Luci - Editioun 4 - Lëtzebuergesch

Page 1

Luci

Inspiring Travel Stories from Luxembourg EDITIOUN 4 — LËTZEBUERGESCH

D‘Gesiichter vun engem Quartier De Fëschmaart, ewéi en Duerf matten an der Stad

Kulturhaaptstad Esch2022 Opbrochstëmmung am Land vun den Terres Rouges

Dobaussen ënnerwee Traumschleifen, Biosphär a Bike-Abenteuer


Photo : © Boshua

Villa Vauban Musée d’Art de la Ville de Luxembourg

HIGHLIGHT 2022

01.07 > 09.10

John Constable’s English Landscapes

2022

Masterpieces from the Tate Collection

villavauban.lu MON - SUN 10 - 18:00 FRI 10 - 21:00 TUE closed


Editorial Moien a wëllkomm zu Lëtzebuerg! Wourun erënnert Dir Iech gär, wann Dir vun enger Rees zeréckkommt? Schéi Landschaften, gutt Iessen, frëndlech Gesiichter, spannend Aventuren? Bei der Redaktioun vun dësem neie Luci hu mir vill Leit getraff, deenen hir Geschichten Iech hoffentlech gradesou begeeschteren ewéi eis. E klenge Buttek mat Souveniren, e Restaurant oder eng Konschtgalerie: Niewent de villen Highlights zu Lëtzebuerg sinn et och déi op den éischte Bléck onscheinbar Plazen, wou Mënsche wierken, déi vill z’erzielen hunn. Mir sinn och op Besuch op engem Bauerenhaff a genéissen d’Liewen um Land, treffen e lëtzebuergesche Cineast a schwätze mat him iwwert säi Liewenswierk, an dauchen an an d’Kulturzeen vu Lëtzebuerg, déi am Joer vun Esch2022 vill Inspiréierendes ze bidden huet. Wéinst genee esou Leit kann ee vill Facetten a sympathesch Eegenschafte vu Lëtzebuerg kenne léieren. An eent ass sécher: Super Reeserënnerunge sinn heibäi ëmmer inklusiv! Vill Freed beim Liesen a bis geschwënn zu Lëtzebuerg!

Romain Weber President Luxembourg for Tourism

Dr. Sebastian Reddeker CEO Luxembourg for Tourism

PS: Dir hutt déi lescht Ausgabe vum Luci verpasst? Kee Problem. Bestellt se einfach online op www.luci.travel a mir liwweren Iech se gratis heem — fir nach méi Luci-Momenter, déi inspiréieren.

3


Inhalt

40

6-19

The Good Life FACES OF FËSCHMAART

98

E Quartier op d’Mooss 20-23

The Good Life FILMLAND LËTZEBUERG

Schaarfe Beobachter, duusse Rebell 26-39

Daydream HIDDEN PLACES A LACKELEG FORMEN

No Ordinary Love 40-45

The Good Life STENGEFORT, E SCHNEEKEGT DUERF

6

Den Terroir um Teller 46-63

Transforming Experiences

74

KULTURHAAPTSTAD ESCH2022

Wëll kleng Schwëster 64-71

Daydream MINETT UNESCO-BIOSPHÄR

Mënsch. Bio. Sphär.

112 4

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


26

74-87

20

Transforming Experiences GEDENKEN OP DER REES

Wat bleift, ass Hoffnung 88-93

The Good Life HOTEL- AN TOURISMUSSCHOUL EHTL

D’Schoul vun der Gaaschtfrëndschaft 94-97

The Good Life VUM FELD ZUM WÉNGERT

D’Geheimnis vun der gëllener Rief 98-107

Outdoors Passion TRAUMSCHLEIFENPREMIUMWEEËR

Dreem weider

46

108-111

The Good Life VAKANZ UM BAUERENHAFF

64

Natierlech gutt 112-121

Outdoors Passion GRAVEL-BIKEABENTEUER

Mad(e) for cycling 122

Impressum

5


The Good Life FACES OF FËSCHMAART

E Quartier op d’Mooss De Fëschmaart, op Franséisch: „Marché-aux-Poissons“. Hei gouf schonns ëmmer vill Handel bedriwwen. Fréier mat Fësch a Gewierzer, haut mat handgemaache Produiten op d’Moss. Mä de Fëschmaart ass méi. En ass en Duerf an der Stad, gestalt a belieft vun Händler a Gastronome mat Häerzblutt. Text LILLY HÜTTER Fotoen PANCAKE!

6

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


7


Handwierks- an Handaarbechtskonscht par excellence fannen Amateure vu klassescher Moud an dëse Butteker: „Basics & Bespoke_The Chap“ kleet Gentlemen ewéi am Ufank vum 20. Joerhonnert an, bei „Chapette“ direkt niewendru fanne Ladies déi passend Garderob mat Stil. Wiem vergänglech Trends gefalen, deen ass hei falsch.

8

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De „Chapette“ ass e Gedicht aus stëmmege Faarwen a Formen an héichwäertegen Tissuen. Am Atelier, dee kee verstoppten Ofstellraum hannen am Buttek ass, mä en oppene Showroom vun der Handwierkskonscht, breet de Povilas Zaleskis Patronen aus. De gebiertege Litauer ass Schneider, Grafikdesigner an Hobbyfotograf.

9


De Mustafa Solak huet mat dem „Kaale Kaffi“ en Dram fir Vintage-Fans geschaf: Antiquaresch Bicher vum Roman bis bei d’Sachbuch stapele sech niewent an op den Dëscher, d’Mauere si quasi mat bonte Biller tapezéiert, mol Uelegtablo, mol Zeechnung, déi een och kafe kann.

10

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Si hält hei säit iwwer 40 Joer d’Stellung an ass vum Fëschmaart net méi ewechzedenken: d’Sylvie Thoma. „Moien!“, rifft si de Passanten zou, wärend si virun hirem Souvenirsgeschäft „Buttéck Um Fëschmaart“ e klenge Schlësselunhänger riichtréckelt. Dee kann als Leporello auserneegeklappt ginn a weist déi schéinste Vuë vum „Grand-Duché de Luxembourg“. Warscheinlech ass den Design vum Unhänger säit den 1980er-Joren net grouss geännert ginn – a genee dat mécht de spezielle Charme vum Sylvie sengem Shop aus. Hei fënnt een, dicht openeen, richteg Klassiker, déi un d’Reese mat den Elteren a Grousselteren erënneren.

D’Duerf an der Stad „Ech hunn esou vill Stammclienten, deenen ech Souvenire vu Lëtzebuerg esouguer reegelméisseg heemschécken“, erzielt d’Sylvie. Fir hatt ass et eng Fro vun der Éier, Undenken aus dem Grand-Duché ze verkafen. Dat war fir hatt scho mat Mëtt 20 kloer, ewéi et 1979 säi Buttek hei opgemaach huet. „De Fëschmaart war ëmmer ewéi en Duerf an der Stad, dat ass dat Besonnescht hei“, seet si. Et kennt ee sech, et schwätzt ee vill mateneen. An och de Grand-Duc kéim heiansdo bei him laanscht. „E léiwe Mënsch, d’ganz Famill ass immens!“, schwäermt si.

gehéiert de Fëschmaart zum historeschen Zentrum vun der Alstad, déi zum UNESCO-Weltkulturierwe gehéiert. Hei goufen um Parvis vun der Buerg vun de Grofe vu Lëtzebuerg virun iwwer 1.000 Joer déi éischt Mäert ofgehal. An den enke Gaassen huet sech dat wirtschaftlecht a gesellschaftlecht Liewen ofgespillt. Elo sinn um Fëschmaart den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, de Sëtz vum Staatsrot an déi iwwer dausend Joer al Méchelskierch ze fannen.

Déi al Auer vun der Méchelskierch Bis 2011 hu sech ronderëm d’Méchelskierch d’Franziskanerinnen ëm fleegebedierfteg Persoune gekëmmert a waren enk mat de Leit ronderëm de Fëschmaart verbonnen. Haut ass d’Kierch als eelste geweite Bau an der Stad eng Plaz vun der Rou an dësem liewege Quartier. Si

vereent romanesch, gotesch a barock Architektur an zeit esou vun enger beweegter Stater Geschicht. Direkt bei der Entrée fält de Visiteuren eng Vitrinn an d’A, déi op engem hëlzene Sockel e beandrockend Auerwierk presentéiert. Dës Auer vun 1902 huet bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert am Tuerm vun der Kierch getickt a geschloen. Dat fréiert technescht Häerz vun der Méchelskierch ka vun de Visiteure bestaunt ginn. „An dat ass super, well et ass

De Fëschmaart, wou sech fréier zwou Réimerstroosse gekräizt hunn, ass den historeschen Zentrum vun der Alstad. D’Gastronomie mécht aus dem Fëschmaart ausserdeem e Genoss-Zenter mat deftege Platen, déi ganz „terre à terre“ sinn, mä och enger e bësse méi raffinéierter Offer.

De Fëschmaart ass en Treffpunkt, wou d’Leit zesummekommen, ob Politiker oder Händler, ob Touristen oder Einheimescher. En ass net wäit ewech vun de Kasematten, Festungsanlagen, déi an de Stee gehae sinn. Fréier hu sech hei zwou Réimerstroosse gekräizt. Haut

11


Am Casino Display presentéiere jonk Kënschtler hir Wierker, vu Molerei bis Video-Installatioun. Eng kënschtleresch Frëschzellekuer fir de Fëschmaart, deen nees emol beweist: Traditioun a Modernitéit gehéieren hei zesummen.

12

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Casino Display ass vill méi ewéi just en Ausstellungsraum, et ass eng Residenz. „D’Kënschtler wunnen och hei“, seet déi associéiert Curatrice Nadina Faljic, déi op dësem Dag Visiteuren d’Ausstellung weist. Wärend hirem Openthalt kënnen déi jonk Kënschtler an de Raim experimentéieren a sech an hirer Aarbecht weiderentwéckelen.

13


déi eenzeg Kierchtuermsauer an dëser Gréisstenuerdnung, déi ee sech zu Lëtzebuerg esou genee ukucke kann“, seet de Georges Jungblut. Den Auermécher huet am Quartier eng Bijouterie mat senger Fra Nadine. An hien ass dee Mann, deen 2019 wärend iwwer 400 Stonnen Aarbecht am Optrag vum Alstad-Kommitee dës Auer restauréiert huet, fir dass se elo nees geet.

Savoir-vivre an Handwierkskonscht An d’Vergaangenheet andauche kann een och, wann een den Hans Fellner a senger Galerie besicht.

Déi verwénkelt Raimlechkeeten, an deenen hien zäitgenëssesch Konscht vu Lëtzebuerg presentéiert, ginn déif erof an d’Geträips vun der Stad. „Am Prinzip ass dat hei de fréiere geografesche Mëttelpunkt vum historesche Fëschmaart“, erkläert de Galerist a Stadsoziolog. Bei der Renovéierung vun de Raim am mëlle Sandstee war et him wichteg, dass dat Aalt an dat Neit am Equiliber sinn. „Am Allgemenge si mir hei an eisem klenge Quartier ëmmer mat eiser Geschicht konfrontéiert a setzen eis dermat auserneen“, erkläert den Hans Fellner. Direkt niewendrun huet den Alex Reding mat senger Fra Véronique Nosbaum eng Konschtgalerie. Dem Konschtwëssenschaftler a Sculpteur gefält dësen historesche Site,

Säit 1982 betätegt sech d’Sylvie Thoma vum Souvenirsgeschäft „Buttéck Um Fëschmaart“ och als Aulebäckerin a mécht déi berüümt Péckvillercher, all Joer mat engem neie Muster. D’Päife kann een d’ganzt Joer bei hir kafen an natierlech och op der traditioneller Emaischen, déi ëmmer Ouschterméindeg an der Alstad stattfënnt.

dee gläichzäiteg esou lieweg ass. „Et ass eng kulturell spannend Plaz. De Quartier ass en plus schéin an et ass vill lass. Et gi gutt Restauranten a Bistroen, wou ee bis an d’Nuecht era rausgoe kann“, seet de Konschtlibhaber, deen och zu Bréissel eng Galerie huet.

Stilvollt Gezei op d’Mooss Handwierks- an Handaarbechtskonscht par excellence fannen Amateure vu klassescher Moud am „Chapette“. De gebiertege Lett Povilas Zaleskis ass Schneider, Grafikdesigner an Hobbyfotograf. A wunnt säit zéng Joer mat senger Fra, déi fir d’EU schafft, zu Lëtzebuerg. „Mir gefält d’Rou hei. Meng fënnef Kanner kënnen an engem international gepräägte Land opwuessen a léiere vill Sproochen. Dat ass ideal“, schwäermt hien. An de Shop koum hien, well him d’Konzept gefall an hien de Pascal Zimmer einfach ugeschwat huet. Onkomplizéiert, ewéi Noperen. Bal ewéi um Duerf eben. Schréi vis-à-vis ass de Motto och „schéi Stëfter op d’Mooss“. Beim Dekorateur „Création d’Ambiances“ suergen déi zwou Cheffinne Paola von Habsburg-Lothringen a Marisca de Changy säit iwwer 15 Joer derfir, dass de Client genee déi passend Riddoen, Luuchten oder Bezich fir seng Sëtzmiwwele kritt. „Bei eis komme Stammclienten aus dem In- an Ausland. Mir verschécken och vill“, erkläert d’Paola von Habsburg-Lothringen. Um ieweschte Stack ass e groussen Atelier, wou engersäits geschneidert, anerersäits gepols-

14

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


A sengem Salon zelebréiert de Vito d’Attoma d’Vilfalt: All Raum huet e komplett anere Styling, vu crazy Urban Art bis kuscheleg Blummeromantik. „De Quartier hei ass einfach speziell“, seet hien iwwerzeegt.

15


De Marcel Goeres, Proprietär vum „Hôtel Parc Beaux-Arts“, ass en „alen Hues“ an der Hotelbranche zu Lëtzebuerg, voller Leidenschaft a Mënschlechkeet, ëmmer drop beduecht, nei Konzepter z’entwéckelen, fir seng Léift fir d’Land an d’Stad mat jidderengem ze deelen. 16

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Am Restaurant „D’Gëlle Klack“ am „Hotel Parc Beaux-Arts“ kréien d’Gäscht moies beim Kaffi ganz dënn geschnidden Ham. D’Schneide gëtt matten an der Salle à manger zelebréiert. Dat mécht Loscht op méi!

17


tert gëtt. „Dat alles geschitt hei, am Zentrum vun der Stad“, seet d’Paola net ouni Stolz. „An der ganzer Strooss gëtt iergendwéi alles op d’Mooss gemaach“, ergänzt d’Ariichtungsexpertin mat engem Laachen.

Ewéi doheem an der Stuff De spezielle Flair liibt a lieft och de Coiffer Vito d’Attoma. Den Italieener, deen zu Lëtzebuerg gebuer ass an deem seng Famill vu Perugia kënnt, huet bis elo säi ganzt Beruffsliewen hei um Fëschmaart verbruecht. „Dëse Quartier ass einfach speziell. E representéiert dat traditionellt Lëtzebuerg an d’Geschäftsleit sinn ewéi Famill!“, seet hien iwwerzeegt, wärend hie mam Kamp hantéiert.

Dat bestätegt de Mustafa Solak visà-vis am Vintage-Café „Kaale Kaffi“. De gebiertegen Tierk a Konschtrestaurateur, deen zu Florenz studéiert huet, zerwéiert e säftegen Orangëkuch. De Konschthändler huet sech mam Café en Dram erfëllt. „Mäi Konzept: Vintage and more! Hei kënns du op aner Iddien, vill Leit schaffen a liesen daagsiwwer hei, et ass e bëssen ewéi eng Stuff“, seet de Mustafa. E Bléck an de Raum bestätegt dat. A jiddereen huet e Laachen op de Lëpsen am Schäi vun den almoudesche Luuchten. Sech gemittlech verwinne loossen a sech wuelfillen, dat ass och de Motto am „Hôtel Parc Beaux-Arts“. E klengen, kuschelegen Hotel mat enger knapper Dose Suitten, och hei: alles voller Konscht, an zwar virun allem vu Lëtzebuerger Kënschtler.

D’Méchelskierch ass als eelste geweite Bau an der Stad eng Plaz vun der Rou an dësem liewege Quartier. Si vereent romanesch, gotesch a barock Architektur an zeit esou vun enger beweegter Stater Geschicht.

18

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Aus ursprénglech dräi Stadhaiser, iwwer 300 Joer al, gouf hei eent gemaach. „Bannena gouf alles ofgerappt, dat war vill Aarbecht“, esou de Gerant Marcel Goeres. Hien ass en „alen Hues“ an der Hotelbranche zu Lëtzebuerg, voller Leidenschaft a Mënschlechkeet, ëmmer drop beduecht, nei Konzepter z’entwéckelen, fir seng Léift fir d’Land an d’Stad mat jidderengem ze deelen. Mam „Hôtel Parc Beaux-Arts“ bitt hie säit 2005 e Refuge matten an der Alstad un, an zwar am ureegend-inspiréierende Kader vun engem Boutique-Hotel mat enger häerzlecher, familiärer Ekipp. Seng Wäinzoossiss ësst de Marcel Goeres hei vum traditionelle „Vieux Luxembourg“-Teller. Dat bekannt wäiss-blot Geschier vu Villeroy & Boch gouf fréier am Rollengergronn gemaach. Traditioun ass dat, wat zielt, mengt de Marcel Goeres: „Mir setzen hei absolut op Lokalkolorit!“

Eng kënschtleresch Frëschzellekuer Frësche Wand a jonkt Blutt: Dat mécht de Casino Display aus. Am fréiere Konschthaus beim Engel, deem seng Wuerzele bis an d’Mëttelalter zeréckginn, huet e sech niddergelooss. Hei presentéiere jonk Kënschtler hir Wierker, vu Molerei bis Video-Installatioun. Wéi déi „al Lëtzebuerger“ op dat „neit Konschthaus“ reagéieren? „Si si meeschtens erstaunt, well si kennen et nach vu virun der Renovéierung, mat ale Plättercher a ganz anescht“, esou déi associéiert Curatrice Nadina Faljic. Mä da wieren se meeschtens awer frou iwwert dat, wat gebuede gëtt: eng kënschtleresch Frëschzellekuer fir de Fëschmaart. Wat eemol méi beweist: Traditioun a Modernitéit gehéieren hei zesummen.


Fir déi zwee Galeristen Alex Reding an Hans Fellner bitt de Quartier „eng eenzegaarteg Mëschung aus Savoir-vivre, Kultur an héichwäerteger Handwierkskonscht“.

19


The Good Life FILMLAND LËTZEBUERG

Schaarfe Beobachter, duusse Rebell Den Andy Bausch ass säit Joerzéngten ee vun de bekanntste Regisseure vu Lëtzebuerg. Net méi ewechzedenken, mat Häerz a Witz, esou richteg am Land verwuerzelt. Ëmmer mat béide Féiss um Buedem bliwwen. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA

20

Fotoen MIKE ZENARI

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Säi Stil: Liederjackett mat Patina an ausgeleiert Baseballkap, sëlwere Baart, e wakerege Bléck hannert dem Brëll. Seng Missioun: einfach gutt Filmer maachen. Filmer, déi Lëtzebuerg brauch. An deem Moment, zu där Zäit, op där Plaz. Säit den 1980er-Joren ass den Andy Bausch eng fest Gréisst an der Kulturlandschaft. Méi nach, hien ass eng Kultfigur. Bekannte Wierker sinn ënner anerem: d’Kinosfilmer „Troublemaker“ a „Le Club des Chômeurs“ mam Thierry van Werveke, „A Wopbopaloobop A Lopbamboom“ mam Desirée Nosbusch a „Rusty Boys“ mam André Jung, Marco Lorenzini, Fernand Fox, Pol Greisch an anere „Revoluzzer-Senioren“. Awer och gelleg aner Fernseeproduktiounen, Kuerz- an Dokumentarfilmer ginn op seng Kap. Déi hie just ganz seelen ausdeet. Op dësem Dag drénkt hie säi „Picon“-Béier am „Interview“, ee vu senge Liblingscaféen. Den Andy wunnt am Garer Quartier an ass mam Tram heihinner komm. „Auto, Fürerschäin? Brauch ech net. Ech hunn ëmmer a Stied gewunnt“, seet hien a grinst. Eigentlech ass den Andy Bausch domat wierklech e Pionéier, schonns ëmmer absolut nohalteg ënnerwee. E Mann seet him Moien, heet him ferm op d’Schëller. „Andy, wéi geet et dir? Bass du net méi am Süden ënnerwee?“ Am Süden, zu Diddeleng, ass den Andy Bausch opgewuess. Mä säit iwwer 40 Joer ass hien an der Stad doheem. An ass, ewéi et ausgesäit, am ganze Land e liewegen Deel vum kollektive Kultur-Gediechtnes, op deen ee stolz ass: „Dem Andy säi Béier geet op mech!“, rifft de Mann eriwwer bei de Comptoir.

„An der Pandemie sinn ech e bëssen zum Einsiedler ginn, hu vill geraumt, Inventar gemaach, al Placken, Biller a Bicher zortéiert. Ech sinn e verkappte Bicher-Mécher. An eigentlech si meng Iddie schonn ëmmer am stillen Kämmerlein entstan“, seet den Andy Bausch. D’lëtzebuergesch Filmzeen ass säin Doheem, méi nach: Hien huet se an d’Liewe geruff. „Deemools ass zu Lëtzebuerg kulturell wéineg gelaf an et huet een iergendwéi selwer eppes misse maachen, fir dass sech eppes beweegt!“, erënnert hie sech.

Kinoverréckten Autodidakt De kinoverréckten Autodidakt, fréier groussen Amerika- an nach ëmmer Museks-Fan, huet ugefaang, andeems hie Fotoe gemaach huet, wa Bands opgetratt sinn. Seng éischt Filmer waren dunn och Museksfilmer – Live-Optrëtter, „vertount mat Musek vun enger Plack, well de Sound esou schlecht war“, erënnert sech den Andy mat engem Laachen.

„Heiansdo hunn ech meng Suen anescht verdéngt, fir mer et leeschten ze kënnen, Filmer ze dréinen“, esou den Andy. Du koumen déi éischt Super-8-Filmer, säin éischte laange Film: „When the Music’s Over“ aus dem Joer 1981. E Film iwwert eng Band, déi vu lauter Kiffe guer net aus dem Proufraum erauskënnt. Et si wärend all de Joren oft déi futtis, staark a gläichzäiteg och verluere Charakteren, déi den Andy Bausch faszinéieren an deenen hien a senge Filmer eng Bün gëtt. Zwee Bankraiber ouni Succès am „Troublemaker“ (1988), aarbechtslos Stolaarbechter am „Club des Chômeurs“ (2003): Genee esou Typpen erueweren d’Häerzer vum Public a gi Kultfiguren.

Ob „Picon“-Béier oder Kaffi: Den Andy Bausch ass gär am „Interview“ matten an der Stad.

21


An dësen zwee Filmer spillt de Charakterkapp Thierry van Werveke d’Haaptroll. Deen eigentlech just Kabelen droe wollt, erënnert sech den Andy Bausch: „Mä ech wollt hien als Schauspiller!“ Dat huet sech gelount. De Film, dee gréisstendeels am Bing spillt an an der deemools desaffectéierter Abtei Neimënster gedréint ginn ass, trëfft en Nerv. An och den nächste Film nom „Troublemaker“ koum gutt un: „A Wopbopaloobop A Lopbamboom“ (den Titel ass inspiréiert vum Little Richard sengem

Denk-Ustéiss: Beim Opstoen téitscht ee sech hei de Kapp. „Dat geschitt mir säit iwwer 40 Joer!“, laacht den Andy.

Hit „Tutti Frutti“) aus dem Joer 1989 mam Desirée Nosbusch gewënnt eng Partie Filmpräisser. „Vläicht mäi beschte Film“, seet den Andy Bausch. Och déi rebellesch Senioren ouni Su vir an hannen aus „Rusty Boys“ (2017) leien him um Häerz.

D’Filmgeschicht geet weider An der Tëschenzäit gëtt et eng breet Palett vun Andy-Bausch-Filmer. Hien huet laang Joren an a mat der Kulturfabrik zu Esch geschafft – „do war deemools bal alles versammelt, wat mat Kultur ze dinn hat!“ –, dunn awer och, no enger erfollegräicher Produktioun mam Mario Adorf, zéng Joer laang Fernseefilmer an Däitschland gemaach, mam Richy Müller, Claude-Oliver Rudolph, Otto Sander an anere grousse Schauspiller. Haut, zeréck zu Lëtzebuerg, ass den Andy Bausch Regisseur vu Long-métragen, Dokumentar- a Fernseefilmer a Publicitéiten. Den nächste grousse Projet: de Film „Little Duke“, deen hien am Fréijoer 2022 dréine wäert. An nees sinn et déi net ganz esou glat Charakteren: D’dramatesch Komedie erzielt d’Geschicht vun zwee net méi ganz jonken, aarme Kolleegen, déi am räichen, deiere Lëtzebuerg ëm d’Iwwerliewe kämpfen. Mat um Set: d’Schauspiller André Jung, Luc Feit, Marco Lorenzini, Valérie Bodson. D’Filmgeschicht vum a mam Andy Bausch geet also weider. Och freit hie scho mat enger Biografie. Zu där bestëmmt och d’Famill gehéiere wäert. Well den Andy Bausch seet vu sech: „Sécher sinn ech Regisseur an ëmmer e bëssen en Einsiedler. Mä virun allem sinn ech och Papp vu véier Kanner. An dat ass mindestens genee esou wichteg.“

22

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

D’Filmgeschicht geet weider Lëtzebuerg op vill verschidde Manéieren: Weider Filmtipps vum Paul Lesch, dem Direkter vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) www.cna.lu  Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich, déi mënschlech Säit: „Schacko Klak“ vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann (1990).  Wéi war d’Liewen nom Krich? „Eng nei Zäit“ vum Christophe Wagner (2015).  Wéi huet Lëtzebuerg an den 1960er-Jore getickt? „Perl oder Pica“ vum Pol Cruchten (2006).  Bourgeoisie, Drogen an Nightlife Enn den 1980er-Joren: „Hochzäitsnuecht“ vum Pol Cruchten (1992).  Eng Jugend zu Lëtzebuerg (Verfilmung vum Roman Amok vum Tullio Forgiarini): „Baby(a)lone“ vum Donato Rotunno (2015).  De Lëtzebuerger hire Liblingsdetektiv mat der karéierter Mutz, dee seng Superkraaft vum traditionelle Kachkéis kritt: „Superjhemp retörns“ vum Félix Koch (2018).  D’ländlecht Lëtzebuerg, e Thriller, vermëscht mat fantasteschen Elementer: „Gutland“ vum Govinda Van Maele (2017).


© PATRICIA PERIBÁÑEZ

© FRAME ART/RATTLESNAKE

De Kinnek vun der dramatescher Rock-Oper: Den Andy Bausch 2016 bei den Dréiaarbechte fir de Kuerzfilm „Freddie“ iwwert de Queen-Frontmann Freddie Mercury.

Charakteren, déi um Enn sinn, faszinéieren den Andy Bausch. De Regisseur bei den Dréiaarbechte fir „Rusty Boys“ (2017): „Al Bouwen“, déi eng WG grënnen.

23


Avenue Émile Reuter

Blvd. Prince Henri

VILLA VAUBAN MUSÉE D’ART DE LA VILLE DE LUXEMBOURG

DISCOVER THE DIVERSITY OF LUXEMBOURG’S MUSEUMS WITHIN A SHORT DISTANCE W W W. M U S E U M S M I LE . LU

Rue Notre-Dame

CASINO LUXEMBOURG FORUM D’ART CONTEMPORAIN


nedy

Ken hn F. ue Jo

Aven

MUDAM LUXEMBOURG MUSÉE D’ART MODERNE GRAND-DUC JEAN

e

Ru

i Tro

ds

an

l sG

s de

MNHA MUSÉE NATIONAL D’HISTOIRE ET D’ART

theim

Rue Wil

efroi

Rue Sig

es

u

’Ea

Fra

in

ünster

rit

nkl

Rue M

d.

Rue du

LËTZEBUERG CITY MUSEUM Blv

e

Ru

St-Esp

e

Ru

l de

en

ng

v Trê de

MUSÉE NATIONAL D’HISTOIRE NATURELLE ‘NATUR MUSÉE’

e Ru

du

hü rt T

Fo

MUSÉE DRÄI EECHELEN FORTERESSE, HISTOIRE, IDENTITÉS

no

la De lt

eve

os

Ro


Daydream HIDDEN PLACES A LACKELEG FORMEN

No Ordinary Love En Dram mat Flilleke fir jiddereen, dee sech fir Autoen interesséiert: de Mercedes 300 SL. E ganz besonneschen Exemplaire war mat senge lëtzebuergesche Proprietären op der Rees. 12.000 Kilometer hannereneen an Europa ënnerwee an elo fiert en duerch d’Häerz vum Grand-Duché. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE!

26

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Miersch

Schëndels Blaaschent

Buerglënster

Steesel Nidderaanwen Walfer Sennengerbierg Minsbech

Lëtzebuerg-Stad

Conter

27


De Mercedes 300 SL mécht eng Paus an der pittoresker Lëtzebuerger Natur. Seng Proprietären Tina a Jean-Marc schätzen hien als treie Begleeder iwwer dausende Kilometer. Eng matt-sëlwereg Folie schützt den original blénkeg-schwaarze Lack. Geschwë wëllen déi zwee iwwer 20.000 Kilometer duerch Nordamerika fueren.

28

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


En Auto mat Flilleken ... Wann en duerch d’Stroosse rullt, mat mattem Glanz an déckem Sound, da ginn d’Daumen an d’Luucht, d’Handyen erausgeholl, d’Leit wénken, muncheree kritt e Blénken an d’A. E Mercedes 300 SL léisst kee kal. D’Flilleke ginn op. Et klammen eraus: d’Tina an de JeanMarc, déi stolz Proprietäre vum Auto. Dës sëlwer Legend op Rieder, Baujoer 1955, ass en Dram, deen d’Koppel sech 2019 erfëllt huet. Mä den Auto ass méi ewéi „just“ en 300 SL. En ass exakt op d’Besoine vum Tina a vum Jean-Marc ugepasst, fir laang Strecken ze fueren. Eng mattsëlwereg Folie schützt den original blénkeg-schwaarze Lack. Gepäckdréier an Alu-Waliss op der Mall léisen de Problem vun der Plaz. „Et muss een ëmmer genuch Ersatzdeeler derbäi hunn, fir d’Originaltechnik um Liewen ze halen“, seet de Jean-Marc. Nei gepolstert Sportssëtzer vum Schrott mat Sécherheetsgurten amplaz vun den original däischterroude Liedersëtzer bidde méi Sécherheet. An der Konsol an der Mëtt kënne Saache verstaut ginn an et ginn nach vill aner technesch Gadgeten, offensichtlech oder verstoppt.

Bis op den Nordkap „De sportleche Look kënnt gutt u bei den Oldtimerfans, an et kënnt ee mat de Leit an d’Gespréich“, seet d’Tina a laacht. Gebierteg vu Stuttgart, drénkt hatt eng Schlupp Cappuccino am Légère-Hotel zu Schëtter, wou déi zwee haut hiren Tour duerch den Zentrum vu Lëtzebuerg starten. „Mir wollten en Auto, dee bei eis passt. Kee fir an d’Vitrinn. An: Mir brauchen en Auto, op dee mer eis verloosse kënnen, well mer virun allem wäit Strecke fueren.“

Méi genee: 12.000 Kilometer duerch Europa inklusiv d’Visitt um Nordkap. Sechs Woche war d’Koppel mat hirem Dramauto ënnerwee. De Jean-Marc ass geléierte Mecanicien, restauréiert zu Lëtzebuerg ënner anerem Renn-Motorrieder a fiert selwer Motorradscourssen. D’Tina huet eng Passioun fir Autoen an zesumme verbrénge si vill Zäit an deem Gefier. An déi zwee huele sech Zäit a Raum. Geschwë soll et iwwer 20.000 Kilometer duerch Nordamerika goen. Mä Lëtzebuerg ass och schéin a gëtt haut mam 300 SL eruewert. E kille Moien am Hierscht, d’Blieder si giel a rout gefierft. Vu Schëtter aus ass de Rousegaart ronderëm d’Mënsbecher Schlass net wäit. E gouf 2017 vun der Vereenegung „Lëtzebuerger

Rousefrënn“ an Zesummenaarbecht mat der Schëtter Gemeng op engem Terrain beim Schlass ugeluecht a fir de Public opgemaach. Hei bléie grad déi lescht Blumme vum Joer, d’Tina an de Jean-Marc gi virum romantesche wäisse Gebai spadséieren. Wat ass méi schéin: d’Rousen oder den Auto?

Schëss falen an der „Lost Place“ Déi nächst Statioun ass den absolutte Kontrastprogramm. E puer honnert Meter laanscht d’Pist vum Fluchhafen um Sennengerbierg fueren, dann erausklamme beim Parking vun engem Schéissstand. E Fliger schéngt beim Landen d’Beem bal ze beréieren, a scho knuppt et: Schéiss-

De Rousegaart ronderëm d’Mënsbecher Schlass ass déi ideal romantesch Kuliss fir e Spadséiergang an eng Paus vum Autofueren.

29


Eng richteg „Lost Place“ matten a Lëtzebuerg: den alen Zoo vu Senneng. Haut ginn et hei keng Déiere méi. Schonns zanter den 80er-Joren ass den Zoo verlooss. Déi al Haisercher vun den Dauwe sinn nach do, en einsaamt Plumpsklo, eng Paart aus Fer forgé, déi néirens méi hiféiert. Maueren an Trapen, alles mat Moos an Efeu iwwerwuchert.

30

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Charme vun der Vergänglechkeet an der Vergaangenheet faszinéiert déi zwee MercedesPiloten hei. Wou fréier Vigel an de klengen Haisercher gezwitschert hunn, sammele sech haut Blieder. Trotzdeem ass et schéin. Oder grad dowéinst. 31


übungen! Besser, et duckt ee sech e bëssen. No e puer Schrëtt op eemol eng Barrière, donieft en delabréiert, nidderegt, wäisst Gebai. Häerzlech wëllkomm bei der fréierer Keess vum alen Zoo zu Senneng. „Hei war ech als klengt Kand emol, dat muss Mëtt de 60er-Jore gewiescht sinn“, erënnert sech de Jean-Marc. Haut ginn et hei keng Déiere méi. Schonns zanter den 80er-Joren ass den Zoo verlooss. Eng richteg „Lost Place“ matten a Lëtzebuerg. „Total faszinéierend!“, seet d’Tina begeeschtert. Déi al Haisercher vun den Dauwe sinn nach do, en einsaamt Plumpsklo, eng Paart aus Fer forgé, déi néirens méi hiféiert. Maueren an Trapen, alles mat Moos an Efeu iwwerwuchert. E Geräisch vun engem Déier? Nee, d’Dausche vum nächste Fliger.

Déi verstoppte Gleiser vum Charly

engem Laachen a leet den Aarm ronderëm de Jean-Marc. E klenge Snack am Restaurant „Owstellgleis“ rifft.

Uebst um Hiwwel iwwert dem Duerf. Den SL fiert déi géi, schmuel Strooss ganz elegant erop.

Elo gëtt et nees mysteriéis. D’Jongsteenzäit-Duerf zu Blaaschent verstoppt sech am Bësch. De Jean-Marc parkt den 300 SL léiwer um Bord vun der Strooss, well de Wee bei d’„Maison néolithique“ huet e bësse vill Knubbelen. No e puer Schrëtt hannert der Barrière daucht op eemol dat däischtert Holzhaus mat senger längelzeger Form a sengem stréienen Daach op. Do virdrun e Krees aus Menhiren. „Dat ass jo dat lëtzebuergescht Stonehenge!“, rifft d’Tina. Stéing den Auto hei an der Mëtt vum stengenen Zierkel, kéime ganz sécher Ausserierdescher, fir en op hire Planéit ze beamen an als Meeschterwierk vun der Äerd auszestellen. Mat méi Zäit am Gepäck kéint een hei meditéieren. Oder niewent dem Krees grillen. Mä déi zwee wëlle weiderfueren. Well Steesel lackelt mat säftegem

Am Uebstparadäis gëtt net geklaut!

D’Vergaangenheet ass och Theema beim nächste Stopp. No Kéieren a Beem an den Hierschtfaarwe kënnt de Mercedes bei der „Charlys Gare“ zu Nidderaanwen un. Déi fréier Gare vum legendäre SchmuelspuerZuch „Charly“ ass schéi renovéiert. Mä Zich tëschent der Stad an Iechternach fuere keng méi, d’Gleiser si verschwonnen, d’Streck ass godronéiert. Haut kann een hei mam Vëlo fueren oder eebe spadséiere goen, de Bléck vun der klenger Terrass aus iwwer e schéine Panorama a Richtung Stad wandere loossen. „Ech sinn an der Stad gebuer an opgewuess, guer net wäit ewech. Mä dësen Eck kennen ech nach guer net. Hei gefält et mir!“, seet de Globetrotter Jean-Marc beandrockt. „Et ginn iwwerall schéin Ecker, et muss ee se just entdecken!“, seet d’Tina mat

32

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

An de „Vergers de Steinsel“ hänke säfteg Äppel op de Beem mat hire giele Blieder. De Mercedes parkt virum Zonk vum Bongert. Hei kann een am Hierscht selwer Äppel plécken an da bei engem hëlzene Stand bezuelen. Déi rustikal Schubbkar fir d’Recolte ass e witzege Kontrast zum sëlweren Auto. Mä och de Bongert huet eng laang Traditioun: „Eis gëtt et säit iwwer 40 Joer“, seet den Diederik Collas vun der Plantage. Vill Lëtzebuerger an och Visiteuren notzen de Spadséiergang duerch de Bongert am Hierscht, fir selwer dat bescht Uebst ze plécken. Niewent Äppel ginn et och Bieren a Quetschen. „Dat passt. Wa mir daagsiwwer ënnerwee sinn, iesse mer

D’Jongsteenzäit-Duerf zu Blaaschent — oder wéi d’Tina seet: „d’lëtzebuergescht Stonehenge!“ — verstoppt sech am Bësch. Virum Holzhaus mat senger längelzeger Form a sengem stréienen Daach steet e Krees aus Menhiren.


De Mercedes mécht eng Halt virun der „Charlys Gare“. Déi fréier Gare vum legendäre Schmuelspuer-Zuch „Charly“ ass schéi renovéiert. Zich tëschent der Stad an Iechternach fuere keng méi, d’Gleiser si verschwonnen, d’Streck ass godronéiert. Haut fiert een hei mam Vëlo, geet spadséieren — oder genéisst am Restaurant „Owstellgleis“ vis-à-vis original Lëtzebuerger Spezialitéiten.

33


Op der Méchelsplaz zu Miersch steet d’Statu vum Draach mat de siwen Zacken — ee fir jiddwereent vun de siwe Schlässer. Touristesch Informatiounen aus dem „Alen Tuerm“ (direkt niewendrun) mathuelen an ab op d’Strooss.

34

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Den Draach ass engersäits d’Symbol fir den „Dall vun de siwe Schlässer“, anerersäits och de Wiechter, deen den Tuerm niewendrun am Bléck huet. Um Draach sinn déi eelef Wope vum Kanton ze gesinn. D’bronze Skulptur ass vum Kënschtler Paul Eyschen. 35


Vue aus der Fënster: D’Schëndelsser Schlass, dat just aus dem imposante Buergfrid aus Sandstee besteet, gouf am 13. Joerhonnert gebaut. Et ass eent vun de siwe Schlässer am Dall mam selwechten Numm, dee mat schéinen Autosstrecke faszinéiert.

36

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Just 15 Kilometer vun der Stad ewech, an enger wonnerschéiner Landschaft geleeën, kann een am sougenannten „Dall vun de siwe Schlässer“ eng Rei remarkabel Gebaier besichen, vun deenen der e puer komplett restauréiert goufen. Déi siwe Schlässer leien zu Käerch, Simmer, Aansebuerg, Huelmes, Schëndels (Foto) a Miersch. 37


Wärend dem Tour  Wien nach méi archeologesch interessant Plaze besiche wëll: Zu Miersch kann een eng restauréiert réimesch Villa an och e Menhir besichtegen. www.mersch.lu  An der „Distillerie MullerLemmer“ kann een d’Produktioun vu regionalem Branntewäin aus lokalem Uebst erliewen. A selbstverständlech och déi eng oder aner alkoholesch Schlippche probéieren. Saisonal produzéiert Uebst a Geméis kënnt direkt vum Haff Muller-Lemmer, e Familljebetrib an der sechster Generatioun. www.mullerlemmer.lu  Loscht op eng weider lackeleg Escale? Zu Miersch verféieren déi vill Produite vum „Chocolate House by Nathalie Bonn“. Kuch, Taart, Schockela – ob waarm oder kal –, mä och méi defteg Spezialitéite stäerke fir déi nächst Etapp. www.chocolate-house-bonn.lu

38

ëmmer just eng Klengegkeet, eppes Waarmes gëtt et owes nom Tour“, seet d’Tina a bäisst an e säftege Golden Delicious.

Siwe Schlässer, siwen Zacken Et fänkt u mat reenen. Den imposanten Tuerm aus Sandstee vum Schëndelsser Schlass, dat just aus dësem Buergfrid besteet, gesäit e bëssen düüster aus virum groen Himmel. An awer: Seng quader-aarteg Form faszinéiert. Et kann ee ronderëm den Tuerm spadséieren a matten an der grénger Natur frësch Loft schnapen.

An de „Vergers de Steinsel“ hänke säfteg Äppel un de Beem. Vill Lëtzebuerger an och Visiteuren notzen de Spadséiergang duerch de Bongert am Hierscht, fir selwer dat bescht Uebst ze plécken. Niewent Äppel ginn et och Bieren a Quetschen.

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

D’Schëndelsser Schlass, gebaut am 13. Joerhonnert, ass eent vun de siwe Schlässer am Dall mam selwechten Numm, dee mat sëllege schéinen Autosstrecke faszinéiert. Miersch gehéiert och zum Dall vun de siwe Schlässer. Haut ass am Mierscher Schlass d’Gemeng ënnerbruecht. E Spadséiergang ronderëm lount sech: Rouse bléien an op der Méchelsplaz steet en opfällegen Tuerm mat engem Daach an Ënneform. Bannena ginn et Infoe fir Touristen, baussen ziert en Draach mat siwen Zacken d’Plaz. Siwen Zacken: ee fir all Schlass am „Dall vun de siwe Schlässer“.

Schockela: eng Affaire de coeur Déi virlescht Statioun fir den 300 SL a seng Crew sinn d’„Chocolats du Coeur“ zu Walfer. Hei gi fei Schockelas- an aner Spezialitéite verkaaft, déi a protegéierten Ateliere vu Persoune mat engem Handicap hiergestallt ginn. D’„Ateliers du Tricentenaire“ maachen ënner anerem Knippercher. „Ech stierwe fir Knippercher!“, schwäermt de Jean-Marc, an déi zwee huelen der e puer mat. Mat den Delikatessen am Gepäck geet et bei d’Hostellerie Stafelter direkt ëm den Eck. Hei léisst d’Koppel den Dag gemittlech op en Enn goen. Op der Landkaart iwwert de Fotellen an der Lounge ass Beaune ze gesinn. Déi Plaz an der Bourgogne, wou hiren Tour duerch Europa am Summer eriwwer war. Wat fir e schéinen Zoufall! Och den Tour duerch Lëtzebuerg ass haut den Owend eriwwer. Vum Restaurant aus hunn d’Tina an de Jean-Marc eng Vue op hiren 300 SL, hire ganz perséinlechen Dram mat Flilleken. An duerch de Restaurant héiert een duuss dem Sade seng Stëmm: „This is no ordinary love!“ Keng gewéinlech Léift!


An der „Hostellerie Stafelter“ zu Walfer, am Uelzechtdall, léisst d’Koppel den Dag gemittlech op en Enn goen. Niewent engem gastronomesche Restaurant gëtt et e modernen Hotel mat aacht Zëmmer an engem familiäre Kader.

39


The Good Life STENGEFORT, E SCHNEEKEGT DUERF

Den Terroir um Teller 40

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


An der gastronomescher Landschaft vun der Gemeng Stengefort spillen d’Begrëffer Regionalitéit a Respekt vun de Saisonen eng ganz wichteg Roll. Zwee Käch, grad mol 30 Joer al, wëlle mat den etabléierte Coden opraumen an hir eegen Zopp kachen. Si beweegen d’Gastro-Zeen ... an et funktionéiert! Text FRANCK DALL Fotoen HADRIEN FRIOB

41


De Mathieu Van Wetteren wëll „méi Natierlechkeet, méi Simplicitéit, fir sech op dat Weesentlecht ze konzentréieren“.

2017 huet de Mathieu de Restaurant „Apdikt“ opgemaach, deen – ewéi den Numm et seet – an enger fréierer Apdikt ënnerbruecht ass.

42

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Als Representantë vun där selwechter Generatioun hunn den Thomas Murer an de Mathieu Van Wetteren hire jeeweilege Restaurant mat engem Ofstand vun engem Joer noeneen opgemaach. Fir d’éischt de Mathieu seng „Apdikt“ 2017 – ewéi den Numm et seet – an enger fréierer Apdikt. Hie spillt hei perfekt mat den Apdiktesch-Coden: al Flaconen, Schief mat Tiräng, gréng Plättercher. Dat Ganzt dekoréiert mat anticke Luuchten, Dëscher aus ale Waggonsdieren an handgemaache Geschier. Enn 2018 dunn den Thomas Murer mat sengem Restaurant „An der Villa“, deen een – ewéi den Numm et och seet – an der Villa Collart fënnt. Déi zwee kennen a schätze sech. Si zécken net, sech géigesäiteg Clienten ze schécken, wann hiert eegent Lokal ausgebucht ass, an hir gutt Adressen ze deelen, fir déi richteg Produiten ze fannen. An et ass och do, wou mir si treffen: „am Gaart“, wéi si soen. Op dësem Moien am Oktober dauert et laang, bis sech den Niwwel iwwert de Felder opléist. De „Krautgaart“ gouf 2016 vum Claude Petit, dem Max Epstein an dem Jean-Marc Parries gegrënnt. Si hunn eng Ausbildung an de Beräicher Botanik, Agrarwëssenschaft, Landschafts- an Ëmweltekologie. Dat lescht Summergeméis ass erageholl, elo ass et um Hierscht mat senge Buedem-Aromaen: Äerdkolrawen, Topinambur, Kolrawen, Rommelen a Kalbassen. Fir déi zwee Kichecheffen ass dësen Iwwergang immens wichteg, fir d’Produiten an d’Saisonen ze respektéieren: „Mir mussen op d’Natur lauschteren. An dat ass et, wat dës Geméisbauere mat hirer Philosophie a richteger Approche maachen“,

seet den Thomas Murer, wärend hie Këschte mat Geméis aluet, dat hien dës Woch op senger Kaart ubitt.

De Respekt fir Geméis Hien huet seng Formatioun mat 14 Joer a senger Heemecht, dem Elsass, ugefaang an an e puer grousse Restauranten, déi hie markéiert hunn, geschafft: „De Jean-Luc Brendel am ‚La Table du Gourmet‘ mat sengem Michelin-Stär huet mir d’Léift fir Planze vermëttelt. Duerch hien hunn ech Esseg a seng Variatiounen entdeckt. Beim Haeberlin am ‚L’Auberge de l’Ill‘ mat deemools dräi Michelin-Stäre konnt ech mat ganz gudde Produite schaffen, op eng klassesch an immens respektvoll Manéier. Beim Patrick Jeffroy, deen deemools zwee Michelin-Stären hat an zanter 2019 pensionéiert ass, hunn ech an der Bretagne de Respekt fir Geméis entdeckt“, erzielt hien.

Den Thomas huet eng Leidenschaft fir déi gastronomesch Kichen entwéckelt, wollt awer léiwer op eegene Féiss stoen, net dem Drock vun der Stärekichen ausgesat sinn an eng éischter einfach Kaart ubidden, déi sougenannte Bistronomie: „Ewéi an engem Bistro schaffen, awer op Gastronomie-Niveau an dobäi fir vill Leit accessibel bleiwen, ouni Kompromësser bei der Qualitéit ze maachen.“ Fir dat z’erreechen, muss een erfinderesch sinn a Courage hunn: „Sech u manner eedel Deeler vum Déier eruwoen a se duerch kachen, marinéieren an d’Bäilagen interessant maachen. Mä och e Produit ganz verschaffen an esou mann ewéi méiglech ewechgeheien. Et muss ee sech ëmmer nees a Fro stellen.“ De Moment steet e fermentéierte Kabes mat Kümmelkaramell op der Kaart: eng Uspillung op seng Heemechtsregioun, déi awer mat neie Goûte spillt.

Am „Krautgaart“, net wäit ewech vum Restaurant vum Thomas Murer an dem Mathieu Van Wetteren, gi vill verschidde Geméiszorten ouni Beaarbechtung vum Buedem an ouni Pestiziden a chemeschsyntheeteschen Dünger ugebaut.

43


„Wou d’Produiten hierkommen, ass d’Hallschent vun der Aarbecht“, bestätegt de Mathieu Van Wetteren, dee „bei der Qualitéit net wëll kleng bäiginn – egal ob bei enger Muert oder enger Langust. Wat de Produit méi einfach ass, wat e besser muss sinn.“ Och hie wëll esou vill ewéi méiglech an der Regioun akafen a setzt zum Beispill op Fësch aus Baachen a Flëss, ewéi d’Frell oder den Zander, déi an der Gastronomie ze wéineg verschafft ginn. „Ech verbrénge vill Zäit bei de Produzenten aus der Regioun, fir méiglechst vill lokal Ressourcen ze fannen. Ech siche Produiten, déi schmaachen an déi ee wéinst hirem gudde Goût eleng zerwéiere kann, well meng Kichen ass zimmlech minimalistesch.“ Dowéinst sti fermentéiert Quetschen op sengem aktuelle Menü oder hien erfënnt en neit Rezept fir de Gromperepüree mat Bottermëllech aus senger Kandheet. „Maturatiouns-, Fermentatiouns- a Reechertechniken, Pickles, Esseg etc. si keng Spillereien, mä Mëttelen, fir Emotiounen ervirzeruffen an an Erënnerungen anzedauchen“, erzielt hien. De Mathieu Van Wetteren huet och jonk ugefaang: „Fir mir mat 14 Joer eng Playstation kënnen ze kafen, hunn ech an enger Kiche geschafft an dës Welt entdeckt. Ech war begeeschtert a sinn dobäi bliwwen“, erënnert hie sech. Hien huet Erfarunge gesammelt: „Beim Wohlfahrt mat sengen dräi Michelin-Stären, am Schwarzwald, sinn ech duerch eng haart Schoul gaang a beim Yves Mattagne hunn ech d’Zoubereede vu Fleesch a Fësch geléiert.“ Dee Kach, deen hien am meeschte gepräägt huet, ass de Sergio Herman am „Jane“ zu Antwerpen, dee fir seng Dressagen, ewéi mat der Schnouer gezunn, a seng couragéiert Kombinatioune bekannt ass.

44

De Lëtzebuerger gëtt es ni midd, ze léieren a sech mat anere Kulturen auserneenzesetzen, a reest reegelméisseg a Skandinavien an a Japan, vu wou hien e Messer matbruecht huet, dat op d’Mooss gemaach ginn ass: „Ech wëll mir och an Zukunft d’Fräiheet huelen an e puer Mol am Joer verreesen, fir nach méi z’entdecken a mech weiderzeentwéckelen.“ Fir den Thomas Murer heescht dat, „sech nees op de richtege Produit zum richtege Präis ze konzentréieren“. Amplaz vun enger Kaart huet hien dofir elo eng Schifertafel mat Platen, déi ugebuede ginn opgrond vun deem, wat de Maart grad unzebidden huet.

Emotiounen ausléisen Déi zwee si sech och eens, wa se iwwer d’Wichtegkeet vun hirer Ekipp schwätzen: „Mir ass et wichteg, dass meng Mataarbechter frou an zefridde sinn. Mat mengem Staff harmonesch zesummeschaffen, Zäit mat menger Famill verbréngen, gesond bleiwen ...“, betount de Chef vum Restaurant „An der Villa“. „Ech hu vill Chance, dass ech eng kleng Ekipp hunn, op déi ech mech verloosse kann. Hiert Wuelbefannen, hiren Aarbechtsrhythmus an de Respekt viru jidderengem senger Meenung si grad esou wichteg ewéi dat, wat um Teller läit“, seet deen aneren. Eng Molzecht ass net just dat, wat een dee Moment ësst, mä och eng Erënnerung un d’Iessen an den Androck, deen et hannerléisst. Zu Stengefort suergen dës Käch derfir, dass Emotiounen ervirgeruff ginn, déi Loscht maachen, erëmzekommen.

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Eng regional a saisonal Kichen Nei Konzepter, erfrëschend Iddien: eng Gastronomie, déi zu Lëtzebuerg konsequent hiert Zil verfollegt  „Apdikt“ www.restaurantapdikt.lu  „An der Villa“ www.andervilla.lu  Am Restaurant „La Table de Frank“ zerwéiert de Kichechef Frank Steffen extreem frëscht Fleesch, „vum Metzler direkt op den Teller“. www.latabledefrank.lu  „De Gudde Maufel“: de Kichechef Frank Manes interpretéiert d’lëtzebuergesch Traditioun op eng spannend an nei Manéier. www.guddemaufel.lu  „Aal Schoul“: Am Restaurant vum bekannte Metzler Guy Kirsch mécht héichwäertegt Rëndfleesch Schoul! www.aal-schoul.lu  Lëtzebuergesche Buedem trëfft op franséischt Mier „Le Jardin de la Gaichel“ ass de Restaurant vum Breton Erwan Guillou. www.lagaichel.lu  „De Bräiläffel“ gouf vum Aloyse Jacoby, dem fréiere Chefkach vun der Kachnationalekipp, gegrënnt. Haut ass de Restaurant stolz op säi Béiersommelier. www.hoteljacoby.lu


Dem Thomas Murer säi Restaurant „An der Villa“ ass am fréiere Wunnhaus vun der Famill Collart, d’Bedreiwer vun der Schmelz, déi Stengefort am Ufank vum leschte Joerhonnert bekannt gemaach huet.

Eng regional a saisonal Kichen implizéiert en anert Konzept: „D’Planze kennen, oppe si fir vergiesse Goûten, nei Léisunge fannen, op eisen Instinkt lauschteren …“

45


Transforming Experiences KULTURHAAPTSTAD ESCH2022

Wëll kleng Schwëster D’Héichiewe sinn aus, mä „hot“ ass et zu Esch nach ëmmer! Rockconcerten, Street Art, Theater an den omnipresenten Ëmbau vun den Industrieanlage maachen d’Stad zu engem alternative Geheimtipp. Text THOMAS JUTZLER

46

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Fotoen PANCAKE!


47


© ANDRÉ SCHÖSSER

Eis Esch-Guide Chrissi, VolunteerCoordinator fir „Esch2022“, ass glécklecherweis schwindelfräi. Hei geet si iwwer déi 110 Meter laang Foussgängerbréck aus der Fieder vum Architektebüro Metaform, deem seng Entwërf mat hirer futuristescher Ästheetik och bei der Weltausstellung zu Dubai op sech opmierksam maachen. D’Bréck féiert bei der Gare héich uewen iwwer d’Gleiser. Si verbënnt d’Stad per Lift mam Park uewen um Gaalgebierg.

48

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Mäi Bop huet eis ëmmer vun der Aarbecht mat den Draachen, déi Feier späizen, an de Monsteren aus Stol erzielt! Datt et onmoosseg waarm war op der Schmelz. A vum roude Schimmeren, dat ëmmer um Himmel ze gesi war. Dag an Nuecht. Ewéi e Sonnenënnergang, deen ni opgehalen huet. Gläichzäiteg wonnerschéin an Zeie vun der haarder Aarbecht, déi d’Männer am Minett hu misse maachen.“ D’Chrissi ass am Minett op d’Welt komm. Wärend mir him nolauschteren, kucke mer op genee dës Héichiewen, vun deene säi Grousspapp esou plastesch erziele konnt. Mir treffen déi jonk Fra am Büro vun „Esch2022“ um Belval, wou si als Volunteer-Coordinator fir d’„Europäesch Kulturhaaptstad Esch2022“ schafft. Mir stinn op der Daachterrass vun de provisoresche Büroen a kucken iwwert de Quartier. Hei ass alles am Ëmbroch. Aus Industriegebaier gi Bibliothéiken. Aus Héichiewe Skulpturen. Schwéier kierperlech Aarbecht musse virun allem nach d’Membere vu verschiddene Rockbands leeschten. Wann tëschent de fréieren Héichiewen um Belval d’Musek aus den Hautparleuren d’Stëmmung ophëtzt, da kacht d’Blutt. Net méi de Stol. Wat fir eng Kuliss fir déi gréissten Eventhal zu Lëtzebuerg, d’Rockhal!

dustrielle-Villae wiessele sech mat Aarbechterkolonien of. Fréiere Räichtum ass nach hannert futtisse Fënsteren an Efeu, dee wuchert, ze gesinn, do wou de Verfall nach morbid-schéin däerf sinn. Ultramodern nei Gebaier, Reschter vun alen Härenhaiser, schéi renovéiert Reienhaisercher: Esouguer matten am Zentrum fënnt een nach esou eng Mëschung aus Al an Nei, aus Delabréiert a Renovéiert.

Escht cool Wien dës Stad am Wandel an hirer ganzer geschichtsträchteger, „ofgebrachener“, sech wandelnder Schéinheet erliewe wëll, dee muss sech tommelen! Iwwerall gëtt renovéiert a gebaut. D’Opbrochstëmmung kuerz virum Kulturhaaptstadjoer ass ganz speziell, mä et gëtt se nach, d’„Lost Places“. Virun enger vun dëse verluerene respektiv verloossene Plaze maache mir e puer Fotoe vum Chrissi.

Am Hannergrond: onverbotzten Zillen, Efeustämm esou déck ewéi Äerm. Iwwert eis: Dauwen, déi ganz selbstverständlech déi iewescht Etage vun der Ruin besat hunn a gurrend duerch d’Fënsterrummen, an deene scho laang kee Glas méi ass, eran- an erausfléien. Vis-à-vis eng vun den ultramoderne Residencë mat gliesene Balconen an Déifgarage, an ëm den Eck déi fuschnei Jugendherberg mat hirer faarweger Fassad.

En net ganz esou bekannte Bléckwénkel op d’Héichiewen. Et lount sech, och mol ëm en Eck méi ze goen. Wat ass Chantier, wat bleift? Net ëmmer direkt ze verstoen. A grad dowéinst esou spannend.

Zeenewiessel: Mir verloossen de Belval a fueren an den Zentrum vun der zweetgréisster Stad zu Lëtzebuerg. Esch-Uelzecht ass eng typesch Biergaarbechterstad. Quartiere mat fréieren In-

49


Tëschent der ganzer verréckter Architektur wuselt e Public, deen duerch d’Gaaschtaarbechter vu fréiere Generatiounen nach méi heterogeen ass, ewéi een et vu Lëtzebuerg souwisou scho kennt. Eis Guide féiert eis duerch e Labyrinth aus Clôturë mat Graffitien a Bistrosdëscher, déi sech pandemiebedéngt ewéi Flechte wäit an d’Foussgängerzon an op d’Trottoiren ausbreeden. E franséisch-däitsch-portugiseschitalieenesch-englesche Stëmmemix ass de Soundtrack vun eisem

Spadséiergang. Op der Gemengeplaz spille Kanner am Waasser vum Sprangbuer.

Konscht, Kultur a Krempel Mir schreiwen engem Kënschtler einfach mol e Message iwwer Instagram. Mir sinn op der Sich no engem ganz spezielle Wierk, engem Collage, dee mir an de sozialen Netzwierker op der Säit ICICESTESCH entdeckt hunn.

Zu Esch-Belval gëtt eng Stad wuertwiertlech vun de Féiss op de Kapp gestallt. Tëschent déi fréier Stolindustrie geplanzt, stralen déi modern Gebaier vun der neier Uni. Vun der kierperlecher Aarbecht aus vergaangenen Epoche geet et elo a Richtung Wëssensgesellschaft a geeschteg Aarbecht.

50

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

A scho kënnt d’Äntwert vum Lāscār: „Dir sicht d’Ausstellung ‚Bâtiment 4‘!“ Aha, also séier dohinner! D’Chrissi weess natierlech de Wee. „Bâtiment 4“ ass eng kollektiv Ausstellung – a schonn déi sechst vun dëser Zort! Se ginn eemol am Joer zu Esch an engem Gebai, dat entweeder ofgerappt gëtt oder renovéiert muss ginn, organiséiert. Wéi mir do ukommen, sinn d’Dieren zou. Den Ausfluch lount sech trotzdeem: Ronderëm déi al Villa kann een nach vill aner Konschtwierker bestaunen. Zwee Autoe sinn esou zesummegeschweesst, datt se ewéi eng raschteg Koppel openeeleien. Molereie bedecken all Mauer an divers Skulpture stinn e bëssen ewéi bestallt an net ofgeholl an der Wiss. Am Hannergrond e fréieren Ausbildungszenter vun der Stolindustrie. Elo wierkt en ewéi de Set vun engem Bladerunner-Film. Mä et erkennt een nach déi fréier Absicht: architektonesch op der Héicht vun der Zäit ze sinn. Wat viru sechzeg Joer eebe modern war. Elo ass et einfach just e weidert Gebai, dat ofgerappt wäert ginn. Mir huelen eis vir, an e puer Joer erëmzekomme fir ze kucken, wat d’Urbaniste sech fir dëse risegen Terrain afale gelooss hunn. Net wäit ewech ass déi gelongen Transformatioun schonn ofgeschloss. Wëllkomm an der Kulturfabrik! Um Site vum fréiere Schluechthaus kann een haut der Escher Kulturzeen beim Schaffen nokucken. De Kulturzenter ënnerstëtzt lëtzebuergesch a regional Kënschtler, fërdert Talenter, kreativ Aktivitéiten an organiséiert pedagogesch Projeten. Ausserdeem engagéiert e sech fir grenziwwerschreidend Projeten a wëll e


Ronderëm d’Kulturfabrik, kuerz Kufa, entsti säit Joerzéngte kreativ Wierker „made in Luxembourg“. An de Raimlechkeete vum fréieren Escher Schluechthaus ginn et op 4.500 Meterkaree zwee Raim fir Veranstaltungen, eng Galerie, e Kino, eng Brasserie, e Bistro an e puer Proufsäll. Hei trëfft ee kreativ Käpp ewéi de Regisseur vum Film „Super-GAU – Die letzten Tage Luxemburgs“. De Julien Becker koum zu Esch op d’Welt, huet zu Paräis studéiert a genéisst et haut, a senger Heemecht Filmer ze maachen a kreativ täteg ze sinn. 51


© BENNY SCHILTZ

D’„Tatta Tom“ alias Tom Hecker liest Märercher virun der Escher Bibliothéik. D’Konschtfigur ass eng fest Gréisst an der lëtzebuergescher Kulturzeen. A si huet eng Missioun: bekannt Märercher fir Kanner a Jugendlecher iwwerschaffen an esou aktuell Theemen ewéi Toleranz an Akzeptanz uspriechen.

52

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Esch ass eng Stad, an där Mënschen zesummefannen. An Esch ass eng Héichbuerg vun Offenheet an Diversitéit. Eemol am Joer fënnt hei d’„Luxembourg Pride Week“ statt, bei där sech d’LGBTIQ+-Community aus dem In- an Ausland trëfft. 53


D’Stad schéngt d’Liblingstoile vun der Lëtzebuerger Sprayerzeen ze sinn. Soss néirens sinn eis därmoosse vill — héichprofessionell! — Graffitien opgefall ewéi zu Esch. Klassesch Buschtawen, Schwaarz-Wäiss-Konschtwierker, Biller, déi ganz Fassade verschéineren.

54

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Hei hunn zwee „al Dropgänger“ vun der Sprayerzeen hir Spueren hannerlooss. De „Stick“ an de „Spike“ schaffe wuertwiertlech Hand an Hand. Hir Iddien a Motiver ergänzen a befruchte sech – a ginn, ewéi hei, zu engem Gesamtkonschtwierk. D’Struktur vun der Mauer gouf dobäi bewosst mat abezunn. 55


Frësche Wand och an der Pâtisserie-Welt: bont, blénkeg an ongewéinlech, déi kleng, delikat Schockelaskreatioune vun der Newcomerin Lola Valerius. An hirer „gliesener Produktioun“ am Zentrum vun Esch bitt si Visiteuren hell Abléck an hir PâtisserieKonscht. Hir Leidenschaft heifir huet déi jonk Escherin wärend hirem ArchitekturStudium zu Wien entdeckt, wou si fir hir Kolleege Kuche gebak huet.

Motor fir nohalteg Entwécklung sinn. An den – natierlech nees mat Graffitie verschéinerten – Gebaier sinn Atelieren, Veranstaltungsraim, eng Galerie, e Kino, Proufsäll an e Restaurant ënnerbruecht. E faarwegt, bëselegt Gesamtkonschtwierk, dat een och ouni konkreete Grond – ewéi zum Beispill e Concert oder e Vernissage – besiche sollt. Vläicht schnësst ee jo mat engem vun de Bewunner iwwer d’Schéinheet vun der Welt. Oder iwwer d’Schéinheet vun der Erneierung. Dem Upcycling,

fir emol e Begrëff, dee voll am Trend läit, ze benotzen. Wärend een, virun engem fréiere Schluechthaus, mat Genoss a säi vegane Burger bäisst. Stéchwuert Upcycling! Mir trëppelen eemol queesch duerch d’Stad – bei d’Räich vu Benu-Couture, engem Atelier, an deem aus alem Gezei nei Moud gemaach gëtt. Ënnerbruecht ass den Atelier an engem Gebai aus ale Schëffscontaineren. Ekologesch isoléiert, mat Naturstoffer ewéi Stréi, Woll a Leem. D’Fassad gouf vu regionale Kënschtler gestalt. Och hei just Materialien, déi schonn emol benotzt gi sinn oder natierlech Originnen hunn. Op där anerer Stroossesäit entsteet grad de BenuVillage.

© MIKE ZENARI

Ëm den Eck geduecht

56

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Mir trauen eisen Aen net: Am Hannerhaff stapele sech d’Containeren. Ewéi Legosteng scheinbar iergendwéi openeegesat. De Botz gëtt aus Lëtsch gewonnen. Ginn Dunne gebraucht, dann zerwéiert ee sech bei recycléiertem Bauholz, dat beim Ofrappe vun ale Gebaier op Chantieren an der Géigend ufält. Kreeslafwirtschaft, ewéi se am Buch steet. Eng riseg Villa Kunterbunt entsteet. E gigantesche Secondhand-Neibau. Dieren, Fënsteren, Gelänneren: alles ënnerschiddlech a Form a Faarf an alles aus zweeter Hand. Just Offall an Naturmaterialie sinn erlaabt! Fir deem Ganzen d’Kroun opzesetzen, ass geplangt, am neie Restaurant ausschliisslech „gerett“ Liewensmëttelen ze verschaffen. Liewensmëttelen, déi Schéinheets-


En ëffentleche Raum fir d’international Avantgarde — dat ass d’Konschthal zu Esch. Hei ginn Ausstellungen an Evenementer organiséiert. D’Gemeng huet de fréiere Miwwelbuttek kaaft — dat weist den héije Stellewäert vun der Kultur zu Esch. De Kënschtler Charles Wennig féiert hei Visiteuren duerch eng aktuell Ausstellung. 57


Am Benu-Couture-Atelier gëtt aus alem Gezei nei Moud. Amplaz just Secondhand-Moud ze verkafen, ginn hei komplett nei Kollektiounen entworf. D’Basis si Kleedungsstécker „mat Geschicht“, entweeder aus Kleedersammlungen oder well e Client se bruecht huet, fir dass se geännert a weiderverschafft ginn.

58

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Den Numm Benu ass inspiréiert vum Englesche „be new“. An et gëtt an der ägyptescher Mythologie de Vugel Benu, deen als Logo all d’Produite verschéinert. Am Géigesaz zu sengem griichesche Cousin, dem Phoenix, verbrennt hie bei sengem Fluch net, mä flitt eemol ronderëm de ganzen Universum. De perfekten Eko-Kreeslaf an de Benu hunn deemno esou munches gemeinsam. 59


Den Escher Theater bitt bannenan déi ideal Kuliss fir grouss Schauspillkonscht. En ass intimistesch, awer net enk, mat enger bal mystescher Ausstralung. Duerch d’däischter Faarwe léisst de Raum der Handlung an de Protagonisten de Virtrëtt. De Programm vum Gaaschtspill- a Produktiounstheater zeechent sech duerch eng grouss Sproochevarietéit aus, well de Public kënnt och vun där anerer Säit vun de Landesgrenzen.

60

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Mir wëllen Theater nei gesinn a setzen op en interdisziplinären Usaz. Eisen Theaterbegrëff ass wäit gefaasst“, seet d’Directrice Carole Lorang, hei am Gespréich mam techneschen Direkter Patrick Moses. Hir Ekipp ass jonk an dynamesch, an international Kontakter beräicheren den Discours an de Programm. 61


Am Kult-Café „Pitcher“ hänken op de Mauere mat der aler hëlzener Täfelung iwwerall USA-Devotionalien. De Rapper Corbi schätzt d’Atmosphär. Hie mécht „Old-school Hip Hop“ — d’New Yorker Schoul op Lëtzebuergesch.

62

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


 Konscht total: En ëffentleche Raum fir zäitgenëssesch Konscht – dat ass d’Konschthal. An de Raimlechkeete vun engem fréiere Miwwelbuttek ginn d’Ausstellungen iwwer e puer Etagen. Si presentéieren zäitgenëssesch Konscht aus dem In- an Ausland. www.konschthal.lu  D’Kulturfabrik, kuerz Kufa, wëll eng engagéiert Plaz sinn, wou Leit sech treffen an zesummekomme kënnen, a steet der Ëffentlechkeet, Kënschtler an Associatiounen zur Verfügung. Hire Programm ass vilfälteg: Concerten, Festivaller, Theater, Kino, pedagogesch Projeten, Literatur, Hebergement vu Kënschtler a villes méi. www.kulturfabrik.lu  Eng Kënschtlerresidenz: Am Bridderhaus, der fréierer Klinick vun der Minett-Metropol, solle bis zu 17 Kënschtler bis zu engem Joer laang wunnen a schaffen. Siwe Wunnengen, Konschtatelieren, eng Kichen a Verwaltungs-, Versammlungs- a Gemeinschaftsraim wäert et hei ginn. Eng richteg kreativ Residenz am Häerz vun der Kulturhaaptstad 2022. www.esch2022.lu  Iwwernuechten an enger jonker a cooler Atmosphär, dat bitt d’Jugendherberg zu Esch direkt niewent der Gare. Si ass doniewent en architektoneschen Highlight. Hir Fassad erënnert mat hire verschidde Routtéin un d’Terres Rouges. www.youthhostels.lu

aneren alkoholesche Gedrénks diskutéiert een op- an ugereegt iwwer d’News vun der Stad. Och scho mol méi hëtzeg. Am Verglach zu der immens opgeraumter, bal scho perfekter Haaptstad ass Esch déi kleng onduge Schwëster: e bësse méi jonk, méi wëll, méi frech a manner noeneegemaach. An op jiddwer Fall – och wann d’Héichiewen net méi brennen – och méi hot!

Och wann net iwwerall zu Esch op Zero Waste opgepasst gëtt, eng Aart iwwerdimensionalen Upcycling-Projet kéint een d’Regioun awer vläicht nennen. Déi blénkeg poléiert Héichiewen um Belval, déi mat vill Léift restauréiert Fabricksgebaier, déi schéin Natur vun de renaturéierte Minièren an der Géigend: Dat Aalt gëtt ni einfach plattgemaach, mä integréiert. Opgewäert. Et ass een houfereg op d’Geschicht an d’Geschichte vun der Grousselteregeneratioun.

Zwou richteg Knuutschkugele bilden d’Konschtwierk vis-à-vis vum „Bâtiment 4“. Zwee Autoe sinn esou zesummegeschweesst, datt se ewéi eng raschteg Koppel openeeleien.

Nëmmen net ënnergoen Zum Schluss treffe mir de Corbi. Gebuer zu Nidderkuer, ass hien am Süde mat de Sounds vu Cypress Hill a Wu Tang Clan opgewuess. Seng Texter rappt de Fan vun der New Yorker Schoul awer op Lëtzebuergesch, „anescht géif et sech einfach net gutt unhéieren“, seet hien dréchen a grinst. De Rapper geet mat eis op en Absacker an de „Pitcher“, e Kult-Café. Ënner anticken Harley-Davidson-Reklammen an Tabasco-Schëlder aus Blech genéisse mir eise Béier. Déi komplett Schnëss vun engem ale Chevrolet Impala hänkt ënnert engem risege Pepsi-Stopp un der Mauer a glotzt virwëtzeg an de Raum. An dësem Café gëtt kee Wäert op Fërmlechkeete geluecht (vun deenen hei am Süde souwisou keen eppes wësse wëll) an no deem engen oder

© ANDRÉ SCHÖSSER

Zu Esch um Tour

feeler hunn an déi grouss Butteker dowéinst net wëllen. Hei, am Benu-Village, wou souwisou alles kromm a schif ass, hëlt ee se gär, déi siameesesch Kornischongszwillingen oder déi ze hell Auberginnen.

63


Daydream MINETT UNESCO-BIOSPHÄR

Mënsch. Bio. Sphär. 64

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


2020 gouf d’Minett-Regioun vun der UNESCO als Biosphärereservat unerkannt. Besonnesch aussergewéinlech sinn déi vu Mënschenhand erschafen – a renaturéiert – Landschaften. Dës z’entdecken, ass en Erliefnes ewéi am Märchen. Text THOMAS JUTZLER

Fotoen ANDRÉ SCHÖSSER, THOMAS JUTZLER

65


D’Desaffectatioun vun de Minnen am Süde vu Lëtzebuerg huet d’Entwécklung vu Planzegesellschaften an d’Entstoe vun enger ganz spezieller Fauna begënschtegt. Am Mikroklima vun de renaturéierte Minièrë sidele sech rar Planzen un. Insekten a kleng Déiere kommen zeréck.

66

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Bäert“, schéisst et mir duerch de Kapp. D’Beem hu gréng Bäert. Geschwë fänke se un, mat mir ze schwätzen. Ech sinn zu Mëtteläerd. Et ass evident. An hu beim „Hobbit“ net och Zwergen, déi a Minne geschafft hunn, eng grouss Roll gespillt? Et géif mech net wonneren, wa mer geschwënn een aus engem vun de ganz däischtere Lächer, déi sech hei ëmmer nees am Fiels opdinn, entgéintkéim. Wonnerschéi gemauert Grouwenagäng, perfekt agefaasst. Zanter Jore verlooss. Op ville Plaze mat gréngem Moos iwwerwuchert. Wann ee virun engem vun den Agäng steet, da spiert een de kalen Zoch, deen ëmmer aus de Minnen erausbléist, op der Haut. Op der Héngerhaut. Schonn ier ee virun der eigentlecher, déiwer Grouf steet, mierkt een, datt sech d’Temperatur op eng schauereg Manéier verännert. E ganz liichten, fiicht-kale Wand kënnegt déi ënnerierdesch Gäng, déi hei am Minett alles duerchzéien, un. Dës kill Fiichtegkeet ass warscheinlech och de Grond, datt de Beem an de vu Mënschen erschafene Schluchten e Baart wiisst. Gréng, moosaarteg Hoer wucheren op den Äscht a loossen déi dënn Stämm e bësse bosseg – scho bal skurril a mystesch – ausgesinn. Mëtteläerd eben. Den J. R. R. Tolkien hätt sech hei wonnerbar kënnen inspiréiere loossen.

Verännerungen

gefeiert an d’Landschaft ugeknabbert hunn, si bal all verschwonnen. Iwwreg si Plazen, déi vun enger intensiver industrieller Notzung zeien an déi gläichzäiteg beweisen, datt de Mënsch d’Natur net just exploitéiert an domat immens beaflosst, mä datt seng Aflëss och positiv kënne sinn. Zumindest, wann d’Industrie dann iergendwann zougemaach gëtt. D’Desaffectatioun vun de Minnen huet d’Entwécklung vu Planzegesellschaften an d’Entstoe vun enger ganz spezieller Fauna begënschtegt. Am Mikroklima vun de renaturéierte Minièrë sidele sech rar Planzen un. Insekten a kleng Déiere kommen zeréck. Orchideeën, Päiperleken, Flantermais, Amphibien, Eidechsen, Reptilien – fir der just e puer ze nennen – kënne wärend Wanderungen am UNESCO-Biosphärereservat entdeckt ginn.

Wärend mir op ale Weeër a fréieren Eisebunnsstrecken nees aus dem knarregen, fiichte Bësch erausginn, begéine mer ëmmer nees Eidechsen, déi hir sonneg Plazen – duerch eis an hirer Mëttesrascht gestéiert – schwupps verloossen an am Gestrëpp verschwannen. A Lächer sammelt sech Waasser an et kann een als Laien onméiglech erkennen, ob e Biotop natierlech oder wéinst dem Mënsch entstanen ass. Wann zum Beispill en Huelraum vun enger verloossener Grouf iergendwann agebrach ass a sech an der Cuvette, déi doduerch entstanen ass, en Dëmpel gebilt huet. Et ass erstaunlech, wéi vill verschidden Insekten an Amphibien een an dësen Dëmpele beobachte kann. Heiansdo lande Libellen op Orchideeëbléien, déi schéi liichten. Et quaakt am Gestrëpp an an de

D’Biosphärereservat am Minett ass mat senger héijer Siidlungsdicht am weltwäite Verglach ganz speziell. Eelef Gemengen op enger Fläch vun 200 Quadratkilometer, sëlleg Grouwen a fréier Dagbaugebitter sinn Deel vum Reservat.

D’Landschaft am Süde vu Lëtzebuerg ass duerchlächert an ugebass. Se läit do ewéi d’Reschter vun engem iwwerdimensionale Rise-Banquet. D’Giganten aus Stol, déi hei fréier

67


Sonnestralen iwwert dem Waasser, dat glënnert, danzen Honnerten Insekten. Schonn e puer honnert Meter weider weist sech e ganz anert Bild, wann am fréieren Dagbau d’Sonn déi däischterrout Fielsen erhëtzt a sech eng scho bal wüstenaarteg Natur presentéiert. Espen, Bierken a Kifere sti labber beieneen a spenden dem Visiteur gnädeg e bësse Schiet, wärend e sech staunend duerch dës Landschaft, déi amgaang ass, sech ze veränneren, beweegt.

Phoenix aus de Schlaken

Den Ënnerscheed tëschent de Géigende mat de schmuelen Däller, wou déi däischter, eidel Ae vun de Grouwenagäng, déi mat Päerdsbier iwwerwuchert sinn, op eemol virum Visiteur opdauchen an hien uglotzen, an den oppenen, waarmen Zone vun den Dagbaugebitter ass erstaunlech. Fiichtegkeet hei – Dréchent do. Dicht Gestrëpp versus oppe Flächen. Keelt versus Wäermt. Dëse Gang duerch d’Klimazone kann een an engem Dag erliewen, wann een déi richteg Wander- oder Bikestreck wielt.

Everglades, Red Rocks a „Krokodiller“. Wëllkomm an de Vereenegte Staate vun ... Lëtzebuerg. Wëll Landschaften am Minett – ganz onerwaart.

© CLAUDE ASSEL

D’Natur eruewert sech d’Minièren zeréck. An d’Mountainbiker eruewere se och. Um Lallenger Bierg, tëschent Esch a Keel, staunen ech iwwert en Trapp Schof, déi ewéi virwëtzeg Touristen tëschent de raschtroude Fielse ronderëmtrëllen, wärend ëmgedréint och d’Schof iwwert déi komesch gekluffte Leit op zwee Rieder staunen, déi duerch d’Géigend jauwen – an zum Deel

gradesou trëllen. De Bikepark hei ass zimmlech usprochsvoll. An dat op méi Manéieren: en duussen an an déi richteg Bunne gelenkten Tourismus, eng naturno Landwirtschaft a Schutzzone fir d’Natur sollen am Biosphärereservat souzesoen zesummespillen.

68

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Déi gelonge Renaturéierung vun den Industriegebitter an d’Zeréckeruewerung vun de Liewensraim duerch Flora a Fauna waren d’Viraussetzung fir d’Opnam an dat weltwäit Netzwierk vun de Biosphärereservater vum UNESCOProgramm „De Mënsch an d’Biosphär“. Net dat totaalt Verschwanne vum Mënsch soll erfuerscht ginn, mä seng Impakter. D’Interaktioun tëschent Mënsch an Natur.

Eng spannend Transformatioun Eng Entwécklung vun der industriebaséierter zu enger wëssensbaséierter Wirtschaft am Aklang mat der Natur gëtt ugestrieft. D’Biosphärereservat am Süde vu Lëtzebuerg ass mat senger héijer Siidlungsdicht am weltwäite Verglach ganz speziell. Eelef Gemengen op enger Fläch vun 200 Quadratkilometer, sëlleg Grouwen a fréier Dagbaugebitter sinn Deel vum Reservat. Nom Verschwanne vun der Stolindustrie soll d’Regioun en neit Gesiicht kréien, wärend gläichzäiteg de kulturellen – an industriellen – Patrimoine preservéiert gëtt. Haut gesi mer an dëser dicht besidelter Regioun eng nei Biodiversitéit, déi duerch eng ganz Partie Projete gefërdert gëtt. Gläichzäiteg ass et e Raum mat enger erhalenswäerter Kulturgeschicht an enger spannender urbaner Transformatioun. De Mënsch ass e bestëmmende Faktor innerhalb vun der Biosphär am Wandel. Haut weess en ëm säin Afloss. An och, wann et nach e laange Wee wäert sinn: Am Süde vum Grand-Duché kréie mir eng Iddi dervun, wou d’Rees higoe kéint.


Fréier Minièren, déi u weltbekannte Canyons erënneren: An den „Terres Rouges“, wou fréier monstréis Baggeren d’Landschaft geschënnt hunn, eruewert sech d’Natur d’Minièren zeréck. An d’Mountainbiker eruewere se och.

69


 Um Minett Trail: Dat neit Liewen an d’Biodiversitéit vun der Regioun kann een och um Minett Trail erliewen. Den 90 Kilometer laange Wanderwee geet queesch duerch d’Regioun. Op zéng Etappe bitt en Dierfer, Stied an Natur a weist, wéi d’Stolindustrie den urbane Raum gepräägt huet. www.minetttrail.lu  Minett Tour mat Minett Park: Wien alles ronderëm d‘Industriegeschicht am Land vun den Terres Rouges wësse wëll, dee sollt de Minett Tour maachen. Den zirka 35 Kilometer laange Wee verbënnt fënnef Plaze mat

70

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Iwwerall um Minett Tour si Maschinnen an Apparater ze gesinn, déi eppes mam fréieren Eisenäerzofbau zu Lëtzebuerg ze dinn hunn.

© RENATA LUSSO

 Vum Biergbau zum Naturschutzgebitt: Am Naturschutzgebitt „Ellergronn“ gouf nach virun e puer Joerzéngten Eisenäerz ofgebaut. Nodeems d’Minnen zougemaach goufen, huet sech de „Kazebierg“, südlech vun Esch, a vill verschidde Liewensraim fir ënnerschiddlech Déierenaarte verwandelt, tëschent Dëmpelen an dem fir dës Regioun esou typeschen „Trockenrasen“ an „Halbtrockenrasen“, um Bord vun engem Alenter- an EscheBësch, laanscht kleng Baachen. Den „Ellergronn“ gehéiert zum europäesche Reseau vun den Natura-2000-Naturschutzgebitter. E klenge Bijou, deen ee bei enger Wanderung oder engem kuerze Spadséiergang direkt an onkomplizéiert vun Esch aus entdecke kann. www.visitminett.lu

ënnerschiddlechen Theemae ronderëm den Ofbau vum Eisenäerz an d’Stolproduktioun an der Vergaangenheet. Mat derbäi ass ënner anerem de Minett Park Fond-de-Gras, wou wärend der Summersaison en Dampzuch an eng Minièresbunn fueren. De Musée vun der Minn Cockerill zu Esch an den Nationale Minnemusée zu Rëmeleng sinn och interessant Spots ronderëm d’Exploitatioun vun de Minnen. www.minetttour.lu

© RENATA LUSSO

Weider kuckeswäert Statiounen:


Fiichtegkeet hei – Dréchent do. Dicht Gestrëpp versus oppe Flächen. Keelt versus Wäermt. Dëse Gang duerch d’Klimazone kann een an engem Dag erliewen, wann een déi richteg Wander- oder Bikestreck wielt.

71


VISITE DE LA BRASSERIE NATIONALE :

PLONGEZ AU CŒUR D’UN VÉRITABLE SPECTACLE INTERACTIF ET DÉCOUVREZ LE TERROIR LUXEMBOURGEOIS !

Nourrie par un héritage de plus de 250 ans, la Brasserie Nationale est devenue, au fil des siècles, la première brasserie du Grand-Duché de Luxembourg. Le secret de ce succès vous sera dévoilé lors de la visite de la Brasserie Nationale… Un arrêt incontournable au Grand-Duché de Luxembourg, un lieu chargé d’histoire, tourné vers l’avenir. Découvrir un brassage liant tradition et modernité

SENTIR, TOUCHER ET MÊME GOÛTER LES MATIÈRES PREMIÈRES… Les bières Bofferding, Battin et Funck-Bricher sont brassées à partir des meilleures matières premières ; elles sont pur malt et pur houblon, 100 % naturelles, sans additifs et sans conservateurs. Grâce à la connaissance de nos guides, vous pourrez sentir et toucher les matières premières, le tout avec des explications détaillées, voire même quelques anecdotes. Chaque ingrédient est choisi avec soin ; jusqu’à l’eau utilisée. « Il faut savoir que l’eau change le goût de la bière. La nôtre est d’une qualité irréprochable », souligne Monsieur Georges Lentz, administrateur de la Brasserie Nationale. À noter que l’eau est puisée à la brasserie, dans un lac à 317 mètres sous terre. Une pureté extraordinaire que vous serez évidemment invités à goûter directement à la source.

Au cours de la visite vous pourrez le constater par vous-même en admirant d’un côté notre musée d’objets historiques et de l’autre les grandes installations très modernes. Grâce aux investissements effectués chaque année nous arrivons à une brasserie toujours plus innovante, plus économique et plus écologique. Des engagements qui font de ses bières de véritables références.

DÉGUSTER NOTRE SAVOIR-FAIRE Le clou du spectacle ! La dégustation – en plus de celles offertes durant le parcours – comprend 5 bières de la gamme de la Brasserie Nationale. A commencer par une traditionnelle Bofferding Pils, pour suivre avec une brassée de fraîcheur de Bofferding Bio, puis la suite avec une excellente Battin Gambrinus, après une exclusive Funck-Bricher et finir l’expérience par une bière de saison. Une explosion de saveurs accompagnée par des explications techniques qui vous permettra de mieux apprécier chaque bière. Vous retrouverez le « savoir-bière » avec une belle représentation par nos guides ; une bière au fût parfaitement tirée, bien fraîche et servie avec grand professionnalisme. Une belle dégustation forte en générosité qui vient clore le parcours, le tout nourri de bonne humeur, de convivialité et ce dans un esprit familial. De nouvelles activités vous attendent en 2022, pour le plus grand bonheur des amateurs de houblon : DE BRAUATELIER s’intègre désormais à la visite de la Brasserie avec la nouvelle salle de dégustation.

DÉCOUVRIR DE FAÇON LUDIQUE NOTRE TRADITION… La visite guidée de la Brasserie Nationale vous fera découvrir notre méthode traditionnelle de façon ludique. Vous débuterez dans notre salle de brassage - cœur de la production – puis irez à la découverte des nouvelles cuves de fermentation, passerez par l’impressionnante cave de garde surnommée « la cathédrale », et finirez par l’embouteillage et la mise en fût. Tout le long du parcours vous bénéficierez d’une explication complète des différentes étapes du processus de fabrication de la bière. Durant cette initiation vous aurez par ailleurs l’occasion unique de découvrir la bière distillée ainsi que la bière jeune (non filtrée), disponibles nulle part ailleurs !

VOYAGER À TRAVERS PLUS DE DEUX SIÈCLES D’HISTOIRE ADAPTÉE À L’ÈRE MODERNE… Nourrie par un patrimoine de plus de deux siècles, cette entreprise familiale est résolument moderne.

L a br asser ie s’est aussi équipée d’une inst allation de t ype « Microbrasserie », dans le but de développer et expérimenter de nouvelles recettes et proposer des cours de brassage, pour des groupes de 10-15 personnes. Vous pouvez trouver toutes les nouvelles activités sur www.visitebrasserienationale.com N’oubliez pas de réserver avant de venir vous aventurer ! Bonne visite, bonne dégustation et à bientôt !

BRASSERIE NATIONALE 2 Boulevard J-F Kennedy | L-4930 Bascharage | Tél. : +352 23 63 64 - 217 visite@bofferding.lu | www.visitebrasserienationale.com


BRASSERIE NATIONALE VISITE ET DÉGUSTATION

UNE EXPÉRIENCE BRASSICOLE UNIQUE : Accueil par un guide professionnel Visite commentée de la brasserie Dégustations de bières 100% naturelles Souvenirs Durée : 2h (dégustation comprise)

Langues : LU / FR / DE / EN / CN

INFORMATIONS PRATIQUES ET RÉSERVATION : • Visites sur réservation du lundi au samedi (sans réservation les samedis à 15h) • Réservation par téléphone : + 352 23 63 64 - 217 ou via notre site internet www.visitebrasserienationale.com • Accès par : Transport personnalisé possible • Restauration possible chez notre partenaire « D’Braustuff »


Betruechten, verstoen, nei Hoffnung hunn: Dat kann eng intensiv Erfarung sinn. Zum Beispill fir eng däitsch Fra, déi decidéiert, an engem Dag direkt e puer Commemoratiounsplaze vum Zweete Weltkrich ze besichen. Wat beweegt dat an engem? Et ass wäertvoll, sech deem ze stellen an op dëse Plazen, wou dat alles zu Lëtzebuerg geschitt ass, seng eegen Erfarung ze maachen. E perséinlecht Bild vum Krich. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen ALFONSO SALGUEIRO

74

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Transforming Experiences GEDENKEN OP DER REES

Wat bleift, ass Hoffnung

75


De Kierfecht vun den däitschen Zaldoten, déi am Krich gefall sinn, huet eng ganz speziell Atmosphär. Duerch eng schmuel Dier an enger héijer Mauer kënnt ee bei d’Griewerfeld. Gro Kräizer a Reien, liicht versat, erënneren tëschent héije Beem un déi Doudeg.

76

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


E Moien am November. Hanner Schleierwolleke kënnt d’Sonn iwwert den Horizont, daucht alles an en diffuust Liicht, hellrosa, friddlech, wonnerschéin. Ech sti virum amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm. Haut ginn ech Plaze vun der Erënnerung besichen. D’Erënnerung dodrun, wéi an de leschten zwee Krichsjoren däitsch Zaldoten an der Ardennenoffensiv géint Lëtzebuerger, Amerikaner, Fransousen, Englänner gekämpft hunn. Dausende si gestuerwen. An den Ardenne gouf et eng ganz Partie grouss Massakeren, virun allem an de Wanterméint 1944/1945.

d’Reie mat de Kräizer. Op e puer vun de Grafsteng ass en Davidstär amplaz e chrëschtlecht Kräiz. Jee no Bléckwénkel sinn d’Griewer hannereneen oder versat. Dertëschent, op de Promenaden, plätscheren zwee Sprangbuere mat e puer Basengen. Dekoréiert mat bronzenen Delfinen a Schildkröten. Si symboliséieren d’Reinkarnatioun an dat Éiwegt Liewen. D’Figuren, d’Weeër, d’Grafsteng, alles ass beandrockend symmetresch.

Virum Nationale Militärmusée zu Dikrech weisen zwee Panzeren de Wee bei d’Entrée. D’Dicht vun den Ausstellungsstécker ass beandrockend. D’Ausstellung ass eng Mëschung aus historesche Fotoen, Original-Objeten aus de Krichsdeeg inklusiv entschäerfte Waffen, nogebaute Kampfhandlungen an Zeenen aus dem Alldag.

Um amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm rouen iwwer 5.000 amerikanesch Zaldoten. Déi schwaarz Paart beim Agang ass riseg, mat gëllenen Aadleren a Lorberkränz verziert, Symboler fir Courage am Altertum. D’Gras ass perfekt geschnidden, mat Bromee iwwerzunn. Ganz wéineg Hierschtblieder leien an der Moiessonn tëschent de Kräizer. Alles uerdentlech a propper.

Eng beandrockend Symmetrie An der Mëtt vun der Zenerie mat de ville blénkege wäisse Grafsteng aus Marmer steet déi héich Kapell mat dem risegen Engel aus roudem Granit a weist Richtung Himmel. Um Plaffong bannenan e prächtegt, gëllent Mosaik, dat den Hellege Geescht a Form vun enger Dauf duerstellt. Eng Friddensdauf. D’Träppleke vum Monument si ganz flaach, et kann ee beim Goen no vir kucken, ouni ze falen. Mäi Bléck geet iwwer

77


De „Schumanns Eck“, ganz vu Bësch ëmginn, ass scho säit dem Enn vum Mëttelalter eng wichteg Verkéiersachs op enger gutt ausgebauter Handelsstrooss tëschent der Belsch a Lëtzebuerg. Am Zweete Weltkrich sollt dës Plaz allerdéngs wéinst hirer strategescher Bedeitung eent vun de grausaamste Schluechtfelder op lëtzebuergeschem Buedem ginn.

78

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Matten am Bësch bilde liewensgrouss Fotofigure méi ewéi eng Kuliss. Si dauche plëtzlech am Bësch op, wierke lieweg, obwuel se zweedimensional sinn a schwaarz-wäiss. D’Nomëttessonn werft Stralen am Bësch. D’Zenerie ass surreal.

79


D’Nimm, agravéiert op de Grafsteng, si ganz diskret an op dem propperen, wäisse Marber bal net ze gesinn. Munch kléngen europäesch, esouguer däitsch. Hat deen een oder aneren amerikaneschen Zaldot vläicht däitsch Originnen? Dës Fro schläicht sech a meng Gedanken. E puer dovu sollen herno am Militärmusée beäntwert ginn.

D’verbuergent Griewerfeld Net wäit ewech ass den däitschen Zaldotekierfecht. Am Schiet, verbuergen. No e puer Schrëtt kënnt eng schmuel Dier, duerch déi ee geet, laanscht e ganz sobert Kräiz aus Fer forgé. Hannendrun dann d’Vue op d’Griewerfeld. Déi gro Kräizer sinn e Kontrastprogramm zu de schnéiwäisse Grafsteng bei

den Amerikaner. Hei wuesse Beem an den Himmel. D’Kierfechter hunn eng ganz ënnerschiddlech Ausstralung: blénkeg VictoryKränz op deem amerikaneschen, méi gedeckte Faarwen a vill Gréngs, dat d’Erënnerung ofzeschwäche schéngt, op deem däitschen. Déi zwee ze besichen, ass wichteg. Eréischt dat mécht d’Erliefnis komplett. Tëschent de Beem raume Männer a Camouflage-Uniforme Blieder ewech. Et sinn däitsch Zaldoten, déi eng Woch am November zu Lëtzebuerg sinn, fir hei a virum amerikanesche Kierfecht alles ze fleegen. „Dat ass e benevolle Service vun der Bundeswehr, an ech maachen dat gär. Mir preparéieren alles, fir e Kranz nidderzeleeën“, seet den Zaldot Carsten Westphal. Hien ass mat senge Komeroden extra aus

En däitschen Zaldot befreit de Buedem vum Kierfecht vu Blieder. De Carsten Westphal fleegt d’Krichsgriewer benevole. No der Aarbecht freet hie sech drop, Lëtzebuerg a seng Kultur kennen ze léieren.

80

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Norddäitschland heihinner komm. D’Zaldote wäerten och en Ausfluch an den Nationale Militärmusée op Dikrech maachen. A genee deen ass meng nächst Statioun.

Krichszeie fir d’Éiwegkeet Virum Musée weisen zwee Panzeren de Wee bei d’Entrée. D’Visitt bannena féiert duerch d’Raimlechkeete vun enger fréierer Brauerei, verwénkelt, mat ville Béi an Dieren. D’Dicht vun den Ausstellungsstécker ass beandrockend. D’Ausstellung ass eng Mëschung aus historesche Fotoen, Original-Objeten aus de Krichsdeeg inklusiv entschäerfte Waffen, nogebaute Kampfhandlungen an Zeenen aus dem Alldag, bei deene liewensgrouss Poppen zu Zaldote fir d’Éiwegkeet gemaach goufen. Munch Ausstellungsstécker gesinn aus, wéi wa se nei wieren, anerer hu vill Patina ugesat, well se an Tranchéeën oder Bunkere louchen. De Musée weist dat ganzt Liewen a Stierwen am Krich. Wat gouf wärend de Kämpf oder an de Bunkere giess? Wat hunn d’Leit gespillt? Wourop hu se an de Kellere geschlof? Woumat hunn d’Funker geschafft? Eng original Enigma-Decodéierungsmaschinn zitt meng Opmierksamkeet op sech. Krichstechnik kann och faszinéierend sinn. Kuerz drop gesinn ech eng hëlze Këscht, an där d’Hausdéiere wärend dem Bombardement sécher verstoppt konnte ginn. An ëmmer nees: Waffen. Tëschent ausgeluechten Hierschtblieder, verrascht. D’Kette voller Bulli vun engem Panzer. Eng Do-it-yourself-Operatiounskëscht fir d’Front, mat dem komplette medezinesche Geschier


E Monument a Form vun engem Phar erënnert zu Wolz un d’Affer vun den Nazien. No der Aféierung vum allgemenge Militärdéngscht fir Lëtzebuerger an der däitscher Wehrmacht am August 1942 hunn d’Aarbechter zu Wolz hir Aarbecht niddergeluecht. Séier huet sech d’Streikbeweegung am ganze Land ausgebreet. D’däitsch Occupatioun huet mat brutaler Gewalt geäntwert: 21 Lëtzebuerger goufen higeriicht. 81


Um amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm rouen iwwer 5.000 amerikanesch Zaldoten. De Kierfecht otemt Stolz. D’Gras ass perfekt geschnidden, mat Bromee iwwerzunn. Ganz wéineg Hierschtblieder leien an der Moiessonn tëschent de Griewer.

82

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Op e puer vun de Grafsteng ass en Davidstär amplaz e chrëschtlecht Kräiz ze gesinn. Jee no Bléckwénkel sinn d’Griewer hannereneen oder versat. D’Nimm, agravéiert op de Grafsteng, wierke ganz diskret a sinn op dem propperen, wäisse Marber bal net ze gesinn.

83


fir matzehuelen. Eng vun de Poppe gëtt hei „operéiert“, d’kënschtlecht Blutt liicht rout an der Luucht. D’Gedanken un d’Zenerië wäert ech mat an den Owend an an d’Nuecht huelen. De Lancaster Memorial zu Wäiswampech erënnert un d’Besatzunge vun zwee Lancaster-Bomber, déi am Zweete Weltkrich ëmkomm sinn. 13 jonk Männer hu missen hiert Liewe loossen, wéi d’Fligeren erofgefall sinn. D’Kapell niewendru luet zur Besënnung an.

Lieweg Biller vun Zaldoten Déi lescht Statioun vu mengem „Memorial Day“: den Erënnerungswee um „Schumanns Eck“. Matten

am Bësch bei Wolz. Hei bilde liewensgrouss Fotofigure méi ewéi eng Kuliss. Si dauche plëtzlech am Bësch op, wierke lieweg, obwuel se zweedimensional sinn a schwaarzwäiss. Zwee Zaldote kontrolléieren d’Passanten. Anerer kache sech eng Zopp tëschent de Kämpf. Zwee sëtzen enk beieneen, Angscht am Bléck, ee fëmmt eng Zigarett. Déi zwee gesinn net méi al aus ewéi 18 Joer. Dës speziell Wanderung ass keen normale Spadséiergang. „Opgepasst, Minnen“, soe Schëlder. An: „Et ass verbueden, Metalldetekteren ze benotzen.“ D’Nomëttessonn werft Stralen am Bësch. D’Zenerie ass surreal. An et ass hei tëschent den héije Beem an den Ardennen immens kal, obwuel déi lescht Owessonn nach schéngt. Hei hu sech d’Zaldote verstoppt am Januar 1945, hu sech an Tranchéeën a „Fuusslächer“ géigesäiteg gewiermt a Courage gemaach. Vläicht nach eng Kéier e Bréif heem geschriwwen. D’Einsamkeet kann ee sech bal net virstellen. Am Bësch en zesummegekauerten Zaldot mam Helm um Buedem. De Mann op der Foto ass scho laang dout. Dës Inzenéierung hëlleft mir méi ewéi all Bild an engem Musée, fir ze verstoen: Hei steet eng Momentopnam, e Bild vun engem Mann, deen et wierklech ginn ass. Net méi an net manner. Eng Grupp vu Persoune gesäit wierklech erschreckend realistesch aus. Déi jonk Kämpfer lafen op mech duer, kucke mech direkt un. Direkt niewendrun e risege Krater. Eng amerikanesch Bomm, 500 Pond schwéier, gouf hei erofgeheit. Bal genee an der Mëtt wiisst eng Bich. D’Natur hëlt sech och dës Plaz zeréck. Wat bleift, ass Hoffnung.

84

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Visitt am Nationale Militärmusée zu Dikrech féiert duerch d’Raimlechkeete vun enger fréierer Brauerei, verwénkelt, mat ville Béi an Dieren. Niewent der Ardenneschluecht ronderëm Dikrech, déi duerch Dioramaen am Moossstaf 1:1 rekonstruéiert ass, weist de Musée ë. a. och d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Resistenzler 1940‒1945. 85


Statiounen um Erënnerungswee:  De General Patton Memorial Museum zu Ettelbréck wierdegt de Kommandant vun der 3. US-Arméi, där hir Truppen am Zweete Weltkrich de 25. Dezember 1944 d’Stad Ettelbréck befreit hunn. Dokumenter an Objeten illustréieren d’Invasioun, d’Repressioun an d’Verfollegung duerch Nazi-Däitschland an d’Befreiung vu Lëtzebuerg. Wie weider op de Spuere vum Generol Patton wandele wëll, ka säi Graf tëschent de Maste mat de Fändelen um amerikanesche Kierfecht zu Hamm besichen. Komplementar dozou lount sech och eng Visitt vum däitschen Zaldotekierfecht ëm den Eck zu Hamm. www.patton.lu  D’Abtei Cinqfontaines war vun 1941 un Internéierungslager fir Judde wärend dem Zweete Weltkrich. D’Patere goufe vun de Besatzer verdriwwen, an de Klouschter gouf eng Sammelplaz fir Judden an hir lescht Statioun virun der Deportatioun an d’ëstlech Konzentratiounslageren. 1944 huet d’amerikanescht Militär de Klouschter an e Feldlazarett ëmgewandelt. 1969 gouf en Erënnerungsdenkmal ageweit. 1973 gouf doraus eng Plaz, wou ee sech zeréckzéien a besënne kann. www.visit-eislek.lu

Militärmusée zu Dikrech. Do gëtt och d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Resistenzler 1940‒1945 grad ewéi d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi gewisen. www.visit-clervaux.lu www.wiltz.lu www.mnhm.lu  Op dem Erënnerungswee zu Ëlwen kann ee sech op d’Spuere vun de Schmuggler a Resistenzler beginn. Ënnerwee kritt een iwwer d’Éislek-App spannend Informatiounen, Audioen a Videoen. De groussen Tour (Nord-Route) ass zwielef Kilometer laang, de klengen néng. De Bunkertrail zu Schlënnermanescht féiert bei e grousse Bunker, an deem am Krich e puer jonk lëtzebuergesch Wehrdienstverweigerer an Deserteure vum Nazi-Regime Schutz fonnt hunn. Um Trail ginn et och e puer herrlech Aussiichtspunkten iwwer d’Landschaft vum Éislek. www.visit-eislek.lu  De Lancaster Memorial zu Wäiswampech erënnert un d’Besatzunge vun zwee Lancaster-Bomber, déi am Zweete Weltkrich ëm-

 D’Ardennenoffensiv am Wanter 1944/1945 war eng vun de gréissten a chaoteschste Schluechten am Zweete Weltkrich. Duerch si gouf Lëtzebuerg endgülteg vun der däitscher Besatzung befreit. Un dës Schluecht an d’Befreiung erënneren d’Muséeë vun der Ardennenoffensiv zu Clierf an zu Wolz grad ewéi den Nationale

86

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

komm sinn. Dräizéng jonk Männer hu missen hiert Liewe loossen, wéi d’Fligeren erofgefall sinn. D’Kapell niewendru luet zur Besënnung an. www.visit-eislek.lu  Wien organiséiert Toure ronderëm d’Plaze vun der Erënnerung zu Lëtzebuerg erliewe wëll, ka sech u Gaul’s Legacy Tours wenden. De Roland Gaul ass en international unerkannten Expert vun der Ardennenoffensiv zu Lëtzebuerg an huet den Nationale Militärmusée zu Dikrech gegrënnt. Zesumme mat senger Fra organiséiert hien individuell zesummegestallten Erënnerungstoure fir interesséiert Persounen. www.gauls-legacy-tours.lu

Geschwë soll an der Abtei Cinqfontaines niewent engem pedagogeschen Zenter fir Jugendlecher eng Plaz vun der Erënnerung an d’beweegte Vergaangenheet entstoen.


Am General Patton Memorial Museum zu Ettelbréck ginn d’Biographie vum Generol, Waffen a militärescht Ekipement vun de Schluechtfelder an den Ardenne grad ewéi de Loftkrich behandelt.

87


Gaaschtfrëndlechkeet, Kachkonscht, kuerz: Eng richteg Wëllkomm-Kultur kann een an der Hotel- an Tourismusschoul EHTL zu Dikrech léieren. Vun hei goufe scho vill erfollegräich Gastronomen an d’Welt entlooss. Text FREDERIKE HÖHN Fotoen ANDREAS WEISE

88

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


The Good Life HOTEL- AN TOURISMUSSCHOUL EHTL

D’Schoul vun der Gaaschtfrëndschaft 89


Laachen ass wichteg. Well dass d’Ausbildung an der Hotel- an Tourismusschoul zu Lëtzebuerg net z’ënnerschätzen ass, dorop deit schonn hire Motto hin: „Striving for excellence“.

Am Übungsrestaurant léieren d’Schüler, den Dësch ze decken a Platen a Gedrénks ze zerwéieren. Haut steet „Zopp zerwéieren“ um Stonneplang.

90

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Kachproff Patrick Scholzen steet do ewéi en Dirigent viru sengem Orchester. Hien hieft d’Hand, seet e puer Wierder a seng Schüler fänken un, mat Dëppen a Messeren ze hantéieren. De Raum gëtt Téin vu sech. De Victor, an der leschter Rei, réiert mat enger Lusch de Fleeschfong an engem grousse sëlweren Dëppen ëm – klang, klong! Donieft léisst de Fabio säi Messer an engem feine Staccato op d’Schneidbriet erofsausen – tack, tack, tack! Aus der éischter Rei kënnt en haart Knacken derbäi, wéi d’Serena an de Kai d’Zaange vun den orangen Homarden opbriechen. An do dertëschent héiert een dat luest Knuspere vun den Nori-Blieder, déi d‘Sofia duerchschneit.

Zäitdrock. Drock, deen am Liewen omnipresent ass. Well am Aarbechtsalldag ginn trotz Hektik Leeschtung a Resultater erwaart“, seet de Michel Lanners, den Direkter vun der renomméierter Schoul. Hie steet am Hall. Déi Plaz, wou all Schouljoer ronn 300 Schüler all Dag an- an ausginn. Niewent sengem Kapp hänkt de Wope vun der Schoul, déi 1949 gegrënnt ginn ass: e Léiw niewent de grousse Buschtawen EHTL, déi fir „École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg“ stinn.

De Klangteppech gëtt vum permanente Gebrumms vun de Schäffercher an dem luese Schwätze vun den aacht Käch begleet, déi haut fir e gemeinsaamt Zil an der Kiche stinn: e Menü mat harmonesche Goûte fir d’Feierlechkeeten den nächsten Owend kreéieren. Well an der Hotel- an Tourismusschoul zu Dikrech ass dat esou Traditioun. D’Schüler, déi no dräi Joer Ausbildung d’Schoul mat hirem Diplom an der Täsch verloossen, ginn um Dag vun hirer Ofschlossfeier vun de méi jonke Schüler bekacht. An de Patrick Scholzen ass mattendran. Hien dirigéiert dat Ganzt, gëtt Rotschléi, demonstréiert Handgrëffer a bréngt déi konzentréiert Gesiichter mat senge lockere Spréch trotz der ganzer Hektik ëmmer nees zum Laachen.

Mä d’Schoul ass vill méi ewéi eng Plaz, wou klassesch Beruffer ewéi Kach oder Hotelier enseignéiert ginn, esou de Michel Lanners. „De spezielle Geescht vun dëser Schoul besteet doran, dass mir Gaaschtfrëndschaft enseignéieren. Eis Schüler léieren, opmierksam, frëndlech an diskreet ze sinn a séier ze reagéieren. Kompetenzen, déi mir all am Kontakt mat anere Leit

„Striving for excellence“ „D’Schüler léieren an eise Kichen d’Hektik vum Beruffsliewe kennen. Et gëtt gekacht, heiansdo ënner

Fir d’Liewe léieren

immens schätzen. An déi de Schüler den Accès an déi ënnerschiddlechst Branchen erméiglechen.“ D’Dier vum Hall geet op an d’Schüler kommen eran. E Bléck op d’Auer verréit, dass an e puer Minutten déi zweet Stonn ufänkt. Déi Jonk ginn duerch den Hall a béie séier an e laange Gank of. Hei sti schonn e puer Klassekomeroden, déi op déi melodesch Schell waarden. D’Schüler hunn e schwaarze Kostüm mat Krawatt, en eleganten Deux-pièces, eng Toque an en Zerwéier-Schiertech un. Well an der EHTL solle si ënner realistesche Bedéngungen op hire spéideren Aarbechtsalldag an der Hotel- an Tourismusbranche virbereet ginn. An dat betrëfft net just den Dresscode. Och den Ëmgang mateneen ass entspriechend héiflech. Egal, ewéi séier et muss goen. D’Schüler an d’Proffe begréisse sech um Gank ëmmer mat engem frëndleche Laachen an engem gutt gelaunte „Gudde Moien“ oder „Bonjour“.

De Ruff vun der „École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg“ ass excellent. Den Hotelbesëtzer Alexis Heck, op deen hiren Numm zeréckgeet, war Mëtt vum 19. Joerhonnert e Pionéier vum Tourismus zu Lëtzebuerg.

91


D’Schell geet. An engem grousse Raum steet schonn eng Grupp jonk Leit virun aacht Dëscher mat wäissen Dëscheldicher, stoften Zerwéiten, Couverten a Glieser. De Raum gehéiert zum Übungsrestaurant. Hei léieren d’Schüler, den Dësch ze decken a Platen a Gedrénks ze zerwéieren. Haut steet „Zopp zerwéieren“ um Stonneplang. Dass hei just geüübt gëtt, gëtt kloer, wéi d’Schüler kaalt Waasser amplaz

Och op d’Serena Villani ass d’Begeeschterung fir d’Branche schonns iwwergesprongen. An dat virun allem aus engem Grond: „Mir gefält, dass eis Schoul esou familiär ass“, erzielt hatt mat engem Laachen. Och hatt dreemt dervun, no senger Ausbildung an der EHTL d’Welt z’entdecken. „Ech muss reesen, meng Erfarunge mat eraus an d’Welt huelen.“

waarm Zopp aus dem sëlweren Zoppekomp an déi déif Tellere schëdden. E puer Diere weider steet eng grouss Kachmaschinn matten am Raum. Aus sëllegen Dëppen a Pane richt et gutt no gebrodenen Ënnen. Wäissen Damp zitt bei d’Hott erop. Gespaant lauschteren déi aacht Schülerinnen a Schüler am Alter vu ronn 16 Joer der Stëmm vum Lucien Kass. De Kachproff erkläert grad, wourop si beim Dëmpe vun Zucchini a Paprika oppasse sollen. „Viru Jore war ech hei selwer Schüler“, erzielt hien a straalt iwwert dat ganzt Gesiicht, wärend seng Adepten ufänken, d’Geméis an d’Dëppen ze maachen. „No mengem Ofschloss sinn ech als Kach a Garçon ronderëm d’ganz Welt gereest. A virun zwanzeg Joer dunn als Proff a meng al Schoul zeréckkomm, fir d’Freed um Kachen ze vermëttelen.“

Vun der wäiter Welt a groussen Dreem Och d’Schülerin Serena Villani dreemt dervun, no hirer Ausbildung an der EHTL d’Welt z’entdecken. En Dram, deem si mat engem Diplom aus der Hotel- an Tourismusschoul e grousst Stéck méi no komme wäert, wann een de Wierder vum Direkter Michel Lanners gleewe kann. „Eis Absolventen hunn enorm vill Succès. Mir sinn immens stolz, dass vill vun eise Schüler haut an héijen a wichtege Positioune schaffen“, seet hien an erzielt vu senger fréierer Schülerin, dem Caroline Esch. Déi jonk Kächen huet 2019 mat just

92

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

24 Joer hiren eegene Restaurant „Eden Rose“ opgemaach. De Restaurant ass an engem Park zu Keel. Iwwerall Rousendekoren an déi vergëllte Couverten, déi akkurat niewent den Dëscher placéiert sinn, blénke matt. Méi wäit hannen d’oppe Kichen, an där d’Kichenekipp virun den Ae vun de Gäscht d’Plate preparéiert. Ganz ouni Gluten. Well d’Caroline ass, zanter hatt 13 Joer al war, allergesch op dëse Stoff, deen am Miel enthalen ass. Säi Wonsch no glutefräien Alternativen ass e Grond, firwat d’Caroline sech schonn als Teenagerin fir de Beruff vun der Kächen interesséiert huet.

D’Rezept fir grousse Succès Haut, ronn zéng Joer méi spéit, ass säi Restaurant deen éischten zu Lëtzebuerg, deen eng komplett glutefräi a gläichzäiteg innovativ an ofwiesslungsräich Kaart ubitt. An dat dank de fantasievolle Kreatiounen esou erfollegräich, dass déi jonk Kächen 2021 de Restaurant nach emol renovéiere léisst an zesumme mat hirem Verloobten a Kach Valérien Prade d’Kaart verfeinert. Wien haut am „Eden Rose“ ësst, dierf sech op e Genosserliefnes op GourmetNiveau freeën. An op eng perséinlech Nott: Eng Sammlung al Kaffis- an Téikanen ass iwwerall z’entdecken – déi meescht natierlech mat Blummendekoren. D’Caroline erënnert sech mat engem Laachen u seng Zäit viru ronn zéng Joer an der Hotel- an Tourismusschoul: „Et ass eng ganz gutt Schoul, an där et fir d’Schüler vill verschidde Méiglechkeete gëtt.“ Eng Vilfalt, déi mat Sécherheet e Grond dofir ass, firwat zu Lëtzebuerg ganz grouss Kachkonscht entsteet.


Déi fréier EHTLSchülerin Caroline Esch huet 2019 mat just 24 Joer hiren eegene Restaurant „Eden Rose“ opgemaach a gouf ënner anerem scho vum renomméierte Gastronomie-Guide Gault & Millau als Entdeckung vum Joer 2022 ausgezeechent.

Den „Eden Rose“ ass an engem Park zu Keel. D’Fënsteren an där opfälleg raschtrouder, stolener Fassad gi vum Buedem bis bei de Plaffong a ginn de Bléck op den oppene Raum vum Restaurant fräi.

93


The Good Life VUM FELD ZUM WÉNGERT

D’Geheimnis vun der gëllener Rief Zanter Joerhonnerten ass d’Landschaft op der Musel vum Wäibau gepräägt. Schonn d’Réimer woussten den Terroir am Südoste vu Lëtzebuerg ze schätzen. Op Visitt beim Cep d’Or, engem besonnesche Familljebetrib. Text THOMAS JUTZLER Fotoen ANDRÉ SCHÖSSER, THOMAS JUTZLER

94

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Liewen ass ze kuerz, fir schlechte Wäin ze drénken! Soll de Goethe gesot hunn. Wat warscheinlech guer net stëmmt. Also, datt de Saz vun him ass. Datt d’Liewen ze kuerz ass, stëmmt natierlech – virun allem fir schlechte Wäin! Wat och stëmmt: D’Liewen ass ze kuerz, fir schlechte Wäin ze produzéieren. An aus dësem Grond – dem Produzéiere vu guddem Wäin – sti mir elo hei am Bulli iwwer Stadbriedemes. Leem pecht un eise Schong. Ronderëm eppes, dat ech Feld nenne géif an net Wéngert. Wéngert! Dat kléngt no säftegen Drauwen a grénge Riewen, déi an enger Rei stinn a Sonn tanken! Dat kléngt romantesch, no Spaass a Freed um Land. No gëllenem Jus a schéine Glieser! Mä et ass ewéi esou oft: Déi vill Aarbecht, déi virun deem Schéinen an Eedele gemaach muss ginn, gesäit een net, ass ustrengend a vill manner romantesch, ewéi een als Laie mengt.

Effikassitéit. Wien e Wéngert nei uplanzt, denkt net drun, wat en all Trimester abréngt oder kascht. Mä denkt a Joerzéngten. Dës Wäispillschoul, virun där mir stinn, wäert a 25 Joer ëmmer nach exploitéiert ginn. Da wäert d’Lisa hei d’Haaptresponsabilitéit hunn an de Jean-Marie wäert vläicht heiansdo laanscht kucke kommen a gär e

D’Lisa Vesque huet zu Geisenheim an zu Bordeaux Önologie studéiert, ier hatt 2016 an de Betrib vu sengem Papp erageklommen ass. Seng Famill ass scho säit mindestens 1762 am Wäibau täteg, mä fréier goufen d’Drauwen no der Lies verkaaft.

Gedold dréit Friichten Zeréck also op d’Bullisfeld an d’Produktioun vu guddem Wäin. Et ass Fréijoer 2021. Mir stinn zesumme mam Lisa Vesque a sengem Papp Jean-Marie virun der grousser, bronger, bombéierter Fläch, déi iergendwann en neie Wéngert wäert ginn, a kucken den Aarbechter no, wéi si – mat der Hand – nei Riewe planzen. Et wäert e puer Joer daueren, bis een hei Drauwe liese kann. A bei dëser Erkenntnis gëtt et dann awer e bëssen emotional. Dat huet eppes mat Zäit ze dinn, mat vill Zäit, mam wäiten Horizont, mat deem een et hei ze dinn huet. Mat Engagement an dem Vertrauen an d’Natur an hir Kraaft an

95


puer gutt Rotschléi ginn, déi d’Lisa da vläicht grad esou gär iwwerhéiere wäert. E Projet fir Generatiounen – de Grond, firwat déi zwee d’nei Riewen och zesummen an der Champagne an der Bam- respektiv Riefschoul erausgesicht hunn. Et ass Oktober ginn. Moies fréi läit e bëssen Niwwel iwwer der Musel. D’Wéngerte liichte gréng. Hei an do mësche sech faarweg Hierschttéin an d’Hiwwelen. D’Drauwe si prall gefëllt an hänken an décke Kludderen tëschent de Blieder vun de Riewen. D’Lies ass grad voll amgaang. Maschinnen hu mir nach keng gesinn. An de géie Wéngerte laanscht d’Musel gëtt virun allem vun Hand gelies – a meeschtens och direkt gebotzt. Ëmmer nees tuckere kleng Traktere mat Unhänger, déi déck mat Këschte voll Drauwe beluede sinn, iwwer d’Landstrooss laanscht d’Musel. Opgereit ewéi eng Pärelsketten, si vill vun de lëtzebuergesche Kellereie laanscht d’„Route du vin“ (op Lëtzebuergesch: „Wäistrooss“), déi sech op zirka 42 km duerch de Grand-Duché schlängelt. Eng dovun: den Domaine Cep d’Or. D’gëlle Rief.

E gëttleche Kaddo D’Paart fir an de Keller steet grouss op. Mir ginn eran. Et blubbert, et scheppert, et rattert, et quiitscht an et quetscht. Wie sech hei d’Hänn net wëll dreckeg maachen, deen ass am falsche Beruff! Woubäi … Wat e falscht Wuert: Dreck. Schliisslech ass dat, wat hei Flecke mécht, feinsten Drauwejus! D’Lisa straalt iwwert d’ganzt Gesiicht, wéi hatt mat engem Eemer am Aarm tëschent de blénkegen inoxe Cuvë steet an d’Hief uréiert. Et ass

96

déi spannendst Zäit vum Joer – fir eng Wënzerin. Et gëtt gelies, gepresst, gelagert, gefiltert, ëmgefëllt, Hief derbäigemaach, gemooss, gekillt, probéiert … D’Lisa ass a sengem Element. Et ass evident, datt hatt gär schafft. Mir kennen hatt net anescht ewéi a Gummisstiwwelen. Gläichzäiteg ass hatt eng Kënschtlerin! Well dat, wat

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Mat der Hand ginn nei Riewe geplanzt. Et wäert e puer Joer daueren, bis een hei Drauwe liese kann. Wien e Wéngert nei uplanzt, denkt net drun, wat en all Trimester abréngt oder kascht. Mä denkt a Joerzéngten.


aus den Drauwen um Enn gëtt, ass Konscht. Eng geheim Wëssenschaft, déi am Geheimen aus einfachem Uebst grousse Wäi mécht. E Mystère. Wäin – e gëttleche Kaddo. Okay. Ganz esou geheim ass dës Wëssenschaft dann awer net. Si gëtt esouguer an Héichschoulen enseignéiert. D’Lisa huet zu Geisenheim an zu Bordeaux Önologie studéiert, ier hatt 2016 an de Betrib vu sengem Papp erageklommen ass. Mat sengen 29 Joer ass hatt bal gradesou al ewéi säi Papp, wéi hien den Domaine gegrënnt huet. Zwar wier d’Famill Vesque scho säit mindestens 1762 am Wäibau täteg, erzielt de Jean-Marie, mä fréier goufen d’Drauwen no der Lies verkaaft. Se selwer ze verschaffen, wier säin Dram gewiescht, als jonke Kärel. Datt seng Duechter dësen Dram elo weiderdreemt, mécht hien natierlech iwwerglécklech.

Genoss, Konscht, Handwierk, Léift 1995, mat 31 Joer, huet de Jean-Marie eng eege Kellerei gegrënnt. Hie kennt en Architekt, dee just zéng Joer méi al ass an dee seng Begeeschterung fir Bëton an eng ausgefale Formesprooch deelt: de François Valentiny. Si entwerfen e Gebai, dat an d’A fält. Gekréint gëtt de Bau vun engem Tuerm, deen un eng iwwerdimensional Wäipress erënnert.

esou opfälleg ass, sinn d’Leit natierlech virwëtzeg a kommen – wa mer Chance hunn – eran!“ De Plang schéngt funktionéiert ze hunn. D’Kellerei platzt aus allen Néit. D’hëlze Fässer stapele sech. D’inox Cuven ducke sech ënner dem Plaffong. An de Cremant lagert viru sech hin. D’„Cuvée 36“ iwwregens – ewéi den Numm scho verréit – räift mindestens dräi Joer! Wou mir nees bei den Zäitraim wieren, an deene Papp an Duechter denken. An esou kënnt se um Enn awer nach: d’Romantik, déi mir am Fréijoer vermësst hunn. Hei, tëschent rubinrout gefleckte Barriquen, blénkeg schwaarze Fläschen a Këschte mat schéinen Etiketten, déi op d’jonk Wäiner waarden. D’Ingredienten: Genoss, Konscht, Handwierk a vill Léift.

Wäin an Architektur  Dir hutt gär gudde Wäin a spannend Architektur? D’Streck Via mosel’ presentéiert am Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Däitschland déi schéinste Wäinuertschaften a Wënzerbetriber am Museldall „ouni Grenzen“, déi fir d’Qualitéit vun hirer touristescher Infrastruktur, awer och fir hir eemoleg historesch an zäitgenëssesch Architektur bekannt sinn. Eng interaktiv Kaart am Internet weist d’Méiglechkeeten, fir eng Wäin- an Architekturrees jee no eegenem Goût an Zäit ze plangen. www.viamosel.com

1995, mat 31 Joer, huet de Jean-Marie den Domaine Cep d’Or gegrënnt. Zesumme mam Architekt François Valentiny gëtt e Gebai entworf, dat an d’A fält. Gekréint gëtt de Bau vun engem Tuerm, deen un eng iwwerdimensional Wäipress erënnert.

D’Gebai fält op: „Wien en neien Domaine grënnt, dee muss natierlech op sech opmierksam maachen!“ De Jean-Marie grinst. „Dësen Terrain laanscht d’Wäistrooss huet eis gehéiert a jiddereen, deen hei laanschtfiert, passéiert fréier oder spéider eis Kellerei. Wann dës dann

97


Outdoors Passion TRAUMSCHLEIFEN-PREMIUMWEEËR

Dreem weider 98

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wien op den Traumschleifen an der Miseler Géigend wandert, kéint mengen, e géif schlofwandelen — esou extreem schéin an ofwiesslungsräich sinn déi dräi Premiumweeër. An ëmmer nees lackelt dat nächst Wënzerduerf mat senge Kellereien! Text THOMAS JUTZLER

Fotoen ANDRÉ SCHÖSSER, THOMAS JUTZLER

99


Wise mat Kéi, Bongerten a virun allem de Schluchtbësch laanscht d’Sir maachen aus der Traumschleife „Manternacher Fiels“ e richtegen Entdeckerwee.

100

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Déi dräi Lëtzebuerger Traumschleife goufe vum däitsche Wanderinstitut jeeweils als „Premiumweg“ certifiéiert. Et gëtt deemno vill ze kucken, z’entdecken an z’erliewen.

101


D’Traumschleife verlafe gréisstendeels op schmuelen, naturnoe Weeër, laanscht idyllesch Baachen an imposant Fielsformatiounen, iwwer al Trapen duerch Wéngerte bis bei Aussiichtspunkte mat enger fantastescher Vue.

102

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Den Elch gehéiert bestëmmt zu Finnland! An hei! Ech hunn hëlze Schong fonnt! Holland!“ – D’Kanner, déi tëschent de Saile mat de Miniature vun den europäesche Länner ronderëmlafen, fille sech ewéi Entdecker. Virum Europa-Musée danzen d’Fändele vun de Memberstaaten am Wand. Mir sinn zu Schengen. Ausgangspunkt vun enger vun de Lëtzebuerger Traumschleifen op der Musel. Déi dräi Circuite goufe vum däitsche Wanderinstitut jeeweils als „Premiumweg“ certifiéiert. Et gëtt deemno vill ze kucken, z’entdecken an z’erliewen. D’Traumschleife verlafe gréisstendeels op schmuelen, naturnoe Weeër, laanscht idyllesch Baachen an imposant Fielsformatiounen, iwwer al Trapen duerch Wéngerte bis bei Aussiichtspunkte mat enger fantastescher Vue.

Wanderen ouni Grenzen De Wee zu Schengen ass e richtege Grenzgang. No enger Zäitchen trëppelt een, ouni et ze mierken, op där anerer Säit vun der Grenz, a Frankräich, wärend ee gläichzäiteg vis-à-vis Däitschland gesäit. Am Dall d’Musel mat hire ville Kéieren an déi omnipresent Wéngerten. Um Plateau vum Strombierg ukomm, ass een ëmgi vun enger zimmlech wëller Natur an et klotert een op ganz géie Cornichen. Ënne mécht d’Musel eng grouss Schläif. Mir sinn also op eemol a Frankräich. Esou hu mir Europa gär. Ouni Grenzen. De Wee zeréck op Lëtzebuerg geet iwwer schmuel, naturbeloosse Weeër iwwer laang gestreckten Hiwwelen a fruchtbaart Akerland.

allem de Schluchtbësch laanscht d’Sir maachen aus der Streck e richtegen Entdeckerwee. Bei engem klenge Barrage sprange mir op enger Fëschtrap vu Steen zu Steen. Puddele mat plakege Féiss am Waasser a beobachte Vigel, déi aus dem Gestrëpp laanscht d’Ufer bei d’Waasser geflattert kommen, fir hei ze drénken. Heiansdo héiert een en Zuch duerch den Dall ratteren. Soss ass et ganz roueg.

Eng Stopp am Bësch Laanscht géi Maueren aus Kallekstee geet et weider duerch en dichte Lafbësch, fir op eemol eng super Vue op e Wéngert ze hunn – matten am Bësch! Wéi wann ee sech veriert hätt, stinn d’Riewen agerummt vun de ville grénge Blieder vun de Beem gutt geschützt ënnert enger Fielswand. De Wéngert ass immens gefleegt an et gesäit ee gutt, datt hei nach Wäin

ugebaut gëtt, trotz senger – nenne mer et mol sou – dach zimmlech exklusiver Lag. Mir verloossen dës ongewéinlech an e bësse surreal Plaz a ginn duerch den enken, v-fërmegen Dall vun der Schlammbaach iwwer stengen Trapen, déi relativ kromm a schif laanscht den Hang féieren, erop op de Lellinger Plateau. Hei gesäit ee wäit bis an den Dall vun der Musel, ier et iwwer al Maueren, déi fréier ronderëm d’Wéngerte stoungen, a laanscht d’Iwwerreschter vun historesche Millen zeréck op Manternach geet. Wann een e léisst, da wiisst Pällem struppeg a gëtt meterhéich. Am mëlle

De Wee zu Schengen ass e richtege Grenzgang. No enger Zäitchen trëppelt een, ouni et ze mierken, op där anerer Säit vun der Grenz, a Frankräich, wärend ee gläichzäiteg vis-à-vis Däitschland gesäit.

E bëssen ofgeleeën am Hannerland vun der Musel ass dʼTraumschleife Manternacher Fiels ganz ofwiesslungsräich: Wise mat Kéi, Bongerten a virun

103


Am Ufank vun Ohn ass e Labyrinth aus akkurat geschniddenen Hecken — ugeluecht ewéi e Schleek —, déi ee ganz duercherneemaachen. Et ass souzesoen eng kleng „Traumschleife extra“.

104

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Pällem-Labyrinth: Eng wonnerschéi Welt voll Geheimnisser waart op de Wanderer. Hie muss just oppassen, wouhin de Wee hie féiert! Wann hien e bewosst geet, kann eppes an him verännert ginn. 105


Wouhin nach?  Genéisst de Panorama! Op der Musel ginn et vill schéin Aussiichtspunkten! Tëschent Stadbriedemes a Greiweldeng, um „Scheierbierg“ zu Réimech, um Sommet vum Wéngert „Wormer Koeppchen“ oder bei der „Deisermillen“ zu Meechtem. www.visitmoselle.lu  D’Naturschutzgebitt „A Wiewesch“ ass ëmgi vu Bongerten a just e puer honnert Meter ewech vum gréisste Schluchtbësch vum Grand-Duché, dem „Manternacher Fiels“. www.visitmoselle.lu

D’Musel-Promenad zu Schengen: Wann ee genee kuckt, dann entdeckt een op de Saile vun den europäeschen Natioune landestypesch Miniaturwelten.

Klima vun der Miseler Géigend hält sech daper e klengen, wëlle Pällembësch. E steet um Pällembierg bei Ohn. An huet dëser Plaz warscheinlech och hiren Numm ginn. Well traditionell ersetzt de Pällem op Pällemsonndeg d’Palmeblieder.

Ënner Palmen Muncheree behaapt, et wier den nërdlechsten natierleche Pällembësch iwwerhaapt an en hätt emol zu enger réimescher Villa gehéiert. D’Villa ass fort. De Pällem ass nach do. An de Wäin ass do. Och vun de Réimer fir d’éischt kultivéiert, präägt en d’Landschaft laanscht d’Musel. Hallo, Traumschleife „Wein- und Naturpfad Palmberg Ahn“! Mir wandere laanscht hell Fielsen aus Muschelkallek duerch géi Wéngerten erop. Wou de Pällem net geschnidden a kuerz gehale gëtt, mä sech fräi entfalen däerf, wiisst e vun der Form hier e bëssen ewéi e Chrëschtbeem-

chen. Mir ginn duerch eng däischtergréng Landschaft. Déi kleng Blieder blénken an der Sonn. Dann, nom klenge Bësch, oppe Wéngerten, déi net méi bewirtschaft ginn. Orchideeën ewéi d’Kruuchteblumm oder d’Kräizblumm wuessen hei. Heiansdo flitzen Eidechsen duerch d’Ritze vun den Iwwerreschter vun enger aler Dréchemauer. Wou haut d’Traumschleife op Wanderungen aluet, war virun 225 Millioune Joer de Mieresbuedem vum Muschelkallekmier. Zäit ass relativ. Wie méi genee kuckt, dee kann an deem engen oder anere Stéck Gestengs Fossilie vun urale Mieresbewunner entdecken. Mir dauchen an de Bësch vun der Donwerbaach an. Déi huet sech deelweis déif an de Fiels gegruewen. D’Bett ass mat décke Steng gefëllt – a wierkt ewéi eng Baach an de Bierger. Eng Waassermärel flitt iwwer d’Waasser. Platsch. Si daucht an, fir ënnert dem Waasser no Fudder ze sichen. En anere Villchen hockt um Bord op engem Steen a wibbelt hin an hier. Et kéint ee mengen, e wéilt seng Kolleegin ufeieren. Mir ginn der Baach no. Op eemol gëtt de Bësch manner dicht a mir stinn nees viru Riewen, uewen iwwert dem Duerf. Ier mir eis decidéiere mussen, wéi eng vun de sëllege Kellereie mir besiche wëllen, fir eis mat engem wuelverdéngte Glas Cremant ze belounen, maache mir eis nach e Spaass a ginn de Schëlder vum Labyrinth no. Am Ufank vum Duerf ass e Labyrinth aus akkurat geschniddenen Hecken – ugeluecht ewéi e Schleek –, déi ee ganz duercherneemaachen. A wéi eng Planz gouf dofir benotzt? Natierlech Pällem! Et ass souzesoen eng kleng „Traumschleife extra“.

106

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Warscheinlech schonn zanter der Réimerzäit ass de Pällem um Pällembierg beim Wënzerduerf Ohn doheem. E wiisst hei wëll a buscheg an engem eenzegaartege klenge Bësch a kréint de bekannte Wéngert, wou héichwäerteg Wäiner produzéiert ginn. Entdeckt en op der Traumschleife „Wein- und Naturpfad Palmberg Ahn“.

107


The Good Life VAKANZ UM BAUERENHAFF

Natierlech gutt Eemol live d’Aktivitéiten an d’Aarbecht op engem Bauerenhaff materliewen. Bei der Aarbecht um Feld d’Äerd spieren. Landloft ootmen. D’Ee fir moies beim Kaffi frësch an de Stall siche goen. Wärend enger Vakanz um Land kann ee wonnerbar ofschalten. Text ANTONIA STEINES Fotoen ANDRÉ SCHÖSSER

108

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


E seident Duch läit iwwert der Landschaft. Dënn Niwwelschleieren zéien iwwert d’Koppen, fléisse laanscht d’Stämm vun de Beem an de Bongerten. Kromm Uebstbeem deele sech déi schmuel Sträif tëschent dem Wee an der Wiss mat engem schifen, alen Zonk. Et dämpt aus den Nueslächer vun der pechschwaarzer Angus-Kou, déi eis op dësem fréie Moien zu Frombuerg am Mëllerdall virwëtzeg kuckt.

Ënnert dem gelangweilte Bléck vun de Kéi zéien ech un engem décken, donkelgréngen Hallem. Et ploppt an ech halen eng Ënn an der Hand – un där nach e Stéck Buedem, dat d’Faarf vu Koffer huet, pecht. Wat déi gutt richt! Frësch-wierzeg ewéi eng Ënn a gläichzäiteg den typeschen Aroma vum Buedem. Eigentlech banal. Eng Ënn eben. An

Vakanz um Bauerenhaff ass eppes fir Leit, déi sech nees eng Kéier wëlle knaschteg maachen. Wann een an der frëscher Loft am Gaart schafft, da fillt ee sech mat der Natur verbonnen. Mat Dreck ënnert de Fangerneel gëtt een hei reegelrecht geäert.

D’Liewen um Land Mir wëlle bei d’Ziichter vun de Béischten. D’Christiane an de Jeff Weydert hu sech wärend dem Studium kenne geléiert. 2016 hu si decidéiert, de Betrib vum Jeff sengen Elteren z’iwwerhuelen. „Mir sinn allen zwee immens naturverbonnen, glécklech an dankbar, mat an an der Natur ze liewen. Mir gesinn et als Privileeg, dëse schéinen Eck vun der Welt z’exploitéieren, ze erhalen an an d’Zukunft ze féieren.“ Esou empfanne si et selwer. Fir dëst Liewensgefill mat aneren deelen ze kënnen, féiere si den Haff elo deelweis als Solawi-Projet. Solawi steet fir „Solidaresch Landwirtschaft“. Iwwer 50 Kulture ginn hei, um Frombuerger Haff zu Uesweller, ugebaut. Uebst, Kraider, Kréischelen, Blummen, Geméis – alles ka vun de Membere vun der Solawi direkt um Feld oder an der Zär gepléckt ginn. Member ka jidderee ginn. Et ass keng Verflichtung, um Feld ze schaffen – et dierf een awer. Och d’Gäscht vun de Vakanzewunnenge kënne gär am Gaart mathëllefen.

109


awer. Wann een net un de Kreeslaf vum Séinen an der Recolte gewinnt ass, iwwerkënnt een e frout Gefill, wann een esou eng Feldfruucht aus dem Buedem zitt. De Frombuerger Haff läit op enger Knupp. A Richtung Oste kuckt een op Hiwwelen. D’Musel muss do, hannert der leschter Kopp, am Dall leien. Am Westen erstrecke sech grouss Bëscher. Geet een de Feldwee hannert de Geméisbeeter weider, da gëtt ee vun de Beem ofgeschléckt an iergendwann an de Schluchtbëscher an tëschent de géie Fielsen aus Sandstee vum Mëllerdall nees erausgespaut.

Am Iwwerfloss

schwätze wéilten. Immens witzeg, wéi se mat hirem Kaméidi a mat wackelegem Pupes, am Zickzack, hannert eis trëppelen. Nach eemol kuerz opgereegt Geflatters, dann akzeptéiere se, dass et vun eis – de Moment – näischt gëtt, a loossen eis goen. Am héije Gras sti Beiestäck. Et summt. Ganz héich iwwert eis kreest e Gräifvull dicht ënnert de puer Wolleken um Himmel. De Maxi, den Hond vum Haff, schnuppert kuerz un de Boxebeen. „A, déi kennen ech schonn, dir kënnt roueg weidergoen“, schéngt säin desinteresséierte Bléck ze soen. Mir béien op de Mullerthal Trail of. De Mullerthal Trail féiert op dräi grousse Circuiten duerch d’Regioun Kleng Lëtzebuergesch

Mir klappen de Buedem vum Feld vun eise Wanderschong a ginn e Stéck op dem sonnege Wee a Richtung Mëschbësch. Den Angus-Kéi schéngt et egal ze sinn, dass mir ginn. E puer Hénger allerdéngs lafen eis no. Si sinn dru gewinnt, vu Leit gefiddert ze ginn, a gackere permanent. Wéi wa se mat eis

110

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Um Frombuerger Haff vum Christiane a vum Jeff Weydert kann ee Vakanz maachen an dobäi d’Aktivitéiten op engem Bauerenhaff live materliewen.

Schlofen um Land  De Geieschhaff ass eng Anlag op engem grousse Wiesen, eng ganz roueg Plaz, 5 km vun Iechternach ewech an esouguer mat enger Indoor-Spillplaz fir Kanner. www.geyershof.lu  De Roudenhaff bitt mat grousse Vakanzewunnengen an engem Wellness-Beräich vill Confort – an dat an enger herrlecher Landschaft mat Vue op den Iechternacher Séi. Ronderëm deen ee wonnerbar spadséiere kann. An och de Mullerthal Trail ass net wäit ewech. www.meyer-ernzen.lu  Zu Munzen, am Norde vum Land, luet d’Robbesscheier derzou an, Vakanz um Land ze maachen. Den Naturerliefnes-Zenter mat Iwwernuechtungsméiglechkeet bitt verschidden „Erliefnessparten“ ronderëm d’Liewen um Land. www.robbesscheier.lu  Bei de „Gîten“ zu Welleschten handelt et sech ëm renovéiert al Wënzerhaiser am Duerfkär. WäinGeschicht op der Musel fir unzepaken. Am selwechten Duerf gëtt et och d’„Yolande’s Barn“, niewent dem Musée „A Possen“. Eng Postkaart vum Bauerenhaff verschéckt ee mat dësem priméierte Landtourismus-Timber. www.gites.lu


Schwäiz an ass mam Label „Leading Quality Trails – Best of Europe“ ausgezeechent ginn. Fielsen, Bëscher, sonneg Däller, kleng Baachen … Et gëtt vill z’entdecken. Haut gi mir just e klengt Stéck ënnert de Kroune vun de Bichen, well mir hunn den Owend nach e besonnescht Evenement um Programm.

Genossregioun Den Dag um Land geet mat engem leckeren Iessen op en Enn. Warscheinlech daucht een an d’Kultur an an d’Mentalitéit vun engem Land am déifsten an, wann ee mat de Leit zesumme kacht. An natierlech zesummen ësst. De Jeff huet Kolleegen invitéiert. Ënner anerem de Philippe, e geléierte Kach, deen eis gutt gelaunt Uweisunge gëtt. Et soll Angus-Burgere ginn a Wäinzoossiss mat Moschterzooss. Béides natierlech aus dem Buttek um Haff. Mir wëlle Gromperekichelcher derbäi maachen. D’Grompere sinn nach am Buedem, ginn awer vun de Kanner aus eisem Grupp, déi vu Freed Kreesch dinn, erausgeholl. Et kéint ee mengen, si géifen no Gold sichen. Zalot, Tomaten, Muerten – déi aner Ingrediente fir d’Burgere kommen direkt vum Feld op den Dësch. Méi frësch geet et net. Mir verschaffen, wat de Buedem hiergëtt – matten tëschent de Felder a Wisen. En aalt Uelegfaass mat engem risegen eisene Rank ass de Grill. Mir maachen en uerdentlecht Feier. Op enger klenger Kopp steet e Pizza-Uewen aus Zillen. Fir de Fall, dass een net sat gëtt. Onwarscheinlech. Trotzdeem: Pizza geet ëmmer. De volle Programm. Et gëtt e Fest. Et fänkt un, däischter ze ginn. Mir fält op, ewéi roueg et gëtt. Kee Gegackers méi,

kee Summen, d’Kéi si roueg, den Hond schléift. Just de Klang vun de Gespréicher vun de Leit. Zivilisatiounsgeräischer héiert ee keng. Dofir awer d’Zirpe vun de Grillen. Et kann ee mat Recht soen: D’Iddi ass op fruchtbare Buedem gefall. Déi, fir d’Leit aus der Stad fir d’Liewen um Land ze begeeschteren. Mir si puppsat! www.fromburg.lu

En aalt Uelegfaass mat engem risegen eisene Rank ass de Grill fir eis typesch lëtzebuergesch Gromperekichelcher. D’Gromperen, déi frësch aus dem Buedem geholl goufen, muss de Philippe awer nach fir d’éischt schielen a rappen.

111


112

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Outdoors Passion GRAVEL-BIKE-ABENTEUER

Mad(e) for Cycling Véier Mol ware mir e puer Deeg op Abenteuer-Touren zu Lëtzebuerg ënnerwee an hunn d’Land als super Reesdestinatioun fir Gravel-Bikers entdeckt! Mir si Kräsispisten a Vëlosweeër erop- an erofgefuer. Mir hu sëllegen onmarkéiert Weeër kartéiert an Touren zesummegestallt. Ausserdeem hu mer lecker giess a Confort a Gaaschtfrëndschaft an de lëtzebuergesche „bed+bike“-Logementer genoss. Text LOEK LUIJBREGTS & NOL VAN LOON Fotoen FATPIGEON.CC

113


114

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Ewéi esou vill Vëlosfuerer fannen och mir et flott, interessant Weeër z’entdecken, drop ze fueren a se duerno mat aneren ze deelen. Mir wëllen de Spirit vum Vëlosfueren zu Lëtzebuerg afänken: en Nord-Süd-VëlosreesAbenteuer! Eng Streck vum nërdlechsten op de südlechste Punkt vum Land: 127 Kilometer mat 1.770 Meter Héichtenënnerscheed. Eist Abenteuer fänkt un an den Ardennen, féiert duerch de Mëllerdall, laanscht kleng Hiwwelen am Guttland, duerch d’Wéngerten op der Musel an an d’spréchwiertlech Terres Rouges am Minett.

115


Lëtzebuerg bitt all d’Ingrediente fir en ofwiesslungsräiche Vëlostour mat Kolleegen. D’Hiwwelen, déi gutt ausgebaute Weeër, déi grouss Vilfalt vu Kräsispisten, déi mëttelalterlech Buergen an déi pittoresk Flëss si richteg Klassiker. Wat eis faszinéiert huet: D’Land huet zimmlech dicht Bëscher tëschent senge Stied an Dierfer. Wann een e puer Minutte laang an d’Gréngs fiert, da fillt ee sech matten an enger authentescher a wëller Natur. Mir hu Wëllschwäin an Hirschen iwwert de Wee sprange gesinn. Genee esou eppes wëll een am Bësch gesinn – an et wäert ee sech ëmmer drun erënneren!

116

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


117


118

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Zu Lëtzebuerg brauch een net vill, fir e super Tour z’erliewen, inklusiv Fitness, Natur- an Déierewelt, Geschicht a Kultur. Dat Eenzegt, wat een dofir brauch, ass e Plang. Eise Plang bei eisem éischten Tour war: hiwweleg Kräsisweeër erueweren, géi Descentë meeschteren, awer och mëttelalterlech Schlässer entdecken.

119


Hiwwelen, Wënzerbetriber, schéi Vuen a regional Plate mat lokalem Gedrénks ... Kléngt perfekt, oder? Et kënnt nach besser! Op de meeschte „Vëlosummer“-Strecken ass de ganzen August iwwer kee Verkéier: déi perfekt Zäit, fir verschidden Deeler vum Land op zwee Pneue kennen ze léieren. Mir hunn den historesche Wee „Mam Jangeli bei d’Kätti“ an Ugrëff geholl, deen op der aler Jangelisbunn vu Réimech op Munneref geet. Do e klengen Ëmwee, hei eng Kéier méi: A scho si mer op eise ganz perséinleche Weeër an de lëtzebuergesche Wéngerte gelant. Et hätt kéinte schlëmmer sinn ...

120

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


121


EDITIOUN 4

Kreativdirektioun & Editorial Design Guido Kröger, ampersand.studio

cultural center | artist residencies | corporate events | historic site

Bienvenue | welcome

Luci

Inspiring Travel Stories from Luxembourg

Partenaire institutionnel

Luci — Inspiring Travel Stories from Luxembourg

EDITIOUN 4 — LËTZEBUERGESCH

EDITIOUN 4 — LËTZEBUERGESCH

Partenaire officiel

D‘Gesiichter vun engem Quartier De Fëschmaart, ewéi en Duerf matten an der Stad

Kulturhaaptstad Esch2022 Opbrochstëmmung am Land vun den Terres Rouges

Dobaussen ënnerwee Traumschleifen, Biosphär a Bike-Abenteuer

nster.lu

18.02.22 12:27

Editeur Luxembourg for Tourism BP 1001, L-1010 Luxemburg Tel. +352 42 82 82 1 info@visitluxembourg.com VisitLuxembourg visit_luxembourg @luxembourginfo www.visitluxembourg.com

© LFT 2022 All Rechter reservéiert. All Notzung, Kopie, Reproduktioun, Publikatioun, Iwwerdroung oder Distributioun an iergendenger Form, ob ganz oder deelweis, ass just erlaabt, wann den LFT seng schrëftlech Geneemegung am Viraus ginn huet. ISSN 2716-7356

122

Redaktioun Birgit Pfaus-Ravida Franck Dall Frederike Höhn Lilly Hütter Thomas Jutzler Loek Luijbregts Sarah Pitt Antonia Steines Nol van Loon Fotoen Pancake! Photographie (Cover) Fatpigeon.cc Hadrien Friob Thomas Jutzler Renata Lusso Alfonso Salgueiro Benny Schiltz André Schösser Andreas Weise Mike Zenari Aner Fotoe mat frëndlecher Geneemegung vun de Partner. Iwwersetzungen & Lektorat Cécile Balavoine Rachel Ezard John-Paul Gomez Birgit Pfaus-Ravida Sarah Pitt Hélène Rybol Lektornet why vanilla? Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Print Imprimerie Centrale WP

Luci

Konzept & Chefredakter Valerio D‘Alimonte

Oplo Gesamtoplo: 70.000 Lëtzebuergesch Editioun: 10.000 Sproochen Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch Interreg-V-A-Projet Verschidde Fotoen an Texter goufen am Kader vun der Content-Produktioun „Digitalen Tourismusmarketing fir d’Groussregioun“ aus Mëttele vum EFRE-Fonds gefërdert. Publicitéit hello@luci.travel

Vill weider „Inspiring Travel Stories from Luxembourg“ an de passende Soundtrack „Sound of Luci“ fënns du an der (gratis) VisitLuxembourg App


EXPERIENCE LUXEMBOURG'S BEST DRIVING HOLIDAYS SELF-GUIDED DRIVES & ORGANISED DRIVING TOURS A PASSION. FOR MOTORING.

Automobilist • 39, rue du château L-9353 Bettendorf • GSM +352 621 522 140 www.automobilist.lu


cultural center | artist residencies | corporate events | historic site

Bienvenue | welcome

neimenster.lu T +352 26 20 52 1 | contact@neimenster.lu

Partenaire institutionnel

Partenaire officiel


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.