


2 Clervaux Cité de l‘image 4 b&l‘vie De klengen Adventsmaart 5 Chrëschtdag a seng Bräich 6 Matériaux Clement 7 De Chrëschtbeemchen CUBE521 8 Montage Zenner 9 Chrëschtdag an anere Länner Autobus Stephany 10 Livinghome 11 Nunu Workwear Store 12 LALUX Peters Hosingen 13 Pierre & Nature Garage Deltgen 14 Ale Moart • Cooperations S.C. 16 Den Holzmëchel 17 Groupe renovation.lu EXE Pro 18 Naturbaustoff Réiden 20 Marbrerie Stemper 21 Peinture Marc Feltus Successeurs Foyer Agence Serge Malget Krump 22 Yelo Bau & ID-Home Restaurant An der Gaessen Optique Bley Mobil Foussfleeg 23 Säit fir de gudden Zweck Op der Schock Asbl 24 Rezept vun Vegelizious Semmelknödel mat Champignonramzooss 25 D‘Gewënnspill 27 GO Kitchens 28 Immopartner
Editeur, Régie et Layout Visibel S.àr.l. T +352 26 91 00 50 info@visibel.lu • visibel.lu
Impression EXEPRO Troisvierges
Renseignements & Réservations
Service Commercial
T +352 621 651 651 info@regional.lu Tirage 16.000 exemplaires
Toute reproduction ou traduction, intégrale ou partielle des articles de Regional+ est strictement interdite sans l‘autorisation écrite de l‘éditeur Visibel S.àr.l.
La rédaction n est pas responsable des articles et documents qui lui sont transmis. Ce magazine professionnel est un moyen d information. Les articles et les informations publiées sont libres de toute contrainte publicitaire.
La rédaction des textes publicitaires est réalisée sous la seule responsabilité des annonceurs.
Sou lues a lues kann een sech op déi besënnlechsten Zäit vum Joer astëmmen.
D‘Zäit wou ee mat senge Léifsten an enger gemittlecher, familiärer Atmosphäre mat guddem Iesse verbréngt.
An de Geschäfter stinn säit Wochen de Liefkuch, d‘Kichelcher, Schockelaskleesercher an Advents-kalenneren an de Regaler. Iwwert Kaddoen déi ee senge Léifsten schenkt gëtt nogeduecht an déi éischt leien och schonn op der richteger Platz wou se net schonn virun dem groussen Owend fonnt ginn.
Mee wat ass eigentlech Advent, Chrëschtdag, an all déi Bräich déi mir domat a Verbindung bréngen ?
Mir hunn fir Iech nogesicht an och gekuckt wéi Chrëschtdag an anere Länner gefeiert gëtt.
An der Adventszäit bereede mir eis op Chrëschtdag fir. Advent, Advent, déi éischt Käerz brennt, dann déi 2., déi 3., déi 4. An villen Haiser brennt an der Adventszäit een
Adventskranz. Dëse Brauch soll dobäi hëllefen d‘Waardezäit bis Chrëschtdag ze verkierzen.
Erfonnt gouf den Adventskranz warscheinlech viru knapp 200 Joer vun engem däitsche Paschtouer. Fir de Kanner am Kannerheem d‘Zäit bis Chrëschtdag ze verkierzen huet dësen deemools ee grousst Kutschenrad genotzt wou fir all Dag bis Chrëschtdag eng Käerz drop gesat gouf, fir Sonndeger eng extra grouss.
Haut zu Daachs fällt den Adventskranz méi kleng aus a mir hunn just nach 4 Käerze fir déi 4 Sonndeger bis Chrëschtdag.
Genausou wéi den Adventskranz däerf och den Adventskalenner zu dëser Zäit net feelen. Och hei war et virun 100 Joer schonn d‘Iddi de Kanner Waardezäit bis Chrëschtdag ze verkierzen. Deemools war et nach nëmmen ee Kartrong mat 24 nummeréierte Felder, haut kritt een Adventskalenneren an all méigleche Formen an allerhand leckeren Fëllungen.
De Brauch, sech fir Chrëschtdag ee gerëschte Beemchen an Haus ze stellen, ass schonn gutt 500 Joer aal. D‘Germanen hunn deemools drun gegleeft, datt an den iwwert ganzt Joer gréngen Äscht gutt Geeschter géife liewen, déi hiren Déiere beim laanscht goen géife Gléck bréngen. Déi Iddi huet och de Chrëschten gefall a vun do uns hunn ëmmer méi Leit sech zu der Zäit ee Chrëschtbeemchen a Wunneng gestallt.
Jee no Famill ass et ënnerschiddlech wéini de Bam gerëscht gëtt. Déi eng rëschte schonn um Ufank vum Advent, anerer maachen dat réischt zesumme fir Helleg Owend. Dobäi däerfen natierlech Luuchten, Lametta, faarweg Bullen a Stären a villes méi net feelen.
Et gëtt natierlech vill verschidde Bräich zu Chrëschtdag - virun allem an aanere Länner op der Welt wou ganz anescht gefeiert gëtt wéi bei eis.
An eisen Nopeschlänner gëtt awer änlech gefeiert wéi bei eis, mat engem Chrëschtbeemchen an engem gudden Iessen mat der Famill, dat entweder op Helleg Owend oder op Chrëschtdag.
An DÄITSCHLAND gëtt et traditionell zu Helleg Owend Gromperenzalot mat Wirschtercher, hei gëtt oft réischt de Bam um Helleg Owend mat der ganzer Famill gerëscht.
Anescht a FRANKRÄICH, do ass Chrëschtdag kee Feierdag, a Leit schaffen oft bis Owes, hei gëtt dann owes zesumme mat der Famill gefeiert mat Schlécken an enger Dinde mat Käschten.
An ENGLAND heescht et zu der Chrëschtzäit: Wat méi wat besser. Hei sinn se wat d‘Rëschten ugeet ganz fir mat dobäi. Och hei ginn et wéi bei eis Chrëschtmäaert mat Glühwäin, Punch, a villes méi. Chrëschtdag ass hei een 3-Deeg-Event, vum 25. - 27. Dezember, wou mat der Famill zesumme giess an entspaant gëtt. Kanner hänken hei de 24. Dezember hier Strëmp op fir wann de „Father Christmas“ déi Nuecht kënnt.
Och an den USA hänke Strëmp fir Helleg Owend oder „Christmas Eve“ um Kamäin fir den „Santa Claus“ den mat senge Rendéieren vun Haus zu Haus fiert an de Kanner kleng Cadeauen bréngt. Och Amerikaner kënnen beim Rëschten an a ronderëm hier Haiser keng Grenzen, souguer op deene Platzen an den USA wou et kee Schnéi gëtt, gëtt ëfters mat Konschtschnéi nogehollef.
An SCHWEDEN ass Chrëschtdag dat wichtegst Fest am Joer, „Julfest“ fänkt schonn mam 1. Adventssonndeg un an hei gëtt schonn am November alles gerëscht. D‘Luciafest, den 13. Dezember ass eng besonnesch Traditioun, wou sech dat eelst Meedchen vun der Famill als Lucia verkleet, mat engem laange wäisse Kleed an engem roude Band ronderëm de Bauch, fir seng Famill waakreg ze maachen. Owes gëtt d‘Luciafest, an der Schoul oder an der
5, Z.I. In den Allern (BP. 11) L-9911 Troisvierges T +352 99 81 32 - 1 info@stephany.lu
Mir wënschen eise Client‘en schéi Feierdeeg an eng gutt Faart an neit Joer.
Kierch gefeiert, änlech wéi eist Krëppespill. Helleg Owend ass de wichtegsten Dag, un dem Famill zesumme ronderëm de Chrëschtbeemchen danzt an et ass Brauch den Noperen a Frënn kleng Cadeauen an Haus ze leen.
Chrëschtdag bei 30 Grat, dat erlieft een z.B. an KOLUMBIEN. Fir hei a Chrëschtstëmmung ze kommen gëtt alles mat faarwege Luuchten a grousse Plastiksfiguren gerëscht. Hei ass et ee ganzt reliéist Fest, „Novena de Navidad“ (9 Deeg viru Chrëschtdag). All Dag ginn Leit an d‘Kierch an treffen sech fir zesummen ze bieden an ze sangen. D‘Chrëschtkand kënnt de 24. Dezember „Nochebuena“, ee ganz besonneschen Dag den d‘Famill zesumme mat typesche Geriichter wéi „Ajiaco“ (Zopp mat Poulet a Gromperen), „Natilla“ (Eng Sorte Pudding) oder och nach „Tamales“ (a Bananenblieder agepackten Maisfladen) verbréngt.
Wann Helleg Owend den „Badnjak“, een Baamstamm, gerëscht mat Oliven- an Lorbeeräscht, am Uewe verbrannt gëtt dann ass et Zäit fir Chrëschtdag a KROATIEN
Den Owend gëtt ganz vill zesumme gekacht, „Bakalar“ (Kabeljau), „Brudet“ (eng Zopp), Kichelcher, Nossstollen, „Prikle“ (kandéiert Orangëschuelen). D‘ganz Haus gëtt gebotzt an et gëtt ee Beemchen an eng Krëppchen opgeriicht. De 25. däerf dann jiddereen seng Cadeauen auspaken, et gëtt ee grousst Iessen an si ginn hier Famillje besichen.
Schlussendlech ass et awer egal wéi mir Chrëschtdag feieren, haaptsaach mir kënnen et zesummen mat eise Léifsten verbréngen.
Mir wënschen Iech alleguer schéi Feierdeeg am Krees vun Ärer Famill an ee gudde Rutsch an dat neit Joer.
12, Haaptstrooss L-9764 Marnach T +352 26 91 00 20 moien@nunu.lu
5,6-6,6
Le saviez-vous? Le Ale Moart, situé dans le vieux marché couvert de la ville de Wiltz au milieu de la Grand-Rue. Le Ale Moart est une épicerie locale et durable, gérée par COOPERATIONS Société Coopérative, qui propose des produits éthiques, issues d’une production écologique, sociale et durable. Vous y trouverez une offre inédite et changeante de produits alimentaires de base et d‘articles de consommation courante selon les saisons et disponibilités.
Nous offrons des corbeilles contenant des produits issus de productions où les producteurs font un extra effort en matière de durabilité. Un cadeau unique, une corbeille de la bonne conscience, où chaque produit a du sens, et vous fait du bien. Nous vous proposons des corbeilles sur mesure, pour chaque occasion et pour chaque saison, pour particuliers et clients business.
Le Ale Moart est aussi un salon de consommation, venez déguster du vrai café torréfié à Luxembourg de manière durable, ou des thés d’exception tout en savourant un petit cake vegan ou encore nos viennoiseries.
Pour la pause déjeuner, les meilleurs sandwichs et bowls de Wiltz peuvent être commandés à l‘avance en take-away sur www.ale-moart.lu produites au Gruberbeerig par l’équipe de Eis Kichen.
Nous produisons également le dernier pain artisanal à Wiltz en collaboration avec COOPERATIONS, avec aussi des produits de viennoiserie comme des croissants ou des pains au chocolat somptueux, petit pains et brioches.
Le plein des vitamines, peut être fait chaque jour au Ale Moart avec notre offre de légumes frâiches du Kiischpelter Geméisgaart, projet social et inclusif de maraîchage de COOPERATIONS, ou en profitant de nos actions de commandes groupées auprès de producteurs biologiques.
Wat sinn d’Virdeeler vu natierlechem Baumaterial?
Mir verbréngen enorm vill Zäit innerhalb vu Gebaier an et duerf eis dofir net egal sinn, mat wat fir enge Materialien des gebaut sinn.
Gips, Steewoll, gepäschte PVC-Buedem a schuedstoffhalteg Faarwen. Alles dat passt och perfekt an ee Passivhaus. Just, well ech doranner wunnen?
Kallek a Leem. Holzwoll a Stréi. Massivholzparquet an absolut natierlech Faarwen. Dat ass eis Devise. Et geet em eis Gesondheet. Well och mat gesonde Baumaterialien kann ech ee Passivhaus bauen….oder een alt Haus sanéieren.
Waarm Maueren sinn enorm wichteg fir sech am nächste Wanter wuel a komfortabel ze spieren. Waarm Maueren kréien ech duerch eng gutt Isolatioun.
Leem a Kallek bitt ee fantastescht Raumklima an ass mat kengem anere Material ze vergläichen. Obwuel zënter dausend Joren gebraucht, goufen dës Materialien déi läscht Joerzéngten einfach vergiess. Schwätzt mat Engem dee mat Leem oder Kallek verbotzt huet a frot deen, ob dee nach eng Kéier eppes Anescht wéilt.
Energie an Energiekäschte spueren
Ob al oder ganz nei. Gutt isoléiert Haiser verbessere net nëmmen de Wunnkonfort mee reduzéieren och den Energieverbrauch drastesch. An dofir mussen et net ëmmer vill Zentimeter sinn. Et sinn déi éischt Zentimeter déi am meeschte wierken.
Ökologesch Dämmstoffer zeechnen sech a ville Fäll och doduercher aus, dass si vill besser mat der aler Bausubstanz eens ginn. Obwuel de Keller liicht fiicht ass an obwuel d’Mauer schonn 150 Joer al kënnen dës Materialien problemlos benotzt ginn. Anescht ewéi Styropor sinn dës keng PlastikTut déi iwwert d’Haus gezu gëtt.
Manner ofhängeg vu Gas, Pëtrol, Pellets oder Stroum maachen
Mir erliewen et aktuell ganz drastesch. De Gaspräis explodéiert a bréngt vill Haushalter an eng finanziell schwiereg Situatioun. Bei Masutt a Pellets ass et net anescht. Obwuel eng sécherlech wesentlech méi ökologesch Alternative sinn och Pellets aktuell kaum nach ze bezuelen.
Aktuell gëtt vill a Richtung Wärmepompel sensibiliséiert. Mee och hei musse mir oppassen dass mir keen enorm héije Stroumverbrauch kréien…well och de Stroum ass a gëtt ëmmer méi deier.
Déi eenzeg valabel Äntwert op all déi Energiepräisser ass sech méi onofhängeg ze
maachen. An dozou gehéieren Wärmedämmung fir den Energieverbrauch ze reduzéieren a Solaranlagen fir säin eegene Stroum ze produzéieren. Well wa mäin Haus nëmme méi ee Brochdeel vu fréier verbrauch, da sinn déi Präisexplosiounen ob eemol nëmme méi hallef esou schlëmm.
Eng Wärmepompel brauch Stroum fir ze funktionéieren. Wéi vill Stroum dës verbraucht hänkt virun allem vun 2 Facteuren of:
1. Ass mäin Haus gutt gedämmt?
Fir manner ofhängeg vun den Energiepräisser ze sinn, muss ech mech manner ofhängeg dovunner maachen. An dat geet ënnert anerem doduerch, dass ech mäin Haus gutt isoléieren. Vill schéin al Haiser, ob geschützt oder net, duerfe/solle/kënne net vu baussen isoléiert ginn. Mee dofir awer quasi ëmmer vu bannen. Eng Innendämmung aus mëttlerweil absolut ausgeräift a problemlos ze realiséieren. Dir braucht just dat richtegt Baumaterial dofir.
2. Hunn ech grouss Heizungsflächen?
Eng Wärmepompel schafft just dann effizient, wann d’Temperatur vum Heizungswaasser méiglechst niddreg ass. Bei enger Foussbuedemheizung ass d’Temperatur vum Waasser knapp iwwer 30°C. Bei klasseschen Heizkierper
deelweis wäit iwwer 60°C. All Grad méi bréngt d’Wärmepompel dozou méi schwéier ze schaffen. Mee well eng Foussbuedemheizung am Albau awer net esou evident nozerëschten ass, kann d’Wandheizung déi optimal Léisung sinn.
Innendämmung mat Wandheizung fir een immens agreabele Wunnklima an eng immens effizient Wärmepompel. An deen ale Parquet kann dra bleiwen.
32i, rue de Niederpallen • L-8506 Redange/Attert T +352 24 84 02 26 • info@naturbaustoff.lu www.naturbaustoff.lu
Op der Schock setzt sich für die Bedürfnisse von Menschen mit einer intellektuellen Beeinträchtigung ein. Dabei begleiten und unterstützen wir jeden einzelnen in seiner individuellen Persönlichkeitsentwicklung.
Unser Ziel ist es, diesen Menschen eine gute Lebensqualität zu bieten sowie ihre berufliche und soziale Inklusion zu fördern.
Seit 1989 bieten wir Arbeitsplätze für Menschen mit intellektueller Beeinträchtigung in unseren Werkstätten in Redingen an. In den nachfolgenden Jahren wurde das Angebot von Op der Schock um Ausbildungsplätze, eine Tagesförderstätte, Betreutes Wohnen, ein Freizeitprogramm, den Internen Beratungsdienst sowie den Bereich Tourismus erweitert.
Jetzt ist abermals eine Vergrößerung unserer Werkstätten in Redingen notwendig: für weitere 50 Menschen mit intellektueller Beeinträchtigung wollen wir in den nächsten Jahren einen gesicherten Ausbildungs- und Arbeitsplatz schaffen! Der umfangreiche Ausbau wird substanziell staatlich gefördert, benötigt aber auch finanzielle Eigenleistung unserer ASBL.
Wir sind dankbar für jede Spende.
Semmelknödel 250 g fäerdeg Semmelwürfelen 250 ml Mëllech
1 Ee 1 Enn 15 g frësche Péiterséileg ½ TL Muskatnoss 1 TL Geméisbouillon-Polver Salz a Peffer 1-2 EL Miel (fir d’Knödel ze formen)
Champignonramzooss 600 g Champignone 150 g Porett 2 Knuewelekszéiwen 1 EL Sonneblummenueleg 150 ml Wäisswäin 1-2 EL Sojaszooss 125 ml Geméisbouillon 350 ml Ram oder Sojaram 1 TL gedréchenten Majoran 15 g frësch Bratzelen Salz a Peffer
1 D’Mëllech an engem Deppe liicht erhëtzen, iwwert d‘Semmelwürfele schëdden a fir 20 Minutten zéie loossen.
2 Wärenddeem d’Enn kleng schneiden, fir 3-5 Minutten a bëssen Ueleg undënsten a bei d‘Semmelwürfele ginn.
3 De Péiterséileg kleng schneiden. Péiterséileg, Muskatnoss, Geméisbouillon-Polver an d’Ee bei d‘Semmelwürfele ginn. Alles gutt mat den Hänn duerchmëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen, dann mat bemielten Hänn 8 gläich grouss Knödel formen.
5 An engem groussen Deppen, Salzwaasser zum Kache bréngen. D‘Hetzt reduzéieren an d’Knödel fir 15-20 Minutten am liicht kachende Salzwaasser mam Deckel um Deppen zéie loossen.
6 Wärenddeem d’Champignonen a véier schneiden an de Knuewelek an d’Porett ganz kleng schneiden.
7 De Sonneblummenueleg an enger Pan erhëtzen, an d’Porett fir 3 Minutten undënsten. D’Champignonen an de Knuewelek dobäi ginn a fir weider 8-10 Minutten ubroden.
8 Mat wäissem Wäin a Sojazooss ofläschen. D’Ram an de Geméisbouillon dobäi schëdden an fir 5 Minutte liicht kache loossen.
9 D’Zooss mat Salz, Peffer a Majoran ofschmaachen. Zum Schluss d’Bratzelen kleng dra schneiden.
10 D’Semmelknödel aus dem Waasser huelen an ofdrëpse loossen, a mat der Champignonramzooss servéieren.
Nëmme gülteg, wann alles vollstänneg ausgefëllt ass. NUMM: VIRNUMM: ADRESS: PLZ: UERT: TEL: MAIL: D‘Zéihung vum Gewënnspill ass Freides, den 16. Dezember 2022. Är perséinlech Donnée'en ginn nëmme genotzt, Iech am Fall vun engem Gewënn ze kontaktéieren. Se ginn ënner kengen Ëmstänn un Drëtter weidergeleet an zu Ärem Schutz no der Auslousung vernicht.