Editorial
Moien a wëllkomm zu Lëtzebuerg, kennt Dir en och, de Besoin, einfach raus ze wëllen, raus an d’Liewen, raus an d’Natur, ofschalten an optanken? Dann huele mir Iech an dëser spezieller Nummer vun eisem Magasinn Luci einfach mol mat. Entdeckt mat eis nei Plazen an Aktivitéiten am Grand-Duché a begleet Mënschen, déi aus Léift fir d’Land ënnerwee sinn a mat Leidenschaft dat maachen, wat hinnen nei Kraaft gëtt.
Dir wandert iwwer géi Éisleker Koppen, klammt an de beandrockende Fielsformatioune vum Mëllerdall a fuert mam Vëlo duerch d’hiwweleg Miseler Landschaft am Häerz vun Europa. Mir féieren Iech bei eis Liblingsplazen an der Stad an um Land, sichen d’bannescht Mëtt an no inspiréierende Momenter. Heifir hu mir Iech vill nëtzlech Tuyaue ronderëm Outdoor-Aktivitéiten zesummegestallt.
Maacht Iech et awer elo fir d’éischt emol gemittlech an daucht an déi kleng a grouss Geschichte vu Lëtzebuerg an. Vill Freed beim Liese vum Luci an hoffentlech bis geschwënn zu Lëtzebuerg.
Dr. Sebastian Reddeker CEO Luxembourg for TourismPS: Dir hutt déi lescht Ausgabe vum Luci verpasst? Kee Problem. Bestellt se einfach online op www.luci.travel a mir liwweren Iech se gratis heem — fir nach méi Luci-Momenter, déi inspiréieren.
De Klassiker rifft!
Den 112 Kilometer laange Mullerthal Trail ass ee vun de bekanntsten a beléiftste Wanderweeër zu Lëtzebuerg. D’Landschaft laanscht de „Leading Quality Trail – Best of Europe“ ass ofwiesslungsräich, de Wee mat sengem villen Op an Of zimmlech usprochsvoll an iwwerall kann een op Campinger säin Zelt opriichten. Ideal fir en abenteuerleche Papp-Jong-Tour.
Hire Mëllerdall-Trip starten de Luc an de Leo, Papp a Jong, op dësem Dag um Camping zu Bäerdref. Dee läit matten am Mëllerdall an deemno ideal. Moies schimmert d’Sonn duerch d’Beem, de Kaffi dämpt nach an deenen anere Camper hiren Tasen, mee de Luc an de Leo hu schonn hire Sonnenhutt an hire Rucksak ugedoen a marschéiere lass.
Deeglaang duerch d’Natur trëp pelen. Nuets ënnert engem Zelt aus Stäre schlofen, d’Plätschere vun der Baach, d’Riff vun engem klenge Kauz am Ouer. Eng kräfteg Zopp aus der Tut op dem Cam pingkocher waarm maachen a sech einfach nëmme fräi an onofhängeg fillen. Muss een dofir duerch déi riseg Landschaften a Lappland zéien? Net onbedéngt. D’Abenteu er rifft och zu Lëtzebuerg.
Eigentlech sollt de Papp-JongTour „just“ d’Virbereedung fir e grousst Abenteuer am ieweschten Norde sinn. De Lëtzebuerger Luc Reis a säi Bouf, de Leo, woll ten iwwer de ganze Mullerthal Trail wanderen, fir sech op den usprochsvollen Hiking-Event Fjällräven Classic a Schwede virzebereeden. Bei dësem Trek king-Event a Lappland geet et meeschtens iwwer kleng Pied an Trapen, vill Héichtemeter mussen iwwerwonne ginn. Genee ewéi beim Mullerthal Trail an der „Klenger Lëtzebuerger Schwäiz“. De Mullerthal Trail ass mat sen gen 112 Kilometer esouguer nach ganzer zwee Kilometer méi laang wéi d’Streck beim Fjällräven Clas sic. Eng perfekt Virbereedung.
Vill méi ewéi just en Testlaf
Vill Héichtemeter, schwiereg Stre cken! Alles mat deem komplette Gepäck, dat si och fir den Trip a Schwede mathuele wëllen. Vum Campingkocher an anerem Out door-Equipement iwwer d’Zelt bis hin zu e bësse sënnvollem Gezei –méi ideal kann eng Virbereedung net sinn. 20 Kilo dréit de Papp, aacht de Jong.
„De Mullerthal Trail ass en Erliefnis. D’Natur ass mat hire Fielsen, Hielen a Schluchten an den ëmmer nees iw werraschenden Aussiichtspunkten an Dierfer, déi plëtzlech opdauchen, einfach eenzegaarteg schéin. An de Wee selwer alles anescht ewéi ein fach! Eng positiv Erausfuerderung“, seet de Luc Reis.
De Luc schafft an der Tourismus branche a weess, wat d’Leit sichen, wa se eng Auszäit huelen. Him selwer gefalen um Wanderen d’Rou an d’Fräiheet. Zwar fënnt de Mann mat senge 45 Joer e gewësse Luxus duerchaus confortabel, mee grad esou gär tauscht hie vun Zäit zu Zäit d’gemittlecht Bett géint eng dënn Isomatt am klengen Zelt. „D’Campinger zu Lëtzebuerg sinn en plus wierklech super! Deelweis
mat enger Piscine, oft mat flotte Spillméiglechkeete fir d’Kanner an op landschaftlech schéine Plazen“, seet hien. Op dem Mullerthal Trail huet hie schonn zu Noumer, op der Heringer Millen, zu Beefort an zu Bäerdref geschlof.
Den éischte Papp-Jong-Tour op dem Mullerthal Trail ass elo scho fënnef Joer hier, den Trip a Schwe den duerno war e Succès an e super Erliefnis. De Leo, deemools 10 Joer al, huet der mëttlerweil 15. Als begeeschterte Scout ass hien an der Natur doheem. „Dobausse schlo fen an iessen a mat de Kolleegen ënnerwee sinn, ass einfach mega“, seet hien. Hie freet sech op den „Jamboree“ 2023 a Südkorea. Bei dësem risegen Treffen, dat all véier Joer just fir 14- bis 16-järeg Scou
Den Trooskneppchen verlaangt deem jonke Wanderer Leo esou munches of. D’Sonn brennt op dësem waarme Summerdag an de Leo freet sech op eng Paus am Schiet mat Vue op d’Iechternacher Abtei.
De Mullerthal Trail setzt sech aus dräi verschiddene Strecken, véier „ExtraTours“ an e puer weidere Wanderroutten zesummen. D’Strecke si matenee verbonnen, kënnen awer och eenzel gewandert ginn.
Matten op der sougenannter Däiwelsinsel treffe Papp a Jong op zwou Persounen, déi déif konzentréiert hir Yoga-Übunge maachen. De Bart an d’Lobke sinn aus der Belsch a maache Vakanz am Mobilhome. Se sinn hei, fir mat Frënn ze klammen, awer eeben och fir entspaant Yoga-Übungen an der Natur.
D’Giischterklaus bei Rouspert, dat eelst Pilgerzil zu Lëtzebuerg, huet eng ganz besonnesch Ausstralung. Am Hannergrond vun der klenger Kapell goufen déi éischt Kären zu Stréibotte gerullt. Beem an e Kierfecht ëmginn d’Kapell. Et ass eng friddlech Plaz, ideal fir eng Paus.
ten organiséiert gëtt, komme bis zu 50.000 jonk Mënschen aus der gan zer Welt zesummen. Si all verbënnt d’Léift zu der Natur an der Gemein schaft. Wäerter, déi och sengem Papp wichteg sinn. Hie war an ass och bei de Scouten.
Hire Mëllerdall-Trip starte Papp a Jong op dësem Dag um Camping zu Bäerdref. Dat éischt Zil ass déi sou genannten Däiwelsinsel zu Bäerdref. Wann een aus dem Bësch erauskënnt, geet d’Gréngs op wéi eng Riddo. Plëtzlech eng iwwerraschend, wäit Vue iwwer d’Bëscher an d’Fielse vum Mëllerdall. Op ville Plazen aant een d’Schluchten, d’Häng an d’Hielen, déi hei verstoppt sinn an déi – wéi d’Däiwelsinsel – änlech Nimm wéi Morgue oder Raiberhiel hunn.
De Mëllerdall kann och anescht
Hei treffen de Luc an de Leo op de Bart Cockx an d’Lobke Dillin, 44 an 43 Joer al, déi hei grad hir Yoga-Übunge maachen. „Mir komme schonn zanter bal 20 Joer heihinner. De Mëllerdall ass en Highlight. Hei fënnt ee Rou an Einsamkeet, ouni wäit fueren ze mussen“, seet de Bart. A geet an déi nächst Yoga-Positioun iwwer. De Leo probéiert och op der Bréck mat dem grénge metalle Gelän ner op engem Been ze stoen, mee säi Rucksak bréngt hien aus dem Gläich gewiicht. Hie laacht a gëtt et op.
De Luc an de Leo gi weider, erop an erof, duerch enk Fielssplécken an e richtege Bësch aus Gestengs. Déi ural geologesch Zeie sinn agreabel kill. Erfrëschend op dësem waarme Summerdag. De Mëllerdall kann awer och anescht. Beim „Troos kneppchen“ zu Iechternach, deen
de Papp an de Jong op hirem Tour och besichen, geet et iwwer enk Serpentinnen aus Pawee géi de Bierg erop, d’Sonn knallt vum Himmel, just e puer Straicher a Beem bidde Schiet. De Leo schwächelt e bëssen a wëll eng Paus maachen. „Déi maache mir réischt do uewen!“, rifft de Luc an zitt de Rucksak méi fest. Uewen ukomm, ginn déi zwee Wanderer mat dem Panorama belount: Ënnert hinne läit déi imposant Iechterna cher Basilika mat hire charakterist eschen Zwillingstierm, ëmgi vu vill Gréngs. De Kaméidi vun de Kier cheklacken am Dall héiert een och hei um Bierg. De Leo sëtzt op enger vun de Bänken an hëlt eng grouss Schlupp aus dem Bidon.
Dank de ville Bëscher ass et méi kill an der Géigend ronderëm d’Al kummer bei Steenem. Dat schmu elt, héicht Zëmmer am Fiels ass geologesch gesinn eng ganz speziell Plaz an engt vun de ville Puzzlesté cker, aus deene sech den „Natur- & Geopark Mëllerdall“ zesumme
setzt. Zanter 2022 gehéiert en zum internationalen Netzwierk vun den UNESCO Global Geoparks. D’Formatiounen aus Dolomit – wéi d’Alkummer – an aus Sandstee si ganz charakteristesch, wat hir Form ugeet, an erlaben en déiwen Abléck an d’äerdgeschichtlech Vergaangen heet.
Wanderen am Urzäitmier
De Mëllerdall mat sengem Ge stengsmix aus Sandsteen an Dolomit louch virun iwwer 200 Millioune Joren, wärend der Triasa Jura-Zäit, um Grond vun engem
D’Alkummer ass eng imposant Schlucht am Fiels aus Dolomitsteen. Op dëser Plaz begéinen de Luc an de Leo zwee Hiker aus Holland.
Déi lescht Statioun vum Luc a vum Leo ass d’Uertschaft Fiels. Et ass Weekend an am Zentrum ass Maart. Alles bont a lieweg. E puer Schréck iwwer dem Duerf ass et schonn nees roueg a gréng. De Papp-Jong-Duo wandert als Ofschloss erop bei den Aussiichtspunkt „Himmelsbierg“ mat Vue op d’Buergruinen.
Veilz, Velz, Feltz, Fels, Rupes, Roketa, La Roiche, La Rochette, Larochette –am Laf vun der iwwer 800-järeger Buerg- an Duerfgeschicht gouf et ganz verschidden Nimm a Schreifweise fir dës Uertschaft. Den Numm verweist op de Fiels, op deem d’Buerg am 11. Joerhonnert gebaut gouf.
Mier. Wéi d’Waasser sech zeréck gezunn huet, hu sech d’Flëss an d’Gestengs gegruewen. D’Resultat sinn déi aktuell Landschaften aus Plateauen, Flëss an déiwen Däller, déi zanter der Steenzäit vu Mënsche besidelt sinn. Virun allem d’Sauer, als gréisste Floss vun der Regioun, huet sech déif an den Ënnergrond aus Dolomit ageschnidden, esoudass de Steen haut a Form vu Fielswänn op béide Säite vum Dall ze gesinn ass. Mee och déi méi kleng Flëss a Baachen hu géi Fielse geschafen, déi elo enk
Schluchte bilden. An déi bilden de Géigesaz zu den oppene Fläche vun der liicht hiwweleger Landschaft vum Mëllerdall.
Trainingslager fir grouss Pläng
Beim Aussiichtspunkt „Himmelsbierg“ iwwer der Fiels ukomm, kritt de Leo säi wuelverdéngte Snack: Risotto aus der Tut op dem ultraséiere Campingkocher. Duerno wäert sech de Luc eng Taass Kaffi drop kachen. Den Tour ass fir haut gepackt.
D’Alkummer ass am Fong just e ganz enke Passage tëschent zwee Fielsen. Do passt eng Per soun duerch, wa se sech schmuel mécht – an net mat hirem Gepäck tëschent de Steng stieche bleift. De Luc an de Leo waarden, bis zwee aner Wanderer déi kleng Fielse paart hannerenee passéiert hunn. D’Sandra Verholen an de Ronny Josten, 43 a 37 Joer al, kommen aus Holland a si sechs Deeg zu Lëtze buerg ënnerwee. Op dem Mullert hal Trail trainéiere si hir Fitness fir den Norway Trail an Norwegen. Anscheinend ass de Mëllerdall en Trainingslager fir all méiglech haart a laang Wanderweeër. Si sinn déi éischte Kéier am Grand-Du
ché a ganz begeeschtert. „Gëschter hu mir 22 Kilometer gemaach mat bal 400 Héichtemeter. Dat ass schonn usprochsvoll an ideal fir eisen Training. An d’Landschaft ass einfach super schéin!“, schwäermt d’Sandra. Haut si se 14 Kilometer op der Route 1 ënnerwee a beandrockt vun de Fielsformatiounen. De Luc an de Ronny tausche sech iwwer d’Schlofen an der Wildnis aus. „An Norwege muss ee benotzten Toi lettëpabeier verbrennen!“, weess de Luc aus Erfarung a grinst bei dëser Erënnerung. Fir Openthalter do bausse versuergt hie säi Rullo Toilet tëpabeier ëmmer un engem Drot a Plastikstuten, fir dass och e Schluet dem Pabeier näischt ausmécht. Outdoor-Erfarungen auszetausche gehéiert eeben dozou. Et léiert een ëmmer bäi.
Déi lescht Statioun vum Luc a vum Leo ass d’Uertschaft Fiels/Larochet te. Et ass Weekend an am Zentrum ass grad Maart. Nei a gebrauchte Wuere gi verkaaft, et ass eng méi lass, vill Portugisesch ass ze héieren. Alles bont a lieweg, d’Kanner wëlle Spillsaachen, déi Erwuesse pros te mat Béier. Mee e puer Schréck iwwer dem Duerf ass et schonn nees roueg a gréng. De Papp-Jong-Duo wëll als Ofschloss den Aussiicht spunkt „Himmelsbierg“ besichen. Direkt niewent der Kierch geet de Wee iwwer vill Trapen erop, laanscht Gäert, déi e bësse wëll a geheimnisvoll ausgesinn. Iwwerall kleng, verréckt Figuren. Uewen ukomm, kritt de Leo säi wuelver déngte Snack: Risotto aus der Tut op dem ultraséiere Campingkocher. Den Tour ass gepackt. De Leo laacht a gesäit richteg happy aus. Op esou engem Trail sinn et eeben och déi kleng Saachen, déi esou richteg glécklech maachen.
Däiwelsinsel, Morgue oder Raiberhiel: de Mëllerdall ass voll vu „schwätzenden“ Nimm a legendären Hannergrënn. An ëmmer mat e bësse Märchen a Magie. Iwwregens: Den Numm „Mëllerdall“ kënnt vun de ville Mille laanscht d’Sauer, d’Schwaarz Iernz a villen anere Baachen.
Top Wanderweeër Excellent HikingErliefnisser
Fir Wanderer ass Lëtzebuerg déi ideal Destinatioun: D’Land verfüügt iwwert ee vun den dichtste Wan derwee-Reseauen a ganz Europa. Quasi d’„Kinneks klass“: „Leading Quality Trails – Best of Europe“. Si erfëlle streng Krittä ren a garantéieren esou attraktiv Tier a Vuen an ofwiesslungsräiche Land schaften.
Iwwer d’Grenzen eraus be kannt ass den 112 Kilometer laange Mullerthal Trail , deen duerch de Mëllerdall féiert. Faszinéierend Fiels formatiounen an immens vill Gréngs wiessele sech hei of. An och d’Héich temeter, déi ee pro Tour mécht, hunn et a sech. www.mullerthal-trail.lu
Den 158 Kilometer laangen Escapardenne Trail vereent zwee „Leading Quality Trails – Best of Europe“, de Lee an de grenziwwerschreiden den Éislek Trail. E féiert duerch ofwiesslungsräich an deels nach urspréng lech Landschaften an de lëtzebuergesch-belschen Ardennen, iwwer héich Plateauen a Fielssplécken,
gréng Wise gradewéi duerch Nolebëscher an ass och ëmmer topp gezee chent. www.visit-eislek.lu
Am Norde vu Lëtzebuerg, am Éislek, ginn et ausser deem iwwer 200 Autope desteren duerch Bëscher, laanscht Schlässer, duerch déif Däller an tëschent Fielsen. Ganz besonnesch schéin an ofwiesslungsräich sinn déi 18 Éislek-Pied . Se sinn och e Grond, datt d’Éislek elo och als éischt Qualitéitswanderregioun an Europa („Leading Quality Region – Best of Europe“) ausgezeechent ginn ass. www.visit-eislek.lu
Am Süde vum Land geet d’Wanderkultur och nei Weeër: Den 90 Kilometer laange Minett Trail féiert duerch e faszinéierend Naturreservat op fréieren Industriefrichë mat hire Minièren. An d’Kabaiser cher heesche Wanderer wëllkomm. Dës originell Schlofméiglechkeete si fréier Industriegebaier, d’Agangspaart vum Märche park, Schoulen, Fabricken an touristesch Gefierer, déi fir Iwwernuechtungen ëmgebaut goufen. www.minettrail.lu
Am Zentrum entféieren d’Guttland.Trails Genoss-Wanderer op verdreemte Pied. Zwee vun den Trails gehéieren iwweregens zu de „Leading Quality Trails – Best of
Europe“. Slow Tourism ass hei d’Zauberwuert. Einfach emol ouni Stress duerch d’Natur wanderen. www.guttlandtrails.lu
Am Oste vum Land lackele verschidden „Traumschlei fen“ , déi vum däitsche Wanderinstitut certifiéiert goufen, an d’Wéngerten a bei d’Musel. Iwwerall am Land bidden d’Autopede steren d’Méiglechkeet, op méi kuerzen, mee immens schéine Strecken ze wanderen. An et ginn och nach vill aner lokal Wanderweeër an thema tesch Wanderstrecken. Firwat net emol extrauechtsam ënnerwee sinn an e Meditatiounspad, e Buerféisspad oder e Klang wanderwee entdecken? E Gang zeréckschalten an e schéine Spadséiergang maachen ...
Wanderpleséier ouni Grenzen an der Regioun Äifel/Lëtzebuerg ver sprécht den NaturWan derPark delux. 23 herrlech Premium-Autopedestere sinn Deel vun der Wan deroffer vun der Südäifel, dem Éislek an dem Mëller dall – Kleng Lëtzebuerger Schwäiz. Se féieren duerch véier Naturparken, dicht Bëscher, mee och iwwer grouss Weeden a Wisen oder esouguer laanscht Happfelder, duerch déif Däller, geheimnisvoll Schluchten oder laanscht géi Fielsformatiounen. www.naturwanderpark.eu
Op dem Circuit du Lac erlieft een den ÖewersauerStauséi an all senge Facet ten. Matten am Naturpark Öewersauer entdeckt ee ron derëm de Stauséi herrlech Panoramaen, eng eenzegaar teg Déieren- a Planzewelt gradewéi pittoresk kleng Dierfer. De Circuit du Lac ass an zwee Circuiten ënner deelt. www.visit-eislek.lu
Den nationale Wanderwee Sentier Adrien Ries ass e 54 Kilometer laange Circuit ronderëm d’Nord stad. E stellt symbolesch d’Verbindung vun de sechs Nordstad-Gemengen ënnera mateneen duer. De Wee féiert iwwer Wisen, Bësch- a Feldweeër vum Sauerdall erop bei d’Aussiichtspunkten op de Koppen. Sëlleg Schläs ser, ënner anerem d’impo sant Schlass zu Colmer-Bierg mam Sëtz vum Grand-Duc, sti laanscht d’Streck. www.nordstad.lu
d’Appartement: D’Gepäck ass schonn do, wann de Wanderer ukënnt. www.movewecarry.lu
Gratis ënnerwee Bus an Zuch als Backup
De Wandertour ass méi ustrengend ewéi geduecht? Einfach an de gratis ëffent lechen Transport klammen an zeréck bei den Ausgangs punkt fueren. Op all Punkt am Land. D’Horairë fannt Dir an der App vun der Mobilitéitszentral. www.mobiliteit.lu
Zesummen ënnerwee
Hiking-
Eventer d’ganzt Joer
Glécklech ouni Gepäck Onbeschwéiert wanderen
Dir wëllt d’Abenteuer-Wan deren attackéieren, mee net schwéier schleefen? Dann notzt d’Offer MoveWeCar ry . Beim Gepäckservice fir Etappereese gëtt d’Ge päck vun enger Iwwernu echtungsméiglechkeet bei déi nächst transportéiert. Vum Hotel bei d’Jugend herberg, vum Camping bei
Och mol an enger méi grous ser Grupp wanderen, sech mat aneren austauschen oder emol e besonnescht Event genéissen, ewéi zum Beispill eng Fakelwanderung? D’ „Fédération luxembourgeoise de marche populaire“ orga niséiert esou Eventer wärend dem ganze Joer, vu verschidde Startpunkten am Land. Hei bäi kann een iwweregens och Stempele vum IVV sammelen (IVV steet fir „Internationa ler Volkssportverband). Fir un den IVV-Wanderungen deelzehuelen, muss een net Member vun engem lëtzebu ergeschen IVV-Veräi sinn. www.flmp.lu
VISITE DE LA BRASSERIE
NATIONALE
: PLONGEZ AU CŒUR D’UN VÉRITABLE SPECTACLE INTERACTIF ET DÉCOUVREZ LE TERROIR LUXEMBOURGEOIS !
Nourrie par un héritage de plus de 250 ans, la Brasserie Nationale est devenue, au fil des siècles, la première brasserie du Grand-Duché de Luxembourg.
Le secret de ce succès vous sera dévoilé lors de la visite de la Brasserie Nationale… Un arrêt incontournable au Grand-Duché de Luxembourg, un lieu chargé d’histoire, tourné vers l’avenir. Découvrir un brassage liant tradition et modernité
SENTIR, TOUCHER ET MÊME GOÛTER LES MATIÈRES PREMIÈRES…
Les bières Bofferding, Battin et Funck-Bricher sont brassées à partir des meilleures matières premières ; elles sont pur malt et pur houblon, 100 % naturelles, sans additifs et sans conservateurs. Grâce à la connaissance de nos guides, vous pourrez sentir et toucher les matières premières, le tout avec des explications détaillées, voire même quelques anecdotes. Chaque ingrédient est choisi avec soin ; jusqu’à l’eau utilisée. « Il faut savoir que l’eau change le goût de la bière. La nôtre est d’une qualité irréprochable », souligne Monsieur Georges Lentz, administrateur de la Brasserie Nationale. À noter que l’eau est puisée à la brasserie, dans un lac à 317 mètres sous terre. Une pureté extraordinaire que vous serez évidemment invités à goûter directement à la source.
DÉCOUVRIR DE FAÇON LUDIQUE NOTRE TRADITION…
La visite guidée de la Brasserie Nationale vous fera découvrir notre méthode traditionnelle de façon ludique. Vous débuterez dans notre salle de brassage - cœur de la production – puis irez à la découverte des nouvelles cuves de fermentation, passerez par l’impressionnante cave de garde surnommée « la cathédrale », et finirez par l’embouteillage et la mise en fût. Tout le long du parcours vous bénéficierez d’une explication complète des différentes étapes du processus de fabrication de la bière.
Durant cette initiation vous aurez par ailleurs l’occasion unique de découvrir la bière distillée ainsi que la bière jeune (non filtrée), disponibles nulle part ailleurs !
VOYAGER À TRAVERS PLUS DE DEUX SIÈCLES D’HISTOIRE ADAPTÉE À L’ÈRE MODERNE…
Nourrie par un patrimoine de plus de deux siècles, cette entreprise familiale est résolument moderne.
Au cours de la visite vous pourrez le constater par vous-même en admirant d’un côté notre musée d’objets historiques et de l’autre les grandes installations très modernes.
Grâce aux investissements effectués chaque année nous arrivons à une brasserie toujours plus innovante, plus économique et plus écologique. Des engagements qui font de ses bières de véritables références.
DÉGUSTER NOTRE SAVOIR-FAIRE
Le clou du spectacle ! La dégustation – en plus de celles offertes durant le parcours – comprend 5 bières de la gamme de la Brasserie Nationale. A commencer par une traditionnelle Bofferding Pils, pour suivre avec une brassée de fraîcheur de Bofferding Bio, puis la suite avec une excellente Battin Gambrinus, après une exclusive Funck-Bricher et finir l’expérience par une bière de saison. Une explosion de saveurs accompagnée par des explications techniques qui vous permettra de mieux apprécier chaque bière.
Vous retrouverez le « savoir-bière » avec une belle représentation par nos guides ; une bière au fût parfaitement tirée, bien fraîche et servie avec grand professionnalisme.
Une belle dégustation forte en générosité qui vient clore le parcours, le tout nourri de bonne humeur, de convivialité et ce dans un esprit familial. De nouvelles activités vous attendent en 2022, pour le plus grand bonheur des amateurs de houblon : DE BRAUATELIER s’intègre désormais à la visite de la Brasserie avec la nouvelle salle de dégustation.
La brasserie s’est aussi équipée d’une installation de type « Microbrasserie », dans le but de développer et expérimenter de nouvelles recettes et proposer des cours de brassage, pour des groupes de 10-15 personnes. Vous pouvez trouver toutes les nouvelles activités sur www.visitebrasserienationale.com
N’oubliez pas de réserver avant de venir vous aventurer ! Bonne visite, bonne dégustation et à bientôt !
BRASSERIE NATIONALE
2 Boulevard J-F Kennedy | L-4930 Bascharage | Tél. : +352 23 63 64 - 217 visite@bofferding.lu | www.visitebrasserienationale.com
BRASSERIE NATIONALE VISITE ET DÉGUSTATION
UNE EXPÉRIENCE
BRASSICOLE UNIQUE :
Accueil par un guide professionnel
Visite commentée de la brasserie Dégustations de bières 100% naturelles Souvenirs
Durée : 2h (dégustation comprise)
Langues : LU / FR / DE / EN / CN
INFORMATIONS PRATIQUES ET RÉSERVATION :
• Visites sur réservation du lundi au samedi (sans réservation les samedis à 15h)
• Réservation par téléphone : + 352 23 63 64 - 217 ou via notre site internet www.visitebrasserienationale.com
• Accès par : Transport personnalisé possible
• Restauration possible chez notre partenaire « D’Braustuff »
Bau Dir Deng Dreem
Raus aus dem Hamsterrad, eran an en neit Liewen. D’Alldagsmillen hat si fest an hire Schëpperieder, mee d’Mia wollt net méi.
Meetingen, Hierarchien, vill Rendez-vousen, Drock, alles eriwwer. Déi fréier HR-Responsabel ass haut ee ganzheetlechen Coach. Inspiratioun fënnt si an der Natur.
Nei Weeër goen. Fir d’Mia Voss gehéiere Spadséiergäng mat hirem léiwen Hausdéier onbedéngt dozou. Wärend dësen Tier mam Molly huet d’Mia scho vill vum Land gesinn. Hei am Guttland kennt si sech souwisou aus, hei ass si opgewuess. An hei fënnt si ëmmer nei, inspiréierend Plazen. „Bierger gi Perspektiv, Waasser gëtt Energie a Rou, Bëscher brénge Stäerkt a kloer Gedanken.“
De Wee ass gebockelt, d’Gras gëtt ëmmer méi héich, Steng schruppen ënnert dem Auto. Dat hei kann net dee richtege Wee sinn! Mee Google huet dach gesot: „No 200 Meter wannechgelift riets ofbéien!“ Mat ten an der Pampa, Äscht gräifen nom Auto, et kommen Zweiwel op. Ass dëse Pad gutt? A wat ass d’Al ternativ? Dat ass eppes, woumat sech d’Mia auskennt: d’Fanne vun Alternativen.
D’Mia schléisst d’Routenplanung iwwer Google of a verléisst sech op hire gesonde Mënscheverstand. Si mécht d’Kéier, fiert e Bou, fënnt een aneren a méi stabille Feldwee. D’Mia Voss, eng jonk Fra mat engem nodenkleche Bléck, engem liichte Laachen op de Lëpsen, ass mat hirer Frëndin Sarah an dem Hond Molly ënnerwee am Gutt land. D’Zil: d’Schlass Turelbaach, e Gebai, dat de lëtzebuergeschen Hobby-Architekt Pol Gilson wärend Joerzéngte selwer gebaut huet, inklusiv engem klenge Séi ronderëm.
D’Resultat: e Spillschlass wéi aus dem Märchen, mat engem ron nen Tuerm, deels inspiréiert vu Kierchenarchitektur, mat enger richteger Falbréck a ville klengen Zëmmeren. Wäiss gekallekt Maue ren a Schifersteng, déi openeege schicht goufen, wiessele sech of, kleng Statue stinn ewéi Schachfigu re laanscht d’Zenerie, eng präch teg, hallefronn Terrass mat Riewe verleeft bis bei d’flaach Träppleke beim Weier – an dat alles spigelt sech am Waasser, an deem déck Frelle schwammen. Dee klenge Séi ass doduerch entstanen, dass de Pol Gilson eng Baach gestaut huet. Bis zu sengem Doud 2007 huet de Pol u sengem Dram geschafft. An e Gebai
hannerlooss, dat haut och ënner Denkmalschutz steet, well et esou eemoleg ass. Hei si vill Fester, och Filmer goufen hei scho gedréint. Wat an noer Zukunft mam Schlass geschitt, gëtt momentan diskutéi ert. Op jiddwer Fall ass a bleift et en Dram aus Steen.
Alles am Gläichgewiicht!
Op eng gewëss Manéier ass dat dem Mia hir Geschicht. En neien Ufank op onbekanntem Terrain, en ongewéinlecht Gebai, gebaut op
der Basis vu Vergaangenem. Eppes erschafen, dat vläicht net jiddweree baue géif. Sech en Dram erfëllen. Wat fir de Lëtzebuerger Pol Gilson d’Schlässchen am Guttland, ass fir d’gebierteg Dänin a fréier HR-Responsabel Mia Voss hiren neien „Holistic Corner“: e ganz heetleche Coach fir Mënschen, déi eppes am Liewen ännere wëllen. Raus aus dem Hamsterrad, eran an d’Uechtsamkeet, e bewosst Liewen, eng gutt, nohalteg Ernärung, Yoga a méi. D’Zauberwuert: Balance. An: sech ënnerlech iwwerwannen, eraus aus der Comfort Zone. Nei Weeër goen.
Déi richteg Plaz am richtege Moment kann hëllefen, d’Gedanken ze zortéieren. Ka Rou bréngen an den Horizont erweideren. A kann natierlech dann och déi richteg Plaz fir Yoga-Übunge sinn. Fréier war d’Mia beim Boxtraining an huet Hand ball gespillt. Elo brauch si keng Géigner méi, wa se sech kierperlech auspowere wëll.
D’Schlass Turelbaach gouf tëschent 1964 an 2007 vum Lëtzebuerger Pol Gilson op enger suppeger Wiss gebaut. De passionéierten HobbyArchitekt huet all seng Iddien a seng Léift an dësen Dram gestach: en eegent Schlass op enger Insel ze hunn. Wat an noer Zukunft mam Schlass geschitt – dat elo ënner Denkmalschutz steet –, gëtt momentan diskutéiert.
Net just aus der Vulleperspektiv realiséiert ee séier: Dat hei ass d’Wierk vun engem groussen Dreemert. Beim Schlass Turelbaach gëtt et en dräi Kilometer laange Circuit, op deem d’Gebai selwer natierlech den Héichpunkt ass.
D’Naturschutzgebitt
Sonnebierg an der Géigend vu Walfer betrëtt een duerch hëlzen a metallen Dieren ewéi op enger Alm an de Bierger. Direkt huet een d’Gefill, an der Vakanz ze sinn.
„Dobäi hëllefe mir immens vill d’Natur a wäertvoll Mënschen ëm mech ronderëm. Wéinst dem Sarah a senger Famill hunn ech mat Yoga ugefaangen, mee ech wollt och nach aner Fäegkeete mat abauen. Massagen, Reiki, Hypnotherapie an och Foussref lexzonemassagen, wéi se meng Mamm mécht“, erzielt d’Mia an heemelt d’Molly, hiren Hond. Fir d’Mia gehéiere Spadséiergäng mat hirem léiwen Hausdéier onbedéngt dozou. Wärend dësen Tier mam Hond huet d’Mia scho vill vum Land gesinn. Hei am Guttland kennt si sech souwisou gutt aus, hei ass si opgewuess. An hei fënnt si ëmmer nei, inspiréie rend Plazen. „Bierger gi Perspek tiv, Waasser gëtt Energie a Rou, Bëscher brénge Stäerkt a kloer Gedanken“, seet d’Mia.
Wéi d’Mia, d’Sarah an d’Molly beim Schlass ukommen, fléien Inte quakend iwwer d’Waasser. D’Zäit schéngt hei stoe bliwwen ze sinn. De Labradoodle Molly schnoffelt un de Steng bei der Bréck. Waren hei schonn aner Hënn? Bestëmmt. De Bléck iwwer d’Waasser bréngt Rou a Fridden. Bis d’Molly billt. „Gi mer weider, Meeschtesch? Ech wëll e richtegen Hondstour dréinen!“
Ursprénglech, abenteuerlech
Dofir sinn d’Guttland.Trails genee richteg. Se goufen als kuerz a flott Circuiten nei ugelu echt a kënnen all zum Beispill iwwer d’Plattform Outdoo ractive entdeckt ginn. Ee vun dëse Weeër ass de „Fuussepad“.
Duuss schéngt d’Sonn duerch de Bliederdaach vum Bësch. Dann, hannert enger Kéier, op eemol géi Fielsen an ëmgefalle Bamstämm. Ursprénglech, abenteuerlech. „Hei op de Guttland.Trails appreciéiere mir d’Rou, se si manner besicht wéi zum Beispill vill Etappe vum Mullerthal Trail“, seet d’Mia begeeschtert. Mam Molly ware si an d’Sarah schonn ëfters hei. Den Hond genéisst d’Fräiheet a déi vill Gerécher vum Bësch. Cham pignone wuesse laanscht de Wee,
D’Mia ass mat der Frëndin Sarah an dem Hond Molly ënnerwee um Guttland.Trail „Fuussepad“. Onberéiert Bëscher a Wisen, ofgeleeë Fielsformatiounen, geheimnisvoll Baachen, kleng Séien a beandrockend Vuen –d’Guttland.Trails si perfekt fir kuerz Wanderungen, déi Spaass maachen.
am Gestrëpp raschelt et. Och Réi schénge sech hei wuelzefillen. Déi aner Guttland.Trails, de „7-Bré cke-Wee“ an de „Mamerleeë-Wee“, wäerte si an den nächste Woche bestëmmt nach emol besichen.
Vakanz bei Schof
Raus aus dem Bësch an erop op e klengen Hiwwel: Dat maachen déi dräi dann um Sonnebierg an der Géigend vu Walfer. Ewéi den Numm scho seet: Hei kann d’Sonn
ongestéiert Mënschen, Déieren a Planze wiermen. Sëlleg Uebstbeem verleeden dozou zouzegräifen, mee opgepasst: Dat hei ass en Natur schutzgebitt. Keen Uebst vun de Beem klauen, keng Uuchteblum men ënnert de Beem plécken, esou lackeleg déi fragil mof Bléien och an der Sonn liichten. Déi quasi perfekt Wiss gëtt vu fläissege Schof gefleegt. De Beweis sinn déi kleng, däischter Kugelen iwwerall. Ënnert engem Bam rullt d’Mia trotzdeem hir Yogamatt aus. De Sonnegrouss passt perfekt heihinner. No e puer Übungen, wärend deenen déi jonk Fra ganz bei sech ze si schéngt, rullt d’Mia d’Matt mat engem Laachen nees zesummen. Dat war e gudde Moment.
mat neie Rezepter. Fir si geet et net ëm Aschränkungen oder Extreemen, mee ëm nohalteg a laangfristeg Choixe fir Gesondheet. D’Schlësselwuert ass Balance an d’Mia setzt dëst mat ganzem Häerzen ëm. Plus ganz vill Virwëtz, wat Kraider a Britten ugeet, och aus der chineese scher Medezin, déi d’Mia och mat abezitt. Alles keng Hexerei, eigentlech ass et och hei dat offensicht lecht Gutt, dat d’Mia sech ganz natierlech zu eege mécht.
Uechtsam akafen
D’Sandrine, d’charismatesch Patronne vu „Les Paniers de Sandrine“ zu Mënsbech, beréit d’Clientë gär. An och si lieft hiren Dram. Kee Schnickschnack, einfach gutt Saachen. Eng immens Vilfalt gëtt et trotzdeem. Eleng d’Tomaten: 50 verschidden Zorten, all hei ugeplanzt.
Zu engem ganzheetlech uechtsa men a gesonde Liewensstil gehéiert natierlech och déi richteg Ernä rung. Kachen ass hir Leidenschaft an dobäi setzt si op vollwäerteg Liewensmëttel, kreéiert hir eege faarweg Platen an experimentéiert
D’Uebst an d’Geméis, dat si an d’Sa rah doheem verschaffen an iessen, kënnt oft vu „Les Paniers de Sand rine“ zu Mënsbech. Wien do ukënnt, mengt fir d’éischt emol, matten an engem hekteschen, landwirtschaftleche Betrib ze sinn. Camione maa che vill Stëbs, eng grouss Hal waart op Visiteuren. An dobannen? Hei sinn appetitlech Zaloten, Kraider, Kalbassen, Kornischongen, mee och Ueleger, verschidden Zorte Miel a vill aner Produiten a laange Reien opgebaut. Al, däischter Schief han nert der Théik sinn e Kontrast zum industrielle Charme vun der Hal. Et richt gutt an d’Leit, déi hei Grom peren, Äppel oder Nëss auswielen, gesinn zefridden aus. Dertëschent bëselt d’Cheffin Sandrine ronderëm.
„Et fillt sech einfach richteg un, esou Produiten ze kafen. Et weess een, wou se hierkommen“, seet d’Mia, wärend se de Portmonni an de Kuerf stécht. Den Hond Molly gaapst a leet sech op de Buedem. En ass midd. Mee keng Suerg: De Wee heem wäert fir d’Meeschtesch einfach sinn. D’Zäit vun de gebockelte Feldweeër ass, zumindest fir haut, eriwwer.
Zu engem ganzheetlech uechtsamen a gesonde Liewensstil gehéiert natierlech och déi richteg Ernärung. Kachen ass dem Mia hir Leidenschaft an dobäi setzt si op vollwäerteg Liewensmëttel, kreéiert hir eege faarweg Platen an experimentéiert mat neie Rezepter. Fir si geet et net ëm Aschränkungen oder Extreemen, mee ëm nohalteg a laangfristeg Choixe fir Gesondheet.
Waasseraktivitéiten
Erfrëschend Naasslëschteg an der Natur
Um Stau zu Lëlz am Na turpark Öewersauer ginn et direkt e puer Méiglech keeten, fir Waassersport ze maachen. Direkt virun der Jugendherberg , op der Plage, kann ee mat engem geléinte Kajak, Kanu oder Stand-up-Paddle-Board starten. Paddelen ass eleng oder bei engem guidéier ten Tour méiglech, wou een d’fjordänlech Land schaft am beschte kenne léiert. Vakanzefeeling garantéiert! www.youthhostels.lu
D'Base Nautique vum Service National de la Jeunesse (SNJ) zu Lëlz bitt fir Gruppen op Reservatioun och ver schidden Aktivitéiten un, ënner anerem Seegelen, Paddele mat engem Flooss, Stand-up-Paddling oder Tauchen. www.erliewen.snj.lu/ lultzhausen
Um Bord vum Stauséi gëtt et och eng Tauchschoul . Entdeckt d’Ënner waasserwelt mat e puer Iwwerraschungen, déi ënnen am Séi waarden! D’Schoul bitt och nach aner Waasseraktivitéiten
un, ënner anerem kann een hei verschidde Boots fürerschäiner maachen. www.divewinns.com
Um Stauwaasser vun der Sauer zu Rouspert ass et erlaabt, vum 30. Abrëll bis den 31. Oktober Waas serschi oder mat engem Banana-Boat ze fueren. Bedreiwer an Uspriech partner ass hei d’Waasser schi-Schoul „Le Dauphin“. www.waasserski-rouspert.com
Entdeckt wärend enger naturkundlecher Visite guidée mam Solarboot dee gréissten Drénkwaas serreservoir vu Lëtzebuerg am Norde vum Land aus enger neier Perspektiv! Gitt interessant Detailer iwwer d’Flora an d’Fauna gewuer, am a ronderëm den Uewersauer-Stauséi, Fakten iwwer d’Geschicht vum Séi a vun der Regioun gradewéi iwwer den Drénkwaasserschutz. www.naturpark-sure.lu
Léiert den 30 Hektar groussen, kënschtlech ugeluechten Iechternacher Séi mat engem Pedalo kennen. Ausléine kann een d’Booter op der ëstlecher Säit vum Séi, op der Insel, op där och de Bistro „De Grénge Schapp“ ze fannen ass. Op wärend der Saison all Weekend an ënnert der Woch, wa schéint Wieder ass, a fir Gruppen op Ufro. Ab dem Summer 2023 kann een och am Séi schwammen. Eng Er
gänzung fir e Fräizäit- an Erhuelungszenter, deen och virdru schonn attraktiv war. Hei ginn am Summer ënner anerem Festivaller a Concerten organiséiert. www.degrengeschapp.com
Op der Sauer, am gréngfielsege Mëllerdall, kann ee vun Déiljen aus mam Kajak oder Kanu fueren. Ausléine kann een d’Booter bei „Outdoor Freizeit“. Eng aner attraktiv Kanustreck ass gëeegent fir Ufänger, kleng Waasserpiraten, trainéiert Kanuten oder Naturfans, Romanti ker oder Gruppen a läit tëschent Wallenduerfer Bréck a Bollenduerf. Hei verléint „Ronn’s Bikes, Kajak & Kanu“ d’Booter. www.outdoorfreizeit.lu www.kanuverleihaufdersauer.lu
Am Agang vu Wäiswam pech ginn et zwee kënschtlech Séien. Wärend deen ieweschte Séi fir Fë scher reservéiert ass, kann een an deem ënneschte schwammen a verschidde Waassersportaarten aus üben. Oder mam Pedalo fueren. www.visit-eislek.lu
D’Musel bitt dank hirer Breet an de waarme Waas sertemperature perfekt Konditioune fir erfuere Waassersportler, mee och fir Ufänger, déi déi éischte Kéier den Adrenalinkick um Waasser spiere wëllen. Waasserschi a Wakeboarding gehéieren hei zu
de besonneschen Aktivi téiten. „Ski Nautique“ zu Gréiwemaacher ass den Uspriechpartner, gradewéi „Aqua Ski“ zu Ohn-Meechtem, „Sports Nautiques Mosellans“ zu Éinen an de „Club Nau tique de Luxembourg“ zu Bech-Maacher. www.wake-sng.com www.aquaski.lu www.ehnenbeach.lu www.cnlwaterski.lu
De Yachthafen zu Schwéidsbeng ass deen eenzegen Hafe fir Fräizä itbooter op der lëtzebuer gescher Musel. Opgrond vu senger Particularitéit mat de Flute vun der Musel op- an ofzesteigen, kënne Booter hei och iwwer de Wanter geparkt ginn. www.mycl.lu
D’Elektrobooter vu „Wateradventures“ kann een ouni Bootsfürerschäin ausléinen an d’Muselregi oun ronderëm Réimech entdecken. Persounen, déi léiwer mat engem richt ege Kapitän op Entde ckungstour ginn, kënnen dës Booter natierlech och mat engem Skipper lou nen. Fir Adrenalin-Junkië gëtt et d’Malibu Speed Boot mat 450 PS – zesum me mat engem professio nelle Skipper. Och aner Waassersport-Gadgeten an -Aarte kann ee lounen an erliewen. www.wateradventures.lu
Dobausse
schwammen Wéi e Fësch
am Waasser
Dobausse sinn an dach „ziviliséiert“ schwammen: Heifir ginn et OpenairSchwämmen an OutdoorBasenge vu kombinéierte Piscinnen. Zu Rouspert gëtt et um Camping en attrakti ven Outdoor-Pool. Inklusiv engem separate Baseng fir Kanner. www.camping-rosport.lu
D’Réidener Schwämm läit matten an der schéinster Natur a bitt ënner anerem e Wellebaseng. Immens flott –an net just fir Kanner! www.reidener-schwemm.lu
Dank de vilfältege Méiglech keete sech op enger Fläch vun iwwer 10.000 Quadrat meter auszepoweren, ze entspanen an Energie ze tanken, ass den Aquasud zu Déifferdeng alles anescht wéi eng gewéinlech Piscine. Och attraktiv OutdoorPools gehéieren dozou. www.vert-marine.com/ aquasud
Schwammspaass ass am Aqua Park zu Beefort garantéiert. Fir d’Gäscht vum Camping ass d’Entrée gratis. Zu den Attraktioune gehéieren ënner anerem eng 50 Meter laang Rutschban, Champignon- a Waasserka nounen, originell „Buedem blubberen“ a méi. www.visitbeaufort.lu
AUF EINE AUSZEIT?
Daucht an an d’Waasser spaass- a Wellness-Welt vum AquaNat’Our am Norde vum Land. De Waasser spaass-Zenter bitt iwwer 3.500 Quadratmeter Sport, Erhuelung an Entspanung. Ob Kannerbaseng, Saunaen oder Fitness- a Gesond heetszenter – et gëtt alles gebueden. www.aquanatour.lu
Vill Fräizäitspaass bitt zu Réimech e komplett reno véierte Komplex um neisten technesche Stand mat verschiddene Schwämmen, engem Sportbaseng (olym pesch Moossen) an engem grousse Kannerbaseng. Och am Outdoor-Beräich. www.visitremich.lu
Zu Gréiwemaacher direkt beim Camping lackelt e ge hëtzten Outdoor-Pool mat laange Bunnen och sportlech Schwëmmer un. www.grevenmacher.lu
D’Escher Piscine huet e grousse Baseng mat engem Sprangtuerm, engem Baseng fir Ufänger an engem Whirl pool-Beräich. De baussechte Baseng mat Massagëbänk ass d’ganzt Joer op. https://lesbainsduparc.esch.lu
Puddelen ënner fräiem Himmel. D’OpenairSchwämm zu Diddeleng huet gehëtzte Basengen, eng Rutschban, e Baseng fir Netschwëmmer, eng grouss Wiss, fir sech ze sonnen, a villes méi. www.dudelange.lu
D’Baggerweieren zu Rëmerschen op der Musel lackelen all Joer am Fréijoer an am Summer Honnerte Waasserraten a Frënn vun der Sonn op 25 Hektar Fläch un. Waasser spaass, an der Sonn leien a Spadséiergäng stinn hei um Programm. Entrée mat Billjee. www.visitmoselle.lu
Les Thermes mat hirer charakteristescher UfoForm lackele Schwamm frënn op Stroossen. Well ness a Waasserspaass gëtt et do esouwuel am Outdoorwéi och am Indoor-Beräich. www.lesthermes.net
D’Piscine zu Dikrech bitt en iwwerdaachte Schwëm merbaseng mat engem Buedem, dee sech an der Héicht verstelle léisst. Am Summer versprécht d’„Die kirch Plage“ vill Spaass –mat Beachvolleyball, Ope nair-Pool, Mini-Fussball, Kannerspillplaz, Gedrénks, Snacken & Glacen. D’Ent rée fir dëse Summerpleséier ass gratis. www.diekirch.lu
An der Syrdall Schwämm zu Nidderaanwe waart eng vilfälteg Waasserwelt op d’Visiteuren. Dobausse luet en Openair-Pool, deen d’ganzt Joer op ass, mat Spruddelbänken an engem ronne Stréimungsbaseng dozou an, sech ze ent spanen, ze schwammen a Spaass ze hunn. www.syrdall-schwemm.lu
Äddi ciao tipptopp
De Mike McQuaide, „An American in Luxembourg“, ass e begeeschterten Ambassadeur fir schéi Plazen an interessant Bekanntschaften an am léifsten op zwee Rieder ënnerwee. Wann hien net grad amgaang ass, e Buch ze schreiwen, dokumentéiert hie seng Erfarungen op YouTube, Instagram a Co. Wann een e kenne léiert, trëfft een op e Mënsch, deen – wéi e Kand – mat engem glécklechen Ausdrock am Gesiicht oppen duerch d’Land pedalléiert a virun allem eppes sammelt: flott Gespréicher.
De Mike McQuaide, 61 Joer a gebuer am New Jersey, wunnt zënter 2013 zu Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass den „Exil“-Amerikaner e begeeschterten Ambassadeur fir Lëtzebuerg. Am léifste schwéngt hie sech op säi Vëlo. Esou gesäit hien och méi vum Land.
Eng Theatertribün aus Steen. E Mann, moies fréi am Géigeliicht nëmmen als däischter Silhouette ze erkennen, ëmgi vum éischten Hierschtniwwel. En Hel denepos. D’Hand iwwert dem Kapp, den Doudekapp fest am Grëff an am Bléck. „To be, or not to be, that is the question: Whether ‚tis nobler in the mind to suffer the slings and arrows of outrageous fortune, or…“
Stopp! Net esou seriö! Deen, deen do steet, ass net dem Shakespeare säin Hamlet. Et ass de Mike McQuaide. An am Grapp huet den „Exil“-Amerikaner keen Doudekapp, mee säin Handy. Hie mécht ee vu senge bekannten a beléifte Selfie-Videoen. „Moien! Wéi geet et? Ech sinn de Mike!“ Dee klenge Film dréint e fréi moies am réimeschen Theater zu Duelem.
Passionéierte Vlogger
De Mike McQuaide wunnt zënter 2013 zu Lëtzebuerg. Seng Fra krut dee mools eng Aarbechtsplaz am GrandDuché ugebueden an esou huet d’Fa mill McQuaide hir Wallisse gepaakt an ass vu Seattle heihinner geplënnert. De Mike, deen an den USA scho jorelaang als Journalist geschafft hat, huet Engleschcoursë ginn, awer och weiderhin Texter geschriwwen. An dëse verschafft hie säin neit Liewen zu Lëtzebuerg. Bei him komme verschid de Passioune beieneen: Sport a virun allem d’Vëlofueren. Land a Leit kenne léieren. An amusant Geschichten er zielen. „En Amerikaner zu Lëtzebuerg“ war gebuer.
Als Buch, dat 2017 publizéiert gouf an 2018 e Publikumspräis krut. An natierlech a Form vu kuerzen, witzege Videoen „on the road“, déi mëttlerweil eng grouss Fan-Community zu Lëtze-
buerg an am Ausland hunn. Den Handy ass ëmmer als Kamera derbäi, wann de Mike op säi Vëlo spréngt an drop lassfiert, fir Lëtzebuerg ze entdecken.
En Auto huet hien net, och wéinst der Ëmwelt. Vu sengem Doheem an der Haaptstad ass hien am léifste gratis mam ëffentlechen Transport an eebe mat sengem Vëlo ënnerwee. Haut, op dësem sonnegen Hierscht dag, wou d’Blieder scho faarweg sinn, fiert de Mike mat sengem Bike duerch d’Miseler Géigend. Den Tour verleeft – zoufällegerweis – gréiss tendeels iwwer d’„Réimerstrooss“, déi vun Duelem iwwer Rëmerschen, Welleschten, Gréiwemaacher a Mäer tert op Iechternach féiert.
No deem klengen Intermezzo am Theater klëmmt de Mike erëm op säi schwaarze Vëlo aus Karbon a fiert weider a Richtung Munneref. Et gesäit een direkt: D’Vëlofuere mécht him einfach Spaass. Hie laacht,
mécht Faxen, gréisst aner Cyclisten. Am Bierg geet de Mike aus dem Sue del, de Kader schwéngt energesch hin an hier. Op eemol d’Landschaft an all hirer Schéinheet, mat Niwwel tëscht Hiwwelen a Beem. Wéi en Dram.
Zu Munneref lenkt de Mike säi Vëlo a Richtung Park a klëmmt erof. Am eenzegen Thermalbad vum Land gëtt et eng grouss Thermenanlag. Bannenan: eng Wellness-Oas mat
Schengen, dat klengt Duerf am Dräilännereck, ass d’Wéi vun der Reesfräiheet an Europa. Vis-à-vis vum „schwammenden“ Tourist-Info vum Architekt François Valentiny steet eng riseg Skulptur aus Corten-Stol a Form vun engem Stär. Hei kënne verléifte Koppelen hir gravéiert Schlässer ophänken. „Viru Kuerzem hunn ech och engt opgehaang. Waart, ech sichen et!“, seet de Mike.
Duelem ass dee bedeitendsten archeologeschen Ausgruewungssite aus der Réimerzäit am Grand-Duché. Hei war eng wichteg Tëschestatioun vun der Via Agrippa, der grousser réimescher Strooss vum Mëttelmier bis bei de Rhäin. Deemools war am Theater Plaz fir 3.500 Spectateuren.
An der fréierer Réimerstad Duelem, ëm d’2. Joerhonnert „Ricciacus“ genannt, zeit villes vun der Antiquitéit. 120 Spectateure kënnen et sech hei op den Originalsteng vum Theater gemittlech maachen. Déi éischt Plaze ganz vir hunn esouguer Aarmleene fir wichteg Perséinlechkeeten –genee déi richteg Plaz fir de Mike.
D’Maus Kätti (och „D’Maus Ketti“) ass dat bekanntste Wierk vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Auguste Liesch. D’Geschicht a Versform baséiert op enger Fabel vum berüümte griicheschen Dichter Äsop iwwer d’Stad- an d’Feldmaus. De Buer zu Munneref erënnert u se. Hei begéint de Mike zoufälleg dem bekannte Cellist André Mergenthaler.
Sauna, Spa, Fitness a ville Soinen. De Park ronderëm ass ideal, fir ze flanéieren, eng Paus ze maachen – a Leit ze treffen. Zu Munneref gëtt sech jiddweree Rendez-vous: Politi ker, Schauspiller an aner prominent Lëtzebuerger sinn hei ënnerwee. „Hey, ass dat dohannen net den André Mergenthaler?“ Hannert dem Buer, deen eng Zeen aus der lëtzebu ergescher Fabel D’Maus Kätti weist, trëppelt e schmuele Mann mat Glatz, Brëll, Sportsposch, schwaarzer Ja ckett an Joggingsbox laanscht. Jo, et
ass en! De Cellist aus dem Süde vum Land ass a verschiddene Museksstiler doheem – „alles ausser klassesch“. „Hi, wéi geet et?“, freet de Mike mat engem grousse Grinsen. Den André ass gutt gelaunt. Hien huet grad e puer liicht Fitnessübunge gemaach, fir seng Cellisten-Haltung auszegläi chen. Op d’mannst zweemol d’Woch kënnt en heihin. Den André ass och e Bike-Fan, „wéi e klenge Jong“, seet hien. Doheem huet hie vill VintageVëloen an en neie Gravelbike. Déi zwee fachsimpelen e bëssen iwwer hir Vëloen. „Bikes are the common language“, seet de Mike an den André gëtt him Recht. Wéi Musek.
E klengt Duerf ganz grouss
Weider geet et op Schengen. Hei gouf den Accord mat deem selwechten Numm ënnerschriwwen, dank deem jiddwereen, dee gär ënnerwee ass, méi einfach iwwer d’Grenze kënnt. Laanscht d’Promenad steet eng riseg Skulptur aus Corten-Stol a Form vun engem Stär. Hei kënne verléifte Kop pelen hir gravéiert Schlässer ophän ken. Oder de Mike. Eemol méi spiert ee säin Enthusiasmus, wann hien no sengem Schlass sicht. „Do! Kuck: Äddi ciao tipptopp! Mäi Sproch zum Schluss vu menge Videoen!“, seet en an dréit d’Klauschter a senger Hand. „Hutt der d’Saile mat den Natioune scho gesinn? Ech fannen et cool, wéi figurativ d’Länner duergestallt sinn. An datt een och déi original Nimm vun de Länner liese kann.“
Am nächsten Ament schwätzt eng blond Fra hie mat engem grousse Laachen am Gesiicht un. „Du bass et wierklech, gell? De Mike McQuaide. Ech fannen deng Videoen immens!“ D’Tania ass ëm déi 50 a grousse
Den Numm „Bad Mondorf“ weist drop hin, datt d’Uertschaft en Thermalbad ass. Dat eenzegt zu Lëtze buerg. De Stil hei ass relativ klassesch, mee d’Chantiersclôture vis-à-vis vum Buer bei der Entrée brécht mam 80er-Jore-Charme.
Am Oste vum Land erstreckt sech d’Musel laanscht déi lëtzebuergesch-däitsch Grenz. Op den 42 Kilometer vu Schengen op Waasserbëlleg huet de Floss eng hiwweleg Landschaft geschaf, déi vu ville Fielsen aus Kallek duerchzunn ass a sech dowéinst ideal fir de Wäibau eegent. Schonn d’Kelten, d’Gallier an duerno d’Réimer hunn hei ewell Wäin ugebaut!
Wou sinn ech hei gelant? An engem mëttelalterlechen Duerf? Et kéint ee bal mengen. D’Wënzerduerf Welleschte verzaubert mat geheimen, verwénkelten a pittoresken Eckera mat net manner wéi fënnef stenge Béi hannereneen.
Vëlosfan. Jorelaang hat hir Famill e Vëlosbuttek. A si kennt déi berüümt lëtzebuergesch Coureuren – d’Ge bridder Schleck – perséinlech. „Déi hunn ech och well begéint!“, verzielt de Mike. „Déi zwee komme jo vu Munneref. Do hunn ech mech eng Kéier virun eng riseg Foto vum Fränk Schleck gestallt an d’Gewënner-Pos aus Spaass nogemaach a gepost. A weess de wat? De Fränk huet dat op de Social Media gesinn a mech ge frot, ob mer net zesummen en Tour mam Vëlo maache sollen. An dat hu mir dunn och gemaach! Sou cool!“
Vu Schenge bis bei den Aussiicht spunkt Markusbierg héich iwwert dem Duerf muss ee just e puer Mol kräfteg an d’Pedallen drécken. „Ech si begeeschtert. Hei zu Schenge kann een engersäits der Uertschaft hir grouss Bedeitung fir Europa erliewen an anerersäits ass et e pittoreskt, klengt Wënzerduerf. Och d’Natur schutzgebitt ënne beim Réimecher Biodiversum, guer net wäit ewech, ass super.“
Zënter der Pandemie verkeeft den Uebst- a Geméisbetrib Bentz-Seil seng Wueren net méi op de Mäert uechter d’Land, mee doheem zu Stadbriedemes. Dem Business huet dat net geschuet. An eng flott Ambiance mat gudder Berodung gëtt et och. Schliisslech kennt sech d’Famill zënter véier Generatiounen an deem Geschäft aus.
Do hält de Mike haut awer net stall a fiert weider op Welleschten. De schéinen Duerfkär verzaubert mat Ecker wéi aus engem Märchen. Hannert der eisener Paart bei enger Landtourismus-Wunneng verstoppt sech en originelle Passage – mat gan zer fënnef stenge Béi hannereneen.
Do schwätzt dach een Englesch mat engem amerikaneschen Accent! Déi nächst Fans erkennen de Mike. A si selwer Amerikaner! Den Justin ass mat senger lëtzebuergescher Schwéi ermamm op der Sich no enger Wun
neng. Hie wëll sech zu Lëtzebuerg nidderloossen. De Blake aus Kalifor nien ass e professionelle Basketspiller a wunnt schonn zënter e puer Méint zu Welleschten. De Mike mécht gutt gelaunt e puer Selfien. A gëtt dann e bëssen nodenklech. Säi Bouf ass am selwechten Alter wéi déi zwee jonk Männer, erzielt en: „Enn der Woch fléie meng Fra an ech an d’USA. Mir besichen eise Jong a Kalifornien. Dorop freeën ech mech. Mir hunn hie scho laang net méi gesinn.“ De Jong, deen als Teenager op Lëtzebu erg komm an dunn hei opgewuess ass, huet seng definitiv Plaz nach net fonnt. Hie schwankt tëschent Lët zebuerg an Amerika. De Mike awer net: „Ech kennen d’USA méi ewéi genuch. Meng Plaz ass elo hei.“
Et fiert en Zuch zeréck heem
Iwwer liicht geschwonge Stroos se geet et iwwer Greiweldeng op Gréiwemaacher. Hei ass eng méi lass. D’Musel weist hir aner Säit: d’Fracht schëffer. Containeren an oppe Gidder ginn transportéiert. Kräsi, Schrott, Liewensmëttelen a villes méi kommen iwwer de Floss op hir Destinatioun. Bei der Schleis waart déi lescht Attraktioun vum Dag: de viischten Deel vun engem Container schëff, deen ofgeseet gouf an elo als Aussiichtspunkt déngt.
De Mike klëmmt erop a léisst säi Bléck iwwer d’Schleis an d’Musel wanderen. Mee da kuckt hien op d’Auer. „O, mäin Zuch fiert ge schwënn zu Waasserbëlleg fort! Ech muss fueren!” Wéi de Blëtz ass hien ënnen op der Promenad a schwéngt sech op säi Vëlo. Natierlech net ouni seng Liblingswierder op Lëtzebuer gesch: „Äddi ciao tipptopp!“
Direkt laanscht d’Musel zu Gréiwemaacher fënnt ee vis-à-vis vun der Schleis den ofgeseete viischten Deel vun engem ale Containerschëff als Aussiichtspunkt. Wat gëtt op der Musel transportéiert? Wéi funktionéiert de Giddertransport mat Schëffer? Wie sech dofir interesséiert, ka sech hei informéieren.
Vëlofueren
Fir all Zort Vëlo Ënnerwee a vilfältege Landschaften
Mat ronn 600 Kilometer
Vëlospisten a 700 Kilometer Mountainbike-Parcoursen (d’Zuel geet permanent an d’Luucht) ass Lëtzebuerg e Paradäis fir Vëlostouristen. „Erfuert“ d’Haaptstad op zwee Rieder, flitzt ëmgi vu Wéngerte laanscht d’Musel, briedert duerch de Bësch an tëschent Fielsen am Mëllerdall, duerch säfteg Wisen am Guttland oder am faszinéierende Land vun der Rouder Äerd iwwer Mountainbike-Trails. Oder schlängelt Iech am Éislek iwwer Serpentinnen. Iwweregens: Wärend der Saison bidden d’regional Tourismusbüroe guidéiert Tier un, mat deenen Dir d’Land um Vëlo entdecke kënnt.
Vëlospisten
E puer Highlights
Onvergiesslech an ofwiess lungsräich Vëlosweeër ginn et am ganze Land. Probéiert ëmmer neier aus!
Een Highlight ass sécherlech d’Vennbunn . De Vëlos wee, e puer Mol interna tional ausgezeechent an eng
vun de längste Vëlospisten op engem Zuchtracé an Eu ropa, féiert duerch déi dräi Länner Däitschland, Belsch an eeben och Lëtzebuerg. Vu Reuland an der Belsch geet et laanscht de Flanter maustunnel bis op Ëlwen zu Lëtzebuerg. www.vennbahn.eu
En europäesche Vëloswee, deen deelweis duerch Lët zebuerg féiert, ass och d’Via Romea Francigena alias EuroVelo 5 . Ursprénglech e Pilgerwee vun England op Roum, féiert dëse Wee duerch siwe Länner inklusiv 107 Kilometer duerch de Grand-Duché. D’Streck geet iwwer national Vëlospiste vun der belscher Grenz bis an d’Stad an da weider bis d’däitsch-franséisch Grenz zu Schengen, dem symbol eschen Zentrum vun Europa an Heemecht vum europä esche Musée. www.eurovelo.com
Déi 23 national Vëloswee ër (Pistes Cyclables, PC) féieren duerch de ganze Grand-Duché an et kann een interessant Plazen ewéi de fréieren Eisebunnstunnel zu Bech entdecken. D’PCen hunn oft besonnesch Thee maen, zum Beispill de PC6, deen duerch dräi Kantoner féiert, de PC8, deen duerch d’Land vun der Rouder Äerd geet, de PC3 laanscht dräi Flëss a villes méi. www.visitluxembourg.com
Dir wëllt Spaass op zwee Rieder mat Genoss an
interessanten Infoe ronde rëm regional Spezialitéite verbannen? Heifir ginn et thematesch Weeër ewéi Velo Vinum a Velo Pomarium duerch Wéngerten a Bonger ten oder Grenzenlos Radeln: Niewestreck Genoss Pano rama. Op dem Tudor-Tour duerch de Mëllerdall kann ee sech iwwer d’Stroumproduk tioun am Land informéieren. www.visitluxembourg.com
Fir Mountainbike-Fans ginn et eege Strecken ewéi d’RedRock MTB Trails . Op 167 Kilometer léisst sech d’Land vun der Rouder Äerd an domat d’faszinéierend fréier Minièren an d’Natur schutzgebitter, déi do nei entstane sinn, iwwer sechs verschidden Trails entdecken. www.visitminett.lu
Bike-Eventer Festivaller vun de Vëlosfrënn
De Vëlosummer ass e ganz spezielle Vëlosevent, deen zu Lëtzebuerg zan ter dem Joer 2020 dozou aluet, d’Land op zwee Rieder kennen ze léieren. An der Summervakanz ginn dofir bestëmmte Stroossen duerch schéi Landschafte fir den nor male Verkéier gespaart an a Vëlospisten ëmfunktionéiert. www.velosummer.lu
„Alles op de Vëlo“, e beléifte Vëlosdag fir d’ganz Famill, fënnt eemol d’Joer am Summer tëschent Mamer
a Miersch statt a gëtt vum Mouvement Écologique an Zesummenaarbecht mat de Gemengen a ProVelo.lu orga niséiert. De Vëlosdag gëtt et och am September tëschent Stroossen a Bartreng. www.meco.lu
E bësse manner gemittlech wéi normal Familljentier, dofir sportlech-ambitio néiert sinn déi verschidde Vëloscourssen. U berüümt lëtzebuergesch Vëloscou reuren erënneren d’Coursse Schleck Gran Fondo a La Charly Gaul. Am Oste fuerdert de Mill Man Trail Vëlosfuerer eraus. Am Land vun der Rouder Äerd schweesst ee bei dem Red Rock Challenge um Mountainbike Day a beim X-Duathlon. Ronderëm d’Auer ënnerwee ass ee beim 24 Stonnen Vëlo Wëntger A beim Skoda Tour de Lu xembourg geet et duerch de ganze Grand-Duché. www.mullerthalcycling.com www.schleck-x-perience.com www.lacharlygaul.lu www.rr-challenge.lu www.24hwentger.lu www.skodatour.lu
Speziell Servicer Hëllef ronderëm de Vëlo
Wie mam Vëlo ënnerwee ass, freet sech iwwer de bed+bike-Label, dee vëlos frëndlech Iwwernuechtungs méiglechkeeten auszeechent.
Ënnerstellplazen, Repara turservicer a méi maachen den Openthalt agreabel a sënnvoll. www.bedandbike.lu
Keen anere Vëlo um Start? Da kann een zu Lëtzebuerg bal iwwerall e Vëlo léinen . An der Stad ginn et d’vel’OH!-Statioune mat robuste Vëloe fir de CityGebrauch, um Land an an deenen aneren Uertschaf ten am Grand-Duché si Rent A Bike a Bikestation mat verschidden Zorte Vëloen ze fannen. www.myveloh.lu www.rentabike.lu www.bikestation.lu
Vëlofueren ouni Sak a Pak? Dat geet mam GepäckTransportservice Move WeCarry: Rucksak a Co. gi vun enger Iwwernuech tungsméiglechkeet bei déi nächst transportéiert. www.movewecarry.lu
Midd vum ville Pedalléie ren? Da klammt einfach mat Ärem Vëlo an den nächste Bus oder Zuch. An dat ganz ouni Billjee. Well zu Lëtzebuerg ass den ëffentlechen Transport onkomplizéiert a gratis. Consultéiert d’Mobilitéit App. www.mobiliteit.lu
Informatiounen an Hëllef gradewéi eng grouss Com munity ronderëm de Vëlo ginn et vun der Vëlosinitia tiv ProVëlo.lu www.provelo.lu
D’Stad ass hire Revéier. Hei jot d’Theaterregisseurin Anne Simon deenen ënnerschiddlechsten Andréck no. „Iwwerall Geschichten! Ech liben et – an ech kann och net domat ophalen, driwwer nozedenken: Op alle méigleche Plazen hannerloossen d’Leit Spueren. An déi erziele Storys.“
Mir treffen d’Anne Simon virum Café „Interview“ fir, logesch, en Interview. Mir wëlle si kenne léieren a mat hir d’Stad (nei) gesinn. Virum Café sti Bistrosdëscher. Op engem vun de Still: d’Kënschtlerin. Si sëtzt mam Uewerkierper no vir gebéckt. Eng Zigarett glënnert tëschent hire Fangere viru sech hin. Déi schlank Bee sinn iwwerenee geschloen. Si fi xéiert eppes wäit ewech. D’Haltung, wéi wa si wéilt, wéi en Héngerdéif, gläich zouschloen. An e puer Sekon nen de begierten Objet opspiissen. Voll Konzentratioun. Mee op wat? Si ass definitiv net op der Sich no Narung, wéi de Gräifvull et wier. Brauch se net. E waarme Cappucci no steet direkt virun hir. Mat engem Kichelchen. Nee, si spionéiert eppes aneres aus. Si ass op der Sich no Si tuatiounen, Mënschen, Handlungen, Konscht- an alldeeglechen Objeten, déi si interesséieren an inspiréieren. Si saugt op a si otemt Iddien aus.
Rätselhaft Pied
Et mécht Spaass, hir beim Schwätzen nozelauschteren. An nozekucken! Wéi engagéiert si erzielt. Hir Ae li ichten. D’Hänn danzen. De Kleeders til ass eng theatertypesch Mix-Kombi aus gesträiftem Boxekostüm mat stylescher mof-rosa Dräi-SträifenJoggingsjackett. E 50er-Jore-Sonn ebrëll op de blonden Hoer. Fashion kombinéiert mat Understatement. E pinke Calepin läit virun hir um Dësch. En ass wuel ëmmer derbäi. Iddie kéinte laanschtfléien. Fänk se!
„Autocollanten!“ Si jäizt et bal vu Freed, „Autocollanten, déi op Luuchtepottoen an op Verdeeler këschte pechen. Gäil! Déi kéint ech stonnelaang sichen. Wien huet elo genee dëst Motiv dohigepecht? A firwat? Wat war dat fir e Mënsch?
Ech denke mir dann aus, wéi eng Persoun dat muss sinn, déi zu engem bestëmmten AutocollantMotiv passt. What’s the story? An da ginn ech op d’Sich. Den nächsten Autocollant mat deem selwechte Motiv ass oft net wäit ewech. Op dës Manéier féiert mech en Onbe kannten op engem rätselhafte Pad duerch d’Stad.“
Op hire Rallyen duerch d’Stad hält si d’Aen op. Wat hir opfält: Den ëffentleche Raum bitt esou vill. A gëtt ze wéineg genotzt. Virun allem an der Stad. D’Leit schlofen a Këschten, setze sech an eng Këscht, fir bei eng aner Këscht hei an der Stad ze kommen, fir do ze schaffen. Dann nees an déi kleng Këscht, fir bei déi éischt Këscht zeréckzefueren. Do sëtze se dann – zouginn – am Gaart a begéinen ... op jiddwer Fall kengem Friemen. Dat ass net dem Anne hiren Truc. Si muss eraus. An der Stad eraus. An d’Parken an op d’Spillplazen. Vill Sproochen
héiert een hei. Hei sinn déi, déi net vill hunn. Keen eegene Gaart. Mee vill Frënn. Wat fir e babylonesche Stëmmechaos. Hei gëtt gelieft a gelaacht. Hei ass ee frou mateneen. Gegrillt, gestridden, sech nees ver droen. Dertëschent d’Anne Simon, d’Geschichtesammlerin. Gär kënnt si mat hirem klenge Bouf. An dee kënnt heiansdo gär am Tutu. Hei freet ee sech driwwer. Einfach do sinn. Danzen tëschent de Beem. An dann nees Camionschauffer sinn. Wou soss d’Zuschauer op de Still aus roudem Samett sëtzen, ass an der hënneschter Rei vum Kapuzinertheater eng Dëschkonstruktioun op de Récker opgebaut. Allerhand Ecranen, Kabelen an Anlage mat Schibereeglere stinn drop. D’Anne ass zesumme mat de Luuchtentechniker hei a léisst sech vun hirem Kënne verzauberen.
Et ass extreem roueg am klengen Théâtre des Capucins, dem Kapuzinertheater. Agreabel. Scho bal andächteg. Mee d’Anne Simon kann net anescht, wéi dës Rou ze duerchbriechen. Si stellt Froen, bëselt tëschent de Still. Verschwënnt hannert enger Riddo, fir am Luuchtestral nees opzedauchen. Wiesselt op eng Sëtzplaz a flüstert an Theatersprooch mat den Techniker. Magie bei der Aarbecht.
De Kapuzinertheater läit matten am Zentrum an ass ee vun den Zeie vun der beweegter Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg. E bitt e breede Raum fir zäitgenësseschen Theater an Talenter mat enger grousser Zukunft.
Op der Instagram-Säit vun der Bonne Nouvelle Bar heescht et: „A temporary wine bar experience by Satori Brewing“. Eng Wäibar, an d’Liewe geruff vun enger Brauerei. Genee esou charmant Widderspréch sinn et, déi et ze fanne gëllt, wann ee mam Anne Simon ouni konkreet Zil duerch d’City trëppelt. A si setzt sech och scho mol bei en eigentlech Friemen un den Dësch. Scho gesäit ee si gestikuléieren, laachen, un der Zigarett zéien. Wie si net kennt, léiert se séier kennen.
„We don’t stop playing because we grow old – we grow old because we stop playing.“ De Sproch vum George Bernard Shaw steet als Motto op hirem Internetsite. Si huet gär Leit, déi eppes woen, déi experimentéie ren. Déi d’Saachen op eng spilleresch Manéier uginn. Ewéi zum Beispill déi dräi Borschte vun der Brauerei Satori. Den Davide, de Joseph an de Mathias hu grad eréischt eng kleng Brauerei gegrënnt – a woe schonn den nächste Schrëtt: Si hunn den Zouschlag vun der Stad Lëtzebuerg
kritt an dierfen am fréiere Bushaischen „Charly’s Gare“ wärend e puer Méint eng Pop-up-Bar bedreiwen. Déi jonk Männer – Architektur- an Ekono miestudenten – sinn op Zack, schleefe Gasfläschen aus hirem Transporter, engem original Ape, an droe se an de kioskänleche, klenge Café aus Glas. Niewent dem eegene Béier ginn et och lokal Wäiner. D’Menüskaart ass inspi réiert vun der Barkultur zu Barcelona oder och Paräis.
Theaterloft
„Komm mir gin an den Theater!“ Net an eng Virstellung. Nee. An de Büne raum, an eng Aarbechtssituatioun. Mir ginn eran an de klengen Théâtre des Capucins, de Kapuzinertheater. D’Luuchtentechniker si grad amgaan gen, d’Beliichtung fir eng nei Inzenéie rung ze installéieren an ze programm éieren. Helleg Rou. E Büneraum ass eppes ganz Besonnesches. Guer keng Geräischer vun der Stad ronderëm sinn hei ze héieren. Keen Dagesliicht. Et ass extreem roueg. Agreabel. Nees dobaussen, si mer iwwerfuerdert vum plëtzleche Kaméidi vun der Stad. Et war eng aner Welt dobannen. Virum Kapuzinertheater sti Maste mat Fän delen. Kanner jäize vu Freed a kloteren op d’Eisestaangen. A mierken net, wéi vill Autocollanten drop pechen.
Owes treffe mir d’Anne Simon nach emol. Mir hu Rendez-vous op der Corniche. D’Corniche ass e Wee, deen op den héije Maueren iwwert dem Uelzecht-Dall verleeft, a gëtt och gär „de schéinste Balcon vun Europa“ genannt. An der Däischtert schéngt den Dall am Gronn nach méi wäit ewech ze sinn ewéi soss. Déi al Handwierkerhaiser mat hiren helle Fënstere gesinn aus wéi e Spillduerf. Um Horizont glënneren d’Héichhai ser um Kierchbierg.
De „Reduit Lambert“ ass en Deel vun enger Festungs anlag aus dem 17. Joerhonnert am Stater Park. Wärend der Schleefung an de Joren 1868 bis 1874 gouf de ganze Fort zerstéiert. Deeler goufen eréischt 2001 beim Bau vun engem Parkhaus erëmfonnt.
Mat zimmlech ongeschéckte Beweegungen zappelt den Charlie Chaplin um groussen Openair-Ecran direkt virum groussherzogleche Palais. D’Plaz ass ganz besat. Déi, déi pénktlech do waren, sëtze quasi an der éischter Rei virum Palais op de Still, déi aner stinn, flanéieren, schnëssen niewebäi – schliisslech ass et e Stummfilm.
Gratis an dobaussen: De „City Open Air Cinema“ vun der Stater Cinémathèque ass ëmmer op der Plaz virum Palais an domat matten am Zentrum.
Op den héije Maueren iwwert dem UelzechtDall verleeft d’Corniche, och „de schéinste Balcon vun Europa“ genannt. Den trendy Musekscafé „De Gudde Wëllen“ huet hei baussen eng Zort Béiergaart opgemaach an em de passenden Numm (och wat d’Konzept ugeet) „De Gudde Weather“ ginn.
Am Béiergaart „De Gudde Weather“ huet een eng schéi Vue op d’Luuch te vun der Stad an op de gemëschte Public. Hei treffe sech Banker a Mu seker. Mënschen am Kostüm sëtzen niewent Kënschtler. Och d’Dëscher an d’Still sinn e chaotesche Mix, wéi wa se wéilte soen: „Jiddwereen ass wëllkomm. Mir hu fir jiddwereen déi passend Sëtzgeleeënheet.“
Nodeems mir e puer Cocktailer probéiert hunn (se si gutt!), wëlle mir nach e bëssen duerch d’Uewers
tad trëppelen. Eis dreiwe loossen. Den Zeechen nogoen. Dem Anne Simon hiren Hond traatscht trei niewent hir. Heiansdo dierf hien decidéieren, wou et higeet. Mir kommen an eng Gaass mat ville Lampionen. „Dat erënnert mech un d’Nuit des Lampions zu Wolz“, schwäermt d’Regisseurin. „Dat ass esou e schéine Festival. Déi ganz Stad ass gerëscht mat groussen, mee filigrane Konschtwierker aus Pabeier, déi nuets beliicht sinn an d’Stad verzauberen.“
Inselen an der Stad
Urban Outdoor. Dobausse sinn –an der Stad. Duerch Stied wan deren. Dobäi awer ëmmer nees Inselen opsichen, fir zur Rou ze kommen. En Hiwwel am Bank evéierel Kierchbierg, d’Skulptur vum Bert Theis, déi am Park Edith Klein am Zentrum wéi en Hoch sitz dozou aluet eropzekloteren, d’Schlass op hirer Liblingsspillplaz am Belairer Park – net wäit ewech vun hirem Doheem. E Bléck op déi al Festung, déi onerwaart am Park opdaucht. Alles Inselen an der Stad.
Mir spieren eng waarm Lëftchen. Eng waarm Summernuecht. Wäit ewech Stëmmen. Vereenzelt Gelaachs. Geknouters. Wat gëtt do gespillt, vun deem mir näischt wëssen? D’Geknouters gëtt méi haart. A wéi mir ëm den Eck ginn, gesi mir den Charlie Chaplin um groussen Openair-Ecran direkt virum groussherzogleche Palais.
Eng Summernuecht an der Haapts tad. Am Ufank hate mir keen Zil a kee Plang. A sinn awer ukomm.
Urban Outdoor. Dobausse sinn – am d’Dschungel vun der Groussstad souzesoen, dat ass dem Anne hiren Truc. Ëmmer op der Sich no Situatiounen, Mënschen, Handlungen, Konscht- an alldeeglechen Objeten, déi si interesséieren an inspiréieren.
Ëffentlech Parken Gratis an dobaussen an der Stad
De Park Kinnekswiss ass eng Oas matten an der Stad. Am Schiet vu ville Beem. Inklusiv eng grouss Pirateschëff-Spillplaz, op där d’Kanner op eng imagi när Rees iwwer d’Weltmie rer goe kënnen. www.luxembourg-city.com
Den urbane Park um Kierchbierg ass ideal, fir sech matten am Business-Véierel tëschent blénkege Gebaier am iwwerraschend wäitlee fege Gréngs ze erhuelen. Bei engem Spadséiergang, engem Boule-Spill oder engem Snack. Och ass hei eng vilfälteg Fauna ze fannen. D’Uplanzunge sinn immens ofwiesslungsräich an informativ gestalt. www.fondskirchberg.public.lu
Am Park vum Musée Dräi Eechelen ass ganz vill Vergaangenheet ze fannen, well am Hannergrond zitt de Musée mam selwechten Numm d’Blécker op sech. En ass an engem restauréi erten an deels nei gebauten Deel vum Fort Thüngen ën nerbruecht. Do léisst sech d’Geschicht vu Lëtzebuerg als Festungsstad noemp fannen. A „viraus“ huet ee
bei enger laanger Balustrad eng fantastesch Vue iwwer d’Haaptstad. www.m3e.public.lu
Um Lampertsbierg ass de Park Tony Neuman , an deem ee sech wéi an engem geheime Gaart fillt. Et gi riseg Mammutbeem, wonnerschéi Blummen an esouguer e romantesche Bou mat Blummen, duerch deen ee spadséiere kann. Fir Konschtamateure bitt de Park sëllege Skulpturen, déi vu berüümte lëtzebuer gesche Kënschtler geschaf goufen. www.luxembourg-city.com
De Märeler Park läit just e puer Schrëtt vum Zentrum ewech an ass sécherlech eng vun de léifste Plazen, wou sech Famillje mat Kanner treffe kënnen. Fir déi Kleng gëtt et eng flott Spillplaz. Vill Schaukele gehéiere grad esou derzou wéi e risege Klotertuerm, e multifunk tionale Baseng a villes méi. An déi Erwuesse kënnen um Bord vum Weier oder vum Waasserbaseng nei Energie tanken. www.vdl.lu www.spillplaz.lu
Thematesch Park-Erliefnesser Outdoor Culture to Go
De Wenzelswee féiert duerch déi 1000-järeg Geschicht vun der Stad
Lëtzebuerg. Et entdeckt een déi eelste Quartiere gradewéi Festungsgebaier, déi erhale sinn an elo op der Lëscht vum Unesco-Weltkulturier we stinn. Ënner anerem de Bockfiels, d’Schlassbréck an de Panoramawee Corniche.
De Vauban-Circuit ass no dem berüümte Militärin genieur Sébastien Le Prestre de Vauban (1633-1707) be nannt. De Festungsingenieur mat vill Krichserfarung huet d’Stad Lëtzebuerg an eng vun de mächtegste Festungs anlagen an Europa ver wandelt – och bekannt als „Gibraltar vum Norden“. De Vauban-Wee gehéiert zu de „Kulturweeër vum Europa rot“.
Beim Konscht-Spadséier gang Walk the Art gitt Dir mat engem Guide en Tour duerch d’Stad laanscht Konschtwierker, déi speziell fir den ëffentleche Raum ge schaf goufen. Keng Denkma ler fir Persounen oder Evene menter, einfach Konscht am urbane Raum. www.luxembourg-city.com
Am wäitleefege Fräiliichtmusée Fond-de-Gras –d’Entrée ass gratis – kann ee sech am Süde vum Land mat ten an enger quasi authente scher Géigend iwwer d’Ge schicht vun der Stolindustrie informéieren. Den Train 1900 féiert vun hei aus am Sum mer mat enger Damploko motiv Visiteuren iwwert eng kuerz Streck duerch d’Land vun der Rouder Äerd. Och
eng Minièresbunn a vill aner Attraktioune maachen aus dem Fond-de-Gras e beléift Ausfluchszil. www.minettpark.lu
Clierf am Norde vum Land ass ënner anerem eng Stad vun de Biller, eng Cité de l’image . Ënner fräiem Himmel ginn hei ronderëm d’Schlass ëmmer nei Biller vu Kënschtler ausgestallt. E Spadséiergang tëschent Konschtwierker! www.clervauximage.lu
D’Gäert vum Schlass Aansebuerg am Guttland sinn déi ideal Plaz fir ze dreemen, tëschent Skulpturen, ënner Beem a laanscht Terrassen ze flanéieren a sech an engem Labyrinth aus Hecken ze verléieren. Dat alles virun der Kuliss vun engem prächtege Renaissance-Schlass. www.gcansembourg.eu Skate-Parken
Eng cool Community
Mat dem Skatepark Péitruss huet d’Stad Lëtzebuerg e besonneschen Uert geschaf, deen net just fir Skater attraktiv ass. De Park ass an der Péitruss, an zwar an der Rue Quirin, a füügt sech harmonesch an déi natierlech Ëmgéigend an an den historesche Kader an. En ass ëmgi vun den Iwwerreschter vun der aler Befestegungsanlag. www.vdl.lu
Philharmonie: Dee bekanntste Skate-Spot zu Lëtzebuerg, dee schonn a villen internationale Skate-Medien opgedaucht ass. En oppene Raum, wou jidderee wëllkomm ass. (1, Place de l'Europe)
„Alima“: De Site vum Lycée ass e weidere Klassiker mat guddem Buedem, Ledges a Bléck. (Lycée Aline Mayrisch, 30, Boulevard Pierre Dupong)
Skateplaza Belval: Modern, wäitleefeg a matten am Land vun der Rouder Äerd. D’Butteker an d’Caféë vum hippen neie Quartier si just e Kazesprong mam Board ewech. (100, Avenue du Blues, Esch/Belval)
Red Rock Skatepark: De Park, deen no bei der Salle polyvalente ass, huet keng offiziell Ëffnungszäiten – en ass am Summer esouguer bis 22 Auer beliicht. (6, rue Chemin de Bergem, Schifflingen)
Skatepark „Schmelz“ zu Diddeleng: De Skatepark an d’„Dirtline“ zéie virun allem wärend de Summerméint vill Visiteuren un. (Route de Thionville, Düdelingen)
Skatepark Kaul: Héich am Norden an direkt beim Camping Kaul läit e ganz besonnesch schéinen a moderne Skatepark. (60, Campingstrooss, Wiltz)
Parks for Fun Schéin OutdoorFreizäitMomenter
De Märchepark zu Beetebuerg ass e Fräizäitpark fir d’ganz Famill. Hei ginn et flott Spillméiglechkeeten, e Restaurant, e won nerschéint Retro-Mär chenduerf, an deem scho Generatioune vu Kanner hir Liblingsmärercher live erliewe konnten. An de Märchepark ass gläichzäiteg och en Déierepark. Iwwer 200 Déierenaarte vu fënnef Kontinenter liewen hei a kënne besicht ginn. www.parc-merveilleux.lu
Pärele leien an den eelef Gemengen, déi sech am Kader vun Esch2022 zesummegeschloss hunn. www.minetttrail.lu/de/ die-kabaisercher
De Parc Le’h Adventu res zu Diddeleng besteet aus iwwer 100 ver schiddene Statiounen, verdeelt op siwe Strecke mat Hängebrécken, Seel rutschen, „Monkeytrees“, enger Bambini- an enger Teambuilding-Streck. www.aventure.lu
Spannung, Abenteuer an de passenden Adrenalinkick héich iwwert dem Buedem gëtt et am Klotergaart Steinfort Adventure. Klammt duerch Beem, rutscht u Seeler erof an erlieft Spaass an Action héich uewen an der Loft. www.steinfort-adventure.lu
Mat Spaass dobaussen
Héich erop geet et och mat deem eenzege Ses sellift am Grand-Duché. Net fir Schi ze fueren, mee direkt erop bei d’Veianer Schlass , dat haut zu de bedei tendste Monumenter an Europa gehéiert. Scho wärend dem Trajet huet een eng super Vue – an uewen nach vill méi. Wanderung oder Visitt vum Schlass: De Lift ass op jiddwer Fall de Startpunkt fir e schéint Fräizäiterliefnis an der Ardenne-Stad. www.visit-vianden.lu
© PARC MERVEILLEUX © PARC MERVEILLEUX
D’Picknicker
All Weekend en neien Autopedester, dat ass beim Daniel a beim Ralph eng schéin Traditioun ginn. D’Autopedesteren, déi si dee Moment am léifste ginn, checken déi zwee ëmmer virum Weekend a siche sech hire jeeweilege Sonndes-Tour eraus.
Wie sinn déi zwee? Wou kom me se hier? Op eemol si se an de soziale Medien opgedaucht. Zwee Männer, schlank, kuerz Hoer, Brëll, Baart, deen ee gläicht e bës sen deem aneren. An ëmmer dës Biller vun hinne virun de schéinste Plazen. An ni ouni Picknick-Ze narien. Mat Dëschelduch, Brout, Drauwen a villem méi.
De Ralph an den Daniel fannen et einfach flott, hir Spadséiergäng ze zelebréieren an ze inzenéie ren. Obwuel: „Spadséiergäng“ ass vläicht liicht ënnerdriwwen. Mee „Wanderungen“ héiert sech direkt esou ustrengend un, ze vill aktiv an ambitionéiert. D’Wuert „Spadséieren“ associéiert ee mat Fräizäitaktivitéit. De Bléck, dee méi wäit no riets an no lénks ofschwäift a méi wouerhëlt. Een, dee spadséiert, genéisst. A genee dat gesäit a liest een an hire Posts am Internet.
Nei Liblingsplazen
Bal iwwerall op der Welt ware si ënnerwee. Reesen? Si konnten net oft genuch a wäit genuch fort sinn. Mee du koum d’Corona-Pan demie. Tier am Ausland maachen? Op eemol onméiglech. Mol net iwwer déi no Grenzen huet een dierfe fueren. „Jo, an dunn hu mir eis geduecht: Mir wëllen eis dovun net erofzéie loossen! Wat kënne mer maachen? Mir mussen eppes an eisem Land, hei an der Géigend ënnerhuelen!“, erënnert sech de Ralph.
An do war d’Iddi gebuer, all Sonn deg e Circuit, en Autopedester zu Lëtzebuerg auszeprobéieren. Aus
dëser Iddi gouf eng Traditioun, déi och nom Lockdown bliwwen an eng schéi Routine ginn ass. Sonn des ass beim Daniel a beim Ralph Autopedester-Dag!
Op de verschiddene lëtzebuerge schen Tourismus-Websäiten, wéi zum Beispill de Portaler vun de Regiounen an och um Geopor tail, siche si sech hire jeeweilege Sonndes-Wanderwee eraus. Wat déi zwee un de Weeër esou gär hunn? „Se sinn immens schéin, oft kee vun den übleche Favoritten. Hei huet ee méi Rou“, seet de Ralph, dee schonns ëmmer gär dobaussen a fréier mol bei de Scoute war.
AutopedesterBotschafter
Ëmmer mat um Tour a scho bal Kult: e Picknick op engem klengen Dëschelduch, mat Léift preparéiert a schéi presentéiert. „Eis Kolleege
waarden all Weekend op d’Fotoen dovun“, seet den Daniel a grinst. Well déi zwee poste fläisseg hir nei Liblingsplazen a sinn doduerch op Instagram a Facebook „Auto pedester-Botschafter“ ginn. „Wat mir dobäi definitiv entdeckt hunn: Lëtzebuerg huet vill ze bidden!“, betount den Daniel.
D’Éislek am Norden ass esou eng Géigend, déi ee super iwwer Auto pedesteren erfuersche kann.
Dëse Weekend hunn den Daniel an de Ralph zu Dierbech-Plage geschlof. Den Hotel direkt bei der Sauer, deen ee just iwwert eng kleng Bréck erreecht a wou een ëmmer d’Dausche vum Waasser héiert, kéint aus engem romantesche Film sinn.
D’Buerschter Schlass ass déi gréisste Buerg zu Lëtzebuerg an e beandrockend Bauwierk mat charakteristesche ronnen Tierm, op engem klengen a géie Stéck Fiels 150 m iwwert der Sauer. Vun der Buerg huet een eng fantastesch Vue iwwert den Dall ronderëm Buerschent. Owes ass d’Gebai schéi beliicht a schaaft eng märchenhaft Atmosphär.
Nodeems den Daniel an de Ralph zesumme mat der „Kraiderhex“ Jutta Kanstein an dem „Detektiv“ Ralph Heuschen an d’Charakteristiken a puncto Geschicht, Natur a Geologie vum Éislek agedaucht sinn, gëtt et en deftege Picknick. Hei mat Wëldzoossiss, Ardenner Ham, Brout vum Stauséi, Rieslingspaschtéit a Béier vu Buerschent.
200 dovun huet den Office
Régional du Tourisme an de leschte Joer geschaf oder perfek tionéiert. Besonnesch charakte ristesch a schéi sinn déi 18 ganz nei „Éislek Pied“, also Weeër duerch d’Éislek. Si baséieren op de strenge Krittäre vun der Europäescher Wandervereene gung. A laanscht d’„Éislek Pied“ ginn et wonnerbar Plazen an Uertschaften, wou d’Séil entspa ne kann. A besonnesch Uerter fir ze iwwernuechten.
De Ralph an den Daniel hunn an engem vun de rustikale Chale ten op dem Terrain vum „Hotel Dirbach Plage“ geschlof. „Wéi an der Vakanz! Immens!“, schwäermt de Ralph. Normalerweis fueren déi zwee Männer vun doheem aus, vun Esch am Süde vum Land, direkt bei hir Wanderdestina tiounen, well zu Lëtzebuerg ass näischt wierklech wäit ewech. Mee dës Kéier bleiwen d’Hobby wanderer de ganze Weekend am Norden.
Eng Kraiderhex an en Detektiv als
Guiden
No dem stäerkende Kaffi moi es heescht et: De Rucksak op de Réck an ab! Engt vun hiren Ziler ass dat schéint Schlass zu Buerschent, dat reegelrecht an der Mëtt vun der Welt ze troune schéngt. Den Autopedester mam selwechten Numm huet et mat senge villen Héichtemeter a sech, mee et gi sëlleg Plaze mat engem formidabele Panorama an natierlech d’Schlass selwer. Seng déck Mauere sinn duebel verstä erkt an hu schonn de berüümte franséische Schrëftsteller Victor Hugo faszinéiert. Eng vu sengen Zeechnungen hänkt als Replik am Agangsberäich vum Schlass.
An hei begréissen och déi zwee Guidë Jutta Kanstein a Ralph Heuschen d’Wanderer. „Ech sinn d’Els vu Buerschent, eng Kraide rhex, an de Ralph ass de Sherlock Holmes“, seet d’Jutta a grinst nä ischnotzeg. Mat hirem almoude sche Gezei versetzt si d’Visiteuren zeréck an d’19. Joerhonnert. Si an
Dreemen, d’Gedanken zéie loossen: Eng Paus um Buerschter Schlass ass heifir ideal. Mat enger Vue iwwert eng geologesch faszinéierend Landschaft mat villen Däller: iwwer Houschent, Lëpschent a Buerschent bis beim Napoleon säi Bam.
Definitiv en Highlight: d’Gratwanderung op der Molberlee. D’Schiferkopp bei Houschent ass en Deel vum Etappewanderwee „Escapardenne Lee Trail“ a bitt e formidabele Panorama. Konzentratioun an e séchere Schrack sinn hei wichteg.
„Lee“ heescht „Fiels“. Zu Lëtzebuerg ginn et vill Uerts- a Flouernimm mat dësem Wuert –besonnesch oft am Mëllerdall an hei am Norden, dem Éislek.
de Ralph verkierperen zwee fiktiv Personnagen, déi um Buerschter Schlass zesumme rätselhaft Fäll léisen, ënner anerem deen ëm du biéis Geldschäiner, déi angeeblech am Schlass gedréckt goufen.
A mat hire Kenntnisser ronderëm d’Schlass, d’Planzewelt an d’Geo logie vun der Regioun wëssen d’Jutta an de Ralph hir Gäscht ze faszinéieren. „Hei an dësem därege Gestrëpp sinn d’Ugräifer tëschent de Mauere reieweis hänke bliwwen!“, erzielt d’Jutta Kanstein. Duerno léieren den Daniel an de Ralph, dass scho fréier d’Bléie
vun der Kinnekskäerz a Wuess oder Pech gedaucht an als Fakele benotzt goufen. An zu gudder Lescht weist d’Jutta de Männer tëschent de Maueren d’Wëll Mu ert, eng Planz, där hir Wuerzelen een iesse kann an där hire Goût effektiv u Muerten erënnert. Do schmaacht de Picknick mat Wëld zoossiss, Ardenner Ham a Béier vu Buerschent am sonnegen Haff vum Schlass duebel esou gutt.
Impressionnant Vuen
de Lëtzebuerger Ardenne mat hire ville Fielsen, Schluchten an Däller. Och hei sinn Opmierk samkeet an e séchert a schwindel fräit Optrëppele gefrot. Et bléist eng liicht Lëftchen, d’Kraider an d’Straicher beweege sech lues am Wand.
Legendär Tier
Um Wee op „Malpaartes“, enger Natur-Plaz bei Schlënnermanescht, wou d’Jutta den éischte Gesang vum berüümte Gedicht „De Renert“ rezitéiert, balancéieren d’Wanderer iwwer Schifersteng am Waasser.
Esou gestäerkt, kann een och eng ustrengend Etapp meeschteren: d’Molberlee, eng Gratwanderung matten am Éislek. D’Kopp –op béide Säiten um Bord sti Molbier-Hecken, déi er den Numm ginn hunn – ass definitiv en Héichpunkt am Éislek. Riets a lénks vum schmuele Wee geet et géi biergan an et huet een eng immens Vue op d’Landschaft vun
De Mënsche weisen, dass een d’Natur opmierksam a bewosst genéisse kann an dass Wande rungen net onbedéngt sportlech Héchstleeschtunge musse sinn – dat läit de Guidë Jutta a Ralph um Häerz. An dowéinst bidde si hir Tier als Erliefnes-Package voller Geschichten a Soen un.
Dozou gehéiert zum Beispill eng Visitt zu Schlënnermanescht, engem Duerf ënnert der Molber lee. D’Uertschaft kënnt am zweete Gesang vun der lëtzebuergescher Fabel „De Renert“ vir, verfaasst vum Schrëftsteller Michel Rodan ge. Ganz stilecht hëlt d’Jutta hei bei de Fielsen de Liddertext eraus, bléckt op d’Bëscher ronderëm an dréit dat berüümt Gedicht vir.
E Fuuss am Frack, dee sech iwwer all d’Gesetzer a moralesch Prin zippien ewechsetzt – wou kéint hie besser opgehuewe sinn ewéi an dëser e bësse wëller Géigend? Do, am Éislek, wou d’Jutta d’Ge dicht rezitéiert, huet een et eebe gär gereechert, wierzeg a rustikal.
Wéi d’Wëldzoossiss vum Picknick um Buerschter Schlass. Déi huelen den Daniel an de Ralph bestëmmt och ganz gär op hir nächst Sonn des-Autopedestere mat.
Am Sechs-Awunner-Duerf Ënnerschlënner stinn d’Planze-Spaléier laanscht d’Mauere vun den Haiser.
A Waasser fir duuschtereg Wanderer gëtt et natierlech och.
Schützenswäert schéin
Op de Spuere vun enger ursprénglecher Natur
Lëtzebuerg bitt op klengem Raum sëllegen Natur-Erliefnisser. Vill vun de schéinste Wan der- a Vëlosweeër féieren duerch Naturschutz gebitter oder esouguer Naturparken.
D’Konzept vun den Na turparke geet awer nach vill méi wäit. Se sinn och dofir do, Visiteuren an Eenheemeschen alles Wëssenswäertes ronde rëm déi schützenswäert Landschaft ze vermët telen.
Deen neisten Natur park ass den Natur- & Geopark Mëllerdall am Oste vum Land. Dobäi huet deem seng Geschicht scho viru ronn 245 Millioune Joer an engem Mier ugefaangen. Onendlech vill Sandkä ren an aner Partikelen hu sech ofgelagert a sech zu Stee verfestegt. D’Mier ass verschwon nen an d’Flëss hunn déi haut esou beandrockend Fielselandschaft geformt. Eenzel besonnesch Uerter
a Fielsformatioune setze sech fir d’Visiteuren zu engem beandrockende Bild zesummen. www.naturpark-mellerdall. lu
Am Nordweste vum Land, dem sougenannten Éislek, läit den Natur park Öewersauer , d’Waasserregioun vu Lëtzebuerg. D’Häerzstéck ass de Stauséi, deen dem Land als Drénkwaasserre servoir a gläichzäiteg als Erhuelungsgebitt déngt. D’Uewersauer an hir Nieweflëss duerchzéien d’Regioun – e Paradäis esouwuel fir d’Flora an d’Fauna wéi och fir na tur- a sportbegeeschtert Leit. www.naturpark-sure.lu
Den Naturpark Our läit an den Ardennen, am nërdlechen Deel vu Lët zebuerg, am Dräilänne reck Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg. E verzau bert mat engem wäitlee fege Plateau an enken, romantesche Fielsdäller, déi d’Flëss Our a Klierf mat hiren Niewebaachen an de Schifer gegruewen hunn. An de suppege Ge bitter vun de Plateauen an den ofgeleeëne Gebit ter vun de Flossdäller si wäertvoll Liewensraim fir vill bedrote Planzena Vullenaarten erhale bliwwen.
Iwweregens: Zanter 25 Joer planzen d’Bauere vum Naturpark Mosch
ter, Raps, Sonneblum men, Fluess, Hanf, Mohn a Wëllkar op hiren eege ne Felder un. D’Produite ginn och hei verschafft a verkaaft nom Motto „frësch vum Feld op den Dësch“. Transparenz, Zeréckverfollegbarkeet a Qualitéit leien den Our daller Baueren deemno immens um Häerz. www.naturpark.lu www.ourdaller.lu
De Süde vu Lëtzebuerg zeechent sech duerch eng héich Biodiversitéit aus. Dowéinst krut en de Label „Minett UNESCO Biosphere“ . D’Regi oun ass domat en Deel vun engem prestigiéisen internationale Reseau aus iwwer 700 Biosphä re-Reservater an 124 Länner. Orchideeën a vill Gréngs niewent ale Minnen-Tracéen, roude Buedem wéinst dem Eisenäerz – eng faszi néierend Landschaft am Land vun der Rouder Äerd: Dat ass de Minett. Naturschutzgebitter ewéi den „Ellergronn“ oder de „Prënzebierg – Giele Bot ter“, eng fréier Minière iwwer Dag, loosse sech ouni Problem zu Fouss oder mam Mountainbike entdecken. www.minett-biosphere.com
Zu Lëtzebuerg ginn et momentan zirka 60 national Naturschutzgebitter. Iwer véier Prozent vun der Landesfläch
Die Fotografie-Saison 2022-2023 feiert die Diversität des kreativen Schaffens in Luxemburg mit Arbeiten sechs zeitgenössischer Fotografinnen und Fotografen. Auf dem Marktplatz nimmt Bruno Oliveira uns mit seiner von persönlichen Eindrücken durchdrungenen Dokumentation mit auf eine Reise auf die Kapverden, während Véronique Kolber am Aufstieg zur Kirche vor unseren Augen und vor dem Objektiv ihrer Kamera Straßenszenen aus Amerika vorbeiziehen lässt, die in unserem Filmgedächtnis nachhallen. Hinter der Kirche ergründet Marie Capesius sowohl die Frage nach dem Paradies als auch die
Kontraste der nebeneinander existierenden Welten auf der Île du Levant durch ruhige und sinnliche Bilder. Inspiriert von den Methoden der Archäologie, sammelt Boris Loder Objekte, untersucht und verdichtet sie zu Identitäten verschiedener Viertel der Stadt Luxemburg und ihrer Stereotypen in skulpturalen Fotografien, die in den Arkaden der GrandRue zu sehen sind. Auf dem Schlossplateau befinden sich zunächst die Schwarzweißfotografien urbaner Landschaften von Marc Schroeder, die in ihrer minimalistischen Ästhetik einer strikten grafischen Anordnung zu folgen scheinen. Im Schlossgarten teilen die Frauen, portraitiert von Jeannine Unsen, einen zugleich intimen und intensiven Moment mit uns.
Haart um
Klammpartnere musse sech 100 Prozent vertrauen. Am Zweiwelsfall hänkt d’Liewe vun deem enge vun der Reaktivitéit vun deem aneren of. Wien um Buedem steet mam Seel an den Hänn, mat deem de Partner geséchert ass, huet eng grouss Verantwortung. Hei ass Konzentratioun gefrot.
„Rope! Seel kënnt!“, jäizt d’An nick. Déi jonk, seeneg-muskuléis Fra kluddert ganz uewen am Fiels zu Bäerdref. Hir Stëmm schaalt duerch de killen, fiichte Moien am Mëllerdall. D’Beem si grad esou héich wéi de markante Steen, un deem si reegelrecht an de Seeler hänkt. Eent dovu geheit si elo erof, geschwë wäert si sech selwer ofseelen. Ënne steet hire Klamm partner Joe Haux, geet lässeg op d’Säit, wou d’Seel fält, a raumt et dann uerdentlech ewech. Déi zwee sinn e gutt arodéiert Team.
Dës staark Fra ass voller Energie. Heiansdo gesäit ee beim Klam men d’Tätowéierung, déi si um lénksen ënneschten Aarm huet: eng stiliséiert Bierglandschaft, iwwert där e volle Mound steet. Ëmgi vun enger Wandrous mat de véier Himmelsrichtungen. Den Tattoo vun enger Outdoor-Aben teurerin.
Eng Fra, zwee Gesiichter
Gesäit ee si als Moderatorin virun der Kamera – am gedeckte Boxekostüm oder Blazer –, wéi si eescht, eloquent a professionell hiren Job mécht, aant een net, wat an hir stécht. E schlummern de Vulkan. Keen Tattoo, keng Motorradsstiwwelen (si fiert mat engem schwéiere Moto duerch de Grand-Duché), kee Buedem ën nert de Fangerneel sinn ze gesinn. D’Welt am Studio: opgeraumt, kontrolléiert. Eng konzentréiert Aarbechtsatmosphär. D’Welt do baussen: eng gigantesch Spillplaz mat ëmmer neien – kierperlechen – Erausfuerderungen. Dr Annick a Ms Goerens.
D’Annick grinst, wärend si sech laanscht déi markant, donkelgro Gestengsschichten ofseelt. 13 Ka rabiner fir anzekrämpen an d’Bolts – esou heeschen d’Ösen, déi an der Fielswand fest installéiert sinn –kludderen un hirem Gurt. „13 ass wuel éischter eng Gléckszuel!“, seet d’Annick a knufft de Joe an d’Säit.
Déi Klammtour vun haut heescht „Pappendag“. All Route hei am Fiels ass kartéiert an huet e be stëmmten Numm, an all Route ass eng aner Erausfuerderung. An Erausfuerderungen, dat ass et, wat d’Annick Goerens beim Klamme sicht, fënnt a gär huet. D’Journalis tin ass vill am Land a mat Mën schen ënnerwee a si fënnt et flott, nei Saachen ze léieren, ze entde cken, ze erueweren. „Ech eegne mir gär alles systematesch un a si streng mat mir selwer. Ech wëll et einfach perfekt maachen!“, seet d’Annick. „Mee et soll natierlech awer och Spaass maachen.“
De Joe Haux, dee bei der Police schafft, huet si viru knapp 13 Joer berufflech, am Kader vun engem Interview, kenne geléiert. Klamme war deemools scho seng grouss Passioun an hien huet d’Annick mat senger Begeeschterung uge stach. „Hatt huet wierklech séier geléiert, ass Tonnen éiergäizeg an eng super Klammpartnerin!“, ënnersträicht de Mann mat den däischteren Hoer, deen am léifs
D’Klammgebitt Wanterbaach ass ganz kompakt a läit no bei Bäerdref. Hei ginn et 165 Sport klamm-Routten op enkstem Raum! D’Fielse stinn – méi oder manner – an engem Dräieck a vum éischte bis zum leschte Fiels brauch een zu Fouss keng fënnef Minutten.
Ronderëm Bäerdref ginn et flott Wanderstrecken duerch Fielswänn an Hielen. Hei verleeft de berüümte Mullerthal Trail.
„Morning has broken“ um Klammfiels zu Bäerdref. Hei fënnt d’Annick mat hirem Klammpartner Joe Spannung an Entspanung, Adrenalin a komplett Rou an der Natur.
Alles eng Fro vum richtegen Equipement. 13 Karabiner hänken um Annick hirem Gurt. Definitiv eng Gléckszuel!
ten a knallegem Orange gekleet ass. Eng Faarf, déi ee gutt gesäit an déi gutt Laun mécht.
„De Fiels hei ass ideal fir ze léieren a fir d’Sportklammen. Ech komme gär och mol eleng no der Aarbecht heihinner. Dat ent spaant mech“, erzielt d’Annick. Mam Joe zesumme war si awer och schonn an den Alpen oder an den Dolomitten an der Wand. „Dat ass nach emol eppes aneres. Do muss du d’Klemmkäiler selwer
an de Stee setzen, wat nach emol méi Konzentratioun erfuerdert. Et muss een de Fiels kennen an aschätzen. An et muss ee säi Wee selwer fannen.“
All Voie e Puzzle
Mëttlerweil sinn zu Bäerdref nach e puer Klamm-Enthusias ten derbäikomm a siche sech hir Routten an der Wand. Heiansdo ass de Weekend zimmlech vill lass hei – schliisslech ass een am Mëllerdall matten an engem bekannte Wanderparadäis. Dat ass dem Annick dann e bës sen ze vill, obwuel si fréier als Sport-Animatrice op Campinger geschafft an duerchaus Gruppen a Gemeinschaft gär huet. Mee Rou a Kontemplatioun si grad esou wichteg fir si. Mee wann hei net genuch Plaz ass, da ginn et glécklecherweis jo och nach aner Spots, wou ee klamme kann. An och nach aner Aarten ze klam men. Boulderen zum Beispill.
Beim Boulderen zitt ee sech ouni Sécherung erop bis op d’Of spronghéicht. An dëser Héicht ass et nach ongeféierlech, wann een eroffält. Dat kann een an der Na tur maachen oder och op instal léierten Indoor- oder OutdoorKlammwänn. Bei de Boulderwänn markéiere faarweg Prisen d’Voie. Se gesinn aus ewéi kleng Steng, déi ee gräifen oder op déi een de Fouss setze kann. All Faarf e Schwieregkeetsgrad, all Voie e Puzzle, deen et ze léise gëllt.
D’Klammanlag am Mamer Park ass esou eng Plaz, wou ee sech bal all Kéier nei Routten eraussiche
Wärend d’Annick ganz uewen am Fiels kluddert, séchert ënnen hire Klamm partner Joe Haux. Déi zwee sinn e gutt arodéiert Team. Beim Sécheren huet hie si souzesoen „an der Hand“.
Boulderen ass Klammen ouni Klammseel a -gurt u Fielsformatiounen, Fielswänn oder kënschtleche Klammanlage bis d’Ofspronghéicht – also bis zu där Héicht, aus där een nach ouni gréissere Risiko, sech wéi ze doen, vun der Wand op de Buedem sprange kann.
Nee, d’Foto ass net gedréint oder falsch ronderëm. D’Annick hänkt konzentréiert a quasi horizontal an enger Wand, all Muskel ugespaant. Opginn ass natierlech keng Optioun. An op d’Matte fält ee mëll.
Wéi faarwege BëtonOrigami wierkt d’Klammanlag zu Mamer. D’Grëffer ginn ëmmer nei gesat, fir dass d’Klammen an der kënschtlecher Wand spannend bleift.
kann, well d’Prisë ginn ëmmer nees nei gesat. Hei, an dëser Gruppéierung, déi wéi faarwege Bëton-Origami wierkt, schrauft grad den Alex Dermentzoglou un neie Routten.
Eng häerzlech Community
„Ech muss oppassen, dass d’Pri sen net ze wäit ausernee leien, fir dass och kleng Leit ewéi d’Annick gutt eropkommen!“, seet den 1,93 Meter grousse jonke Mann mat dem blon den Tuppi, grinst a begréisst d’Annick mat engem häerzle chen Handschlag. D’Annick ass nämlech och nach Presidentin vum Boulder Klub Lëtzebuerg. Boulderen ass niewent villen anere Sportaarten ewéi Lafen, Mountainbiking, Yoga a StandUp-Paddeling eng weider grouss Passioun vun hir.
D’Klamm- a Boulder-Commu nity ass häerzlech an oppen, et hëlleft ee sech géigesäiteg – dat zeechent dëse Sport aus. Et brauch ee kee Géigner, fir en auszeüben. Kee muss géint en anere verléieren. Et ass e kon templative Sport, dee Konzen tratioun erfuerdert.
Opginn? Keng Optioun.
Dat mécht en och esou attraktiv fir d’Annick, déi op der Aar becht dauernd mat de groussen an nach méi grousse Problemer vun der Welt konfrontéiert ass. Beim Klamme ka si ofschalten. E Sport wéi gemaach fir Leit, déi
un hir Limitte goe wëllen. Déi all Muskel am Kierper spiere wëllen, ouni gewannen oder en aneren dominéieren ze mussen. Am Géi gendeel: Et gëtt ee sech Tuyauen a Rotschléi, tauscht sech aus, och iwwer d’Landesgrenzen ewech, zum Beispill mat de Boulder-Leit vun Tréier. Zu Esch/Uelzecht soll geschwënn eng grouss BoulderHal entstoen.
An zu Mamer gëtt et esougu er deen eenzege Buttek an der Groussregioun, deen op Klamme spezialiséiert ass. Den Alex schafft do a këmmert sech als Member
vum Boulder Klub Mamer ëm d’Klammanlag. Grad hëlleft hien engem klenge Meedchen, de Wee erop ze fannen. Hatt ass hellewech uewen, straalt iwwer d’ganzt Gesiicht a léisst sech op déi déck Matt falen.
Wärenddeems hänkt d’Annick konzentréiert a quasi horizon tal an enger Wand, all Muskel ugespaant, all Seen ze gesinn. Da léisst si sech falen. Dës Kéier ass et net duergaangen, déi schwéier Route ze knacken. Mee d’Annick bleift natierlech drun. Opginn? Keng Optioun.
D’Klamma BoulderCommunity ass häerzlech an oppen, et hëlleft ee sech géigesäiteg, gëtt sech Tuyauen a Rot schléi, tauscht sech aus. Hei schwätzt d’Annick mam Alex vum Boulder Klub Mamer. E Sport wéi gemaach fir Leit, déi wéi d’Annick gär un hir Limitte ginn, ouni gewannen oder en aneren dominéieren ze mussen.
Géi Hotspots
Héich erop Déi bescht Plaze fir ze klammen
De Klammfiels zu Bäerdref am Mëller dall ass sécherlech ee vun de spektakuläerste Spots zu Lëtzebuerg, fir sech an engem géie Fiels „eropze schaffen“. E bitt eng Par tie festgeluechte Voië fir ze klammen a läit matten an enger märchenhafter Bësch- a Fielslandschaft an der Klenger Lëtzebu erger Schwäiz. Ronderëm de Fiels ginn et Wander weeër an natierlech de beschtbekannte Mullerthal Trail. www.visitberdorf.lu
Eng cool Plaz, fir dobaus sen ze boulderen, also fräi an ouni Hëllefsmët telen ze klammen, ass am Mamer Park am Wes te vum Land. Do ginn et op engem kënschtlech ugeluechte Boulderfiels e puer Routten ze ent decken – vu liicht bis schwéier. D’Routte gi vun de Bedreiwer ëmmer nees nei gestalt. www.mamer.lu
An der Jugendherberg zu Iechternach kann een excellent klammen – och bei schlechtem Wieder geschützt doban
nen an enger grousser Hal. Ganzer 14 Meter héich ass déi modern Klammwand. Optimal gëeegent fir reegelméis seg Klammcoursen a fir ze Boulderen, egal op Ufänger, Experten oder Familljen. Klam mequipement kann hei ausgeléint ginn. Och Gruppen-Eventer ginn organiséiert. www.youthhostel.lu
Och an der Haaptstad kann ee klammen: De Schwamm- a Sport zenter Coque bitt eng schéin IndoorKlammanlag an eng Boulderwand mat verschiddene Schwiereg keetslevels an iwwer 150 Routten. Equipement kann ausgeléint ginn. www.coque.lu
Ganz nei ass de grousse RedRock Climbing Center zu Zolwer. Et ass déi gréisst a modernst Klammhal zu Lëtzebuerg an ent sprécht olympeschen Normen. Déi gréissten Hal ass 15,5 Meter héich an huet véier Geräter, fir sech selwer ze séche ren. Derbäi kommen e Formatiounsraum fir Ufänger a Kanner an eng Boulderhal – alle béid 4,50 Meter héich. Am Ganze steet eng Klamm fläch vun 1400 m2 zur Verfügung. Equipement kann ausgeléint oder kaaft ginn. Et gëtt och e
Where nature meets medieval charm www.visit-vianden.lu Visit Vianden visitvianden
Café-Restaurant. TeamEventer a Gebuertsdagsfeiere sinn och méiglech. www.redrock-climbing center.lu
De Klotergaart Steinfort Adventure bitt Klo terspaass ënner Beem. Spannung, Abenteuer an Adrenalin héich uewen, matten am Gréngs! Ent deckt néng Parcourse mat ënnerschiddleche Schwieregkeetsgraden. De Park luet awer och dozou an, den Ekosys tem Bësch ze entdecken, a mécht Loscht op Spad séiergäng a Picknicken. www.steinfort-adventure.lu
De klenge Grand-Du ché verfüügt och iwwer e beandrockende Choix u Klammveräiner wéi den Éisleker Klamm veräin oder de Klamm Klub Uelzechtdall, déi Coursen a Virträg iwwer d’Konscht vum Klam men ubidden: alles, wat ee brauch, fir sécher mam Klammen unze fänken, seng Technik ze verbesseren a seng Leidenschaft fir grouss Héichte mat enger Ge meinschaft vun anere Klammfans ze deelen. Ganz oft muss een net Member sinn, fir un den Aktivitéiten deelhuelen ze kënnen. Komplett Lëscht op www.flera.lu
Laafen
1, 2, 3, go!
Laf-Eventer zu Lëtzebuerg
Dee mëttlerweil berü ümtsten a spektakuläerste Laf-Event am Grand-Du ché ass sécherlech den ING Night Marathon . Owes rennen d’Leefer op de verschiddenen Distan zen duerch d’Héichten an d’Déifte vun der Haapts tad. D’Atmosphär an d’Par tylaun laanscht d’Streck sinn eenzegaarteg a rappen ee mat. www.ing-night-marathon.lu
Am Hierscht gëtt an de Wéngerten op der Musel gelies. Ideal, fir bei engem Hallefmarathon duerch déi schéi Landschaft ze star ten! D’ING Route du Vin gouf 1962 gegrënnt an ass déi eelste Stroossecour se vun der lëtzebuergescher Liichtathletik. Ob erfueren Athleeten oder Hobby sportler – net manner wéi 1.800 Leefer sinn um Start. www.routeduvin.lu
De berüümten Ironman gëtt et och zu Lëtzebu erg. 2023 gëtt den Trio Schwammen, Biking a Lafen an Däitschland, Frankräich an zu Lëtzebu erg organiséiert. Gelaf gëtt also am Grand-Duché, op der Musel. www.ironman.com/ im703-luxembourg
D’Participatioun um DKV-UrbanTrail bedeit: Et wandert ee gemittlech oder et leeft ee sportlech am Fréijoer duerch d’Stad Lëtzebuerg an entdeckt wärend deem (op en Neits) den historeschen a kulturelle Patrimoine. www.urbantrail.lu
Duerch dat schéint Éislek féiert den Uewersauer Trail mat Start zu Heischent. En Deel vun de Recettë gëtt u karita tiv Zwecker gespent, en aneren dofir benotzt, fir jonk Sportler ze ënners tëtzen. www.trail-uewersauer.lu
Beim UTML – Ultratrail Mullerthal lueden erfueren Trailrunner aus der ganzer Welt dozou an, op den Trails am Mëllerdall, der „Klenger Lëtzebuerger Schwäiz“, ze lafen. Sech an enger nach intakter a spekta kulärer Natur mat hire beandrockende Fielsen, Hielen a schmuelen, ofwiesslungsräiche Pied ze beweegen, vermëttelt den Androck, an eng aner Welt anzedauchen. www.utml.lu
Deen Escher Kulturlaf mat verschiddenen Distanze schlängelt sech am Summer duerch d’Süd-Metropol. Begleet gëtt e vu vill Musek respektiv iwwert enger Dose Bands. E sportlech-
A walk through ii 400 years of history ii
musikaleschen Event mat Kultur-Genoss a Spaass laanscht d’Streck an op all Eck, well gläichzäiteg fënnt d’Escher Nuit de la Culture statt. www.kulturlaf.lu
De Steel-Run duerch d’Forge du Sud Déiffer deng all Joer am Hierscht ass net just eppes fir stole Borschten. De Motto vun der 13-Kilometer-Course: „Mir si Stol“. www.steelrun.lu
Zesummen duerch d’Haaptstad
Sightrunning
Loscht op Sport a Fun mat anere Laf-Amateuren all Woch? Ganz egal, ob et dobausse reent, schneit oder d’Sonn schéngt: D’FatBetty.Run Lafcrew trëfft sech all Don neschdegowend um 18:45 Auer an der Stad virum Independent Café. De 5 an 10-km-Laf mat zäitweis iwwer 50 Leefer all Woch ass keng Kompetitioun. Hei sti just Spaass a Ge meinschaft um Programm. De Motto vun de Bettys: „It’s not about racing or pacing, it’s about having some run fun together!“ Doraus kann natierlech méi ginn. Vill FatBetty. Runners hu schonn er follegräich un e puer LafEventer vun dëser Lëscht a weltwäit deelgeholl. D’Lafschong un a lass! Et kascht just e Laachen! www.fatbetty.run
D’Lichtung mam Séi ass den Hunnebuer – eng Plaz mat ville Legenden. Niewent – aktuell –dem „Tarzan“ Jorge soll och den Hunnekinnek Attila am 5. Joerhonnert op sengem Feldzuch a Richtung Westen hei en Tëschestopp ageluecht hunn. Hien huet seng Päerd gedränkt. Warscheinlech huet hie picknickt. A sécher huet hie vum Waasser aus der Quell gedronk, déi hei entspréngt.
Vill Gréngs ronderëm eis. E Waas serfall plätschert. Dschungel. Mir stinn e bëssen op der Säit, beobach ten, ouni ze schwätzen. Sonnestrale brieche sech un der Uewerfläch vum Waasser. De Mann, den Tarzan? Héiere mir wäit ewech Afe brël len? Sinn d’Geräischer exotesch? Oder dreeme mir? De Globetrotter, deen net den Tarzan ass, mee elo an hei esou wierkt, deen de klenge Séi mat der Lichtung am Guttland eleng duerch seng Ausstralung an d’Geschichten aus aller Welt, déi hien am imaginäre Rucksak bei sech huet, an eng Zeen ewéi am Reebësch verwandelt, ass de Jorge Valente. Laang gekrauselt, schwaarz Hoer. Che-Guevara-Baart. Motorradsbox. Torse nu. E sympathescht Laachen.
Kraaftquell Hunnebuer
D’Lichtung mam Séi, op där mir grad stinn, ass den Hunnebuer – eng Plaz mat ville Legenden. D’Waas ser soll heelend Kräften hunn. Mir modern Outdoor-Mënsche pressen d’Waasser virum Drénke selbst verständlech fir d’éischt duerch e Filter. Méiglecherweis ass op dës Manéier déi legendär Heelkraaft direkt mat ewechgefiltert. Immens erfrëschend ass d’Schlupp aus der Quell awer trotzdeem. An heelsam ass den Openthalt op dëser Plaz, um Bord vum Bësch a liicht am Schiet, souwisou.
Niewent dem Motorrad-Tarzan Jorge steet d’Anabela, seng Fra. Däitlech si Kailercher vum Laachen an hire Mondwénkelen ze gesinn. Zeréckhalend-ameséiert beobacht si d’bont Aktivitéite vun hirem Partner – am Liewen, an der Léift an am Job.
Zanter 2004 sinn déi zwee eng Koppel. De Jorge (gebuer zu Lëtzebuerg, portugisesch Wuerze len) an d’Anabela, déi a Portugal op d’Welt komm ass, hunn a verschiddenen Agencë geschafft, wéi se 2013 decidéiert hunn, e Sabbatical ze huelen, fir mat hirem Motorrad Latäinamerika ze entdecken.
Zeréck an der Heemecht Lëtze buerg koum hinnen d’Iddi, nees an e Büro an un e Schreifdësch zeréckzegoen, scho bal bizarre vir. Gläichzäiteg d’Riff vu Frënn a Bekannten aus de Biller a Ge schichte vun hirer Rees „eppes“ ze maachen.
No risk, no fun!
Si hunn hir Aarbecht gekënnegt an eng Crowdfunding-Aktioun gestart, fir e Print-Magasinn iwwert hir Amerika-Rees ze produzéieren. „diariesof“ war an
der Welt. Komm, fir ze bleiwen. Siechzéng Nummeren hunn et zanterhier an den Drock gepackt. En erstaunleche Succès, wann een den haart ëmkämpfte Maart fir Printmedie bedenkt. Léiert een déi zwee kennen, versteet een, dass den Erfolleg quasi eng Mussesaach war. Hire Virwëtz, hir Begeeschterung a Waarm-
De Jorge an d’Anabela reesen ëmmer am léifste mam Motorrad. Esou komme si och op entleeë Plazen. Si séier ënnerwee, ouni en onnéideg grousst Gefier bei sech ze hunn. Kee Blech beschränkt d’Vue méi wéi den Auto. De Bléck ka wanderen. An all Richtung. Se kënnen ouni Problem dréinen a fannen ëmmer eng Parkplaz. Dat perfekt Entdecker-Gefier.
Ausnamsweis klammen d’Anabela an de Jorge vum Motorrad. D’Weeër duerch déi enk Splécken an iwwert eisen Hängebrécken an der „Klenger Lëtzebuerger Schwäiz“ wëlle si eis zu Fouss weisen, ier mer dann awer e bësse „cruisen“.
Bëschmassiver, déi vu klengen, liewege Baachen duerchzu sinn, aussergewéinlech Biotopen, aus deenen héich Formatiounen aus Sandsteen erauskucken, enk Fielspassagen, geheimnisvoll Hielen, Splécken a Schluchten an eng vilfälteg Fauna: Dat ass de Mëllerdall. D’Regioun am Oste vum Land gëtt och „Kleng Lëtzebuerger Schwäiz“ genannt. A se mécht dem Numm all Éier.
häerzegkeet – och vis-à-vis vu frie me Leit – ass ustiechend. Si sinn authentesch. Beim Projet „diarie sof“ geet et net an éischter Linn ëm d’Sueverdéngen. Et geet drëms, Ge schichten ze erzielen. Ëm d’Stau nen. Ëm d’Mënschen. Nodeems se hir Aarbecht gekënnegt haten, ass et direkt mam Motorrad op en Trip vu Portugal duerch Asie bis a Japan gaang. No fofzéng Editiounen aus der ganzer Welt – Georgien, Iran, Kuba an aner Plazen – entdecke si
an der siechzéngter elo endlech d’abenteuerlech Géigend virun der Hausdier. Si hunn en Heft iwwer Lëtzebuerg gemaach.
Renconteren an aner Abenteuer
D’Pompelspäicherwierk zu Veiane besteet ënner anerem aus engem Stauséi bei der Our an dem Mont Saint-Nicolas mam sougenannten Oberbecken. Hei gëtt Waasser gespäichert, fir elektresch Energie ze gewannen. Den Aussiichtstuerm ass fräi zougänglech a bitt eng super Vue iwwer d’Oberbecken.
Zeréck bei den Hunnebuer. Do wéinst si mer hei. D’Anabela an de Jorge weisen eis e puer vun de Plazen, déi si op hirem Roadtrip duerch Lëtzebuerg besicht hunn. D’Anabela an de Jorge sinn Explo rer. Wëllen an d’Kultur vun engem Land andauchen. Natierlech loosse si sech vun der gigantescher Natur beandrocken. Mee den OutdoorSport ass net esou hiren Truc. Si musse sech näischt „erwanderen“. Fir si ass d’Natur kee Sportster rain, mee en Uert, wou ee Leit trëfft. Si kréien net genuch vun de Mënschen an de Vëlker, déi et ze besiche gëtt.
Kulturtechniken, virun allem aler, sinn och esou eng Saach, déi et ze bestaune gëllt. Kloer, jiddereen ass beandrockt, wann en erlieft, wéi a scheinbar ar chaesche Géigenden a Georgien d’Drauwen a riseg Amphoren aus Toun geheit ginn, déi am Buedem vergruef sinn, fir Wäin ze produzéiere wéi virun 1000 Joer. Mee och zu Lëtzebuerg gëtt et Handwierkskonscht, déi op ural Techniken zeréckgeet. Et muss ee just d’Aen opmaachen. Dës ural Method, fir Wäin am georgesche Stil ze kelteren, kann een iwweregens och zu Lëtzebu erg erliewen. Op der Musel. Op der Hëttermillen. Mee dat just niewelaanscht.
Tëschent Häll an Himmel
An engem onscheinbaren Atelier op der Haaptstrooss am klenge Bäerdref schafft d’Glasbléiserin Pascale Seil zanter iwwer 20 Joer u Konschtwierker aus mondge blosenem Glas an handwierklech hiergestallten, wonnerschéinen Objete fir den deegleche Ge brauch. Iwwerall steet Geschier, dat e bësse martialesch ausgesäit. Wéi d’Folterarsenal vun engem Grujelcabinet-Zänndokter gesinn d’Zaangen aus, déi fir d’Beaarbechte vum Glas benotzt ginn. E Feier wéi an der Häll an d’Schéinheet vu Konschtobjeten direkt niewenteneen. Faarweg Glaskugelen, wéi riseg Ae vu gigantesche Fantasiewiesen, iri séierend Draache vläicht, kucken eis blénkeg un. Ural Hand wierkskonscht trëfft op modern Formsprooch. Dëse Studio sollt een definitiv emol besichen!
Onverhofft kënnt oft. All Tuerm laanscht d’Streck muss entdeckt ginn. D’Anabela an de Jorge freeë sech wéi Schatzsucher, wann hinnen op hiren Tier ongeplangt eppes begéint, wat no enger Méiglechkeet fir eng eventuell Visitt ausgesäit. Wéi zum Beispill d’Aussiichtsgalerie beim Stauséi.
Am Glasatelier am klenge Bäerdref trëfft ural Handwierkskonscht op modern Formsprooch. D’Objete gi virum Brennen an onscheinbare Sand a verschidde Faarwe gedaucht, domat bestreet oder ageriwwen. No dem Brennen dann: Faarfexplosiounen!
Zanter iwwer 20 Joer schafft d’Glasbléiserin Pascale Seil u Konschtwierker aus mondgeblosenem Glas an handwierklech hiergestallten, wonnerschéinen Objet fir den deegleche Gebrauch. Den Thermometer weist iwwer 1000 Grad Celsius un an den Uewen hëtzt den Atelier – an d’Visiteuren – direkt mat.
Just e puer honnert Meter weider läit dat eigentlecht Touristenzil: de Visitor Center vun der Regioun Mëllerdall zu Bäerdref. De Start fir sëllege Wanderungen an déi be kannt Schluchte vun der „Klenger Lëtzebuerger Schwäiz“. Ausnams weis klammen d’Anabela an de Jor ge vum Motorrad. D’Weeër duerch déi enk Splécken an iwwert eisen Hängebrécke wëlle si eis zu Fouss weisen, ier mer dann awer e bësse „cruisen“. D’Stroossen zu Lëtzebu
erg si perfekt fir laang Tier mam Motorrad. De Makadamm ass glat an et ginn – onabenteuerlech – ex treem vill Tankstellen. En plus déi typesch Alleeë mat de wäiss uge strache Bamstämm. Um Priedegts tull (cf. S. xx) leet sech de Jorge gekonnt an d’Kéier. De Bike flitzt laanscht déi senkrecht Fielswänn a verschwënnt am dichte Bësch. E Paradäis fir Easy Riders.
Entdeckunge laanscht d’Streck
Am Schiet vum Veianer Schlass, dat no Märchen a Mëttelalter richt, gi „Beim Hunn“ op engem pechschwaarzen ale Grill iwwer Holzkuele gigantesch Kotletten, Rëppercher a Rëndsfilete gebroden. Esou muss et am Mëttelalter gericht hunn.
„Mir fannen et super, eis iwwerra schen ze loossen“, erzielt d’Anabe la. Si ass haaptsächlech fir d’Texter zoustänneg, wärend de Jorge den Designer a Fotograf ass. „Wa mir ënnerwee sinn an et daucht zum Beispill en Aussiichtstuerm op, bei deem ee guer net wierklech gesäit, wat et dann eigentlech ze gesi gëtt, wann een eropklëmmt, da bleiwe mer natierlech stoen
an hunn den ënnerlechen Drang, d’Geheimnis ze lëften. Wéi zum Beispill den Tuerm beim Pompel späicherwierk zu Veianen. Total onscheinbar. A grad dowéinst fir eis interessant. Firwat baut hei een en Aussiichtstuerm? Do muss dach eppes derhannert sinn. Sécher, dat ass keng klassesch Touristenattraktioun ... mee och esou e Bauwierk – wéi dëse kënschtleche Séi, dee plëtzlech virun engem opdaucht, wann een d’Trapen eropleeft: E gehéiert zu der Geschicht, zu der Kultur vun engem Land. Ass interessant. An et ass dach schued, wann een ep pes verpasst an einfach laanscht briedert.“
Schlemmen ewéi am Mëttelalter
„Gebriedert“ gëtt dann awer nach. Nämlech op Veianen. Dat risegt Schlass, dat ee muss gesinn hunn, loosse mer wuertwiertlech lénks leien a fueren op déi aner Säit vum Schlassbierg, bei de Restau rant „Beim Hunn“.
Eng Indoor-Grillstuff an engem Fachwierkhaus. Couragéiert! Den Doft vun Holz, Gegrilltem an oppenem Feier läit an der Loft. An e schnëssegen an offensicht lech stolze Wiert, deen d’Gäscht dauernd opfuerdert, sech alles ganz genee unzekucken. Mee, wannechgelift, net ze laang mat der Foto waarden! De Bifdeck muss gedréint ginn. D’Gäscht hunn e bluddeg bestallt. Séier maache, wannechgelift. D’Fleesch muss perfekt sinn. À point. Zeréck um Dësch. De Fotograf ass glécklech. De Wiert och. De Plat: op de Punkt.
D’Ruine vun der Buerg Branebuerg, där hir Originne bis an d’10. Joerhonnert zeréckginn, trounen op engem Fiels, héich iwwert der Uertschaft mam selwechten Numm. E Circuit féiert d’Visiteuren duerch déi ganz Anlag, vum Tunnel, deen d’Schlass mat dem ënneschten Haff verbënnt, bis an d’Spëtzt vum Tuerm.
Feieren
dobaussen
Déi wichtegst
Eventer
Lëtzebuerg freet sech dat ganzt Joer op déi berüümt Schueberfouer . Op dë sem gréisste Volleksfest am Land trëfft sech Enn August bis Ufank September wierk lech jiddwereen um Stater Glacis, ob Familljen oder Frënn, ob Touristen, Lëtze buerger aus all de Schichten oder och Prominenter a Po litiker. Um grousse Parking sti Forainen a Gastronomen niewenteneen. Traditioun gëtt hei groussgeschriwwen – esouwuel bei de Spiller wéi och bei de Spezialitéi ten. Einfach eng Kiermes, wéi ee sech se virstellt. www.fouer.lu
D’Sprangpressessioun zu Iechternach ass welt berüümt, immateriellen Unesco-Patrimoine – an e grousse Spaass. All Joer op Päischtdënschdeg versam mele sech Pilger a Specta teuren aus dem In- an Aus land, fir bei dësem eemolege Kultevenement derbäi ze sinn. Wärend dem Sprange gëtt ëmmer déi selwecht Polkamelodie gespillt. Zirka 12.000 bis 14.000 Pilger huelen un dësem Zuch duerch d’Stad bis bei dem Hellege Willibrord säi Graf deel, dorënner bis zu 9.000 „Sprénger“. www.mullerthal.lu
Nationalfeierdag ass zu Lëtzebuerg dee wich tegste Feierdag am Joer. Den 22. an 23. Juni ginn am ganze Land Feierlechkeeten organiséiert: zwee Deeg Concerten, Freedefeie ren, Spiller fir Kanner a Gedenkzeremonien ewéi déi berüümt Militärparad, déi ëmmer vill Visiteuren unzitt. Wat gëtt gefeiert? Groussherzogs-Gebuerts dag, deen onofhängeg vum Gebuertsdatum vun deem jeeweilege Grand-Duc oder vun där jeeweileger Gran de-Duchesse ëmmer den 23. Juni gefeiert gëtt. www.luxembourg.public.lu
D’Winterlights sinn e wanterleche Spektakel, deen an der Stad d’Ad ventszäit reegelrecht erhellt. Am Prinzip ass et e Chrëschtmaart mat Dau sende Luuchten op ganz verschidde Plazen an der Stad. Begleet vu Concerten, Ausstellungen an Animati oun ronderëm d’Chrëscht zäit, fir Grouss a Kleng. An natierlech ginn et iwwerall Spezialitéiten a Produite ronderëm Chrëschtdag ze kafen, vun traditionell bis modern. www.winterlights.lu
D’Héichiewe vum fréi eren Industriesite an dem haitegen Zukunftszenter Esch-Belval stinn am Summer beim HéichueweFest reegelrecht am Mëttelpunkt. Sëlleg Virs tellungen an Animatioune verbanne Konscht, Kultur
a Wëssenschaft mateneen: Concerten, Theater, Danz, Ausstellungen a méi gehéie ren derzou, gradewéi eng Visitt vun den Héichiewen. Ausserdeem ginn et Ecker fir ze liesen, Beräicher, wou d’Kanner fräi spille kënnen, an nach villes méi. D’Illumi natioun vun den Héichie wen ass en Héichpunkt. www.fonds-belval.lu
Bei der Lampion-Nuecht zu Wolz si ganz speziell „Nord-Liichter“ am Éislek ze gesinn: Am Park vun der Stad blénken Honnerte Lampionen. Déi éischte Kéier gouf dëse magesche Liicht-Spektakel am Kultur joer 2007 organiséiert. D’Nuit des Lampions , déi ëmmer am September ass, ass mëttlerweil immens beléift bei de Leit. Eng Aus stellung a verschidde Showe gehéieren derzou. www.ndl.lu
Mëttelalterlech Fester hunn och vill Fans. Zu Lët zebuerg besonnesch beléift sinn dat zu Veianen an dat zu Diddeleng. Forainen a Schauspiller hunn am Juli virun der beandrocken der Kuliss vum berüümte Schlass zu Veiane vill ze bidden. Mëttelalter-Musek, Gaukler-Gaudi a Rüstun gen, déi vill Kaméidi maa chen, sinn hei natierlech mat derbäi. Zu Diddeleng suergt d’Butschebuerger Buergfest am September fir Mëttelalter-Stëmmung. www.castle-vianden.lu www.buergfest.lu
Am gëllenen Hierscht ass zu Veianen dee bekannten Nëssmaart . All Joer den zweete Sonndeg am Oktober komme bis zu 20.000 Leit op Veianen. Hei treffe sech Amateure vun der Noss, ver schafft an all hire Formen, mee och fir Touristen an aner virwëtzeg Leit vun iwwerall ass den Nëssmaart e beléifte Rendez-vous. www.nessmoort.lu
En onheemleche Gesell huet engem Fest zu Réiden un der Atert säin Numm ginn: d’Kropemannsfest mat Jazz a Blues, engem Hobby- a Kënschtlermaart, Animatioun fir Kanner a ville leckere Spezialitéiten. De Kropemann selwer ass e lëtzebuergesche Personnage aus enger So, deen zu de Waassergeeschter gehéiert. Hien ass d’Ofzeeche vun der Gemeng Réiden. www.reidener-kropemanns fest.lu
D'Steam Punk Convention ass sécherlech dee fanta sievollsten Openair-Festival zu Lëtzebuerg. E fënnt an der Kuliss vum Fräiliicht musée Fond-de-Gras statt. Ëmmer am Hierscht treffe sech hei Steampunk-Fans aus dem In- an Ausland. D’Kos tümer sinn eng verréckt Më schung aus viktorianeschem Schick a komplett geckege Retro-Technikelementer. www.anno1900.lu
Zu Nouspelt an an der Stad (um Fëschmaart) ass op Ouschterméindeg
d’Eemaischen , e Maart, op deem traditionell Vul lepäifen, d’Péckvillercher, verkaaft ginn. All Joer ginn neier kreéiert a Fans kafe sech och all Joer eng nei Editioun. Den Evenement ass Deel vum offiziellen im materielle Kulturpatrimoi ne vum Land. Den Numm soll op d’bibelesch Stad Emmaus zeréckgoen. www.emaischen.lu www.vdl.lu
Eng Nuecht vun de Won ner: d’Nuit des Merveilles zu Beetebuerg. Gaukler, Kënschtler an Artiste bevëlkeren déi kleng Stad am Juli. Zirkusstëmmung an de Stroossen, Musek an der Loft. www.ndm.lu
Last but not least bréngen d’Wäifester Faarf, Goût a Genoss an de Joreskalenner. Organiséiert an der Miseler Géigend, hu se vill eedel Fläschen a fantasievoll Nimm ze bidden: d’Wén gertwanderung „Wine Lights Enjoy“ , d’oppe Kellereie beim „Wine Taste Enjoy“, d’Kult-Wäifest „Picadilly“ zu Stadbriede mes a „Mosel Licht und Flammen“ tëschent Waas serbëlleg a Réimech. Super Beliichtungskonzepter, iriséierend Inzenéierungen, vill Musek an Ënnerhalung an esouguer en Tour mat engem Boot gehéieren derzou. www.visitmoselle.lu www.mosellichtundflammen.lu www.picadilly.lu
Musek-Festivaller
Kläng ënner
fräiem Himmel
Beim Ruff vun de Sireene gëtt all Museksfrënd schwaach: Ëmmer am Juni rockt de Musek- a Kultur festival Siren’s Call de Stater Gronn ronderëm de lokale Kulturzenter, d’fréier Abtei Neimënster. Gespillt ginn Indie, Rock a Pop. www.sirenscall.lu
D'Blues’n Jazz Rallye gëtt all Summer vun der Stad Lëtzebuerg organi séiert. Den international bekannte Festival lackelt Dausende Visiteuren an d’Quartiere vun der Al stad (Pafendall, Clausen a Gronn), déi da fir den Trafick gespaart sinn, a bitt en usprochsvolle Programm. www.vdl.lu www.neimenster.lu
De Stater Programm „Summer in the City“ ëmfaasst all Zorte LiveMuseksfestivallen an Animatioun – vum OpenAir-Kino bis Concerten dobaussen op wonner schéine Plazen an der Stad. www.summerinthecity.lu
Den e-Lake-Festival ass all Joer am August ronderëm den Iechterna cher Séi. Dräi Deeg, zwou
Büne mat nationalen an internationalen Acts, e Camping fir d’eegent Zelt an domat e richtege Festival-Feeling. An den Entrée ass gratis: Esou mécht de Summer gutt Laun. www.e-lake.lu
Den Echterlive Festival ass och zu Iechternach am Juli. Matten an der beandrockender Abtei. Live-Concerte gradewéi en Art & Food Village erwaarden d’Gäscht am wonnerschéinen Haff vun der Abtei. www.mullerthal.lu
De Luxembourg Open Air, kuerz LOA , ass dee järleche Festival vun der elektronescher Dance Music: an der Stad an zu Esch. Bün fräi fir lokal an international DJen! Zu Esch tëschent den Héichiewen am Fréijoer an um Stater Kierchbierg am Hierscht. www.loa.lu
De „Festival de Wiltz“ ass bont gemëscht. Theater, Filmmusek, Operett, Pop: Zanter den 1950er-Joren ass all Joer eng méi lass an der Gemeng am Norden. Ëmmer nei Konschtfor me sinn derbäikomm an ergänzen de Festival och haut nach ëmmer. Oppe fir alles a fir jiddwereen: Esou cool ass Wolz. Och e puer Weltstaren hunn d’Bün scho gesinn. www.festivalwiltz.lu
Luci
Editeur
Luxembourg for Tourism BP 1001, L-1010 Luxemburg Tel. +352 42 82 82 1 info@visitluxembourg.com VisitLuxembourg visit_luxembourg @luxembourginfo www.visitluxembourg.com
Konzept & Chefredakter Valerio D’Alimonte
Kreativdirektioun & Editorial Design
Guido Kröger, ampersand.studio
Redaktioun Birgit Pfaus-Ravida Thomas Jutzler
Fotoen Pancake! Photographie Guido Kröger Aner Fotoe mat frëndlecher Geneemegung vun de Partner
Fotoredaktioun „Tipps“ Vanessa Migone Walter Ciotti
© LFT 2022
All Rechter reservéiert. All Notzung, Kopie, Reproduktioun, Publikatioun, Iwwerdroung oder Distributioun an iergendenger Form, ob ganz oder deelweis, ass just erlaabt, wann den LFT seng schrëftlech Geneemegung am Viraus ginn huet.
ISSN 2716-7356
Iwwersetzungen & Lektorat Marc Auxenfants Rachel Ezard Sieglinde Marx Sarah Pitt Cécile Balavoine Jess Bauldry Hélène Rybol Lara Schroeder why vanilla?
Publicitéit brain&more brain@brain.lu
Print Imprimerie Centrale
Oplo
Gesamtoplo: 70.000 Lëtzebuergesch Editioun: 10.000
Sproochen
Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch
Vill weider „Inspiring Travel Stories from Luxembourg“ an de passende Soundtrack „Sound of Luci“ fënns du an der (gratis) VisitLuxembourg App