Wild West“. Hell Bëscher wiessele sech mat oppenen, steppenaartege Graslandschaften of. Dertëschent ëmmer nees déi rout Steng vum Minett. Eng kleng schwaarz Schlaang verschwënnt tëschent de Fielsen. Päiperleke flattere vun Orchidee zu Orchidee. Mir waarden drop, dass all Ablack de Marlboro-Mann op sengem Päerd bei de Bord vis-à-vis reit an a Gedanke verluer op déi wäitleefeg Landschaft kuckt. Mee et kënnt

ganz anescht! Mir héieren e Mäen op där anerer Säit. En Trapp Schof daucht tëschent de Straich op. Mir erkennen den Hond, deen op se oppasst an an engem onmoossegen Tempo ronderëm d’Schof leeft a se zesummenhält. Amplaz vum Cowboy steet elo e Schéifer an engem Cape, dee bis op de Buedem geet, op där anerer Säit vun der Canyon-änlecher fréierer Minière.

Strukturwandel de luxe Mir wandere weider duerch d’Naturschutzgebitt Haard-Hesselsbierg-Staebierg op Téiteng an huelen de Bus op de Belval. Hei erwaarden eis déi vill Träppleken erop op d’Aussiichtsplattform vum fréieren Héichuewen. Se kraachen ënnert eise Féiss, wärend mir eis eropschaffen, ëmgi vun der imposanter Industriearchitektur, déi elo vun enger vergaangener Ära zeit. Uewen ukomm, gi mir mat enger schéiner Vue iwwer de Belval an d’Géigend ronderëm belount. Déi raschteg Strukture vum Héichuewen erhiewe sech ewéi Skulpturen an den Himmel, wärend ënnen dat neit Liewe vum Quartier pulséiert. Déi al Siderurgie steet niewent moderne Gebaier, an deenen d’Universitéit, Muséeën an Entreprisë sech néiergelooss hunn. Mir scharjeekelen duerch d’„Cité des Sciences“, wou d’Wësse vun der Zukunft geschafe gëtt, a bewonneren den harmonesche Mix vun Al an Nei. Hei, an de Stroosse vum Belval, spiere mir de permanente Bols vum Fortschrëtt an héieren op all Eck den Echo vun den Erënnerungen un d’industriell Vergaangenheet.

14

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Eis Rees féiert eis weider duerch d’Naturschutzgebitt PrënzebiergGiele Botter. Och hei huet d’Natur zanter der Desaffectatioun vun de Minièren de Site zeréckeruewert. An der Tëschenzäit sinn hei nei biologesch Liewensraim entstanen, an deene Planzen, ënner anerem ganz aussergewéinlech wëll Orchideeën, awer och Amphibien, Reptilien, Insekten, Fliedermais a Vigel en Doheem fonnt hunn.

Geschicht a Rubbarbstaart Vun do geet et erof an de Fond de Gras, en historeschen IndustrieOpen-Air-Park, dee fréier ee vun den Zentre vum lëtzebuergeschen Eisenäerzofbau war. Déi al Gare am Fond de Gras, déi nach ëmmer an hirem ursprénglechen Zoustand erhalen ass, versetzt eis an eng Zäit zeréck, wou Dampzich dat wichtegst Transportmëttel waren. Eng speziell Attraktioun ass den „Train 1900“, eng historesch Dampeisebunn, déi d’Visiteuren op eng Zäitrees an d’Vergaangenheet mathëlt an – no engem fixen Horaire – tëschent Péiteng an dem Fond de Gras fiert. An der Gare selwer ass en antik wierkende Café ënnerbruecht. D’Rubbarbstaart laacht eis gradesou un ewéi d’Damm hannert der Théik mat hirer wäisser Permanente. „Do fillt Dir Iech ewéi am Ufank vum 19. Joerhonnert, oder? Mir sinn all Membere vum Veräin. Also all déi, déi hei schaffen. Vum Schaffner bis bei de Lokféierer. Vun der Fra, déi Kuch an Taart verkeeft, bis bei de Mecanicien vum Dampzuch. Eng grouss Famill, déi gär aner Rolle spillt!“

Am Waasser- a Vulleschutzgebitt Dumontshaff – en Natura2000-Naturschutzgebitt – ass déi ganz Schéinheet vum Uelzechtdall ze gesinn. Op Passerelle wandert een duerch dëse Refuge vun der Biodiversitéit, beobacht (mat e bësse Chance) Stuerken a Piwitschen an hire Bréigebitter a kann esouguer Waasserbüffelen an de fiichte Wisen erblécksen. E raren Abléck an e geschützten Ekosystem.

Mir wanderen duerch dicht, hiwweleg Bëscher a Richtung Zowaasch. Ënnerwee stousse mir op eng Panoplie vun Iwwerreschter aus der Zäit vum Biergbau, ënner anerem Strecke vun de Buggien hirem Bremswee, also d’Weeër vun de klengen Zuchween, mat deenen dat wäertvollt Äerz aus de Minièren oftransportéiert gouf. Beweiser vun der industrieller Vergaangenheet, ewéi al Stroummasten an Iwwerreschter vun engem Schinnennetz, dat komplett iwwerwuess ass, erzielen eis Geschichten aus enger anerer Zäit. D’Kabaischen zu Zowaasch ass e besonnesche Bijou op eisem Wan-

derwee. Hei verbrénge mer nees d’Nuecht . Dëst fréiert Aarbechterhaus gouf vun der Architektin Anouck Pesch mat artisteschem Charme ëmgebaut. Entstanen ass en Haus, dat esouwuel Geschicht ewéi och moderne Confort vereent. Bannenan erwaarden eis e grousse Gemeinschaftsraum an e puer Zëmmeren, all an engem aneren Design. All Zëmmer bitt eng super Vue op handwierklech Fresken, déi d’Geschicht vun der „wëller Fra“ – déi der Uertschaft hire franséischen Numm „Lasauvage“ ginn huet – thematiséieren. Wien hei eng Escale mécht, dee mécht net just eng Paus, mee daucht och an d’Zowaascher Kultur a Geschicht an.

15


Wéi mir d’Dierfchen den nächste Moie verloossen, plätscht d’Crosnière niewent eis a begleet eis op eisem Wee op Déifferdeng, vu wou mir mam gratis Zuch op Schëffleng fueren. Als Ofschloss vun eiser Minett-Trail-WeekendAventure hu mir eis déi einfachst Etapp – vu Schëffleng op Biergem – erausgesicht. Gläichzäiteg ass et déi am mannsten typesch. Amplaz duerch rout Steng, Bësch an Industriebroochen, déi sech veränneren, ze wanderen, steet elo d’Supp vu Lëtzebuerg um Programm. Waasserbüffelen inklusiv. Wa mer Chance hunn.

D’Waasser- a Vulleschutzgebitt Dumontshaff ass e fiicht Gebitt niewent der Uelzecht. Iwwer Joerzéngte war et komplett dréchegeluecht. Elo, no der Renaturéierung, komme rar Aarten ewéi de Wäisse Storch zeréck. Ënnert eise Féiss kréckelen déi hëlze Brieder vun der Passerell, déi e groussen Deel vum Wanderwee ausmécht. Riets a lénks wuesse Sumpfplanze mat grousse rosa Bléien. All puer Meter raschte Päiperleken op de Brieder, déi d’Sonn opgewiermt huet. Op der einfacher Bréck iwwer d’Uelzecht maache mir eng Paus. Loossen d’Féiss hänken a ku-

Trail und Rast:  D’Kabaisercher sinn am Kader vum Europäesche Kulturjoer Esch2022 entstanen. No dem „Remix“-Motto gouf aus Al Nei, goufen aus Plazen Iwwernuechtungsméiglechkeeten, vun deenen een et net erwaart hätt. D’Kabaisercher si perfekt, fir de Minett Trail ze entdecken an ënnerwee ze schlofen. www.simpleviu.com

Am Gemeinschaftsraum vun der Kabaischen zu Zowaasch erzielt eng riseg Fresk d’Geschicht vun der „wëller Fra“. Op dës Legend geet de franséischen Numm „Lasauvage“ vun der Uertschaft zeréck. Se soll fréier, just vun hire wëllen Hoer bedeckt, mat fénkelnden Aen a fierchterleche Krallen, an de Bëscher ronderëm Zowaasch gehaust hunn – eng Erënnerung un déi mystesch Vergaangenheet vun der Uertschaft.

 De Minett Trail, dat sinn 90 Kilometer Natur a Geschicht. D’Naturschutzgebitter vun der Minett-Regioun waarden op Visiteuren a Wanderer. Se weisen, firwat dës Géigend och als „Terres Rouges“ („Land vun der Rouder Äerd“) bekannt ass. Zéng ënnerschiddlech Etappen, déi all déi wichteg Uertschaften a Standuerter matenee verbannen, erlaben et, de Minett am eegenen Tempo kennen ze léieren. www.minetttrail.lu

16

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

cken a Richtung Grasland. Vun hei hieft d’Land sech ganz lues. Et gëtt nees e bësse méi dréchen. Doniewent eng steppenaarteg Graslandschaft. Mir beobachten d’Ufere vum Floss. Ass dee schwaarze Fleck dohannen, tëschent de Lëtschen an de Pëppelen, e Waasserbüffel? Vläicht. Mir rieden eis et zumindest mol an. D’Libellen, déi an der Sonn metallesch-gréng liichten, sinn op jiddwer Fall keng Abildung.

Alles ass am Wandel! Mat all Etapp vum Trail gëtt eis bewosst, wéi déif de Mënsch an d’Natur vun dëser Regioun agegraff huet a wéi séier alles sech nees verännert. D’Mënsche maache vill dofir, hire Liewensraum esou ze gestalten, dass e sech harmonesch mat der aktueller Natur verbënnt. Alles ass am Floss. Mir si gespaant, wat sech wäert geännert hunn, wa mir déi nächste Kéier an de Minett kommen.


E Stéck Weltkulturierwen: Vun der Plattform vum Héichuewen A op 40 Meter Héicht huet de Visiteur, nodeems en 180 Träppleken eropgaangen ass, eng wonnerschéi Vue op den neie Quartier Belval an déi ganz Regioun.

17


The Good Life DE BEETEBUERGER MÄRCHEPARK AN EN ERLIEFNISWEE

De Ris geet

18

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


op d'Rees De Märchepark zu Beetebuerg ass zu Lëtzebuerg a wäit iwwer dʼGrenzen eraus bekannt an zitt all Joer Dausende vu Visiteuren un. Säi Warzeechen ass dee grousse Ris, deen niewent enger Spillplaz läit an dʼKanner dozou aluet, op him ronderëmzekloteren. Mee elo ass en erwächt! Wie sech traut, kann hien duerch de Park an duerch ganz Beetebuerg begleeden. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

19


Fir de Waassertuerm mam Ris ze dekoréieren, war zimmlech vill Opwand néideg. Deen huet sech awer gelount an elo wénkt de frëndleche Gigant iwwer dʼganz Stad. Et gesäit een den Tuerm vum Märchepark aus am beschte vun der Ieselsperch. A wie beim Sockel vum Tuerm steet, kann de Ris mat Augmented Reality zum Liewen erwächen.

20

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wéi de Ris op eemol haart schnaarcht a sech beweegt, falen dʼLéa an de Ben vu Schreck bal vu sengem Bauch. Lieft dʼFigur vläicht awer? Déi zwee fënnefjäreg Kanner kucken an dʼRichtung, wou dʼGeräischer hierkommen. Uff, et ass just en Haut-parleur! An de gudden, ale Ris am Beetebuerger Märchepark ass och weiderhi just eng Konschtfigur. Mee wat wier, wann hie wierklech zum Liewe géif erwächen?

E Maskottche gëtt lieweg

Also mécht sech de Ris zesumme mam Lori, engem Papagei, op de Wee, sicht a ganz Beetebuerg a kënnt dem Räätsel schliisslech op dʼSpuer … Niewent Perséinlechkeeten aus der Gemeng ass esou munches an dʼGeschicht mat agefloss, dat wierklech geschitt ass, zum Beispill de Fait, dass déi kleng Däumling-Figur wierklech schonn eng Kéier aus dem Park verschwonnen ass. Oder dass Beetebuerg am

Vill Statiounen am Märchepark kenne scho Generatioune vu Lëtzebuerger. Déi kleng Päerdercher, déi duerch dee klenge Bësch fueren, gehéieren definitiv dozou. De Ben an dʼLéa si begeeschtert vum Tour. „Nach eng Kéier!“, ruffe si.

De Ris, wéi jiddwereen e kennt an nennt, war vun Ufank un dʼMaskottche vum Park. Iwwer dʼJoren huet hie säin Ausgesi verännert, fréier huet hie vill méi fir ze fäerten ausgesinn. „Meng Boma sot ëmmer, wann s de net brav bass, dann erwächt de Ris am Park“, seet de Patrick Hurt, responsabel fir dʼKommunikatioun vun der Gemeng Beetebuerg, a grinst. Natierlech kennt och hien de Gigant vu Klengem un. Mee wat géif an esou engem Fall wierklech passéieren, wann hie sech op dʼBee stellen a fortlafe géif? DʼÄntwert gëtt et elo a Form vun engem Comic. DʼHandlung: De Ris, dee joerzéngtelaang am Märchepark geschlof huet, erwächt op eemol. Hien an déi aner Awunner vum Park, dʼDéieren, sinn natierlech fir dʼéischt emol frou doriwwer. Mee dann entdeckt de frëndleche Ris, dass säi Frënd, den Däumling, deen ëmmer niewent him souz, verschwonnen ass. Ass hien entféiert ginn? Hie muss op jiddwer Fall zeréck! Heem an de Märchepark!

21


DʼLéa an de Ben si bescht Frënn a genéissen et, tëschent de Märchestatioune Fänkches ze spillen, se lauschteren a kucken awer och gär dʼGeschichten. Déi originell Gebaier weise verschidden Zeenen aus de bekanntste Märercher. All Fënster, an deem sech Figure beweegen, ass e Kapitel vun der Geschicht.

Zweete Weltkrich effektiv eng „Ghost Army“ hat: Panzer-Attrappen a Schauspiller als Zaldoten, fir de Feinden eng riseg Arméi virzegaukelen, déi et eigentlech guer net gouf. De Clou vun der ganzer Geschicht: Dem Ris säi Wee kann ee mat enger spezieller Kaart op enger klenger Wanderung zu Beetebuerg noerliewen. An der ganzer Uertschaft si Spuere vum Ris a senge Frënn ze fannen. Natierlech läit hie fir

dʼéischt emol am Park a schléift, niewent him dat opgeschloent Buch mat senger Geschicht. Et gesäit een hien awer och op dem grousse Beetebuerger Waassertuerm, et fënnt ee seng iwwerdimensional rout Mutz op enger Wiss, hie sëtzt zoppnaass am lokale Park am Weier, hie féiert Visiteuren an den ale Beetebuerger Bongert, wou Kéi dʼGras kierzen, an et kann een de Ris esouguer iwwer Augmented Reality siichtbar a lieweg maachen. Dat ganzt Erliefnis ass ideal fir en Ausfluch mat der Famill.

Realitéit trëfft op Fiktioun DʼIddi, de Märchepark engersäits fir eng richteg Geschicht ze benotzen an anerersäits och déi kleng Stad Beetebuerg als Bün fir en touristescht Erliefnis, nämlech den Erliefniswee ronderëm de Ris, gouf et bei engagéierte Beetebuerger Awunner scho méi laang. „Am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 hu mir eis du gesot: Mir mussen dat als Projet ëmsetzen!“, erzielt de Patrick Hurt. Esou koum et, dass vun 2019 u geplangt gouf, den Erliefniswee ugeluecht gouf a Beetebuerger Kënschtler d’Statioune ronderëm de Ris mat Konschtwierker beräichert hunn. An net zulescht hunn zwee bekannte Comic-Auteuren dat passend Buch geschriwwen: de Lucien Czuga, dee scho villes gemaach, mee virun allem de sympathesche Lëtzebuerger Superheld „Superjhemp“ erfonnt huet, an den Andy Genen, e jonken Illustrateur a Comic-Zeechner, deen och schonn e puer Projeten an Helden e Gesiicht ginn huet.

22

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Op hirem Spadséiergang duerch Beetebuerg begéinen dʼAuteure Lucien Czuga a Andy Genen och zoufälleg dem Buergermeeschter Laurent Zeimet. „Meng dräi Kanner hunn de Wee och schonn ausprobéiert a fannen e super. An et komme wierklech Leit extra fir den Erliefniswee heihinner“, schwäermt hien. 23


Ups, do huet sech de Ris dach tatsächlech op säin Hënneschte gesat! Op senger Sich nom Däumling lant hien och am Weier vum Park.

Dee mam Wollef danzt: Mat sengem Papp, dem Patrick, probéiert de Ben bei dëser Statioun, dʼWëllef am Märchepark ze erblécksen. Hoffentlech huet sech dʼRotkäppche gutt verstoppt!

24

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Dass esou e Buch am Kader vum Europäesche Kulturjoer Esch2022 erauskomm ass – an doriwwer eraus och nach fir den zéngten Anniversaire vum Beetebuerger Buchfestival „LiteraTour“ –, passt bei de Gedanken, alles nei ze mixen: Vergaangenheet an haiteg Zäiten, Realitéit a Fiktioun, Konscht an Natur. D’Auteure selwer kennen de Park natierlech och, e gehéiert einfach zum Land. Den Andy Genen, gebuer an den 1970er-Joren, erënnert sech gär drun, wou hien als Kand do war. „Am léifsten hat ech ëmmer d’Päerdercher an déi kleng Rennautoen“, erzielt hien. De Park am Kader vun de Recherchen nees nei ze entdecken, huet him vill Spaass gemaach. „De Park ass wierklech speziell. Net esou stresseg ewéi grouss Fräizäitparken, mat engem ganz eegene Flair“, seet den Andy.

Plazen, déi et wierklech gëtt Him hätt dʼIddi vum Buch direkt gutt gefall, esou den Andy Genen. „De Lucien an ech goufe vun de Comic-Sammler Charel Bauer an Alex Kloos vu Beetebuerg kontaktéiert a mir hunn direkt zougesot“, erënnert hie sech. „Mir hunn zwee Joer dru gefeilt“, erzielt de Superjhemp-Papa, Lucien Czuga, eng Institutioun an der lëtzebuergescher ComicZeen.

kruten déi zwee och vu Kanner aus der Gemeng, well et gouf en Appell gemaach, sech ze iwwerleeën, wat de Ris op sengem Wee soll erliewen.

Hien huet dʼTexter geschriwwen, den Andy huet gezeechent. „Bei deem Prozess war interessant: Wéi eng Statioune kënne mir zeechneresch wéi duerstellen? Et ass jo eng reell Stad, dës Plaze ginn et wierklech. Dat ass eng spannend Erausfuerderung“, esou de Lucien. Hëllef

A wéi gesäit dem Ris säi Wee dann elo aus? Gär maachen déi zwee Auteure mam Patrick Hurt vun der Gemeng e Spadséiergang iwwer den Erliefniswee. Et huet een de Choix tëschent zwee Circuiten: entweeder 6,7 km oder 9,7 km. Am Ganze ginn et 15 Ris-Statiounen, gestalt vun

De Patrick Hurt vun der Beetebuerger Gemeng, den Auteur Lucien Czuga an den Illustrateur Andy Genen trëppelen duerch de Beetebuerger Bongert a genéissen dʼRou. De Bongert ass eng vun de Statiounen op dem markéierten Autopedester. Hei wuesse mat déi eelst Uebstbeem am Grand-Duché.

25


Märchenhaft:  Dem Ris seng Rees kann ee selwer noerliewen. De Comic, dʼMerchandising-Artikelen an och dʼKaart vu Beetebuerg ginn et op der Gemeng, am Märchepark selwer an och online fir ze bestellen. www.deris.info  De Märchepark ass och iwwer dʼGrenzen eraus bekannt. E gemittleche Fräizäitpark ouni Stress a Gedeessems. Niewent Perche mat verschiddenen Déieren, Spillplazen, klenge Karusseller a Spiller si Märchestatioune mat animéierte Figuren am Park verdeelt. Hei erwächen dʼSchneewittchen, dʼRapunzel, dʼRotkäppchen, mee och lëtzebuergesch Märchenhelden zum Liewen. www.parc-merveilleux.lu

13 lëtzebuergsche Kënschtler, mat Street Art, Skulpturen aus deene verschiddenste Materialien, Augmented Reality a villem méi. DʼWaassertuerm-Statioun mat dem iwwerdimensionale Ris drop ass scho vun der Ieselsperch am Märchepark ze gesinn. Wien awer direkt virun deem groussen Tuerm steet, kann um Handy de Ris an och dʼLori zum Liewen erwächen. De Papagei gëtt et och nach riseg grouss op engem Graffito, deen zu Beetebuerg längst Kultstatus huet. An daucht vläicht den Däumling iergendwou op? Op enger Bänk laanscht de Wee kann een hien entdecken. Wëll de Ris mol eng Paus maachen? Dat geet bei engem klobegen Dësch. Wëll de Ris vläicht awer an en anert Land reesen? Oder muss hie just eng Lokomotiv zeréck an dʼSpuer hiewen? Op der Gare kann een dat entdecken.

 Wie stilecht-märchenhaft zu Beetebuerg iwwernuechte wëll, kann dat am klenge Schlass bei der Entrée vum Park maachen. Et gehéiert zu de sougenannte Kabaisercher – ganz speziell Iwwernuechtungsméiglechkeeten am Minett ronderëm dʼWander-Erliefnis Minett Trail. De Clou: Et kann een an dësem Schlass – ganz abenteuerlech an ewéi dʼRapunzel – esouguer bis erop an den Tuerm klammen! Kaffi gëtt et op Wonsch moies an enger „geheimer Klapp“ am Haff. www.minettrail.lu

26

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

A wien ass eigentlech dofir verantwortlech, dass hien aus sengem Schlof erwächt ass? War dat Zauberei? E gëllenen Apel bei der Entrée vum wonnerschéinen, charmante Bongert kann hëllefen, dʼRäätsel ze léisen. A gëtt um Enn alles gutt? Natierlech. Allerdéngs ka sech jiddwereen, dee frou mat Geschichten ass, ausmolen, dass eventuell nach ganz vill Iddien do sinn, wéi et mat dem Ris, dem Lori an dem Däumling kéint weidergoen. An der Tëschenzäit ka sech jiddweree selwer e Bild dovu maachen, wéi dat klengt Beetebuerg dʼAbenteuer-Spillplaz vun engem groussen Held ginn ass.

Richteg Wëllef a Päerd am Bësch Esou wéi dʼLéa an de Ben. Déi zwee genéissen no hirem Besuch beim schlofende Ris am Beetebuerger Märchepark weider hiren Dag: iwwer hëlze Brécke lafen, Geessen an Ieselen heemelen, genësserlech schuddere beim Ubléck vu Schlaangen a Reptilien, wäiss Wëllef entdecken, op Päerdercher op an of duerch de Bësch reiden, déi vill Spillplazen testen. An natierlech sinn déi zwee och faszinéiert vun de Märchestatiounen, déi vun Ufank un am Park stoungen. DʼFigure beweege sech a sinn deelweis nach aus den 1960er-Joren, verschiddener sinn awer och ganz nei an dʼKanner staunen iwwer dʼMärercher vu Lëtzebuerg, déi se nach guer net kennen. Gutt Geschichte funktionéieren eebe fir all Generatioun.


IHR ERHOLUNGSZIEL DIREKT VOR DER HAUSTÜR Sie möchten dem Alltag entfliehen? Für einen Tag? Für ein Wochenende oder auch länger? Die wunderbare Umgebung, die breite Palette an Thermalangeboten und der erstklassige Service, machen MONDORF Domaine Thermal zu „dem“ Traumziel für Ihren „Urlaub direkt vor der Haustür“.

begehrt: Spa-Behandlungen (Massagen, Packungen...), Badevergnügen (Thermalwasserschwimmbäder, Saunen, Bäder...), Fitnessräume, 4-Sterne-Übernachtung... Gönnen Sie sich erholsame Tage und genießen Sie das wohltuende Thermalwasser – und das alles ohne eine lange Anreise!

Ideal gelegen, nur wenige Schritte von den Weinbergen der Mosel entfernt und inmitten eines wunderschönen, jahrhundertealten Parks, bietet MONDORF Domaine Thermal alles, was das Herz

Eine Übernachtung und zwei Tage Aufenthalt ab

159,50€*

MONDORF PARC HÔTEL & SPA

RESERVIERUNG

mondorf.lu

* Der Preis gilt pro Person bei Zweierbelegung in einem Premium-Doppelzimmer inklusive Gourmet-Frühstücksbuffet und Nutzung der Thermalanlagen. Der Aufenthalt kann um eine oder mehrere Spa-Anwendungen ergänzt werden. Preise 2024

MONDORF Domaine Thermal ¬ Avenue des Bains ¬ L-5601 Mondorf-les-Bains ¬ Grand-Duché de Luxembourg T (+352) 23 666-666 ¬ domaine@mondorf.lu

sup


The Good Life DE PÄIPERLEKSGAART ZU GRÉIWEMAACHER

Gitt de Flilleken no! Op der Musel, verstoppt an der pittoresker Uertschaft Gréiwemaacher, ass eng Plaz, déi an eng aner Welt entféiert. De Päiperleksgaart, e bonte Spektakel vun der Natur. Text a Fotoen TOM JUTZLER

28

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Gaart ass voller Liewen. All Visitt fänkt mat engem duusse Klangspill aus flatternde Flilleken an engem Freedefeier aus Faarwen un. Iwwerall summt a brummt et, an den Doft vun exotesche Planze läit schwéier an der waarmer, fiichter Loft an der grousser Zär, an där de Gaart ënnerbruecht ass. Mee et sinn net just d’Päiperleken, déi dës Visitt esou speziell maachen. D’Leit hannert de Kulissen droe weesentlech dozou bäi, an ee vun hinnen ass de Pit. E liewensfrouen, jonke Mann mat enger liichter geeschteger Beanträchtegung.

drockend a seng Begeeschterung ass ustiechend. Et kann een net anescht, wéi sech vu senger Léift fir dës fragil Kreature matrappen ze loossen.

Pedagogeschen Zenter De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher bitt net just de Päiperleken eng Heemecht an de Visiteuren interessant Entdeckungen. En ass

Eng paradisesch kleng Insel um Ufer vun der Musel: De Päiperleksgaart ass déi ideal Plaz fir Frënn vun der Natur an hire Schéinheeten. Den tropesche Gaart mat sengen Honnerten exotesche Päiperleken am Wënzerduerf Gréiwemaacher luet zu engem Spadséiergang op enger Fläch vun iwwer 600 m² an.

Banannen als Liblingsiessen Dem Pit seng Ae blénken, wann hien iwwer seng Aarbecht schwätzt. Hien huet e Sënn fir Detailer, deen an dësem Gaart mat senge ville klenge Bijouen immens wichteg ass. Hei huet hien d’Méiglechkeet, sech op d’Aarbechtsliewen „dobaussen“ ze preparéieren, an hie mécht seng Aufgab mat beandrockendem Engagement an Enthusiasmus. Wéi mir de Pit treffen, ass hien grad amgaangen, eng Grupp vu knallbloe Morpho-Päiperleken ze fidderen. „Se liben iwwerzeideg Banannen“, erkläert hie mat engem Laachen, wärend hie virsiichteg eng Banann op d’Fudderplaz leet. Seng Fangere beweege sech op eng duuss Manéier, seng Beweegunge si gutt iwwerluecht. Hien erzielt vun de verschiddene Päiperleksaarten, déi am Gaart liewen, vun de butzegen, onscheinbare Faltere bis zu de prachtvollen Exemplairë mat knalleg-faarwege Flilleken. Säi Wëssen ass bean-

29


och eng Plaz, wou Leit mat spezielle Besoinen an intellektuellen Defiziter léieren a wuesse kënnen. Hei hu se d’Méiglechkeet, praktesch Fäegkeeten ze léieren a sech op d’Ufuerderunge vum Aarbechtsliewe virzebereeden.

Am Labo selwer fuerschen De Päiperleksgaart huet aus klimatesche Grënn just vun Abrëll bis Oktober op. Hei herrsche konstant 28 °C an eng héich Loftfiichtegkeet, déi ëmmer d’selwecht ass. Grad Famille kënnen hei e puer schéi Stonne verbréngen an am Shop schéi Klengegkeeten a Bicher iwwer d’Natur an d’Päiperleke kafen. De Buttek ass nämlech gläichzäiteg eng Librairie, wou heiansdo esouguer Liesungen organiséiert ginn!

Grad kontrolléiert de Pit neie Visiteuren hir Ticketen. „Hei ginn ech gebraucht. An hei léieren ech all Dag eppes Neits“, erzielt hie begeeschtert. Ausser de Päiperleken huet de Pit nach mat villen anere faszinéierenden Déieren ze dinn: Hei verstoppt sech e Chamäleon, do jauwe Wuechtelen, krabbele Spannen, flattere kleng Vigel. Bont KoiKaarpen zéien hir Kreesser am Waasserbaseng. Exotesch Planze rënnen d’Bild of an entféieren an eng aner Welt.

E weideren Highlight am Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher ass de sougenannte Labo. E Raum, an deem Schoulklassen an den interesséierte Public d’Geleeënheet hunn, méi déif an d’Welt vun de Päiperleken anzedauchen. De Labo ass mat moderne Mikroskoper equipéiert, déi en intimen Abléck an d’Detailer vun dëse faszinéierenden Insekten erméiglechen. „Hei kënnen d’Kanner d’Déiere vu ganz no kucken an hir fein Strukturen erfuerschen“, erkläert d’Sandra, eng vun de Pedagoginnen, déi d’Visitten encadréiert an eis duerch de Labo féiert.

Wa Raupe fléie léieren Ënnert dem Mikroskop entdecke mir déi fei Schuppen, déi d’Flilleke vun de Päiperleke bedecken. D’Kanner gesinn och dëse Kreaturen hir komplex Facettenaen an déi ganz butzeg Hoer op hirem Kierper. „Et ass immens flott, wann d’Kanner hir éischt Entdeckunge maachen. Hir Ae liichten a se sinn esou opgereegt, dass se bal net roueg stoe bleiwe kënnen. An dësem Moment versti se, dass d’Natur voller Wonner ass, déi drop waarden, entdeckt ze ginn“, schwäermt d’Sandra. Net just d’Fuersche mat de Mikroskoper, mee och d’Beobachte vun de verschiddene Liewenszykle vun engem Päiperlek bitt eenzegaarteg pedagogesch Erliefnisser. Vum Raup bis bei d’Popp, vum Ausgoe bis bei de majestätesche Fluch – all dat kann een hei an natura gesinn. De

30

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Net just d’Fuersche mat de Mikroskoper, mee och d’Beobachte vun de verschiddene Liewenszykle vun engem Päiperlek bitt eenzegaarteg pedagogesch Erliefnisser.

Päiperleke liewe just zwou Wochen. Wou komme se hier? Et ass e Mix: Liwwerungen aus Costa Rica a vun de Philippinne gradewéi eegen Ziichtungen am Gaart.

31


Dank dem tropesche Klima an der Zär liewen hei net just Päiperleken aus der ganzer Welt. Och etlech chineesesch Wuechtelen, Chamäleonen, Deckelsmouken, verschidde Vullenaarten an e Beievollek (ënnert enger gliesener Këscht) sinn hei doheem. Faarweg Blummen an eng idyllesch Atmosphär lueden net just Kanner an, ze dreemen an ze entdecken.

32

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Päiperleksgaart mécht virwëtzeg an aktivéiert de Fuerschergeescht. Et ass eng Plaz, deen d’Léift fir d’Natur fërdert a vläicht déi nächst Generatioun vun Naturfuerscher a -schützer inspiréiert. Et sinn net just d’Päiperleken, déi dës Plaz esou speziell maachen. D’Leit hannert de Kulissen droe weesentlech dozou bäi, an ee vun hinnen ass de Pit. Hei mécht hie mat de Kanner en Tour duerch de Gaart a sammelt Statiounen.

Buttek a Café Direkt niewent dem Gaart ass de gemittleche Buttek. Hei trëfft Natur op handwierklech Konscht. Et fënnt ee lokal Hunnegproduiten an eng Panoplie vun Objeten

a Bijouen, déi mat Léift gemaach goufen an un d’Faarwen an d’Forme vun de Päiperleken am Gaart erënneren – de Buttek bitt e breet Sortiment u Kaddosiddien a Souveniren. Eng vun de Mataarbechterinne weist eis stolz e puer vun de Produiten. „Vill Artikele si vun eise Päiperleken inspiréiert“, erkläert si, wärend se e Bijou an d’Luucht hält, deen d’Form vun engem herrleche Monarchfalter huet.

Mënschen a Genoss No dem Tour duerch de Buttek lackelt d’Brasserie. Se ass direkt niewendrun, esoudass een de Va-et-vient beobachte kann, wärend ee sech mat engem Stéck hausmaacher Kuch an enger gudder Taass Kaffi verwinne léisst. D’Brasserie ass eng flott Plaz, wou sech de Public an déi encadréiert Mataarbechter treffe kënnen. Hei komme Leit vun all Alter an aus ënnerschiddleche Liewensberäicher zesummen, fir den Zauber vum Gaart ze deelen. Et ass eng Plaz, déi d’Leit verbënnt. Hei kann een entspanen, laachen a léieren. Et kann een d’Einfachheet an d’Schéinheet vun der Natur feieren. De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher ass méi ewéi just e Gaart. Et ass en Haus fir Entdeckungen, fir Bildung, fir Genoss – en Haus, fir nei Bekanntschaften ze maachen. Fir vill Leit ass et den Ufank vun engem neie Liewen. Et ass eng Plaz, déi d’Häerzer vun de Visiteure mat Freed a Staunen erfëllt an en déiwen Androck hannerléisst.

33


Transforming Experiences NATURERLIEFNISZENTER ROBBESSCHEIER

2 PS a ganz vill Häerzblutt

De Charel Braquet a seng Ardenner-Päerd sinn eng gutt arodéiert Ekipp. DʼVisiteure kënnen dëst Gespan am Naturerliefniszenter Robbesscheier kenne léieren. Text SIEGLINDE MARX Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

34

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


35


De Charel Braquet schafft zanter senger Jugend gär mat de majestéiteschen a guttmiddegen Ardenner-Päerd. Se si staark an zouverlässeg an hie gesäit si als Kolleegen. En ideaalt Mënsch-Déier-Gespan.

36

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Et ass Summer, fréi moies an engem Nolebësch zu Munzen, am Éislek. Déi éischt Sonnestrale loossen dʼKeelt vun der Nuecht an déi lescht Drëpse Fiichtegkeet verschwannen. Wie méi déif an de Bësch geet, richt deen typeschen Holzgeroch – den Doft vum Haarz, deen aus den Äscht sickert, vermëscht sech mam Aroma vun den däischtergréngen Nolen. Plëtzlech ass en zischend Schmatzen ze héieren, dann déi typesch klimpernd Geräischer vun engem Päerdsgeschier an, kuerz duerno, dʼKlappere vun Houf, ganz duuss op dem mëlle Buedem vum Bësch. Äscht beweege sech an e laange Bamstamm schruppt iwwer de Buedem. De Charel Braquet a seng Ardenner-Päerd Bieke a Jasmin transportéieren Holz. Op dëse géien Häng ass et net onüblech, op esou e Mënsch-Déier-Gespan ze treffen.

D'Déiere solle sech wuel fillen

Mir ass et immens wichteg, dass dʼDéiere sech wuel fillen. Esoubal et méi waarm gëtt, halen ech mat der Aarbecht am Bësch op“, erkläert hien, wärend hien de Päerd hiert Aarbechtsgeschier ausdeet, hinne Waasser gëtt a si un eng schick Marathonkutsch spaant.

Prrr: Entspanung! „De Wee zeréck an dʼDuerf ass esou kuerz, dass en Transport mam Unhänger sech net lount. Ausserdeem mécht et mat der Kutsch vill méi Spaass“, fënnt de Päerdsfrënd. Fir dʼéischt geet et iwwer e rouege Bëschwee, duerno queesch duerch dʼDuerf, wou si sech dʼStrooss mat Gefierer deelen, déi vill méi ewéi 2 PS hunn. Fir dʼAwunner sinn dʼBieke an dʼJasmin därmoossen en Deel vum Duerfalldag, dass se mol net méi dʼAen hiewen, wann dʼGeklappers vun den Houf virun hire Fënsteren ze héieren ass. Friemer sinn duerch dʼGespan awer

meeschtens esou erstaunt, dass se begeeschtert laachen a gläichzäiteg verdaddert kucken. Sou oder sou: De Charel Braquet bleift geloossen, dʼDéieren och. Séier ass dʼRobbesscheier erreecht, wou dʼZuchpäerd wunnen an de Charel Braquet schafft. „Prrrrr“ – déi schwéier Ardenner bleiwe virun hirem Stall stoen. Dat modernt Gebai mat der hëlzener Fassad passt perfekt an déi ländlech Géigend. Geüübt deet de kräfteg gebaute Mann den Zuchdéieren dʼGeschier aus, ier hie se bei de Rescht vun der Häerd féiert. Elo ass Entspanung ugesot! „Zumin-

Fränjele sinn net déi neiste Summermoud fir Päerd, mee bei den Zebrae geknäipt. Wéinst hire Facettenae kënne Mécken dʼFränjelen net erkennen an hale sech dowéinst vun de Päerd ewech. Natierlech, praktesch, schlau.

Och wann de Schweess op senge Kleeder naass Flecken hannerléisst an him vun der Stier drëpst, laacht de Charel Braquet zefridden: „DʼAarbecht ass schonn ustrengend, mee ech ka mir esou fréi moies bal näischt méi Schéines virstellen.“ Lues, awer sécher huelen déi waarm Sonnestralen iwwerhand. Fir de Charel Braquet a seng Kolleeginnen op véier Been bedeit dat, dass den éischten Deel vun hirem Schaffdag eriwwer ass. „Holz ze transportéieren, ass fir dʼPäerd kierperlech ustrengend.

37


dest fir dʼPäerd“, grinst hien. Fir de Gerant vum Kompetenzzenter „Schaffpäerd“ fänkt elo deen zweeten Deel vum Schaffdag un an der Robbesscheier, engem Erliefniszenter, wou Kanner a Famillen dʼNatur unhand vun Atelieren entdecke kënnen.

Mimik och duerchkucken. Wann ech schlecht gelaunt sinn, da mierke si dat a verhale sech entspriechend. Da maachen ech eng Paus fir erofzekommen. Duerno kann dʼAarbecht weidergoen an ech fille mech ewéi neigebuer“, schwäermt hien.

dʼIesele geet et an de grousse Geméisgaart. Hei trëfft de Päerdsfrënd op de Paysagist Romain Mores an op deem säi Bouf, de Simon, deen – ewéi säi Papp – och Gaardebau léiert an an der Robbesscheier seng Ausbildung mécht.

Kleng Léierbouwen a -meedercher

Weider geet säin Tour bei dʼBeienhaus, wou eng Grupp vu klengen Imker-Léierbouwen a -meedercher am Astronautekostüm op hie waart. Mat der Imkerin Dana Ross kucke si eng Wab mat villen Aarbechterinnen. Op eemol gëtt et hektesch: „Do! DʼKinnigin!“, freet sech e Mini-Imker. De Charel Braquet grinst. Och hei leeft alles optimal. Laanscht dʼKanéngercher, dʼGeessen an

Wärend dʼTomateplanzen an der Zär de Kornischongen an de Pimente Gesellschaft leeschten, waarden dobausse Rout a Wäiss Rommelen drop, gepléckt ze ginn. „Haut de Moien hunn ech scho Muerten, Courgetten an Ierbessen an de Restaurant bruecht. Déi wäerts du bestëmmt geschwënn op dengem Teller leien hunn“, esou de Senior-Gäertner, wärend e sengem Kolleeg en A zoupëtzt.

Dem Charel Braquet säi Wee féiert hie fir dʼéischt – ewéi kéint et anescht sinn – laanscht dʼPerche vun de Päerd. E séiere Bléck geet duer, fir sécherzestellen, dass hei alles an der Rei ass: „Wie reegelméisseg Kontakt mat Päerd huet, léiert, se ze verstoen. Genee wéi si eis an eis

Um Site vun der Robbesscheier loosse sech vill Statiounen erliewen, déi an der Landwirtschaft eng Roll spillen a fir dʼProduktioun vun héichwäertege Liewensmëttelen néideg sinn. Zum Beispill den Ubau vun Uebst, Geméis a Kraider an eegenen Zären a Beeter.

Teamaarbecht mat Päerd Beim Iessen erzielt de Charel Braquet, wou seng Passioun fir dʼArdenner Zuchpäerd hierkënnt. „Meng Elteren hate schonn ëmmer Päerd. Vu Klengem u war ech am klassesche Reitsport aktiv, mee dat huet mir net méi gefall. Iwwer den Job bei der Robbesscheier sinn ech bei dʼSchaffpäerd komm. DʼZesummenaarbecht mat dësen Déieren ass a mengen Ae richteg Teamaarbecht. Se verlaangt Demut an e gewëssenen Essentialismus. Se bréngt mir perséinlech och vill méi Genugtuung ewéi de klassesche Reitsport, mat deem ech mech net identifizéiere konnt“, seet hien. Duerch dʼSchafe vum Kompetenzzenter „Schaffpäerd“, deen

38

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


En Tour mat der Baatschekutsch ass fir Famillen a Gruppe mat Kanner ee vun den Highlighte vun enger Visitt. Duuss trëppelen dʼArdenner-Päerd duerch dʼNatur.

39


Méi Land erliewen  Am landwirtschaftleche Familljebetrib Um Knapphaff zu Wolz dierfen a solle Kanner selwer mat upaken. Och Kannergebuertsdeeg kënnen do gefeiert ginn. www.um-knapphaff.lu

Beim Ëmgang mat Beien ass Rou gefrot. D’Kanner léieren: Beie mussen net geféierlech sinn. Et sollt ee sech just richteg verhalen.

Ob am Tourismus, an der Forstwirtschaft oder an der Landschaftsfleeg – Schaffpäerd sinn zu Lëtzebuerg op ville Plazen am Asaz. Heibäi ass déi gréissten Erausfuerderung, kompetent Leit auszebilden, déi sech ëm dʼWuel vun den Déieren an dʼAarbechtssécherheet fir Mënsch a Päerd beméien. No dem leckere Mëttegiesse preparéiert de Charel Braquet dʼArdenner fir dʼTier mat der Baatschekutsch am Laf vum Nomëtteg. „Eis Visiteure kënne wärend engem Atelier hëllefen, dʼKalblidder ze versuergen. Oft fäerte kleng Kanner dës imposant

40

Päerd. Ech erklären hinnen, dass se keng Angscht mussen hunn, mee awer Respekt, a schloen hinne vir, einfach hir Hand virun dʼPäerd ze halen. Wann dʼDéier de Kapp erofmécht an un der Hand schnoffelt, da geschitt esouwuel beim Kand wéi och beim Päerd eppes, wat ech net mat Wierder beschreiwe kann“, seet de Charel Braquet e bëssen emotional beréiert. Do gesäit hie seng Aufgab: „Wat dʼKanner, déi am Duerf opwuessen, nach wëssen, kenne vill Kanner aus enger Stad net méi. Genee dat probéiere mir hei opzefänken!“, seet hien a klëmmt op de Bock, fir eng Schoulklass op Entdeckungstour duerch déi gréng Regioun ronderëm Munzen ze entféieren.

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

 A Méchels bitt en Abléck an d’Rannerzuucht a gläichzäiteg dräi Vakanzewunnengen. Dat Speziellt sinn d’WagyuBéischten, déi hei am Naturpark Our en Doheem hunn. www.amechels.lu

© FERME PÉDAGOGIQUE AN NEIPÉITSCH

an der Robbesscheier ënnerbruecht ass, huet de Charel Braquet och eng nei Missioun fonnt: Hei gëtt nees mat Päerd geschafft an dʼWësse ronderëm dës Déiere gefërdert.

Entdeckungstour

 De pedagogesche Bauerenhaff A Schmatten zu Schëtter soll Schoulklassen a Famille gläichermoossen uschwätzen. Vum Broutbake bis bei d’StallAusmëschten: Hei kann een ausprobéieren, wéi dʼLiewe vun de Bauereleit gëschter an haut ausgesinn huet an ausgesäit. www.a-schmatten.lu

 An Neipéitsch zu Rëmerech ass e moderne Mëllechbauerenhaff mat Kéi, Kaalwer, Kanéngercher a Ponyen. DʼGäscht kréien déi verschidden Aarbechtsschrëtt vun der Mëllechproduktioun erkläert a kënnen och gär selwer mat upaken. www.visitatertwark.lu


LOSCHT OP ENTSPANUNG?

qu www.a

ur o t an a

.l u

41


Outdoors Passion HAFF RÉIMECH A BIODIVERSUM

Natierlech leidenschaftlech! D’Naturschutzgebitt Haff Réimech mam Biodiversum ass eng faszinéierend Plaz, fir d’Natur zu Lëtzebuerg ganz no ze erliewen a gläichzäiteg vill iwwer den Naturan Ëmweltschutz ze léieren. Dat läit och un den engagéierte Mataarbechter, déi do Erklärunge ginn a Visite-guidéeë maachen. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

42

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Am Ufank war d’Déier. „Ech liben Déieren!“, seet d’Kerstin Rose. Déi grouss, blond Fra ass am Naturschutzgebitt Haff Réimech ënnerwee a kuckt iwwer dat rouegt Waasser vum Weier. Op eemol flattert et an dräi Blesshénger landen op der Uewerfläch. Direkt ginn et ronn Welle ronderëm d’Déieren, déi sech zu Kreesser forméieren. D’Blesshénger jäizen dräi Mol ganz grell. Dann ass et nees roueg. D’Kerstin Rose ass eng vun de Guiden, déi hei meeschtens jonke Visiteuren d’Natur an och d’Gebai Biodiversum weist, an hinnen esou déi ganz Welt vum Naturschutz a vun der Nohaltegkeet opmécht, wuertwiertlech Schrëtt fir Schrëtt.

eschtert“, bekräftegt hatt. „Et ass meng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg!“ D’Kerstin Rose ass wéinst der Léift op Lëtzebuerg geplënnert a wunnt mat sengem Mann an zwee Kanner zu Wëntreng, net wäit vu senger Aarbecht ewech. Wéi d’Plaz als Guide am Biodiversum ausgeschriwwe gouf, huet hatt sech gemellt, mee huet wéinst senger anerer Qualifikatioun awer net wierklech domat gerechent, geholl ze ginn. „Ech hunn awer direkt gesinn, dass hatt motivéiert an engagéiert ass, eng gutt Ausstralung huet, d’Aarbecht eescht hëlt a super

Iddien huet“, seet de Steve Jungen. Hie leet de „Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira“ an ass op dësem Dag mam Kerstin ënnerwee, fir e puer nei Statiounen am Naturschutzgebitt ze besichtegen. Haut schafft d’Kerstin mat Begeeschterung a senger Ekipp. Hatt huet eng Missioun – dat mierkt jiddereen, deen hatt begleet. Dat alles geschitt am a ronderëm de Biodiversum, e gläichzäiteg futuristescht an nohaltegt Gebai. Et erënnert un en hëlzent Schëff, dat op der Kopp läit. Op dräi Etagë gëtt hei d’Natur vun der Regioun

Futurismus trëfft Nohaltegkeet D’Kerstin ka vill gestalten. Zum Beispill bei de Preparatioune fir de „Bird Watch Day“, bei deem déi gefiedert Awunner vum Naturschutzgebitt beobacht ginn. Oder hatt kreéiert en neie Rallye mat de Kolleegen, bei deem an der Natur eng Schatzsich installéiert gouf, fir d’Visite-guidéeën duerch den Haff nach méi spannend ze maachen. Ëmmer nees ginn et Froen an Aufgaben, a verschiddener sinn zimmlech „tricky“, zum Beispill d’Erausfuerderung, butzeg metalle Vigel héich uewen an de Beem ze fannen. Dat alles ass spannend a pedagogesch wäertvoll an erfuerdert e gewëssent didaktescht Geschéck. Dobäi war d’Kerstin Rose fréier net pedagogesch „ënnerwee“, mee hat e ganz anere Beruff, nämlech als Veterinärin. „Mee dëst Naturschutzgebitt huet mech schonns ëmmer immens bege-

Dat gläichzäiteg futuristescht an nohaltegt Gebai vum Biodiversum erënnert un en hëlzent Schëff, dat op der Kopp läit. Op dräi Etagë gëtt hei d’Natur vun der Regioun ronderëm presentéiert, mat all hire schützenswäerte Bestanddeeler. Kleng a grouss Visiteure kënne wärend den temporären Expoen an an der Dauerausstellung alles wuertwiertlech begräifen.

43


D’Kerstin Rose an de Steve Jungen kënnen aus Erfarung bestätegen: Fir Visiteuren ass de Biodiversum ëmmer beandrockend, ofwiesslungsräich a pedagogesch wäertvoll. Zum Beispill erkläert d’Kerstin Rose mat Hëllef vun engem Zäitstral ganz anschaulech, wéi d’Flosslandschaft vun der Musel sech verännert huet (ënnen).

ronderëm presentéiert, mat all hire schützenswäerte Bestanddeeler. Zum Beispill gëtt op engem Zäitstral ganz anschaulech erkläert, wéi sech d’Flosslandschaft vun der Musel verännert huet – vun engem natierlechen, breede Flossbett mat Säitenäerm, Inselen, Sandbänken, Kiselflächen a Lëtschenzonen an eng riicht Waasserstrooss mat gereegeltem Waasserstand a gréisstendeels befestegten a bebauten Uferen. „Aus enger fréierer Karriär, wou Kräsi ofgebaut gouf,

ass elo fir vill Déieren en Ersatzliewensraum ginn, dee mir fleege mussen, fir dass en net zouwiisst. Eng kënschtlech Landschaft souzesoen. An deem Sënn ass eist Naturschutzgebitt keng Wildnis, mee gëtt vu Mënsche gefleegt, fir d’Biodiversitéit ze erhalen. Ob dat d’Lëtsche sinn, d’Kisel- oder d’Sandflächen – mir musse géint d’Verbuschung ukämpfen an heiansdo och Beem ëmhaen, fir dass dës Liewensraim net iergendwann nees verschwannen an dann och d’Déieren hei“, erkläert de Steve Jungen. Et probéiert een, d’Dynamik ze ersetzen, déi et normalerweis an engem natierleche Flosslaf duerch Erosioun, Sedimentatioun a Waasserstänn, déi ëmmer nees änneren, géif ginn. Natierlech ginn am Biodiversum awer och déi verschidden Déierenaarte virgestallt. Wéi gesi Rohrdommeln, Mouerochsen, Spréiwen a Kormoranen aus? Wärend den temporären Expoen an an der Dauerausstellung kënne kleng a grouss Visiteuren dat alles wuertwiertlech begräifen. Se léiere verstoen, dass am Haff Réimech bis zu 76 Prozent vun de Vullenaarten, déi bis elo zu Lëtzebuerg nogewise goufen, liewen. Domat ass en dat aarteräichst Fiichtgebitt vum Land a vill Zuchvigel maachen hei eng Paus op hirem Wee an de Süden.

Kleng Schrëtt hu Wierkung Ëmmer ganz uewen op der Prioritéitelëscht: de Gedanke vun der Nohaltegkeet a vum Naturschutz. „Virun all Visite guidée duerch d’Naturschutzgebitt geheie

44

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Pensionär Matthias W. kënnt reegelméisseg aus dem Saarland heihinner, fotograféiert ganz fréi moies d’Vigel a genéisst d’Rou. Hien huet jorelaang an der Stad geschafft a seng Fotosausrüstung huet hie sech kaaft, wéi hien an d’Pensioun gaangen ass. E Kontrastprogramm, deen hien offensichtlech genéisst.

Et kann een den Haff Réimech op zwee Circuiten entdecken. Deen een ass 2,2 Kilometer laang, déi grouss Ronn 4,6 Kilometer. Esou ass fir jiddereen eppes dobäi.

45


Den Haff Réimech ass keen Naturpark, wou alles wëll wiisst a leie gelooss gëtt, mee en Naturschutzgebitt mat Ersatzbiotopen, déi vum Mënsch an deem Zoustand erhale ginn, ewéi d’Aarten et brauchen.

46

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Natur instruktiv erliewen Zu Lëtzebuerg ginn et momentan 60 national Naturschutzgebitter. Am Ganze sinn 8.116 Hektar geschützt (knapp 3 % vun der Fläch vum Land). Och interessant fir Visiteure sinn d’lëtzebuergesch Naturparken:

D’Natur-Guidë Luc Gossmann an Isabelle Zwick aus der Ekipp vum Biodiversum hänke bei der Wëllbeie-Statioun Schëlder fir de Rallye op.

mir e Bléck op eis Reegelen“, seet d’Kerstin Rose. Op sengem Tour iwwer de Site sammelt hatt mat de Gäscht och scho mol Dreck laanscht d’Weeër an. Den Nieweneffekt: Och Kanner, déi net vill Bezuch zu der Natur hunn, huele Wëssen a Sensibilitéit ronderëm den Naturschutz fir hiert Familljeliewen doheem mat. „Wichteg ass hei: konkret Handlungsméiglechkeeten opweisen, awer net iwwerfuerderen, net frustréieren“, seet de Steve Jungen. Kleng Schrëtt sinn hei d’Zauberwuert. Weisen: Wat kann ech elo an hei beweegen?

Gebaut fir d’Biodiversitéit Um Wee duerch d’Gebitt trëppelt ee laanscht wonnerschéin Dréchemaueren, an deenen hire Splécke schützenswäert Déieren a Planzen en Doheem fannen, laanscht e „Beiestack“ aus verschiddene

Sandsteng, eng Kraiderspiral an aner Beispiller fir eng nohalteg Landschafts- an och Gaardegestaltung, déi schéin ze kucke sinn. „Mir géifen eis wënschen, dass méi Leit Dréchemaueren an hire Gäert hätten amplaz déi omnipresent Betonselementer“, reegt de Steve Jungen un. Weider geet et iwwer hëlze Passerellen, tëschent Lëtschen, ënnert dem Laf vu Beem, déi duuss hir Äscht erofbéien an esou natierlech Béi duerstellen. Ëmmer nees ginn et Panoramaplazen, verschiddener esouguer an Hütten, déi op Stelze stinn. Vun Zäit zu Zäit platscht e Fräsch an d’Waasser. „Hei sinn all d’Saisone schéin, mee am flottsten ass et am Fréijoer“, schwäermt d’Kerstin Rose mat Bléck op d’Natur. „Wann d’Vigel e Concert sangen.“ An deem Moment ruffen nach emol d’Blesshénger. Net déi agreabelst Stëmmen am Vugel-Chouer. Mee en Deel vum grousse Ganzen.

 Den Naturpark Öewersauer ass am Nordweste vum Land. D’Häerzstéck ass den 3,8 km2 grousse Stauséi, deen dem Land als Drénkwaasserreservoir an als Erhuelungsgebitt déngt. Ronderëm de Séi kënnen d’Visiteuren den Naturpark op verschidde Manéieren op sech wierke loossen: zum Beispill bei laange Wanderungen oder bei Toure mam Vëlo. De Stauséi léisst sech och mat engem Solarboot entdecken. www.naturpark-sure.lu  Den Naturpark Our läit an den Ardennen, am Dräilännereck Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg. E verzaubert mat engem wäitleefege Plateau an enken, romanteschen Däller, déi d’Flëss Our a Klierf mat hiren Niewebaachen an de Schifer gegruewen hunn. www.naturpark-our.lu  D’Geschicht vum Natur- & Geopark Mëllerdall huet viru ronn 245 Millioune Joren an engem Mier ugefaangen. Onendlech vill Sandkären an aner Partikelen hu sech ofgelagert an zu Stee verfestegt. D’Mier ass verschwonnen an d’Flëss hunn déi haut esou beandrockend Fielslandschaft geformt. www.naturpark-mellerdall.lu

47


Daydream SCHLÄSSER ALS INSPIRÉIEREND MAGESCH PLAZEN

Schlass Dram Energie Schlässer kënne Plaze voller Energie sinn – eng Invitatioun fir ze dreemen. D’Schauspillerin Hana Sofia Lopes an d’Hotelmanagerin Mayke van Straalen si begeeschtert vum Zauber vun de Schlässer zu Lëtzebuerg. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

48

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Heiansdo kënnen Dreem a Visioune ganz Gebaier versetzen. Esou war dat och bei engem klenge Schlass zu Kënzeg, net wäit ewech vun der belscher Grenz. Et gouf vun den Häre vu Kënzeg am 14. Joerhonnert gebaut, säi Besëtzer hat am 17. Joerhonnert eng Visioun: E puer Meter versat, géif déi deemoleg Ruin nees an neiem Glanz erstralen. An esou koum et, dass d’Steng ofgedroen a bal op där selwechter Plaz, just zirka 30 Meter „versat“, nees opgebaut goufen. Do steet d’Schlässche vu Kënzeg elo zanter 1651 op enger „neier Plaz“. Ëmmer nees gouf et ëmgebaut. Renovéiert an als Hotel ëmfunktionéiert gouf et dunn 2009 vum Architekt, Geschäftsmann a Visionär Pascal Zimmer, deen zu Lëtzebuerg fir seng vill Projete ronderëm Wunnen a Lifestyle bekannt ass. An dëst léift, donkelgro-wäisst Gebai mat dem aachteckegen Tiermchen huet du viru Kuerzem dozou bäigedroen, dass d’Liewe vun enger Touristin sech fir ëmmer verännert huet.

D’Mayke, dat aus Holland kënnt, erënnert sech: „Ech sollt 2021 hei eigentlech just eng Halt maachen, um Wee zeréck no dräi Wochen duerch Italien. Iergendeppes huet mir gesot: Du muss hei schlofen! Hei wäert eppes Besonnesches passéieren!“ An dat huet hatt dunn och gemaach. An engem Zëmmer, dat ganz am Stil vun den 1920er-Joren ageriicht ass. D’Mayke huet sech direkt an

den Hotel verléift. Dat huet hatt deemools och dem Proprietär Pascal Zimmer gesot. Deen huet gesinn: Dës Fra gehéiert heihinner! A just e puer Wochen duerno war et geschitt. D’Mayke huet säin Job als Doudegriewerin gekënnegt, deen hatt ëmmer mat vill Passioun gemaach huet, ass aus Holland fort- an an d’Mansarde vum Hotel erageplënnert a leet en zanterhier. „Et ass wierklech en Dram! Ech bereien näischt. Ech

D’Mayke van Straalen ass déi Fra, där hiert Schicksal an der Tëschenzäit ontrennbar mat dem klenge Schlass verbonnen ass. Mat vill Begeeschterung féiert si hir Visiteuse duerch d’Gäng an déi enk Trapen erop an erof, weist hir den neie Raum mat dem groussen Dësch fir gemittlech-geselleg Owenter an déi flott Terrass an der ausgebauter fréierer Scheier, geet mat hir duerch d’Sherlock-Holmes-Zëmmer an duerch de Raum, dee ganz vun der Kënschtlerin Peggy Dihé gestalt gouf. All Zëmmer erzielt eng eege Geschicht. Iwwerall si wäertvoll Sammlerstécker ze fannen, ob Geschier oder Konschtwierker.

D’Mayke van Straalen (r) an d’Hana Sofia Lopes treffe sech am Schlasshotel zu Kënzeg. Hiert Liewen ass ganz ënnerschiddlech. Mee Leit ze treffen, ass en essentiellen Deel vun deenen zwee hirer Aarbecht.

© CLAUDE PISCITELLI

D'Schlass an d'Fra si matenee verbonnen

49


liben d’Schlass, ëmmer nees nei Leit kennen ze léieren, Lëtzebuerg an eis aner Projeten!“ Zesumme mam Pascal Zimmer huet hatt ënner anerem zu Beefort e Bed and Breakfast opgemaach a geschwë kommen nei Bed-and-Breakfast-Locations zu Veianen a Wuermer derbäi.

Ëmmer nees eppes Neits Hir Visiteuse gleeft him dat direkt. Déi jonk Fra mat de laangen, donkelen Hoer ass d’Hana Sofia Lopes, Schauspillerin vu Lëtzebuerg mat portugisesche Wuerzelen. „Heiansdo huet d’Universum einfach eppes ganz Spezielles geplangt!“, bekräftegt hatt, wärend hatt mam Mayke e Kaffi un der Bar drénkt, déi gläichzäiteg d’Receptioun ass. Déi zwou Frae si sech direkt sympathesch, tausche sech aus iwwer d’Liewen, iwwer Plazen, aner Leit an Decisiounen. Se si sech eens: Et muss een eppes riskéieren. An all Dag bréngt nei Decisiounen, déi och emol zu eppes Groussem féiere kënnen. Op eemol nees bei null unzefänken, kann eng Beräicherung sinn. Zum Beispill, wann ee seng Aarbecht hannert sech léisst an eppes ganz aneres ufänkt, ewéi d’Mayke. Oder sech ewéi d’Hana Sofia op eng ganz nei Roll virbereet, déi een och als Mënsch verännert an un där ee wiisst.

kënnt hatt zeréck op Lëtzebuerg. Hei ass hatt opgewuess, hei lieft hatt a sengem Elterenhaus am Zentrum vum Land. „Ech liben d’Natur zu Lëtzebuerg“, ënnersträicht déi jonk Schauspillerin. Laang Spadséiergäng op Plazen, déi him zanter der Kandheet wichteg sinn, gehéiere gradesou derzou ewéi do d’Batterien opzelueden, wou hatt réischt viru Kuerzem fir d’éischte Kéier war. Esou eng Plaz ass de Gaart vum „neie“ Schlass Aansebuerg am Guttland. Ideal, fir ze dreemen a senge Gedanken nozehänken. Zwou Kaze begréissen d’Hana Sofia hannert der Paart aus Fer forgé. Am Waasserbaseng, flankéiert vu geometresch geschniddenem Pällem, schwamme vill grouss Goldfësch. Méi wäit ënne plätscht e Buer. Et ass, wéi wann dëse Gaart géif op eng nei Schlasshärin waarden, déi tëschent de Pergolaen, Hecken a Blumme wandelt. Statue kucken an den Himmel, op de Buedem oder och op d’Visiteuren.

D’Hana Sofia ass an der Filmzeen fir villes bekannt, ënner anerem duerch de Film „Kanaval“ an eng Roll an der Serie „Capitani“, trëtt awer och an de lëtzebuergeschen Theateren an deene verschiddenste Produktiounen op, zum Beispill an „Hedda Gabler“ a „Medea“. A sengem Beruff ass d’Hana Sofia vill ënnerwee. Lissabon, Toronto, Filmfestivaller a Präisiwwerreechungen, mee ëmmer nees

50

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

„Zanter engem Shooting fir e Film iwwer d’Schéinheet vun de Schlässer zu Lëtzebuerg ass dat hei eng vu menge Liblingsplazen“, seet d’Hana Sofia.

Eng nei Schlasshärin? Hatt trëppelt gär tëschent de Beem oder duerch d’Labyrinth aus Hecken, klëmmt lues d’Trapen erop a kuckt sech d’Schlass vu baussen un. Wéini wäert hei nees Liewen eraplënneren? Wéi wier et, hei e Film ze dréinen? Wéi kéint et sinn, wann hei en Hotel oder e Café ënnerbruecht wier? Vläicht wäerten déi nächst Joren dat weisen.

D’Schlass zu Aansebuerg ass momentan an enger Aart Dornröscheschlof. Nach ass net kloer, wat an Zukunft an de Mauere geschitt. Momentan ass just de romantesche Gaart mat senge barocken Elementer fir de Public op.


D’Veianer Schlass ass ganz wäit uewen op der Lëscht vun de schéinste Schlässer vun der Welt. D’Visiteure kënnen déi massiv Maueren och iwwer Wanderweeër oder mam Sessellift erreechen.

51


Tipps: Liblingsplaz: Wou Leit op Besuch sinn, freeë si sech och ëmmer iwwer e speziellen Touch. En originelle Motto verwandelt Zëmmeren a Geschichtewelten. Ewéi hei an engem Zëmmer vum Schlasshotel zu Kënzeg: d’1920er-Joren als Theema – bis an dee klengsten Detail!

An nach e Schlass ass dem Hana Sofia Lopes un d’Häerz gewuess: dat prächtegt Schlass vu Veianen. Obwuel et vill Public unzitt, ass et gläichzäiteg eng Plaz, wou et duerchaus och roueg Ecker gëtt. An der Kapell vum Schlass, an de laange Gäng, bei de charakteristesche Fënstere mat dem schéine Panorama, tëschent de Maueren an ënnert dem Bou vum Portal kann ee wonnerbar zur Rou kommen.

D’Liewen an den Universum

erzielt, wou et säi lieders VintageMantel kaaft huet, switcht hatt an d’Englescht, d’Erënnerungen un den Hond vun der Famill zu Lëtzebuerg kommen op Lëtzebuergesch, wann déi däitsch Gespréichspartnerin eppes Perséinleches erzielt, erzielt och hatt op Däitsch. Sech erafillen, sech eraversetzen an aner Leit, sech Gedanke maachen iwwer de Wéi an de Firwat, dat mécht d’Hana Sofia ganz natierlech, intensiv a mat echtem Interessi, an dowéinst doen e Spadséiergang an den Austausch mat him immens gutt.

Wann d’Hana Sofia erzielt, da mécht hatt dat a ville verschiddene Sproochen. Franséisch kann hatt fléissend, a mat senger Famill an a Portugal schwätzt hatt natierlech seng Mammesprooch, Portugisesch. Dat ass typesch fir Lëtzebuerg an nach méi typesch fir eng Persoun, déi esou e polyglott Liewe féiert ewéi hatt. Wann et vun Toronto

Schnëssen a wandelen tëschent ale Maueren: Vläicht ass jo scho beim Hana Sofia senger nächster Visitt op engem Schlass och d’Mayke nees mat derbäi. Well näischt „fiddert“ Dreem besser ewéi Gespréicher mat aneren inspiréierende Leit. Ronderëm de Gëschter an den Haut, d’Liewen, den Universum an de ganze Rescht.

52

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

 D’Schlass zu Veianen ass d’ganzt Joer fir de Public op. Et gehéiert zu de weltwäit beléiftste Schlässer bei Touristen a luet och dozou an, d’Géigend ronderëm bei Wanderungen ze entdecken. www.castle-vianden.lu  De Gaart vum Schlass Aansebuerg verzaubert duerch säi romantesche Flair.

En ass eng bekannt Statioun am „Dall vun de siwe Schlässer“ am Guttland. Och en Tour laanscht déi aner sechs Schlässer lount sech! Am „ale Schlass“ zu Aansebuerg gëtt et iwwregens och e léifgemittleche Bed and Breakfast, dee vum aktuelle Grof vum Schlass exploitéiert gëtt. www.visitguttland.lu  De Schlasshotel zu Kënzeg ass just eng vun den aussergewéinleche Schlofméiglechkeeten zu Lëtzebuerg. An all Regioun gëtt et eppes Besonnesches ze entdecken! www.visitluxembourg.com/de/ reiseplanung/uebernachten


The Luxembourg Story Michel Engels (1851-1901), Bilder aus der Luxemburger Sage und Geschichte, Die Lützelburg auf dem Bockfelsen, 963-1543 (Detail), ëm 1886

DAUERAUSSTELLUNG

MÉI WÉI 1000 JOER

STADGESCHICHT

DËN - SON 10 - 18.00 DON 10 - 20.00 MÉI zou

citymuseum.lu


54

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Transforming Experiences E VËLOSTOUR LAANSCHT D’SAUER VU GRENZ ZU GRENZ

Go with the Flow Dräi Frënn, dräi Vëloen, e Floss, e gemeinsaamt Erliefnis, schéin an ouni Grenzen: vu West no Ost laanscht d’Sauer. Europa lieft, och a grad op de lëtzebuergesche Vëlosweeër. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen ALFONSO SALGUEIRO

55


Dat klengt Dierfchen Esch-Sauer ass bal komplett vun enger Schläif vum Floss ëmginn. Ganz uewen trount eng kleng Buergruin mat engem Tiermchen a Fändelchen.

56

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Et ass fréi moies. D’Loft ass nach kloer a kill op dësem Fréijoersdag. Bei der Sauerbréck, niewent enger Tankstell an engem Café zu Maartel, direkt op der belsch-lëtzebuergescher Grenz, preparéieren dräi Männer sech fir en Tour. D’Coursevëloe si prett, den Dress ass schick an d’Laun gutt. Ee vun hinnen hëlt eng kleng Thermosfläsch aus dem Rucksak, plus dräi Campingstasen a Stécker Zocker – an original däitsch „Kaffeesahne“ mat engem klenge Bier drop. „Wat ass dat dann?“, freet op Franséisch de Mann niewent him am donkelbloen Tricot. „Dat ass eppes, wat ech an Däitschland wierklech gutt fonnt hunn! De Kaffi hunn ech iwweregens mat engem traditionellen neapolitanesche Biz gemaach“, seet de Mann mam gutt gepaakte Rucksak. „Dee Ram kennen ech!“, seet den drëtte Mann mat engem Grinsen op Englesch. „Ech hu jo e puer Joer an Däitschland gewunnt!“

huet e puer Joer zu Münche studéiert. Jiddereen huet aus all Phas vu sengem Liewe Gewunnechten, Frëndschaften, Erënnerungen am Gepäck – an dat aus enger ganzer Partie Länner. Alles ass wuertwiertlech am Floss. A laanscht esou e Floss wëlle si haut mat hire Coursevëloe fueren. Se si begeeschtert Vëlosfuerer. „Et ass Gléck op zwee Rieder!“, seet de Georges. „An: Vëlofueren ass éierlech! Et weist der deng Grenzen, et pusht, du entwéckels dech. Dat begleet een

Hei un der westlecher Grenz vu Lëtzebuerg starten déi dräi Frënn hire Vëlostour moies mat Kaffi aus der Thermosfläsch. Et ass Mee an de Raps blitt a voller Schéinheet. En daucht wärend dem Tour ëmmer nees op.

Wuerzelen an e puer Länner Déi dräi Frënn heeschen Alfonso Salgueiro, Georges Gloukoviezoff an Andres Gavira Etzel. Hir Frëndschaft, hir „Zesummesetzung“, hir Geschicht, dat alles ass typesch fir Lëtzebuerg. D’Männer liewen a schaffen hei, mee hir Familljegeschichte si bont, d’Wuerzele komme wuertwiertlech vun alle Säiten. Den Alfonso ass Spuenier, den Andres och, de Georges ass Fransous mat italieeneschen a russesche Wuerzelen. Dem Alfonso an dem Georges hir Frae kommen aus Irland, wéinst deenen hirer Frëndschaft hunn déi zwee Männer sech dunn zu Lëtzebuerg kenne geléiert. Dem Andres seng Mamm ass Däitsch an hien

57


dat ganzt Liewen. A wann s de mat Frënn en Tour mam Vëlo méchs, da verbréngs de vill Zäit mat hinnen, d’Gespréicher si méi déif, se entfale sech, d’selwecht ewéi de Wee.“

En Tour vu West no Ost Dem Alfonso, Georges an Andres hiren Tour laanscht d’Sauer geet queesch duerch Lëtzebuerg vu West no Ost. De Start ass bei der belscher Grenz zu Maartel, weider geet et a Richtung Esch-Sauer, Buerschent, Ettelbréck, Iechternach a Rouspert bis op Waasserbëlleg un der lëtzebuergesch-däitscher Grenz. Dertëschent vill kleng Uertschaften, geheim Tuyauen, pittoresk Ecker. Fir ganz sportlech Vëlosfuerer gutt an engem Dag ze maachen, fir Amateure vu méi gemittlechen Tier an zwee oder dräi Deeg.

Maartel mat senge villen Tankstelle loossen déi dräi séier hannert sech. Vun hei geet et direkt matten eran an déi säfteg Wisen an Däller ronderëm d’Sauer. Si fueren dem lëtzebuergeschen Deel vum EuroVelo 5 Via Romea Francigena no. Dem Alfonso säi Sauer-Tour ass eng Mëschung aus explizitte Vëlosweeër a gutt gëeegente Stroosse mat wéineg Verkéier. Iwwer Ueschdref erreechen d’Frënn de Misärshaff, en ale Bauerenhaff laanscht d’Strooss. Dann eng géi Montée erop bis bei déi spektakulär Vue vum Houfels. Ikonesch ass hei dat interessant Holzhaus, dat quasi um Bord vum Hiwwel steet. Den Andres an de Georges sti beim hëlzenen Zonk. Se waren nach ni hei a si begeeschtert vun dëser Plaz. De Georges seet: „Wann ee mam Coursevëlo ënnerwee ass, da wëllt ee virun allem virukommen. Ech hätt net onbedéngt dësen Ëmwee

Direkt e puer Brécken an zwee Flëss, d’Sauer an d’Musel, maachen d’Finall vum Tour zu Waasserbëlleg – ganz am Oste vu Lëtzebuerg un der Grenz mat Däitschland – esou faszinéierend.

hei gemaach a wier extra hei eropgefuer. Mee heiansdo sinn et just een oder zwee Kilometer méi bis op esou eng super Plaz wéi déi heiten! Dat lount sech op alle Fall!“ Kuerz virum Bord vum Plateau steet en hëlzent Gebai, virun deem eng Bänk dozou aluet, eng kleng Paus ze maachen. E Réi spréngt op d’Säit, d’Sonn schéngt duerch d’Äscht vun de Beem. Esouguer hei am Bësch ass et op dësem Moien immens waarm. De Georges laacht, wéi hie säin Handy aus der Boxentäsch zitt. Den Apparat ass an enger klenger Plastikstut. „Esou ass den Telefon viru Schweess a Ree geschützt!“, grinst hien. Et muss ee sech just ze hëllefe wëssen.

„E Paradäis fir Vëlosfuerer“ Zwee jonk Männer mat Mountainbikë kommen de Wee bei d’Aussiichtsplaz erop, iwwer Steng a Wuerzelen. Déi dräi Frënn kucken hinne mat Respekt no. Den Andres fiert och gär mam Mountainbike a fënnt, dass Lëtzebuerg dofir och ideal ass. „Mam Mountainbike ze fueren, ass deen ultimative Level fir Mëller“, seet hie mat engem bedächtege Laachen. Den Alfonso an de Georges fueren niewent hire Coursevëloen och nach gär mat Gravel-Bikes. Den Alfonso war a senger Jugend mat 16 Joer zimmlech erfollegräich mat sengem Coursevëlo ënnerwee, huet vill trainéiert an ass de Weekend scho mol gär 250 Kilometer am Dag gefuer. „Haut radelen ech léiwer aus Spaass, mat Genoss“, seet hien. Lëtzebuerg wier, do sinn déi dräi sech eens, „e Paradäis fir Vëlosfuerer!“ De Wee féiert d’Männer weider laanscht d’Staumauer bei Béiwen. Ëmmer erëm richt et no Gegrilltem,

58

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Camping „Camping du Moulin“ luet dozou an, eng Paus beim Floss ze maachen. D’Féiss am Waasser, entspanen, wärend een d’Vue op d’Buerschter Schlass genéisst.

Flëss a Stroosse ware schonn ëmmer d’Liewensodere vun engem Land. Hei goufen a gi Gidder transportéiert, Reese gemaach, Perspektive gewiesselt.

59


E Bléck op d’Waasser huet ëmmer eng berouegend Wierkung. Mol vum Vëlo erofklammen, d’Reflexioune betruechten, duerchootmen.

Iwwerall op der Streck ginn et kleng hëlze Brécken, déi dozou alueden, d’Säit ze wiesselen, och dann, wann de Wee eigentlech anzwousch anescht higeet.

60

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


laanscht de Wee hunn eng ganz Partie Leit e Grill derbäi a genéissen e summerleche Barbecue. Op eemol daucht e klengt hëlzent Haischen op, mat der Opschrëft: „De klenge Buttik“. Den Alfonso geheit e Bléck an dat klengt Geschäft: Bannena stinn e puer Automaten, wou ee Bio-Produiten ewéi Eeër a Grompere kafe kann. Dat ass vläicht net esou praktesch, fir mam Vëlo matzehuelen, mee et ginn och Energy-Rigelen an isotonescht Gedrénks. Esou Statioune ginn et ëmmer méi zu Lëtzebuerg. Duerno kënnt eng schéin Allee, an de Wisen hannert de Beem grase schwaarz-wäiss gemustert Kéi, de Beem hir Schieter maache Musteren, d’Blieder raschelen.

akzeptéieren!“ Den Andres erzielt vu senger Paella a lueft senger Fra hire gastronomeschen Knowhow. Si kënnt aus der Heemecht vun der Paella: vu Valencia. De Georges ass de „Master of Mayonnaise“ a mécht och gär vegan Burgere mat Lënsen, hien huet e ganz speziellt Rezept. Den Alfonso kacht gär e Plat mat Pois-chichen, Spinat, Eeër a vill Knuewelek vu Sevilla. Déi dräi Frënn si sech eens: Se musse geschwënn emol all zesummen international kachen!

Houfels ass e spektakulären Aussiichtspunkt mat enger interessanter hëlzener Hütt als Ënnerstand. Wou Flëss zesummefléissen, kann ee vun uewen esouguer ënnerschiddlech Waasserfaarwe gesinn, wéi hei zu Wallenduerf.

Iwwer Kauneref an déi Haaptstaumauer vum Uewersauer-Stauséi kommen déi dräi géint der Mëtteg zu Esch-Sauer un. Dat klengt Dierfchen ass bal komplett vun enger Schläif vum Floss ëmginn. Ganz uewen trount eng kleng Buergruin mat engem Tiermchen a Fändelchen. D’Sonn dréckt. Zäit fir e Lunch! Am Hôtel de la Sûre gëtt et e kräftegt Mëttegiessen op der Terrass. „Gutt, dass ee beim Vëlosfuere vill iesse kann!“, seet de Georges, laacht a schléit sech op de Bauch.

Kulinaresches aus aller Häre Länner An natierlech dréinen d’Gespréicher sech ronderëm de kulinaresche Pleséier. „Hei zu Lëtzebuerg kriss du ëmmer gutt Ingredienten, ob fir d’italieenesch, d’portugisesch, d’franséisch oder d’spuenesch Kichen!“, seet den Alfonso an drénkt eng grouss Schlupp alkoholfräie Béier. „Einfach, well d’Leit aus deene jeeweilege Länner hei wunnen! Déi géife keng schlecht Qualitéit

61


Mobil a méi:  Wie mam Vëlo ënnerwee ass a säi Gepäck net selwer transportéiere wëll, ka vum Gepäck-Transportservice Move We Carry Gebrauch maachen, bei deem d’Gepäck géint e puer Su vu Logement zu Logement bruecht gëtt. www.movewecarry.lu  Midd vum Trajet, e Platten, e Sonnestach? Da kann een zu all Moment mat dem gratis ëffentlechen Transport nees op den Ausgangspunkt zeréckfueren oder sech en anert schéint Zil sichen. Wien e bësse Vakanzefeeling wëll, kann och d’Elektro-Solarfär „Sankta Maria“ tëschent Oberbillig an Däitschland a Waasserbëlleg iwwer d’Musel huelen. www.mobiliteit.lu

D’Statu vum Abt Johannes Bertelius op der Aler Sauerbréck tëschent Iechternach an Iechternacherbréck (Däitschland) seet de Vëlosfuerer Äddi.

62

Vun Esch-Sauer huelen déi dräi Männer d’Piste cyclable Nummer 18 a Richtung Heischent. Säfteggiel Rapsfelder sti laanscht de Wee, e speziellen Doft no spéidem Fréijoer läit an der Loft.

Am Bléck vun de Kéi Nees kucken d’Kéi de Vëlosfuerer synchron no, d’Vigel päifen. Weider geet et iwwer d’PC 16 a Richtung Buerschent. Vun der Bréck zu Méchela huet een eng schéi Vue op d’Schlass. Ënnert dem Schlass luet de Camping „Camping du Moulin“ dozou an, eng Paus beim Floss ze maachen. D’Féiss am Waasser, entspanen, wärend d’Camper bei hiren Zelter kniwwelen oder einfach nëmmen e Kaffi um Ligestull direkt bei der Sauer drénken. Ëmmer nach fueren d’Männer der PC 16 no. Bei Ettelbréck leeft d’Sauer an enger Zone industrielle an d’Uelzecht an dem Waasser seng zwou ënnerschiddlech Faarwe vermësche sech. Zu Reisduerf fuere se

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

vun der PC 16 op d’PC 3 Rivières. An nees treffe sech zwee Flëss, dës Kéier bei Wallenduerf: Hei sinn et d’Sauer an d’Our, och e charakteristescht Gewässer am Éislek, dat duerch e beandrockenden Naturpark leeft. Iwwer Bollenduerf geet et dann duerch de Mëllerdall op Iechternach. „Eleng hei kéint een e ganzen Dag verbréngen“, schwäermt den Alfonso. D’Heemechtsstad vun der Sprangpressessioun bitt mat hire klenge Gaassen an der vilfälteger Gastronomie gradewéi natierlech der beandrockender Basilika eng Partie attraktiv Destinatioune fir en Ausfluch. Mee déi dräi wëlle weiderfueren an ukommen, ier et däischter gëtt. Se iessen trotzdeem en Nomëttessnack, am maritim designte Restaurant „Sauerpark Beach“ vum Rousperter Camping, wou d’Terrass absolutte Vakanzefeeling opkomme léisst.

„Mir kommen zeréck!“ Déi grouss Finall vum Tour ass Waasserbëlleg direkt un der däitscher Grenz. Och hei vereent d’Sauer sech nees mat engem Gewässer: der majestéitescher Musel. Nilgänsen a Schwanen hunn hir Näschter ënnert der Grenzbréck, déi kleng Autosfär fiert tëschent Lëtzebuerg an Däitschland am Sonnenënnergang hin an hier. „Den Tour war superschéin“, seet den Andres, wéi déi dräi Frënn nach eng Kéier mat engem alkoholfräie Béier ustoussen. Vun hei kënne se gratis mam Zuch zeréck an d’Stad fueren an d’Vëloen ouni Problem mathuelen. An de Georges ass iwwerzeegt: „Mir kommen zeréck!“


Depuis de nombreuses années, le camping Kaul accueille ses hôtes dans un environnement naturel au pied des Ardennes. Après la reprise par Coopérations s.c. en 2021, les valeurs humaines, durables et culturelles, fidèles à l’image de Coopérations s.c., sont appliquées au camping, tout en tenant compte des principes de l’économie circulaire. Une panoplie de nouveautés ainsi qu’un accueil chaleureux vous sont garantis tout au long de l’année. Pour tous ceux souhaitant allier l’aventure, le sport et la nature à l’agréable, nos différents types de chalets entièrement équipés et constamment mis à niveau, vous accueillent toute l’année. Vous pouvez également vous faire livrer vos repas et faire de cette expérience un moment inoubliable. Seit vielen Jahren empfängt der Camping Kaul seine Gäste in einer natürlichen Umgebung am Fuße der Ardennen. Nach der Übernahme durch Coopérations s.c. im Jahr 2021 werden die menschlichen, nachhaltigen und kulturellen Werte, getreu dem Image von Coopérations s.c., auf dem Campingplatz Kaul gelebt. Zudem wird Wert auf die Prinzipien der Kreislaufwirtschaft gelegt. Zahlreiche Neuheiten und ein herzlicher Empfang sind das ganze Jahr über gewährleistet. Für diejenigen, die Abenteuer, Sport und Natur mit dem Angenehmen verbinden wollen, sind unsere verschiedenen Arten von vollständig eingerichteten Chalets, die stets nachgerüstet werden, ganzjährig buchbar. Sie können sich zudem Ihr Essen liefern lassen und somit dieses Erlebnis zu einem unvergesslichen Moment machen. Ouvert toute l’année - en hiver avec une offre réduite de logements. Ganzjährig geöffnet - im Winter mit reduziertem Angebot an Unterkünften.

Camping KAUL 60, Campingstrooss L-9554 Wiltz

Tél. : (+352) 95 03 59 1 E-mail : info@kaul.lu www.kaul.lu


The Good Life SESSELLIFT-ERLIEFNIS ZU VEIANEN

Héich uewen op Zäitrees En Tour mam Sessellift zu Veianen ass ewéi eng Zäitrees. Gemittlecht Schwiewen, luest Schaukelen, duusst Ratteren. Op der Kopp huet een eng wonnerschéi Vue iwwer d’Stad an d’Schlass. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

64

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Flashback! Ech stinn zu Veiane bei der Statioun ënnen am Dall virun der Keess. Vir ratteren d’Zweeër-Sesselen ëm den Eck, sëlwergro, kee Chichi an erstaunlech kleng. Genee esou ware se! Deemools, wéi ech geléiert hunn, Schi ze fueren. Mat knapp dräi Joer souz ech warscheinlech déi éischte Kéier op esou engem Déngen, deemools op mengem Papp sengem Schouss. Wat eng Opreegung! Et geet erop, just en dënne Bigel trennt dech vum Falen erof an d’Biergwelt, gläichzäiteg schwieft däi Bléck iwwer eng herrlech, beandrockend Landschaft. Wat s de méi héich fiers, wat deng Nues ëmmer méi kal gëtt. An du fills dech fräi, voller Gléck, e bëssen opgereegt a gebuergen zugläich. Méi spéit, iwwer d’Joren, sinn d’Sessellifter futuristesch Confort-Oase mat allméiglechem Schnickschnack ginn: extreem gepolstert, mat Heizung an aerodynameschen Hauwe géint Schnéi a Stuerm. Heiansdo, just heiansdo souz ech schonn op esou engem Hightech-Sessellift, niewent mir siwen aner BiergAmateuren – een nieft deem aneren op Polsteren opgereit –, an hu lues, ganz lues déi al Zäite vermësst. Dat Gewackels. Déi Opreegung. An elo, hei zu Veianen, ass dat alles nees do! Um eenzege Sessellift zu Lëtzebuerg!

zuelen, um Grëff dréinen a fäerdeg ass d’koffer Erënnerung un d’Visitt mat dem Veianer Schlass drop. Natierlech muss een dat maachen! Et ass einfach en Deel vum ultimative Reeserliefnis! Ech maachen d’Mënz a mäi Portmonni.

ewéi beim Schifueren. Ënnen am Schiet spille Kanner op enger Spillplaz.

Dann, e puer Schrëtt weider, stinn ech op engem giele Krees mat engem Feil, dee bei de wuertwiertleche Lift-off weist. Eng fei jonk Fra wénkt mech bei sech, dirigéiert mech op déi richteg Plaz, schiibt mer de Sessel ënnert den Hënneschten. A scho geet et lass, erop, a Richtung Himmel. Mat mir: d’Sonn an d’Gefill vu fréier.

Dann iwwer d’Our! Ech maachen eng Foto – net ouni mech ze schuddere beim Gedanken, dass mir de Smartphone all Moment eroffalen an am Waasser vum Floss ënnergoe kéint. Unhalen! Geschwë schwiewen ech iwwer modern Haiser an e Bësch, gesinn e puer Wanderer vun uewen. An nach méi wäit de Bierg erop, schif op der lénkser Säit, trount d’Veianer Schlass, déi éischt Tëschenetapp vu mengem Ausfluch. D’Sonn brutzelt, déi nächste Kéier muss ech en Hutt opdinn. Kuerz virun der Sortie gëtt et géi, et gesäit ee Planzen a Blummen ënnert de Féiss. Et quiitscht beim Stuckelen iwwer d’Rieder.

Ech fueren iwwer Haiser, de Floss, iwwer e Minigolf-Terrain, dee mech och u fréier erënnert, a schwiewe mat mengem Sessel lues iwwer Gäert. Et geet lues, ganz, ganz lues. Et kann ee sech a Rou ëmkucken. Schaukelen ass awer verbueden –

Nëmmen net den Handy verléieren!

Déi enk Gaassen, déi gotesch Kierchen, d’Festungsmauer mat hire massiven Tierm – all Joer lackele se Dausende vu Visiteuren an déi mëttelalterlech Alstad vu Veianen, um Fouss vun der mächteger, restauréierter Buerg.

Eng Mënz prägen, glécklech sinn! Viru mir kafen zwou Touristinnen hiren Ticket fir den Trajet héich erop op d’Veianer Hiwwelen. Soll ech nach séier en Zwee-Cent-Stéck als Souvenirmedail presse loossen? Esou wéi op all aner Destinatioun, déi Touristen unzitt, gëtt et och hei eng Prägmaschinn. D’Mënz dran, an direkt och déi zweet Mënz fir ze be-

65


Zum Schluss den Hiweis op engem Schëld un engem vun de Pottoen: „A 50 Meter laachen wgl.!“ An zack gëtt eng Foto gemaach. Dës kann een nom Erausklammen – nees mat frëndlecher Hëllef, zur Sécherheet – kafen. Wat ech natierlech maachen, well ech wëll dat ganzt Erliefnis. D’Foto kréien ech an engem klenge Presentatiouns-Cover aus Kartong. Bezuele kann ech se just boer. Och oldschool! Beim Kromen an de Mënze begéint mir nees meng koffer Medail. Ech freeë mech. Uewe lackelen eng kal Cola an de super Panorama iwwer d’Landschaft. Riets trount d’Schlass a rifft

mech bei sech. De Wee dohinner ass stengeg, geet iwwer Schifer a schlängelt sech duerch de Bësch, et gesäit deelweis zimmlech wëll aus an ass beandrockend. Hei si fest Schong definitiv vu Virdeel! Dat impressionant Schlass selwer sträifen ech just kuerz, well haut geet et mir net ëm eng Visitt do, mee ëm de Wee erof an nach zwou weider Statiounen op menger Zäitrees. D’Gässelen zu Veiane si pittoresk, d’Leit an der Sonn gutt gelaunt. Ewéi si an ech ass fréier och de berüümte Schrëftsteller Victor Hugo duerch d’Stroosse flanéiert. Hie gouf politesch verfollegt, well

Op dem klenge Balcon vum Musée ronderëm de Schrëftsteller Victor Hugo kann een a senge Schrëfte bliederen, gläichzäiteg frësch Loft schnapen a sech virstellen, wéi et war, wéi hien hei stoung, nogeduecht an nei Iddie gesammelt huet.

66

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

hien Enn vum 19. Joerhonnert a Frankräich dogéint protestéiert hat, dass d’Regierung bei Onrouen op déi eege Bevëlkerung geschoss huet. Zu Veianen huet hien Exil fonnt – en Exil, dat hie sech selwer erausgesicht a wou hie sech heemlech installéiert huet. Well Veianen hat hie scho virdru begeeschtert als Tourist kenne geléiert.

Mat Sand a Kaffissaz Un de grousse Victor Hugo erënnert ënnert anerem en no him benannte Restaurant-Hotel mat Vue op de Floss an natierlech d’Haus, an deem hien e puer Méint laang gewunnt huet. Wou viru sengem Openthalt fréier Stëfter verkaaft goufen, huet hie seng eege literaresch Tissue gewieft, zum Beispill e Gedicht, dat hien an där fir hien typescher Komplexitéit der Uertschaft a gläichzäiteg dem Leed vun de Kanner zu Paräis gewidmet huet. Hei huet hien awer och Biller gemoolt. Zirka 60 Zeechnunge si wärend senger Zäit zu Lëtzebuerg entstanen. Ech betrieden d’Haus, dat haut e Musée ass, ginn d’Trap erop a säi Büro, wou eng liewensgrouss Skulptur beim Schreifdësch sëtzt an an déi aner Woch kuckt. Seng Ae sinn op d’Veianer Schlass geriicht. De Victor Hugo war verléift an d’Schlass an huet et natierlech och op Biller veréiwegt. De Victor Hugo war en originelle Mann: Hien huet gemoolt a gezeechent – mol mat Tënt, mol esouguer mat Sand a Kaffissaz. Hie war oppe fir Neies, wollt villes wëssen, war frou mat der Natur, huet Brennnesselen an Onkraut gradesou vill respektéiert ewéi ge-


No der Wanderung geet et vum Schlass iwwer d’Bréck an d’Uertschaft.

Déi meterhéich Portraite vun Aarbechter op der Staumauer sinn e „Reverse Graffiti“Konschtwierk vum Düsseldorfer Kënschtler Klaus Dauven.

67


Zu den Haaptattraktiounen am Éislek gehéiert d’Buerg vu Veianen. Mächteg trount se iwwer der Uertschaft. Waffenhal, Krypta, Kapell, Rittersall gradewéi vill aner Raimlechkeete versetzen de Visiteur an d’Zäit vum Mëttelalter zeréck.

68

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


ziichte Rousen. Ech froe mech, wéi oft hien zu Fouss erop bei d’Schlass gaangen ass an ob him de Sessellift wuel gefall hätt. Warscheinlech hätt hien d’Faart och genoss an ëmmer nei Detailer an der Landschaft entdeckt. Speziell Planzen, wandernd Mënschen, verluere Fläschen am Bësch, déi ee vun uewe gesäit.

Riseg Portraite op der Staumauer Wat de Victor Hugo och faszinéiert huet, war d’Fotografie. A wien nach weider ronderëm Veiane spadséiert, entdeckt eppes, dat d’Vergaangenheet an déi haiteg Zäit exceptionell originell mat Hëllef vun Architektur a Fotografie op een Nenner bréngt. Op deem engen Enn vun der Uertschaft ginn ech laanscht de Floss, kommen do bei de pittoreskschéine Kierfecht – a sti plëtzlech virun der gigantescher Staumauer

vum Pompelspäicherwierk. Dorop ze gesinn: meterhéich Portraite vun Aarbechter, déi gehollef hunn, dëst Pompelspäicherwierk ze bauen. D’Portraite goufe geschaf vum Düsseldorfer Kënschtler Klaus Dauven, deen d’Fotoe mat e puer Assistenten an Héichdrock-Botzgeräter op der Mauer reproduzéiert huet, op Initiativ vum Konschtveräi ViArt ASBL an an Zesummenaarbecht mat der SEO (Société électrique de l’Our). Ech muss laachen. Mäi Monni Walter, Bauingenieur aus Éisträich, war an den 1950er-Joren ee vun deenen, déi hei alles konstruéiert hunn. Scho laang wollt ech hei op d’Sich goen, ob ech an iergendwellechen Archiven e Bild vun him a vum Barrage fannen. Op dësem Dag denken ech nees drun. Mat him ënnerwee hunn ech vläicht och emol als Kand eng Mënz gepräägt. Dat hei an d’Visitthaut zu Veianen, dat war eng richteg Zäitrees.

Den Denker gräift zu der Fieder, hien hieft de Kapp, hie kuckt op d’Schlass, da schreift hie seng Zeilen néier.

Tipps:  Mam Sessellift schwieft ee bis op 440 Meter Héicht iwwer dem Ourdall.

E fiert an der Summersaison vun Abrëll bis Enn Oktober all Dag vun 11 Auer un. Bei der Statioun um Bierg kann een eppes Klenges iessen an drénken, ier een zu Fouss eroftrëppelt. www.vianden.lu Loscht op eng gréisser Wanderung ronderëm Veianen an am schéinen Éislek? Heirop invitéieren déi flott Wanderweeër Éislek-Pied. Et gëtt se a verschiddene Längten a Schwieregkeetsgraden. Gemeinsam hu se all: fantastesch Aussiichtspunkten a gemittlech Ecker, fir eng Paus ze maachen. www.visit-eislek.lu  Op de Spuere vum grousse Schrëftsteller Victor Hugo kann ee wandelen, andeems een d’Haus besicht, an deem hien e puer Méint am Exil zu Veiane gelieft huet. Hei ginn et Schrëften, mee och Zeechnungen a Biller vun him. www.victor-hugo.lu

69


Open and Diverse FOTOSAMMLUNGEN ZU LËTZEBUERG

Lëtzebuerg,

70

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


deng Biller! D’Geschicht vun der Fotokonscht am Grand-Duché fänkt u mat engem vun hire berüümtste Pionéier, dem Fotograf Edward Steichen. Zanterhier hu vill Kënschtler, Galerien, Kultur- a Geschäftsinstitutioune säin Ierwe weidergefouert. Well wéi Konscht presentéiert gëtt, hänkt un de Mënschen, déi frou mat er sinn. Zwee dovunner sinn d’Curateure Paul di Felice a Ruud Priem. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA & MYLÈNE CARRIÈRE Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

71


Klengt Bild, grouss Wierkung. Et sinn net ëmmer déi riseg Wierker, déi de gréissten Androck maachen. Hei an der Ausstellung vum nationale Geschichtsmusée MNAHA kann een dat spieren. 72

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Dëst Bild ass superkleng! An awer weist et eng Familljenzeen mat zwou wichtege Fraen aus dem Edward Steichen sengem Liewen! Iwwerhaapt hu vill Fraen hie begleet an inspiréiert. Dowéinst hu mir momentan dem Steichen seng staark Fraen hei ausgestallt. Also d’Fotoen, op deenen d’Fraen ze gesi sinn.“ De Ruud Priem steet mat engem Laache virun enger schwaarzwäisser Foto am senkrechte Format, déi net vill méi grouss ass ewéi eng Visittekaart. Mee d’Rumm ass gradesou grouss ewéi déi vun deenen anere Konschtwierker an dësem Raum. Dem Steichen seng Konscht kritt hei déi Wäertschätzung, déi se verdéngt. De Ruud Priem ass de Chefcurateur vum Stater Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (MNAHA), dem nationalen Archeologie-, Geschichtsa Konschtmusée. Den Hollänner ass e grousse Fan vun der Fotografie a veréiert den Edward Steichen.

Déif Verbindung mat dem Fotopionéier

Plattform fir hir Wierker gebueden, Fotoen a Skulpturen, déi siicht- a spierbar eng déif Verbindung mat dem Steichen senge Mënschen- an Naturbeobachtungen hunn. Siefen et bildlech Elementer, déi ëmmer nees erëmkommen, ewéi Beem oder „just“ Stëmmungen a Schwéngungen. Den Edward Steichen, dee vu FotoEnthusiasten als ee vun de wichtegsten amerikanesche Fotografen ugesi gëtt an deen aus der Fotografie eng eegestänneg Konschtform gemaach huet, gouf zu Lëtzebuerg gebuer. „Eigentlech huet de Steichen och gemoolt, mee wéi hie gemierkt huet, dass seng Fotoe besser sinn ewéi seng Tableauen, huet hien déi meescht vu senge Biller verbrannt. Dat nennen ech konsequent!“, seet de Ruud Priem. De Steichen wier ëmmer virwëtzeg gewiescht an hätt sech ëmmer wëlle weiderentwéckelen. Als Kand ass hie mat sengen Elteren an Amerika ausgewandert. Eréischt an den 1960er-Joren ass

hien a säi Gebuertsland zeréckkomm an huet decidéiert, Lëtzebuerg e groussen Deel vu sengem Ierwen an domat e wichtegen Deel vun der Geschicht vun der Fotografie ze hannerloossen: d’Ausstellungen „The Family of Man“ an „The Bitter Years“ 1965 respektiv 1967. D’Ausstellung

De Ruud Priem (lénks) kënnt aus Holland, huet ënner anerem fir d’Fuerschungsinstitut vum J. Paul Getty Museum zu Los Angeles geschafft a sech a verschiddene Stied a ganz Europa en Numm als Curateur gemaach. No Statiounen am berüümte Rijksmuseum zu Amsterdam an anere Konschtariichtungen zu Utrecht, Nijmegen a Bruges ass hien 2020 an de Stater Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (MNAHA) komm. Hei schafft hien als Curateur a leet d’Beauxarts-Departement.

D’Kulturinstitut huet eng permanent Sammlung vu Biller, déi wéinst dem empfindleche Material engem rotéierende System no opgehaange ginn – et sinn der ëmmer zwanzeg am Nationalmusée um Fëschmaart, dee vum Kulturinstitut verwalt gëtt, ze gesinn. Mat „Inspired by Steichen“ huet de Ruud Priem Enn 2022, annerhalleft Joer, nodeems hie beim MNAHA ugefaangen huet, och eng nei Serie gestart. Hie setzt zäitgenëssesch Kënschtler a Verbindung mam grousse Fotopionéier, deen zu Lëtzebuerg gebuer gouf an deem seng berüümt Ausstellung „The Family of Man“ UNESCO-Weltierwen ass. Esou huet hie beispillsweis de Kënschtler Erwin Olaf an Hans Op de Beeck eng

73


Dem Mudam seng Sammlunge widme sech de fotografesche Kreatioune vun iwwer drësseg Kënschtler, dorënner déi immens bekannten Acteuren Andreas Gursky, Wolfgang Tillmans, Thomas Ruff a Martin Parr.

74

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Entworf vum Stararchitekt Ieoh Ming Pei, faszinéiert de Mudam („Musée d’art contemporain du Luxembourg“ / Musée fir zäitgenëssesch Konscht) um Kierchbierg duerch seng speziell Konstruktioun, déi e Lien mat der aler Festung huet a gläichzäiteg modern an elegant ass.

75


An der Galerie Schlassgoart zu Esch sinn de Ruud Priem an de Paul di Felice, deen och hei nees Curateur ass, begeeschtert vun der Ausstellung iwwer de lëtzebuergeschen Universalkënschtler Romain Urhausen. Hien ass 2021 am Alter vun 90 Joer gestuerwen. An den 1950er- an 1960er-Jore war hien e Pionéier vun der Fotografie zu Lëtzebuerg an hat wéi vill aner Fotografen domat ze kämpfen, dass dës Konscht laang net als eege Konschtform unerkannt war.

„The Family of Man“, déi 1974 fir d’éischte Kéier deelweis am Schlass zu Clierf gewise gouf, ass quasi déi richteg Gebuertsstonn vun der Fotografie zu Lëtzebuerg – an dës Begeeschterung hält nach ëmmer un. „The Family of Man“ ass permanent zu Clierf ze gesinn a lackelt FotoAmateuren aus dem In- an Ausland gläichermoossen an den Norde vu Lëtzebuerg. Zanter dem Ufank vun den 1980erJoren setze sech Enthusiasten,

Fotografen a Curateuren dofir an, fotografesch Kreatiounen am GrandDuché siichtbar ze maachen. 1989 gouf de Centre national de l’audiovisuel (CNA) gegrënnt, deem seng Aufgab et ass, d’audiovisuellt Ierwe vum Land, inklusiv d’Fotografie, ze sammelen, ze erhalen an opzewäerten. Déi zwou Sammlungen, déi den Edward Steichen hannerlooss huet, goufen an d’Institutioun integréiert a ginn zanter 1994 („The Family of Man“) an 2012 („The Bitter Years“) dauerhaft ausgestallt. „The Bitter Years“ gëtt momentan allerdéngs restauréiert an ass net ze gesinn. Gläichzäiteg huet de CNA awer och e Programm mat temporären Expoen, Opträg a kreativer Ënnerstëtzung fir national an international Fotografen entwéckelt.

Aktiv: „Café-Crème“ D’Galerie Nei Liicht gouf 1982 zu Diddeleng gegrënnt. Se war deemools déi eenzeg Plaz, déi dësem Medium gewidmet war, an huet Fotoen ausgestallt, mee och vill Treffen a Formatioune mat Fotografen aus alle Beräicher organiséiert. Bal zu där selwechter Zäit ass dem Paul di Felice, Pierre Stiwer a Paul Bretz hire „Café-Crème“ entstanen. Dëse Veräin huet vun 1984 bis 1991 déi groussformateg Zäitschrëft mam selwechten Numm erausginn a sech och op d’Organisatioun vun Evenementer ronderëm d’Fotografie spezialiséiert. Ganz wichteg hei: de „European Month of Photography“ (EMOP), deen 2006 déi éischte Kéier organiséiert gouf. E fërdert jonk, opstriewend Kënschtlerinnen a Kënschtler aus ëmmer nees anere Stied a ganz Europa. Aktiv waren de Paul di Felice an d’Ekipp vu Café Crème och am

76

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Am Märeler Park gëtt et eng Open-Air-Ausstellung mat ëmmer nees wiesselende Fotografien. Zweemol d’Joer ginn déi „schwiewend“ Biller ausgetosch. Presentéiert ginn eemol d’Wierker vu jonke lëtzebuergesche Kënschtlerinnen a Kënschtler am Kader vum EMOP an eemol déi vu Schülerinnen a Schüler vu Lëtzebuerg.

77


Zanter Joerzéngte gëtt an de Raimlechkeete vun der Etüd Arendt & Medernach gesellschaftsrelevant Konscht ausgestallt. Esou begéinen d’Visiteuren an d’Leit, déi hei schaffen, all Dag Theemaen, déi jiddweree beréieren.

78

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Dës Biller gehéieren zu der Ausstellung „Hidden Narratives“. E Moment, agefaange mat der Fotografin Susan Meiselas hirer Kamera. Zesumme mat der och weltbekannter Fotografin Isabel Muñoz erzielt si an dëser Expo „verstoppte Geschichten“. 79


Casino – Forum fir zäitgenëssesch Konscht, wou si an den 1990er-Joren eng aktualiséiert Versioun vun „The Family of Man“ zesummegestallt hunn: „The 90’s A Family of Man?“. De Paul di Felice ass President vum EMOP, huet en Doktorat a visueller Konscht, ass onofhängege Curateur, mécht plastesch Konscht a Fotoen – an hie verbënnt gär

De Paul di Felice curatéiert d’permanent Sammlung vun der Etüd Arendt & Medernach an ass ënner anerem och aktiv an der „Association internationale des critiques d’art Luxembourg“, President vum Netzwierk „European Month of Photography“, Kodirekter vu „CaféCrème“ a Vizepresident vun der Vereenegung „Lëtz’Arles“, déi lëtzebuergesch Kënschtler a Kënschtlerinnen international bekanntmaache wëll.

verschidde Formen, vu Poesie bis Installatiounen. De 70-järege Mann ass iwwerall am Land an och am Ausland aktiv ënnerwee, fir d’Fotokonscht ze fërderen an ze feieren. Mam Ruud Priem verbënnt hien eng gemeinsam Passioun fir d’Fotografie a fir Ausstellungen, déi an engem gréissere Kontext stinn. Esou hunn déi zwee ënner anerem am MNAHA am Kader vum „European Month of Photography“ d’Expo „Rethinking Identity“ zesummegestallt.

Mënsch a Konscht „Dat sinn existenziell Froen. Wie sinn ech? A wéi enger Bezéiung stinn ech zu der Welt? Wat sinn Identitéiten? Dat kënne Geschlechter, mee och d’Originne vu Mënsche sinn, am international gepräägte Lëtzebuerg natierlech immens interessant wéinst de ville Leit mat Migratiounshannergrond“, erkläert de Paul di Felice, wärend hie mam Ruud virun de Portraite vun der Ausstellung steet.

D’Serie „Rethinking“ weist: Et kann an et muss een alles nei denken. Zum Beispill bei den Theemae „Rethinking Nature“ a „Rethinking Landscape“: Wéi gesi Kënschtler d’Natur, wéi gesi se d’Bewosstsi vum Mënsch am Zesummenhang mat Natur a Landschaften? E ganz klassescht Theema an der Konscht, dat awer grad haut nees immens aktuell ass. „Mir weisen och geschwë Rethinking Photography“, seet de Paul di Felice. „Topaktuell, well: Wéi verännert kënschtlech Intelligenz d’Fotografie? Ass se eng Beräicherung oder muss ee se bekämpfen?“ Fir de Paul di Felice an de Ruud Priem steet ausser Fro: Fotografie muss een och a virun allem an hirem zäitleche Kontext betruechten. Mee och ausserhalb vun de Muséeën an den diverse Galerië fënnt een zu Lëtzebuerg iwwerall Fotokonscht. Zum Beispill am Business- a Bankequartier Kierchbierg, beim Grupp Deutsche Börse, deen eng vun de gréisste Sammlunge vun zäitgenëssescher Fotografie zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert huet an ee vun de renomméiertste Präisser, den „Deutsche Börse Photography Foundation Prize“, vergëtt.

Eng kreativ Panoplie Och déi bekannt Etüd Arendt & Medernach stellt zanter ville Joren hiert Engagement fir kreativ Aarbechten a virun allem fir zäitgenëssesch Fotografie ënner Beweis. Wien an d’Gebai erakënnt, staunt iwwer d’Omnipresenz vun der Konscht an iwwer d’Architektur, déi – esou schéngt et – genee heifir entworf gouf. An de Gäng kucke Portraiten d’Visiteuren. An an de Konferenzraim empfänken een déi verschiddenst Naturfotoen. Bei Arendt & Medernach ass de Paul di Felice nees e wichtegen Acteur:

80

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wou steet de Mënsch an der haiteger Zäit, an der Vergaangenheet, an der Zukunft? Wéi definéiert sech eng Persoun? Wéi erschaaft ee sech nei? Och mat dëse Froe beschäftegt sech d’Fotografie. 81


Hie curatéiert d’Ausstellungen, déi am Häerz vum lëtzebuergesche Siège presentéiert ginn. Ausserdeem gëtt et hei eng dauerhaft Sammlung vun nationalen an internationale Fotografen, e Fërderpräis fir ee vun de Fotografen, déi beim „European Month of Photography“ virgestallt ginn, an eng Associatioun ronderëm de renomméierten Edward Steichen Award.

Fotoféiwer forever D’Fotoféiwer wäert am GrandDuché net esou séier noloossen. Den Edward Steichen huet e Foussofdrock an der Geschicht vun der Fotografie hannerlooss, deen net méi auszeradéieren ass. A Lëtzebuerg schéngt fest wëlles ze hunn, dëse Wee och weiderzegoen.

„Rethinking Identity“ am Nationalmusée um Fëschmaart: Op de beandrockende Biller si Fraen an hir Geschicht(en) duergestallt. Oft mat Péng verbonnen, mee ëmmer wonnerschéin.

Tipps ronderëm Fotografie zu Lëtzebuerg  D’Steichen Collections vereene Konschtwierker, déi e Lien hu mam Edward J. Steichen (1879–1973) sengem Ierwen a senger laanger, villfälteger Karriär, déi virun allem duerch d’Fotografie gepräägt war. Eng Partie ëffentlech Sammlungen zeie vu sengem remarkabele Parcours als Fotograf an als Curateur fir den New Yorker Museum of Modern Art (MoMA): déi vum Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (MNAHA), déi vun der Stad Lëtzebuerg an déi vum Nationalen Institut fir Bild an Toun (CNA). „The Family of Man“ ass den éischte Rendez-vous fir e komplett Steichen-Erliefnes: D’Ausstellung zu Clierf ass einfach e Gesamtkonschtwierk. www.steichencollections.lu  Loscht op Open-Air-Konscht? Zu Clierf ass d’„Cité de l’image“ ze gesinn, eng Ausstellung duerch d’ganz Stad, wou d’Biller reegelméisseg wiesselen. www.clervauximage.lu

 Beim „European Month of Photography“ (EMOP) spillt Lëtzebuerg zanter 2006 eng wichteg Roll. www.europeanmonthofphotography.org  Den CNA ass zu Lëtzebuerg dee Must fir jiddwereen, deen u Fotografie interesséiert ass. Am Waassertuerm zu Diddeleng si reegelméisseg nei Ausstellungen a geschwënn och nees „The Bitter Years“ vum Steichen ze gesinn. www.cna.lu  D’Galerie Schlassgoart zu Esch ass e speziellen Highlight, och architektonesch. Se weist d’Sammlung vum multinationale Stolindustrie-Konzern ArcelorMittal, der fréierer Arbed. D’Wierker hunn alleguer eppes mat der lëtzebuergescher Stolindustrie ze dinn. D’Architekte sinn EMBT: Enric Miralles, Benedetta Tagliabue, Arquitectes Associats, Moreno Architectes www.schlassgoart.lu  Déi grouss Etüd Arendt & Medernach huet all Weekend fir de Grand public op. Se ass liicht ze erkennen un dem Kënschtler Julian Opie sengen ikonesche Spadséiergänger, déi direkt virun der Fassad vum Gebai, dat 2017 fäerdeg ginn ass, stinn. www.arendt.com/arendt-art

82

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


WW W

GROUN ON

URCOMM O .

.LU D

LËTZEBUERG. OUR COMMON GROUND. BE PART OF IT

Lëtzebuerg ass eng Plaz, wou sech Kulturen treffen. Mat iwwer 180 vertrueden Nationalitéite, wou am Duerchschnëtt 3,6 Sprooche pro Awunner geschwat ginn (zu deenen Du gehéiers!), gelt Lëtzebuerg als ee vun den diversten an inklusiivste Länner op der Welt. All eenzele vun eis mëcht et zu engem gemeinsame Land, engem „Common Ground“.

www.ourcommonground.lu

83


Transforming Experiences SCHIFERMUSÉE ZU UEWERMAARTEL

SchiferGeschicht Tëschent de gréngen Hiwwele vum pittoresken Duerf Uewermaartel ass eng Plaz, déi dʼVisiteuren an eng Epoch entféiert, wou Handaarbecht essentiel fir dʼIndustrie war. DʼGeschicht schwätzt aus de Steng selwer a gëtt op eng faszinéierend Manéier presentéiert – am neie Schifermusée zu Uewermaartel. Text und Fotoen TOM JUTZLER

84

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Mat akkurat restauréierte Gebaier an enger Panoplie vun Artefakte bitt de Schifermusée dem Public en Abléck an en elementaren Deel vun der lëtzebuergescher Industriegeschicht, deen oft iwwersi gëtt a vu 1790 bis 1986 gedauert huet. Mee dee wierkleche Schatz vun dësem Musée sinn awer net déi ausgestallten Objeten – et sinn dʼLeit, déi do geschafft hunn. Bei eiser Visitt hate mir dʼChance, de René Risch ze treffen, e fréieren Aarbechter, deem seng Hänn Dausende vu Bléck Schifer a brauchbar Materialien transforméiert hunn. Mat sengen Ae voller Liewen a senger Haltung, déi duerch dʼAarbecht gepräägt ass, gëtt de René enger industrieller Branche, déi an de leschte Joerhonnerten eng entscheedend Roll gespillt huet, e mënschlecht Gesiicht.

Mat 14 Joer un der Maschinn DʼGeschichten, déi hien erziele kann, maachen de Musée lieweg. De René erzielt vun de schwierege Konditiounen, ënnert deenen dʼAarbechter all Dag Schifer geschnidden a geformt hunn, vun der Komerodschaft an de klenge Glécksmomenter wärend der schwéierer Aarbecht. Et ass net just dʼGeschicht vum Schifer, déi hei erzielt gëtt, mee och déi vun de Leit, déi hiert Liewen dëser haarder, awer rentabeler Aarbecht gewidmet hunn.

Liicht vun enger aler Fënster erhellt gëtt. „Hei“, seet hien a weist op eng Bänk, „war meng Plaz. Hei hunn ech ugefaangen.“

sech an en aneren Eck vum Raum, wou eng al Schneidmaschinn steet. Hie setzt sech an hëlt virsiichteg en onverschaffte Steen an dʼHand.

Hie leet sech widder dʼMauer, seng Fangere fuere lues iwwer dat vertraut Gemaier. „Ech war e Jong, véierzéng Joer al, wéi ech hei ugefaangen hunn. Et war haart, ganz haart. DʼAarbechtsdeeg ware laang. A fir de Schifer ze schneiden, huet ee misse präzis schaffen a sech konzentréieren.“

„Ech froe mech, ob ech et nach kann“, seet hie mat engem näischnotzege Bléck. DʼVisiteure ronderëm hien halen op mat schwätzen, wéi hien de Steen op dʼMaschinn leet a se lues a Beweegung setzt. An dësem Moment ass jidderee roueg a gespaant. Dann héiert een dʼKraze vun der Schneidmaschinn um Steen. De René beweegt sech mat der Routine a Prezisioun vun engem geüübten Handwierker.

Mat engem bal jugendleche Laachen am Gesiicht beweegt de René

Et ass net just dʼGeschicht vum Schifer, déi am Musée erzielt gëtt, mee och déi vun de Leit, déi hiert Liewen dëser haarder, awer rentabeler Aarbecht gewidmet hunn. Am Alter vu just véierzéng Joer huet de René Risch hei ugefaangen. DʼAarbechtsdeeg ware laang. A fir de Schifer ze schneiden, huet ee misse präzis schaffen a sech konzentréieren.

Mat enger liicht melancholescher Minn féiert de René eis an den hënneschten Deel vum Musée, an en Eck, deen duerch dʼdiffuust

85


Vill kleng Beweegungen. Krrk, krrk, krrk. Voilà: eng perfekt geschnidde Lee läit op senger Handfläch.

De Musée bitt eng spannend Zäitrees an déi 200-järeg Lëtzebuerger Schiferindustrie. Gewise gëtt de Wee vum Schifersteen, vu senger Entsteeung a sengem Ofbau bis bei de fäerdege Produit a säi Weidertransport. Wärend den offiziellen Ëffnungszäite kënnen dʼVisiteuren de Muséessite fräi entdecken.

Nodeems mir de René kenne geléiert hunn, iwwerhëlt e weidere Guide dʼFéierung, fir dʼGäscht an dʼDéifte vum Muséesstollen ze entféieren. Mat Helmen equipéiert, maache mir eis op de Wee erof. DʼLoft gëtt méi kill a geschwënn ass dʼreegelméissegt Drëpse vum Waasser ze héieren,

dat vum Plaffong fält an däischter Puddelen um fielsege Buedem bilt. Kleng Pill op den Träppleken a riseg Séien um Gronn vun der wäitleefeger Hiel mat hire ville Kräizungen a Weeër. DʼFiichtegkeet ass omnipresent, se hänkt an der Loft a mécht dʼHaut kal an dʼFangere steif. An den Tunnelle vun der Grouf gëtt dʼGeschicht vum Schiferofbau op eng beandrockend Manéier zum Liewen erwächt. Liicht- a Videoinstallatiounen erhellen déi al Stollen a brénge lieweg Schieter ervir, déi op de Maueren danzen. DʼIlluminatioune beliichten dem Schifer seng rau Schéinheet a geheien – wuertwiertlech – en neit Liicht op dʼAarbecht, déi hei geleescht gouf.

Kläng am Ënnergrond DʼVideoprojektioune weisen dʼMineure bei hirer Aarbecht a ginn esou dem Public e realisteschen Androck dovun, wéi et gewiescht muss sinn, an dësen Tunnellen ze „murksen“. DʼGeräischer vun den Hummeren a Meessele schalen duerch de Raum, vermëscht mam Echo vun de Stëmme vun de Männer, déi viru laanger Zäit hei geschafft hunn. Allerdéngs ass et net just dʼGeschicht, déi hei ënne spierbar ass. Et ass och dʼPresenz vun der Natur selwer. DʼFiichtegkeet, dʼKeelt, dat stännegt Drëpse vum Waasser – alles erënnert dodrun, dass dëst eng Plaz ass, déi vum Mënsch geformt, awer ëmmer nach staark vun den Elementer beaflosst gëtt.

86

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Eng Visitt an der Grouf ass en Erliefnis, dat dʼSënner beréiert. Et ass eng Plaz, wou een dʼGeschicht net nëmme kucken, mee och fillen, richen an héiere kann.

An den Tunnelle gëtt dʼGeschicht vum Schiferofbau mat Videoprojektiounen op eng beandrockend Manéier zum Liewen erwächt. Eng Jackett a fest Schong gi fir dʼVisitt an der Minn recommandéiert.

87


D'Aarbecht an der Grouf entdecken:  De Schifermusée ass no laangem Plangen am Joer 2023 opgaangen. Vill engagéiert Leit a fréier Mataarbechter waren dru bedeelegt, aus em déi inspiréierend Plaz ze maachen, déi en haut ass. Dëst Engagement gouf ënner anerem bei de Lëtzebuerger „Tourism Awards 2023“ mat verschidde Präisser belount. www.ardoise.lu

De René ass dat mënschlecht Gesiicht vun enger industrieller Branche, déi an de leschte Joerhonnerten eng wichteg Roll gespillt huet. Op de grousse Fotoen an der Ausstellung sinn dʼAarbechter ze gesinn, wéi se dʼBléck Schifer a brauchbar Materialien transforméieren.

No der beandrockender Féierung duerch dʼGrouf ginn dʼVisiteuren zeréck an dʼSonn an hunn dʼGléck, dem René am „Bopebistro“ ze begéinen. De Café ass eng gemittlech Plaz bannent dem Musée, wou een eng Taass Kaffi a lokal Spezialitéite genéisse kann.

D'Frënn vum Schifer Hei trëfft de René sech reegelméisseg mat deenen anere Membere vum Veräin „Frënn vun der Lee“, enger Grupp vun Enthusiasten, déi sech dem Erhale vun dësem wichtege kulturelle Patrimoine verschriwwen hunn. Obwuel dʼVeräinsmembere vill méi jonk sinn ewéi de René,

88

deele si seng Leidenschaft fir dʼHandwierk an dʼGeschicht vum Schifer. Se lauschtere mat Respekt no, wann de René Geschichten aus senger Zäit als Aarbechter erzielt a seng Erfarungen a säi Fachwësse mat hinnen deelt. Dës Reunioune si méi ewéi nëmme geselleg Treffen, se sinn de liewege Beweis fir dʼonermiddlecht Engagement vun dëser Gemeinschaft, fir dass dʼGeschicht vun dëser Plaz net vergiess gëtt. An dëser häerzlecher Atmosphär kann een dʼFreed an de Stolz spieren, déi de René a seng jonk Frënn fir hire Patrimoine empfannen. Se luede jiddereen an, sech hinnen unzeschléissen, ze léieren an déi eenzegaarteg Kultur a Geschicht vun de lëtzebuergesche Schifergrouwen ze erliewen.

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

 Faszinéiert vum Aarbechtsliewen an enger Minn? Da ginn et zu Lëtzebuerg nach weider Plazen, wou dʼIndustrie-Vergaangenheet lieweg gëtt. Zum Beispill am Süde vum Land am OpenAir-Musée Fond de Gras. Hei gouf eng al Minn nees fir de Public opgemaach a kann dank der gieler Minièresbunn bei engem stuckelegen Tour duerch de Fiels besichtegt ginn. Am Géigesaz zum Norde vu Lëtzebuerg gouf hei awer net Schifer ofgebaut a verschafft, mee rout Gestengs mat Eisenäerz dran. Dëst war da wärend ville Joren dʼGrondlag vun der Stolproduktioun zu Lëtzebuerg. Nach méi Abléck ronderëm dʼStolproduktioun an dʼLiewe vun den Aarbechter ginn et och zu Lasauvage, engem Dierfchen niewendrun, dat ee mat der Minièresbunn erreecht. www.minettpark.lu


mobiliteit.lu

mobile app 2465 2465 mobiliteit.lu

© 11/2023 Administration des transports publics

Fannt de schnellste Wee duerch Lëtzebuerg mam ëffentlechen Transport mat der Mobilitéits-App!


Transforming Experiences D’STATER KASEMATTEN

Verstoppten Tunnellen a Steng, déi eng Geschicht erzielen 90

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Kasematte sinn e faszinéierenden, kilometerlaangen Tunnelsystem ënnert der ganzer Alstad an esouguer bis erop op de Kierchbierg. Bei verschiddene spannende Visite-guidéeë kann ee se erliewen – ob klassesch d’Bock- an d’PéitrussKasematten, déi fir Touriste mat relativ wéinegen Aschränkungen op sinn, oder méi geheimnisvoll déi oft verbuergen Tunnellen, déi d’Frënn vun der Festungsgeschicht bei spezielle Féierunge weisen. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

91


De Guide Jean kennt d’Stater Bock- an och d’PéitrussKasematten ewéi seng eegen Täsch. Hien huet säin Hutt net just aus moudesche Grënn op. Wann de Plaffong an de stengenen Tunnellen niddereg gëtt, da gëtt den Hutt fir d’éischt getéitscht a warnt de jonke Mann, dass hien de Kapp anzéie muss. Ewéi hei am GoldreenTunnel ënnert der Gëlle Fra.

92

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Déi wonnerschéi Mierjongfra Melusina ass dʼtragesch Heldin an der So vun der Grënnung ronderëm Lëtzebuerg. De Grof Siegfried huet sech onstierflech an hatt verléift, wou hien hatt, als Fra verwandelt, am Uelzecht-Dall gesinn huet. DʼMelusina, dat sech och an hie verléift an de Grof a mënschlecher Gestalt bestuet, ass immens glécklech mam Siegfried, mee fir hiert Gléck huet hatt eng Bedéngung: Hatt wëll eemol an der Woch eleng sinn.

D’Kasematte sinn en ënnerierdesche Verdeedegungssystem, deen d’ganz Alstad ënnertunnelt a bis erop op de Kierchbierg geet – an eng beléiften Aarbechtsplaz vum jonke Guide. Hien ass gläichzäiteg och nach Schauspiller a Buchauteur. An a sengem Buch „The Pleasure of Drowning“, dat hien op Englesch geschriwwen huet – „Ech liben all d’Sproochen!“, seet de gebiertege Lëtzebuerger –, steet ënner anerem och déi vun him poeetesch ofgewandelt Geschicht vun der Melusina.

„Luxembourg City Underground“: Esouwuel d’Bockewéi och d’PéitrussKasematte goufe renovéiert. Elo si se nees fir de Public op: D’Bock-Kasematte kann ee selwer kucke goen, an de PéitrussKasematte muss e Guide derbäi sinn.

All Samschdeg späert hatt sech a sengem Gemaach an an de Siegfried däerf net bei hatt. Op deem Dag verwandelt hatt sech nämlech nees an eng Mierjongfra .Mee enges Daags luusst de Grof duerch d’Schlëssellach, gesäit d’Verwandlung an de Fëschschwanz an deet Kreesch – an zitt sech d’Roserei vu senger Fra zou. Jee no Variant vun der So spréngt d’Melusina vum Bock an d’Uelzecht ënnendrënner a gëtt ni méi gesinn oder hatt gëtt vum Fiels verschléckt.

Eng Schlaang an e gëllene Schlëssel „An dat hei ass de Buer, an deem d’Melusina haut nach liewe soll. E steet op där Plaz, wou hatt vum Fiels verschléckt gouf. Hei wieft hatt e Läichenduch fir d’Stad Lëtzebuerg. Hatt beschützt d’Stad, ka se awer och an d’Verdierfnes stierzen, wann hatt net erléist gëtt“, erzielt de jonke Mann mat de laangen Hoer, dem Brëll an dem Hutt mat dramatescher Stëmm. Hie steet niewent dem 47 Meter déiwe Buer matten an de Bock-Kasematten.

93


D’Tatsaach, dass et dauernd op- an ofgeet, an déi ëmmer nees iwwerraschend Vuen duerch d’Fënstere weisen, wéi villschichteg d’Kasematten eigentlech sinn. Se prägen d’Bild vun der Stad.

94

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Spuere vum franséische Festungsbaumeeschter Vauban sinn iwwerall an de Gebaier an an de Strukture vun der Alstad ze fannen. D’Alstad an d’Festung gehéieren zum UNESCO-Weltierwen. An nach vill méi: Déi ganz modern Stad rout zu groussen Deeler op dësen ale Festungsmaueren! 95


De jonke Guide heescht als Kënschtler Jean Bürlesk a mat richtegem Numm Jean Beurlet. Hie kennt d’Stater Bock- an och d’Péitruss-Kasematten ewéi seng eegen Täsch. De studéierten Historiker war schonn als Schüler begeeschtert dovun, Visiteuren duerch dës ënnerierdesch Tunnelsystemer ze guidéieren. Aus deem Grond huet hien eng Formatioun gemaach an ass offizielle Guide beim LCTO (Luxembourg City Tourist Office).

UNESCOWeltierwen Am Laf vu senger Zäit als Guide huet sech an de Kasematten esou munches verännert. Esouwuel d’Bock- ewéi och d’Péitruss-Kasematte goufe renovéiert a waren alle béid eng Zäit laang zou. Elo si se nees fir de Public op: D’Bock-Kasematte kann ee selwer kucke goen, an de Péitruss-Kasematte muss e Guide derbäi sinn.

Alles iwwer d’Kasematten ze erzielen, wat et ze wësse gëtt, ass onméiglech am Kader vun enger Visitt, déi grad emol 45 Minutten dauert. Well déi ganz politesch Geschicht vum Land mat sengem ganzen Hin an Hier un Herrscher an Eruewerungen hänkt domat zesummen. Schliisslech huet de franséische Festungsbaumeeschter Vauban no sengem erfollegräichen Ugrëff an domat der Eruewerung vu Lëtzebuerg 1684 alles ronderëm d’Festung héichmodern perfektionéiert an ausgebaut. Seng Spuere sinn iwwerall an de Gebaier an an de Strukture vun der Alstad ze fannen. D’Alstad an d’Festung gehéieren zum UNESCO-Weltierwen. An nach vill méi: Déi ganz modern Stad rout zu groussen Deeler op dësen ale Festungsmaueren! De Raum am Agangsberäich vun de Kasematten illustréiert d’Ausgruewunge ronderëm de militäresche Verdeedegungssystem. Eng Maquet-

Vun de Bock-Kasematten huet een ëmmer nees schéi Vuen, zum Beispill op de Kierchbierg mat senge modernen Héichhaiser.

te vun der Alstad gëtt eng Orientéierung a weist, wou sech d’Visiteuren ënnerierdesch beweegen. Duerch Gäng an iwwer Trape geet et an de Bock-Kasematten da weider, ëmmer nees laanscht grouss Ëffnungen, déi virum Schleefe vun der Festung 1867 kleng Lücken a vu bausse schlecht ze gesi waren. Haut prägen dës grouss Fënsteren a Balconen d’Bild vun der Stad: Et kann ee se vun deenen zwou Säite vum Fiels aus gesinn. „Stellt Iech mol vir, wéi fiicht a kal a stéckseg et hei banne war. Keng Hygiène, wéineg Sauerstoff, Polverdamp, wa geschoss gouf. Un enger feindlecher Kugel ass hei kee gestuerwen, mee vläicht un enger Krankheet“, léisst de Guide Jean d’Zeenerië vu fréier lieweg ginn. Theoreetesch war Plaz an de Bock-Kasematte fir 1200 Zaldoten a 50 Kanounen. An eemol hunn hei wierklech Leit fir eng länger Zäit gewunnt.

Polverdamp a Päerdsfleesch „Den éisträichesche Kommandant Feldmarschall von Bender war wärend de Wanterméint 1794–95 am Alter vun 82 Joer mat sengen Truppen hei, fir d’Festung géint d’Fransousen ze verdeedegen!“, erzielt de Jean. D’Bewunner vun de Kasematten hunn deelweis missen hir eege Päerd iessen, well d’Versuergungslag immens kritesch war. Glécklecherweis huet d’éisträichesch Regierung no aacht Méint hiren Accord fir den Ofzuch vun den Truppe ginn. Fréier huet ee sech an de Kasematte warscheinlech immens ageengt ge-

96

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wéi grouss den Tunnelsystem vun de Bock-Kasematten ass, gesäit een hei um Schëld bei der Entrée.

E beandrockend Erliefnes an de Péitruss-Kasematten: Mat Hëllef vun enger Video-Installatioun erziele Steng hir Geschicht.

97


Déi éischt Kasematte goufe 1644 ugeluecht. Se goufen am Laf vun der Zäit ëmmer nees ausgebaut a verbessert. Wou d’Wuert „Kasematt“ hierkënnt, ass net definitiv gewosst. Warscheinlech vum griichesche Wuert „chasma(ta)“, dat „Spléck“ oder „Schloff“ bedeit.

98

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Fort Lambert am Stater Park gehéiert zu enger Festungsanlag aus dem 17. Joerhonnert. Wärend dem Schleefen an de Joren 1868–1874 gouf de ganze Fort zerstéiert. Deeler goufen eréischt 2001 beim Bau vun engem Parkhaus erëmfonnt.

fillt, mee dat ass laang hier. Duerch d’Schleefe vun der Festung goufen d’Fënstere vergréissert, esoudass ee vun hei aus net méi schéisse kann – weeder mat Kanounen nach mat Gewierer. Wärend den zwee Weltkricher goufen d’Raim als Schutzbunker genotzt. An engem vun de Säll, dem Sall „Tun Deutsch“, huet am 20. Joerhonnert esouguer eng Zäitchen de Kasemattentheater gespillt, dee säi Sëtz haut zu Bouneweg huet.

„An de Péitruss-Kasematte war et fréier eigentlech nach vill méi däischter“, erënnert sech de Jean beim Agang, nodeems mir en Tour duerch d’Bock-Kasematten an e klenge Spadséiergang duerch d’Stad gemaach hunn.

Kasematte mat Liicht a Sound Zanter de leschte Renovatiounsaarbechten animéiert e faszinéierend neit Sound-Light-Konzept d’Gäng vun de Péitruss-Kasematten. Elektresch Fakele liichten, Schrëft glënnert op der Mauer. An engem Raum fänken d’Steng esouguer u mat „schwätzen“ an erzielen als beliichte Silhouettë vun Zäiten, wéi Champignonen an de Kasematte geziicht a Béierfester gefeiert goufen. Och Crémant gouf eng Zäit laang hei gelagert. Mee et ginn och e puer verstoppte Schätz, déi een net bei de „klasseschen“ Tier duerch déi zwou bekannte Kasematte Bock a Péitruss ze gesi kritt. Zanter den 1990er-Joren hunn d’Frënn vun der Festungsgeschicht sech et zu hirer Aufgab gemaach, dës ze weisen: Si organiséiere Féierungen, bei deenen een déif ënnert der Äerd verstoppte Plazen entdeckt, vun deenen een net emol wousst, dass et se iwwerhaapt gëtt. Zum Beispill ronderëm d’Villa Vauban, net wäit ewech vum Tuerm vum Fort Louvigny, oder ënnert der Kinnekswiss, déi nom Kinnek Louis XIV. benannt ass. An och am Stater Park beim Fort Lambert. „Ech muss kucken, wéi een hei passt!“, seet de President vun de

99


Wouhi mat wiem:  „Rocks coming to Life“: Erlieft d’Péitruss-Kasematten, ewéi Dir se nach ni gesinn hutt. Storytelling begleet d’Visiteuren op Schratt an Tratt. www.luxembourg-city.com  „Rock with a view“: Wien duerch d’Kasematte vum BockFiels spadséiert, deen huet ëmmer nees schéi Vuen iwwer d’Stad a kann d’Zesummespill aus Al an Nei genéissen. www.luxembourg-city.com  Geheim Agäng an ongewéinlech Féierungen – dat bidden d’Frënn vun der Festungsgeschicht fir Gruppen op Reservéierung. Wie matgeet, erlieft nach emol ganz aner Kasematten: ouni Orientéierungsschëlder, ouni Storytelling … An et huet een dauernd d’Gefill, dass et besser ass, e Guide dobäizehunn! www.ffgl.lu Vun de Kasematten aus féiere vill Weeër duerch d’UNESCO-Erliefnes.

Festungsfrënn, Robert Wagner, a sicht a senger riseger Kludder nom richtege Schlëssel. Beim drëtte mécht et „Klick“ an hie kann d’metalle Gitter no hannen drécken. Zum Virschäi kënnt eng Trap, déi erof an d’Däischtert féiert.

Eng Paart a verstoppte Schätz De grousse Mann mat de groe Krauselen ass oft mat Gruppen ënnerwee a weist hinnen déi verstoppte Kasematten. Iwwer de Fort Lambert an déi militäresch Tunnellen ënnendrënner gradewéi iwwer déi aner Deeler vun der Festung huet de geléierten Héichbau-Ingenieur, dee laang fir den nationale Geschichtsmusée bei Ausgruewungen zu Duelem an op anere Plazen täteg war, schonn eng Partie Bicher geschriwwen. Da geet hien d’Trapen erof. Hei glënneren zwou kleng Käerzen, déi nach iwwereg si vun engem vu senge Kolleegen hire Visite-guidéeë méi fréi am Dag. E „Klick“ an de

Robert Wagner mécht d’elektresch Luucht un. Elo geet et duerch Gäng, déi enk an niddereg sinn. „Hei hätt een dem Feind mat Sprengungen de Wee ofschneide kënnen“, erkläert hien op enger Plaz. Iwwerall an de Kasematte gouf fréier Polver benotzt. An dann op eemol en Ausgang an et steet een tëschent de stengenen Iwwerreschter vum Fort Lambert. D’Konschtwierk „D’Well“, dat, vun uewe vum Park aus gekuckt, déi frëschgréng Wiss ronderëm de Fort mat gläichméissege Kreesser aus Steng duerchbrécht, gesäit ee vun hei ënnen, no engem Wee duerch d’Gäng, fërmlech aus enger neier Perspektiv. Wann een dann op der Wiss tëschent de Mauere steet an eropkuckt, da gesäit een och d’erstaunte Blécker vun de Passanten, déi warscheinlech net geduecht hätten, dass een hei ronderëmlafe kann.

Onheemlecht Gedubbers Plëtzlech schaalt haart Gedubbers an deenen däischtere Gäng. „Dat kënnt vun den Autoen, déi am Parkhaus iwwer d’Ramp fueren!“, erkläert de Robert Wagner. Well direkt niewendrun, hannert de Maueren, sinn d’Parkplaze vum Parkhaus Monterey. Ee Gléck! Et sinn net d’Mauere vun de Kasematten, déi an de Koup falen! Dem Melusina säi Fluch huet sech haut nach net erfëllt: Nach steet d’Stad sécher op hire Fundamenter. Mee vläicht sollt een de Buer an d’Bock-Kasematte weider gutt am A halen. Vläicht steet d’Melusina geschwënn nees op, fir erléist ze ginn.

100

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Den Ensembel aus Steen, Bëton a Metall gradewéi d’Konschtwierk „D’Well“ maachen de Fort Lambert zu enger faszinéierender Plaz – net just fir déi zwee Guiden a Kasematte-Kenner Jean Beurlet a Robert Wagner.

101


Daydream D’BIBLIOTHÉIKE VUM LAND

Reese fir Geescht a Séil An der lieweger Kulturlandschaft vu Lëtzebuerg verstoppe sech oft onerwaarte Bijouen. Se sinn architektonesch Meeschterwierker, e Mosaik aus Kultur a Geschicht an eng Oas vun der Rou matten am hektesche Stater Gewulls. Hei ginn et Geschichten, déi just drop waarden, entdeckt ze ginn: déi vill Bibliothéiken zu Lëtzebuerg. D’lëtzebuergesch Autorin Stéphanie Heuertz fënnt Inspiratioun op genee dëse Plazen. Siefe se urban oder ländlech-charmant. Text CAROLE THEISEN Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

102

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


103


Eng perfekt Symmetrie a faszinéierend Perspektive bitt d’Nationalbibliothéik um Kierchbierg. Hei kann déi jonk Autorin Stéphanie Heuertz recherchéieren an dreemen zugläich.

104

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wëllkomm op enger onkonventioneller Rees duerch Lëtzebuerg, bei där Globetrotter a Kulturfrënn an eng Welt voller Wëssen, Fantasie an Inspiratioun andauchen: déi vill Bibliothéiken zu Lëtzebuerg. An dat si keng muffeg Raim, an deenen al, langweileg Bicher an de Regaler verstëbsen, mee bibliophil Oase voller Liewen an Innovatioun, wou d’Grenzen tëschent Realitéit a Fantasie verschwammen. Virun allem an enger Zäit, an där Mënsche sech a virtuelle Sphäre verléieren an d’digital Realitéit se fest ëmklamert, bidde Bibliothéiken e befreiende Kontrast. Se sinn net just Plaze vum Wëssen a vun der Bildung, se sinn och lieweg Gemeinschaftszentren – Gardiene vun der Geschicht an Inspiratioun fir d’Zukunft.

Onbännege Virwëtz D’Stéphanie Heuertz huet zanter senger eegener Schoulzäit eng ganz speziell Relatioun zu Bibliothéiken. Mat senger Leidenschaft fir Literatur a sengem onbännege Virwëtz geet déi jonk Autorin haut op eng bibliophil Entdeckungsrees duerch dat ganzt Land: vun der imposanter Nationalbibliothéik, déi net just mat hiren historesche Bijoue glänzt, iwwer de futuristesche „Luxembourg Learning Centre“ zu Esch-Belval bis bei déi verstoppte Bichernäschter zu Wolz an am ländleche Schwéidsbeng. Mee opgepasst: Eemol vun der Magie vun de Bibliothéiken ergraff, gëtt et keen Zeréck méi.

Nationalbibliothéik um Stater Kierchbierg un. Hei kann een d’Welt vum Wësse wierklech upaken – vu rare Manuskripter bis bei zäitgenëssesch Comicken, vun historeschen Dokumenter bis bei modern interaktiv Ausstellungsstécker.

Sëtzecken an Nische fir ze liesen Vu bausse kann ee just anen, wat ee bannenan erwaart, mee scho beim Betriede vum grousse Liessall trëfft d’Stéphanie de Wow-Effekt mat voller Wucht. Eng beandrockend Architektur, eng waarm Atmosphär an eng agreabel Luucht empfänken déi jonk Autorin. Déi verwénkelt Architektur féiert hatt op eng Rees voller Iwwerraschungen, mat ville klenge Sëtzecken an Nischen, verstoppte Plazen, wou ee sech zeréckzéien, liesen an a Bicher bliedere kann.

„Bibliothéike sinn einfach perfekt, wann een ënnert de Leit wëll sinn an trotzdeem seng Rou wëll hunn“, seet d’Stéphanie. Hatt erzielt, wéi gär hatt sech fréier an der aler Nationalbibliothéik – deemools nach niewent der Kathedral – an a villen anere Bibliothéiken am Inan Ausland zeréckgezunn an hei fir Prüfungen an Exame geléiert huet. A wéi et den Zoufall wëll, schlendert hatt haut duerch d’Nationalbibliothéik a begéint sengen eegene Schüler, déi sech hei op hir Exame virbereeden. Well haaptberufflech ass d’Stéphanie Däitschproff am Lycée technique pour professions éducatives et sociales, eng Aarbecht, déi hatt „zudéifst erfëllt“, wéi hatt seet.

Bannen eng roueg Plaz, ass d’Nationalbibliothéik bausse perfekt an d’urbaant Liewen agebonnen. Mam Tram ka jidderee gratis bis virun d’Entréesdier fueren.

Dem Stéphanie seng literaresch Entdeckungsrees duerch de GrandDuché fänkt an der imposanter

105


D’Stéphanie Heuertz huet 2022 mat sengem Kannerbuch „De Félix, d’Mimi an d’Lëtzebuerger Traditiounen“ d’Häerze vun de jonke Lieser eruewert. Op enger spannender Zäitrees duerch d’lëtzebuergescht Kalennerjoer ginn Traditiounen, Gebräicher an d’Geschicht vum Land kannergerecht erkläert. Eng Aventure, déi matrappt an d’kulturell Diversitéit vu Lëtzebuerg lieweg mécht. Heibäi léieren déi zwee Abenteurer zwielef lëtzebuergesch Traditiounen a Gebräicher kennen a fannen ënner anerem eraus, wien de Jang de Blanne war a wat hie mat der Schueberfouer ze dinn hat, firwat d’Lëtzebuerger den Nationalfeierdag feieren a wou dee mysteriéise Kleeschen eigentlech hierkënnt. „Et war u sech just eng geckeg

Iddi“, erzielt d’Stéphanie. Hatt hat iwwerhaapt net geplangt, e Buch ze verëffentlechen, mee wollt, ouni konkret Zil, e puer vu sengen Iddien opschreiwen. Mee wéi kuerz duerno d’Éditions Schortgen Interessi gewisen hunn, gouf seng „geckeg Iddi“ spannend Realitéit. E Joer méi spéit koum dunn och schonn d’Fortsetzung eraus: „De Félix an d’Mimi wëlle bleiwe wat si sinn“, an där déi zwee Kanner nach méi iwwer hiert Heemechtsland erausfannen. A se stinn als Deel vun der Luxemburgensia och an de Regaler vun der Nationalbibliothéik. Wann een trapop, trapof duerch d’Bibliothéik flanéiert, da fält engem ëmmer nees op: Déi modern a kreativ Ariichtungs-

Zu Esch-Belval luet d’Unisbibliothéik dozou an, an aller Rou ze recherchéieren. Och faszinéiert se mat enger beandrockender Architektur a spezielle Materialien.

106

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

elementer ginn dëser Plaz e ganz spezielle Charme. Besonnesch vill Opmierksamkeet zéien dobäi déi grouss analog Pannoen op sech, déi aus ville verschiddenen eenzele Buschtawebausteng zesummegesat sinn. E klenge Fun Fact: Dës hu missen iergendwann ugepecht ginn, well munch Visiteuren et net loosse konnten, e Stéck dovu mat heem ze huelen.´

Tëschent Traditioun a Modernitéit Mat der beandrockender Nationalbibliothéik am Réckspigel geet dem Stéphanie seng Rees duerch déi faszinéierend Welt vun de lëtzebuergesche Bibliothéike weider an hatt steiert säin nächsten Highlight un: de „Luxembourg Learning Centre“, d’Bibliothéik vun der renomméierter Uni Lëtzebuerg zu Esch-Uelzecht am Süde vum Land. Dës Bibliothéik tëschent den desaffectéierten Héichiewen, déi um Site a Richtung Himmel weisen, ass net just e Wëssensparadäis fir Studente, mee och e kreatiivt architektonescht Meeschterwierk. D’Zesummespill vu Glas, Stol an opfälleg faarwegen Designelementer gefält – Architektur-Fan oder net – einfach jidderengem. Hell Faarwen, oppe Raim an immens vill Dagesliicht stréimen duerch déi grouss Fënsteren a ginn dem Raum eng Liichtegkeet, déi Loscht mécht, Zäit hei ze verbréngen. Bei der Gestaltung vun de gliesene Fassadenelementer hu sech d’Architekte vun de Faarwen a Mustere vun den Äschen inspiréiere gelooss, déi déi fréier Héichiewen op de Fabricksfënsteren hannerlooss hunn. En Tribut un d’Stolindustrie, déi fir Lëtzebuerg immens wichteg war.


Esch-Belval ass déi ideal Plaz, fir d’Vergaangenheet an d’Zukunft, d’Industrie an d’Wëssenschaft ze vereenen. Tëschent den alen Héichiewen, déi een deelweis besiche kann, fënnt d’Stéphanie d’Bibliothéik, de „Luxembourg Learning Centre“.

107


An der Bicherthéik zu Schwéidsbeng, engem historesche Gebai aus dem Joer 1905, fanne Bicherwierm vun all Alter genee dat, wat hiert Häerz begiert – vu Krimien a Romaner iwwer Kannerbicher bis Sachbicher. An net ze vergiessen: eng ëmfangräich Luxemburgensia-Sammlung. 108

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Beim Plange vum Gebai wollt de lëtzebuergeschen Architekturbüro Valentiny HVP déi bestoend a prägend Stolkonstruktioun vun der aler Industriehal „Möllerei“ integréieren, fir esou e Kontrast tëschent der Vergaangenheet an der Zukunft vun der Regioun hierzestellen. Beim Betriede vun der Bibliothéik fält engem direkt de „Skip“ an d’A, e risegen industrielle Lift, deen als Zeie vun der Stolindustrie mat dem neien, moderne Gebai verschmolt ass. „Den LLC ass eng trendy Versioun vun der Nationalbibliothéik“, beschreift et d’Stéphanie Heuertz. „E fänkt de Geescht vun der Zäit an an hieft sech esou vu méi traditionelle Bibliothéiken of.“

Gemittlech a geselleg zugläich Den nächsten Halt ass dann e charmante Kontrast zu den imposante Bibliothéiken an der Haaptstad an zu Esch: d’Welubi-Bibliothéik zu Wolz am landschaftlech beandrockenden Éislek, tëschent Bëscher a Panoramaen a bei der Sauer. Direkt beim Erakomme fält engem den intime Charme an de Gemeinschaftsgeescht op. Et ass eng Plaz, wou ee sech vun der Gemittlechkeet inspiréiere léisst. E speziellen Highlight ass de groussen Dësch am hënneschten Deel vun der Bibliothéik. Hei kënne sech d’Visiteuren zesummesetzen, léieren, liesen oder dat engt oder anert Gesellschaftsspill ausprobéieren.

ewéi déi aner Bibliothéiken a weess virun allem mat sengem historesche Flair ze faszinéieren. D’Kréckele vum hëlzene Buedem ënnert de Féiss erfëllt de Raum mat enger nostalgescher Aura. Dat luest Flüstere vun de Säiten an de charakteristesche Geroch vun alem Pabeier ginn der Bibliothéik eng heemeleg Stëmmung. An der Géigend vu Schengen, net wäit ewech vun der Musel, erwaart kleng a grouss Literaturfrënn a -frëndinnen nämlech d’Liesparadäis Bicherthéik zu Schwéidsbeng.

Eng Plaz, fir sech zeréckzezéien Wien aus der Fënster kuckt, huet eng super Vue op déi schéi Wéngerten, déi typesch si fir dës Géigend. Perfekt, fir et sech mat engem spannende Buch gemittlech ze maachen an déi pittoresk Land-

schaft ze genéissen. D’Ariichtung vun der Bibliothéik versammelt Relikter aus de leschten honnert Joer – vun der uraler Schreifmaschinn iwwer de knallrouden Telefon aus den 1980er-Jore bis bei d’Tafel, déi nach original aus där Zäit ass, wou d’Gebai als Schoul benotzt gouf. Doniewent gëtt et eng komplett Etage just fir Kanner mat engem gemittlechen, kuschelege Lieseck. Hei kënne si an d’Welt vun de Bicher andauchen! A wie Loscht huet, kritt vun de frëndleche Bibliothekarinnen eng waarm Taass Kaffi oder – fir déi Kleng – e Stéck Schockela ugebueden. A knapps hunn dem

An der ländlecher Bibliothéik zu Schwéidsbeng daucht een an der fruchtbarer Musel-Regioun an d’Lektür an. Natierlech fënnt een hei ënner anerem vill Geschriwwenes ronderëm de Wäibau.

Dem Stéphanie säi lescht Zil fir haut ass nach emol ganz anescht

109


Stéphanie seng Kanner, déi hatt haut op senger Entdeckungsrees begleeden, e Fouss an d’Bibliothéik gesat, fält hire Bléck op déi lackeleg Schossel mat de séisse Schneekegkeeten, vun deene si sech der mat vill Virfreed e puer kropen. No dëser wëllkommener Stäerkung kënnen d’Kanner ganz offensichtlech hire Virwëtz net bremsen a fänken un, an de Regaler ze moschteren. Déi faarweg Buchdeckelen zéien hir ganz Opmierksamkeet op

sech a se dauchen eng hallef Stonn an eng Welt voller Geschichten an. Ier sech d’Famill nees op de Wee mécht, däerf sech jiddereen e Buch eraussichen, dat da geschwënn mat an d’Vakanz geet. Et lount sech also, sech vun de lëtzebuergesche Bibliothéike verzauberen ze loossen. D’Diere bei d’Geschichten a bei d’Wësse vun der Welt sti wäit op, et muss ee just antrieden a sech vun de Bibliothéiken hirer Magie faszinéiere loossen.

BibliothéikenTipps:  D’Nationalbibliothéik um Kierchbierg ass direkt beim Tram, imposant a gläichzäiteg eng Plaz, wou ee sech gär zeréckzitt. www.bnl.lu  Zu Esch-Belval steet tëschent den Héichiewen de „Luxembourg Learning Centre“. www.uni.lu/llc-de  D’Welubi-Bibliothéik zu Wolz lieft vun hirem heemelege Charme an dem Gemeinschaftsgeescht, deen do ze spieren ass. www.welubi.lu  Net wäit ewech vun der Musel, am klenge Schwéidsbeng, erwaart d’Visiteuren d’Bicherthéik. www.schengen.lu/bichertheik  Et ginn am Land nach vill aner Bibliothéiken, mee och Literaturfestivaller. Informatioune ronderëm d’lëtzebuergesch Literatur fënnt een am Nationale Literaturzenter (Centre national de littérature) zu Miersch. www.cnl.public.lu

Direkt un den Zuch ugebonnen, ass d’WelubiBibliothéik zu Wolz perfekt fir Pendler, Touristen a jiddereen, deen op der Sich no enger Plaz ass, wou e sech austauschen a kreativ ka sinn. D’Laache vun de Kanner tëschent de Regaler gëtt der Bibliothéik eng lieweg Liichtegkeet.

110

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


LUXEMBOURG CITY

DIVE INTO THE DEPTHS OF THE CITY Tickets luxembourg-city.com Luxembourg City Tourist Office - Place Guillaume II 111


Open and Diverse CARTE BLANCHE

Nuets am Musée! Den Dram vu ville Kanner an och vu villen Erwuessenen. Wéi gesinn d’opgestoppten Déieren an der Dämmerung aus? Wéi wierkt déi grouss gliese Fassad, wann den Nuetshimmel dohanner blénkt an et stachdäischter ass? Wéi fillt et sech un, spéit owes e Bild intensiv ze betruechten? Dat erlieft ee wärend der Nuit des Musées, déi eemol d’Joer am Oktober an der Stad op eng Visitt duerch d’Kulturariichtungen invitéiert.

Villa Vauban – Musée d’Art de la Ville de Luxembourg

112

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Fir dës Luci-Editioun hu mir dem lëtzebuergesche Fotograf Mike Zenari Carte blanche ginn. A sengen ausdrocksstaarke Fotoe weist de Kënschtler d’Nuit des Musées, wéi hie se duerch säin Objektiv gesäit.

113


MUDAM – Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean

114

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


115


Musée Dräi Eechelen

116

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


117


Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain

118

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


119


MUDAM – Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean

120

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


A walk throughii 400 years of historyii

... and now only one click away

neimenster.lu neimënster Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster 28, rue Münster L-2160 Luxembourg +352 / 26 20 52 1 contact@neimenster.lu

Partenaire institutionnel

@neimenster

Partenaire officiel


Luci EDITIOUN 6

Redaktiounsleitung Birgit Pfaus-Ravida

Luci

Print Imprimerie Centrale

Inspiring Travel Stories from Luxembourg EDITIOUN 6 — LËTZEBUERGESCH

Kreativdirektioun & Editorial Design Guido Kröger, ampersand.studio Märchenhaft Erliefnesser Op de Spuere vum berüümte Ris

Fotosammlungen D’Biller vun engem Land

Mam Vëlo duerch d’Land Vu West no Ost laanscht d’Sauer

Editeur Luxembourg for Tourism BP 1001, L-1010 Luxemburg Tel. +352 42 82 82 1 info@visitluxembourg.com VisitLuxembourg visit_luxembourg www.visitluxembourg.com

© LFT 2024 All Rechter reservéiert. All Notzung, Kopie, Reproduktioun, Publikatioun, Iwwerdroung oder Distributioun an iergendenger Form, ob ganz oder deelweis, ass just erlaabt, wann den LFT seng schrëftlech Geneemegung am Viraus ginn huet. ISSN 2716-7356

122

Redaktioun Mylène Carière Tom Jutzler Sieglinde Marx Birgit Pfaus-Ravida Carole Theisen Fotoen Pancake! Photographie (cover) Tom Jutzler André Schösser Alfonso Salgueiro Mike Zenari Aner Fotoe mat frëndlecher Geneemegung vun de Partner Iwwersetzungen & Lektorat Cécile Balavoine Jess Bauldry Rachel Ezard Clément Guélé Sieglinde Marx Peggy Nickel Sarah Pitt Kerstin Philippi Birgit Pfaus-Ravida Dr. Sebastian Reddeker Hélène Rybol why vanilla? Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Oplo Gesamtoplo: 40.000 Lëtzebuergesch Editioun: 4.000 Sproochen Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch Publicitéit brain&more brain@brain.lu

Vill weider „Inspiring Travel Stories from Luxembourg“ fënnt dir an der (gratis) VisitLuxembourg App


1 2 3 4 5

VILLA VAUBAN y enned CASINO LUXEMBOURG hn F. K Av. Jo LËTZEBUERG CITY MUSEUM NATIONALMUSÉE UM FËSCHMAART MUSÉE NATIONAL D’HISTOIRE NATURELLE – ’NATUR MUSÉE’ 6 MUSÉE DRÄI EECHELEN 7 MUDAM LUXEMBOURG

heim

Rue Wilt

Rue Sigefroi

s

Rue

ve

lt

ster

Ro os e

Mün

an o

Rue

Bvd Franklin Del

t t Espri

Rue Notre Dame

S Rue du

Bvd. Prince Henri

Avenue Émile Reuter

e

ed

Ru

ds

an

Gl

sroi sT

rêve de T


The best way to discover Luxembourg

E-Bike Tours

City Train

Walking Tours

Audio Guides

Day Tours

If you are looking for the best way to explore Luxembourg, sightseeing.lu is your go to! Find activities for every taste.

Follow us

#sightseeing.lu


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.