Piraten Käl/Téiteng 2023 - Kuerz Versioun

Page 1

Mir stäErken d’gemeng Käl-Téiteng!

www.Piraten.lu
PAUTLER Gaby LOMEL Ben Lëscht
GOULLEVEN Yves ZAROTTI Noris BINSFELD Patrick SCHINTGEN Gérard MOOS Gary STAHL Jean-Marie SCHINTGEN LENA CLASSEN Christian SCHINTGEN Lara SCHUMACHER Serge HUMBERT Andy
5

Liewensqualitéit verbesseren

+ Lokal Veräiner ënnerstëtzen

Lokal Veräiner sinn d’Séil vun eiser Gemeng. D‘Gemeng muss eis Veräiner ënnerstëtzen, och finanziell. D’Subsiden un d’Veräiner sollen no faire Krittäre verdeelt ginn.

+ Wat d’Gemeng bezilt, muss jidderengem zegut kommen + De Leit eng Plaz ginn déi Jonk, mat weidere Jugendtreffpunkten. Eng Maison des Artistes et de la Culture, wou Kënschtler sech eng Zäit laang ophalen a verwierkleche kënnen a wou Ausstellunge kënne gemaach ginn.

+ Méi sozial Wunnengen bauen

+ Eng Gemeng am Service vum Bierger

+ Historesch Gebaier mat Liewe fëllen

+ Besser Inclusioun vun neie Matbierger

+ Zentral Ulafstell fir Zesummeliewen

+ méi Parkplatz pour personne mobilité reduite

Policepresenz stäerken

D’Piraten wäerten sech dofir asetzen, dass

Police mat preventiven Patrouillen méi present um Terrain ass. Mir si géint eng nei „Gemengepolice“, wëll dat just een eidelt Verspriechen vun der CSV/DP ass.

Sécherheet op eise

Stroossen a  Wunnquartieren

Optimiséierung vun der Beliichtung vun eise  Stroossen mat LED-Luuchten an intelligenter Steierung fir déi néideg Hellegkeet op eise

Stroossen ze garantéieren, Liichtverschmotzung ze vermeiden an d‘Energie ze spueren. Mir wëllen eng Plattform ariichten, wou Bierger de Plazen, wou et un der Beliichtung feelt, melle  kënnen.

Parkplazen

Mir wëllen, dass d’Parkplazen an eiser Gemeng an der Mëttesstonn vun 12h00 bis 14h00 gratis sinn. D’Zäit, fir kënnen mam Disk ze parken, soll de ganzen Dag och vun 2 op 4 Stonnen eropgesat ginn.

Alternativen fir d’Leit, wann d’Guicheten zou ginn

Ëmmer méi Post- a Bankguichets maachen zou a verschidde Leit ginn esou am Ree stoen gelooss. Eis Gemeng soll agräifen, andeems ee mam

Privatsecteur zesumme kuckt, fir mobil Guicheten anzesetzen, deen all Dag eng aner Uertschaft ufiert an op enger zentraler Plaz steet, wou d’Leit dann eng physesch Uspriechpersoun virfannen.

Wunnen hei an der Gemeng

méiglech maachen

+ D’Gemeng muss méi Wunnraum schafen Eis Gemeng muss selwer méi aktiv um Wunnmarché ginn, fir deene Leit ze hëllefen, déi an eiser Gemeng opgewuess sinn an hei eng Plaz sichen.

D’Gemeng soll dofir selwer Bauterrainen opkafen, fir Wunnengen drop ze bauen oder bauen ze loossen.

+ Wunnen fir 10€/m2

+ Gutt wunnen a gutt liewen

D‘Pirate fuerdere bei all neiem Quartier, dass op een e Mix tëscht Wunnen, Schaffen a Liewen opgepasst gëtt.

+ Nei Wunnformen erméiglechen

+ Glasfaser-Internet-Verbindung iwwerall  erméiglechen

+ Prekäert Wunnen net toleréieren

+ Alternativen zu Altersheemer

Mir wëllen de Leit ee schéinen drëtten Alter erméiglechen, woubäi si esou laang wéi méiglech solle fräi an onofhängeg kënne liewen. Mir setzen eis dofir an, dass méi Wunnengsprojete fir Senioren hei an der Gemeng op d’Bee gestallt ginn, nom Beispill vu Wunngemeinschaften, betreitem Wunnen oder dem Beienhaus.

Piraten = Richtegen Ëmwelt & Déiereschutz

+ Fir eng modern & ethesch korrekt Juegd

D’Piraten si géint d’Klappjuegd a wëllen d’Juegd hei am Land am grousse Ganzen aneschters a méi am Respekt mam Wëlldéier ugoen. Dobäi sollen alternativ Juegdmethoden zum Asaz kommen. D’Gemeng kann op deene Grondstécker, op deene si Proprietär ass, d’Juegdlouse selwer iwwerhuelen, professionell Jeeër op dëse Plazen asetzen an op Klappjuegte verzichten.

D’Gemeng kann nom Juegdgesetz souguer ee Juegdverbuet op dësen Terrainen duerchsetzen.

+ Méi Muppentoiletten

+ Een Déierekierfecht fir

+ Opfangstatioun fir Wëlldéieren

+ Obligatoreschen Chip fir

Hënn a Kazen

+ Keng Déieren am Zirkus

+ Altersheem, wou Déieren akzeptéiert sinn

+ Keng Hondssteier

+ Keng Déieren mei bei Eventementer (Cortège asw.)

DIGIT@L GEMENG

Bequeem a modern déi eenzel Etappen digital erméiglechen, wei gewinnt mat Dateschutz  an ouni Iwwerwaachung.

EIS STEIERREFORM:

Méi vum Salaire iwwreg

D‘Piraten stäerken an denger Gemeng

x

Einfach de Krees ukräize  vun eiser

ganzer Lëscht.

+ Entlaaschtunge fir d‘Zënsen

ze kompenséieren

+ Eng staark

Mindestrent fir ee würdegt Liewen

Präventioun: Et dierf ee Mënschen, déi op der Strooss liewen, net all an een Dëppe geheien. Et muss ee kloer differenzéieren tëschent Mënsche mat kriminellen Absichten a Mënschen, déi et aus eegener Kraaft einfach net vun der Strooss packen. Keen dierf wéinst senger sozialer Situatioun verurteelt ginn a grad dëse Leit muss eis Gesellschaft Perspektive bidden! Eng Gesellschaft ass nëmmen esou staark wéi säi schwächste Glidd. D’Piraten setzen dofir op den Asaz vun Hëllefsorganisatiounen a Street Worker, déi fir d‘Leit op der Strooss do sinn an den éischte Schrëtt sinn, fir hinne vun der Strooss ze hëllefen.

D‘Piraten sinn och bei de Jonken d‘Nummer 1

Tageblatt 19.05.2023: "Die Kandidaten der Piraten sind mit durchschnittlich 44,9 Jahren die jüngsten.

behalen
Merci

Käl-Téiteng brauch méi Sécherheet

Verännerunge bewierken!

Dir sollt ee Wuert matzeschwätzen hunn

D’Piraten sinn der Meenung, dass bei wichtegen Dossieren, Projeten oder grousse budgetäre Froen an enger Gemeng de Bierger:inne soll gefrot ginn a selwer matentscheeden.

D’Piraten géife méi Matbestëmmung erlaben andeems méi Biergerbegehren

+ Kommunal Petitiounen

+ Aféiere vun engem Biergerrot

+ Froen un de Gemengerot

Transparent Politiker!

Niewenakommes souwéi Immobilië vun de Politiker am Gemenge

souwéi Schäfferot mussen transparent opgeluecht ginn.

Politiker dierfen net selwer an der Immobranche aktiv sinn an hierer Gemeng.

Solaranlagen massiv ausbauen

Erneierbar Energië si lokal Energien, déi eiser Gemeng an domadder iech direkt zegut kommen. Wou et méiglech ass, muss Photovoltaikanlage gebaut ginn.

+ Dreck gehéiert an d’Poubelle, net op de Buedem

+ Reewaasser späicheren an notzen

+ Randonnéeën an eiser Natur

+ Wien een Uebstbam a sengem Gaart planzt, soll dofir e Subside kréien.

+ Pedagogesch Gäert an de Schoulhäff

+ 10x méi Luetstatioune fir

Elektro-Autoen

+ Nohalteg Gebaier ënnerstëtzen

+ Drénkwaasser op ëffentleche

Plazen

+ Eise Solarplang: d’Gemeng streckt

d’Sue vir, d’Leit hunn herno eegene

Solarstroum!

+ Intelligent Beliichtung

+ mei Poubellen op ëffentlechen

Platzen

De ganze Programm op www.piraten.lu

Manner Bëtong, méi Natur
Tél.: +352 20 33 37 ahoi@piraten.lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.