Pefferkär - Chamberwalen 2013 - Spezialeditioun LW

Page 1

Chamberwalen 2013 - LW

Lëscht 2

de Pefferkär Schicksalswalen!

Staatsbudget: 2001: 655 Millionen Euro Iwwerschoss 2008:

69 Millionen Euro Defizit

2013: 1.040 Millionen Euro Defizit

Staatsschold: 2001:

1,5 Milliarden Euro (60 Mrd Flux)

2008:

5,4 Milliarden Euro (216 Mrd Flux)

Är Kandidaten... ... am Süden ... am Zentrum ... am Norden ... am Osten

Säit 4 Säit 5 Säit 6 Säit 7

de Pefferkär

édition française

Vous trouvez la traduction française des principaux articles du ADRPefferkär sur notre site internet: www.adr.lu/pefferkar-lu-vf/

2013: 11,5 Milliarden Euro (460 Mrd Flux) Esou vill zur Finanzkompetenz vun CSV an LSAP! Wou geet dat hin? Dës Fro stellen sech ëmmer méi Leit, an dat net vun näischt.

heescht, datt d’Regierungsparteien duerfir riicht ze stoen hunn!

De Staatsbudget ass zanter Joren déif an de rouden Zuelen. Eis Staatsschold klëmmt riicht virun. De Staat lieft bal dräi Méint am Joer op Puff.

Wann déiselwecht Parteien elo behaapten, nëmmen si wiere kapabel, d’Land rëm aus där dramatescher Situatioun erauszeféieren, an déi si et eragefouert hunn, dann ass dat e schlechte Witz!

Mä nët nëmmen dat: eis Schoulen, sengerzäit mat déi bescht op der Welt, hunn duerch eng falsch Politik hir Stäerkt verluer a schrecklech vill jonk Leit ginn duerfir haut aus der Schoul direkt an de Chômage katapultéiert. Héije Chômage, onbezuelbart Wunnen, Iwwerschëldung, sozial Ausgrenzung, iwwerdriwwe Bürokratie, deegleche Verkéierschaos, steigend Aggressivitéit a Kriminalitéit si keng gutt Zeeche fir d‘Zukunft a maachen de Leit Angscht. Dat alles ass net vum Himmel gefall. Wéinstens 90 Prozent vun eise Problemer si selwer verschëllt. Dat

Léif Wielerinnen a Wieler, Méi wéi jee sinn dës Wale Schicksalswale fir Lëtzebuerg. Déi traditionell Parteien hunn an deene gudde Jore vill Geld dropgemaach, awer d’Zukunft vum Land net ofgeséchert. An déi Gréng weise mat hirem verbassene Festhalen un deem verréckten Tramprojet, datt si net besser sinn. D’ADR, déi mat Kandidaten untrëtt, déi hire Gebuertsschäin net verluer hunn a fest mat zwee Féiss um Buedem stinn, ass duerfir an dëser Schicksalswal déi eenzeg valabel Alternativ.

Zitater... ... vum Premierminister Jean-Claude Juncker „Wenn es ernst wird, muss man lügen.“ Auf einer Abendveranstaltung zur Euro-Krise in Brüssel im April 2011. Quelle: spiegel.de „Wir beschließen etwas, stellen das dann in den Raum und warten einige Zeit ab, was passiert. Wenn es dann kein großes Geschrei gibt und keine Aufstände, weil die meisten gar nicht begreifen, was da beschlossen wurde, dann machen wir weiter Schritt für Schritt, bis es kein Zurück mehr gibt.“ zitiert von Dirk Koch in „Die Brüsseler Republik“, Der SPIEGEL 52/1999

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


ADR Pefferkär

D‘ADR an d‘Fonction publique

Chamberwalen 2013

Säit 2

Auslännerwalrecht: Neen !

Hat d‘ADR Sträit mam ëffentlechen Déngscht? Richteg ass: d‘ADR huet, aus der Oppositioun eraus, d‘Rentegerechtegkeet erbäigefouert. Zënter 1999 besti praktesch déiselwecht Rechter op d‘Pensioun, ob Privatsecteur oder Fonctioun publique. Duerch dës Reform goufen d‘Hongerrenten ofgeschaf an et gëtt haut zu Lëtzebuerg kaum Altersaarmut. Fir béid Secteure gëtt et haut anstänneg Renten a Pensiounen. Zesumme muss elo gesuergt ginn, datt de Generatiounsvertrag kann agehale ginn. D‘ADR stoung a steet fir eng effizient Fonction publique, an där gutt Beamten am Déngscht vum Bierger stinn. Gutt Beamte sinn ënner anerem Beamten, déi net ënnert politeschem Zochzwang stinn. Dowéinst ass d‘ADR géint de proposéierte Bewäertungssystem fir den ëffentlechen Déngscht, deen och nach eng nei Verwaltung, an eng Politiséiererung vun der Fonction publique géif mat sech bréngen. Keng nei Schold fir Paien ze hiewen D‘ADR ass der Meenung, datt d‘Gehälter am ëffentelche Sekteur korrekt sinn. An der aktueller desolater finanzieller Situatioun, an déi d‘CSV-LSAP-Regierung d‘Land geféiert huet, kënnen duerfier keng Lounverbesserungen zougestane ginn, ausser den normalen Avancementer an dem Index. Kee Fonctionnaire kann en Interesse hunn, datt elo säi Gehalt iwwer zousätzlech Scholde verbessert gëtt, dee seng Kanner mussen zréckbezuelen. D‘ADR huet kee Sträit mam ëffentlechen Déngscht! D‘ADR ass, wéi déi meeschte Staatsbeamten, Garant fir d‘Erhale vun der Lëtzebuerger Sprooch an Identitéit. Béid plaidéiere fir esou wéineg wéi méiglech Souveränitéit un Europa ofzetrieden. Béid stinn dofir an, datt souwuel d‘Walrecht fir d‘Chamberwale wéi och d’Posten, déi un d‘Souveränitéit gekoppelt sinn, fir d’Lëtzebuerger reservéiert bleiwen.

„D’ADR wäert alles maachen, fir d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwale kategoresch ze verhënneren“. Dës kloer Ausso huet den Deputéierte Gast Gibéryen bei enger Entrevue mat der ASTI gemeet. Eigentlech ass et eng Selbstverständlechkeet, datt nëmmen d'Nationalbierger hir Vertrieder an hiert nationaalt Parlament wielen. Dëst ass quasi an alle Länner vun der Welt de Fall, dëst ass esou zu Lëtzebuerg a muss och esou bleiwen! Leider gëtt dës Selbstverständlechkeet net vun alle Parteie gedeelt. Esou soll vun der grousser Revisioun vun der Verfassung profitéiert ginn, fir duerch eng Hannerdier d'Auslännerwalrecht anzeféieren. Haut steet am Artikel 52 vun onser Constitutioun: "Pour être électeur, il faut: 1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise (...)". Den 13. Mee huet am Parlament d'Kommissioun fir d'Revisioun vun der Verfassung, op Propositioun vum President Paul-Henri Meyers (CSV), folgenden Text mat de Stëmme vun CSV, LSAP, DP an déi Gréng ugeholl, deen dës Conditioun soll ergänzen: „Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu'elle détermine, accorder le droit de vote à des nonLuxembourgeois“. Déi Lénk wëllen dobäi nach méi wäit goen. Soll dësen Zousaz ugeholl ginn, fënnt sech dann

och iergendwann an der Chamber eng Majoritéit fir den Auslänner d'Walrecht fir d'Chamber ze sinn. An duerno vläicht fir d'Frontalieren? De Kombel ass, datt am Lëtzebuerger Wort vum 19. August, op enger ganzer Säit, de Gilles Roth als CSVFraktiounspresident de Lieser wollt erklären, datt seng Partei géint d'Auslännerwalrecht fir d'Chamber ass. Hie schreift dobäi: “Wir sind der Meinung, dass dieses Recht ausschließlich den luxemburgischen Staatsbürgern zusteht“. Dat muss ee fäerdegbréngen! An der Kommissioun eng Propositioun maachen, fir d'exklusiivt Walrecht fir d'Lëtzebuerger aus der Verfassung erauszehuelen, an da kuerz virun de Walen de Leit ze soen, et wier ee géint d'Auslännerwalrecht. Eng Partei, déi géint d'Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen ass, muss dann och drop halen, datt den Artikel 52 a senger aktueller Form muss an der Verfassung verankert bleiwen. Nëmmen eng staark ADR-Presenz an der Chamber ka garantéieren, datt ee muss Lëtzebuerger sinn, fir an der nationaler Politik matzeschwätzen. Dofir besteet d'ADR drop, datt den Artikel 52 an der aktueller Form an der Verfassung bleift.

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


Säit 3

Chamberwalen 2013

Der sichere Weg der CSV ist eine Sackgasse Die CSV hat seit jeher mit ihrer Finanzkompetenz geprahlt. Den Wählern wurde eingebläut, ohne die Juncker, Frieden und Co würde das Land in einem finanziellen Abgrund versinken. „De séchere Wee“ war das Versprechen, mit dem die CSV sich den Wahlsieg sicherte. Was ist von diesem Versprechen übrig geblieben? Die auf Seite 1 abgelichteten Zahlen sprechen Bände: Innerhalb weniger Jahre ist Luxemburg in eine finanziell äusserst gefährliche Schieflage geraten. Von den angeblich hohen Reserven aus den Boom-Jahren keine Spur! Dagegen riskieren wir, schon bald die „Triple A“-Bewertung zu verlieren, womit der Teufelskreis weiter angeheizt würde. Nun wird eingewendet, die Weltwirtschaftskrise hätte halt überall zugeschlagen, und davon sei auch Luxemburg nicht verschont geblieben. Tatsache ist, dass vor allem die zurückgehenden Einnahmen aus dem Finanzplatz uns die größten Probleme bereiten. Diese Situation wird sich mit dem Wegfall der hohen Einnahmen bei der TVA auf dem elektronischen Handel ab 2015 sogar noch dramatisch

verschärfen und das Haushaltsdefizit 2015 auf annähernd zwei Milliarden hochtreiben, wenn sich nichts ändert. Trotzdem waren die „Finanzgenies“ der CSV bisher absolut unfähig, durch sinnvolles Sparen das Haushaltsdefizit zu verringern. Sie teilten vor den Wahlen von 2009 sogar noch kräftig Wahlgeschenke aus, die das Defizit nachhaltig verschärften. Und die chronische Geldverschwendung geht unverändert weiter. Wie lange noch, das hat der Wähler in der Hand. Die ADR hat ihre konkreten Vorstellungen, wie und wo der Staat vernünftig sparen könnte, vor geraumer Zeit veröffentlicht. Quer durch den Staatshaushalt ließe sich an unzähligen Stellen sparen, ohne die Konjunktur zu gefährden. Manche Sozialleistungen, die nach dem Gießkannenprinzip verteilt werden, könnten z.B. selektiver gehandhabt werden, ohne die sozial Schwachen zu belasten. Dazu braucht es gesunden Menschenverstand und politische Courage. Eigenschaften, die die CSVLSAP-Regierung bisher schmerzlich hat missen lassen.

ADR Pefferkär

Respekt vru reliéisen Iwwerzeegungen Déi sougenannten Trennung vu Kierch a Staat kënnt ëmmer nees op d‘Tapéit. Esouguer e Groupe vun Experten, natierlech aus dem Ausland, huet d‘Situatioun vu Lëtzebuerg analyséiert. D‘Entscheedung, ob a wéi de Staat Kierchen, reliéis Communautéiten a philosophesch Gemeinschaften ënnerstëtzt, muss awer bei der Politik bleiwen. D‘ADR steet fir Reliounsfräiheet an de Respekt vrun alle reliéisen Iwwerzeegungen, esoulaang dës net géint Prinzipie vum Rechtsstaat verstoussen. Kierchen a reliéis Communautéite mussen institutionell getrennt vum Staat fonctionnéieren. Tatsaach ass awer, datt se op déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat ugewise sinn. D‘ADR ass fir den italienesche Modell vum „otto per mille“: De ganz klengen Deel vun de Steiere gëtt u Kierchen, reliéis Gemeinschaften oder karitativ Institutioune weidergeleet. De Bierger bestëmmt dobäi selwer, wéi eng Institutioun, reliéis Communautéit oder Kierch dës Sue kritt. Otto per mille Reliéis a philosophesch Gemeinschaften, déi an de Genoss vum „otto per mille“ kommen, mussen op Basis vu klore Kritären unerkannt ginn. Zu dëse Kritäre gehéiert z.B., datt se zënter 10 Joer zu Lëtzebuerg aktiv sinn, keng kommerziell Grondlag hunn, d‘Fräiheet vun hire Membere genau esou respektéiere wéi d‘Chartae vu Mënscherechter an national Gesetzer. De Reliounsunterrecht muss an der ëffentlecher Schoul fir all dës reliéis Gemeinschafte méiglech bleiwen oder ginn: och an der Schoul mussen d‘Entscheedung vun Elteren a Kanner op dësem Punkt respektéiert ginn. Stellungnam vun der ADR zu de Relatiounen tëscht Staat a Kierch: www.adr.lu/?p=4352

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


Är Kandidate fir de Süden

ADR Pefferkär

Säit 4

Gibéryen Gast Fréiseng Deputéierten

Kartheiser Fernand Féngeg Deputéierten

Badic-Steffen Helma, Kielen Comptabel

Bouchard Guy Esch-Uelzecht Apdikter

Bouchard-Kaspar Sandra, Esch-Uelz. Geschäftsfra

Boz-Retter Michèle Monnerech Staatsbeamtin

Coutinho Cindy Käl Affekotin

Di Domenico Pino Rodange Geschäftsmann

Feltz Micheline Beetebuerg Pens. Geschäftsfra

Frisch Jeff Esch-Uelzecht Bréifdréier

Giannotte Joëlle ép. Ostertag, Déifferdeng

Haas Vic Diddeleng Pensionär

Klein Jean Déifferdeng Pensionär

Kohl Suzanne Bieles Studentin

Kutzner Paul Nidderkäerjeng Pensionär

Nickels Paul Suessem Pens. Geschäftsmann

Prott Malou Esch-Uelzecht Geschäftsfra

Sanches Jorge Schëffleng Assurancëbeamten

Schiffmann Marc Diddeleng Gemengeconseiller

Schroeder Nico Bieles Chimiste

Strottner Jean-Claude Esch-Uelzecht Assurancenagent

Thein Joé Rolleng Student

Weber Monique ép. Thein, Rolleng Coiffeuse

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


Är Kandidate fir den Zentrum

Säit 5

ADR Pefferkär

Reding Roy Uewerstad Affekot

Goergen Marceline Kierchbierg Gemengeconseillère

Anthony ép. Flesch Charlotte, Belair Vize-Pres.ADR-Fraen

Bauer Esther Uewerstad, Bachelor in BusinessAdministration

Berger Steve Fréiseng, Direkter ING-Cloche d'Or

Bram Henri Kierchbierg Elektrikermeeschter

Clement Béatrice Millebach Comptabel

da Conceição Sandra, Huelmes Sekretärin

Depienne Lucien Gaasperech Installateur

Goergen MarieJeanne, Pafendall Staatsaarbechterin

Haas-Erpelding Marie-Louise, Angelsbierg

Karpov Serge Stroossen Verméigensverwalter

Nikels Christian Nimax Albert Kierchbierg Bouneweg Gemengenaarbechter Usträicher

Reuter Karine Uewerstad Notairin

Schmit Josiane Steesel Hausfra

Turmes Manuel Bouneweg Employé d'Etat

Wolff Marco Hollerech Geschäftsmann

Flesch Felix Belair, Ex Garde grand-ducale

Reding-Lenertz Josette, Uewerstad Pens. Comptabel

Xhonneux Detlef Belair Steierberoder

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


ADR Pefferkär

Är Kandidate fir den Norden

Engelen Jeff Tratten Gemengeconseiller

Lamberty Steve Ierpeldeng Landschaftsgäertner

Dr. Thill-Heusbourg Robert, Dikrech Neurolog

Neves Monteiro Claudia, Schieren Sekretärin

Georges MarieJosée, Déierbech Bauerefra

Pereira Fernandez Cathy, Useldeng Sekretärin

Säit 6

Kirsch Roland Wal Pens. Professer

Renckens Pierre Saassel Bauer

Reuter Marie-José Wolz Employée d'Etat

Renten: no der Gerechtegkeet d'Ofsécherung D'ADR steet zu Lëtzebuerg als Synonym fir Rentegerechtegkeet. Dës Kompetenz stellt keen a Fro, d'ADR ass viru 25 Joer gegrënnt gi fir e gerechten Equiliber tëschent de Pensiounen am ëffentleche Secteur an de Pensiounen am private Secteur hierzestellen. Aus der Oppositioun eraus, mat de Wieler am Réck, ass dëse Punkt aus dem ADR-Walprogramm quasi integral ëmgesat ginn.

D'Rente sinn, nees oder nach ëmmer, en Thema! Elo gëllt et, de Pensiounssystem, wéi mer e kënnen, laangfristeg ofzesécheren. Och ons Kanner - all déi, déi haut an de System abezuelen - hunn e Recht op eng uerdentlech Pensioun, an dëst Recht däerf net duerch eng kuerzsichteg Politik op d'Spill gesat ginn.

Zënter 1999 gëtt et zu Lëtzebuerg fir all Versécherten een an deeselwechte Modell, fir Renten a Pensiounen auszerechnen. Bei dëser dank der ADR duerchgefouerter Reform sinn och d'Renten am Privatsecteur verbessert ginn.

Dowéinst huet sech d'ADR an der leschter Legislaturperiod net nëmme mat enger Pensiounsreform d'accord erkläert: d'ADR ass och déi eenzeg Partei, déi am Kader vun dëser Reform kloer Propositiounen op den Dësch geluet huet, dëst fir d'Pensiounen op laang Zäit ofzesécheren.

D'Mindestrent gouf kräfteg erhéicht. D'Rentner kréien esou eppes wéi en 13. Mount. An et schwätzt haut kee méi vun Hongerrenten - dëst war nach e wichtegt Thema bei der Grënnung vun der ADR.

Kloer Propose vun der ADR

D'ADR huet an der Chamber géint d'Propose vu CSV/LSAP gestëmmt. Dëst aus zwou Ursaachen. Éischtens well se net sozial ass, an déi kléng Pensioune grad esou wéi déi grouss

belaascht, z.B. doduerch, datt den Ajustement vun engem bestëmmtene Punkt un halbéiert oder ganz gestrach gëtt. D'Regierungsreform huet och d'Konschtstéck fäerdegbruecht, déi ganz Laascht vun der Reform op déi kommend Generatiounen ze verlageren. Beim Ajustement schléit d'ADR vir, dësen degressiv ze kierzen: wat d'Pensioun méi kléng ass, wat manner Ajustement gekierzt gëtt. Bei der Mindestrent bleift den Ajustement ganz erhalen. Am ADR-Modell gëtt den Alter fir d'Fréipensioun (55, 57 respektiv 60 Joer) progressiv bis zu engem Joer an d'Luucht. Beim Regierungsmodell ginn 3 Joer dropgeluecht, et sief et géif een op 13% vun der Pensioun verzichten! "Pensiounsreform ADR / Regierung: e Verglach" op: www.adr.lu/pensiounsreform-adr-regierung/

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


Säit 7

Är Kandidate fir den Osten

Mehlen Roby Dr. Schoos Jean Manternach Bäerdref Éierendeputéierten Déierendokter

Houwen Martin Amber Bauer

Fiedler Pascal Munneref Comptabel

Kirchen Erny Picco Ines Uewerwuermeldeng Gréiwemaacher Staatsb. bei der Post Fahrlehrerin

Familljepolitik : fir e reelle Choix D’Aféierung vun de Chèques-service gehéiert zu de Walcadeauen, déi d’CSV-LSAP-Regierung kuerz virun de Chamberwalen 2009 nach séier ausgedeelt huet. D’Resultat ass : mëttlerweil hunn d’Famillje verstanen, datt se hannergaange goufen. D’Elteren, déi op d’Chèques-service zréckgegraff hunn, goufen an deene leschte Méint net manner wéi zwee Mol mat enger Erhéijung vun hirer Participatioun konfrontéiert. Si mussen also ëmmer méi déif an d’Täsch gräifen! D’Familljen, an deenen een Elterendeel doheem bleift fir sech ëm d’Kanner ze këmmeren, stinn nach ëmmer mat eidelen Hänn do! Aus deem Grond plädéiert d’ADR zënter Jore fir d’Aféiere vun engem Betreiungsgeld: déi ënnerschiddlech Familljenzoulagen (Kannergeld, Erzéihungsgeld, Chèques-service, Kannerbonus, asw) ginn zesummegeféiert. Dëst

ADR Pefferkär

Betreiungsgeld gëtt un déi ënneschiddlech Situatiounen (Zuel vun de Kanner am Stod, Alter vun derKanner...) ugepasst. Dat Betreiungsgeld géif esou berechent ginn, datt domadder déi finanziell Bedeelegung vun den Elteren an enger Betreiungsstruktur (Maison relais, Crèche, mä och Dagesmamm, asw.) garantéiert wier. Et kann awer och benotzt ginn, fir et engem Elterendeel z’erlaben sech Vollzäit ëm d’Kanner ze këmmeren, woubäi dësen sech muss obligatoresch an der Pensiounskeess versécheren. Fir sozial Selektivitéit ze garantéieren, gëtt d‘Betreiungsgeld dann der Steier ënnerworf, woubäi iwwert en Abattement gesuergt gëtt, datt kléng a mëttel Akommes net méi héich bestéiert gi wéi bis elo. Nëmmen esou kann een eng méi grouss sozial Selektivitéit an der Familljepolitik garantéieren, an den d’Elteren e reelle Choix ubidden!

Schengen Alain Beefort Student

Zwouklassemammerent Eng Fra, déi schafft, geet am Prinzip mat 60 Joer (oder virdrun) a Pensioun a kritt dann, zesumme mat hirer eegener Rent, d’Mammerent vu 86,54 € pro Mount a pro Kand bezuelt. Mammen, déi doheem bliwwe sinn an hir Kanner groussgezunn hunn, kréie vum 1. Januar 2011 un d’Mammerent eréischt vu 65 Joer un ausbezuelt! D‘ADR huet sech konsequent fir d‘Mammerent agesat. Verloscht: 5 200 € pro Kand Bei der Aféierung am Joer 2002 war et der ADR ze verdanken, datt dës vu 60 Joer un ausbezuelt ginn ass. Den 2. Dezember 2010 huet d‘CSVLSAP-Majoritéit d‘Mammerent 5 Joer no hanne gesat: all concernéiert Mamm verléiert esou 5 200 € pro Kand! D’ADR seet weider NEEN zur Zwouklassemammerent ! D‘Mammerent muss nees vu 60 Joer un ausbezuelt ginn!

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


Säit 8

Chamberwalen 2013

Europa made by Hobbystaatsminister

ADR Pefferkär (

Den Tëppelchen op den i Mat verschidde gesellschaftspoliteschen Theme kann ech mech net méi identifizéieren an dëser C-Partei“, Marie-Josée Frank (CSV) zu de Grënn, firwat si net méi mat an d‘Wale geet. (RTL Radio Lëtzebuerg, 22/08/2013)

Mol wollt de Jean-Claude Juncker d‘Presidence vum Conseil vun der EU, da wollten se hien net. Mol hunn se hie geruff, dann huet hie gemengt, Lëtzebuerg kéint net op e verzichten. Esou blouf d‘Presidence vum Eurogrupp. Lëtzebuerg kann houfreg sinn, „säi“ Mann un der Spëtz vun Europa gehat ze hunn. Oder ? Den Asaz fir d‘Land ass jiddefalls gewalteg! De Prêt u Griicheland, de Präbbeli EFSF, de Rettungsschierm ESM an aner Engagementer fir en Euro iwwer Waasser ze halen hu Lëtzebuerg iwwert 4 Milliarden Euro kascht. Den Här Juncker ass Matresponsabel, datt Griicheland ënner falschen a gefälschte Viraussetzungen an d‘Eurozon opgeholl ginn ass! Hien huet och d‘Austeritéitspolitik matbestëmmt, déi d‘griichescht Vollek (an dat vu Portugal,

Spuenien...) an e grousse soziale Misär geheit. Lëtzebuerg bezilt nach en anere Präis, well den Här Juncker europäesch Idealer a Lëtzebuerger national Interête schwéier ënner een Hutt konnt packen. Z.B. huet Lëtzebuerg am Dossier TVA um e-Commerce net säi Veto ageluecht. Dëst kascht d‘Land, vun 2015 un, ronn 800 Milliounen Euro d‘Joer. Den Här Juncker schléit dowéinst vir, d‘TVA hei bei ons ze héijen, eng besonnesch onsozial Moossnam. Den Eurochef war och nach zu Lëtzebuerg Hobbystaatsminister. Net nëmmen den Geheimdéngscht huet en iwwerfuerdert, och vill Dossieren, déi zum Deel als „Chefsaach“ deklaréiert waren, si leie bliwwen: vu „simplification administrative“ iwwer Wunnengsbaupolitik bis zur Bekämpfung vum Chômage.

--------- ausschneiden an un d‘ADR 20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg schécken --------Gitt Member an der ADR, a frot och Är Familljememberen a Frënn, fir Member ze ginn. De Joresbäitrag ass fir eng Persoun 14.-€, fir e Stot 20.-€, a fir Schüler a Studente 5.-€ Numm & Virnumm:

........................................................................

Adress: Telefon:

.........................................................................

Email:

.........................................................................

......................................................................... .........................................................................

Sou ass dat awer am CSV-Staat. All Joer, wann d’Chambersessioun rëm ufänkt, trëppelt d’CSV-Fraktioun an d’Mass, fir d’Erleuchtung vum Hellege Geescht unzeruffen an da kommen se an d’Wort, fir datt jiddferee gesäit, datt se den C héichhalen. Mee déi chrëschtlech Prinzipie sinn hinne wurscht. Dat war sou bei der Euthanasie-Debatt, wou se Krokodilstréine gekrasch hunn, obschonn si et an der Hand haten, fir d’Gesetz ze verhënneren, an et war och esou beim Gesetz iwwer d’Ofdreiwung. Wéi steet scho méi an der Bibel: „Hütet euch vor den Pharisäern und ihrer Scheinheiligkeit, die sich wie eine ansteckende Krankheit ausbreitet“. Kee Wonner, datt schon déi zweet Infirmière vun der CSV sech ewechmécht. facebook.com/ 10. September AlternativDemokrateschReformpartei

Esch-Uelzecht Groussen Theater, op der Brillplaz Ufank: 20.00 Auer

de Pefferkär Oplag: 75 000 Stéck Verantwortlech fir dëse Pefferkär ass d‘Alternativ Demokratesch Reformpartei 20, rue de l‘Eau L-1339 Lëtzebuerg

éierlech, sozial, lëtzebuergesch


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.