Regional+ N°1

Page 17

OMI‘S BACKSTUBE

ÄRE SPEZIALIST FIR BAK ACCESSOIREN

Mir sinn en klenge Familljebetrib, deen zu Dikrech fir d‘eischt seng Dieren opgemaach huet. Ufank August maache mir eisen 2ten Buttek an der Stad op der Gare op. Nieft klassesche Bakformen hunn mir och en bësse méi origineller, ewéi zum Beispill 3D-Formen, Silikonsformen a Fussball-, Dinosaurier- a Petzi-Formen. Fir déi Formen dann opzefëllen hunn mir och eng jett Bakmëschunge vu FunCakes, ewéi zum Beispill hier Biscuitsmëschung. Soubal de Kuch dann gebak ass, muss en dekoréiert ginn, heifir hunn mir Fondant a Marzipan an iwwer 50 verschiddene Varianten, mat Goût, ouni Gôut, am klengen an am groussen. Natierlech kennt Dir bei eis och är Fondantsrulle kafen, fir Äre Fondant, Marzipan oder normalen Deeg auszerullen. Duerno hutt Dir de Choix tëschend Käerzen, Zocker-, Schockelasoder Marzipan-Dekoratiounen an eisen iessbare Fotoen, déi innerhalb vun 10 Minutte fir Iech perséinlech fäerdeg gestallt ginn. Eist klengt Team wat aus 5 Persoune besteet, heeschen Iech häerzlech Wëllkomm a mir stinn Iech mat eiser kompetenter Berodung ëmmer zur Verfügung, sief des op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch oder Portugisesch. Mir si fir Iech do!

OMI‘S BACKSTUBE 8, rue du Curé • L-9217 Diekirch +352 26 80 05 34 • sales@omisbackstube.com

www.omisbackstube.com

17


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.