Ahoi Buet Februar 2023 - Gemeng Péiteng

Page 1

De Buet De Buet

Rolleng - Rodange - Péiteng

Rolleng - Rodange - Péiteng

Verännerunge bewierken!

D´GEMENG

PÉITENG STÄERKEN

modern & fair fir jiddereen

Editioun Februar 2023
Braderie Péiteng 2022 we are pirates Member ginn, Pirat sinn. www.piraten.lu Tél.: +352 20 33 37 ahoi@piraten.lu Verännerunge bewierken

LU: Ahoi Piratenfans,

2023 ass et erëm esou wäit, et si Walen. Fir d´éischt déi fir d'Gemengen, duerno fir eist Parlament. Zënter 2017 si mir Piraten fir dech am Péitenger Gemengerot a vertrieden konsequent eis Positioune fir eng besser a méi staark Gemeng Péiteng. An deene 6 Joer hunn ech, an eis ganz Equipe politesch, mënschlech an och fachlech vill bäigeléiert. Mir hunn eis als Partei weiderentwéckelt, nom Gemengerot gouf ech an d'Chamber gewielt, wat mir ee risen Erfahrungsplus bruet huet. Net just, dass een Gesetzer kennt, se mat schreift an se mat entwéckelt mee och d´Strukture vum Land hunn ech kenne geléiert. Och esou munch Ofkierzung, fir direkt bei der Regierung oder Verwaltung dat bescht fir eis Gemeng Péiteng ze verhandelen, gouf méiglech.

De Mix aus kommunaler wei nationaler Politik bréngt mat sech, dass ech mech entscheet hunn och 2023 als Spëtzekandidat unzetrieden, fir eis schéi Gemeng an eng modern a fair Zukunft ze féieren an deene nächste 6 Joer. A wéi enger Form, dat entscheeds du mat denger Stëmm den 11. Juni 2023.

Virun der Erausfuederung, ob

Oppositioun, Schäfferot oder villäicht als Buergermeeschter, zéie mir eis net a mir si bereet, eis fir dech anzesetzen.

Zesumme mam Christian Welter baue mir elo eng frësch Equipe fir d'Gemengewalen op. Ee Mix aus bekannte Kandidate, awer och mat neie Gesichter wou fir Iwwerraschunge suerge wäerten. Mee well Politik sech net just ëm Gesiichter dréint, mee em d‘Inhalter, hu mir dir dofir an dëser Editioun vum Ahoi Buet och déi eischt Punkte mat eise Proposen fir 2023-2029 opgestallt.

FR: Ahoi les Pirates !

2023 sera une grande année avec les élections qui s’approchent. D’abord les élections communales, puis les élections nationales. Depuis 2017, les Pirates sont représentés dans le Conseil communal de Pétange. Ici, nous défendons de manière conséquente nos positions pour rendre notre commune en un meilleur endroit.

Lors des six dernières années, mon équipe et moi-même avons appris beaucoup sur le plan politique, technique et humain. En 2018, j’ai été élu à la Chambre des Députés, ce qui m’a permis de gagner un savoir-faire très précieux. En tant que député, on apprend à connaitre les lois existantes et

leur application. On suit de près les nouveaux projets de loi et on fait soi-même des propositions devant le parlement. On comprend vite comment les institutions dans notre pays fonctionnent et comment mieux faire bouger les choses, aussi pour le bien de la commune de Pétange.

Cette expérience m’a renforcé dans ma motivation de me présenter comme candidat de tête pour les élections de 2023. Mon but est de guider notre belle commune vers un futur plus juste et moderne. Tu décideras sous quelle forme ceci se fera lors de ton vote aux élections le 11 juin 2023. Que ce soit en tant que membre de l’opposition ou dans le Conseil échevinal, nous continuerons à lutter pour toi.

Ensemble avec Christian Welter, les Pirates vont composer une nouvelle équipe pour les élections avec un mix de candidats connus ainsi que certains nouveaux visages. Pourtant, la politique ne traite pas uniquement de visages, mais surtout d’idées. C’est pour cette raison que nous t’envoyons cette édition du Ahoi Buet avec quelques-unes de nos propositions pour les années 2023 à 2029.

Ilres Sonndesfro vum 6. Dezember 2022: (Quell RTL.lu / Wort.lu)

Oktober 2018 zu November 2022

RTL.lu: Rezent huet d'Sonndesfro gewisen, datt et bei der Sëtzverdeelung an der Chamber nawell zu deels zolitte Changementer komme géing.

Wort.lu: Unter den Oppositionsparteien können sich die Piraten seit der Pandemie mit 9,6 Prozent und sechs Sitzen auf einem hohen Niveau stabilisieren

www.piraten.lu - Tél.: +352 20 60 66 - mgoergen@chd.lu 23, rue du Marché-aux-Herbes L-1728 Luxembourg
Goergen Deputéierten & Conseiller
Marc
+4 -6 CSV CSV +2 Koalitioun ADR &
Lénk: onverännert Fokus
Déi
Déi
&
Konservativ: 0

BUDGET 2023: EIS REAKTIOUNEN

AUSZICH AUS DER RIED VUM MARC GOERGEN

Bei de Crèchen fannen mir et allgemeng bedenklech, dass do ëmmer méi kommerziell Firmen entstinn déi d'Kanner sollen de ganzen Daag ophuelen. Op der enger Säit hunn Kanner ze weineg Zäit mat den Elteren, op der anerer Säit verdéngen e puer Vereenzelter sech eng gëllen Nues mat hire Crèchefirmen.

Keen dierf gezwonge ginn, an d'Ausland wunnen ze goen, wann en hei an der Gemeng opgewuess ass, just wëll Promoteuren hire Konto net voll genuch kréien.

Dat ass eng falsch DP Politik, wou Familljen auserneen dreiwt, anstatt zesummen ee Liewe féieren ze kënnen.

Dofir muss een, menger perséinlecher Meenung no, op de Wee goen an deenen Elteren, wou sech entscheeden manner oder guer net ze schaffen, eng finanziell Entlaschtung vum Staat ze bezuelen, fir selwer kënnen no hiere Kanner ze kucken.

Op mat villem averstanen oder net, ee Buergermeeschter vum Format vum Pierre Mellina haten net vill Gemengen am Land, a mir als Gemeng Péiteng kënne ganz zefridde sinn iwwert seng 19 Joer un der Spëtzt.

Ech verstinn awer och, elo ass d'Zäit vir Verännerung komm, Zäit fir eng aner Politik fir eis Gemeng. Net besser oder méi schlecht, mee op neie Schëlleren opgebaut, modern an dynamesch, ugepasst op déi haiteg Erausfuerderungen.

Eng gewësse Bestännegkeet an der Politik vun de lëschte Joren kann jo stattfannen wann d'CSV nom Juni nächst Joer wäert weiderhin de Buergermeeschter stëllen. Emmerhin wär dat dann fir déi éischt Joeren den aktuellen éischte Schäffen Jean-Marie Halsdorf, ier dann am Laaf vum Mandat den André Dias den Job iwwerhuele wäert. Zumindest hu mir déi männlech Doppelspëtzt esou verstannen. Ähnlech wei Polfer / Cahen an der Stad.

Eng gewësse Bestännegkeet mat neien Akzenter an der Politik fir déi nächst Joren kann stattfannen, wann de Bierger enger oder zwou anere Parteien d'Vertraue schenkt fir een mat aneren Akzenter opgestallte Projet ze realiséieren. Woufir keng Plaz a keng Zäit hei an der Gemeng ass, ass fir Experimenter iwwert déi nächst Joer mat Randparteien, wou Stabilitéit an eiser schéiner Gemeng géingen a Gefor bréngen.

... aner Akzenter géinge setze wei déi aktuell CSV/LSAP Majoritéit. Dat ass eben an der Politik normal, dass all Partei seng Ideen huet. Dofir wäert et och interessant ze liesen, wat an de Walprogrammer stoe wäert. Sou munches wäert bei der LSAP oder CSV dra stoen, wat se selwer net realiséiert hunn iwwert déi lescht 10 Joer, elo awer als Idee un de Wieler bréngen, mee och dat gehéiert zur Politik.

An dat wäert sécherlech och fir eng nei Equipe, egal wei eng Faarf déi wäert huet, zu 2 oder zu 3 Partner, eng grouss Erausfuerderung ginn, wëll aktuell steet eis Gemeng gutt do, d‘Finanzen si stabil. Fir mech ass et och kloer, dass déi virsiichteg & responsabel Finanzpolitik muss weider gefouert ginn.

Ze Fouss an d'Schoul

Mir géingen zum 15. September 2023 e sougenannte PEDIBUS organiséieren.

Begleetpersonal, wat är Kanner sécher a klenge Gruppen ze Fouss an d‘Schoul bréngt an zeréckbréngt.

Déi ëffentlech Hand muss méi bauen, net just eenzel Haiser mee och ganz Residenzen. Den Immbilienmaart, fir een Daach iwwert dem Kaap ze hunn, de Promoteuren ze iwwerloossen, ass fir eis de komplett falsche Wee. Do zielt just de Profit um Objet, awer net, dass jonk Leit an hierer Gemeng kënne wunne bleiwen. Mir hunn do eng kloer aner Virstellung wei eng CSV/LSAP.

Eist Verständnis hält awer beim Fussball op, wann ee Veräin vun der Gemeng eng Buvette, een Terrain souwéi Subside fir Jugendaarbecht kritt, an da jonke Spiller, dann Geld freet, fir iwwerhaapt spillen ze dierfen. Dat a Form vun engem Package, ugefaange bei 250 €. Wat Eltere méi Geld hu, wat de Package méi deier gëtt an soumat ee Statussymbol kritt. Dat ass eng sozial onfair Behandlung, an ënnert eis Pirate géingen esou Praktiken direkt ophalen oder se krite kee Geld, Buvetten oder Terraine méi vun der Gemeng. Esou Packages féiere just zu sozialer Ausgrenzung, zu Frust bei de Kanner, egal bei wéi enger Sportaart. De Sport ass, wéi een am Budget gesäit, gutt ënnerstëtzt. Da sollen d‘Veräiner de Bierger och dovun eppes zeréck ginn, an net just hire Sponsoren.

stattfannen, mee den Tour duerch déi 3 Uertschafte soll bestoe bleiwen.

Wou mir beim Budget vun dem Tourismus a Kommunikatioun sinn, een Nationalfeierdag wou ee ka méi grouss opzéien, virun allem och de Virowend mat abauen, wéi et Traditioun zu Rodange war. Eng Zäit, wou wierklech vill Leit op Rodange komm sinn fir de Virowend, wou een 2024 nei Konzepter, egal a wei eng vun den 3 Uertschaft, verbonne mat an Traditioune fanne muss.

Rodange ass. Mir sinn de vergiessenen Eck am Land, wou se einfach iwwert Collectrice (A13) all d'Frontalieren an de ganzen Transit bei eis an d'Gemeng era leeden, ouni Récksiicht vum grénge Minister op eis Liewensqualitéit oder Gesondheet souwéi Sécherheet.

Dozou gehéiert fir eis Piraten och, dass eis Haaptachsen duerch eis Gemeng, eis Haaptstrooss misst esou ëmgestallt ginn, dass se fir den Transit oninteressant gëtt.

Ech sinn nach ëmmer traureg, wann ech Bärbelendag gesinn, wou een eng schéin a grouss Feier vun de Pompjeeën zu Rolleng ofgeschaaft huet, fir elo alles zu Rodange ze organiséieren, wou awer mat engem AEV et net eng Kooperatioun elo ass, mee de Pompjeescorps hier Feier rett. Dat hätt ee kéinten anescht léisen, dat géing ech opdeelen op 1 Joer iwwert dat anert, tëscht Rodange a Rolleng. Mee Rolleng net komplett ausgrenzen.

Virun allem Rolleng ass oft a vill benotzt, een Aushängeschëld fir vill Events, erop bis an de RTL. Mee de „centre de loisirs“ ass an Jore komm, ze laang a mengen Ae gouf elo gewaart fir eng Moderniséierungen, mat enger liichter Vergréisserung.

Dat wär sécherlech ee vu menge Projeten wou ech direkt mat an den nächste Budget 2024 géing huelen.

Elo solle jo zu Rodange schonn éischt Pläng fäerdeg sinn, an 2024 moderniséiert ginn. Do ass ze begréissen, dass déi nächst Equipe nach kann Entscheedungen huelen, well op dem Projet deelen ech net dem Schäfferot seng Aschätzung, dass de Rodanger Centre Culturel soll prioritär fir den Theater ëmgebaut ginn. ... Rodange ass vill méi wéi den Theater an et sinn vill Veräiner, wou de Centre Culturel kënne benotzen a gebrauchen, net mam Schwéierpunkt Theater.

Et kann een Installatiounen och fir den Theater virgesinn, do ginn ech nach mat an der Idee, mee net als Schwéierpunkt.

Et ass quasi keng Auerzäit méi, wou een net am Stau steet, ob dat zu Péiteng oder zu
Dat selwecht si meng Gedanke beim Nationalfeierdag. Bei mir wäert et net dozou kommen, dass dee just an enger Uertschaft nach wäert

Meng fest Iwwerzeegung bleift, dass mir als Gemeng musse bis 2030 klimaneutral ginn. Et waren elo ënnert LSAP-Hand verluere Joren wat den Ëmweltschutz ubelaangt. Ze laang gouf gewaart, ze wéineg KWH un ernéierbarem Stroum realiséiert.

Do brauch et een mofe Booster, fir eis Ëmwelt ze schützen.

Wou mir am méi Klenge sinn, mir brauchen och Quartiersschoulen. Déi grouss Schoulprojete sinn net an eiser piratescher Strategie. Mir sinn éischter fir no Schoulen, kleng Strukturen. Dat selwecht fir Maison Relais a Crèchen.

Zu de Parkflächen, do feelen an der ganzer Gemeng Elektrobornen. Quasi ni sinn se fräi, déi puer wou do sinn, et muss ee bedenken, mir si bei 20.000 Awunner, a pro Awunner sinn einfach net genuch Chargy opgestallt ginn. Nach ee Punkt an dem schlechte Bilanz ronderëm d‘Ëmweltpolitik hei an der Gemeng.

Menger Meenung no, misst een de Stand vun den Bornen mindestens verdräifachen hei an der Gemeng, wann net nach méi fir Elektromobilitéit, an soumat de Schutz vun eisem Klima a Kanner virun dreiwen.

Dofir musse bis 2025, op all Gemengegebai wou et méiglech ass, eng Solaranlag opgeriicht ginn, souwéi iwwert all Parking oder Fläch, wou der Gemeng gehéiert.

Dofir géinge mir en Konzept ausschaffen, fir d‘Spillplaazen alleguer erëm fit ze maachen. Et geet mir alt wei och Kolleegen aus der Gemeng, mir fueren op Uewerkäerjeng fir mat de Kanner op eng nei modern a flott Spillplaz ze fueren. Esou ee Projet géinge mir och hei an der Gemeng realiséieren, dat och an de Schoulhäff vun eise Schoulen.

Mee bis eis Schoulgebaier hei wierklech digital ginn, wäert nach vill Zäit vergoen, an et wäert déi nächst Equipe sinn wou do Akzenter muss setzen. Mir als Digital-Partei stinn do fir den Top vum Top als Equipement fir eng modern Schoul.

Zur Sécherheet gehéiert fir eis och Preventioun, net just Represioun, an do war de Gemengerot sech eenz, dass ee fir eis Jugend ze schützen och ee Streetworker brauch hei an der Gemeng. Ech ginn souguer weider a soen et bréicht ee mindestens 4 Streetworker bei enger Awunnerzuel vun 20.000 Awunner an dräi Uertschaften.

Eis Gemeng ass net vun den héije Wunnengspräisser verschount bliwwen. Vill vun eise Matmënschen, déi mat eis an der Gemeng opgewuess sinn, mat eis an d’Schoul gaange sinn, sech um Veräinsliewen bedeelegt oder hei geschafft hunn, kënne sech zënter e puer Joren näischt méi an eiser Gemeng leeschten.

D’Politik muss handelen! Mee wat mécht den aktuelle Gemengerot? Ënnert der Federführung vun der CSV verkafe si Gemengen-

PARKING RODANGE:

terrainen zu engem Spottpräis, fir dass Privatpersounen dann drobber bauen. De Krux ass, dass Leit, déi keen héije Prêt bei hirer Bank kréien, vu vir eraus bei dëser Vente ausgeschloss ginn. Alt nees gewënnt dee mam déckste Portmonni! (Neiwiss II)

De Gemengerot verkeeft dat als soziale Wunnengsbau, deen a Wierklechkeet keen ass. An d’Terrainen, déi un de neie Besëtzer ginn, sinn alt nees verluer.

An eisen Aen ass dat eng falsch Wunnengspolitik. D’Piraten zu Péiteng setzen sech dofir an, dass méi Terrainen a Gemengenhand bleiwen a méi Wunnengen vun der Gemeng gebaut ginn. Virun allem déi Leit, déi eng laang Zäit an der Gemeng verbruecht hunn, sollten eng Prioritéit fir eng Wunneng kréien. Onofhängeg vum Portmonni.

Mat eis Piraten géing d‘ëffentlech Hand bauen an net d‘Promoteuren de Profit maachen!

D‘GEMENG BEZILLT IWWERT 1.000.000 € FIR DE PARKING,

Eng gëlle Nues konnt sech de Promoteur Accord Immo verdéngen mam Parking zu Rodange. Do hat de Schäfferot den Terrain fir ronn 1 Millioun €uro verkaf, fir dann erëm vun Accord Immo ee Parking zeréck ze kafen um Site, fir ronn 1 Millioun Euro. De grousse Profit gouf gemaach mat den Appartementer, wou elo iwwert dem Parking gebaut duerfte ginn.

Esou huet Accord Immo ALL EENZELT APPARTEMENT mat groussem Profit konnten verkafen, wärend Gemeng ee klenge Parking iwwreg behält.

Ee Parkhaus, wou net just ëffentlech Parkplazen ze fannen sinn, mee Accord Immo elo och nach eenzel Plazen selwer verlount.

Mat eis Piraten géingen et keng esou Deals tëscht dem Schäfferot an de Promoteure ginn!

CSV/LSAP AN HIR FALSCH WUNNENGSPOLITIK
IMMO KEEFT DEN TERRAIN FIR DROP ZE BAUEN!
ACCORD

WAX21 - INCLUSION & RESTAURANT

Jiddereen huet eng Chance verdéngt, fir um Liewe kënnen deel ze huelen. Dofir hate mir Piraten schonn 2018 d’Iddi, fir am Restaurant WAX op der Millen ee Projet ze starten zesumme mat Mënschen, déi Trisomie21 hunn. Déi Propose gouf leider net vun enger Majoritéit am Gemengerot

gedroen, sou dass haut een normale Restaurant am WAX ze fannen ass. Dank der Sendung „Zum Schwarzwälder Hirsch“ mam Tim Mälzer, huet d’Iddi awer erëm eng nei Opmierksamkeet kritt an déi Sendung ass de Beweis, dass esou ee Projet zur Inclusioun funktionéiert.

Och 2023 bleift de Punkt fir eis aktuell a sollte mir Piraten an d‘Verantwortung kommen, géinge mir esou een TrisomieProjet an der Gemeng Péiteng realiséieren.

WAX21

Restaurant

EPICERIE SOLIDAIRE

Bio, regional an ouni just nom Profit ze kucken. Mir Piraten haten 2018 eng Motioun am Gemengerot deposéiert, fir eng Epicerie Solidaire an eis Gemeng ze kréien, déi op klore soziale Wäerter opbaut an de Bierger mat gesonden a lokale Produkter versuergt. Dës Iddi gouf leider refuséiert. An der Epicerie géinge Matbierger een Job fannen, wou hei an der Gemeng wunnen an duerch hier Liewensëmstänn keng Chance um Aarbechtsmaart hunn.

INNERHALB VU 6 MÉINT ZUR

FAIRTRADE GEMENG

Fair Aarbechts- a

Produktiounsbedingungen vu

Liewensmëttel gehéiere fir eis Piraten zu enger moderner & fairer Welt. A jidderee ka säin Deel dozou bäidroen, och eis Gemeng.

Leider schwätzt d’Majoritéit am Gemengerot sech nach ëmmer géint dës Propose aus.

Mir géingen direkt an den éischte 6 Méint fir eis Gemeng d‘Konventioun mat Fairtrade ënnerschreiwen an dës an alle Beräicher ëmsetzen.

Sozial fair bio regional

Net just Produkter solle fair a sozial sinn, mee och d‘Aarbechtsstruktur. Kommt mir maachen zesummen eist Akafen an eis Ernierung méi nohaltëg, fir eis Matbierger an eis Ëmwelt.

Mir Piraten géingen innerhalb vun 2 Joer déi éischt Epicerie Solidaire realiséieren, mam kloren Zil, dass an den 3 Uertschaften esou eng lokal Epicerie entstoe soll.

WAASSER & POUBELLEN BRAUCHE NEI PRÄISSER

Den Ëmweltschutz muss méi Impakt op de Verbrauch kréien, dofir géinge mir d‘Präisser vum FIX kräfteg erof setzen an just de Verbrauch wäert berechent ginn, duerch eng Upassung vum Variable.

DÉIEREPARK & DÉIERESCHUTZ

Den Escher Déierepark um Gaalgebierg ass ee Projet, dee vun der Gemeng finanzéiert gëtt. E lackelt all Joers vill Visiteuren an Touristen un a weist, wéi een Nohaltëgkeet a lokalen Tourismus ka verbannen.

Mir fannen dës Iddi super a géingen fir jiddereen, virun allem fir d‘Kanner an eiser Gemeng, esou een Déierepark bei eis am Bësch opmaachen. Mir géingen dëse Park kombinéieren mat enger Opfangstatioun fir verletzten, verlueren oder ausgesatenen Déieren.

Klappjuegd Verbuet an der Gemeng Péiteng

VILL MÉI BEEM & PARKEN

Ze vill Terraine fir Bëtong, ze wéineg fir d‘Natur & Mënsch, dat ass den CSV/LSAP-Bilan. Ob d’Gemengeplaz, de Centre Culturel zu Rodange oder déi vill nei Citéen : et feelt u Beem, Parken a Plazen, wou d’Leit sech gemittlech kënnen ophalen.

Mir Piraten géingen der Natur an dem Mënsch erëm hier Plaz an eiser Gemeng zeréckgi mat engem klenge Park an all Quartier, mat vill méi Gréngs ronderëm eis Stroossen an och mat Foussgängerzonen am Zentrum. Net ze vergiesse mat neie Méiglechkeete fir de Sport a fir eis Hausdéieren.

SECOND HAND SPILLSAACHEN

Walkampagne 2023: selwer gemaach!

éierlech & ongefiltert: eis Meenung

Mir setzen eis dofir an, dass bei eis an der Gemeng Klappjuegd soll verbuede ginn a mir géingen all eenzelt Juegdlous erstoen, fir dass mir als Gemeng kënnen iwwert Juegdkonditioune bestëmmen.

Déi eenzeg original Déiereschutz-Partei

Mir Piraten sti fir ee konsequenten Déiereschutz. Een Déier ass keng Saach, mee ee Liewewiesen mat Gefiller a gehéiert respektéiert.

Mir wäerten och d’Hond-Steier an der Gemeng ofschafen : wien een Hausdéier fleegt, soll net nach duerch eng Steier dofir belaascht ginn.

D’Kanner gi vill ze schnell grouss, Kleeder gi schnell kleng a Spillsaache gi schnell ongebraucht. Kommt loosst eis déi schéin Zäit mat Aneren deelen a mir ginn de Spillsaachen een zweet Liewen. Mir géingen op e puer Punkten an der Gemeng ee Second Hand Store opmaachen, wou ee kann seng Spillsaachen ofginn oder déi Gebrauchte mathuelen. Zousätzlech géinge mir op dëse Punkten och ee Spillsaachen-Schaaf opriichten, wou d‘Kanner kënnen hier Spillsaachen tauschen.

MODERN: DIGITAL TAFELEN AN EISE

SCHOULEN

An der Schoul sollen eis Kanner op hier Zukunft virbereet ginn, dofir sollt och scho fréi eng nei digital Welt an de Klasse benotzt ginn. Digital heescht et kann ee méi einfach a komfortabel zesumme schaffen. Mir wëllen och iPad Klassen, mee just an engem Ausgläich mat Sport an Spadséiergäng an eis schéin Natur.

AIRTAG &  GPS AUER ERLABEN

An dësen onsécheren Zäite versti mir déi Eltere wou hire Kanner een Apple AirTag oder eng GPS Auer mat op de Schoulwee oder an d‘Schoul ginn. Am Moment erlaabt d‘Reglement dëst awer net. Mir géingen dee Punkt änneren an deenen Elteren, wou méi Sécherheet fir hier Kanner wëllen, dëst  erméiglechen.

BUDGET PRO KLASS EROP SETZEN

De „klenge“ Budget an de Klassen, wou d‘Schoulpersonal zur Verfügung huet, géinge mir em 25% erop setzen, fir esou der Inflatioun Rechnung ze droen an de Kanner weiderhin flott Schoulstonn ze erméiglechen.

Member ginn

bei de Piraten:

www.piraten.lu

Quell: RTL.lu

WAARDELËSCHTEN AN DER

MAISON RELAIS

Iwwert 600 Kanner waarden aktuell op eng Plaz an enger Maison Relais an der Gemeng Péiteng, dat ass de Bilan no 20 Joer CSV Politik. Dee Status Quo ass inakzeptabel, mir géingen direkt eng provisoresch Méiglechkeet sichen fir nei Plazen, mee awer och d‘Reglement upassen, wéini een dierf seng Kanner an eng Maison Relais ginn. Mir géingen d‘Konditioune kloer upassen, dass d‘Elteren wou schaffen, souwéi an eiser Gemeng wunnen, eng Prioritéit hunn. Bis 2028 wëlle mir nei Maison Relaisë bauen, fir esou vum provisoreschen op eng dauerhaft Léisung ze kommen. Mir Piraten trieden National dofir an, dass Kanner déi net wëllen oder kënnen an eng Maison Relais goen, eng finanziell Hëllef kréien, fir den Elterendeel wou sech Doheem em Kanner këmmert an dann net ka schaffe goen.

Piraten: National souwéi Kommunal engagéiert fir eng méi staark Gemeng Péiteng

PIKOCARD

Ab September 2023 geet eis grouss Schwemm op. Déi ass awer ee grousse Käschtepunkt am Gemengebudget. Dofir géinge mir Präisser anescht gestalten. Awunner aus der Gemeng Péiteng kriten eis PikoCard mat 1€ Entrée fir 3 Stonnen

Jidderee wou net an der Gemeng wunnt, misst 10 € fir 3 Stonne bezuelen. Duerch d‘Steieren, wou dir hei an der Gemeng scho bezuelt, finanzéiert dir och d'PIKO zum groussen Deel mat, dofir gi mir Iech via PikoCard eng Remise.

An dësem Buet brénge mir déi nei Punkte fir 2023-2028. Eis Punkten aus 2017 bleiwen awer och nach.

Du kanns déi um Pabeier bestelle via ahoi@piraten.lu oder Tél.: 20 33 37, den Download als PDF ass op peiteng.piraten.lu

KËNNT DE NEIE POLICEBÜRO OP D‘PORTE LAMADELAINE?

Zënter 2017 vertriede mir Piraten déi kloer Positioun, dass zu Péiteng, der fënneftgréisster Gemeng am Land, ee Policebüro 24 op 24 fir d’Bierger soll op sinn. Och op nationalem Niveau an der Chamber hu mir dës Iddi ëmmer erëm verdeedegt.

Leider hu weder d’Regierung, nach de Schäfferot, genuch fir de Projet gemaach an esou wäert och 2023 nach kee Policebüro hei an der Gemeng ze fanne sinn, an deem Policebeamten/inne ronderëm d’Auer fir de Bierger do sinn. Eng Iddi war et, fir op der Grenz tëscht Péiteng a Lénger ee Site fir

een neie Policebüro ze fannen, mee dee Projet konnt net vum Policeminister realiséiert ginn.

Fir 2023 steet am Raum, fir den neie Policebüro op de Site vu „Simon Tours“ zu Péiteng ze etabléieren, dëst no enger Propose vun de Piraten. Et stellen sech elo awer nach Problemer mam Terrain, well am Gemengerot huet CSV/LSAPMajoritéit leider d’Virkafsrecht vun der Gemeng net genotzt, esou dass elo just nach 25% vum potenziellen Terrain kéinte benotzt ginn. D’Piraten waren déi eenzeg am Gemengerot, déi sech fir ee Virkafsrecht ausgeschwat haten.

Trotz dëser Situatioun kucke mir no vir : mir wëlle zesumme mam CGDIS kucken, ob den aktuelle Pompjeesbau kéint ausgebaut ginn an een eng Léisung fannen, fir eng méi grouss, méi modern a besser Struktur fir d’Police an d’Pompjeeën an eiser Gemeng ze kréien. Mir Piraten wäerte kommunal souwéi national eis weider dofir asetzen, dass den neie Policebüro Péiteng/Käerjeng op d‘Porte Lamadelaine soll kommen a wëllen domadder ee kloert Zeeche fir méi Sécherheet an eiser Gemeng setzen!

De Marc Goergen ass Member an der Chamber vun der Kommissioun: Commission de la Sécurité intérieure et de la Défense

SYLVESTER: LASERSHOW

IWWERT GANZ GEMENG

D´Freedefeier ass net gutt fir d‘Ëmwelt  an fir eis Déieren. Dofir géinge mir als Alternativ all Joer eng grouss Lasershow  organiséieren fir esou de Wiessel vun de  Joren speziell ze gestalten.

D‘Lasershow géing musikalesch begleet ginn, an deem mir de passenden Toun via  Radio „Péiteng on Air“ Live an all  Stot bréngen. Ee Livestream soll et och ginn.

RENT SOLAR ENERGIE

Solarstroum op dengem Daach

Eist Konzept: D‘Gemeng installéiert dir „gratis“ Solarstroum op dengem Daach. Als Gemeng géinge mir fir ee symboleschen €uro am Joer d‘Flächen op dengem privaten Dach lounen, d‘Installatioun vun den Solaranlag maachen an du kriss als Merci 25% vun der Stroumproduktioun.

D‘Ëmwelt géing entlaascht ginn, du kriss däi Stroum fir Doheem, ouni mussen ee groussen Investment ze maachen fir eng Solaranlag oder aner administrativ Schrëtt. Mir als Gemeng géingen eis ëm alles këmmeren. De Stroum géing an de lokale Reseau zereck goen an soumat kinnte mir ganz schnell klimaneutral ginn.

NATIONAL VIGNETTE

fir all Auto op eise Stroossen

Member ginn, Pirat sinn.

Free WIFI

Fir eis ass eng Internetverbindung ee Grondrecht.

Dofir triede mir fir ee gratis WIFI Netzwierk fir d‘Gemeng Péiteng an, wou jiddereen ee gratis BasisZougang zum Internet kritt.

Eis Stroossen an déi ganz Infrastrukturen finanzéiert sech net vum selwen. Am Moment bezilt all Auto deen zu Lëtzebuerg ugemellt ass, eng Steier.

Eng grouss Unzuel vun den Autoen op eise Stroossen, fuere gratis. Dat ass onfair!

Mir wëllen dofir d‘Autossteier zu enger Vignette ëmbauen. Sou muss all Auto deen eis Strooss benotzt, och bezuelen. Dat wär eise faire Modell.

Dës Vignette dierf am Präis net iwwert den aktuellen Autossteiere leien.

Dës Vignette ka jiddereen bequem op den Dag, d‘Woch, de Mount oder d‘Joer buchen. Wann dir den Auto e puer Wochen net braucht, kennt dir per App oder am Büro den Auto an zwou Sekonnen ofmellen a soumat Geld spueren.

Eise Modell géing zu enger fairer Situatioun an zu weidere Recette bäidroen, fir sou den ëffentlechen Transport wei och d‘Stroossen finanzéieren  ze kënnen.

Walkampagne 2023: selwer gemaach!

éierlech & ongefiltert: eis Meenung

www.piraten.lu Tél.: +352 20 33 37 ahoi@piraten.lu

Piraten = Richtegen Ëmwelt & Déiereschutz

CHRISTIAN WELTER

Gemengeconseiller zu Péiteng

24 Joer / Rollenger

Student a Medien- a Kommunikatiounswëssenschaften

Menger Meenung no, soll all Persoun d’Recht hunn, sou ze liewen, wéi en am glécklechste fir SECH selwer ass an NET wéi d’Gesellschaft hier dat virschreift. Natierlech ouni senge Matmënschen oder der Natur ze schueden. Dësem Grondsaz kënnt menger Meenung no vun alle Parteien d’Piratepartei am noosten.

Ech selwer engagéiere mech net just fir meng Matmënschen, mee och fir d’Déieren. Dofir liewen ech, säit ech 18 Joer aal sinn vegan a si bei der Mieresschutzorganisatioun Sea Shepherd aktiv. Mat der Erfarungan deem Wëssen, wou ech op perséinlechem, politeschen an akademeschen Niveau iwwert déi läscht Jore gesammelt hunn, sinn

ech mer sécher, dass ech d’Gemeng Péiteng iwwert déi nächst Jore méi modern, méi fair a méi transparent ka matgestalten. Ech wëll mech virun allem fir d'Interesse vun der Jugend zu Péiteng weider asetzen an och mäin Deel dozou bäidroen, fir dass och déi jonk an eiser Gemeng eng Chance op eng eege Wunneng behalen.

MÉI BIERGERBEDEELEGUNG ZOULOOSSEN

Mir Piraten wëllen, dass de Bierger méi an d’politesch Decisioune matagebonne gëtt. Eng Form fir dat ze maachen ass d’Opstelle vun engem Biergerrot, wou nom Zoufallsprinzip d’Bierger aus eiser Gemeng ausgewielt ginn an fir 2 Joer kann dra bleiwen. De Biergerrot soll konkret Proposë maachen, op déi de Gemengerot reagéiere muss. Fir kleng Projeten soll de Biergerrot een eegene Budget vun

200.000€ pro Joer zur Verfügung gestallt kréien, deen d’Memberen fir Projeten an der Gemeng kënne verwenden. D’Piraten sinn iwwregens och der Meenung, dass ee méi Referenden zu wichtegen Decisiounen um Gemengenniveau muss zouloossen.

Mir Piraten haten fir d‘Verfassung ee Referendum gefrot.

Leider huet CSV hiert Wuert aus dem Walprogramm 2018 net gehalen an soumat koum kee Referendum.

Member ginn, Pirat sinn. Mir hu keng Angscht virum Bierger, a mir wäerte mat iech zesumme Politik maachen !

GILLES MERTZ

Bestuet, Papp vun engem klenge Jong

29 Joer / Rodanger

Attaché parlementaire bei de Piraten an der Chamber

Master an der Ekonomie

Du frees dech sécher: wat ënnerscheet eis Piraten vun deenen anere Parteien?

Eng Äntwert dorobber ass eise Leitmotiv « Modern , fair & transparent fir jiddereen» . Dat ass net nëmmen ee Slogan : et ass eng Motivatioun fir eis Aarbecht all Dag. D’Piraten schwätzen eng kloer Sprooch ouni vill Formalismus an Ideologie, mir wëlle Verännerungen a mir si bereet och nei Weeër dofir ze goen !

Modern: Péiteng muss méi lieweg ginn: mat Foussgängerzonen a méi Eventer, déi och Leit vu baussen unzéien. Och am Alldag feelt et u klenge Geschäfter an der Ëmgéigend. Hei kann d’Gemeng méi maachen, andeems si selwer méi Gebaier zu engem faire Präis verlount oder op verschiddene Platze mobil Geschäfter (Beispill :Foodtrucks) zouléisst.

Fair: Et kann net sinn, dass Leit, déi mat mir an der Gemeng opgewuess sinn, keng Wunneng hei bezuele kënnen a wéinst finanzielle Grënn aus der Gemeng plënnere mussen ! Hei muss d’Gemeng einfach selwer méi bauen !

Transparent: Ech fannen, dass d’Politik sech zënter Joerzéngten d’Liewen hannert zouenen Diere vill ze einfach mécht. D’Informatioun muss eraus bei de Bierger an d’Journalisten an net ëmgedréint ! Internet mécht et méiglech : mir Piraten si fir d’Live-Iwwerdroung vum Gemengerot an – firwat och net ? – engem Kanal, wou d’Bierger live an ëffentlech hir Froen un de Gemengerot kënne stellen.

Fir jiddereen: Ech wëll eng Politik, déi dem Bierger selwer méi Matgestaltung gëtt. Wou net Politiker, mee de Bierger, d’Decisioun hëlt. Jidderee vun eis kennt säi Quartier an d’Problemer, déi do optauchen. Jidderee vun eis sollt kënnen mat entscheede, wouhin de Wée vun eiser Gemeng geet.

AHOI CAVALCADE

Mat eis Pirate géing Cavalcade de feste Bestanddeel am Kalenner bleiwen. Mir géingen den lokale Veräiner méi Méiglechkeete ginn fir hire Won op zebaue souwéi ënner ze bréngen iwwert d‘Joer, an dass soumat méi lokal Gruppen un der Cavalcade kënnen deel huelen. Bei eis géing et keng VIP Tribün méi ginn, och net fir d‘Politiker.

TRAFFIC FORTKRÉIEN VUN DER ROUTE DE LONGWY

Den Transitverkéier op der Haaptstrooss duerch Péiteng, Rolléng a Rodange ass schlecht fir eis Liewensqualitéit ! D’Piraten setzen sech dofir an fir den Transitverkéier op d’Collectrice ze lenken. Déi wichtegst Moossnahm fir eng Verkéiersberouegung op der Lonkecher Strooss ass de Bau vun engem Tunnel ënnert dem Rond-Point beim Lycée LMA. Doduerch géif den Traffic op der Collectrice méi fléissend ginn a fir méi Verkéiersberouegung op der Route de Longwy suergen. Eis Piraten-Deputéiert an der Chamber haten dofir souguer eng Motioun ofginn, fir de Bauteminister dozou ze bréngen, de Bau vun dësem Tunnel unzefänken.

Piraten op der Cavalcade

PIRATEN HAKEN NO: DOSSIER MUNHOWEN

2019 war eis opgefall, dass MUNHOWEN reegelméisseg d’Recht vun der Gemeng zougesprach krut, fir exklusiv dierfen d’Buvettë vu Gemengegebaier ze benotzen. Dat huet eis virwëlzeg gemaach a mir hunn d’Affär méi genee ënnert d’Lupp geholl :

• 2017 huet d’Gemeng d’Brasserie am Keelenzenter zu Péiteng u MUNHOWEN verlount.

MUNHOWEN verlount dat un ee Sous-Locataire weider. Wärend dem Covid krut MUNHOWEN eng Reduktioun vun hirem Loyer zougesprach. Dobäi ass guer net kloer, ob dës Reduktioun beim Sous-Locataire vun der Brasserie ukomm ass.

• d’Gemeng festgehalen, dass d‘Locataire (WAX, Café am Home, Buvette Centre Bim Diedrech etc) mussen d’Gedrénks vu MUNHOWEN bestellen.

Fir eis sinn dës vill Exklusivitéiten an Zougeständnesser verdächteg.

Mir erënneren : MUNHOWEN ass eng Firma mat Milliounen Ëmsaz a kee klenge Gedrénkshändler vum Duerf. Firwat kritt esou eng Firma, déi souwisou schonn ee groussen Deel vum Privatmarché ofdeckt, och nach d'Exklusivitéit vu Gemengegebaier ?

Eiser Meenung handelt d’Gemeng net fair wann net zeguer illegal: si behandelt eng Firma besser wéi anerer. Dat geet an eisen Ae géint d’Prinzip

COLLECTRICE

Den 3. Tunnel, ënnert dem Rond -Point beim Lycée soll endlech gebaut ginn!

vun der Gläichbehandlung an dem Konkurrenzrecht. Mir mengen, dass all dës Opträg zesummegekuckt iwwert dem Wäert leien, wou eng Gemeng u sech eng ëffentlech Ausschreiwung misst maachen an dass d’Gemeng Péiteng hei eng Konkurrenzverzerrung bedreift.

Deementspriechend hu mer ee juristeschen Avis ausschaffe gelooss, dee mir un déi zoustänneg Autoritéiten geschéckt hunn.

All Locataire vu Gemengegebaier sollt fräi kënnen entscheeden, bei wiem e säi Gedrénks bestellt. D’Piraten froen ee klore Stopp vun der Bevirdeelegung fir MUNHOWEN.

Lëtzebuerger Sprooch respektéieren: fir jiddereen

Eis Mammesprooch soll respektéiert ginn.

Eis Sprooch soll als Mëttel fir d’Integratioun awer net als Mëttel zur Ausgrenzung benotzt ginn.

Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg an d‘Schoul geet, soll och Lëtzebuergesch léieren.

Jiddereen deen zu Lëtzebuerg schafft oder schaffe wëllt soll encouragéiert ginn op fräiwëlleger Basis Lëtzebuergesch ze léieren.

Jiddereen dee Lëtzebuergesch wëll léieren soll gratis d’Méiglechkeet dozou kréien. Domat wëlle mir eis Sprooch stäerken a respektéieren.

Mir gesinn awer gläichzäiteg d‘Sproochevillfalt zu Lëtzebuerg als wichteg a richteg un an als eng Stäerkt vun eisem Land. D’Friemsprooche sinn noutwendeg fir de Wuelstand an d‘Zukunft vu Lëtzebuerg ze garantéieren.

Well awer net jiddereen all Sprooch perfekt schwätzt an et grad an Noutsituatiounen wichteg ass,

datt sech Fleegepersonal a Patient, och Fleegepersonal a Famill vum Patient sech verstinn an esou keng Mëssverständnesser entstinn, muss een deem Rechnung droen . Mir wëllen datt een sech an all Amtssprooch mam Dokter a mam Fleegepersonal verstännege kann.

Dofir fuerdere mir datt all Spidol an Altersheem Iwwersetzer astellen déi bei Sproocheproblemer hëllefen.

Dës Zousazleeschtung am Spidol soll vun der CNS gedroe ginn.

#wearepirates www.piraten.lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.