Luci - Editioun 2/2020 - Lëtzebuergesch

Page 1

Luci

Inspiring Travel Stories from Luxembourg EDITIOUN 2 / 2020 - LËTZEBUERGESCH

Dobannen dobaussen On the road mat Anhang

Eng Stad, déi verbënnt Mat Architekten duerch d’UNESCO-Ierwen

Urban Art héich eraus Konscht-Botschafter vun der gudder Laun


Erlieft Är Stad nei.

cityapp – VDL Lued Iech déi nei App elo erof!


Editorial Moien a wëllkomm zu Lëtzebuerg! Hutt Der Iech jee gefrot, wat d’Reesen esou faszinant mécht? Grad elo, wou et net ganz selbstverständlech ass, spontan an iwwerallhi kënnen ze reesen, mierke vill Leit, wat hinne feelt. Nei Saachen entdecken, Ofwiesslung vum Alldag hunn, interessant Leit begéinen, nei Perspektive kréien! Dat huet Lëtzebuerg alles fir Iech parat. A Luci hëlt Iech elo scho mat op eng spannend Rees. Och an der zweeter Ausgab vun eisem neie Magasinn vun der Reesdestinatioun Lëtzebuerg si mir nees aktiv am Ländchen ënnerwee: Roadtrips mat enger nostalgescher Rulott a mat engem schicken Oldtimer, um Vëlo mat de sympathesche „Velosvedetten“ oder mam Päerd duerch wëll Schluchtebëscher. Mir si Leit begéint, déi apaart de Luci-Esprit op eng besonnesch Aart a Weis verkierperen. D’Architekten Arnaud de Meyer an Nico Steinmetz weisen eis hire „Global Village“, d’Stad Lëtzebuerg. De Wënzer Georges Schiltz verréit, firwat säi Wäin hien esou „fru“ mécht. Vill Spaass bei der Lektür vu Luci an hoffentlech bis ganz geschwënn zu Lëtzebuerg.

Romain Weber President Luxembourg for Tourism

Dr. Sebastian Reddeker CEO Luxembourg for Tourism

PS: Dir hutt déi éischt Ausgab vu Luci verpasst? Kee Problem. Bestellt se einfach online a mir liwweren Iech se gratis heem – fir nach méi Inspiratioun fir Luci-Momenter. Mam Red Dot Design Award, mam ICMA Silver Award, mam German Design Award a mam C 2A Creative Communication Award ausgezeechent.

3


Inhalt

74

6-17

Open and Diverse KOMPLEX, MODERN, KOSMOPOLITESCH

84

Eng Stad, déi verbënnt 18-20

The Good Life D’ROTONDES BEWEEGE BOUNEWEG

Eng ronn Saach! 22-27

Open and Diverse D’STAD, ENG SPILLPLAZ

Skateboarding is not a Crime 28-32

Open and Diverse URBAN ART VU LËTZEBUERG HÉICH ERAUS

6

Flying Sumo 34-49

Outdoors Passion ON THE ROAD MAT ANHANG

18

Dobannen dobaussen 50-55

Transforming Experiences E KËNSCHTLER AUS DEM ÉISLEK

Seng Beem, seng Welt

96 4

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


56 56-60

Outdoors Passion MAT DE VELOSVEDETTEN ON TOUR DUERCH LËTZEBUERG

Séier Ekipp, grouss Frëndschaft 62-68

Naturally Europe CFL-WANDERWEE „MANTERNACHER FIELS“

Duerch de wëlle Schluchtbësch 70-73

The Good Life VERGIESSENT UEBST ERËM OPLIEWE LOOSSEN

De Revival vun den Äppel 74-79

Outdoors Passion WAASSERSPORT UM STAUSÉI AN OP DER MUSEL

34

Paddelen, ofdauchen an d’Natur genéissen 80-83

Transforming Experiences JONKE WËLLE WËNZER

92-95

„Fru“ am Häerz

Transforming Experiences

84-89

CABARETS-DRAM AM KLENGSTEN DUERF VU LËTZEBUERG

Transforming Experiences FRANÇOIS VALENTINY, ARCHITEKT VU SCHENGEN

„Grenzen hunn eis ni interesséiert!“

D’Marlene lieft. 96-111

Daydream UECHTERT D’LAND MAT OLDTIMERN

Schéin op Touren 114

Impressum

22 5


Open and Diverse KOMPLEX, MODERN, KOSMOPOLITESCH

Skylines a Flossdäller, modern Gebaier aus Glas mat historesche Fundamenter a ganz vill Gréngs: D’lëtzebuergesch Haaptstad huet esou vill Facetten ewéi hir Awunner aus iwwer 100 Natiounen. E Spadséierwee mat den Architekten Arnaud de Meyer an Nico Steinmetz duerch UNESCO-Weltkulturierwen an zukunftsweisend urban Welten. Text JAN MAIER Fotoen THOMAS LINKEL

6

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Eng Stad, déi verbënnt

7


D’Visitt fänkt um Kierchbierg-Plateau un. Modern Gebaier aus Glas a Stol dominéieren de Büro- a Finanzquartier. Bei der Place de l’Europe stécht ganz a Wäiss d’lënsefërmeg Philharmonie mat hirer Fassad aus 823 Sailen ervir.

8

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Den Nico Steinmetz an den Arnaud de Meyer genéissen et, mam Vëlo d’Stad ze erfuerschen. Op zwee Rieder gesäit een oft méi wéi aus der Autosfënster. A Schläichweeër kann een esou och besser notzen.

9


„Oekozenter Pafendall“: D’Gebai aus hellem Holz gesäit aus wéi véier Quaderen, déi openee gesat goufen. Et ass e Musterbeispill fir e modernt Passivhaus mat enger optimaler CO2-Bilanz. Och un d’Flantermais gouf dobäi geduecht. Fir si gëtt et an der Fassad eng geschützte Këscht, fir ze bréien.

10

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Betruechter huet hei den Androck, wéi wa si eng Zeechnung wier, déi vu Mënsch an Natur zesummen entworf gi wier: ënnen de geschwongenen Dall vun der Uelzecht, driwwer d’historesch Kasematten an d’al Abtei, um Plateau wäit ewech modern Gebaier. Dertëschent als kräfteg Faarwen d’déifgréng Blieder vun de Beem. Si, dat ass Lëtzebuerg. „Eng Stad op villen Niveauen“, wéi den Architekt Nico Steinmetz seng Heemecht gär nennt. Hei, dat ass d’Vue aus dem Park „Dräi Eechelen“. An déi verréit, wéi komplex d’Haaptstad ass – topografesch, architektonesch, kosmopolitesch. Op dësem Samschdeg maachen den Nico Steinmetz a säi Kolleeg, den Arnaud de Meyer, en Tour mam Vëlo duerch hir Stad. D’Visitt fänkt um KierchbiergPlateau un. Modern Gebaier aus Glas a Stol dominéieren de Büroa Finanzquartier. Bei der Place de l’Europe stécht ganz a Wäiss d’lënsefërmeg Philharmonie mat hirer Fassad aus 823 Sailen ervir. Am Nomëtteg dréinen hei Skater hir Ronnen. Just zwou Minutte méi wäit de Mudam. De Konschtmusée ass an engem helle Gebai aus Glas, Stol a Steng mat strenge geometresche Formen ënnerbruecht a gouf um Fundament vun enger fréierer Festung gebaut. Duerch de Bësch geet et iwwert e géie Wee erof an de Pafendall. Den Arnaud an den Nico komme gär an de fréieren Aarbechterquartier ënne bei der Uelzecht. Dësen huet sech an der Lescht immens verännert. E wier net méi den „net esou gudde Quartier, deen e bësse wäit vum Schoss läit“, mä eng beléiften Adress an

der Stad, esou den Nico. Vigelcher päifen. Op der Spillplaz ëm den Eck spille Kanner. Op hallwem Wee tëschent dem Eisebunnsviadukt an der Uelzecht weist den Nico op den „Oekozenter Pafendall“, wou d’Ëmweltorganisatioun „Mouvement Écologique“ hire Siège huet. „E Pilotprojet zu Lëtzebuerg“, erkläert den Nico, deen den Zenter geplangt huet.

Panorama-Lift: Bün fir d’Liewen Lëtzebuerg kenneléieren, dat géif och heeschen, sech an de ville klenge Stroosse mat Pawee, déi et an der ganzer Stad gëtt, ze verléieren, mengt den Arnaud. E klengen Ëmwee maachen, zum Beispill bei

d’Muerbelsmillen op der anerer Säit vun der Uelzecht, der leschter funktionéierender Waassermillen am Pafendall. E Schëld an der Faarf wéi Moschter mat dem Text „Moutarderie Hartmann“ deit drop hin, wéi dëst Gebai fréier genotzt ginn ass: Hei gouf Moschter gemaach. „Architektur beaflosst den Alldag vun de Leit. Mir wëlle mat hirer Hëllef d’Liewensqualitéit vu jidderengem verbesseren“, seet den Arnaud a kuckt no uewen op de Panorama-Lift, dee sech grad a Beweegung setzt. Zanter 2016 transportéiert dëse Lift, deen den Nico an den Arnaud entworf hunn, Passagéier a knapp 30 Sekonnen aus dem Pafendall ënne bei der Uelzecht erop an de Stadzentrum. Wärend der Faart an der gliese-

Net just bei Architekturfans eng beléifte Plaz. D’Récksäit vum Mudam mam Musée „Dräi Eechelen“ an dem Park ass längst e beléiften Treffpunkt: fir owes ze relaxéieren, fir e Picknick mat Frënn. „An der Stad liewen déi ënnerschiddlechst Kulturen zesummen. An all kënne si hei nei Leit kenneléieren, an der Natur sinn, wonnerbar Vuë genéissen“, seet den Arnaud.

11


ner Kabinn changéiert dauernd d’Perspektiv. D’historesch Haiser am Pafendall ginn ëmmer méi kleng. D’Vue fält op de Bësch um Hang vum Plateau. No an no sinn d’Tierm vun der Skyline um Kierchbierg um Horizont ze gesinn. Wann ee ganz uewen ukënnt, daucht d’Rout Bréck op, dës markant knallrout Bréck aus Stol, déi de Pafendall op 355 Meter Längt iwwerspaant. Aus dem Nico senger Siicht ass de Lift eng Bün fir d’Liewen an der Stad. „D’Leit am Lift kucken iwwert den Dall, gesi vläicht een, deen op der Terrass sëtzt oder sech aus der Fënster leet an ëmgedréint. Et begéint ee sech just mat Blécker, mä et fillt ee sech trotzdeem matenee verbonnen.“ E Lift als Visittekaart a Point de repère fir e ganze Quartier a seng Visiteuren.

Rue du Nord: faarweg Fassaden, bont Caféen, UNESCO-Spirit D’Visitt geet op enger anerer Plaz weider. Faarweg Dëscher reie sech um Bord vun der Säitestrooss uneneen. Hei sëtze jonk Leit mat engem Latte macchiato oder enger Hielennerlimonad an der Hand. Et ënnerhält ee sech, tauscht sech iwwer déi enk Strooss ewech aus. Anerer flanéieren iwwert de Pawee, weisen op d’Fassaden a gielen, gréngen oder Lavendeltéin, wénken de Gäscht op de faarwege Still virum Café. D’Rue du Nord an der Alstad – d’Renovéierung vun den historesche Fassaden hei war ee vun den éischte gemeinsame Projete vum Arnaud a vum Nico – ass nach esou eng urban Bün.

D’Rue du Nord an der Alstad ass eng urban Bün. D’Renovéierung vun den historesche Fassaden hei war ee vun den éischte gemeinsame Projete vum Arnaud an dem Nico.

12

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

„Mir hunn all ënnerschiddlech Originnen“, seet den Nico. Zirka 70 Prozent vun den Awunner vun der Stad Lëtzebuerg hu kee lëtzebuergesche Pass, plus all Dag iwwer 180 000 Frontalieren aus den Nopeschlänner. „Mä mir all treffen eis an de Caféen an op den ëffentleche Plazen an der Uewer-stad. Dës Plaze vereenegen eis an eisen Ënnerscheeder, an dat mécht d’Stëmmung vun dëser Stad aus. Fir mech ass Lëtzebuerg e Global Village.“ Niewent den historesche Gebaier, déi iwwerall an der Stad ze fanne sinn, entsprécht och grad dëst multikulturellt Mateneen den ideelle Wäerter vun der UNESCO.

Péitruss-Dall: e Gaart matten an der Stad Laanscht de rechteckegen Nationalmusée fir Geschicht a Konscht jauwen déi zwee Architekten op hire Vëloen eng schmuel, géi Gaass erof a Richtung Péitruss. Hei am Dall tëschent der Uewerstad an dem Plateau Bourbon weist sech Lëtzebuerg vu senger grénger Säit. Friddlech fléisst den Niewefloss vun der Uelzecht duerch den Dall. D’Ruine vun de Festungen a Bastiounen op de géie Pentë sti laanscht d’wäitleefeg Anlage vun de Parken. Zimmlech séier ass vum bonten urbane Liewen näischt méi ze spieren. Mä grad dat ass et jo, wat d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ausmécht – datt een esou séier an onkomplizéiert d’Niveauen an d’Welte wiessele kann. Mam Lift oder eeben och mam Vëlo.


Lëtzebuerg fleegt säi kulturellt Ierwen an ass trotzdeem eng Stad, déi an d’Zukunft kuckt – dovu sinn déi zwee Architekten iwwerzeegt. An dat soll jidderee gesinn. Viru fënnef Joer hunn den Arnaud an den Nico de Verbindungsgank aus Glas a Stol, deen tëschent der Gemeng an dem „Bierger-Center“ am Sonneliicht flimmert, entworf. E Stéck „ultramodern“ Architektur um historesche Knuedler matten am Zentrum.

Lëtzebuerg kenne léieren, dat heescht och, sech an de ville klenge Stroosse mat Pawee, déi et an der ganzer Stad gëtt, ze verléieren.

13


D’Faart am Lift ass och e Spill mat dem Erliewe vun Héicht. „D’Leit kënne selwer decidéieren, wéi wäit si wëlle goen. Verschiddener bleiwen um Enn vun de Staangen, un deenen ee sech upake kann, stoen, anerer traue sech bis ganz no vir op de gliesene Buedem“, erzielt den Nico.

14

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Zanter 2016 transportéiert dëse Lift, deen den Nico an den Arnaud entworf hunn, Passagéier a knapp 30 Sekonnen aus dem Pafendall ënne bei der Uelzecht erop an de Stadzentrum.

15


Urban Sketching

© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

Urban Sketching, dat ass eng international Community. D’Zeechner sinn digital vernetzt, reesen awer och duerch d’Welt, fir aner Zeechner an aner Plaze kennen ze léieren a sech auszetauschen.

Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA

Den Arnaud de Meyer sëtzt virum Zonk, deen de Site vum Kulturzentrum „Rotondes“ vun den Eisebunnsschinnen op der Gare trennt, op enger niddreger Mauer. Op senge Knéien e klengt Skizzebuch. Mat roueger Hand an engem waasserfesten, schwaarzen 0,5-Millimeter-Fineliner zeechent den Arnaud filigran Strécher. Dat aalt Portal, duerch dat fréier d’Lokomotive gefuer sinn, ass séier festgehal, ëmmer méi Detailer kommen dobäi, d’Luucht um Giewel, d’Mauere ronderëm, Béierbänken, zoue Sonneprabbelien, d’Fassade vun den anere Gebaier, e puer Vigel, wëlle Wäin un der Mauer. A just 30 Minutten huet hien déi ganz Zenerie op Pabeier skizzéiert. Nach e kritesche Bléck iwwert de Brëll – da kann hien zefridde seng Signatur op d’Blat am Skizzebuch setzen, plus den Datum a mat wiem hie gezeechent huet. Urban Sketching nennt sech dat. Et ass dem Arnaud seng Manéier, d’Stad ze entdecken. „Zeechnen ass virun allem eppes: genee kucken“, seet hien.

© BIRGIT PFAUS-RAVIDA

„Lëtzebuerg selwer ass schéi mat dem ville Gréngs, de villen Aussiichtspunkten – vun ënnen no uewen an ëmgedréint –, de Gebaier aus ënnerschiddlechen Epochen“, schwäermt hien. Och nach no 25 Joer Wunnen a Schaffen

16

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

an der Haaptstad ass den Arnaud, dee gebierteg aus der Belsch ass, vun dëser spezieller Ambiance begeeschtert. An déi wëll hien och kënschtleresch mat esou ville Leit wéi méiglech deelen. „Beim Urban Sketching zeechent een am ëffentleche Raum, ob eleng oder am Grupp“, erkläert hien. „An op eemol gesinn d’Leit, déi laanschtginn an dem Zeechner nokucken, dëse Raum och mat aneren Aen. Si kucke méi genee, setze sech mat de Gebaier an de Kompositiounen auserneen, stelle Froen“, stellt den Architekt ëmmer nees fest.

Architektur anescht erliewen  D’Urban Sketchers treffe sech reegelméisseg, fir zesummen ze zeechnen – ëmmer op enger anerer Plaz: http://usk-luxembourg. blogspot.com  Ausstellungen a Visiteguidéeën zum Thema Architektur beim LUCA – Luxembourg Center for Architecture: www.luca.lu  Spadséiergäng ronderëm Architektur an der Stad an um Land, virgeschloe vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils OAI: www.architectour.lu


„Mir hunn all ënnerschiddlech Originnen“, seet den Nico. Zirka 70 Prozent vun den Awunner vun der Stad Lëtzebuerg hu kee lëtzebuergesche Pass, plus all Dag iwwer 180 000 Frontalieren aus den Nopeschlänner. „Mä mir all treffen eis an de Caféen an op den ëffentleche Plazen an der Uewerstad. Dës Plaze vereenegen eis an eisen Ënnerscheeder, an dat mécht d’Stëmmung vun dëser Stad aus. Fir mech ass Lëtzebuerg e Global Village.“

17


The Good Life D’ROTONDES BEWEEGE BOUNEWEG

Eng ronn Saach!

De Konscht- a Kulturzentrum Rotondes iwwerrascht an all Eck. Nee, an all Kéier. Déi zwee ronn, fréier Schäpp fir d’Lokomotiven am Garer Quartier bidde cool Performancen, innovativ Konscht, vill Plaz fir Kreativitéit. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Foto RÉMI VILLAGI

18

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Si sinn Zwillingen; d’selwecht an awer verschidden. Déi eng ass glat a propper, déi aner weist, datt si zwee net méi déi Jéngst sinn a sech am Laf vun der Zäit e bëssen ofgenotzt hunn.

Dat Besonnescht ass – niewent der Programmatioun – de Charme vun der Location: d’„Shabby Chic“Ambiance vun den alen Depote fir d’Lokomotiven, d’al-IndustrieKomponenten, d’grouss Fläche quasi ouni Ecker an déi dacks erneiert Graffiti-Konscht; alles suergt fir Iwwerraschung an Innovatioun.

Zanter 1875 stinn d’Rotondes op hirer Plaz. Si ware Schäpp an Ateliere fir Feierween. No dem Zweete Weltkrich sinn d’Feierween no an no aus dem Alldag verschwonnen an d’Rotondes goufen als Depot a Reparaturatelier fir d’Busser vun der CFL genotzt.

Am Kulturjoer 2007 gouf et dann en éischte Virgeschmaach op dat, wat d’Rotondes haut sinn. An déi séier retapéiert Gebaier si Konscht a Kultur erageplënnert, mat Ausstellungen a Workshoppen. Zanterhier, mat enger tëschenzäitlecher Auslagerung op en anere Site wéinst groussen Ëmbauaarbechten, ass Liewen an de Rotondes. Mat vill Fantasie an Engagement fir all Altersgrupp. Concerten, Kongresser, Mäert, Konferenzen, Danz, Arts plastiques, Literatur – alles fënnt an den onverkennbare Gebaier seng Plaz. „Eng Iddi dreift déi aner un!“, seet de Steph Meyers, Chef vun de Rotondes.

© MR FILMS

Vill Engagement: Eng Iddi dreift déi aner un

© LETSPICSABOUTIT

Si goufen ënner Denkmalschutz gesat a jorelaang gouf diskutéiert, wat mat de charakteristesche Gebaier geschéie soll: Zentrum fir zäitgenëssesch Konscht? Wëssenschaftsmusée? Vëlosmusée?

19


All Summer lackelen d’Congés annulés Leit, déi net an d’Vakanz gefuer sinn, fir eng Extradosis Kultur an de Rotondes ze genéissen. Mat alternative Concerten an Events.

Eng ultra-urban Plaz an e bonte Public

 Erausgoen a Genéissen: Zu Bouneweg sinn Iddien a Konzepter Traditioun, an der Gastronomie grad wéi an de Rotondes. Lokal Produite spillen dobäi eng grouss Roll – ob de Béier am „Craft Corner“ oder d’Platen an der „Bouneweger Stuff“. www.craftcorner.lu www.bounewegerstuff.lu

An all Summer lackelen d’ Congés annulés Leit, déi net an d’Vakanz gefuer sinn, fir eng Extradosis Kultur an de Rotondes ze genéissen. Mat alternative Concerten an Events.

 Kreativ a lieweg: Kënschtleresch ausdrocksstaark ass och den „TROIS C-L – Centre de création chorégraphique luxembourgeois“ zu Bouneweg. An dem international vernetzten Zentrum gëtt zäitgenësseschen Danz entwéckelt an enseignéiert, an der Konscht vun der Choreografie eng professionell Plattform gebueden. Reegelméisseg presentéiere sech d’Danzkënschtler engem interesséierte Publikum, zum Beispill den drëtten all Mount beim „3 du Trois“. www.danse.lu

© SVEN BECKER

Dat Besonnescht ass – niewent der Programmatioun – de Charme vun der Location. Verkéiersachs, Autoen, d’Gare direkt niewendrun, d’urban Geräischer, gläichzäiteg d’„Shabby Chic“-Ambiance vun den alen Depote fir d’Lokomotiven, d’al-Industrie-Komponenten, déi een iwwerall gesäit, d’grouss Fläche quasi ouni Ecker an déi dacks erneiert GraffitiKonscht; alles suergt fir Iwwerraschung an Innovatioun.

Schéi Saache ronderëm d’Rotondes entdecken

„Dës Plaz ass an hirer Aart eenzegaarteg am Land. Dowéinst fille sech bei eis och vill international Gäscht an Expats esou wuel“, erzielt de Steph Meyers. Entspriechend villsäiteg ass och de Public an der Bar „Buvette“ a bei den Evenementer. Och d’Bouneweger am Quartier ronderëm d’Rotondes genéissen et, datt d’Leit hei esou verschidde sinn. Well de Quartier ass grad esou faarweg wéi d’Rotondes selwer. D’Stëmmung ass eenzegaarteg. Familiär – a gläichzäiteg ultra-urban.

20

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

 An der Natur: Bouneweg ass net just hip a faarweg, mä och gréng. Den aacht Kilometer laange Circuit pédestre Bonnevoie geet duerch de Bësch, iwwert eng Bréck a laanscht zwou Millen. Duerchootme quasi matten an der Stad. www.luxembourg-city.com

T L S


The Luxembourg Story Michel Engels (1851-1901), Bilder aus der Luxemburger Sage und Geschichte, Die Lützelburg auf dem Bockfelsen, 963-1543 (Detail), ëm 1886

DAUERAUSSTELLUNG

MÉI WÉI 1000 JOER

STADGESCHICHT

DËN - SON 10 - 18.00 DON 10 - 20.00 MÉI zou

citymuseum.lu


Open and Diverse D’STAD, ENG SPILLPLAZ

Zu Lëtzebuerg huet de Slogan vun der Zeen eng speziell Gültegkeet. Schonn als Kanner léiere Skater eng besonnesch Wäertschätzung fir Architektur an Ästheetik. An och d’Stad gewënnt — un Attraktivitéit fir e jonken, urbanen a kosmopolitesche Public aus der ganzer Welt. Text FABIAN TEUBER Fotoen THOMAS LINKEL

22

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Skateboarding is not a Crime 23


Virun der Kathedral gëtt schonn zanter den 1980erJore geskate. Spektakulär sinn d’Spréng iwwer vill Träppleken.

D’Skater-Zeen ass oppen, häerzlech a bal familiär. Och jonk Fraen spieren sech hei wuel an erueweren d’Stad op véier Rullen. 24

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Siwen Träppleker huet déi breet Trap virun dem Westportal vun der Kathedral Notre-Dame, och Mariendoum genannt, dësem beandrockenden, gotesche Bau aus dem 17. Joerhonnert. Den Ornello hëlt mat kräftegem Schwong op sengem Skateboard Ulaf, rullt a Richtung Trap, spréngt uewen of, dréint d’Board am Fléien ënnert de Féiss a lant ënne bei der Trap mat den zwee Been op dem Briet, ier hien an engem grousse Bou ausrullt: Hie grinst, Trick gegléckt. D’Trap an d’Plaz virun der Kathedral, déi gutt zwee Tennisfelder grouss ass, sinn ewéi gemaach, fir ze skateboarden – a gëllen als Urspot vun de lëtzebuergesche Skater.

wou och all Tourist laanschtkënnt“, erzielt den Nico. Mat dem Skatepark gouf d’Zeen nach méi grouss, nach méi multikulturell an nach méi gemëscht: „Vill Frae si bäikomm an och vill Jonker. Awer och méi al Skater, déi no Joren hiert Board nees ausgepaakt hunn, well si esou e geniale Park virun der Dier hunn.“ Skater fannen iwwerall an der Stad aussergewéinlech Spots. Déi géi Stroosse mat hire ville Kéieren erof an de Gronn; awer och an der

Uewerstad, déi vu mëttelalterlechen Haiser gepräägt ass, gëtt et eng Hellewull un Trapen, Maueren an Handleef.

Géi Kéieren, grouss Kontraster Um Kierchbierg, tëschent moderne Gebaier aus Glas a Stol, läit eng grouss Plaz niewent där anerer – ideal fir ze skaten. „Kontraster wéi zu Lëtzebuerg tëschent der

Luxembourg Dreaming Scho viru méi ewéi 30 Joer gouf bei der Kathedral geskate. Den Ornello, den Tom, de Gilles an den Nico waren do nach net gebuer. Haut gehéiere si als Ennzwanzeger scho bal zum alen Eise vun der lëtzebuergescher Skater-Zeen. Datt Skater ouni Problem virun der Kathedral fueren dierfen, war fir den Nico, dee vu München ass, am Ufank zimmlech aussergewéinlech. A ville Stied ginn d’Skater verjot, ginn ëffentlech Plazen esou gebaut oder nodréiglech preparéiert, datt een hei net skatë kann. Zu Lëtzebuerg ass dat anescht, d’Zeen genéisst an der Stad eng héich Akzeptanz.

Déi bal 3500 Quadratmeter grouss Anlag mat zwee Bowls, zeg Trapen, Rampen, Rails a Curbs ass 2016 opgaangen. Direkt doniewent stinn d’Iwwerreschter vun der historescher Befestegungsanlag, am Hannergrond féiert de Viaduc iwwert de Gronn.

De Skatepark „Péitruss“ beweist dat. „De Péitruss ass ee vun de gréissten a schéinste Skateparken an Europa, matzen an der Stad,

25


A ville Stied ginn d’Skater verjot, ginn ëffentlech Plazen esou gebaut oder nodréiglech preparéiert, datt een hei net skatë kann. Zu Lëtzebuerg ass dat anescht, d’Zeen genéisst an der Stad eng héich Akzeptanz.

Alstad mat hirem UNESCO-Weltierwen an dem moderne Quartier um Kierchbierg fënnt ee soss a bal kenger Stad. Dat ass ewéi e Wiessel tëschent zwou Welten. Op anere Plaze sinn Al an Nei direkt niewenteneen, dat aalt Postgebai an d’Galeries Lafayette zum Beispill. Dat ass natierlech och fir Skateboarder eppes Extraes“, mengt den Nico.

Urbanismus „for all“ Och d’Philharmonie steet um Kierchbierg. Virun der gliesener Fassad stinn Honnerte vu schmuelen, héije Sailen, op de Säite leeft d’Gebai wellefërmeg aus. Eng perfekt Ramp! Op der Plaz hannendru goufen d’Skater scho beim Plange berécksiichtegt – an esouguer matabezunn: D’Urbanisten hunn d’Skateboarder gefrot, wéi een d’Sëtzplaze gestalte kéint, fir dass si net esou séier ofnotzen. Metalle Kante waren d’Léisung. An esou schlidderen d’Boards iwwer d’Kanten. Cool Skater viru Kulturkuliss. D’Stad: eng perfekt Spillplaz.

26

Hotspotte fir Skater

Baussent der Haaptstad

 Philharmonie: De bekanntste Skatespot vu Lëtzebuerg, dee schonn a villen internationale Skatemedien opgedaucht ass. En oppene Raum, op an an deem jidderee wëllkomm ass; dat gëllt och fir aner urban Sportaarten, zum Beispill BMX (1, place de l’Europe).  Kathedral: Skatespot mat laanger Geschicht. Virun dem sakrale Gebai gëtt schonn zanter den 1980er-Jore geskate. Spektakulär sinn d’Spréng iwwer vill Träppleken (Boulevard Roosevelt).  „Alima“: De Schoulsite ass e weidere Klassiker ënnert de Skatespots an der Stad. Gudde Buedem, gutt Ledges a Bléck, an ausserhalb vun de Schoulzäite ronderëm d’Auer „op“ (Lycée Aline Mayrisch; 30, boulevard Pierre Dupong).  Skatepark Péitruss: Ee vun de schéinste Skateparken an Europa, gläichzäiteg an der Stad an an der Natur. Hei treffe sech esouwuel „al Huesen“ wéi och NowuessSkater (2, rue Saint-Quirin).

 Skateplaza Belval: Och de Süde gëtt vu Skater gerockt. De Skateplaza Belval ass modern, wäitleefeg a matzen an der grénger Natur am „roude Minett“. D’Rockhal, d’Butteker an d’Caféen am hippen, neie Quartier Esch-Belval si just e Sprong mam Board ewech (100, avenue du Blues, Belval).  Skatepark Diddeleng: De Skatepark „Schmelz“ zu Diddeleng an d’„Dirtline“ zéie virun allem wärend de Summerméint vill Visiteuren un. Op dëser Anlag gëtt och all Joer d’„Parc and Ride Competitioun“, besser bekannt ënnert dem Numm „Dudelange on Wheels“ (Route de Thionville, Diddeleng), ausgedroen.  Skatepark Kaul: Héich am Norden an direkt beim Camping Kaul läit e ganz besonnesch schéinen a moderne Skatepark matzen am Activity Park Kaul. Och hei gi reegelméisseg Evenementer a Formatiounen organiséiert (60, Campingstrooss, Wolz).

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Keng Beréierungsangscht mat der Monarchie: Den Ornello voll am Flow virum Palais.

D’Stad: eng ideal Kuliss fir Skater. Erop an erof, Al an Nei a vill Gréngs maache se zur perfekter Spillplaz. 27


Open and diverse URBAN ART VU LËTZEBUERG HÉICH ERAUS

Flying Sumo „Live life like it’s the weekend“: A knallege Faarwe prangt dëse Saz op der Boeing 737 vun der Luxair. Och eng Dash-Propellermaschinn vun der Fluchgesellschaft düüst faarweg amplaz wäiss, turquoise a rout duerch den Himmel. D’Urban Art vum Kënschtler Sumo hieft of. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen YANNICK IOB (OPENER), MIKE ZENARI

28

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


29


Dem Sumo seng Konscht ass freedeg, knalleg, liewensfrou. Zu Lëtzebuerg am bekanntste si seng „Crazy Baldheads“, Käpp mat spatzer Nues, déi geféierlech d’Zänn fletschen an awer dach witzeg ausgesinn. Viru 25 Joer huet de Christian Pearson, alias Sumo, ugefaangen, an de Stroossen, op Maueren an op Zich Graffitien ze sprayen. „Beim Spraye bass de fräi an anonym. An du méchs der no an no en Numm an der Zeen“, erkläert de Sumo. Haut ass seng Konscht international bekannt. Hie moolt a sprayt ganz legal op Toillen an, op Ufro, op Mauere vu Gebaier. A seng „Crazy Baldheads“ fléie fërmlech duerch d’Loft – mat zwou Luxair-Maschinnen.

dës Kéier net Schicht fir Schicht wéi op Toillen oder Mauere vu Gebaier gemoolt a gesprayt, mä als Entworf opgezeechent. Duerno goufen iwwerdimensional Stickeren doraus gemaach. Dat passt: Dem Sumo seng Konscht ass fir jiddereen an d’Stickeren transportéieren d’Konscht fir jiddereen. Hei si se eeben nëmmen e bësse méi grouss. Bing, bang, boom: Pop Art um Fliger. „D’Aarbecht war super. Et huet immens

Fräi Zäit, schéi Momenter Matten am Corona-Lockdown huet d’Luxair beschloss: Mir mussen e positiivt Zeeche setzen: Freed a Loscht op Verreesen vermëttelen. A wéi eng Konscht wier do besser gëeegent wéi déi faarweg Buschtawen a Symboler vum Urban Art-Kënschtler Sumo? De Sumo hat fräi Hand: Motiver, Texter, Kompositioun um ganze Fliger. Säi Sproch „live life like it’s the weekend“ passt einfach. Fortfléien, Weekend, fräi Zäit, Fräiheet, schéi Momenter.

Dem Sumo seng Konscht ass freedeg, knalleg, liewensfrou. Zu Lëtzebuerg am bekanntste si seng „Crazy Baldheads“, Käpp mat spatzer Nues, déi geféierlech d’Zänn fletschen an awer dach witzeg ausgesinn.

De Sumo konnt sech op der Boeing 737-800 mam Kennzeechen LX-LGU an op der De Havilland Canada Dash 8-400 mam Kennzeechen LX-LQA austoben. 200 Stonnen huet d’Gestaltung gedauert, 19 Stonnen d’Ubrénge vun de Folien op den zwee Fligeren. Seng iwwerlappend Motiver huet hien

30

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

vill Spaass gemaach, et goung bis Mëtternuecht, e Gefill wéi bei enger Startup-Entreprise“, verzielt de Sumo laachend.

Ambassadeur vun der gudder Laun An elo si béid Fligeren ënnerwee, als Ambassadeur vun der gudder Laun, als Megaphon vum Urban Art made in Luxembourg. „Out of


Viru 25 Joer huet de Christian Pearson, alias Sumo, ugefaangen, an de Stroossen, op Maueren an op Zich Graffitien ze sprayen. Haut moolt a sprayt hie ganz legal op Toillen an, op Ufro, op Mauere vu Gebaier.

Matten am Corona-Lockdown huet d’Luxair beschloss: Mir mussen e positiivt Zeeche setzen, Freed a Loscht op Verreesen vermëttelen. A wéi eng Konscht wier do besser gëeegent wéi déi faarweg Buschtawen a Symboler vum Urban Art-Kënschtler Sumo?

31


office“, „up and away!“ De Sumo freet sech. Et war eng grouss Éier fir hien. An: „Ech krut schonn immens vill Selfië virun de Fligere geschéckt. De Start gouf esouguer eng Kéier verzögert, well ze vill Leit virum Eraklammen eng Foto maache wollten.“ Eraklamme lount sech awer, well och bannen am Fliger huet de Sumo Hand ugeluecht.

De Sumo konnt sech op der Boeing 737-800 mam Kennzeechen LX-LGU an op der De Havilland Canada Dash 8-400 mam Kennzeechen LX-LQA austoben.

De Sumo live erliewen  A senger Gallery1to1 am Garer Quartier kann een dem Sumo seng Konscht live erliewen, ob groussformateg Biller oder originell MerchandisingArtikelen. Ausserdeem stellen hei och aner aflossräich an talentéiert Urban-Art-Kënschtler aus, déi de Sumo ënnerstëtze wëll. Urban Art: Definitiv salonsfäeg! Gallery1to1, 31, rue de Strasbourg; www.sumo.lu  Fluch mat Gutt-Laun-Garantie: D’Fligeren, déi de Sumo kreéiert huet, kann een op der Luxair-Homepage entdecken a „planespotten“. www.luxair.lu

Seng iwwerlappend Motiver huet hien dës Kéier net Schicht fir Schicht wéi op Toillen oder Mauere vu Gebaier gemoolt a gesprayt, mä als Entworf opgezeechent. Duerno goufen iwwerdimensional Stickeren doraus gemaach.

 De Sumo ganz plastesch: Zu Zéisseng huet de Kënschtler e Gebai matgestalt, dat ausgesäit, wéi wann Tiräng an den Himmel géifen opgoen. D’Gebai, dat vum Architektestudio „Metaform“ realiséiert gouf, faszinéiert mat enger kubistescher Ästhetik – a mat der feiereg-liichtender Gestaltung vum Sumo. www.metaform.lu

32

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG



Outdoors Passion ON THE ROAD MAT ANHANG

Dobannen dobaussen

34

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Confort geet vir! Mat enger Rulott kënnt een duerch all Wieder, et schléift een wéi an engem Hotelszëmmer an et ass een dach ëmmer dobaussen, an der spréchwiertlecher frëscher Loft. E Lëtzebuerg-Roadtrip mat Anhang. Text THOMAS JUTZLER Fotoen ANDRÉ SCHÖSSER, THOMAS JUTZLER

35


De fréie Vull fänkt dat schéinste Fotomotiv. D’Landschaft ëm Frombuerg läit friddlech am Sonnenopgank. Déi no Sauer schéckt schwiewend Niwwelwolleke laanscht.

36

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Grand-Duché verfüügt iwwer e Reseau vu klengen a groussen — a ganz gutt amenagéierte — Weeër, déi et Entdecker ewéi eis einfach maachen, drop lass ze fueren.

37


Mëllerdall: Kuerz viru Bäerdref féiert d’Strooss duerch déi massiv Fielsbléck vum Lëtzebuerger Sandsteen. En Urmier, dat d’Regioun virun 250 Millioune Jore bedeckt huet, huet d’Landschaft esou geformt.

38

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Et ass Léift op den éischte Bléck. Déi blénkeg rout-wäiss, knuffegronn Eriba-Rockabilly-Rulott waart op eis an der Locatiounsstatioun. E gemittleche Mix aus Vakanzewunneng mat getëppelte Riddoen a Camper. Dat Ganzt an engem Retro-Design aus de 50erJoren. Kleng a ronn. D’Knuutsch-Kugel gëtt ugehaangen, d’Rockabilly-Playlist ugeschmass. Mir, Camper aus Däitschland, wëllen eist Nopeschland kenneléieren! D’Boombox spillt „Peggy Sue“ vum Buddy Holly. A schonn hu mir en Numm fir eist Hotelszëmmer op Rieder: Ab elo nenne mir den Unhänger Peggy Sue. De Begrëff Rockabilly staamt aus de Südstaate vun den USA, wou wäiss Museker an de 50er-Joren de „schwaarzen“ Rhythm and Blues nogemaach hunn. Doraus gouf eng Mëschung aus Rock a Country. Also Rock, dee vun den Hillbillys – de „Landeeër“ – gespillt gouf. Do passt et sech jo da ganz gutt, datt eise groussherzogleche Roadtrip ganz am Norde vu Lëtzebuerg start. Um Land also. Op de relativ raue Plateaue vun den Ardennen.

Breaking good Op de lëftegen Héichplateauen am Éislek ass et net ganz einfach Landwirtschaft ze bedreiwen. Do ass een nämlech op ongeféier 500 Meter Héicht. D’Bauereninitiativ Ourdaller huet sech doropshin eng afale gelooss. Si setzt op Uelegkären. Mohn, Raps, Läin an Hanf wiisst hei ganz gutt. Mir hu Rendez-vous mam Initiateur vun

der Genossenschaft. Den Norbert weist eis d’Produktiounsanlagen. Wéi hien d’Dier vum fréiere Koustall opmécht, kënnt eis direkt e wierzeg-séissen Doft entgéint. D’Loft ass duuss a schwéier zugläich. Et wëll ee guer net méi ophalen, berauscht anzeootmen! „An? Kennt Der de Geroch?“ Dee bal 70-Järege grinst eis un. „Mir fabrizéiere CBD-Produkter fir d’Pharmazeutika. Natierlech a Kooperatioun mat den Autoritéiten, mä den Hanfubau ass fir eis, an dëser strukturschwaacher Regioun, eng Chance.“ Mir si baff. Do si mer an engem klenge Kaff matzen an de Lëtzebuerger Ardennen, an éier mer eis versinn, befanne mer eis an enger Breaking-Bad-Zeen mat allerlee Hightech-Distillatiounsgeräter. THC ass do natierlech net dran,

mä den Aroma ass herrlech, an dofir huele mir e puer Titercher Hanfbléientéi mat, éier mer weiderfueren.

Babylon Um Wee fir op de Stauséi Uewersauer, wou mir eis Stand-upPaddelkonschten teste wëllen, maache mir ee Stopp an der Kautebaach. Hei hält den 52 Kilometer laangen „Lee Trail“ op. Mir trëppelen e klengt Stéck dovun an déi entgéintgesate Richtung. De Wäitwanderwee féiert iwwer kleng Pied duerch Steeneechebëscher, laanscht géi Gestengsformatiounen an iwwer Fielskanten an Héichplateauen. Fir dee ganze Wee brauch een dräi bis véier Deeg. Mir schnupperen nëmmen

Fiels, Bësch a Waasser sinn d’Elementer, déi d’Regioun vum Mëllerdall prägen. Am déiwen Dall, bei der Buergruin Beefort, leeft een iwwer Passerellen iwwer déi sumpfaarteg Wiss. Déi impressionant Ruin aus dem 12. Joerhonnert waart houfreg am Bësch op hir Visiteuren. Direkt hannert der Buerg läit e gutt erhalent RenaissanceSchlass.

39


D’Sauer ass ee vun de gréissten Nieweflëss vun der Musel. Op ongeféier 170 Kilometer schlängelt si sech duerch d’Ardennen. Tëschent Wallenduerf an der Iechternacherbréck kann ee besonnesch gutt paddelen.

40

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Paddelen op der ënneschter Sauer ass eppes fir jiddereen: De Floss fléisst gemälleg, d’Strengte si fir Ufänger gëeegent an d’Waasser geet op de meeschte Plazen héchstens bis bei d’Hëft. Do kann ee mol roueg an d’Waasser kippen!

41


eran, erliewe säftegt, donkelt Gréngs a plécken hei an do eng Molbier, déi hei wëll wuessen. An da weider! Zu Esch-Sauer gesi mer schonn déi éischt SUPler op der Sauer duerch d’Duerf paddelen. No e puer Kéiere läit de Séi virun eis. Als hallef Schutzgebitt, hallef Sportsgebitt, ass de Séi e beléift Ausfluchzil vun den Einheimeschen.

No e puer Paddelstéch am kristallklore Waasser pake mir eis Siwesaachen an zuckele weider iwwer déi schmuel Landstroossen, biergop, biergof, bis op eise Camping „Kohnenhof“.

Op der Wiss beim Séi gëtt eis d’Villsproochegkeet an d’Multikuluralitéit vu Lëtzebuerg fir d’éischt bewosst. Bei de Grillstellen héiere mir eng babylonesch Mëschung aus Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch a Portugisesch. D’Portugise sinn dee gréissten Awanderungsgrupp. Si koumen als Gaaschtaarbechter a si bliwwen. Am Gespréich beim Grill léiere mir: Typesch lëtzebuergesch sinn zum Beispill och portugisesch Restauranten!

Éier mer op eise Camping komme ruffe mer eng Dose Mol: „Do ass en! Elo si mer do!“ Fir da festzestellen: Nee, dat war en anere Camping. Am Grand-Duché gëtt et eng super Infrastruktur fir d’Camper! A villen diskreete Flossschleefe ginn et kleng a ganz kleng Campinger. Oft direkt laanscht d’Ufer. An oft fest an hollännescher Hand. Vun Holland aus sinn d’Ardennen déi éischt richteg Bierger. An dobäi ass et – aus hollännescher Siicht – Ausland. Also kënnt definitiv

Vun den Hollänner léieren

Esch-Sauer ass en typeschen Ardenner Buergfleck, tëschent de Bierger agekeilt a vun der Sauer ëmginn – an zielt mat senger Lag zu den eenzegaartegsten Uertschafte vum Land. Eng Strooss féiert duerch zwee Tunnellen zum Sauerstaudamm.

Vakanzefeeling op! A well d’Hollänner bekanntermoossen (oder dem Klischee no) Camping vernarrt sinn, gëtt immens vill an dëst Segment investéiert. Mir parken d’Peggy Sue. De Frigo summt, d’Liichterketten hänkt op, eist Lager ass prett. Mir ginn an de Restaurant „Am’Our“, deen direkt beim Camping läit a wou ausschliisslech regional Produkter am Holzfeieruewe preparéiert ginn. Baussen a Banne verschmëlzen. Outdoor an Indoor a perfekter Kombinatioun. Firwat hu bis elo haaptsächlech d’Hollänner matkritt, ewéi cool et hei ass? An nëmme ganz wéineg Däitscher? Dat wësse mer net. Och fir eis hat Lëtzebuerg bis elo nëmmen „iergendeppes mat Europa an Amazon“ ze dinn.

Beim Amazonas Apropos Amazon! Bei „Ronn’s Bikes & Kajaks“ loune mir eis dat néidegt Equipement fir um Amazonas tëschent Wallenduerf an Iechternach ze paddelen. Nujee, net ganz. Et ass nach ëmmer d’Sauer. Virun eis flitt en Äisvull vun Aascht zu Aascht. All Kéier, wa mer mam Boot méi nokommen, flitt en op en anere Strauch weider, bis mer en iergendwann aus den Ae verléieren. Kuerz virun Iechternach hëlt de Ronn, dee schonn als Kand mat sengen Elteren hei an d’Vakanz komm ass, an elo Kajaken a Vëloe verlount, d’Booter entgéint. Mir schloen eis e Wee weider duerch d’Gebëschs. Genauer gesot duerch d’Fielsen. D’Regioun ronderëm Iechternach ass bekannt als Kleng

42

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Regioun ronderëm Iechternach ass bekannt als Kleng Lëtzebuerger Schwäiz; an enger Vegetatioun, déi un den Urwald erënnert, iwwerall Schluchten, Baachen, Häng an Hielen. 43


Matzen an den Ardennen, an engem Dall mat Bësch, direkt um Grenzfloss Our, läit de Camping „Kohnenhof“. Flussofwäerts kommen der nach e puer dobäi. Agebett an déi säfteg gréng Däller vun der Regioun.

44

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Rou a Besënnung – déi fënnt een op ville Lëtzebuerger Campinger. An och dee klenge Luxus! De reesende Gourmet léisst et sech gutt schmaachen am éischtklassege Restaurant „Am’Our“, direkt niewent dem Camping „Kohnenhof“.

45


Ausser an der Waasserschutzzon, déi vun der Haaptstaumauer bis ongeféier 5 km an de Séi erareecht, sinn hei ettlech Waassersportaarten erlaabt, zum Beispill Schwammen, Paddelen, Dauchen, Surfen oder Seegelen. 46

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Den Naturpark Uewersauer, am Nordweste vu Lëtzebuerg, gëtt vun sengem 380 ha grousse Stauséi gepräägt, deem gréissten Drénkwaasserreservoir vu Lëtzebuerg. Déi steil a gréng Häng, déi oft direkt bis un d’Ufer reechen, schafen e besonnescht natierlecht, onberéiert Landschaftsbild, dat zum Entspanen aluet.

47


Lëtzebuerger Schwäiz; an enger Vegetatioun, déi un den Urwald erënnert, sinn iwwerall Schluchten, Baachen, Häng an Hielen. Zeréck op de Camping komme mer mam ëffentlechen Transport. Do muss een hei net vill plangen. Deen ass am ganze Land fir näischt, also gratis. Verréckt. Ass awer esou. Eraklammen a fuere wouhin ee wëll. Ouni Ticket! Praktesch, virun allem fir déi, déi mam Rucksak ënnerwee sinn.

Direkt vum Feld op den Dësch

d’Gäscht vun de Vakanzewunnenge kënnen am Gaart mathëllefen. Ënner den desinteresséierte Blécker vun den haffeegenen Angus-Ranner plécke mir, zesumme mat Proprietaire vum Haff, dem Jeff, Zalot, Tomaten an Zwiwwele fir de Barbecue, dee mir zesumme mam Philippe, geléierte Kach a Frënd vum Jeff, virbereede wëllen. De Philippe huet en aalt Uelegfaass mat enger Eiseplack an e Grill ëmfunktionéiert. Mat engem Lach fir den Dutch Oven. Doranner brutschelt eng herrlech lecker Moschterzooss. Alles kënnt direkt vum Feld op den Dësch. Outdoor-Cooking vum Allerfeinsten! Gudden Appetit!

Zum Ofschloss vun eiser Tour wëlle mer nach eemol Landloft schnupperen. De Frombuerger Haff a seng Solidaresch Landwirtschaft (kuerz: SOLAWI) huet eis virwëlzeg gemaach. Iwwer 50 verschidde Kulture ginn hei ugebaut. Uebst, Kraider, Bieren, Blummen, Geméis – alles ka vun de Membere vun der SOLAWI direkt um Feld oder an den Zären erageholl ginn. Och

48

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

„Gromperekichelcher mat Wäinzoossiss “ sinn nach besser, wa se an der Outdoor-Kichen direkt iwwer dem Feier gebrutzelt ginn!

Zu Lëtzebuerg bequeem mobil  Lëtzebuerg huet e grousse Reseau u confortabele Campinger, déi iwwer d’ganzt Land verdeelt sinn. Niewent de Stellplaze fir Camper, Rulotten an Zelter gëtt et och aussergewéinlech a kuscheleg Iwwernuechtungsméiglechkeeten, wéi Holzhaisercher, Blockhütten oder Tipien. www.camping.lu  Den ëffentlechen Transport ass am ganze Grand-Duché gratis (an der 2. Klass). Déi meeschte Campinger si gutt un de Reseau vum ëffentlechen Noverkéier ugeschloss. Iwwer d’App vun der Mobilitéitszentral kann ee sech iwwer d’Horairen informéieren. www.mobiliteit.lu  Mat der Luxembourg Card gëtt et vill Remisen an Tipps ronderëm déi touristesch Attraktiounen am ganze Land. D’App einfach eroflueden. www.luxembourgcard.lu


Wärend de Speck, d’Gromperekichelcher an d’Zoossiss um Feier brutzelen, genéissen de Jeff vum Frombuerger Haff an ech en originale Lëtzebuerger Hanfbeier. Mir sëtze virum Peggy Sue an de Bléck geet iwwer d’Felder an der Owessonn. „D’Burger si prett“, héiere mer de Philippe ruffen. D’Ranner, déi vun de Wirschtercher näischt wësse wëllen, muen zefridden. Insekten danzen an der Sonn. Esou léisst et sech aushalen!

49


Transforming Experiences E KËNSCHTLER AUS DEM ÉISLEK

Seng Beem, seng Welt 50

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


D’Lëtzebuerger Ardennen am Norde vum Land sinn dem Jean-Marie Biwer seng Heemecht. D’hiwweleg a gréng Landschaft ass eng onendlech Quell u Motiver fir de Kënschtler. Hie moolt säit iwwer 40 Joer. Seng Wierker gi reegelméisseg ausgestallt, zum Beispill am Mudam. Et kann ee se esouguer permanent zu Washington gesinn — oder a sengem Atelier an der klenger Uertschaft Kierchen, ganz uewen op der Landkaart vu Lëtzebuerg. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen VERONIQUE KOLBER

51


Am Atelier kommen d’Andréck op d’Toile. Op Quadrater, net méi grouss ewéi de Cover vun enger Plack, oder op Rechtecker, déi ganz Mauere fëllen.

Dem Jean-Marie Biwer seng Biller si voll mat Symboler a vläicht esouguer voll mat grousse Wourechten. An awer wierke seng Biller voller Liichtegkeet an ouni Effort.

52

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Héich Bierke sti virun der grousser Fënster, duerch déi de Jean-Marie Biwer kuckt, wann hie moies den éischte Kaffi vum Dag drénkt. Dëse mécht de Moler an engem almoudeschen Espressosbiz op der Kachmaschinn. Staark a schwaarz, esou muss e sinn. Wann de JeanMarie Biwer dann aus dem ale Bauerenhaus kënnt, dat hie jorelaang mat Léift restauréiert huet, a mat senger Fra Geneviève spadséiere geet, gesäit hien d’Hiwwele vum Éislek, e klengen Dëmpel net wäit ewech vum Haus, Kéi, eenzel Beem, e klenge Bësch. Hie mécht Zeechnungen an eent vun de Skizzebicher, vun deenen et der bal grad esouvill gëtt wéi Blieder un de Bierken, déi hie fir d’Gebuert vu senge Kanner geplanzt huet. Am Atelier kommen d’Andréck op d’Toile. Beem. Kéi. Mënschen. De Biz. Pinselen, Faarwen a Geschier. Eng Schuel mat Äppel. E Mann, deen nodenklech op d’Säit kuckt. Dem Jean-Marie Biwer seng Welt. Op Quadrater, net méi grouss wéi de Cover vun enger Plack, oder op Rechtecker, déi ganz Mauere fëllen.

Blatstrukturen ewéi Äis, dat brécht De Jean-Marie Biwer moolt, wat viru sengen Aen ass. Wat hannert de Motiver steet, ass oft méi, ewéi een op den éischte Bléck gesäit – voll mat Symboler a vläicht esouguer voll mat grousse Wourechten. An awer wierke seng Biller voller Liichtegkeet an ouni Effort. „Wann ee just Beem op menge Biller gesäit, dann ass dat

fir mech o.k.“, seet de Jean-Marie Biwer mat engem Grinsen. „Mä meeschtens stécht méi dran.“ An der Schuel vun der Bierk ass den Ëmrëss vun engem Kand ze gesinn. An der Struktur vun de Blieder virun dem bloen Himmel verstoppe sech Motiver aus der Astrophysik an der Quantemechanik, Synapsen am Gehier, oder Äis, dat brécht. Dat Grousst am Klengen ze weisen, dat Déift am Iwwerflächlechen ze verstoppen, ass eng Konscht, déi dem Jean-Marie Biwer ganz liicht an ouni vill Chichi geléngt.

De Jean-Marie Biwer ass e gudden Observateur. Mat sengem Wierk hannerfreet hien och déi heiteg Roll vun der Molerei an enger Welt, an där mir vu Biller an Informatioune carrement iwwerschwemmt ginn. „Ech wëll de Mënschen einfach e Gefill vu Raum an Déift zeréckginn an enger Zäit, an där villes just nach um Ecran passéiert“, erkläert de Moler. Iwwer 45 Joer Ausenanersetzung mat der Konscht an hire ville Forme spigele sech a sengem ofwiesslungsräiche Wierk. Wie säin Atelier besicht,

De Jean-Marie Biwer ass de 17. September 1957 zu Diddeleng gebuer. Hie schafft zanter 1974 als onofhängege Moler a krut säitdeem vill Auszeechnungen. 1993 huet hie Lëtzebuerg bei der Biennale zu Venedeg vertrueden. De Papp vun zwee Kanner wunnt zanter den 1980er-Jore mat senger Fra, der Konschtfotografin Geneviève Badoual, am Éislek.

53


entdeckt sensibel Aktmolereien, higehaucht mat Aquarellfaarwen, fragil Zeechnungen aus senger Fieder an duuss Lithografien.

Siichtbar Musek De Jean-Marie Biwer ka bei all Motiv eng Geschicht erzielen – an hien erzielt gär, wärend hie vun engem Raum an deen anere geet. Zum Beispill vum Pianist op der Mansarde, deen déi kleng Wunneng zu Paräis all Dag mat Téin gefëllt huet, wéi d’Famill Biwer eng Zäitchen do gewunnt huet. D’Nouten dauchen als ganz vill rhythmesch beweegte Flecken an Aquarellen op, déi seng schlofend Fra op dem Bett an deem Paräisser Appartement weisen. Siichtbar Musek.

Wien dem Jean-Marie Biwer seng Biller betruecht, ka sech an déi Landschaften erandreemen. A wann e genee kuckt, da kann een Zwëschentéin an Nuancen erkennen, déi wäit iwwer dat erausginn, wat d’A op den éischte Bléck gesäit.

54

Op de Spuere vum Kënschtler  Eng Partie vum Jean-Marie Biwer senge Wierker sinn zu Lëtzebuerg am Nationalmusée (MNHA) an am Mudam an der Sammlung vertrueden a ginn an temporären Ausstellungen do gewisen.  Am Festsall vun der Diddelenger Gemeng, an der Entrée an am Konferenzsall vun der Ëlwener Gemeng sinn dem Jean-Marie Biwer seng Biller ëmmer ze gesinn. Och hänke Biller an e puer Banken, zum Beispill am Haaptgebai vun der Spuerkeess an der Stad („Rousegäertchen“/Avenue de la Liberté). Och op där anerer Säit vum Atlantik ass de Jean-Marie Biwer vertrueden: E puer vu senge Bierkebiller dekoréieren de ronne Festsall vun der lëtzebuergescher Ambassade zu Washington.  Besicht de Kënschtler perséinlech a sengem Atelier zu Kierchen (Basbellain). Hei entstinn deeglech nei Wierker. Déi wonnerschéi Landschaft an der Ëmgéigend invitéiert, fir d’Welt vum Biwer bei engem Spadséiergang oder enger Wanderung kennen ze léieren an sech vun der Natur inspiréieren ze loossen. Oder kuckt Iech dem Jean-Marie Biwer seng Wierker op Facebook un (https://www.facebook.com/jeanmarie.biwer).

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Tipps fir en Ausfluch an enger inspiréierender Géigend  Den EscapardenneWäitwanderwee féiert an der Géigend vum Jean-Marie Biwer sengem Wunnuert laanscht. Den 106 km laangen „Escapardenne Éislek Trail“ ass no Krittäre vum Qualitéitssécherungssystem „Leading Quality Trails – Best of Europe“ (LQT) certifiéiert. www.escapardenne.eu  Ee vun den héchste Punkte vum Land (558 m) ass beim noen Huldang op dem „Burrigplatz“ (Burgplatz). Hei féiert de Ravel-Radwanderwee „Vennbahn“ vun Oochen op Ëlwen (125 km).  Maacht eng (Digital) Detox am Klouschter Pafemillen (Fünfbrunnen), fir zur Rou ze kommen.

Kultur um Land  Lëtzebuerg huet och um Land ganz vill Kultur ze bidden – ob Musek, Danz, Theater a Cabaret, literaresch Owender, Konscht, Kino, Workshoppen oder aner Offeren op internationalem Niveau. Eng Zesummefaassung vun de regionale Kulturzentere fannt Dir hei:


De Jean-Marie Biwer moolt, wat viru sengen Aen ass. Wat hannert de Motiver steet, ass oft méi, ewéi een op den éischte Bléck gesäit.

D’Lëtzebuerger Ardennen am Norde vum Land sinn dem Jean-Marie Biwer seng Heemecht. Déi hiwweleg a gréng Landschaft ass eng onendlech Quell u Motiver fir de Kënschtler.

55


Outdoors Passion MAT DE VELOSVEDETTEN ON TOUR DUERCH LËTZEBUERG

Si sinn d’Spice Girls vun de lëtzebuergesche Vëlosekippen. D’Velosvedetten huelen hire Sport zimmlech seriö, mä virun der sportlecher Leeschtung stinn de Spaass an d’Gemeinschaft. Text CHRISTIANE WÜRTTEMBERGER Fotoen OLIVER RAATZ

5656 LUCILUCI INSPIRING INSPIRING TRAVEL TRAVEL STORIES STORIES FROM FROM LUXEMBOURG LUXEMBOURG


Séier Ekipp, grouss Frëndschaft 57 57


Et ass Samschdegmoien um 10 Auer, en Dag am fréie Summer mat ganz vill Sonn. Op dem Parking zu Ettelbréck maache sech haut sechs Velosvedette prett: D’Vëloe gi kontrolléiert. Schong gewiesselt, Helmer a Sonnebrëller ugepasst. Nach eng kleng Kosettchen – wéi war är Woch, wat gëtt et Neits, wou fuere mir haut hin? A scho geet et lass. Nach relativ gemälleg pedalléieren déi jonk Fraen aus der Stad eraus. Eng Streck vu gutt 40 Kilometer hu si haut viru sech. D’Sportlerinnen treffe sech all Weekend an heiansdo huele si och zesummen u Fräizäit-Vëlosevenementer deel. Dovu ginn et der eng ganz Partie zu Lëtzebuerg – zum Beispill „24 Stonnen Vëlo Wëntger“, „La Charly Gaul“ oder de „Schleck Gran Fondo“. Dat klengt Land ass vëlosbegeeschtert.

Lëtzebuerg ass vëlosbegeeschtert Scho beim éischte Stopp schwäermen d’Frae vun hirer Heemecht: Lëtzebuerg wier e flott, ofwiesslungsräicht Land, grad fir Vëlosfuerer, am Süde landschaftlech anescht wéi am Norden. D’Velosvedette sinn haut de Moien um Rand vun de Lëtzebuerger Ardennen ënnerwee, enger Landschaft mat Bierger an Hiwwelen, déi ëmmer kilometerwäit Panoramae bitt. Si keimen de Bierg erop, schnëssen dobäi, maache mat Vue op d’Buerg zu Buerschent eng kleng Paus an drénken eppes, jauwen hannereneen op schmuele Stroossen duerch Alleeën a gondele gemittlech duerch kleng Dierfer.

mëttlerweil geet et eis dach ëm méi: ëm Frëndschaften an ëm Solidaritéit zum Beispill.“ 2018 huet d’Rennradlerin zesumme mam Tamara Jung an dem Xenia Pfeiffer d’Velosvedetten offiziell gegrënnt, eng Ekipp fir Fraen, déi gär zesummen duerch Lëtzebuerg fueren. Als „Feministinnen“ versti sech d’Sportlerinnen tëschent 25 a 65 Joer net, awer eng „Beweegung“ nennen si selwer d’Ekipp heiansdo schonn.

D’Iddi vun de Velosvedetten ass entstanen, well d’Liz a seng sportlech Frëndinne gemierkt hunn, datt Männer einfach opgrond vun hirem Kierperbau oft méi séier fuere kënnen – a well bei munche Fraen de Wonsch entstanen ass, beim Vëlofueren emol ënnert sech ze sinn.

„Am Ufank wollte mir wierklech just zesumme Vëlo fueren“, erzielt d’Liz Van Rijswijck. „Mä

58

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

„Mir stäerken eis géigesäiteg!“ „Mir stäerken eis géigesäiteg“, erzielt d’Noémie Colletin – zoustänneg bei der lëschteger, bonter Ekipp fir d’Social-MediaKanäl. „Wann eent emol konditionell net esou gutt drop ass, da fuere mir alt alleguer e bësse méi lues, dat fannen ech super.“ D’Noémie zum Beispill huet sech


D’Lëtzebuerger Ardenne sinn eng Landschaft mat Bierger an Hiwwelen, déi ëmmer kilometerwäit Panoramae bitt.

D’Frae genéissen den Understatement, dat klengt Schmunzelen: „Don’t follow me“, steet zum Beispill um Noémie senger lénker Strëmp. A riets: „I’m lost too.“

59


säin éischte Vëlo réischt virun zirka dräi Joer kaaft. „Haut kann ech mir e Liewen ouni Coursevëlo guer net méi virstellen“, seet hatt mat engem Laachen.

„Mir man eng Rees, mir man eng Rees!“ Dës Frae wëssen all genee, wat si maachen, wat si wëllen, a wou de Spaass ophält. Beim Fueren ouni Helm zum Beispill: „Ze geféierlech, mir huele keen ouni Helm mat, a Visiteure scho guer net“, mengt d’Liz. Männer dierfen och gär matfueren, awer just, wa si net probéieren, Tempo ze maachen. „Hei hu mir Fraen d’Soen“, seet d’Noémie a laacht. D’Frae versti sech esou gutt, datt si eemol am Joer zesummen an d’Vakanz fueren. An d’Sange klappt och scho ganz gutt, domat lenke si sech of, wann et ze géi gëtt: „Mir man eng Rees, mir man eng Rees!“ Majo dann. Ziler ginn et fir d’Frae jo méi wéi genuch.

Vëlossport zu Lëtzebuerg  De Mëllerdall mat senger ofwiesslungsräicher Landschaft eegent sech fir professionell Coureure grad esou wéi fir Hobbyfuerer. Och wéinst de grandiosen Aussiichte mécht et immens Spaass, hei ënnerwee ze sinn. Bëscher, Hiwwelen a Fielsformatioune laanscht déi gutt ausgebaute Stroosse mat Kéieren, awer ouni vill Verkéier maachen dës Regioun zu engem ideale Revéier. www.mullerthalcycling.com  Bekannten Eventer sinn zum Beispill „24 Stonnen Vëlo Wëntger“ oder „La Charly Gaul“. D’Course, bei där jidderee matmaache kann, ass e sportlechen Highlight am Mëllerdall. De Lëtzebuerger, deen der Course hiren Numm ginn huet, gouf och „Ange de la montagne“ genannt. Start an Zil sinn zu Iechternach. www.lacharlygaul.lu www.24hwentger.lu

Et ginn 23 national Vëlosweeër mat am Ganze 600 Kilometer, plus 700 Kilometer Mountainbike-Strecken. D’Tier gi laanscht fréier Eisebunnslinnen, romantesch Flëss, schéin al Buergen an duerch kleng Dierfer.

60

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

 D’Schleck-Bridder ware jorelaang erfollegräich Profi-Coureuren. Den Andy huet den Tour de France 2010 gewonnen, de Fränk koum 2011 op déi 3. Plaz beim Tour; och bei aneren internationale Coursse waren d’Bridder oft vir mat dobäi. D’Course „Schleck Gran Fondo“ ass nom Fränk an Andy Schleck benannt. Si ass ëmmer am Fréijoer a bitt Profi-Distanze vun 90 an 160 Kilometer. D’Bridder si vu Munneref, wou den Domaine thermal an de Wellness- a Schwammberäich alueden, nom Sport ze entspanen. www.schleck-x-perience.com/granfondo/ www.mondorf.lu  Zanter 2020 steet de Summer zu Lëtzebuerg am Zeeche vum Vëlo! An der Grousser Vakanz gi beim Vëlosummer vill Stroosse gespaart, fir d’national Vëlospiste mateneen ze verbannen. Esou kënne Fräizäitradler Strecken an all de Regiounen ouni Verkéier mam Vëlo nei kenne léieren. www.velosummer.lu  Selwer Loscht, d’Land op zwee Rieder ze entdecken? Iddie ronderëm national Vëlosweeër an Toure ginn et bei der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ. www.lvi.lu


mobiliteit.lu

2465 2465

mobiliteit.lu

mobile apps

© 12/2020 Verkéiersverbond

Fannt de schnellste Wee duerch Lëtzebuerg mam ëffentlechen Transport a méi mat eiser Mobilitéits-App!


Naturally Europe CFL-WANDERWEE „MANTERNACHER FIELS“

Duerch de wëlle Schluchtbësch 62

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Ural Beem, rar Planzen a gemälleg fléissend Baachen — bei engem Tour duerch de „Manternacher Fiels“ weist sech d’Lëtzebuerger Natur vun hirer wëller Säit. Den 11,5 Kilometer laangen CFL-Wanderwee geet duerch eng naturno Landschaft. Um Enn kann een entspaant an den Zuch klammen an op den Ausgangspunkt zréckfueren. Text JAN MAIER Fotoen OLIVER RAATZ

63


Am Ufank féiert de Wee laanscht Bongerten. Aus den Äppel, déi hei wuessen, gëtt Viz gemaach.

Décke Stomp: Massiv Bamstämm géifen an anere Bëscher oftransportéiert ginn, mee net am Naturschutzgebitt.

64

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


E Mier aus hellgrénge Faren a Steng, déi mat däischtergréngem Moos iwwerzu sinn, zitt sech de géien Hang erop. Ronderëm sti Lannen an Ahornen, hei an do leie Bamstämm, déi ëmgefall sinn an elo iwwerwucheren. E schmuele Pad féiert duerch de Bësch. D’Loft fillt sech fiicht un. Et ass agreabel kill, trotz de summerlechen Temperaturen. Ënnen am Dall plätschert lues d’Sir. Wëllkomm am wëlle Schluchtbësch vum Manternacher Fiels! Dëst ofwiesslungsräicht Naturschutzgebitt läit am Oste vu Lëtzebuerg. Tëschent Manternach a Waasserbëlleg kann een et op engem 11,5 Kilometer laange Wanderwee vun der CFL entdecken. Den Tour fänkt op der Gare zu Manternach un. No 100 Meter en éischten Tëschestopp am Naturschutzzentrum „A Wiewesch“. Um Plaffong vum restauréierte Bauerenhaff aus dem 19. Joerhonnert hänkt landwirtschaftlecht Material aus längst vergaangenen Zäiten. Eng Ausstellung thematiséiert d’Verbindung tëschent Naturschutz a Landwirtschaft. „Béides ka just Hand an Hand funktionéieren“, ass de Wander-Guide Luc Roeder, Fierschter vum Manternacher Revéier, iwwerzeegt.

Hirschzongen a Gierschdolden

nach net gegäert huet. E gëtt just gekeltert an dann direkt gedronk.“ No enger spektakulärer Vue op Manternach, eng vun den eelsten Uertschaften zu Lëtzebuerg, geet een duerch eng Paart a kënnt an e Bësch – dee mat senge 57 Hektar de gréisste Schluchtbësch zu Lëtzebuerg ass – an an de Manternacher Fiels. Schonn no e puer Meter spiert een, wéi d’Loft méi fiicht a méi kill gëtt. Genee an esou engem Klima géife sech Moosen a Fare wuelfil-

len, erkläert de Luc. Virun allem d’rar Hirschzong mat hire groussen ongedeelte Blieder wiisst a Pitsch tëschent de Fielsen am Schied. „Dëse Far ass immens typesch fir de Schluchtbësch“, seet de Luc. A senger Stëmm läit e gewësse Stolz, ëmmerhin ass dëse rare Far hei besonnesch oft ze fannen. De schmuele Pad geet permanent op an of ... an ëmmer méi déif an de Bësch eran. Gierschdolde wuesse laanscht de Wee. Hei am Natur-

Méi wéi 100 Trape kéimen d’Wanderer erop. Et lount sech matzezielen, well et sinn der op alle Fall e puer méi. Wéi vill méi? Am beschte selwer ausprobéieren!

Aus dem Duerf eraus geet de Wee eng éischte Kéier iwwer d’Sir, eng schmuel, 32 Kilometer laang Baach, déi vu Siren op Mäertert fléisst. Da geet et e puer Naturtrapen erop a Richtung Bësch, laanscht Bongerten. Aus den Äppel, déi hei wuessen, gëtt virun allem Viz gemaach, erkläert de Luc. „Dat ass Äppeljus, deen

65


D’Wanderweeër zu Lëtzebuerg si generell gutt ausgeschëldert. An der Mëtt dat charakteristescht CFL-Zeechen.

schutzgebitt dierf dëst wëllt Kraut, dat bei Gäertner éischter onbeléift ass, ongestéiert wuessen. Well zanter zirka 50 Joer gëtt de ganze Bësch sech selwer iwwerlooss. Munchmol muss eppes zréckgeschnidde gi wéinst der noer Zuchstreck an de Wanderweeër, mä et gi keng Beem méi ëmgehaen. D’Resultat: ganz vill Stämm an Äscht, déi ëmgefall sinn a sech elo zersetzen. D’Wildnis gräift ëm sech, d’Natur blitt op. D’Biodiversitéit gëtt ëmmer méi grouss. Et géif en „Urwald vu muer“ entstoen, erkläert de Luc. „Mir hunn hei vill Insekten, déi op doudegt Holz ugewise sinn. Gläichzäiteg kann doudegt Holz vill Waasser ophuelen a wärend den Drécheperioden nees ofginn. Dat ass wichteg fir dat relativ fiicht Klima am Bësch.“

wensraum fonnt. Och fir de staark gefäerdete Schwaarze Spiecht wier den naturnoe Manternacher Fiels ideal. De Luc weist op e Bamstamm mat enger trapezfërmeger Hiel. „Déi huet e Schwaarze Spiecht op der Sich no Insekte mat sengem Schniewel an de Bam geklappt. Esoubal hie se verléisst, wunnen oft aner Vigel, Flantermais oder Insekten dran.“ Méi spéit géifen och Champignonen hei wuessen. Am Holz, dat lues a lues ofstierft, gedeit d’Liewen – ganz zum Schluss bleift den Humus.

En Doheem fir den Äisvull an de Schwaarze Spiecht

No engem géie Passage de Bierg erof féiert de Wee eng zweete Kéier iwwer d’Sir, ënnert engem Eisebunnsviaduc erduerch an dann op de Südhang vum Manternacher Fiels. Séier ännere sech d’Klima an d’Struktur vum Bësch: Hei ass et méi hell, méi waarm a méi dréchen, hei wuessen Eechen, Bichen an Orchideeën. Fir de Luc, dee schonn als Kand wollt Fierschter ginn, ass dëse Wiessel reng Faszinatioun. „Et gëtt hei op ganz enkem Raum immens vill ënnerschiddlech Bëscher. D’Natur ännert sech permanent, de Bësch ass all Dag anescht. Plus d’héich Biodiversitéit. Dat mécht de Manternacher Fiels esou spannend.“

Den nächste Stopp. De Luc weist op en Aaschtert, dee méi wéi 200 Joer al ass an niewent dem Wee wiisst. Den Duerchmiesser ass enorm. Et brauch véier Erwuessener, fir de ganze Stamm ze ëmäerbelen. Op anere Plaze wier de majestéiteschen a wäertvolle Bam scho längst ëmgehaen a verwäert ginn, mengt de Luc. „Awer net bei eis. Deen däerf stoe bleiwen.“

D’Hirschzong verdankt hiren Numm hire liicht gerullten, spatze Blieder.

66

Wärend der Wanderung vermëscht sech d’Geplätschers vun der Baach ëmmer nees mat dem Gepiips an dem Zwitschere vun de Vigel. Mat e bësse Chance kéint een heiansdo esouguer Äisvulle gesinn, erzielt de Luc. Dës an der Tëschenzäit relativ rar Vullenaart hätt un de géien Häng um Bord vun der Sir hire Lie-

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Iwwer 100 Träppleken duerch de Bësch

Ënnert dem nächste Potto mat dem CFL-Logo annoncéiert e Panneau a montere Buschtawen, wat de Wanderer gläich erwaart: 100 Träppleken. Matzen am Bësch. Laanscht déi fir de „Fiels“ esou charakteristesch Steng aus Muschel-


Den Duerchmiesser vum Aaschtert, dee méi wéi 200 Joer al ass an niewent dem Wee wiisst, ass enorm. Et brauch véier Erwuessener, fir de ganze Stamm ze ëmäerbelen.

Um Enn vum Tour geet et weider laanscht gréng Wisen iwwert Makadamm ëmmer biergof op d’Uertschaft Mäertert duer.

67


Dank Zuchnetz mobil

91 Erliefnispunkte ginn et laanscht dës schéi Streck. www.visitmoselle.lu

 43 CFL-Wanderweeër ginn et am ganze Land; si sinn tëschent 4 an 30 Kilometer laang. Dat Praktescht: D’Strecke ginn ëmmer vu Gare zu Gare. No der Wanderung also einfach an den Zuch klammen an op den Ausgangspunkt zréckfueren – an esouguer ganz ouni Ticket. Well den ëffentlechen Transport ass am Grand-Duché iwwerall gratis.

Infoe ronderëm d’Natur:

 Och Vëlosfuerer kënne vun der gudder Infrastruktur profitéieren: 14 Vëlosweeër starten op enger Gare oder halen hei op. www.cfl.lu/de-de/evasion/hikeandbike

Klammt eran! Mam Zuch geet et kamoud zum Ausgangspunkt vun der Wanderung zeréck.

kallek. Si gesinn aus wéi Dréchemaueren, déi mat Gréngs iwwerzu sinn. Et sinn esouguer méi wéi 100 Träppleker. Mä um Aussiichtspunkt um Plateau ass déi kuerz Strapaz direkt vergiess: Vun hei huet een eng super Vue op d’Naturreservat, de Schluchtbësch, duerch deen ee grad gelaf ass, an de Sirdall. Um Horizont zeechent sech och Gréiwemaacher of. De Wee geet weider iwwer mëlle Bëschbuedem an den déiwen Dall vun der „Schlammbaach“ – e rouege Flooss mat ville Kéip Gestengs a bemooste Fielsen. E grénge Canyon. Hei halen de Manternacher Fiels an de Bësch mat sengem ville Schied

68

Zertifiéiert „Traumschleife“  De Wee „Manternacher Fiels“ gouf vum Däitsche Wanderinstitut als „Traumschleife“ zertifiéiert.

op. Laanscht grasend Kéi geet et elo iwwert e Wee mat Makadamm permanent biergof a Richtung Mäertert. Zwou bal liewensgrouss Léiwestatuen aus dem 19. Joerhonnert waache bei der Entrée vum Mäerterter Park, engem bal véier Hektar grousse Landschaftspark am englesche Stil.

E Schëff mat Geschicht Grad wéi d’Uferpromenad bei der Musel opdaucht, mécht d’„MS

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

 De Manternacher Naturschutzzentrum „A Wiewesch“ (benannt no dem Hausnumm vum fréiere Bauerenhaff) ass ee vu fënnef zu Lëtzebuerg. Déi wichtegst Attraktioun ass d’interaktiv Ausstellung „Naturschutz a Landwirtschaft“. Visiteure ginn hei méi iwwer d’Interaktioune vu Biodiversitéit, Landwirtschaft a gesond Ernärung gewuer. Panneaue weisen, wat Baueren a Privatpersoune maache kënnen, fir hiren ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren. Ausserdeem ginn et verschidde gratis Aktivitéite wéi Kraiderwanderungen, „Waldbaden“ a Visite-guidéeën, och fir Famillen, duerch de Manternacher Fiels. www.nature.lu

Princesse Marie-Astrid“ d’Kéier. Op enger Virgängerversioun vun dësem Passagéierschëff gouf viru 35 Joer d’berüümte Schengener Ofkommes fir d’Ofschafe vun de Grenzkontrollen ënnerschriwwen. No zirka zwee Kilometer laanscht de Floss wénkt d’Zil vun der Wanderung zu Waasserbëlleg. Ier et erop bei d’Gare geet, nach e Bléck op d’Mündung vun der Sauer – den déifste Punkt vum Land – an op déi eenzeg Fär zu Lëtzebuerg, déi grad a Richtung Däitschland ofleet. Dann: Arrivée op der klenger Gare. No aacht Minutte fiert den Zuch zréck op Manternach.


the City of Sciences and the blast furnaces in Belval www.fonds-belval.lu


The Good Life VERGIESSENT UEBST ERËM OPLIEWE LOOSSEN

De Revival vun den Äppel

Jiddwereen zu Lëtzebuerg huet eng Geschicht iwwer en Äppelbam ze verzielen. Iwwerall op der Welt, wou et Äppelbeem ginn, gëtt et och Cider. Lëtzebuerg ass do keng Ausnam. Text SARAH PITT Fotoen VÉRONIQUE KOLBER

70

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Et gëtt wuel keng besser Joreszäit wéi den Hierscht, fir d’Bongerten ze entdecken, wann d’Beem am vollsten an am schéinste sinn an d’Äscht sech ënnert prallem, räifen Uebst nëmmen esou béien. Déi ronn fënnef Woche vu Mëtt September bis Mëtt Oktober si sécherlech deen opreegendste Moment, fir e Cider-Haff a voller Produktioun ze erliewen: Äppel plécken, eranhuelen, liwweren, sortéieren, wäschen, zermujelen a pressen – alles leeft op Héichtouren.

am Mëllerdall, do wou si allen dräi grouss gi sinn, kann een en exzellente Cider maachen. E puer Tester a vill Litere méi spéit war hiren éischten handgemaachte Cider prett. Si wossten dee Moment nach net, datt dëst eenzegaartegt Experiment den Ufank vun enger laanger Aventure wier. Och wann d’Kultur vun der Fabrikatioun vum Cider verluer war, ass gléckle-

Bei der ëffentlecher Recolte kënnt Dir Äppel an de Bongerte plécken. D’Äppel ginn duerno gewäsch, sortéiert a gepresst.

Fréier hat bal jiddwer Bauer sëlleg Uebstbeem, mä wärend dem 20. Joerhonnert huet d’Traditioun vun den Äppel- a Bierebeem drastesch ofgeholl. D’Aféiere vu Maschinnen a Verännerungen an der Landwirtschaft hunn e Verloscht vun iwwer enger Millioun Uebstbeem zu Lëtzebuerg mat sech bruecht.

Bescht Mëschunge fir bescht Cideren Dat alles huet sech 2013 lues, awer sécher, geännert, wéi sech dräi Frënn, de Carlo Hein, de Gilles Dimmer an de Gérard Bisenius, an England bei engem Cider u fréier erënnert hunn, wéi nach selwer zu Lëtzebuerg Cider produzéiert gouf: D’Fässer goufen an de Kellere vun den Nopere gelagert, zesumme gouf Viz gedronk an als Kand gouf ee vun de Grousselteren ugestallt Äppel ze plécken. Duerch dës Souveniren inspiréiert, entscheede sech déi dräi jonk Männer Äppel ze plécke fir Cider ze maachen: „Mir hunn d’Uebst; mir hunn d’Geschicht, loosse mer et probéieren!“ Mat engem Iwwerfloss vun onbenotztem Äppel fir ze iessen an ze kachen, war et séier offiziell: Mat den Äppel aus der Regioun vu Buer,

71


cherweis de Savoir-faire an d’Expertise an der Produktioun vum Wäin ganz gutt zu Lëtzebuerg erhalen. „Eis Haaptwënzer laanscht d’Musel hëllefen eis, d’Gärung ze geréieren, esou datt mir d’Äppel optimal benotze kënnen. Bei eisem Projet dréit sech alles ëm d’Sharing Economy, d. h. dat Bescht vu Lëtzebuerg zesummenzebréngen – dat alles gëtt et am Fong schonn! Mir erfannen näischt, mir loossen et just nees opliewen”, erkläert de Carlo.

Lokaalt Uebst entdecken De Cider-Haff Ramborn ass e wonnerschéine renovéierte Bauerenhaff aus der Mëtt vum 17. Joerhonnert, an deem et deemools schonn Anlage fir d’Cider-Produktioun an eng Distillerie gouf. Et ginn och Kaarte mat Bongerten aus där Zäit, mä et sinn d’Réimer déi domestikéiert Äppel an dës Regioun matbruecht hunn, an d’Produktioun vu Cider, a Form vu Viz, ass hei Deel vun der Kultur zanter mindestens 2.000 Joer. Et gëtt nëmmen de frëschen a kalgepresste Jus benotzt, an zeréck um Bauerenhaff, zischt a pompelt d’Press nëmmen esou drop lass, an eng Wull Äppel an alle Formen a Gréisste ginn zermujelt. All dat net benotztend Uebst an d’gepresst Fruuchtmass gi fortgeschéckt fir a Biogas ëmgewandelt ze ginn. Back to basics also – an dat benotzen, wat d’Natur eis schenkt. Um Haff goufe viru Kuerzem dräi Äppelbeem geplanzt: de Gesträifte Rambo, de Lëtzebuerger Triumph, e fantasteschen Apel, dee fir villes benotzt ka ginn a einfach ze pressen ass, an de Lëtzebuerger Reinert. Si wäerten eréischt an 30 Joer voll produzéiere kënnen, mä wäerten

72

dann, fir déi nächst Generatioun, zesummen all Joer 600 Kilo Uebst weider bréngen. D’Uebst, aus deem d’Cideren an d’Juse gemaach ginn, kënnt all aus engem Ëmkrees vu 50 Kilometer, aus Lëtzebuerg an Däitschland. Et ginn iwwer 150 Zorten zu Lëtzebuerg, an déi meescht gesinn d’selwecht aus. „Eleng duerch hiert Ausgesi kann een net ëmmer soen, wéi eng Zort et ass.

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

No der Recolte zerwéieren de Carlo Hein a säi Jong Sam (Foto ënnen) de Visiteure frësch Jusen, exzellenten Äis-Cider, an Rum-, Whisky- a BourbonFässer geräifte Cider, an, net ze vergiessen, den eenzegaartege Quidde Cider.


Plécken an adoptéieren  Ëffentlech Recolte: Fir déi ländlech Stëmmung ganz no ze erliewen, geet näischt iwwer d’järlech ëffentlech Recolte. Deen Dag dréit sech alles ëm den Apel: Duerfmusek, gratis Visitten a Schmaache vu leckere Produkter, vun der Apfelschorle an de Juse bis zum exquisitten Ice Cider an deem méi saisonale Glühcider. Jiddereen ass häerzlech agelueden, d’Äppel direkt an de Bongerten ze plécken, an dat mat Hëllef vun enger Äppelpléck!  En Ausfluch op Buer: Buer ass den idealen Depart, fir de Mëllerdall ze exploréieren. Lount do e Vëlo an entdeckt de Sauerdall an d’Lokalitéite ronderëm, wéi Iechternach, Waasserbëlleg a Rouspert. Fir déi, déi ze Fouss ënnerwee sinn, ass de Cider-Haff Ramborn den Depart an/oder d’Arrivée vun der Route 1 vum Mullerthal-Trail. Esou kann een no der Wanderung oder no engem Ausfluch eng Visitt vum Haff maachen.  Adoptéiert ee Bam! Klenge Gest, groussen Impakt op d’Welt! Andeems Dir an ee Bam investéiert, kënnt Dir säi positiven Impakt op d’Ëmwelt verfollegen. D’Sue vun der Adoptioun si fir d’Renovatiounsaarbechte vun de Bongerte oder fir de Baueren ënner d’Äerm ze gräifen. www.ramborn.com/adopt

Do muss ee schonn dra bäissen, fir ze wëssen, wéi een Apel et ass“, erkläert d’Chantal, Responsabel vun de Bongerten. Grouss Cageote vun Erbachhofer, Reinert, Koppestill a villen anere Varietéite sinn eng genau op déi aner getässelt, prett fir gepresst ze ginn. D’Chantal deelt gäre mat de Bauere säi Wëssen doriwwer, wéi een d’Beem planzt, schneit an ënnerhält. Fir déi meeschten ass et nämlech eng verluere Konscht. D’Äppelbeem sinn ee vun den aarteräichste Gidder vu Lëtzebuerg. Wann een duerch déi Bongerte vu Buer spadséiert, stéisst een op een 200 Joer ale Bierebam, ëmgi vu sëllegen Äppelbeem, a Kéi, déi weeden. E bësse méi wäit sti Beiestäck, an e Pad féiert op e Feld mat ettleche Reie vun nei geplanzte Beem. Dobäi gëtt kee fertiliséiert oder gesprëtzt, d’Fleeg an d’Opmierksamkeet vun de Bongerten-Experte ginn duer.

nautéit an d’Ëmwelt ze investéieren“, erzielt de Carlo eis. Fir de Lëtzebuerger Cider erëm opliewen ze loossen, geet et ëm vill méi, wéi ëm Äppel a Bieren. Et geet ëm Traditioun, Kultur, Natur, Biodiversitéit, Ökosystem a ländlech Communautéiten. D’Initiativ vu Ramborn garantéiert, datt och déi zukünfteg Generatioune Geschichten iwwer Äppel a Biere wäerte verziele kënnen, an dat nach vill Jore laang.

Duerch d’Aktivitéit vu Ramborn këmmere sech iwwer 100 Baueren net nëmmen ëm déi bestoend Beem, mä si hëllefen och, nei Beem ze planzen, a spillen eng wichteg Roll beim Erhale vun der Biodiversitéit vun der Landschaft.

Traditioun vum Land Alles huet 2014 ugefaangen, mat 1.000 Liter. Säitdeem hunn hir Cideren a Perrys ettlech Präisser gewonnen, a ginn an enger Dose Länner uechtert d’Welt verkaf. Och wa Ramborn ganz séier internationale Succès hat, de Wee vum Bam bis an d’Glas ass immens laang. En Äppelbam brauch 30 Joer, éier e voll produzéiere kann, ab da bréngt e wärend iwwer 150 Joer Uebst. E Bierebam brauch 50 Joer, bis en op Héichtoure kënnt, a kann iwwer 250 Joer al ginn. „D’Produktioun vu Cider ass e luese Prozess. Et geet net drëm, séier Gewënn ze erzilen, mä zukünfteg an d’lokal Ekonomie, d’Commu-

73


Outdoors Passion WAASSERSPORT UM STAUSÉI AN OP DER MUSEL

Paddelen, ofdauchen an d’Natur genéissen 74

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Rouegt Waasser oder mat e puer Wellen: Um Uewersauer-Stauséi an op der Musel ass genuch Plaz fir all Typ vu Waassersport — mol méi gemittlech, mol méi séier. Text FABIAN TEUBER Fotoen THOMAS JUTZLER (OPENER) & THOMAS LINKEL

75


Wéi e Fjord zitt sech de breede Säitenaarm vum UewersauerStauséi iwwer Honnerte Meter, a mat all Schleef gëtt e méi kleng, bis e schliisslech zu enger schmueler Baach verleeft.

Wie mam Kanu, Kajak oder engem SUP-Board um Séi ënnerwee ass, kënnt op Plazen, déi zu Fouss oder mam Auto net ze erreeche sinn. Esou kann ee sech déi perfekt Picknick-Plaz selwer eraussichen.

76

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Wéi eng Riseschlaang schlängelt sech de Stauséi, deen an de 50er-Joren als Drénkwaasser-Reservoir ugeluecht gouf, duerch de schmuelen Dall, deen hei un eng norwegesch Landschaft, do un e Séi a Kanada erënnert. „Wie wëll, kann hei Kilometere maachen“, erzielt de Kanu-Guide Christoph: „Den Tour bis bei de Pont Misère am Westen ass en Dagesausfluch, néng Kilometer an eng Richtung.” Ob Kajak oder Kanu, dat ass jidderengem selwer iwwerlooss. Béid Bootstyppen ënnerscheede sech am Manövréieren: De Kajak gëtt mat engem Duebelpaddel dirigéiert, de Kanu, och „Kanadier“ genannt, mat engem Stiechpaddel. Si sinn allen zwee einfach ze beherrschen, an de Séi ass en ideaalt Übungswaasser, well hei d’Motorbooter verbuede sinn. De Stauséi läit eng gutt Stonn mam Auto nordwestlech vun der Stad Lëtzebuerg an ass dat gréisst Gewässer an engem Ëmkrees vu 50 Kilometer. Wärend de sonnege Weekender sinn déi gemittlech Plazen op der Wiss laanscht d’Ufer zu Lëlz, Léifreg an Ënsber séier besat. Dovu kritt ee beim Paddelen awer net vill mat. Duerch de reegelméissege Plitsch-Platsch, d’Konzentratioun op d’Beweegung vum Paddel an de Bléck op d’Waasser an d’Welle kënnt no enger kuerzer Zäit eng meditativ Geloossenheet op. „Wat mir beim Waassersport besonnesch gefält sinn dës Momenter vun der Rou – virun allem, wann ee ganz fréi moies lassfiert, wann nach e bëssen Niwwel um Waasser ass an d’Sonn opgeet“, erzielt de Christoph eis. Wie mam Kanu, Kajak oder engem SUP-Board um Séi ënnerwee ass, profitéiert och nach vun enger weiderer Fräiheet: „Mam Boot kommen ech op Plazen, déi

zu Fouss oder mam Auto net ze erreeche sinn – esou kann ech mir déi perfekt Picknick-Plaz selwer eraussichen.“ Wéi e Fjord zitt sech de breede Säitenaarm vum Uewersauer-Stauséi iwwer honnerte Meter, a mat all Schleef gëtt e méi kleng, bis e schliisslech zu enger schmueler Baach verleeft. De Christoph dréit mat sengem Grupp ëm a mécht eng éischt Paus op engem Fiels direkt beim Ufer. De Kanu-Guide zaubert aus dem waasserdichte Bidon e Campingkocher, eng Espressokan – a frësch Croissanten, déi herrlech richen.

Beim Nuetsdauchgang: Kriibsen, déi kämpfen Kuerz drop paddelen d’Kanuten ënner enger grousser Bréck erduerch, déi bis op Lëlz a bis bei d’Jugendherberg féiert, bei där si gestart sinn. Duerch de Wand mécht d’Waasser e puer Wellen, mä d’Booter leie stabil

am Waasser. Dräi Stonnen daueren déi geféiert Kanutouren. „Duerno wëssen d’Participanten, wéi ee richteg paddelt an d’Boot dirigéiert – si kënne sech duerno ganz autonom mam Boot um Séi beweegen“, erkläert de Christoph. Zeréck bei der Jugendherberg ginn d’Kajaken u Land gezunn. Beim Ufer preparéiere sech de Stéphane Eberling an e Kolleeg fir en Dauchgang. An der Jugendherberg gëtt et nämlech och eng Dauchschoul, de Stéphane ass ee vun de Moniteuren. „Dauchen ass meng gréisst Passioun“, seet hien a schwäermt vun den Nuetsdauchgäng am Stauséi, bei deenen hie scho konnt Kriibse beobachten, déi gekämpft hunn. An der Moyenne ass de Stauséi ongeféier 30 bis 35 Meter déif, mä ni méi déif wéi 50 Meter – e perfekt Revéier fir d’Ufänger. Mä och déi erfueren Daucher langweile sech hei net. „Deen, deen hei kann dauche, kann dat och am Mëttelmier“, mengt de Stéphane. Fir d’éischt gëtt d’Theorie geüübt, da gëtt an der Piscine gedaucht an duerno geet et eréischt an de Séi. „Beim

An der Moyenne ass de Stauséi ongeféier 30 bis 35 Meter déif, mä ni méi déif wéi 50 Meter – e perfekt Revéier fir d’Ufänger. Mä och déi erfueren Daucher langweile sech hei net.

77


éischten Dauchgang ass ee relativ op sech selwer konzentréiert, mä et kann een awer scho vill gesinn. Fësch, zum Beispill, oder witzeg Gimmicks; ënner anerem goufen extra Gaardenzwergen a Chrëschtbeemercher versenkt.“ Et dauert e bëssen, bis de Stéphane a säin „Dauchbuddy“ hir Ausrüstung unhunn, zum Schluss huele si nach d’Pressloftfläschen op de Réck. D’Montur weit gutt 20 Kilo. Géigesäiteg kontrolléieren déi zwee Männer virum Dauchgang hiert Equipement – funktionéiert d’Loftversuergung, den Drockmiesser? Mat de Fangere forme si d’OK-Zeechen, trëppele bis an d’Waasser an dauchen e puer Meter vum Ufer ewech of. Eng knapp Minutt méi spéit schéisst eng Boje aus dem Waasser – si weist, wou d’Daucher grad sinn. Beim Dauchen ass een zwar ni eleng, well ëmmer

An der Jugendherberg zu Lëlz kann een direkt um Ufer vum Séi iwwernuechten. D’Grondstéck geet an eng Wiss iwwer, vun där d’Kanuen, d’Kajaken, d’SUP-Booter an och d’Daucher starten. Déi regional a saisonal Kiche schmaacht de Vegetarier wéi och deenen, déi Fleesch gären hunn.

ee Buddy dobäi ass, an awer ass ee ganz bei sech: „Et gëtt kee Geräisch méi ronderëm, et héiert een nëmme seng eegen Ootmung an d’Blubberen, dat ee mécht – dat ass alles. Genau richteg fir no engem stressegen Dag ofzeschalten“, mengt de Stéphane.

Hei gemittlech, do méi séier De Stauséi läit agebett an enger hiwweleger Bëschlandschaft vum Naturpark Uewersauer, deen ee wärend dem Wanderen oder mam Mountainbike kann entdecken. De Waassersport ass am Naturpark virun allem eng méi roueg Aktivitéit. Déi, déi op méi Action beim Waassersport aus sinn, fannen hiert Gléck op der Musel. Do geet et plazeweis richteg séier hier. Zu Éinen, zum Beispill. Hei léisst sech de Glenn Birsens mat ronn 35 Kilometer an der Stonn vun engem Motorboot iwwer de Floss zéien. De Wakeboarder spréngt iwwer d’Wellen, déi d’Boot mécht. Dobäi hält hie sech un engem Seel fest an d’Féiss stiechen an enger Aart Stiwwelen, sou änlech wéi beim Snowboard, déi um Board fixéiert sinn. D’Welle si Rampe fir de Glenn, hien dréit sech an der Luucht, glëtscht op sengem Briet rasant iwwer d’Waasser, vu riets no lénks, hëlt mol hei, mol do eng Well. Bis dat esou lässeg ausgesäit wéi beim Glenn, brauch et vill Übung – Spaass mécht dëse Funsport awer scho beim éischte Probéieren. Déi meescht Lëtzebuerger Waassersport-Clibb laanscht d’Musel hëllefen och den Net-Memberen op d’Brieder. Hei ganz gemittlech, do méi séier. Een Dag, zwou Waasser-Welten zu Lëtzebuerg.

78

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Ausfluchtipps ronderëm de Stauséi  E wonnerschéinen Ausbléck iwwer de Séi an d’Landschaft huet een aus 70 Meter Héicht vun der Aussiichtsplattform Belvedere aus, déi nëmmen e puer Minutten zu Fouss vum Naturschutzzentrum Buerfelt ewechläit.  Vu Kauneref aus start en 8,4 Kilometer laange Wanderwee iwwer déi gréng Plateauen, vun deenen een ëmmer erëm schéin Ausblécker op de Stauséi huet.  Bei Kauneref kann een och de Bunker An der Runschelt aus dem Zweete Weltkrich besichtegen, an deem sech d’Widderstandskämpfer verstoppt hunn.  E ganzen Aarm vum Stauséi an engem grousse Bou ëmwandere kann een op der Wanderroute Bavigne. Si féiert an de moleresche Bëmicht-Dall, iwwert eng Bréck iwwert de Séi, an duerno erëm zeréck bei den Ausgangspunkt.  Ronderëm de Stauséi ginn et och ettlech Mountainbike-Strecke fir erfuere Biker. www.naturpark-sure.lu www.visit-eislek.lu


Déi, déi op méi Action beim Waassersport aus sinn, fannen hiert Gléck op der Musel. Beim Wakeboarden zu Éinen zum Beispill.

Bis dat esou lässeg ausgesäit wéi beim Glenn, brauch et vill Übung – Spaass mécht dëse Funsport awer scho beim éischte Probéieren. Déi meescht Lëtzebuerger Waassersport-Clibb laanscht d’Musel hëllefen och den Net-Memberen op d’Brieder.

79


Transforming Experiences JONKE WËLLE WËNZER

„Fru“

am Häerz

Un der Sauer an der Musel wiisst d’Matière première fir eedel grouss a charmant kleng Wäiner. Eng ural Kulturlandschaft, an där sech de Jongwënzer Georges Schiltz säi ganz eegenen Experimentéieratelier ageriicht huet. Text THOMAS JUTZLER Fotoen PANCAKE!

80

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


De Georges Schiltz huet se net méi all. Oder wéi soll een et nennen, wann e Geografiestudent, an deem senger Famill kee Wënzer ass oder war, op eemol op déi geckeg Iddi kënnt, Wäin ubauen ze wëllen? Wann een an enger uraler Kulturregioun, an där schonn zanter de Réimer Generatioune vu Wënzer hir Riewe bestellen, einfach opdaucht an och matmësche wëll? Si gi gär als déi „jonk Wëll“ bezeechent. Déi nei Wënzergeneratioun, déi mat neien Ubaumethoden experimentéiert, déi sech gär a vill mat Kolleegen aus der ganzer Welt austauscht an déi – d’A ësst jo bekanntlech mat – Wäert op den Design vun hire Fläschen an Etikette leet. De Georges Schiltz ass esou e Wëllen. A mat sengen 32 Joer definitiv jonk! Eigentlech wollt hien Entwécklungshëllef maachen an huet Geo studéiert. Mä säi Bop huet hie scho fréi an d’Konscht vum Uebstbrennen ageféiert. Hie war faszinéiert, wéi een d’Aromae vun de Bongerte ronderëm de Bauerenhaff vu sengen Eltere quasi erausdistilléiere konnt – an esou gouf aus dem Hobby méi. Scho wärend dem Studium huet hien d’Brennerei professionaliséiert. Ënner dem Numm „Tudorsgeeschter“ (no dem Henri Tudor, engem Rousperter Jong an dem Erfinder vum Bläi-Akku, ginn d’Awunner vu Rouspert gär „dem Tudor seng Geeschter“ genannt) verkeeft hie Schnaps a Likören.

„Op enger Studierees a Bolivien stoung ech op eemol do: Viru mir den ofgeholzte Reebësch, hannert mir déi – méi wéi einfach – Haiser vun den Einheimeschen. An do gouf mir kloer: Ech wëll eppes maachen, fir d’Schéinheet vun der Kulturlandschaft vu menger eegener Heemecht z’erhalen“, erzielt de Georges. „Mir liewen an Europa därmoossen ofgeséchert, wat soll scho geschéien? Méi wéi scheitere kann ech net. An och dat wier net weider schlëmm.“ Eppes maachen, wat méi en déiwe Sënn huet. Eppes, wat net just Sue verdéngen ass. Wéi befriddegend muss dat sinn. Seng Decisioun war getraff.

De Geescht muss an d’Fläsch Niewent dem Geostudium an dem Destilléiere schreift sech de Georges bei der Héichschoul zu Geisenheim fir Önologie a Viticulture an. Duerch Zoufall kann hien nach dat selwecht Joer säin éischte Wéngert pachten: Am „Clos de la joie“ – deem eenzege Wéngert zu Lëtzebu-

erg, dee komplett vun enger Dréchemauer ëmginn ass – probéiert hien alles aus an diskutéiert et op der Uni mat senge Proffen a Studiekolleegen. Esou fänkt e geniaalt „Learningby-doing“ un – an hält bis haut un. Am Géigesaz zu anere Wënzer sëtze beim Georges d’Geeschter vun den Virfaren net dauernd op de Schëlleren, fir seng Approche a seng Methoden ze kritiséieren. Hien huet d’Fräiheet, all Feeler selwer ze maachen an all Entdeckung fir sech ze verbuchen. „D’Bongerte mat hirer Biodiversitéit. D’Wéngerte mat hiren Dréchemaueren. Eng nohalteg

„Jonke wëlle Wënzer“: eng Generatioun, fir déi Nohaltegkeet kee Werbegag ass, mä eppes fundamental Wichteges, fir de Beruff — an d’Liewen am Allgemengen — zukunftsfäeg ze maachen.

Mä hien ass virwëtzeg. Ëmgi vu Wéngerten, wëll hien och d’Aromae vun dëse Friichten „erausfilteren“. En zimmlech gewote Plang – well et gëtt keng Wäintraditioun an der Famill. A virun allem: kee Wéngert!

81


Landwirtschaft mat klenge Stécker oder Parzellen, déi déi verschidden Déieren a Planze schützt an esouguer notzt, amplaz se ze zerstéieren. Der Uniformiséierung vun den Agrarkonzerner eppes entgéintsetzen. Heifir muss een net onbedéngt an d’Welt eraus. Dat ass och virun der eegener Hausdier méiglech. Wann ech hei, regional, d’Uebst vu mengen Nopere kafen, fir et ze verschaffen, da bréngen ech si automatesch dozou, hir Bongerten och an Zukunft ze fleegen.” Beim perséinlechen Treffe wierkt hien eigentlech alles anescht wéi wëll. Éischter kloer. Wéi een, dee genee weess, wat e mécht. Een, deen e laangfristege Plang verfollegt.

Fir „fru“ ze sinn, brauch een net vill Déi holistesch Philosophie spigelt sech och am Numm vum Wënzerbetrib erëm: „Fru“ steet fir frou, fir d’Freed um Genoss, u gudde Liewensmëttelen, der Natur, dem Liewe selwer. „Fru“ steet awer och fir d’Fruucht, vun där alles ausgeet, ëm déi sech alles dréint, där hire Charakter glänzen dierf. An hei kommen nees d’Réimer an d’Spill: Op Latäin heescht „Fru“ Genoss.

82

„Ech kache grad fir d’Leit, déi bei der Recolte hëllefen!“ Bei eisem zweeten Treffe mécht mir de Georges mat engem breede Grinsen d’Dier vum ale Bauerenhaff op. „Nach eng Kéier musse mir dëst Joer an d’Lies. Muer ass nach de Pällembierg un der Rei.“ De Pällembierg. Hei fleegt de Georges Riewen, un deenen zanter 1954 Drauwe wuessen. Normal sinn 30 Joer. Duerno gëtt am Gewéinlechen nei geplanzt. Den Ertrag ass soss ze schappeg. „Beim Pällembierg geet et net ëm de Gewënn. Hie werft net wierklech vill Ertrag of. Éischter ass et d’Faszinatioun fir dës al Riewen. Hei huet ee jo och eng al Genetik, Ierfinformatiounen, déi mussen erhale ginn. A Geschicht. Warscheinlech – vläicht – gouf op dësem Bierg schonn

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

an der Réimerzäit Wäin ugebaut.“ D’Kultur erhalen an d’Mënschen, déi hei liewen, awer och d’Gäscht, d’Touristen, fir dës Regioun mat hirer Geschicht an hire Geschichten begeeschteren: Et schéngt him wierklech Spaass ze maachen. Freed, Friichten, Genoss. – Wann dat mol keng Liewensastellung ass!

Entdecker wëllkomm!  Am Wënzerbetrib Fru si Visiteuren ëmmer wëllkomm. Wie seng Visitt virdrun ukënnege wëllt, fënnt d’Telefonsnummer op der Websäit. www.fru.lu  Net wäit vum Domän steet de Musée Tudor. De Musée, deen dem Henri Tudor gewidmet ass, ass eng Mëschung aus Wëssenschaftszenter an traditionellem Musée. Den Ingenieur war ee vun de Pionéier bei der Entwécklung vun der Stroumspäicherung mat Bläisäier-Akkuen, vu Stroosseluuchten, landwirtschaftleche Maschinnen, Transportméiglechkeeten a villem méi. Am Musée wandelt een op de Spuere vu senger Fuerschung. Experimentéieren ausdrécklech erwënscht! www.musee-tudor.lu  Wie mat Kanner ënnerwee ass, mécht nach en Tour bei d’Sauer. Am Park laanscht d’Ufer ass eng super nei Abenteuerspillplaz. www.rosport-tourism.lu


De Georges Schiltz bekämpft d’Planzen, déi tëschent senge Riewe wuessen, quasi guer net. Si reegen d’Riewen éischter dozou un, méi déif Wuerzelen ze maachen, fir u Waasser ze kommen. A wann de Wéngert, d’Dréchemauer an hir Bewunner am ekologesche Gläichgewiicht sinn, dann hu munch Schädlingen et méi schwéier a ginn net ze dominant.

Hei pecht de Chef nach selwer: Vun Hand placéiert de Georges d’Etikett op d’Fläsch. Net nëmmen am Wäi stécht vill Handaarbecht. Och am ganzen „Ëmgeréits“.

83


Transforming Experiences FRANÇOIS VALENTINY, ARCHITEKT VU SCHENGEN

84

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Grenzen

hunn eis ni interesséiert!“ De Schengener Stararchitekt François Valentiny schafft international — an awer huet seng Heemecht am Dräilännereck hie staark gepräägt. An den Uertschafte laanscht d’Musel kann een d’Handschrëft vum Bau-Kënschtler iwwerall entzifferen. Ästhetik ouni Grenzen. Text CHRISTIANE WÜRTTEMBERGER Fotoen OLIVER RAATZ

85


Zu Rëmerschen huet de François Valentiny mat senger „Valentiny Foundation“ quasi e Basislager opgeschloen. Hei kënnen d’Visiteuren unhand vu Maquetten an Zeechnunge gesinn, wéi den Architekt schafft a wéi sech säi Wierk am Laf vun de Joren entwéckelt huet.

Och Kënschtler, mat deenen de Valentiny befrënt ass, fannen hei an temporären Ausstellungen hir Plaz. Op Rëmerschen kënnt hien ëmmer nees zréck — ob vu Schanghai oder vun anere Plazen, wou hie lieft a schafft.

86

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Déift a Séil duerch e Botz aus Muselsand Wien d’multimedial Ausstellung am Musée besiche wëll, dee bleift fir d’éischt emol virun engem ganz

Och wa si op den éischte Bléck ënnerschiddlech ausgesinn a vu Botz bis raschtegem Stol eng grouss Panoplie u Materialien opweisen, esou hu ValentinyGebaier och Elementer, déi si all verbannen – eng gemeinsam Ästhetik. All droen se dem Valentiny seng Handschrëft, mol kanteg, mol organesch. Ob d’Unisbibliothéik um Belval (uewen), d’Jugendherberg oder de futuristeschen Naturschutzzentrum Biodiversum zu Rëmerschen (ënnen).

verbotzt, ni ugestrach. Fir mech huet dat vill méi Déift a Séil wéi e syntheteschen Ustrach. Mä kloer: Dat gesäit scho bei der Aweiung vun engem Gebai net méi wierklech nei aus.“

„Fëllt är Tiräng a jonke Joren!“ Et mécht Spaass, an der heller, oppener „Valentiny Foundation“ den oft skulpturalen Entwërf vun dësem Lëtzebuerger op d’Spuer ze kommen, deen iwwert sech selwer seet: „Heiansdo entwerfen ech e Gebai a mierke réischt duerno,

© RENATA LUSSO

Wat denkt e Lëtzebuerger vu Schengen iwwer Grenzen? De Valentiny laacht: „Mir wunnen an engem klenge Land, iwwerall si Grenzen – wann ech mam Auto fueren an telefonéieren, da wiesselt dauernd mäi Reseau. Op där anerer Säit hu Grenzen eis hei ni wierklech interesséiert. Vill Wënzer vun der Musel hu Wéngerten an deenen dräi Länner. An et gi Famillen, déi iwwert d’Grenzen ewech verstreet sinn.“ Mat dem Schengener Ofkommes ass de Valentiny trotzdeem enk verbonnen. Zumindest nodréiglech, well hien huet den Europäesche Musée ënne bei der Musel entworf, dee sech mat dem Ofkommes an den oppene Grenzen an Europa beschäftegt.

soberen, rechteckege Bau stoen, deem seng Entrée wéi eng grouss Fënster op d’Welt eraus ausgesäit. De graffen, beigë Botz irritéiert e bëssen, gesäit op den éischte Bléck knaschteg aus. Mä „Knascht“ trëfft et net. Et ass éischter verschafften Heemechtsbuedem an HeemechtIerwen. Den Architekt Valentiny huet quasi de Schengener Botz erfonnt – hie mëscht Muselsand dobäi. D’Spuere vun der Zäit siichtbar maachen, d’Prozesser vun der Verwitterung beim Holz an un der Fassad zouloossen, dat fënnt de Valentiny wichteg. Hie seet: „An aarmen, ländleche Géigende goufen d’Haiser ëmmer just

© ANDRÉ SCHÖSSER

„Wann ee baut, muss ee sech mat der Landschaft auserneesetzen. Mat der Sonn, mat der Kultur a mat de Leit“, fënnt de François Valentiny. De lëtzebuergesche Stararchitekt huet déi éischt zéng Joer vu sengem Liewen zu Rëmerschen verbruecht. Rëmerschen gehéiert zu der Gemeng Schengen am Dräilännereck tëschent Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich. Hei un der Musel, a méi genee: op engem Schëff op der Musel gouf 1985 tëschent de Wéngerten dat berüümt Schengener Ofkommes ënnerschriwwen, dat längst e Symbol fir oppe Grenzen an Europa ginn ass.

87


datt ech genee dat scho virun 20 Joer skizzéiert hunn – quasi 1:1.“ Ass dat onheemlech? De François Valentiny fënnt, datt een a jonke Jore seng Tiräng mat Iddien a Kreativitéit „fëlle muss“. Duerno geet et da just nach ëm d’Zortéieren an ëm d’Ëmsetzen, mengt hien. An dorëms, seng Liewenserfarung afléissen ze loossen. Och bei him war dat esou: „D’Wäilandschaft, d’Musel, d’Mënschen, déi hei meeschtens mat engem Handwierk hir Sue verdéngt hunn – dat alles huet mech staark gepräägt. Meng Point-de-repèrë sinn ëmmer déi selwecht bliwwen. Och wann ech am Laf vun de Joren eng nei Formesprooch entwéckelt hunn, sou ass dat dach alles staark vun deem beaflosst, wat ech fréier hei zu Lëtzebuerg erlieft a gesinn hunn.“

Sech Grenze bewosst maachen an se ëmmer erëm iwwerschreiden U sengem Heemechtsland Lëtzebuerg schätzt de François Valentiny d’Aflëss, déi Leit, déi nees zréckkommen, matbréngen. „Et ass eisen intellektuelle Räichtum, datt déi meescht jonk Leit fir d’éischt emol anzwousch anescht higinn, fir ze studéieren, fir d’Welt ze gesinn. Da komme si mat ganz neien Erfarungen zréck a kënnen op dat, wat si hei als Kanner a Jugendlecher erlieft hunn, opbauen.“ Niewent der Musel, den einfachen Handwierksleit an dem Wäi war fir de Valentiny d’Thema Grenzen och en Deel heivun – Grenzen erkennen a si ëmmer nees briechen. Déi richteg dobaussen; an och déi am Kapp.

88

Dem Valentiny seng Wierker op der Musel  An der Valentiny Foundation zu Rëmerschen, wou hien hierkënnt, bidde Maquetten, Skizzen an Tableauen e liewegen Abléck an d’Liewen an an d’Wierk vum Stararchitekt. Och stelle Kënschtler, mat deenen hie befrënnt ass, ëmmer nees temporär hei aus. www.valentiny-foundation.com  De Biodiversum ass en Informatiounszentrum, dee matten am Naturschutzgebitt „Haff Réimech“ läit. An dem futuristesche Gebai, dat e bëssen un en opgeblätend Zelt erënnert, ginn ë. a. d’Geschicht vum Naturschutzgebitt, d’Ënnerwaasserwelt, d’Vullen- an d’Planzewelt grad wéi aner Naturschutzgebitter zu Lëtzebuerg presentéiert. D’Visitt léisst sech wonnerbar mat engem ornithologeschen Tour duerch d’Naturreservat kombinéieren. D’Baggerweieren derniewent suergen am Summer fir Ofkillung. www.biodiversum.lu

Geschichtleches a Kulinaresches zu Schengen  Virum Europäesche Musée zu Schengen fléien all Dag d’Fändele vun de 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun – symbolesch vereent fir e Kontinent, op deem sech

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

haut 420 Millioune Mënschen e Kulturraum an en änlecht Liewensgefill deelen. Datt de wichtege Vertrag zu Schengen ënnerschriwwe ginn ass, huet virun allem e symbolesche Grond: D’lëtzebuergesch Uertschaft läit direkt bei zwou Grenzen – zu Frankräich an zu Däitschland. Am Europäesche Musée zu Schengen kënnen d’Visiteuren e Faksimile vum berüümte Schengener Ofkommes studéieren, Douaniersmutzen a Päss vun den EU-Länner kucken a sech multimedial op villen Ecrane mat de vilfältegen Auswierkunge vum Vertrag beschäftegen. D’Martina Kneip, Directrice vum Musée, seet: „Mir wëllen, datt d’Leit, déi an eisem Musée waren, e bëssen eppes vun dësem ’Spirit of Schengen’ mat heem huelen. Datt si wëssen: Oppe Grenze sinn eppes ganz Wichteges a stäerken eist Gemeinschaftsgefill.“ www.visitschengen.lu  Zu Schengen lount sech e Spadséiergang duerch d’Wéngerte mat uschléissender Degustatioun, zum Beispill am Tuerm um Markusbierg. Verschidde Wënzer an touristesch Acteure bidden esou Aktiounen a Visite-guidéeën un. www.vins-cremants.lu  Et ass kee Restaurant an och keng Bar, et ass béides, an dat op engem Schëff: Op der Musel invitéiert d’„Péniche VINtage“ op eng Degustatioun vu regionale Produiten a Gedrénks – an dat um Waasser. www.visitmoselle.lu


D’Staatssekretäre vun de fënnef Länner Lëtzebuerg, Frankräich, Holland, Belsch an Däitschland hunn 1985 op der MS Princesse Marie-Astrid op der Musel d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwen. An dësem gouf ënner anerem festgeluecht, datt ee bei enger Rees säi Pass op enger Grenz innerhalb vun Europa normalerweis net méi weise muss.

D’Jugendherberg zu Rëmerschen läit vis-à-vis vun der Fondatioun. Iessen a Schlofen an engem echte „Valentiny“ — an dat zu gënschtege Präisser. Hei ginn och Aktivitéite wéi Klammen, Wanderen a Mountainbiking ugebueden. 89


Avenue Emile Reuter

Bvd. Prince Henri

VILLA VAUBAN MUSÉE D’ART DE LA VILLE DE LUXEMBOURG

DISCOVER THE DIVERSITY OF LUXEMBOURG’S MUSEUMS WITHIN A SHORT DISTANCE W W W. M U S E U M S M I LE . LU

Rue Notre Dame

CASINO LUXEMBOURG FORUM D’ART CONTEMPORAIN


nedy

Ken hn F. ue Jo

Aven

MUDAM LUXEMBOURG MUSÉE D’ART MODERNE GRAND-DUC JEAN

o uF

ds

lan

G is-

ro sT

e ed

Ru

MNHA MUSÉE NATIONAL D’HISTOIRE ET D’ART

theim

Rue Wil

efroi

Rue Sig

es

au

’E el

ed

e

dF

ran

klin

Rue M

Bv

Rue du

LËTZEBUERG CITY MUSEUM

ünster

Ru

rit St Esp

Ru

en

ng

hü rt T

v Trê de

MUSÉE NATIONAL D’HISTOIRE NATURELLE ‘NATUR MUSÉE’

d ue

R

MUSÉE DRÄI EECHELEN FORTERESSE, HISTOIRE, IDENTITÉS

no

la De lt

eve

os

Ro


Transforming Experiences CABARETS-DRAM AM KLENGSTEN DUERF VU LËTZEBUERG

D’Marlene lieft.

92

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


„Wie einst Lili Marleen!“ — D’Marlene Dietrich lieft. Zu Randschelt — am eenzege Bistro vum klengsten Duerf vu Lëtzebuerg. Hei trällert d’Romaine Zieser, d’Gerante vum Café, deen ale „Gassenhauer“ vun der däitscher Gesangsa Filmdiva, déi an den 1920er-Joren, an nach laang duerno, net nëmmen de Männer de Kapp verdréit huet. Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE!

93


D’Marlene Dietrich, d’Audrey Hepburn, d’Marilyn Monroe an nach vill aner „al Staren“ – si all gehéieren zu de Stammgäscht. Un de Maueren hänke Biller vun hinnen, an déi passend Musek leeft natierlech owes, wann déi meeschte Cliente fäerdeg si mat iessen, ganz haart, sou datt jidderee matsangen an esouguer, wie wëllt, e puer Danzschrëtt woe kann. Dobannen oder dobaussen, mat Bléck op d’Felder. „Hei ginn et ëmmer interessant Gäscht, déi meescht kommen zanter Joren“, erzielt d’Romaine Zieser eis. Déi geléiert Coiffeuse mat hirem kecken, wäissblonden Hoerschnëtt ass mat Häerz a Séil Gerante vum Bistro, dee fréier mol e Schwéngsstall war.

Op an Of vum Liewen, dat alles fënnt hei seng Plaz. D’Romaine schwätzt immens gären doriwwer mat hire Clienten – wa si Zäit huet. „Deen hei erakënnt, trëtt an eng aner Welt eran. Dat hunn ech scho gemierkt, wéi ech déi éischte Kéier am Raum stoung“, erënnert sech d’Romaine, iwwerdeems se Schampes an en delikate Kellech schëtt a mat enger Kiischt dekoréiert. Mä den Zauber, dat ass net nëmmen de Raum. Den Zauber, dat ass d’Romaine selwer. Wann d’Bud voll ass, hetzt si hin an hier, bréngt ganz séier Iessen a Gedrénks op d’Dëscher. Mä esoubal e Lidd kënnt, dat hir besonnesch gutt gefält, sengt si lass. Wou si och grad ass. „Non, je ne regrette rien!“

Keng Angscht viru grousse Gefiller Duerch Zoufall huet d’Romaine heihinner fonnt, an huet séier beschloss, genee an dëser Uertschaft e Bistro opzemaachen. Firwat eigentlech Randschelt? „Et huet ganz einfach eppes. Et kënnt een direkt erof, wann een hei ass“, resuméiert si.

„Für mich soll’s rote Rosen regnen“: Lues an dezent? Net hei! An dësem Bistro geet et héich hier, an esou soll et och sinn. Et ass eng aner, intensiv Welt.

Ëmsou interessanter ass hire knallege Kontrastprogramm. An dësem klenge Raum ass bal alles schwaarz, rout a wäiss. Käerzen, Kitsch a Konscht si wëll gemëscht. D’Romaine huet all d’Wänn vum Bistro mat engem schwaarze Stëft fërmlech beschriwwen, mat Spréch a Liddtexter: „Ich hab genug von großer Liebe. Ich will wieder große Liebhaber“. Oder: „Don’t forget to fall in love with yourself!“ Keng Angscht viru grousse Gefiller also. Léift an Enttäuschung, dat ganzt

94

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Wat maachen zu Randschelt?  Vum Duerfkär aus ass et net wäit bis bei de Meditatiounspad. De Wee féiert bis an e klenge Bësch, wou et séier kill an donkel gëtt. D’Texter laanscht de Wee lueden zum Nodenken an. www.visitguttland.lu  Am Musée Thillenvogtei heescht et: eng Hand mat upaken. Sief et beim Broutbaken, beim Äppelplécken oder beim Bitzen. De Musée, dee banne vill méi grouss ass wéi ee mengt, vermëttelt e liewegt Bild vum Liewen um Land ëm 1900. www.thillenvogtei.lu  D’Yogasproff Laura huet hir éischt Yoga-Erfarungen am Nepal gemaach. Haut gëtt si hire Schüler am Park niewent der Kierch Yogascoursen. www.littleyoga.lu


„Schatz, verstell dech net! Sief du selwer! Danz a laach! Looss net zou, datt een Dir däi Strale klaut!“ D’Romaine Zieser mécht kee Smalltalk; mat hir ginn d’Gespréicher an d’Déift an an d’Häerz.

D’Marlene Dietrich, d’Hildegard Knef, d’Édith Piaf, d’Audrey Hepburn: D’Diven dekoréieren d’Wänn a fëllen de Raum mat Musek.

95


Daydream UECHTERT D’LAND MAT OLDTIMEREN

Schéin op Touren D’Fotografenteam vu „Pancake!“ huet sechs Classic-Car-Passionéierter op eng Entdeckungsrees duerch Lëtzebuerg begleet an dobäi déi verschidde Regioune vum Land aus besonnesche Bléckwénkelen ofgeholl. Eng Fotostory net nëmme fir Oldtimer-Fans. Text THOMAS JUTZLER Fotoen PANCAKE!

96

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


97


Yves Fiat 500 — 1967 Iechternach

98

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Duerch den dichte Mëschbësch vun der Regioun Mëllerdall kënnt een a Schleefen erof bis op Iechternach. Hei waarden enk Gaassen a prächteg Stadhaiser. International berüümt ass d’Sprangprozessessioun, déi zanter 2010 immateriellt Kulturierwe vun der UNESCO ass. 99


Thierry Aston Martin DB 2/4 — 1956 Wuermer

100

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


An der Regioun vun der Musel, tëschent dem klenge Wënzerduerf Schengen an der Uertschaft Waasserbëlleg, gëtt et laanscht de Floss e sëllege Wäigebidder – een un deem aneren, vun historesch bis modern. Um Wee duerch den Terroir verrode Schëlter, wéi eng Riewen hei wuessen. Ëmmer erëm kann een am Musel-Dall vu wäiten Ausblécker profitéieren.

101


Frazer VW Bulli T2 Westfalia — 1976 Staudamm, Esch-Sauer

102

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Zivilisatioun a Wildnis verschmëlzen hei. Den Uewersauer-Stauséi läit am Éislek, matten am Naturpark: Schwammen, Paddelen, Dauchen, Surfen, Seegelen – um gréisste Stauséi vu Lëtzebuerg kann ee sou muncher Aktivitéit nogoen. Awer nëmme Waassersport ouni Motorgeräischer.

103


Méi lues wéi mat engem 47-PS-„Bulli“ waren d’Ritter viru 600 Joer bestëmmt och net ënnerwee, wéi se d’Schleefe bis bei d’Buerg vu Buerschent eropgeridde sinn. Mä wat ee méi lues ënnerwee ass, wat ee méi gesäit! D’Éisleker Regioun huet schliisslech eng herrlech Natur ze bidden.

104

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


105


Erop, erof — Brécken, Tunnellen, Gaassen, Einban: An der Stad Lëtzebuerg flanéiert ee gären. D’Haaptstad gëtt vun déiwe Schluchte vun der Uelzecht an der Péitruss duerchzunn. Am Fiels läit den Hielesystem vun de Bock-Kasematten. Hannert all Kéier waarden nei Andréck. Zum Schluss weess een net méi, wou uewen an wou ënnen ass. Verwirrend schéin.

106

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Pascal Morgan 4/4 — 2018 Lëtzebuerg-Grond

107


Riseg, stomm, stolen Organismen: d’Héichiewen zu Belval. Gigantesch Zeie vun enger anerer Zäit. Iwwer 7.000 Aarbechter waren deelweis hei beschäftegt. Haut wiisst am Süden eng modern Uni-Stad vun der Wëssenschaft. Eng gelongen Konversioun!

108

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


Claude „Kinch“ Cadillac Sedan DeVille — 1956 Belval

109


Simone Volvo PV544 „Buckelvolvo“ — 1962 Schlass Aansebuerg

110

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG


All sti se Spaléier virum Schlass Aansebuerg: d’Wiechter aus Steng bei der Paart, d’Äppelbeem am Park. D’Buxusse vum Labyrinth goufe genee getrimmt. Wat fir e majestéiteschen Dekor! Eng Faart mam Oldtimer duerch de märchenhaften Dall vun de siwe Schlässer am Guttland ass eng duebel Zäitrees.

111


@m3eechelen www.m3e.lu

5, Park Dräi Eechelen L-1499 Luxembourg T. +352 26 43 35

FROM the fORtRess WItH LOVe

FRee eNtRY WELCOME TO THE PERMANENT EXHIBITION

SEALED WITH A KISS

enjOy the vieW THAT’S THE POINT

FOLLOW tHe GUiDe MIKE MCQUAIDE DISCOVERS DRÄI EECHELEN


2

6200M OF CULTURE

THE PLACE TO BE! FREE ENTRY Musée national d’histore et d’art Luxembourg

Marché-aux-Poissons L-2345 Luxembourg Ma-Di : 10h-18h (Je : → 20h)

T +352 47 93 30-1 musee@mnha.etat.lu www.mnha.lu


EDITIOUN 2 /2020

The Family of Man

Luci

UNESCO Memory of the World

www.steichencollections-cna.lu

EDITIOUN 2 / 2020 - LËTZEBUERGESCH

EDITIOUN 2 / 2020 - LËTZEBUERGESCH

Luci — Inspiring Travel Stories from Luxembourg

Clervaux Castle, Luxembourg

Inspiring Travel Stories from Luxembourg

Dobannen dobaussen On the road mat Anhang

Eng Stad, déi verbënnt Mat Architekten duerch d’UNESCO-Ierwen

Urban Art héich eraus Konscht-Botschafter vun der gudder Laun

Editeur Luxembourg for Tourism BP 1001, L-1010 Luxemburg Tel. +352 42 82 82 1 info@visitluxembourg.com VisitLuxembourg visit_luxembourg @luxembourginfo www.visitluxembourg.com

© LFT 2020 All Rechter reservéiert. All Notzung, Kopie, Reproduktioun, Publikatioun, Iwwerdroung oder Distributioun an iergendenger Form, ob ganz oder deelweis, ass just erlaabt, wann den LFT seng schrëftlech Geneemegung am Viraus ginn huet. ISSN 2716-7356

114

Kreativdirektioun & Editorial Design Guido Kröger, ampersand.studio Redaktioun Thomas Jutzler Jan Maier Birgit Pfaus-Ravida Sarah Pitt Fabian Teuber Christiane Württemberger Fotoen Thomas Jutzler (Cover) Véronique Kolber Thomas Linkel Renata Lusso Pancake! Oliver Raatz André Schösser Mike Zenari Aner Fotoe mat frëndlecher Geneemegung vun de Partner.

Print Imprimerie Centrale WP

Luci

Konzept & Chefredakter Valerio D‘Alimonte

Oplo Gesamtoplo: 70.000 Lëtzebuergesch Editioun: 10.000 Sproochen Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch Interreg-V-A-Projet Verschidde Fotoen an Texter goufen am Kader vun der Content-Produktioun „Digitalen Tourismusmarketing fir d’Groussregioun“ aus Mëttele vum EFRE-Fonds gefërdert. Publicitéit hello@luci.travel Awards

Iwwersetzungen op Lëtzebuergesch Claude Hermann Angela Tumiotto why vanilla? Lektorat Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Diane Demuth Spezielle Merci Luc Marteling Desktop Publishing Walter Ciotti Rachelle Meyer

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG

Weider „Inspiréierend Reesgeschichte vu Lëtzebuerg“ op www.Luci.travel


Profitéiert vun den interessanten Packagen

© Renata Lusso

Fir méi Informatiounen: www.cflevasion.lu oder +352 4990 4845

CFL MOBILE

www.cfl.lu

Call Center +352 2489 2489


The Family of Man UNESCO Memory of the World

Clervaux Castle, Luxembourg

My Shadow, Toni Frissell, 1944. Library of Congress

www.steichencollections-cna.lu

2

LUCI INSPIRING TRAVEL STORIES FROM LUXEMBOURG