LUCI - Editioun 1 - Lëtzebuergesch

Page 1

Luci

Inspiring Travel Stories from Luxembourg EDITIOUN 1 / 2020 - LËTZEBUERGESCH

Industriekultur erliewen Op de Spuere vu Schweess a Stol

Erop op de Bierg Dräi Frënn entdecken de Lee Trail

Unesco-Weltkulturierwen Sightrunning duerch 1000 Joer Geschicht



Editorial Moien a wëllkomm bei Frënn! Ech ginn oft gefrot, wat Lëtzebuerg ausmécht a firwat een heihinner reese sollt. Eng europäesch Haaptstad, urban Kultur, beandrockend Naturlandschaften, gastronomesch Highlights... alles do! Mech beandrockt awer virun allem déi eenzegaarteg Mëschung vun authenteschen Andréck, déi Mënsche beréieren an déi matten an d’Häerz treffen. Dat ass d’LëtzebuergGefill. Ganz Luci eben! Luci ass den neie Magasinn vun der Reesdestinatioun Lëtzebuerg, an deem Dir grad bliedert. Luci verbënnt a ville Geschichte Mënschen, Gedanken a Plazen. Luci ass wéi d’Land: kosmopolitesch, vilfälteg, tolerant – a bitt dausendaneng Méiglechkeet, sech beréieren ze loossen. Ech sinn iwwerzeegt, dass mir Iech Loscht maache kënnen, dat klengt, awer kontrasträicht Lëtzebuerg enges Daags och live kennen ze léieren. Entdeckt Land a Leit! Ech wënschen Iech vill Freed bei Ärem ganz perséinleche Luci-Erliefnes! Ären

Dr. Sebastian Reddeker CEO Luxembourg for Tourism PS: Lëtzebuerg gouf iwwregens am Joer 963 déi éischte Kéier urkundlech erwäänt: Lucilinburhuc, wat esou vill heescht wéi „kleng Buerg“. D’Festung ass entre-temps Vergaangenheet, Luci dogéint bleift a steet fir dat modernt Lëtzebuerg...

3


Inhalt

64

6-17

Open and Diverse 25 JOER UNESCOWELTKULTURIERWEN

34

Sightrunning 18-21

30

The Good Life MUSEUMSMILE AN DER STAD

Konscht als Spadséiergang 22-25

Transforming Experiences BIODIVERSITÉIT AN DER STAD

22

Hugo an d’Beien 26-29

The Good Life BRAUEREI-KULTUR

Craft Beer boomt 30-33

Transforming Experiences URBAN ART

Make Koler kooler 34-45

Naturally Europe ESCAPARDENNE LEE TRAIL

De Wee mat Frënn 46-49

Outdoors Passion CAMPING BEIM WAASSER

Let it flow!

6 4

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


70

50-53

Open and Diverse JUGENDHERBERGEN

Op der ganzer Linn gutt drop 54-57

The Good Life STÄREKICHEN AUS DEM BËSCH

Poetesch geduecht, Puristesch gemaach 58-63

Transforming Experiences

58

NEI WËNZERGENERATIOUN

Frësche Wand an de Wéngerten 64-69

The Good Life DAAL VUN DE SIWE SCHLÄSSER

Guttland Roadtrip 70-75

Transforming Experiences „THE FAMILY OF MAN“ VUM EDWARD STEICHEN

Ech, Mënsch

86-89

Daydream

76-79

Transforming Experiences E MUSIKALESCHE GRENZGÄNGER

BESONNESCH IWWERNUECHTUNGSMÉIGLECHKEETEN

Schlofe wéi am Märchen

Eng ganz Stad am Ouer 90-101

80-85

Transforming Experiences

SCHLASS BEEFORT

Op de Spuere vu Schweess a Stol

Daydream

MINETT-TOUR

Wou ass d’Madamm? 102-113

Carte Blanche MIKE ZENARI

Schueberfouer

90

114

Impressum

5


Open and Diverse WËLLKOMM BEI FRËNN

Sightrunning

6

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


25 Joer Weltkulturierwen Alstad Lëtzebuerg: Dat kann ee bei engem Unesco-Tour erliewen. Oder et geheit ee sech an de Lafdress a schléisst sech der FatBetty.Run-Lafcrew un. Fotoen MIKE ZENARI

7


Zanter der Opnam an d’Unesco-Weltierwen de 17. Dezember 1994 ass „Lëtzebuerg, seng al Quartieren a Festungen“ Deel vun der prestigiéiser Lëscht vun de kulturellen a landschaftleche Plazen, déi universell Wäerter hunn an domat zum Ierwe vun der ganzer Mënschheet gehéieren.

8

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Panorama-Lift Pafendall verbënnt den ieweschte Stadzentrum mam Uelzechtdall. D’Faart an der gliesener Kabinn bitt eng eenzegaarteg Vue – wärend 71 Héichtemeter iwwerwonne ginn. 9


Beandrockend architektonesch Zeie vun der befestegter Vergaangenheet vu Lëtzebuerg sinn iwwerall an der Stad ze fannen. Esou kann een déi ënnerierdesch Gäng an de Fielse besichtegen, déi sougenannte Kasematten.

10

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Si maachen de Rendez-vous iwwer Facebook aus, an d’Community gëtt ëmmer méi grouss. D’Zil: Zesummen duerch d’Stad lafen, als grouss, lëschteg Ekipp, heiansdo kommen iwwer 50 Sportler. Den Oflaf ass esou einfach wéi méiglech. Jiddereen, dee matmaache wëll, ka spontan laanschtkommen a sech der Grupp uschléissen. Anescht undoe kann ee sech hannen am Independent-Café, wou och d’Wäertsaachen ewechgespaart ginn. Zéng Kilometer an ca. enger Stonn – „Gutt ze packen, da kann een dertëschent och mol stoe bleiwen a Fotoe maachen“, seet den Dan, ee vun de véier Grënner vun der Grupp.

„Ech sinn ëmmer supergär beim FatBetty.Run derbäi“, schwäermt d’Nikki. „Am Summer gesäit een d’Stad ganz anescht wéi am Wanter, et ergi sech ëmmer nei Bléckwénkelen.“ D’Team géif oppassen, dass op de Strecke schéi Plazen derbäi sinn – natierlech UnescoSitten inklusiv. D’Abtei Neimënster am Gronn zum Beispill wier bal all Kéier e feste Bestanddeel. „Verschiddener, déi mat eis lafen, si just e puer Wochen zu Lëtzebuerg

a léieren duerch eis Ecker kennen, déi si soss net géife gesinn“, seet d’Nikki. „Mir si schweessege Multikulti“, seet den Yves mat engem Laachen. „Beim Lafe gëtt et keng Hierarchie. Job, Alter, Nationalitéit oder spezifesch Sproochekenntnisser spille keng Roll. Déi Nei si bei eis direkt mattendran an der Ekipp.“ Um ieweschte Stack mécht sech d’Irina nach frësch. Déi gebierteg Moskauerin a passionéiert Trailleeferin freet sech wéi ëmmer op de Run-Tour duerch d’Stad. „Lëtzebuerg ass ofwiesslungsräich, al an nei Architektur harmonéiere perfekt“, seet hatt, wärend et seng Luucht op der Stier riicht réckelt. Him gefale virun allem Clausen an d’Péitruss. © DAN THUY

„One Little Spark of Madness“

zesummeschweesst. Beim Lafen ass et einfach, nei Kontakter ze knëppen. „Et ass einfach méi witzeg als Band!“, seet de Ricky, dee säit zwee Joer derbäi ass. Ënnert de Leefer hätte sech scho vill Frëndschaften entwéckelt.

Am Independent-Café treffe sech d’„Runners“, drénken an iessen zesummen, bereeden de Laf vir an tausche sech aus. Heiansdo sinn iwwer 50 Leefer derbäi.

© DAN THUY

Stad Lëtzebuerg, Donneschdeg, géint 18 Auer. Den IndependentCafé fëllt sech. After-Work-Atmosphär, animéiert Geschnëss. Ronderëm e groussen Dësch versammele sech déi éischt Leefer: Déi meescht vun hinnen hunn de schwaarze Crew-T-Shirt mat der Opschrëft „FatBetty.Run“ un. Egal, ob et reent, schneit oder d’Sonn schéngt – „d’Bettyen“ treffe sech all Donneschdegowend fir eng Lafronn duerch d’Haaptstad. Fir d’éischt de „Run“, duerno en „After-Run-Béier“ – oder och zwee oder dräi. D’Stëmmung: relaxverréckt.

Mam „FatBetty.Run“ erlieft een d’Stad op eng impressionant Manéier – beim „Sightrunning“. Zesummen duerch d’Haaptstad ze lafen, ass fir d’Participanten e supert Gefill; et entsteet eng Energie, déi d’Community all Woch méi

11


Wann et am Wanter fréi däischter gëtt, kéint een eng richteg Luuchte-Pressessioun laanscht d’Festungsmauere gesinn, wann d’„FatBetty.Runners“ do laanschtlafen. Dann, pénktlech um 18.45 Auer, geet et lass. D’Leefer starte virum Independent-Café, vis-à-vis vun der „Cité judiciaire“. Den Tempo ass relax, et geet lénks laanscht de Boulevard Franklin D. Roosevelt. D’Sportler passéieren d’Kathedral an déi beandrockend Gëlle Fra, eng Statu mat engem Lorberkranz, déi op engem 21 Meter héijen Obelisk op der Place de la Constitution steet. Verschiddener schwätze mateneen, anerer konzentréiere sech op hire Rhythmus an d’Streck. Séier si si beim „Pont Adolphe“ ukomm a flitzen op d’Passerell ënnendrënner. Op eemol e Kreesch, deen duerch Muerch a Schank geet, mä keen erféiert esou richteg. Ver-

schiddener laachen, anerer grinsen a sech eran. Et war den „Dic“ alias Stéphane, deen ëmmer fir gutt Stëmmung suergt – a fir de „one little spark of madness“, de klenge Funke Wansinn. No dem Stéphane sengem Kreesch op der Bréck zitt den Tempo e bëssen un. Ëmmer weider geet et, biergop a biergof.

Den „décke Bierg“ — ganz dynamesch Apropos biergop: Wat stécht eigentlech hannert deem Numm „Fat Betty“? Bei enger dynamescher Lafcrew denkt ee jo net onbedéngt direkt un en „déckt Betty“. Mä déi kleng, irritéierend Provokatioun ass duerchaus Deel vun deem e bësse geckege Konzept. „Mir gi relativ oft op den Numm ugeschwat, wa mir mat eisen T-Shirten duerch d’Stad rennen“, seet de Co-Fondateur Guido mat engem Grinsen. D’Léisung vum Rätsel: „Fat Betty“

hunn déi véier „Pappe“ vum Laf hiren 23 % géien (Trainings-)Bierg zu Steesel, d’„Montée Haute“, genannt. A „Fat Betty“ héiert sech einfach e ganzt Stéck méi cool a perséinlech un. Vläicht esouguer wéi den Numm vun engem Maskottchen. Mam „FatBetty.Run“ duerch d’Stad – dat erliewen ëmmer méi Einheimescher, Touristen a Geschäftsleit. De Samuel vu Manchester ass réischt zanter e puer Méint zu Lëtzebuerg. Hie fënnt et super, dass beim Tempo ëmmer Rücksicht op déi eenzel Leefer geholl gëtt an et net ëm d’Kompetitioun geet: „It’s not about racing or pacing. It’s about having some run-fun together.“ „Sightrunning“, Sport a Gemeinschaftserliefnesser zu Lëtzebuerg – esou einfach geet dat. www.FatBetty.Run

En Trip an d’Vergaangenheet an an d’Géigewaart gläichzäiteg ass e Besuch am Musée Dräi Eechelen beim Mudam, dem Musée fir zäitgenëssesch Konscht.

12

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


© RENATA LUSSO

© RENATA LUSSO

Wann d’Leefer am Däischteren ënnerwee sinn, blénken hir Luuchten op der Stier duerch d’Stroossen a wierken heiansdo wéi eng Pärelsketten.

© DAN THUY

Déi gewalteg Mauere vun der aler Festung sinn iwwerall am Stadbild ze gesinn. An d’Gebaier an der Alstad harmonéieren erstaunlech gutt mat der moderner Kuliss vum Kierchbierg am Hannergrond.

13


Zanter 1900 verbënnt den 153 Meter laange Pont Adolphe (oder „Nei Bréck“) ― ee vun de gréisste stengene Viadukter op der Welt ― d’Uewerstad mam Garer Quartier. Déi véier Meter breet Hängebréck fir Vëlosfuerer a Foussgänger, déi tëschent den zwee Haaptbéi installéiert ass, erméiglecht eng Panoramavue iwwert an an d’Péitruss.

14

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Mobilitéit ass e wichtegt Thema zu Lëtzebuerg. Esou verbënnt den ultramodernen Tram de Kierchbierg mat der Stad – just fir de Fall, wou een emol eng Kéier net lafe wëll. Méi deier wéi lafen ass et awer net, well säit Mäerz sinn d’ëffentlech Transportmëttelen zu Lëtzebuerg gratis.

15


D’Lëtzebuerger Alstad krut viru 25 Joer den Unesco-Weltkulturierwe-Status. E Jubiläum, op deen ee stolz ass. Zu Recht! Well an der Stad Lëtzebuerg stëmmt d’Mëschung aus Zukunftsmusek, Geschicht a Geschichten.

16

Unesco erliewen:  Visitor Center: Am Lëtzebuerg City Museum gëtt d’Unesco lieweg. www.citymuseum.lu  Unesco-Biketour: 9,5 Kilometer duerch d’Stad, biergop a biergof, kann een d’Péitruss

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

an d’ënnescht Quartiere Gronn, Clausen a Pafendall einfach mam Vëlo kenne léieren an dobäi vill Attraktiounen entdecken.  Unesco-Tour „Alstad a Festung“: Iwwer 2,5 Kilometer bitt den UnescoTour zu Fouss en aussergewéinlecht historescht Erliefnes a manner wéi 90 Minutten. D’Statioune sinn: 1. Place de la Constitution 2. Park an der Péitruss 3. Helleg-Geescht-Plateau 4. Bou fir erof an de Gronn 5. Corniche 6. Bock-Kasematten 7. Stadmauer 8. Fëschmaart mat der Méchelskierch 9. Groussherzogleche Palais 10. Place Clairefontaine 11. Kathedral Notre-Dame www.visitluxembourg.com  Kasematten: D’Kasematte sinn eng vun de wichtegsten Attraktioune vun der Stad Lëtzebuerg. Mat 17 vun ursprénglech 23 Kilometer si si déi längste Kasematte vun der Welt. Iwwer 100.000 Visiteure besichen déi fréier ënnerierdesch Verdeedegungsanlag all Joer. www.luxembourg-city.com  Urban Time Travel: Eng lieweg Rees an d’Zäit, wou Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, kann een am Pafendall maachen. Well den „Urban Time Travel“ ass e Virtual-Reality-Tour, bei deem d’Visiteuren duerch e VR-Brëll direkt an d’Joer 1867 kucke kënnen, kuerz ier d’Festung

geschleeft gouf. An der virtueller Welt erzielt de Kutscher Jos de Passagéier interessant Fakten iwwert seng Stad; an der Realitéit rullen d’Visiteure mat engem klenge Bus iwwert de Pawee. Eng faszinéierend Illusioun. www.urbantimetravel.com

Unesco — wou nach?  D’Sprangpressessioun zu Iechternach verwandelt d’Abteistad all Joer op Päischtdënschdeg an eng Héichbuerg vu Pilger, déi am Rhythmus vun der Musek sprangen; si ass immateriellt Weltkulturierwen. www.unesco.lu

Oppen a vilfälteg Mat hirem internationale Flair an de ville Sproochen, déi an de Stroossen ze héiere sinn, ass d’Stad Lëtzebuerg trotz aller Beschaulechkeet eng modern, pulséierend Metropol. Iwwer 122.000 Mënsche wunnen de Moment do, Tendenz no uewen. D’Awunner kommen aus 164 verschiddenen Natiounen; ganzer 29 Prozent si Lëtzebuerger, all déi aner hunn eng aner Nationalitéit.


© RENATA LUSSO

D’FatBetty-Runners hunn op hirem Wee ëmmer nees wonnerschéi Vuen. Mä och bei engem gemittleche Spadséiergang, zum Beispill op dem Unesco-Rondgang „Alstad a Festung“, oder op dem Bike-Tour kann een dës Faszinatioun erliewen.

17


The Good Life MUSEUMSMILE AN DER STAD

Konscht als Spadséiergang D’Haaptstad vun de kuerze Weeër verwandelt d’Muséesvisitt an e reegelrechte Konschtspadséiergang. Siwe Muséeë gehéieren zum „MuseumSmile“, engem Laachen, dat net just op dem Stadplang ze gesinn ass. Foto ERIC CHENAL

18

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Ier een an d’Villa Vauban erageet, fir d’Sammlung vu Biller, Skulpturen, Fotoen an aneren Objeten ze bewonneren, verléift ee sech schonn an de Park ronderëm.

© SVEN BECKER

© GAUVIN LAPETOULE

Dëst herrschaftlecht Haus, gläichzäiteg elegant a modern, zitt d’Blécker op sech. Ier een an d’Villa Vauban erageet, fir d’Sammlung vu Biller, Skulpturen, Fotoen an aneren Objeten ze bewonneren, verléift ee sech fir d’éischt an de Park ronderëm. D’Haus gouf 1959 an e Musée ëmgewandelt an 2010 renovéiert, mä seng Geschicht geet mindestens bis op d’Joer 1873 zeréck, dat Joer, an deem et gebaut gouf. D’Villa ass no dem Militärarchitekt vum Louis XIV, dem Sébastien Le Prestre de Vauban, benannt. Am komplett renovéierten alen Deel vun der Villa, grad wéi am zäitgenësseschen Ubau, kënne Konschtamateure Wierker aus dem 17. Joerhonnert bis an d’Géigewaart bewonneren.

Punk Attitude Matière, Klang, Luucht – de Casino Luxembourg widmet sech der zäitgenëssescher Konscht an ënnerstëtzt jonk Kënschtler, déi sech ausserhalb vum „Mainstream“ beweegen. De Centre d’art, dee sech vu sengem Status als biergerleche Casino vum 19. Joerhonnert befreit huet, feiert d’kënschtleresch Fräiheet an all hire Formen, andeems en d’Kënschtler an de Mëttelpunkt vum kreative Prozess stellt. En eklektesche Programm aus Workshops, Virträg a Performancë sensibiliséiert de Public fir aktuell kënschtleresch Froen. An d’„Nuit des musées“ ass eng gutt an hipp Geleeënheet, fir kënschtleresch Wierker a Kreativitéit mat Rock-, Pop- oder Elektrosounds ze feieren. Am Lëtzebuerg City Museum erwächt déi iwwer 1000-järeg Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg

zum Liewen. Niewent de villen ausgestallten Objeten – Fotoen, al Keesen, Statuen an Händschen, deenen hiert Lieder am Gronn gegierft gouf – erzielen digital a multimedial Statiounen d’faszinéierend Geschicht vun der lëtzebuergescher Haaptstad. De groussen hydraulesche Lift, dee bis zu 65 Persounen transportéiere kann, bréngt d’Visiteuren direkt op de Fiels. En temporären Ausstellungsberäich, den Unesco Visitor Center, erméiglecht et, an d’Geschicht an an d’Wäerter vum Weltkulturierwen anzedauchen.

De Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain feiert d’zäitgenëssesch Konscht mat hire Risiken an Experimenter, andeems en d’Kënschtler an de Mëttelpunkt vun den Ausstellunge stellt.

19


De Mudam luet dozou an, zäitgenëssesch Konscht an all hire Formen ze entdecken, a bitt e breet gefächerte Programm mat Wiesselausstellungen.

© ANRI SALA

© GAUVIN LAPETOULE

En Deel vun den Ausstellungsraim vum Musée national d’histoire et d’art ass ënnert dem nei amenagéierte Fëschmaart verstoppt.

Wëssenschaft an Natur

© GAUVIN LAPETOULE

De fréiere Fort Thüngen ass eng faszinéierend Plaz – hei ass elo de Musée Dräi Eechelen ënnerbruecht.

20

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

De Musée national d’histoire et d’art luet op eng Rees duerch d’Epochen an: Hei ginn Objete vun Ausgruewungen zu Lëtzebuerg aus der Steen-, Bronzean Eisenzäit grad wéi aus der galloréimescher Epoch bis zum Mëttelalter gewisen. De risege Mosaik aus der réimescher Villa vu Viichten vun ëm 240 n. Chr. sollt ee sech net entgoe loossen. A wéi steet et ëm d’Kreativitéit vun den Handwierker aus dem GrandDuché? Amateure vu schéine Saache kënnen zum Beispill Artdéco-Schätz vun der Keramikfabrik Villeroy & Boch a Miwwelen, déi a lokalen Handwierksatelieren hiergestallt goufen, entdecken. Ze gesinn ass och e „Benz Velo“, deen dem Industrielle Paul Wurth gehéiert huet an 1895 als éischten Auto zu Lëtzebuerg ugemellt ginn ass.

Mat senge Maquettë vun iwwerdimensionale Planzen, Déieren aus vergaangenen Epochen oder onbekannten Déiererassen ass de Musée national d’histoire naturelle (den Naturmusée) déi richteg Plaz, fir Entdeckungen ze maachen. De „Loschi“, de bäertegen, lëtzebuergeschen Hielemënsch, begréisst Jonk an Al beim Accueil. Net just zukünfteg Wëssenschaftler begeeschtere sech dofir, déi faszinéierend Welt vun den Naturwëssenschaften ze entdecken. Vun der Evolutiounsgeschicht bis hin zu wëssenschaftlechen Experimenter – jidderee kann hei d’Rätsel vum Universum kenne léieren a léisen, munchmol zesumme mat Spezialisten a


Eleng déi herrlech Vue iwwer d’Uewer- an d’Ënnerstad vun der Esplanade am Park virum Musée Dräi Eechelen ass et derwäert, dësen emblematesche Site ze besichen. De fréiere Fort Thüngen presentéiert a sengen al-éierrwürdege Maueren Ausstellunge vun enger museographescher Qualitéit, déi hiresgläiche sicht. Et gëtt een an déi faszinéierend Geschicht vun engem Territoire gehäit, dee sech am Laf vun der Zäit emanzipéiert a sech fir d’Welt opgemaach huet.

© CHRISTOF WEBER

Workshops am Musée oder wärend engem Ausfluch an d’Natur.

Fir Ästheeten Am Mudam, dem eenzege Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg, gi Konschtwierker op eng immens spannend Manéier mat Architektur kombinéiert. Niewent dem Ausstellungsprogramm kann ee sech och am Buttek ëmkucken oder am Mudam Café, dee vun de franséischen Designer Ronan an Erwan Bouroullec kreéiert gouf, eng Paus maachen. E Besuch de Weekend ass geselleg an eng gutt Geleeënheet, e laange Brunch mat der Famill oder ënner Kolleegen ze genéissen. Mëttwochs owes gi Livemusek, Performancen oder Konferenzen, déi fir hiert narratiivt Konzept bekannt sinn, gebueden. Ënnert engem vun de gliesenen Diecher vum Musée plätschtert e Buer am Stil vum Barock, dee vun der lëtzebuergescher Kënschtlerin Su-Mei Tse entworf gouf. Schwaarz Tënt spruddelt aus him eraus a verdäitlecht „d’Fluiditéit vum Geescht, vun de Wierder, vun der Kreativitéit“. www.museumsmile.lu

D’Highlights vum Joer:  Um Internationale Muséesdag, de Luxembourg Museum Days, maache 40 Muséeën am ganze Land gratis hir Dieren op – eng eemoleg Geleeënheet, d’museaalt Ierwe vum Grand-Duché ze entdecken. Dëst Joer ass et de Weekend vum 16./17. Mee.  D’Luxembourg Art Week, un där international Galerien deelhuelen, zitt all Hierscht Konschtamateuren a -sammler un. Dëst Joer vum 18. bis den 22. November.

 Wie genuch Zäit an Ausdauer huet, kann all d’Muséeën an der Haaptstad wärend der Nuit des Musées am Hierscht am Kader vun engem ëmfaassenden Ausstellungs- a Veranstaltungsprogramm kenne léieren. Dëst Joer den 10. Oktober.

De Musée Dräi Eechelen mat senger Dauerausstellung „Festung, Geschicht, Identitéit“ ass am restauréierte Reduit vum Fort Thüngen ënnerbruecht. Am Hannergrond de Mudam, dee vum chineeseschamerikaneschen Architekt Ieoh Ming Pei entworf ginn ass.

 Mat der Luxembourg Card huet ee fir 1, 2 oder 3 Deeg fräien Entrée an iwwer 60 Muséeën an Touristenattraktiounen am ganze Land. Den Touristepass ass och als App disponibel: www.luxembourgcard.lu

21


Transforming Experiences BIODIVERSITÉIT AN DER STAD

Hugo an d’Beien Vu Bouneweg bis op de Kierchbierg huet all Quartier vun der Stad e ganz eegene Charakter – ob et ëm d’Leit an d’Plazen oder ëm d’Diversitéit vun der Natur geet. Fotoen RAMUNAS ASTRAUKSKAS

22

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Obwuel d’Distanzen tëschent de Quartieren net grouss sinn, ass all jeeweileg Flora do ganz ënnerschiddlech. Dat wierkt sech direkt op den Hunneg aus, deen op den Diecher an an de Gäert vun enger Stad entsteet“, erkläert den Hugo Zeler. Mat ca. 80 Beiestäck a ronn véier Millioune Beie fërdert de lokalen Imker d’Beien an d’Biodiversitéit an der Stad. Ob d’Beie Lannebléien als Hunnegliwwerant wielen, ob si Ligusterhecken oder Rapsfelder besichen, ob si a private Gäert oder ëffentleche Parken ënnerwee sinn – d’vilfälteg Vegetatioun an der Stad bréngt eng breet Palett un Hunnegaromen ervir.

Stad Lëtzebuerg. Hei ass vill lass an et entstinn innovativ Butteker, Restauranten a kulturell Offeren – genee esou vilfälteg sinn d’Beien, déi an dësem faarwege Quartier doheem sinn. Et ass eng Gemeinschaft, esou bont a lieweg wéi d’Vegetatioun. Dat läit un de ville Gäert an deem Quartier an un der besonnescher Flora laanscht d’Uelzecht. D’Beien um Lampertsbierg sinn eng Mëschung aus Akademiker,

Wéi kann een d’Beiekinnigin tëschent all de Schaffbeie fannen? Si ass bal ëmmer méi grouss, awer heiansdo net ganz vill. Si huet e méi laange Kierper an méi laang Been. Ausserdeem beweegt si sech méi geziilt.

Bei dem Hugo Zeler senger „Hunnegkëscht“ dréint sech alles ëm eng nohalteg Landwirtschaft, ëm d’Erhale vun der Biodiversitéit an ëm héichwäerteg lokal Produiten. All Awunner vun der Stad kann den Insekte bei der Bestëbsung hëllefen, andeems hie Balconen a Gäert mat ganz bestëmmten, „beiefrëndleche“ Kraider a Blumme beplanzt. A wie sech richteg engagéiere wëll, ka beim Hugo Beiestäck lounen. Dës Offer notze virun allem Entreprisen am Ëmkrees vun der Stad, déi sech un nohaltege Projete bedeelegen an dobäi och nach eppes iwwer d’Beie léieren, d’biologesch Diversitéit fërderen an zu gudder Lescht eegene leckeren Hunneg ernte wëllen. Egal, ob vum Hugo, Privatpersounen oder Entreprisë betreit: Heiansdo schénge sech d’Beien an d’Mënschen an de Quartieren zimmlech änlech ze sinn. Bouneweg entwéckelt sech zanter enger Zäit zu engem alternativen, subkulturelle Quartier vun der

23


Exzentriker a Kënschtler. Do ass et nëmmen natierlech, dass och den Hunneg aus dësem Quartier net einfach, mä komplex ass. Déi ronn 180 Lannen, déi hei geplanzt goufen, loossen am Summer en doftend Blummemier entstoen. Den Nektar, deen d’Beien aus de beigë bis giele Blumme gewannen, gëtt dem Summerhunneg e ganz besonnesche Goût – no Menthe. Plus eng ganz Rei Käschtebeem an nees eng Mëschung aus ëffentleche Parken a private Gäert, déi dem Hunneg, deen do entsteet, e villsäitege Charakter ginn.

Bei dem Hugo Zeler senger „Hunnegkëscht“ dréint sech alles ëm eng nohalteg Landwirtschaft, ëm d’Erhale vun der Biodiversitéit an ëm héichwäerteg lokal Produiten.

Vill Aktivitéit an der Stad D’Beien um Kierchbierg fleegen e séieren, moderne Liewensstil. Dës kultivéiert Déiere schaffen an trainéieren haart, si gläichzäiteg awer och frou mat Musek op Weltklassniveau an hunn eng Schwächt fir zäitgenëssesch Konscht. Munchereen ass vläicht iwwerrascht, dass den Hunneg vun den Diecher vun dësem boomende Geschäftsvéierel, wou och EUInstitutiounen a Schoulen ze fanne sinn, esou ländlech Nuancen huet. Dat läit un den noe Rapsfelder, déi hei ni wäit ewech vun der sech dauernd vergréissernder Stad sinn. All Beiestack produzéiert am Duerchschnëtt 20 kg Hunneg an zielt e puer dausend Beien an der Niewesaison a 50.000 Beien an der Haaptsaison (Fréijoer a Summer).

Am floréierende Geschäftsvéierel Gasperich-Cloche d’Or entsteet am Moment e séissen, blummegen Akazienhunneg. Zwar dauchen iwwerall nei Gebaier op, mä gläichzäiteg wäert dëse Quartier och geschwënn de gréisste Park vun der Stad hunn an et wäerte vill méi Beem an aner Planze wuessen. En üppegen natierleche Milieu, deen d’Beie bei Laun hält an dem Nektar weider Aromae gëtt. www.hunnegkescht.lu

24

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Gëlle Reegel: ni e Beiestack beweegen. Wann et wierklech muss sinn, dann entweder manner wéi 30 Zentimeter oder méi wéi dräi Kilometer!

25


The Good Life BRAUEREI-KULTUR

Craft Beer boomt D’handwierklecht Braue vu Béier mat besonneschen Aromae fënnt an de leschte Joren ëmmer méi Unhänger. Och zu Lëtzebuerg entstinn niewent de gréissere Brauereie kleng, nei Stären um Béierhimmel. Foto RENATA LUSSO

26

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

Wou fréier Passagéier ran- a rausgeklomme sinn, gäert haut Béier a sëlwer Kesselen: Béier vun der „Echternacher Brauerei“, déi an der fréierer Gare zu Bech doheem ass. „Einfach a qualitativ héichwäerteg soll e sinn, klassesch, awer trotzdeem e Craft-Béier“, seet de Brauereibedreiwer Pol Wesner, deen eigentlech aus enger Wënzerfamill kënnt. Wéi hien op de Béier komm ass? „Ech war an Éisträich op enger Piloteschoul. Wou ech do de lokale Béier kenne geléiert hunn, huet e mir immens gutt geschmaacht – besser wéi deen, deen ech bis dohinner kannt hunn“, erënnert hie sech. Wéi hien de Piloteschäin an der Täsch hat, huet hien de Gedanken, selwer Béier ze brauen, net méi lassgelooss. Déi éischt Versich huet hien a sengem Keller zu Bech ënnerholl – haut bedreift hien d’„Echternacher Brauerei“ zesumme mat sengem Papp an engem diploméierte Braumeeschter. D’aktuell Offer ëmfaasst

Den Antoine Biasino an de Joe Hallack-Wolff brauen ënnert dem Numm „Stuff“ ënner anerem Béier mat Hunnegoder Ingwergoût.

© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

„Opreegend anere Béier“ ze presentéieren, dat hu sech den Antoine Biasino an de Joe Hallack-Wolff vu Steesel op de Fändel geschriwwen. Aus dësem Grond maache si an hirer Brauerei „Stuff“ ënner anerem Béierzorte mat Hunneg- oder Ingwergoût, déi esou originell Nimm hu wéi „Zingy“, „Revolution IPA“ a „Black Widow“. De Joe an den Antoine hunn eng klassesch an eng experimentell Linn. 2015 sinn déi zwee Acolytten, déi sech an der Belsch an enger Bar kenne geléiert hunn, an d’Aventure „Craft-Béier“ gestart. „Een huet sech am Café iwwert de Béier beschwéiert, an esou ass d’Iddi entstanen, selwer ze brauen“, erënnert sech de Joe mat engem Grinsen. Am Ufank hu si mat engem 50-Liter-Kessel an der Garage vum Antoine senger Mamm geschafft, haut passe schonn 300 Liter an ee Kessel. D’Produktioun erstreckt sech iwwert de ganze Soussol vum Haus an e weideren Ubau ass geplangt. Den Antoine huet fir de Stuff-Projet esouguer seng Aarbecht bei enger Bank gekënnegt. An de Joe huet eng Zousazausbildung als „Master Brewer“ gemaach. Pale Ale, IPA, Hefeweizen, Bock, Stout a vill anerer: De „Craft Corner“ zu Bouneweg proposéiert eng grouss Bandbreet u Craft-Beer „Made in Luxembourg“ an aus der ganzer Welt – gezaapt aus zwielef Krinn oder a Fläschen zerwéiert. D’Kaart vum „Craft Corner“ ännert all Dag. Am fréien Owend fëllt sech de Café um Eck mat Leit, déi gär emol en After-Work-Béierchen zischen an dobäi eng defteg kal Assiette oder aner Snacke genéissen. Et kann een awer och selwer gemaache Limonad probéieren a selbstverständlech Béier vun der eegener Mark „Bouneweger Brauerei“.

27


© SVEN BECKER © SVEN BECKER

© SVEN BECKER

© SVEN BECKER © SVEN BECKER

Am „Craft Corner“ zu Bouneweg proposéiert den Olivier Schaul aus zwielef Zapkrinn Craft-Béier vu Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt.

De Pol Wesner kënnt eigentlech aus enger Wënzerfamill. Déi éischt Versich huet hien a sengem Keller ënnerholl – haut bedreift hien d’„Echternacher Brauerei“ an der fréierer Gare zu Bech.

28

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Laang Fërderbänner, meterhéich Tanken, ganz Wänn aus Béierkëschten: D‘„Brasserie Nationale“, Sociétémère a Produktiounssite vun den zwou Marke Bofferding a Battin, ass déi gréisste Brauerei zu Lëtzebuerg. Bofferding ass e Familljebetrib an der zéngter Generatioun. D’Traditiounshaus zu Käerjeng besteet zanter iwwer 250 Joer. Mä et geet een och nei Weeër, zum Beispill mam „Funck-Bricher“, engem Béier aus dem 18. Joerhonnert, deen an den 1970er-Jore verschwonnen an elo als vegane Bio-Béier nees operstanen ass. Wien en Abléck an d’Béierproduktioun vun der Brauerei kréie wëll, kann dat am Visiteurszenter maachen. Hei gi Visite-guidéeë vun der Brauerei ugebueden, et kann een de Béier schmaachen an natierlech Béier a Souvenire kafen.

© BÉIERHAASCHT

Mat Craft-Beer beschäftegt ee sech an der „Béierhaascht“ zu Käerjeng scho säit 2002. Hei gëtt de „Lëtzebéier“ gebraut. De Site gehéiert der Metzlerfamill Meyer, déi iergendwann méi aus hirem Business maache wollt. An esou fënnt een do elo eng Metzlerei mat Béiershop, e Restaurant, en Hotel an den „Atelier“ vum Braumeeschter Guy Majerus. Seng Meeschterkaart huet hien an Däitschland zu Ulm gemaach – a fillt sech der däitscher Béiertraditioun nach ëmmer verflicht: „Och, wann eist Braugesetz et erlaabt, maachen ech keng Aromae wéi zum Beispill Orangëschuelen oder Ingwer an de Béier.“ De Guy Majerus huet am léifsten eng klassesch „Blonde“. Hie fënnt et eng gutt Saach, dass „d’Braukonscht haut nees am Gespréich ass an appreciéiert gëtt“.

© JONATHAN GODIN

helle Béier, Hefeweizen a Märzen, déi een ënner anerem vis-à-vis am Café probéiere kann.

De Guy Majerus, Braumeeschter an der „Béierhaascht“, déi gläichzäiteg Hausbrauerei, Restaurant, Metzlerei mat enger laanger Traditioun an en no ekologesche Krittäre gebauten Hotel ass.

29


Transforming Experiences URBAN ART

Make Koler kooler

Zu Koler lauert hannert all Eck e Graffiti – a jidderee freet sech driwwer. Well dee mat der Spraydous ass ee vun hinnen: De 26 Joer alen Illustrateur Alain Welter huet d’Aktioun „Make Koler kooler“ an d’Liewe geruff. Zil: Urban Art a säin Heemechtsduerf ze bréngen. Fotoen RENATA LUSSO

30

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


© ALAIN WELTER

Maach lues! Dëse Proprietär wollt e Message fir d’Autofuerer, déi duerch d’Duerf rennen.

© LUSSEMBURGHINA

„Make Koler kooler“ sollt eigentlech just dem Alain Welter seng Ofschlossaarbecht sinn ― a gëtt elo awer ëmmer méi grouss. Knapps ass d’Fassad vun deem enge Bauerenhaus besprayt, wëll och schonns deen Nächsten e Bild. To be continued!

31


 Skatepark, LëtzebuergHollerech. Op dem Terrain vum fréiere Schluechthaus treffe sech d’Skater – an d’Urban-Art-Kënschtler aus der ganzer Groussregioun. De Skatepark ännert säi Gesiicht un engem Stéck. © VDL

 Theaterplaz (Place du Théâtre), Stad Lëtzebuerg. D’Bild „One City – One World“ vum Joël Rollinger ass bal 140 m2 grouss a besteet aus villen Aluminiumsplacken, déi op d’Mooss gemaach goufen. © FRÄNK MUNO / VDL © STADT ETTELBRÜCK

 Ettelbrooklyn. D’Stad Ettelbréck am Norde vu Lëtzebuerg huet dëse vun der Jugend gepräägte Begrëff opgegraff a Street Art zu hirer Visittekaart gemaach – wéi hei e Wierk vun der franséischer Kënschtlerin Mantra. All Joer am September gëtt d’„Ettelbrooklyn Street Fest“ organiséiert – faarweg, multikulturell an entspaant.

An de Fäng vun der Konschtfigur: den Alain Welter an ee vun den dräi Kueben. Kuebe sinn och am Wope vum Duerf ze fannen. Am Kino vu Koler (Foto an der Mëtt) huet sech den Alain och veréiwegt.

32

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

 Rotondes, Lëtzebuerg-Bouneweg. Faarweg Subkultur och an de Rotonden, direkt hannert der Stater Gare. Ronderëm de Kulturzentrum dierfe sech Sprayer an aner Kënschtler austoben. © ROTONDES / ANDRÉ GONNER

© LUSSEMBURGHINA © BIRGIT PFAUS-RAVIDA © YVES WELTER

Weider Urban-Art Hotspots zu Lëtzebuerg:


© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

Lost in Koler? Kee Problem! Einfach e Bléck op déi gesprayte Stroossekaart geheien. De Victor Betz (lénks), Proprietär vun engem Haus, ass begeeschtert: „Ech schwätze vill mat de Leit, déi laanschtfueren.“

33


Naturally Europe ESCAPARDENNE LEE TRAIL

De Wee mat Frënn 34

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Erop op de Bierg. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Gratwanderungen, bei deenen et engem schwindeleg gëtt, spektakulär Fielsen, säfteg Wisen a Beem, déi op héije Plattoen dauschen. Den 52 Kilometer laange Lee Trail am Norde vum Land ass de Start vum Escapardenne-Wäitwanderwee, deen iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg erausgeet. Dräi Kolleegen hunn e fir sech entdeckt. Fotoen ALFONSO SALGUEIRO

35


D’Etappe vum Escapardenne Lee Trail si fir geüübten Hiker an dräi Deeg gutt ze maachen. De Rucksak op d’Schëlleren a lass. Ofschalten, raus aus dem busy Alldag, ran an d’Naturerliefnes am Éislek.

36

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Den Etappewanderwee féiert de Wanderer iwwer géi Pied a schmuel Crêten am bëschräichen Dall vun der Sauer a vun der Wolz. Et geet lass zu Ettelbréck. D’Zil ass Kautebaach. Et gëtt direkt eng Partie kuckeswäert Aussiichtspunkten ze entdecken, wéi d’Sauer-Schleef vun der Gringlee zu Lëpschent.

37


D’wäiss Well op bloem Grond ass d’Markéierung vum Escapardenne Lee Trail. „Lee“ heescht „Fiels“ oder „Schifer“. Zu Lëtzebuerg gëtt et vill Uerts- a Flouernimm mat dësem Wuert – virun allem am Norden an an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, dem Mëllerdall.

38

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Déi dräi Kolleege si begeeschtert Wanderer an Outdoor-Fans. Den Alfonso Salgueiro, 49 Joer al a fräie Fotograf, wunnt zanter 2001 zu Lëtzebuerg. De Josh Dauphinee aus Kanada, 38, geet de Lee Trail haut fir d’éischte Kéier. Den Ir Ciarán Mackin, 36, freet sech, zesumme mat deenen aneren den zum Deel duerchaus abenteuerleche Lee Trail kennen ze léieren. „Mol kucken, ob ech fit genuch sinn“, seet de Ciarán.

1. Etapp: Postkaarteblécker a géi Montéeën En Op an Of ass et vun Ufank un. Vun Ettelbréck aus geet et no engem Croissant fir d’éischt emol gemittlech lass, laanscht d’Denkmal vum berüümte Generol Patton, enger zentraler Figur an der Ardennenoffensiv. Buerschter Millen ass hiert Dageszil, hei wëlle si eppes iessen. Am rouege Bësch a bei moderate Montéeë fänken d’Männer u mat schnëssen. De Josh huet fréier a senger Heemecht Kanada och ëmmer vill an der Natur ënnerholl. Den Ir Ciarán freet sech am Allgemengen iwwert déi vill Bëscher zu Lëtzebuerg. „An Irland gëtt et der vill manner“, seet hien. D’Männer ginn duerno nees ouni ze schwätzen niewentenee weider. Déi roueg Natur deet gutt – an d’Montéeë ginn ëmmer méi géi. Ëmmer nees bleift den Alfonso stoen, hëlt seng Kamera, stellt säi Stativ op, fotograféiert Blieder, Champignonen, Beem, kleng Detailer a schéi Vuen. En almoudescht Bild, dat den Alfonso

faszinéiert, weist bei den Aussiichtspunkt „Priedegtstull“, wou den hellege Willibrord mat Gleewege geschwat soll hunn. Vun hei uewe bitt sech den éischte Postkaartebléck op d’Sauer, déi sech duerch de gréngen Dall schlängelt. Dono geet de Lee Trail géi biergop weider – iwwert en Héichplatto an nees erof, laanscht d’Dierfche Méchela. Den nächste Postkaartebléck um Enn vun der Etapp, dës Kéier op d’Schlass zu Buerschent vun der Gringlee, dem „grénge Fiels“. Well „Lee“ heescht „Fiels“ oder „Schifer“. Zu Lëtzebuerg gëtt et vill Uerts- a Flouernimm mat dësem Wuert – virun allem am Norden an an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, dem Mëllerdall. Leschten Arrêt: d’Buerschter Millen. Wien eng kuerz Escale

um Camping mécht, ka mat der Sauer am Vierdergrond nach eng wonnerbar Vue op d’Buerschter Schlass genéissen, dat iwwert der Zeenerie trount. Op dësem Dag läit liichten Niwwel iwwert dem Floss. Net fir näischt huet de franséische Schrëftsteller Victor Hugo d’Schlass 1871 gemoolt – Schlässer, Niwwel a Romantik gehéieren zesummen.

2. Etapp: Picknick mam Napoleon an de Fanger Gottes Déi zweet Etapp ass mat iwwer 19 Kilometer a méi wéi 900 Héichtemeter déi ustrengendst vum Trail. Si start beim Camping, da ginn d’Wanderer iwwer d’Schinnen, et geet eng géi Montée erop, laanscht

Den Alfonso, de Josh an de Ciarán sti virum Panno mat der Landkaart an den Infoen. Déi eenzel Elementer kann een dréinen, awer iergendwéi ergëtt dat alles kee Sënn. Eng Fro vun der Perspektiv: Eemol ronderëm d’Schëld goen an d’Kaart setzt sech richteg zesummen. Dat suergt fir dat éischt haart Laache vum Dag.

39


Buerschent bis zum éischte spektakulären Arrêt, dem „Napoleonsbeemchen“ op dem Héichplatto, deen och „Napoleonsknäppchen“ genannt gëtt. Op dem Platto päift de Wand, well ausser dem Bam an der Aussiichtsplattform gëtt et näischt, dat hie stoppt. Den urspréngleche Bam gouf 1811 zu Éiere vum Kaiser Napoleon geplanzt, 1940 vun den Nazien ëmgehaen. 1941 hunn d’Leit vu Buerschent heemlech en neie Bam geplanzt – eng Lann, déi haut nach do steet. Den Alfonso an de Ciarán kucke ronderëm sech. Et gesäit ee ganz wäit. Den Ausbléck ass beandrockend, d’Wisen an d’Felder bilden herrlech Strukturen. Zréck am Bësch gëtt nees konzentréiert gewandert: Eng géi Montée, deels mat Gelänner, et muss een oppassen, wou een hintrëppelt. De Wee féiert laanscht den Aussiichtspunkt „Rouschtert“ bei den „Doigt de Dieu“, engem Fiels, dee Richtung Himmel weist. Den Alfonso ass frou iwwert säi Wäitwénkelobjektiv, mat deem hien déi kuriéis Formatioun ganz fotograféiere kann. De Josh leet sech an der Tëschenzäit an de Schiet vum „Fanger“ an de Ciarán iwwerleet mat engem Grinsen, wéi e Fanger dat hei kéint sinn a wat

Gott de Wanderer domat wëll soen. E bëssen ausser Otem sinn d’Jonge schonn, mä d’Laun ass nach ëmmer gutt. De Josh steet op a klotert e bëssen ënnert dem Fanger ronderëm. Et gesäit geféierlech aus. Mä hie kënnt awer nees ganz zréck. Den nächsten Aussiichtspunkt huet och eng ganz besonnesch Form. Schiferplacken, déi grimmeleg ofbriechen, erënneren u Bliederdeeg. Wann een driwwer kraxelt, da kënnt ee bei d’Molberlee: e schmuelen, 500 Meter laange Pad op der Klamm, lénks a riets geet d’fielseg Crête géi erof. D’Lëtzebuerger Ardenne par excellence. Ronderëm d’Molberlee wuesse vill verschidde Planzen, ënner anerem och relativ seelener – a Molbier. Si huet der Klamm hiren Numm ginn. Nees emol genéissen d’Männer d’Rou. Bis e Mountainbiker laanschtflitzt. Nervekitzel fënnt een hei also och. Zu Houschent geet déi zweet Etapp op en Enn.

3. Etapp: Klangwee a Béier virun den hëlzene Pods Vun Houschent op Kautebaach sinn et knapp 15 Kilometer. Fir

Di zweet Etapp ass mat iwwer 19 Kilometer an méi wei 900 positiv Héichtemeter déi wuel ustrengendst vum Lee Trail.

40

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

„Spillkanner“ gëtt et hei e besonneschen Highlight: de „Klangwee“, e Klang-Erliefnes-Wee mat 17 verschiddene Statiounen. De Start ass an der Mëtt vum Duerf. Op muenche Statioune kann ee mat ausgeléinten oder eegenen, improviséierte Bengelen aus klengen Äscht spillen. De Josh an de Ciarán hu scho bei der éischter Statioun hire Spaass: Wann ee kräfteg op déi flaach Metallstécker heet, dann ertéinen déi verschiddenste verréckt Geräischer – elektronesch. An esouguer d’Lidd „Das Wandern ist des Müllers Lust“. Dat passt jo. Et gëtt awer och méi kontemplativ Klangspiller. Zum Beispill déi beandrockend Holzkonstruktioun, an där sech ganz uewe Wandspiller beweegen. Dat ass Meditatioun. Och Famillje mat Kanner begéint een hei, well de 6 Kilometer laange Klangwee kann een och onofhängeg vum Lee Trail goen. Den Alfonso, de Josh an de Ciarán loossen d’Instrumenter hannert sech. De Lee Trail féiert weider duerch den Dall vun der Schlënner. Hei steet d’Kapell Saint-Michel, déi eng gewëss Einsamkeet ausstraalt – grad wéi d’Geeschterduerf Uewerschlënner, wou scho laang kee méi wunnt. Vun den 20 Haiser fréier stinn der just nach zwee, de leschten Awunner ass 1948 fortgeplënnert – no dem entbierungsräichen Zweete Weltkrich. Scho virun der Ardennenoffensiv ware vill Awunner an d’USA ausgewandert. Och déi drëtt Etapp enttäuscht net, wat spektakulär Aussiichtspunkten ugeet. Iwwer 50 Kilometer Wee si gepackt. Ënne fiert en Zuch laanscht an hält op der Kautebaacher Gare – der leschter Statioun. Elo ass et net méi wäit. D’Sonn geet ënner. Biergof geet et séier.


Den Aussiichtspunkt „Priedegtstull“. Vun hei uewe bitt sech ee vun de Postkaarteblécker vum Lee Trail: d’Sauer, déi sech duerch de gréngen Dall schlängelt.

Op der Hockslee maachen déi dräi e Picknick, dee si sech méi wéi verdéngt hunn. Wurscht, Ham, Kéis, Brout, eng Schlupp Waasser – Gléck kann esou einfach sinn.

41


Wien eng kuerz Escale op der Buerschter Millen um Camping du Moulin mécht, ka mat der Sauer am Vierdergrond eng wonnerbar Vue op d’Buerschter Schlass genéissen, dat iwwert der Zeenerie trount. 42

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Den 52 Kilometer laangen Etappewanderwee gehéiert zu de „Leading Quality Trails – Best of Europe“. Ze entdecke gëtt et direkt eng Partie kuckeswäert Aussiichtspunkten, wéi d’Gringlee bei der Buerschter Millen, d’Molberlee bei Houschent oder Dierbech, en aussergewéinlecht Duerf.

43


De Lee Trail bitt naturno Weeër mat manner wéi 20 Prozent Makadamm. Gëeegent Wanderkleeder an agelafe Wanderschong sinn deemno wichteg.

Escapardenne Lee Trail:

Highlights ënnerwee:

 2.000 Héichtemeter op 52 Kilometer  Beandrockend Aussiichtspunkten  „Leading Quality Trails – Best of Europe“-Zertifikat  Onvergiesslech Landschaften  Schëlder: eng wäiss Well op bloem Grond; identesch mat deene vum Escapardenne Éislek Trail an a béid Richtunge markéiert

 D’Monument vum General Patton, Adress: Avenue J. F. Kennedy, 9053 Ettelbréck  Schlass Buerschent. E bëssen ofgeleeë vum Wee  D’wäit Vue vum Napoleonsknäppchen. Héchste Punkt vum Wanderwee  De Bléck op d’SauerSchleef vun der Gringlee, Lëpschent. Parkméiglechkeete beim Hotel Leweck zu Lëpschent  Déi scho bal alpin Crête Molberlee, Houschent  Panorama-Aussiichtspunkt Hockslee, Kautebaach

Dräi Etappen: 1. Vun Ettelbréck op d’Buerschter Millen: 17,8 km; Schwieregkeet: schwéier 2. Vun der Buerschter Millen op Houschent: 19,3 km; Schwieregkeet: schwéier 3. Vun Houschent op Kautebaach: 14,6 km; Schwieregkeet: mëttel Zu Kautebaach kënnen ambitionéiert Wanderer och direkt den Escapardenne Éislek Trail goen, deen hei ufänkt (gro Linn op der Lëtzebuerg-Kaart, S. 45). Déi zwee gehéieren zu de „Leading Quality Trails – Best of Europe“ a sinn am Ganzen 158 km laang. Zu Lëtzebuerg ëmmer an der Géigend vun enger Zuchstreck an esou optimal erreechbar, schlängelt sech de Wäitwanderwee duerch d’Ardennermassiv a lackelt sportlech Wanderer op der Sich no ursprénglecher Natur.

44

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Praktesch Infoen:  Gratis Parkplazen op der Gare zu Ettelbréck an der op der Gare zu Kautebaach  Zuch- a Busverbindungen op www.mobilitéit.lu  Genuch z’iessen an ze drénke mathuelen – ënnerwee gëtt et net vill Verfleegungsméiglechkeeten  Pauschaloffer „Wanderen ouni Gepäck“ (3-5 Deeg) méiglech  Detailinformatiounen, Kaartematerial a méi: Telefon: (+352) 29 04 04 1 info@escapardenne.eu www.escapardenne.eu


Kautebaach

Houschent

Schlënnermanescht Giewelsmillen

Lëpschent

Buerschter Millen Buerschent Méchela

Iwwer 50 Kilometer Wee si gepackt. De Camping Kautebaach lackelt mat sengen ueregen Holz-Pods. Virun esou engem Pod drénken déi dräi hire wuelverdéngte Béier. Op d’Frëndschaft.

Ierpeldeng

Ettelbréck

45


Outdoors Passion CAMPING BEIM WAASSER

Let it flow!

D’Musel, d’Sauer, d’Our, d’Uelzecht – Lëtzebuerg huet vill Flëss, fir sech ze erhuelen. A wat ass méi entspanend, wéi direkt bei Sonnenopgank aus dem Zelt oder der Rulott ze klammen, liichten Donst iwwert dem Waasser ze gesinn a seng Aangel auszegeheien? Fotoen MARCO LAGEMAAT

46

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Natur erwächt, Gezwitscher vun de Vigel mëscht sech ënnert d’Moiesrou. Wäert eng Frell oder en Hiecht ubäissen? Wie gär beim Waasser wunnt, kann dat op ville Campinger zu Lëtzebuerg maachen, z. B. am Éislek um Camping Bissen am Heischtergronn, um Camping du Nord op der Giewelsmillen oder um Camping Toodlermillen zu Toodler, am Mëllerdall um rouege Camping Wies-Neu zu Déiljen oder um Camping de la Rivière zu Reisduerf. Do sinn d’ganz Saison iwwer Fëscher ze gesinn. D’Campinger direkt um Waasser bidden awer natierlech nach vill méi. Stand-Up-Paddling wéi zu Rouspert a Kajakfuere wéi zu Déiljen si beléiften Aktivitéite grad wéi Mountainbiking a Wanderen. Déi meescht Campinger sinn direkt un dat ganz gutt ausgebaute WanderweeNetz ugeschloss, dat och iwwert d’Grenze vum Grand-Duché erausgeet. Wie wëll, ka vu sengem Camping aus mat dem Auto oder dem – zanter Mäerz gratis – ëffentlechen Transport d’Land entdecken, well d’Distanze sinn esou kuerz, Camping beim Waasser huet ëmmer eng ganz entspanend a berouegend Wierkung – wéi hei um Camping Val d’Or.

47


48

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

Fëscher sinn ëmmer wëllkomm op de Campinger laanscht d’Flëss. Hei probéiert ee säi Gléck zu Buerschent.


© CAMPING WIES-NEU

© CAMPING VAL D’OR © CAMPING DU NORD

D’Campinger bidden awer och vill verschidden Aktivitéiten um Waasser – ob beim Baue vun engem Damm oder beim Paddelen.

© CAMPING BISSEN

dass all Zil mat engem Dagesausfluch ka besicht ginn. Kuckeswäert sinn ënner anerem d’Schlass zu Veianen, d’Abteistad Iechternach an natierlech d’Haapt-stad Lëtzebuerg. Do gëtt et iwwerall och optimal amenagéiert Campingen. Oder et bleift een einfach mat der Famill e puer Deeg op engem vun den iwwer 80 Campingen a genéisst déi wonnerbar Natur an déi excellent Infrastruktur. A wie keen Zelt, keng Rulott a kee Mobilhome huet oder et einfach e bësse méi bequeem wëll hunn, kann op déi vilfälteg fest installéiert Iwwernuechtungsméiglechkeeten zréckgräifen: Schlof-Holzfässer, Pods, Tipis oder traditionell Chalete wéi z. B. op dem Camping Bleesbréck bei Dikrech an de Lëtzebuerger Ardennen oder op dem Camping Route du Vin zu Gréiwemaacher, direkt un der Musel. Do kann een dann och eng schéi Fläsch Wäi kafen a se owes beim Sonnenënnergang virum Zelt genéissen.  Weider Informatiounen: www.camprilux.lu  Waassersport a Seegelschoul op dem Stau zu Lëlz: www.basenautique.lu  Waasserkraaft am Pompelspäicherwierk zu Veianen: www.seo.lu

49


Open ond Diverse JUGENDHERBERGEN ZE LËTZEBUERG

Op der ganzer Linn gutt drop Mat Frënn a Famill Spaass hunn, klammen, Dëschtennis spillen, wanderen, Naturerliefnis oder Citylife direkt niewendrun – dat alles an nach méi bidden d’Jugendherbergen. Fotoen LËTZEBUERGESCH JUGENDHERBERGEN

50

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Et ass laang hier, dass sech ëmmer e puer Visiteuren e spartanescht Zëmmer an eng Toilette mat aneren um Gank hu mussen deelen. Haut si Jugendherberge mat hire verschiddenen Zëmmergréissten, faire Präisser an engem Komplett-Service inklusiv vollwäertege Moolzechten an de „Melting Pot“-Restauranten eng super Alternativ zu Hoteller an aneren Hebergementsméiglechkeeten. „Mir hunn och BusinessGäscht, déi moies am Kostüm eis Jugendherberg an der Stad a Richtung Kierchbierg verloossen“, esou de Peter Hengel, Direkter vum Verband vun de lëtzebuergesche Jugendherbergen, „mä natierlech sinn nach ëmmer Famillen a Gruppen eis Haaptclientèle“ .

Aktioun groussgeschriwwen: An der Sportjugendherberg zu Iechternach gëtt et niewent enger 14 Meter héijer Kloterwand ënner anerem eng Trampolinanlag.

Spaass a Gemeinschaft Néng Jugendherberge ginn et de Moment zu Lëtzebuerg. Déi meescht sinn topmodern a ganz gutt amenagéiert. All eenzel huet hir besonnesch Charakteristiken, sief dat eng Kloterwand oder eng Indoor-Spillplaz. Si hunn awer all eppes gemeinsam, nämlech d’Philosophie, déi ee vläicht am beschte mat „op der ganzer Linn gutt drop“ beschreiwe kann. Animateuren organiséieren Evenementer wéi Visitte vun touristeschen Attraktiounen, thematesch Wanderungen oder Klotertouren, bei deenen niewent Spaass a Gemeinschaftserliefnisser och ëmmer de pedagogeschen Aspekt eng Roll spillt. Nohaltegkeet an Naturschutz si generell bei all de Jugendherberge wichteg Themen a vill méi wéi just en Trend. Zu Huelmes gouf e Frigo am Duerf opgestallt, an deem Iessen aus der Jugendherberg, dat ze vill gekacht

51


ginn ass, bëlleg verkaaft an op dës Manéier net méi ewechgehäit gëtt. Zu Esch an an der Stad, grad wéi am Mariendall (net wäit ewech vun der Jugendherberg Huelmes) sti Beiestäck, an den Hunneg kann an de Butteker vun de Jugendherberge kaaft ginn.

Nohaltegkeet ass ganz wichteg

D’Jugendherberg an der Stad mat de Alstad als Kuliss ass souguer bei Einheimeschen e beléift Zil – och fir e gënschtegt an onkomplizéiert Mëttegiessen.

52

D’Jugendherberg Rëmerschen gouf vum Stararchitekten-Team Hermann & Valentiny ronderëm d’Struktur vun engem fréieren Nonneklouschter gebaut. Dat klengt Wënzerduerf ass mat senge Baggerweiere beléift bei Gäscht, déi schwamme goe wëllen. Wien dobausse Rou sicht, wäert sech am Naturschutzgebitt Haff Réimech wuelfillen. Interessant Fakten iwwer d’Flora an d’Fauna gëtt een do am Naturschutzzenter Biodiversum gewuer.

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Vill Jugendherbergen am Land, zum Beispill déi an der Stad, si souguer bei Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, beléiften Ziler, wann et wiertes ëm en onkomplizéiert, séiert, leckert a gënschtegt Mëttegiesse geet. Och beim Iesse gräift an de Jugendherbergen eng ganzheetlech an nohalteg Philosophie: Et gëtt an der Kichen drop opgepasst, esouwäit wéi méiglech just regional, saisonal a fair produzéiert a gehandelt Produiten ze benotzen. Wa Gäscht en Ausfluch maachen, ass keng nei Plastiksfläsch an hirem Picknick, mä si kënnen hir eege Fläsch oder eng, déi si do kaaft hunn, ëmmer nees u Waasserstatiounen opfëllen. An esou erweidert den Openthalt ganz niewebäi och ëmmer e bëssen d’Bewosstsi fir d’Ëmwelt. Ouni pedagogeschen Zeigefanger. www.youthhostels.lu


En architektoneschen Highlight ass d’Haus zu Esch, direkt niewent der Gare an no beim pulséierende Liewe vun Esch-Belval mat der Rockhal, dem Unicampus a ville Butteker, Caféen a Restauranten.

Seng Fassad spigelt mat verschiddenen Routtéin de Minett erëm.

53


The Good Life RENÉ MATHIEU: STÄREKICHEN AUS DEM BËSCH

Poetesch geduecht, puristesch gemaach Am historesche Schlass Buerglënster zaubert de René Mathieu senge Gäscht Stärekichen op den Teller. Planzen a Geméis sinn dobäi d’Haaptacteuren – inzenéiert a fantasievolle Geschichten, an deenen de Bësch eng ganz besonnesch Roll spillt. Fotoen LÊMRICH

54

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Am Bësch ass de René Mathieu a sengem Element. Schonn op den éischten 30 Meter huet hie véier oder fënnef iessbar Schätz vum Buedem opgehuewen, dee gutt no frëschem Humus richt. An ëmmer nees seet hien: „Hei, schmaacht emol!“ A schonn deelt hien den dënne Still an e puer Portioune fir ze probéieren. E schmaacht krauteg, frësch, no engem bekannte Geméis – an effektiv: „Et ass wëllen Zelleri“, léist de Chefkach am historesche „Château de Bourglinster“ d’Geheimnis.

sammelt Planzen. Oder hie bleift moies fréi um Wee op d’Aarbecht bei e puer vu senge Liblingsplaze stoen. Och fir déi jonk Käch a sengem Team heescht et reegelméisseg: De Bësch rifft! Fir de René Mathieu, de Planzejeeër a -sammler, huet all Joreszäit hire Charme. Am beschte schmaache vill Planzen am Fréijoer an am Summer, mee och den Hierscht

De René Mathieu ass gebierteg aus der Belsch, huet déi haart Schoul vun der Haute Cuisine absolvéiert an a renomméierte Kiche gekacht, ier hie viru ronn 15 Joer op Lëtzebuerg koum.

Zum Schluss vun der Kraiderwanderung wäert de René Mathieu eng gutt Dose Planzen a Kraider virgestallt hunn, vun deenen herno ganz ënnerschiddlech Bestanddeeler um Teller landen. Mol notzt hien dat séisst Batterzegt vun der Farekrautwuerzel fir ze aromatiséieren, mol ginn d’Bléien, d’Blieder oder d’Stiller verschafft.

Tour ronderëm d’Schlass Evident Verwendungsméiglechkeeten interesséieren de Kach net wierklech: Meekraitchen, erkläert hie beispillsweis, kéint ganz änlech wéi Tonkaboun schmaachen an Heed zu Jus agekacht ginn, dee super bei Kalbass passt. An d’Blieder vum Hieselnossstrauch? Si erginn zesumme mat Champignonen, Bier an Hieselnëss e fantastesche Mille-feuille. An de Bësch ze goen, gehéiert zum René Mathieu senger Kichephilosophie. E puer Mol an der Woch, an am Summer all Dag, mécht hien en Tour duerch d’Wisen an d’Bëscher ronderëm d’Schlass a

55


Et ass evident, dass d’Spill mat den Erwaardungen dozougehéiert. Wien zum Beispill stënterlech e ganzt Blummendëppen op den Dësch gestallt kritt, deen huet Recht, wann hie mengt, dass een niewent der „Planz“ an de mat Crème gefëllte Bléien och de Buedem iesse kann. D’Léisung vum Rätsel: Et ass déi geréischtert Kuuscht vun däischterem Brout.

huet vill ze bidden. An am Wanter? Do stiwwelt de Kach op der Sich no besonnesch schéinen Dännenzweiger iwwert d’veräiste Bliederdecken. Mam Restaurant La Distillerie am moleresche Schlass Buerglënster, ronn 17 Kilometer nërdlech vun der Stad, huet de René Mathieu déi richteg Plaz fonnt, fir seng Visioun vun enger „cuisine végétale“ ze realiséieren: „Ech verschaffe vill Geméis a Kraider“, erkläert de Chefkach, „awer ech verzichten net komplett op Fësch a Fleesch.“ Hien dréint déi soss üblech Relatiounen op den Telleren einfach ëm – a mécht aus de Bäilagen d’Haaptgäng. Esou kann et séier passéieren, dass een direkt e puer komplett vegetaresch Plate probéiert, obwuel een de reguläre Menü bestallt huet.

Spill mat den Aromaen

Produkter aus anere Genoss-Welten inspiréieren de Stärekach, esou wéi bei senge vu bekannte Parfumen inspiréierte Kreatiounen.

56

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Beim Choix vu sengen Ingrediente leet de René Mathieu vill Wäert op regional Produiten, déi hien op Bauerenhäff an a Gäert aus der Géigend keeft. Kraider a Planze kommen aus dem Bësch niewendrun, just de Fësch muss aus der Belsch sinn. E Kolleeg vum René Mathieu bedreift do eng Fëscherei, a wat gefaange gëtt, dat gëtt och verschafft, wéi de Kach betount: Bëtz géif et fir hien net ginn, aus allem kéint een e gutt Iesse maachen. D’Tester vum „Guide Michelin“ op jiddwer Fall zeechne seng Kiche reegelméisseg mat engem Stär aus a bescheinegen him eng „maîtrise technique“, mat där hie senge Gäscht schéin Iwwerraschungen op


den Teller zaubert. De Kach erzielt, dass viru Kuerzem déi belsch Kinnekskoppel op Besuch war an och d’Angela Merkel hätt schonn zweemol owes am Buergzëmmer mat der wonnerschéiner Vue giess. Iddie fir nei Plate skizzéiert hie gär mat senge faarwege Stëfter. Esou kritt hien en Androck, wéi d’Faarwen, d’Formen an d’Texture vun den Ingredienten op engem Teller wierken.

Um Enn vun der Kraiderwanderung huet de René Mathieu eng gutt Dose Planzen a Kraider gesammelt, vun deenen herno ganz ënnerschiddlech Bestanddeeler op dem Teller landen.

D’Aarbecht an der Kiche schätzt de René Mathieu grad esou wéi seng Spadséiergäng duerch de Bësch an d’Nodenken doriwwer, wat sech aus den eenzelen Ingrediente wuel kreéiere léisst. Seng Kichen ass puristesch gemaach, mee poetesch geduecht. „Iessen ass einfach, awer op d’Realisatioun kënnt et un!“ Dann, mengt de Chefkach, kéint et quasi magesch ginn. www.bourglinster.lu

Lokal kafen, selwer kachen  An der Zäitschrëft „Kachen“ fanne Fans vu raffinéierter a landestypescher Kiche Geschichten a Rezepter ronderëm Spezialitéiten, Trends a Perséinlechkeeten. D’Zäitschrëft gëtt et online an als saisonal Printausgab. www.kachen.lu  Selwer kulinaresch kreativ ginn an déi bescht regional Ingrediente kafen? En Tour iwwer ee vun de ville Wochemäert am Land fannt féiert zum Erfolleg. www.maart.lu

Ronderëm d’Schlass ginn och Museksfestivaller a Konschthandwierkermäert organiséiert. Wie sech umellt (op www.chateaubourg linster.lu), kann och eng Visitt vum Gebai maachen.

57


Transforming Experiences NEI WËNZERGENERATIOUN

Frësche Wand an de Wéngerten Haut mécht sech eng nei Generatioun vu Wënzer en Numm – mat neien Iddien an engem gemeinsamen Zil: perfekt Wäiner ze produzéieren. Fotoen MÉLANIE MAPS

58

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Ohn ass e léift Dierchen – do, wou d’Donverbaach an d’Musel leeft, ëmgi vu wonnerschéinen Hiwwelen. Et läit direkt um Fouss vum beandrockende Pällembierg, enger vun de beschte Wäilagen aus dem Land. De Bierg ass gläichzäiteg en Naturschutzgebitt, dat een dank der beléifter Wander-Traumschleife „Wäinan Naturpad Pällembierg-Ohn“ entdecke kann. Matzen am Duerf gëtt et e Wënzerbetrib, deen vun zwee jonke Männer geleet gëtt: dem Nicolas an dem Mathieu Schmit, 27 a 26 Joer al, d’„Maison viticole Schmit-Fohl“. Hire Papp Armand ass awer ni wäit ewech, säi Rot ass wäertvoll. Den am 18. Joerhonnert gegrënnte Betrib ass en Traditiounshaus, dat mat der Zäit geet. 2017 hunn den Armand an den Nicolas decidéiert, de ganze Betrib komplett op Bio ëmzestellen – aus der Iwwerzeegung eraus, dass d’Natur hinne ganz ouni synthetesch Chemikalien déi besser Wäiner schenke wäert. „Mir si bei Wäitem keng Biofundamentalisten“, seet den Nicolas. „Mä mir sinn einfach dovun iwwerzeegt, dass sech d’Riewen an engem méi räichen Ekosystem besser entwéckele kënnen. Dat ka fir eis Wäiner just vu Virdeel sinn.“ No enger konsequenter Ëmstellung wärend dräi Joer wäerten déi éischt zertifiéiert Biowäiner aus der Lies 2020 kommen.

säi Jong, de Jeff, esouwäit war, de Betrib z’iwwerhuelen, wollt hie seng eege Wäiner maachen. Terrainen a bekannten Terroire wéi de Pällembierg oder de Göllebuer hat hie schonn, mee keng Kellerei. Aus deem Grond huet de Jeff vis-à-vis vun den Terrasse vum Pällembierg en neit, modernt Gebai gebaut. D’Erausfuerderunge fir de jonke Wënzer ware grouss, mä de Succès ka sech weise loossen. Am Wäikeller huet de Jeff säi Stil fonnt, well hie produzéiert Wäiner, déi fërmlech vun hirer gudder Hierkonft erzielen. D’Joergäng si modern, sprëtzeg an ëmmer equilibréiert. Ausserdeem hat hien déi richteg

Nues, wéi hien op de Wäintourismus gesat huet. De Wënzerbetrib läit niewent dem TraumschleifeWanderwee. „Wa schéint Wieder ass, ginn am Duerchschnëtt iwwer honnert Wanderer laanscht mäin Haus. Vill bleiwe stoen, fir Wäi vun de Riewen ze schmaachen, laanscht déi si grad gaange sinn“, seet hie. E bësse méi südlech, zu Réimech, huet d’Corinne Kox no sengem Biologiestudium och decidéiert, an de Schouss vum Familljebetrib zréckzekommen. Hatt ënnerstëtzt säi Papp Laurent, deen op der Musel eng bekannte Perséinlechkeet ass an ee vun den Éischte war,

No enger konsequenter Ëmstellung wärend dräi Joer an der „Maison Viticole SchmitFohl“ wäerten déi éischt zertifiéiert Biowäiner aus der Lies 2020 kommen.

E bësse méi uewen am Duerf huet den 31-järege Jeff Konsbrück schonn 2012 decidéiert, e grousse Schratt ze maachen. Bis dohinner huet de Guy, säi Papp, d’Drauwen un aner Wënzer verkaaft. Mä wou

59


Dësch ze zerwéieren, zum Beispill mat engem Magret de canard. De Yohan Nguyen, beschte Sommelier vu Lëtzebuerg 2018, lueft de „Kvevri-Riesling“, Joergang 2015: „Duerch d’Hülsenmaischung, also d’Extraktioun vun Aroma- a Faarfstoffer aus der Haut vun den Drauwen, gëtt de Wäi komplex, kräfteg an d’Taninen duuss. Dank senger Struktur, Makellosegkeet a Mineralitéit kann een dëse Wäi laang halen: op d’mannst zéng Joer, awer warscheinlech nach méi laang. E grousse GastronomieRiesling!“

D’Corinne Kox ënnerstëtzt säi Papp Laurent, deen op der Musel eng bekannte Perséinlechkeet ass an ee vun deenen éischte Wënzer war, déi Cremant gemaach hunn. A well et ni ze spéit ass fir eppes Neits, huet de Laurent a senger Duechter eng wierdeg Nofollgerin fonnt.

déi Cremant gemaach hunn. De Laurent huet a senger Duerschter eng wierdeg Nofollgerin fonnt. Eng vum Corinne sengen éischten Iddie war 2014, zwou authentesch georgesch Terrakotta-Amphoren am Gaart vum Domaine ze vergruewen. D’800-Liter-„Kwewri“Gefäässer aus Toun si mat deenen identesch, an deene viru 7000 Joer déi éischt Wäiner hiergestallt goufen. D’Drauwe goufen deemools just entrappt an drageluecht – an duerno huet ee musse waarden: „Et ass d’Natur, déi de Wäi mécht.“ D’Wäiner sinn erstaunlech aromatesch a komplex – ideal, fir se bei

60

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

D’Corinne Kox steet fërmlech mat engem Been an der Vergaangenheet a mat dem aneren an der Zukunft. 2018 huet hatt als éischt Privatwënzerin op eegene Parzellen den Asaz vun Drone fir d’Behandlung vu senge Riewen ausprobéiert. Mat vill Succès. Et gëtt vill Grënn, firwat Dronen am Wéngert hëllefräich kënne sinn, awer d’Haaptmotivatioun war, „d’Doséierung an d’Heefegkeet vun de Pestiziden ze reduzéieren“. Well eng Dron méi déif flitt wéi en Helikopter, verdeele sech d’„biologesch“ Sprëtzmëttelen net ausserhalb vun de Parzellen. Am Verglach zu engem Trakter huet d’Uwendung aus der Loft Virdeeler: De Buedem gëtt net verdicht, d’Mikrofauna am Buedem bleift intakt. Zu Mäertert, ganz am Norde vun der Musel, ass de Pit Leonardy doheem. Hien ass Member vun den Domaines Vinsmoselle a President vun der Kooperativ hire „Jongwënzer“. Mat 28 huet hie seng Aufgabe vu sengem Papp Aly iwwerholl, engem reegelrechte Personnage-clé vun der Institutioun. Mä och bei


De Jeff Konsbrück huet e groussen a schéinen Degustatiounsraum mat groussen Erkerfënsteren a seng Kellerei integréiert, mat Vue op Ohn an de Pällembierg.

61


De Pit Leonardy ass Member vun den Domaines Vinsmoselle a President vun der Kooperativ hire „Jongwënzer“.

62

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


him ass d’Hëllef vu sengem Papp ëmmer wëllkomm, well et ass eng grouss Leeschtung, en Haff mat am Ganzen 29 Hektar Wéngerten an 200 Béischten ze bewirtschaften. D’Famill Leonardy war déi éischt, déi 2014 Bioparzelle fir d’Kooperativ ugeluecht huet. „Mir haten d’Geleeënheet, e Wéngert, an deem zanter Joerzéngten näischt méi geschitt ass, nei ze beplanzen: den Härebierg zu Mäertert“, erënnert sech de Pit. Dës immens géi Terrassen no Süden hunn eng super Lag, sinn awer schwéier ze beaarbechten. En plus leie si an engem „Natura 2000“-Gebitt. An esou war

de Bio-Ubau déi eenzeg Méiglechkeet, si ze notzen. D’Famill Leonardy huet de Versuch gewot. „Hei muss een nach méi wéi soss op d’Natur lauschteren“, seet de Pit Leonardy. „D’Bewirtschaftung ass méi komplizéiert, awer och vill méi interessant, well ee si dauernd kritesch hannerfroe muss.“ Zanter dësen éischte Versich vun der Famill Leonardy hu sech vill aner Wënzer vun der Vinsmoselle fir de Bio-Ubau decidéiert. Fir dës Wäiner esou ze kommerzialiséieren, wéi si et verdéngen, huet d’Kooperativ e ganz neit Sortiment agefouert – an de kommerzielle Succès

huet net laang op sech waarde gelooss. Heescht dat, dass d’Ubaufläch deemnächst vergréissert gëtt? „De Moment bleift et bei den zwee Hektar, mä mir denken natierlech driwwer no, den ekologesche Volet auszebauen“, seet de Pit. Esou gesäit déi jonk Wënzergeneratioun op der Musel hire Beruff. Ëmmer déi nämmlecht Routine soll sech net vu Saison zu Saison widderhuelen – am Géigendeel. De Mathieu an den Nicolas Schmit, de Jeff Konsbrück, d’Corinne Kox an de Pit Leonardy hannerfroe permanent alles, wat si maachen – well si mat all Joergang wëlle besser ginn.

Ausfluchziler ronderëm de Wäin  D’Wäistrooss, d’„Route du Vin“, schlängelt sech zum Deel parallel zu der Musel. Iwwerall kann ee stoe bleiwen a bei verschiddene Wënzer gutt Wäiner genéissen. Hei ginn néng Riefzorten ugebaut: Riesling, Pinot noir, Pinot blanc, Pinot gris, Gewürztraminer, Auxerrois, Rivaner, Elbling a Chardonnay.  Wäifester un der Musel sinn zum Beispill d’Schwéidsbenger Wäifescht, d’Wäin- an Drauwefest zu Gréiwemaacher, de Riesling Open zu Wuermer an d’Hunnefeier zu Schengen.  Ausser dem „Wäin- an Naturpad Pällembierg-Ohn“ ginn et nach aner TraumschleifenWanderweeër: „Manternacher Fiels“ a „Schengen ouni Grenzen“. www.visitmoselle.lu

D’Lëtzebuerger Musel ass mat hiren 1250 Hektar zwar kee Schwéiergewiicht am internationale Wäibau. Mä d’Regioun bréngt duerchaus eedel Wäiner ervir, esou, wéi et den usprochsvollen Terroir versprécht.

63


The Good Life DALL VUN DE SIWE SCHLÄSSER

Guttland

64

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Roadtrip De Makadamm ënnert de Rieder surrt, den Auto rullt lues dohin. Gemälleg, ouni Hetz. Duerch Alleeën, laanscht Schlässer a verwonsche Plazen. D’Sonneblend erof, d’Fënster op: E Roadtrip duerch den „Dall vun de siwe Schlässer“. Fotoen OLIVER KERNER

Miersch

Huelmes

Simmer

Buer

Schëndels

Ansebuerg

Käerch

Klengbetten

65


Den „Hunnebuer“ ass mat ville Soen a Legende verbonnen. Wat verstoppt sech ënnert senger Uewerfläch? Vläicht just ofgebrachen Äscht – vläicht e morbid Geheimnis...

Op enger Corniche an enger Héicht vun 315 Meter geleeën, waacht d’Buerg Huelmes iwwert den Äischdall. Ganz uewe sollt engem net schwindeleg à la „Vertigo“ ginn. 66

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


En Ausfluch wéi e Roadmovie. Am Autosradio vum Alfa Giulia 1600 sangen de Serge Gainsbourg an d’Brigitte Bardot „Bonnie and Clyde“. Et ass eng richteg Rees duerch d’Zäit, dësen Trip duerch den Äischdall, ouni Hetz – kucken, genéissen, entspanen. 24 Kilometer puer Freed: Märcheschlässer fir ze dreemen a vill schéi Plazen, fir stoen ze bleiwen an ze relaxéieren. Einfach de Schëlder „Vallée des 7 Châteaux“ nofueren.

Dat fréiert Klouschter am Mariendall ass keen offiziellen Deel vum Dall an awer en Tëschestopp wäert. Et läit schéin am Dall direkt un der Äisch. E bësse méi wäit ewech vum Schlass steet en Tuerm, dee bal ausgesäit wéi am Märche vum Rabonzel – just, dass et en Tuerm zu

Lass geet et zu Miersch mat engem Kaffi am „Chocolate House“ vis-à-vis vum Schlass, an deem haut d’Gemeng dran ass. Hei plätschert e Buer, Rouse bléien, a wien duerch d’Paart geet, léisst d’Haaptstrooss mam villen Trafic hannert sech. Op der Méchelsplaz steet d’Statu vum Draach mat de siwen Zacken – ee fir jiddwereent vun de siwe Schlässer. Touristesch Informatiounen aus dem Tuerm mathuelen an ab op d’Strooss. Um Wee an de Mariendall kënnt ee laanscht de wonnerschéinen „Hunnebuer“. Dës beléifte Picknicksplaz läit bei engem Weier, aus deem anscheinend schonn dem Hunnekinnek Attila seng Päerd gedronk hunn. D’Waasser soll eng heelend Kraaft hunn. Hei aus dem Auto ze klammen an e puer Schrëtt duerch de Bësch ze goen, ass herrlech erhuelsam. De befestegte Schlasstuerm vu Schëndels daucht op eemol um Wee matzen am Bësch op. De fréiere Buergfrid ass dat eenzegt Element, wat vun der grousser Schlassanlag aus dem 13. Joerhonnert nach iwwreg ass. Den englesche Gaart luet zum Flanéieren an.

Éiere vun der helleger Yolanda ass, déi am Klouschter gelieft huet. Haut ass an de Gemaier vum Klouschter e Jugendzenter ënnerbruecht. Déi nächst offiziell Etapp um Wee duerch den „Dall vun de siwe Schlässer“ ass d’Buerg vun Huelmes,

D’Konschta Kulturstad Miersch läit am geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg.

De Schlasstuerm vu Schëndels ass mat enger Héicht vun 21 Meter den imposantste Wier- a Wunntuerm aus der Géigend. Dem Alfred Hitchcock hätt e warscheinlech gutt gefall als Kuliss fir seng Filmer.

67


„Die Vögel“ zu Käerch ginn dem Wiertuerm eng mystesch Ambiance. Touriste fannen hannert de Maueren e modernen Infozenter.

där hire bal 40 Meter héije Buergfrid op enger Corniche iwwert dem Äischdall trount. Vun der Terrass vun der „Buerg op dem héije Fiels“ huet een eng super Vue. Laang Jore war eng Jugendherberg an der Buerg Huelmes, déi fir d’éischt am 11. Joerhonnert erwäänt gouf an den Ament komplett renovéiert gëtt.

Gaëtan de Marchant et d’Ansembourg a seng Famill. Well d’Buerg a Privatbesëtz ass, kann ee se just vu wäitem bewonneren – mä wien an d’exklusiivt Appartementshaus „Temps d’Or“ ancheckt, kënnt an de Genoss vun der Gaaschtfrëndlechkeet vum jonke Grof. Am Zentrum vum Äischdall läit d’idyllesch Uertschaft Simmer (oder Septfontaines). Dës Géigend war schonn zu der Réimerzäit bewunnt. Wéini genee hei d’Buerg entstanen ass, wëssen d’Historiker net. Haut ass si a Privatbesëtz. Zu Simmer luet de Buer mat siwe „Fontänen“ fir eng Paus an e puer Fotoen an.

Dat sougenannten „Neit Schlass“ vun Aansebuerg faszinéiert mat senge groussen a wonnerschéinen ëffentleche Gäert. Hei bléie ganz besonnesch Rousenzorten, an d’Visiteure kënnen an enger richteger Galerie aus Statue flanéieren, duerchootmen, zur Rou kommen. D’Schlass gouf vun engem Pionéier vun der Eisenindustrie am 17. Joerhonnert gebaut a léisst een de Geescht vun der Renaissance spieren. Eemol am Joer gëtt hei e Fest organiséiert.

Schlusspunkt – oder jee no Richtung déi éischt Statioun – ass d’„Gréiweschlass“ zu Käerch. Et steet matzen am Duerf. D’Schlass ass zwar eng Ruin, bitt awer bannen e modernen Informatiounszenter. En plus kann een hei ëmmer nees Concerten oder och e Mëttelalterfestival erliewen.

Zu Aansebuerg gehéiert och déi méi héich geleeën „Al Buerg“. Hei liewe richteg Adeleger: de Grof Gaston-

An no dem Tour? © BIRGIT PFAUS-RAVIDA

De Grof Gaston-Gaëtan vun Aansebuerg, Gaaschthär am Hotel „Temps d’Or“, deen Deel vun der „Aler Buerg“ vun Aansebuerg ass.

68

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Ob lëtzebuergesch Spezialitéiten oder international Kichen – d’Guttland ass eng beléifte Schlemmerregioun. Ze recommandéieren als Restaurant sinn ënner anerem: „A Guddesch“ (Biereng), „Beim alen Tuerm“ (Miersch) oder d’„Bricherstuff“ (Bruch). Owes sollt ee sech eng Visitt am Mierscher Kulturhaus oder am Mamer „Kinneksbond“ mat senge Concerten an Theatervirstellungen net entgoe loossen. www.visitguttland.lu


Dat fréiert Klouschter am Mariendall läit schéin am Dall direkt un der Äisch. Haut ass eng Bildungsstätte vum Service National de la Jeunesse hei ënnerbruecht.

En Ausfluch wéi e Roadmovie. Am Autosradio vum Alfa Giulia 1600 sangen de Serge Gainsbourg an d’Brigitte Bardot „Bonnie and Clyde“.

69


Transforming Experiences „THE FAMILY OF MAN“ VUM EDWARD STEICHEN

Ech, Mënsch

70

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Scho kuerz hannert dem Agank sinn ech geréiert. E Stärewirbel am schwaarzen Universum, dann de Bauch vun enger schwangerer Fra, hallef am Schied, hallef am Liicht. Keimzell vum Liewen. Schwaarz-wäiss. Mee d’Faarwen entstinn am Kapp an am Häerz. Grad wéi d’Gefiller. Dat hei ass eppes Grousses. Story BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen ROMAIN GIRTGEN/CNA

71


© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

Déi haut legendär Ausstellung ass an de 1950er-Joren entstanen, an enger Zäit, wéi e Krich eriwwer war, deen d’Mënschen auserneebruecht hat. De Steichen wollt weisen, wat d’Mënschheet verbënnt, an net, wat se trennt. 72

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Leit, déi mat mir am Raum sinn, schénge ganz wäit ewech. Wat denke si? Wou gesi si sech an dëser Ausstellung? Jidderee vun eis war emol Stärestëbs a wäert es nees ginn. Jiddereen huet als e Koup Zellen am Bauch vu senger Mamm pulséiert, ier e sech entwéckelt huet an als Mënsch op d’Äerd geheit ginn ass. An e Liewen, dat faarweg a gro ass, haart a lues, schéin a schrecklech. Wëllkomm an der „Family of Man“. Ech muss mech kuerz ëmdréinen, dass déi aner Visiteure mech net gesinn, well mir kommen d’Tréinen. Eng Visitt an der Ausstellung „The Family of Man“ ass eng immens intensiv Erfarung. Perfekt inzenéiert, ästhetesch beliicht, en diskret Konschtwierk als e Ganzt, quasi natierlech gewuess. Bei all Visitt entdeckt een nei Detailer. Wéi kann e Portrait vun der Mënschheet ausgesinn? Wat sinn déi wichteg Themen? All Bild hänkt an der Ausstellung genee op där Plaz, wou et higehéiert – a wierkt scho bal organesch. Zu de Biller gehéieren och Textpassagë vum Shakespeare, James Joyce, Thomas Paine an der Lillian Smith. Si stinn niewendrun, einfach esou, ouni weider Erklärung. „Deep inside, in a silent place where a child’s fears crouch.“ Gedréckt wäiss op schwaarz, steet dëst Zitat vun der Schrëftstellerin Lillian Smith niewent Biller vun aarme Kanner, Meedercher a Jongen, déi resignéiert oder verzweiwelt an d’Kamera kucken, hanner pickegem Drot, virun enger trister Landschaft, heiansdo mat hire Mammen, deenen hire Bléck och weist, dass d’Liewen haart ass. Dräi Meedercher virun engem klengen, einsamen Haus an enger wëller Wiss hale sech um Zonk fest a kucke mech eescht

un. Déi zwee méi al Meedercher hunn däischter Hoer, dat jéngst ass blond. Ech muss u meng Meedercher denken. Zwee grousser mat brongen Hoer, e klengt blond. Si sinn ongeféier am selwechten Alter wéi d’Kanner op der Foto, iwwert déi ech näischt weess. Weeder, wat aus hinne ginn ass, nach, wéi laang si gelieft hunn. An awer hunn ech d’Gefill, mat hinne verbonnen ze sinn. Einfach nëmmen, well ech si gesinn hunn. An esou geet et weider – duerch d’Ausstellung an duerch de Krees vum Liewen. Eng Kandheet mat an ouni Schoulbildung, haart Aarbecht, awer och Fester a Gesellegkeet, Léift a Sexualitéit, Glawen, Kampf e Krich – all d’Facetten, wat et heescht, e Mënsch ze sinn, gi beliicht. Onofhängeg vu Rass, Geschlecht a Stand

huet de Steichen si zesummegedroen. Hie wollt mat de Fotoen eng gemeinsam Sprooch fannen. D’Biller si vu bekannte Fotografen aus hirer Zäit, awer och vun Amateuren. D’Dorothea Lange, eng Frëndin vum Steichen, huet him gehollef, déi richteg Fotoen ze fannen. Si an hir Mataarbechter hunn aus Millioune Biller e bësse méi wéi 500 Fotoen aus 68 Länner ausgewielt, an d’Biergerrechtsaktivistin Dorothy Norman huet aus der Weltliteratur an aus zäitgenësseschen Dokumenter d’Begleettexter zesummegedroen. Nodeems d’Biller am MoMA zu New York gewise goufen, si se als Wanderausstellung duerch d’ganz Welt op Tournée gaangen. De Steichen hat vill Succès mat der

„The Family of Man“ gouf am Joer 1955 fir de Museum of Modern Art (MoMA) zu New York vum bekannten amerikanesche Fotokënschtler Edward Steichen, deen zu Lëtzebuerg gebuer gouf, zesummegestallt. Hien huet d’Biller fir „The Family of Man“ net all selwer gemaach. Hien huet gesammelt, verglach, kombinéiert.

73


© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

Ausstellung, gouf awer och kritiséiert, vläicht grad, well se dem grousse Public gefall huet – domat goufen d’elitär Kritiker net eens. No hirer jorelaanger Rees ass d’Ausstellung säit 1994 zu Clierf – warscheinlech fir ëmmer. De Steichen, deen zu Béiweng gebuer gouf, wollt, datt si a sengem Gebuertsland bleift an do gewise gëtt. Och dem Steichen seng zweet Ausstellung, „The Bitter Years“, ass zu Lëtzebuerg. Allerdéngs am Süde vum Land: zu Diddeleng an engem ale Waassertuerm. Si gouf 1962 och fir de MoMA zu New York kreéiert an ass eng wichteg Ergänzung zu der „Family of Man“, obwuel si manner Succès hat. „The Bitter Years“ weist d’ländlecht Amerika an der Zäit vun der Weltwirtschaftskris an de 1930er-Joren an ass en Hommage un d’Dokumentarfotografie. Well net genuch Plaz ass, kann am Waassertuerm ëmmer nëmmen d’Hallschecht vun all de Wierker gewise ginn. Mä och dës Zesummestellung funktionéiert an der Interaktioun mat de Visiteuren. Déi däischter, ronn Raim schafen eng konzentréiert Atmosphär. „The Bitter Years“ ass vill méi politesch wéi „The Family of Man“, klot un, weist op Mëssstänn hin.

Nodeems d’Biller als Wanderausstellung jorelaang an der ganzer Welt op Tournée waren, si se elo ganz am Norde vum Land ze gesinn, am Schlass zu Clierf. Si gehéieren haut zu der „Mémoire du monde“ vun der Unesco.

An awer sinn ech mat menge Gedanken net ganz bei der Saach a si reesen zréck bei d’Biller zu Clierf. Bei déi al Koppel, déi zesummen op enger Schaukel an den Himmel flitt a laacht. A bei de Puppelchen, dee sech u seng Mamm kuschelt. Well et kéint all Puppelche sinn. Och mäin. Birgit Pfaus-Ravida ass Redactrice bei Visit Luxembourg a Mamm vun dräi Kanner.

74

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Op dem Edward Steichen senge Spueren:  Ausstellung „The Family of Man“, Schlass Clierf Ausstellung „The Bitter Years“, Waassertuerm + Pomhouse, Diddeleng  Ausstellung vun eenzele Wierker am Musée national d’histoire et d’art (MNHA) an der Stad www.steichencollections-cna.lu

„Me, Family“  Group Show am Mudam („Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean“) Déi grouss zäitgenëssesch Gruppenausstellung „Me, Family“ (30. Mee bis 6. September 2020) ass ee vun den Highlights am Ausstellungsprogramm 2020 vum Mudam. Déi vum Francesco Bonami kuratéiert Ausstellung zeechent e facettëräicht Bild vun der Mënschheet am Ufank vum 21. Joerhonnert. Wéi och schonns dem Edward Steichen seng Pionéier-Ausstellung „The Family of Man“ widmet si sech de grousse Froe vun eiser Zäit. D’Ausstellung, déi op dräi Etagen am Musée gewise gëtt, ass ee vun den opwännegste Projeten an der Geschicht vum Musée. Et si Wierker ze gesi vun iwwer 30 KënschtlerInnen aus 16 Länner, ënner anerem eng Auswiel vu Wierker aus der Sammlung vum Mudam. www.mudam.com


Eng Kandheet mat an ouni Schoulbildung, haart Aarbecht, awer och Fester a Gesellegkeet, Léift a Sexualitéit, Glawen, Kampf e Krich – all d’Facetten, wat et heescht, e Mënsch ze sinn, gi beliicht. 75


Transforming Experiences E MUSIKALESCHE GRENZGÄNGER

Eng ganz Stad am Ouer De Francesco Tristano kombinéiert als Pianist, Komponist a Produzent klassesche Piano a Barockmusek fulminant mat Techno- an Elektrobeats. Seng Musek iwwerrascht ëmmer nees. De Kënschtler mat italieenesche Wuerzele bereest d’Welt, mixt Stiler, sprengt Grenzen. Fotoen SÉBASTIEN GRÉBILLE

76

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Joerhonnert grouss Innovatiounskraaft gewisen, genee wéi den John Cage, e wichtege Vertrieder vun der sougenannter „Neuen Musik“, am 20. Joerhonnert. Op sengem Album „bachCage“ huet de Francesco Tristano de Johann Sebastian Bach an den John Cage musikalesch zesummebruecht. Esou muenchen Nolauschterer ass vläicht irritéiert an erkennt net direkt d’Gemeinsamkeete vun den zwee Komponisten. Mee wie sech op d’Kombinatioun aléisst, ka bezeien: Musikalesch Grenze verschibe sech, verléiere sech – a verschwannen.

De Francesco Tristano, Joergang 1981, ass Pianist, Komponist a Produzent. Hien huet mat fënnef Joer ugefaangen, Piano ze spillen, a mat dräizéng Joer säin éischte Concert mat eegene Kompositioune ginn. © MARIE STAGGAT

Vum éischten zaarte Sonnestral, deen an d’Hotelszëmmer fält, bis de Verkéier, deen déi ganz Nuecht laang brummt: Bei all sengen Openthalter zu Tokio huet de Francesco Tristano Andréck gesammelt. D’Musek huet ugefaangen, sech an him ze entwéckelen, elektronesch Klangteppecher grad ewéi schnell Pianosleef, do dertëschent ëmmer nees geschwate Wierder, Geräischer. „Aus den eenzelen Andréck goufe Biller an doraus dunn e Film, deen ech vun Tokio no menge Reesen dohinner gewëssermoossen am Kapp hat, doraus gouf Musek – an duerno, mat Hëllef vu befrënnte Kënschtler, Choreografen, Bild- an Tounexperten, nees eng Zort Film, dee bei menge Concerte gewise gëtt“, erkläert de Francesco. Säi Wierk „Tokyo Stories“ beweist op en Neits d’Diversitéit vum Multitalent Francesco Tristano – grad wéi Musek a begleedend Konschtwierker ëmgedréint seng Impressioune vun der pulséierender japanescher Milliounestad erëmspigelen. Wie seng „Tokyo-Stories“-Performance live gesäit, héiert a spiert, erlieft e perfekt Zesummespill: vu Bildwelten op enger iwwerdimensionéierter Leinwand, a vun Tounformatiounen, déi sech tëschent minimalistesch an iwwerschwänglech beweegen. Heiansdo sinn et just laanggezunnen Téin, kombinéiert mat schwaarz-wäisse Bildflächen, mol sinn et Mënschen, déi wëll op der Strooss danzen, wéi duerch e Kaleidoskop multiplizéiert. De Francesco Tristano ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Bei senger Mamm ass dauernd Musek gelaf. Modern Saachen, awer och Klassik – a vill Johann Sebastian Bach. Haut ass de Francesco Bach-Expert, dee mat de Goldberg-Variatioune virtuos ze glänze weess. De Bach hat am 18.

77


Wie seng „Tokyo-Stories“-Performance live gesäit, héiert a spiert, erlieft e perfekt Zesummespill: vu Bildwelten op enger iwwerdimensionéierter Leinwand, a vun Tounformatiounen, déi sech tëschent minimalistesch an iwwerschwänglech beweegen.

78

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


4 Froen un de Francesco Tristano Fléissen deng italieenesch a lëtzebuergesch Wuerzelen an deng Musek mat an? Onbewosst bestëmmt. Am Allgemengen hunn ech d’Gefill, dass meng Musek a meng ganz Perséinlechkeet immens vu menger Kandheet gepräägt sinn. Op där enger Säit d’Liewe bei menger Mamm, déi mir Oppenheet an Toleranz bäibruecht a mir immens vill cool Musek virgespillt huet. Op där anerer Säit huet meng italieenesch Bom, d’Nonna, an den éischte fënnef Jore vu mengem Liewe gréisstendeels op mech opgepasst; si huet bei eis zu Lëtzebuerg gewunnt. Hir Pizza a Pasta hu mech och gepräägt (laacht). Ech sinn ëmmer op der Sich no „Süden“. Muss een als lëtzebuergesche Kënschtler an d’Ausland goen, fir gewandelt zeréckzekommen an d’lokal Zeen ze beliewen? Fir d’éischt emol: Ech si wierklech immens dankbar fir déi super musikalesch Ausbildung zu Lëtzebuerg bei menger Pianosproff an am Conservatoire. An awer wollt ech mat 16 ganz aner Andréck sammelen. Ech wousst: Wann ech eppes derbäiléiere wëll, da muss ech fort. Esou wäit ewéi méiglech. Also sinn ech op New York gaangen. Dat huet mech natierlech gepräägt a beräichert, mir meng musikalesch Maturitéit ginn. Do hunn ech an de Clubben och cool elektronesch Musek erlieft, opgeluecht vu ganz gudden DJen.

„Dal Notaro“. Do war ech schonn als Kand andauernd an hu geléiert, wéi ee Pizzadeeg richteg mécht. An do souz ech um Piano an hu gespillt. Wann ech am Land sinn, ass d’Chance zimmlech grouss, mir do ze begéinen. Deng Musek rappt mat, erënnert tëschenduerch u ClubSounds. An engem Kader wéi der Philharmonie kann dat schonn emol ongewéinlech a grenziwwerschreidend wierken. Bei engem Concert, bei deem de Publikum souz, ass et eng Kéier

virkomm, dass e puer Leit vir bei d’Bün komm sinn a gedanzt hunn. Dat dierft a musst dir einfach maachen! Stitt op, danzt!

Musek iwwerall  Festival „Siren’s Call“, virun der imposanter Kuliss vun der Abtei Neimënster; www.sirenscall.lu  „Festival de Wiltz“, am Amphitheater a beim Hexentuerm; www.festivalwiltz.lu  Rockhal: De Süde rockt an der Concerts- a Veranstaltungshal; www.rockhal.lu

De Francesco huet zu New York, Bréissel, Riga, Paräis a Barcelona studéiert. Haut lieft en zu Barcelona an zu Lëtzebuerg.

Wou bass du gär, wann s du op Lëtzebuerg kënns? Owes ginn ech ëmmer nach immens gär bei mäi Liblingsitalieener

79


Daydream SCHLASS BEEFORT

Wou ass d’Madamm? 80

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wien huet hei gelies, wie souz an dëser Fotell? Et gesäit aus, wéi wann déi Persoun geschwënn zeréckkéim. An och déi aner Miwwelen, dat schwéiert Holz an déi filigran Schnëtzereien aus der Zäit tëschent dem 18. Joerhonnert an der Jugendstil-Epoch, schéngen oft am Gebrauch ze sinn. D’Renaissance-Schlass zu Beefort huet e ganz besonneschen Zauber. Wie sech umellt, kann en Tour maachen, bei deem d’Vergaangenheet zum Liewen erwächt. Fotoen VÉRONIQUE KOLBER

81


Bei de geféierte Rondgäng gëtt een esou muenches iwwer d’abstrus Geschicht vum Schlass an d’befestegt Buerg, déi um Enn vum 12. Joerhonnert gebaut an niewendru besichtegt ka ginn, gewuer: onroueg Zäiten, Verrot, Onofhängegkeetskämpf. 82

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Eng Zäitschrëft iwwer Rouse läit op dem klengen Dësch. Doniewent blitt d’Kinnigin vun de Blummen an enger Vas. Wien huet hei gelies, wie souz an dëser Fotell? Et gesäit aus, wéi wann déi Persoun geschwënn zeréckkéim. An och déi aner Miwwelen, dat schwéiert Holz an déi filigran Schnëtzereien aus der Zäit tëschent dem 18. Joerhonnert an der Jugendstil-Epoch, schéngen am Gebrauch ze sinn. Stëfter, anert Schreifmaterial, Bicher, tickend Aueren, eedelt Geschier a Sëlwercouverten iwwerall. Mee d’Madamm kënnt net zeréck – d’Anne-Marie Linckels lieft säit 2012 net méi. D’Visiteure vum Renaissanceschlass zu Beefort hunn trotzdeem den Androck, dass si geschwënn zu der Dier erakënnt. Et kann een hir Raimlechkeete kucke goen an op de Spuere vun der Schlasshärin wandelen, déi bis zu hirem 98. Liewensjoer hei gelieft huet. De schwaarzen Telefon, nach mat enger Scheif fir ze wielen, d’Fotoen – alles ass bliwwen. Et spiert ee fërmlech der Madame Linckels hir Presenz op dëser Plaz. Datt dat esou ass, läit zum Deel och um Jacqueline Kuijpers: Si huet dat alles konservéiert a féiert d’Visiteuren duerch d’Raim. Si huet déi al Damm ganz gutt kannt, well si ass hir fréier Haushälterin – a lieft säit 1980 am Schlass. Net manner wéi de gréissten Deel vun hirem Liewen huet si hei verbruecht, huet hir dräi Kanner an dem wäitleefege Gemaier opwuesse gesinn, kennt all Eck, an natierlech och de Gaart. „D’Madamm Linckels war immens frou mat Rousen. Bis zum Schluss ass si ëmmer bei d’Beeter gaangen an huet genee gekuckt, dass d’Planzen och richteg geschnidde ginn. An der Kiche vum Schlass huet si bis zum Schluss hiert Iesse selwer gekacht.

Dann ass si eleng an d’grousst Iesszëmmer gaangen. Natierlech hu mir, déi Leit, déi hei schaffen, hir e bësse gehollef“, erënnert sech d’Jacqueline Kuijpers mat engem Laachen. Streng an disziplinéiert wier d’Madamm gewiescht, hätt awer och e grousst Häerz gehat, erzielt d’Haushälterin, déi sech iergendwa scho bal als Deel vun der Famill gesinn huet. Den Doud vum eenzege Jong vun der Koppel, deen an den 1970er-Jore mat just 52 Joer u Kriibs gestuerwen ass, huet och si traureg gemaach. E Gang duerch d’Schlass ass fir d’Jacqueline Kuijpers all Kéier nees mat villen Erënnerunge verbonnen. Dat spieren och d’Visiteuren. An doniewent gëtt een natierlech och nach esou muenches iwwer d’abstrus Geschicht vum Schlass an

d’befestegt Buerg, déi um Enn vum 12. Joerhonnert gebaut an niewendru besichtegt ka ginn, gewuer: onroueg Zäiten, Verrot, Onofhängegkeetskämpf. Vum Tuerm aus hat een eng gutt Vue iwwer d’Ëmgéigend, well et huet een all Ablack musse mat engem Ugrëff rechnen. Déi méi al Buerg aus dem Mëttelalter gesäit ee vun der Strooss aus fir d’éischt. Et wunnt scho laang kee mee hei a si ass am Laf vun de Jore verfall. Mä dat „neit“ Schlass, erbaut an der Mëtt vum 17. Joerhonnert, ass ganz gutt an der Rei. 1928 sinn déi zwee Schlässer an de Besëtz vun der Madamm Linckels hirem Mann Edmond iwwergaangen an hien huet dofir gesuergt, dass d’Buergruin net weider verfält. Well et no dem Doud vun hirem eenzege Jong keen direkten Ierwe

Déi méi al Buerg aus dem Mëttelalter gesäit ee vun der Strooss aus fir d’éischt. Et wunnt scho laang kee mee hei a si ass am Laf vun de Jore verfall. Mä dat „neit“ Schlass, erbaut an der Mëtt vum 17. Joerhonnert, ass ganz gutt an der Rei.

83


Ongeféier 5000 Liter Cassis ginn all Joer an de verwëllefte Kellere vum Schlass produzéiert. D’Schwaarz Kréischelen heifir gi ganz nobäi, tëschent Eppelduerf a Beefort, ugebaut.

ginn ass, gehéieren déi zwee Schlässer haut dem Staat. Trotzdeem huet d’Haushärin Anne-Marie Linckels bis zum Enn vun hirem Liewen dierfen hei wunnen. D’Jacqueline Kuijpers huet mat hirem Mann an de leschte Liewensjore vun der Madamm Linckels d’Produktioun vum berüümte Cassis-Likör vu Beefort iwwerholl. D’Schwaarz Kréischelen heifir ginn nobäi ugebaut, tëschent Eppelduerf a Beefort, nodeems si eng Partie Joren aus Frankräich importéiert goufen. Ongeféier 5000 Liter Cassis ginn all Joer an de verwëllefte Kellere vum Schlass produzéiert. De Cassis kann een an der Buerg probéieren a kafen. E ka kal mat Waasser oder als Kir Royal genoss ginn – oder mat waarmem Waasser als Grog. Esou e Cassis stäerkt – zum Beispill no engem schaureg-schéinen Tour duerch d’Verlis vun der Buerg: Gesäit een hei déi schwéier Ketten un der Mauer, kann ee sech gutt virstellen, wéi schrecklech et war, am fiichten, kalen, muuschtege Keller viru sech hin ze vegetéieren. En zimmleche Kontrast zu de schicke Raim mat de Blummentapéiten am Renaissanceschlass. Vun hei hëlt een e klengt Stéck Trauregkeet mat heem – an en Hauch Rousendoft.

Visitten: Wärend der Haaptsaison, vu Mäerz bis den 3. November, ginn et reegelméisseg Visitten duerch d’Renaissanceschlass fir Gruppen (méi wéi aacht Leit) no Umeldung. D’mëttelalterlech Buerg mécht hir Dieren och ouni Féierung op. Et kënnen och Visitten als Grupp oder fir Eenzelpersoune gebucht ginn. Am Wanter bleift d’Buerg zou. www.beaufortcastles.com

3 Tipps fir an der Regioun:  Wanderen iwwer den 112 Kilometer laange Mullerthal Trail. E geet laanscht Beefort. www.mullerthal-trail.lu  Cassis: De berüümte CassisLikör vu Beefort kann een an der Buergruin probéieren a kafen. www.liqueurs-du-chateau.lu  „Rock ’n Classics“ heescht d’Concertsrei, déi vun de Beeforter Schlassfrënn an Zesummenaarbecht mat dem Concertsorganisateur „Kultopolis“ an d’Liewe geruff gouf. Am Fréijoer a Summer triede verschidde Bands op. www.beeforter.lu D’Jacqueline Kuijpers, d’fréier Haushälterin, lieft säit 1980 am Schlass – a féiert d’Visiteuren duerch d’Raim.

84

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Zanter et gebaut ginn ass, huet d’Renaissanceschlass Beefort am Nordoste vu Lëtzebuerg ni e Schued erlidden an ass, bis op e puer Annexen an Transformatioune wärend de Joerhonnerten, säit iwwer 360 Joer quasi d’selwecht bliwwen.

85


Daydream BESONNESCH IWWERNUECHTUNGSMÉIGLECHKEETEN

Schlofe wéi am Märchen

Eng Nuecht an engem Champignonshaus wéi bei de Schlumpfen, an engem Tuerm wéi beim Rapunzel, an engem Bamhaus wéi an engem Kannerdram – besonnesch Iwwernuechtungsméiglechkeete maache Loscht op besonnesch Kuerzreesen. Foto ROMAIN-HOFFMANN-ARCHITECTES

86

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wéi fille sech wuel d’Schlumpfen an hire Champignonshaiser? Dat kann een an de „Mushrooms“ vun den EcoLodges Péitche Lauer zu Useldeng erliewen. Déi dräi originell Haiser a Form vun engem Champignon stinn direkt um Bord vun der Atert an net wäit ewech vun der mëttelalterlecher Buergruin. D’ronn Baussewänn si mat Schindelen aus Holz bedeckt, d’Diech gesinn aus wéi gro Hittercher, a si stinn op Stelzen – obwuel relativ kleng, huet all Haischen esouguer zwee Stäck, fir do ze schlofen an ze wunnen. E bësse mobil mussen d’Visiteuren awer sinn: Fir an d’Buedzëmmer muss een duerch e Lach an der Zwëschemauer erduerch, an an den ieweschte Stack kënnt ee just iwwer eng Leeder. Stäerke kann ee sech direkt niewendrun an der Hotel-Brasserie EcoLodge Péitche Lauer.

© ESCHER BAMHAISER © ESCHER BAMHAISER

Eng EcoLodge bei der Atert

E Bamhaus am Déierepark E bësse wandschif gesi se aus, si schwiewen iergendwéi an de Bamkrounen, an et ass bal, wéi wann een an engem Märche mat Wichtelcher ënnerwee wier, wann een d’Escher Bamhaiser déi éischte Kéier gesäit. Déi ongewéinlech Holzhaiser sinn eng gemittlech a ganz speziell Plaz, fir eng kleng Vakanz am Süde vum Land op dem sougenannte Gaalgebierg ze verbréngen. Si sti matten am Déierepark zu Esch a fir se z’erreechen, muss een a bal véier Meter Héicht iwwer hëlze Passerelle goen. Zum Ensembel gehéieren dräi Haiser fir ze wwernuechten an e Café. Virun allem fir Famillen en Erliefnes.

E romantescht Schlass Romantesch, wonnerschéin, roueg geleeë matten am Naturpark Our am Norde vum Land: Mat enger Iwwernuechtung am Ischpelter Schlass deet ee sech definitiv eppes Gutts. Et gouf mat engem Bléck fir Detailer renovéiert an huet 56 Zëmmer a Suitten – plus e grousse

Virun allem fir Famillen en Erliefnes: Si sti matten am Déierepark zu Esch a fir d’Escher Bamhaiser z’erreechen, muss een a bal véier Meter Héicht iwwer hëlze Passerelle goen.

87


© CHALETS PETRY

Vun de Chalets Petry aus kann ee schéi Wanderungen an Ausflich ënnerhuelen, zum Beispill bei d’Schlass zu Veianen. © CHALETS PETRY

Entspanen am Wellnessduerf

Wéi fille sech wuel d’Schlumpfen an hire Champignonshaiser? Dat kann een an de „Mushrooms“ vun den EcoLodges Péitche Lauer zu Useldeng erliewen.

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Wie Rou sicht, ass hei richteg: an de Chalets Petry bei Bëttel am Norde vum Land. An de sechs héichwäerteg amenagéierte Chaleten, déi all no lëtzebuergesche Flëss benannt sinn, ass Erhuelung ugesot. D’Holzhaiser am traditionelle Südtirouler Stil sti wéi e klengt Duerf ronderëm e klenge Park mat engem Weier, soudass d’Gäscht op bequeemen hëlzene Chaise-longuen entspane kënnen, nodeems si an der Sauna an hirem eegenen Haus waren. Vun de Chaleten aus kann ee schéi Wanderungen an Ausflich ënnerhuelen, zum Beispill bei d’Schlass zu Veianen. Fir dann owes gemittlech am Wäikeller e regionale Wéngchen ze probéieren.

© THIERRY_DEUTSCH_PHOTOGRAPHY

Weider Iwwernuechtungsméiglechkeeten op www.visitluxembourg.com © ADMINISTRATION COMMUNALE USELDANGE

88

Galasall, an deem et sech gutt feiere léisst, mä och vill Raim fir Workshoppen a Coursen. Ronderëm ass en herrleche Park. Wéinst sengem historeschen, architektoneschen an ästhetesche Wäert gouf d’Schlass als „Monument national“ klasséiert a steet ënner Denkmalschutz.


© SCHLOSS URSPELT © SCHLOSS URSPELT

Ischpelter Schlass: romantesch, wonnerschéin, roueg geleeë matten am Naturpark Our am Norde vum Land.

89


Transforming Experiences MINETT-TOUR

Op de Spuere vu Schweess a Stol 90

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Vum dämpenden Zuch iwwer imposant Héichiewe bis düüster Minnen: Um „Minett-Tour“ spiert een de Geescht vun der Stolvergaangenheet. Fotoen RENATA LUSSO

91


Déi nei Unisbibliothéik gouf an dei al Möllerei, wou fréier d’Eisenäerz verschafft ginn ass, integréiert. De Stëbs vun der Eisenindustrie, deen nach duerch d’Loft geflunn ass, ier et Filteranlage gouf, ass fërmlech op d’Fënstere mat hire Facetten impriméiert.

92

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Rouscht, Schweess, Kuel, Hëtzt, Stol – dat waren d’Ingrediente vum wirtschaftlechen Erfolleg am Süde vum Land. An haut ass d’Fuerschung Innovatiounsmotor an Hoffnungsträger vun der moderner Wëssensgesellschaft.

93


En absolutte Must um Belval ass eng Visitt vum Héichuewen A. D’Visiteure kënnen d’Trapen eropklamme bis op eng Plattform, vun där aus se eng herrlech Vue iwwer de Belval an de Süde vum Land hunn.

94

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Männer hunn haart geschafft am „Land vun der Rouder Äerd“. Se hunn Eisenäerz (Minett) ofgebaut a Gäng an de Fiels geschloen, se si mat ratternden Zich an de Bierg gefuer an hunn d’Gestengs op Buggien erausbruecht. D’Minett gouf gewäsch, gemëscht, erhëtzt, zu Stol verschafft. Rouscht, Schweess, Kuel, Hëtzt, Stol – dat waren d’Ingrediente vum wirtschaftlechen Erfolleg am Süde vum Land. De Stol vu Lëtzebuerg gouf ab der Mëtt vum 19. Joerhonnert an d’ganz Welt exportéiert an ass haut nach an allen Häre Länner verbaut – ob an de Fundamenter vum „One World Trade Center“ zu New York oder am gréissten Héichhaus vun der Welt zu Dubai.

Vergaangenheet an Zukunft Säit 1997 sinn d’Héichiewen aus. Mä ëmmer nach kënne Visiteuren um „Minett-Tour“ an dës Welt andauchen. Dësen Tour kann een zum Beispill op Esch-Belval ufänken. Do, wou d’Héichiewe gedämpt hunn, wiisst mat der Uni en neien Hoffnungsträger vum Erfolleg. A moderne Gebaier sinn d’Wëssenschaften ënnerbruecht an et komme permanent weider Fachgebidder derbäi – ob an der Medezin, de Science-humainen oder der Informatik. Mä tëschent den Uni-Elfenbeintierm trotzen d’Héichiewen nach ëmmer der haiteger Zäit. Si goufen opwänneg konservéiert a solle fir d’Nowelt erhale bleiwen. A se suerge fir eng ganz besonnesch Atmosphär. Am Kader vu Visite-guidéeë kann een op den Héichuewen A klammen an d’Vue op de Campus genéissen.

Och sollen d’Headquarters vun „Esch 2022“ heihinner kommen – wann Esch Europäesch Kulturhaaptstad gëtt.

Abenteuerlech Statiounen Esch-Belval ass en Dorado fir Architekturfans a just eng vun de fënnef Plaze vum 35 Kilometer laange „Minett-Tour“. Am Fondde-Gras, wou fréier och Minne waren, ginn et direkt e puer Plazen, wou een de Weekend eppes erliewe kann. En Ausfluch dohinner ass eng Rees an d’Vergaangenheet. Mat engem Dampzuch, dem „Train 1900“, kënne Grouss a Kleng vu Péiteng aus an de Fond-de-Gras fueren, matten duerch d’„Land vun

der Rouder Äerd“. Säit 1973 hale Benevollen d’Zuchlinn um Liewen: „Säit menger Kandheet sinn ech reegelméisseg de Weekend hei, fréier mam Papp. Ech schrauwen immens gär un den Zich“, seet de Romain Baumann. De 36-Järegen ass President vun der „Association des musées et tourisme ferroviaires“ a mol als Heizer, mol als Lokfürer mat dem „Train 1900“ ënnerwee. Zwar goufe fréier EisenäerzChargen aus der Ëmgéigend an de Fond-de-Gras bruecht an net Persounen transportéiert, mä esou streng historesch muss een dat net gesinn. Déi kleng „Epicerie Victor Binck“, déi fréier eigentlech zu Déifferdeng stoung, ass elo Deel vum historesche Site. „Et ass einfach schéin, déi

Fréier stoung um Belval déi gréisste lëtzebuergesch Schmelz, an der Tëschenzäit huet sech de Site zu engem vun de gréissten urbanisteschen Entwécklungsprojeten an Europa entwéckelt.

95


Mam „Train 1900“ kënne Grouss a Kleng vu Péiteng aus an de Fond-de-Gras fueren. Fréier goufen EisenäerzChargen aus der Ëmgéigend an de Fond-de-Gras bruecht an net Persounen transportéiert, wéi hei an der 1. Klass vum Zuch.

96

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Fond-de-Gras Lëtzebuerg Diddeleng

Belval

Esch/Uelzecht

Rëmeleng

De „Minett-Tour“, eng ca. 35 Kilometer laang Streck, verbënnt fënnef Sitte mat verschiddenen Theemen, déi d’Visiteuren duerch d’Geschicht vun der lëtzebuergescher Stolindustrie féieren – bis an déi haiteg Zäit an an d’Zukunft. D’ganzt Joer iwwer weise Volleksfester, Museks- a Konschtfestivaller, Concerten an Ausstellungen, Danz- an Theaterproduktiounen dës zum gréissten Deel als national Monumenter klasséiert Sitten an engem ganz anere Liicht. 97


© PIERRE PAUQUAY

De Minett verdankt säin Numm dem knallrouden Eisenäerz, dat d’Naturlandschaft dominéiert.

Iwwerall um „Minett-Tour“ si Maschinnen an Apparater ze gesinn, déi eppes mam fréieren Eisenäerz-Ofbau zu Lëtzebuerg ze dinn hunn.

© CITYLIFE.ESCH.LU

De Musée vun der Cockerill Minn weist Handwierksgeschier vun de Mineuren, ganz vill al Fotoe vum ustrengenden Alldag a Fossilien, déi beim Ofbau vum Äerz fonnt goufen.

98

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


© MINETTPARK.LU

al Produiten an de traditionelle Buttek ze gesinn“, seet d’Lori Gatti, eng Madamm vun 82 Joer, déi mat Frënn en Ausfluch an de Fond-de-Gras mécht. „Mäi Brudder huet fréier an der Epicerie geschafft. D’Stolindustrie huet eis gepräägt“, seet d’Duechter vun italieeneschen Awanderer, déi wéi vill Italieener do Saache kaaft huet, fir Polenta ze maachen. Well och dat ass „de Minett“: Mënschen, déi aus dem Süde vun Europa komm sinn, fir hei ze schaffen an eng nei Heemecht ze fannen.

„Wëll Fra“ a Buggi-Gestuckels

Spéider, wéi d’„Wëll Fra“ scho längst gestuerwe war, hunn Aarbechter zu Zowaasch gewunnt, déi exklusiv fir de Grof Fernand de Saintignon, en Industriellen, an de Minne geschafft hunn. Et sinn Haiser entstanen, Schoulen, e Gemeinschaftsliewen. 1978 ass déi lescht Minn zougemaach ginn. Nach haut kann ee sech an engem Vestiär mat Duschen a Kreep um Plaffong virstellen, wéi Honnerten Aarbechter no der Schicht Stëbs an Dreck ofgewäsch hunn. Mam Auto, mä och mat der „Minièresbunn“ ass haut dat verwënschtent Dierfchen Zowaasch z’erreechen. A klengen Zuch-

© MINETTPARK.LU

Esou wéi am klengen Duerf Zowaasch (Lasauvage op Franséisch), dat säin Numm vun enger „Wëller Fra“ kritt huet, déi virun éiwegen Zäiten hei gelieft soll hunn. Engersäits huet se de Leit Angscht gemaach, anerersäits soll se – jee no Versioun vun der So – awer och Leit geheelt hunn.

waggonen, sougenannte „Buggien“, gouf fréier d’Eisenäerz transportéiert, haut fuere Visiteure mat dem Zuch an déi däischter Galerie. No e puer Meter, op deene se an der Däischtert gutt gestuckelt ginn, klamme se eraus an dierfen da selwer e bësse Steng aus de Wänn schloen. Wéi hu sech d’Aarbechter wuel an der permanenter Däischtert gefillt? Dat kann ee selwer ausprobéieren. Zumindest e bëssen. An da séier nees „iwwer Dag“. Do, wou de Buedem rout ass.

An der „Salle des pendus“ hunn d’Mineure sech anescht ugedoen a gewäsch. D’Kleeder houngen un de Kreep vun engem KetteRullsystem – esou konnten se un der Loft besser dréchnen an et war méi einfach, de Buedem ze botzen.

99


Weider kuckeswäert Statiounen: Mam Dampzuch an de Fond-deGras: Hei gëtt et eng ganz Partie restauréiert historesch Gebaier: eng Centrale électrique, eng Epicerie, eng Walzstrooss an eng al Gare mat verschiddene Gebaier.

 Musée vun der Cockerill Minn, Esch/ Uelzecht: De restauréierte Site vun der Minn Kazebierg mam Musée vun der Minn Cockerill weist Handwierksgeschier a Maschinne vun de Mineuren, ganz vill al Fotoe vum ustrengenden Alldag, Transportmaterial a Fossilien, déi beim Ofbau vum Äerz fonnt goufen. De Weekend kann ee sech eng Schmëdd a Betrib ukucken.  „Musée national des mines“, Rëmeleng: De gréissten Deel vun der Sammlung ass do an den ënnerierdesche Galerien ze gesinn, wou deemools geschafft ginn ass. D’traditionell Visitt fänkt mat enger klenger Minièresbunn un. Den Zuch fiert ënner fräiem Himmel iwwert de Site an dann duerch d’Laangegrond-Galerie an d’Minn eran.  Naturreservat mat raren Orchideeën: De „Prënzebierg – Giele Botter“, wou fréier iwwerierdesch Minne waren, ass haut en Naturschutzgebitt vun e puer honnert Hektar. En Entdeckungspad

100

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

féiert duerch de Site, wou haut keng Minett méi ofgebaut gëtt, mä neiaarteg Liewensraim sech entwéckelen. Hei ginn et zum Beispill rar Orchideeënzorten. Um noen Tëtelbierg hunn d’Kelten am 1. Joerhonnert v. Chr. e wichtegt Oppidum gebaut, dat bei Ausgruewungen zum Virschäi komm ass.  Iesse wéi d’Mineuren: Am Restaurant „Bei der Giedel“ am Fond-de-Gras gëtt et eng traditionell an defteg Kichen. De fréiere Mineurscafé am rustikale Stil zerwéiert Fondue, Raclette, Geméisquichen an aner Spezialitéiten. Och op der Terrass sëtzt ee schéin an et kann een d’Géigend ronderëm op sech wierke loossen.  „Steam Punk Convention“: Eemol am Joer, am fréien Hierscht, gëtt am Fond-de-Gras d’spektakulär „Steam Punk Convention“ organiséiert, déi vill Fans vun duerchgeknallt-almoudesche Kleeder am TechnoRetro-Look ulackelt. Mat Stroossenanimatioun, Concerten, engem viktorianesche Maart, enger Ausstellung vu Steampunk-Kreatiounen, historeschen Dampzich a villem méi. All d’Infoen iwwert de „Minett-Tour“ ginn et op www.minetttour.lu


© PAULO LOBO

Eemol am Joer, am fréien Hierscht, gëtt am Fond-de-Gras d’spektakulär „Steam Punk Convention“ organiséiert. Et ass déi gréisst SteampunkManifestatioun an Europa.

101


102

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Fir dës Luci-Editioun hu mir dem lëtzebuergesche Fotograf Mike Zenari Carte blanche ginn. A senger ausdrocksstaarker Fotoserie weist de Kënschtler d’Schueberfouer, déi fir d’éischte Kéier 1340 stattfonnt huet, wéi hie se haut duerch säin Objektiv gesäit. Déi gréisste Kiermes am Land zitt all Joer iwwer zwou Millioune Visiteuren un. www.fouer.lu

103


104

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


105


106

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


107


108

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


109


110

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


111


112

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


113


Luci EDITIOUN 1/2020

Luci

Konzept & Chefredakter Valerio D’Alimonte Kreativdirektioun & Editorial Design Guido Kröger, ampersand.studio

Inspiring Travel Stories from Luxembourg

www.visitluxembourg.com · www.Luci.travel

Industriekultur erliewen Op de Spuere vu Schweess a Stol

Erop op de Bierg Dräi Frënn entdecken de Lee Trail

Unesco-Weltkulturierwen Sightrunning duerch 1000 Joer Geschicht

Editeur Luxembourg for Tourism BP 1001, L-1010 Lëtzebuerg Tel. +352 42 82 82 1 info@visitluxembourg.com VisitLuxembourg @luxembourginfo @visit_luxembourg www.visitluxembourg.com

© LFT 2020 All Rechter reservéiert. All Notzung, Kopie, Reproduktioun, Publikatioun, Iwwerdroung oder Distributioun an iergendenger Form, ob ganz oder deelweis, ass just erlaabt, wann den LFT seng schrëftlech Geneemegung am Viraus ginn huet. ISSN 2716-7356

114

Redaktioun Birgit Pfaus-Ravida Sarah Pitt Katharina Cichosch Erwan Nonet Jessika Maria Rauch Fotoen Alfonso Salgueiro (Cover) Ramunas Astraukskas Sven Becker Romain Girtgen/CNA Sébastien Grébille Oliver Kerner Véronique Kolber Lêmrich Paulo Lobo Renata Lusso Mélanie Maps Mike Zenari Aner Fotoe mat frëndlecher Geneemegung vun de Partner

Weider „Inspiréierend Reesgeschichte vu Lëtzebuerg“ geschwënn op www.Luci.travel

Desktop Publishing Walter Ciotti Iwwersetzungen & Lektorat why vanilla? Zenter fir d´Lëtzebuerger Sprooch

2020 DAY

Print Print Solutions, Lëtzebuerg WP

Luci — Inspiring Travel Stories from Luxembourg

EDITIOUN 1 / 2020 - LËTZEBUERGESCH

EDITIOUN 1 / 2020 - LËTZEBUERGESCH

Oplo Gesamtoplo: 177.000 Lëtzebuergesch Editioun: 10.000 Sproochen Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

MONTH

2020 DAY

MONTH

3 Days

1Day

D’Luxembourg Card bitt fräien Entrée an iwwer 60 Muséeën an Touristenattraktiounen. Och als App disponibel. www.luxembourgcard.lu



www.visitluxembourg.com · www.Luci.travel


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.