__MAIN_TEXT__

Page 1

Europawalen 2014

Lëscht 4

de Pefferkär manner Europa méi Lëtzebuerg

Walversammlungen Kommt an diskutéiert mat eise Kandidaten! Eis Informatiounsversammlunge fänken ëmmer um 20 Auer un.

12. Mee Klengbetten

Restaurant Steinmetz 1, Kuelegruecht

15. Mee

19. Mee

Wolz

Esch-Lalleng

21. Mee

22. Mee

Bech-Maacher

Ettelbréck

Possenhaus Keeseschgaessel

Bei all Vergréisserung a bei all Europawale gëtt d‘Europäesch Unioun duergestallt, wéi wann se all Problemer géif léisen! Fir d‘Wale vum Mee 2014 wäerten all Parteien, déi Lëtzebuerg bis elo zu Stroossbuerg a Bréissel vertrueden hunn, nees alles verspriechen: méi Transparenz, méi Demokratie, méi e soziaalt Europa. An ihren Taten sollt ihr sie messen! Vun Traité zu Traité, vu Vergréisserung zu Vergréisserung, gëtt d‘Dunkelkammer méi däischter, ginn dem Bierger seng Wënsch manner respektéiert... an dat „soziaalt“ Europa féiert an de Chômage, d‘Aarmut an de sozialen Dumping. Dowéinst ass d‘ADR fir Europa, awer fir manner

Europa! D‘ADR wëllt en Europa, dat sech manner an d‘Privatsphär vum Bierger amëscht an dofir deenen eenzelne Länner, och Lëtzebuerg, hir Souveränitéit besser respektéiert. D‘ADR wëllt op kee Fall e federaalt Europa, an deem all wichteg Gesetzer zu Bréissel gemaach ginn, an de Memberstaaten nach déi Kompetenze bleiwen, déi hinne guttwëlleg vun Europa gelooss ginn. Jo, esouguer an déi kommunal Autonomie huet d‘EU sech schonns agemëscht: de Präis vum Waasser hänkt jo bekanntlech vun enger europäescher Direktiv of, a Bréissel bestëmmt, wie Gas an Elektresch däerf liwweren... D‘ADR wëllt méi Lëtzebuerg: e Lëtzebuerg, dat ënnert anerem selwer iwwert säi Budget, säi Pensiounssystem an säin Indexsystem däerf decidéieren. D‘ADR wëllt, datt mer zu Lëtzebuerg bestëmmen, wéi héich d‘Studenteboursen däerfe sinn, wou mer eis Sprooch däerfe schwätzen (a wou mer se musse schwätzen, wéi an de Schoulen, Spideeler an Altersheimer), an datt mer eis d‘Recht virbehalen, genmanipuléiert Planzen op eise Felder ze verbidden.

Bech

Rest. De Bräiläffel 2, rue du Moulin

Café Renert 3, place des Tilleuls

Europa gëtt ëmmer méi grouss, a mëscht sech ëmmer méi an de Bierger hiert Liewen an. Lëtzebuerg, wa mer net all gutt oppassen, risquéiert an dësem groussen Ensemble all Bedeitung ze verléieren. Eis Sprooch gëtt net an den europäeschen Institutioune benotzt, dorunner sinn och eis eege Regierunge schold. Eis economesch Basis gëtt a Fro gestallt, an eis Regierunge fäerte fir sech ze wieren. D‘Lëtzebuerger bezuelen, pro Kapp, bei wäitem am meeschten an d‘europäesch Keesen a Rettungsschiermer, an awer wëllt d‘Bréisseler Kommissioun eis virschreiwen, wéi mer mam Budget, mam Index a mat eise Pensioune sollen ëmgoen.

14. Mee

Hall Omnisports Henri Schmitz Bvd Hubert Clement

Däichhal (1. Stack) Rue du Deich

L‘ensemble des articles parus dans cette publication sont disponibles en français sur le site internet www.adr.lu All the articles in this publication are available in English on the website www.adr.lu Todos os artigos desta publicação estão disponíveis em português no site www.adr.lu Lag vun der Natioun / Budget 2014............. 2 National- an Europakongress...................... 3 Eise Walprogramm am Resumé............... 4-6 De Juncker-Zickzack mat den Eurobonds.. 7 Zweete Sommet vun der AECR.................... 7 Eis Kandidaten.............................................. 8

En Europa, dat sech MANNER an eist alldeeglecht Liewen aschläicht, e Lëtzebuerg, dat sech MÉI fir seng legitim Rechter an deem Europa asetzt an dem Lëtzebuerger seng Souveränitéit voll a ganz respektéiert: dofir steet d‘ADR, an nëmmen d‘ADR!

manner Europa, méi Lëtzebuerg


Pefferkär

Europawalen 2014

Säit 2

Lag vun der Natioun: „Dës Politik féiert an de Chaos“

Ugangs Abrëll ass an der Chamber iwwert d‘Lag vun der Natioun debattéiert ginn. Hei sinn déi wichtegst Aussoe vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. „D‘TVA-Erhéijung an d‘Gesellschaftsreforme waren déi eenzeg Punkten, déi konkret waren. De Rescht war en Ausflug an d‘Zukunft, e Wonschdreemen.“ „D‘ADR huet no dëser Deklaratioun Recht behalen: et gëtt alles bis no den Europawale verréckelt. Duerno kënnt de Sozialofbau, duerno ginn d‘Leit zur Keess gebieden“

■■ TVA-Erhéijung „Ass et éierlech, wann DP, déi Gréng an LSAP virun de Walen ëmmer gezielt hunn, eng TVAErhéijung wier sozial ongerecht, an no de Walen ass dat éischt, wat gemaach gëtt, eng TVAErhéijung?“

■■ Gesellschaftspolitik „D‘ADR stellt d‘Kand an de Mëttelpunkt vun hiren Iwwerleeungen. Et huet kee Recht op e Kand, mä et gëtt just d‘Rechter vun de Kanner. Dofir si mir als ADR géint d‘Adoptiounsrecht fir gläichgeschlechtlech Koppelen; a well mer géint dat Adoptiounsrecht sinn, si mir och géint d‘Bestietnis fir gläichgeschlechtlech Koppelen.“ „D‘ADR ass net mat der ugekënnegter Reform vum Avortementsgesetz averstanen. Mir setzen de Schutz vum Liewen an de Virdergrond. Dofir ass d‘ADR géint eng Fristeléisung a géint eng Depenalisatioun vun der Ofdreiwung.“ „D‘Famill eleng huet ze decidéieren, wéi se sech organiséiert. Dofir hätt d‘ADR gären, datt déi verschidde familljepolitesch Allocatiounen an engem Erzéiungsgeld gebündelt ginn, dat jidderee géif kréien.

Mir wëllen awer och e soziale Kritär aféieren: d‘Erzéiungsgeld gëtt, mat Berücksichtegung vun engem Fräibetrag, der Steier ënnerworf. Den Elterendeel, deen doheem bleift, muss eng obligatoresch Cotisatioun an d‘Pensiounskeess bezuelen.“ „Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vu Lëtzebuerg datt an der Regierung keng Familljeministesch ass, mä eng AntiFamilljeministesch.“

■■ Soziales De Gast Gibéryen huet a senger Ried bedauert, datt d‘Regierung keng präzis Aussoe gemaach huet zum Index a méi allgemeng zum Sozialsystem: „Näischt Konkretes! Domadder ka keen eppes ufänken“

■■ Tram a Mobilitéit „Et wier déi gréisste Feelinvestitioun vum Joerhonnert, wann e géif gebaut ginn. Den Tram schaaft méi Problemer, wéi en der léist. Kee wëll soen, wéi vill e kascht. D‘ADR seet, e kascht eng Milliard Euro.“ De Gast Gibéryen huet d‘Regierung opgefuerdert, e Referendum zum Tram ze organiséieren: „Maacht e Referendum! Frot d‘Leit ëm hir Meenung a fäert se net! Mä Dir wësst, wéi esou e Referendum géif ausgoen, an dofir frot Dir se net.“ „Dës Regierung investéiert net méi an de Stroossebau, mä an de Tram, dat heescht dës Regierung investéiert an de Stau!“

■■ Demokratie De Gast Gibéryen huet fir de sougenannte Referendum op initiative populaire plädéiert. Et geet drëms, datt dann e Referendum muss organiséiert ginn, wann zu engem spezifeschen Thema genuch Ënnerschrëfte konnte gesammelt ginn. En ähnleche System besteet schonns um Niveau vun de Gemengen a bei enger Verfassungsreform. „D‘ADR ass géint d‘Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen, mä hält drop, datt e Referendum dozou gehale gëtt.“

■■ Gehälteraccord / Fonction publique Am Dossier Gehälteraccord huet de Gast Gibéryen d‘DP kritiséiert: déi Blo hunn en ënnerschriwwen, obwuel an hirem Walprogramm stoung, deen Accord wier net finanzéierbar. „Dës Regierung ass bereet, wann se net mat den Enseignanten eens gëtt am Kader vun hirem Spuerprogramm, um Niveau vun der Qualitéit vum Schoulwiesen ze spueren, dat heescht op d‘Käschte vun de Kanner.“

■■ Zënsbesteierungsdirektiv „D‘Regierung huet vill ze séier noginn. Lëtzebuerg hätt sollen d‘OECD-Decisiounen ofwaarden. Wann d‘Zënsbesteierungsdirektiv a Kraaft trëtt, an d‘OECD-Standarden net, dann ass dat en Nodeel fir de Standuert Lëtzebuerg.“

■■ Conclusioun „D‘Declaratioun zur Lag vun der Natioun war ganz vague an huet méi Froen opgeworf, wéi der beäntwert goufen.“ „Vun de Sozialisten héiert een net vill. De Premier glänzt no baussen, mä et geschitt net vill. Déi Gréng hunn sech an der Regierung duerchgesat, mä déi Politik féiert an de Chaos.“

Budget: „Kee Respekt virun den nächste Generatiounen“ Enn Abrëll ass an der Chamber de Staatsbudget fir d‘Joer 2014 ugeholl ginn. D‘ADR-Deputéierten hunn d‘Regierung schaarf kritiséiert, an erkläert, firwat se géint dee Budget gestëmmt hunn. De Gast Gibéryen ass op eng Rei Punkten zeréckkomm, déi en och schonns bei der Lag vun der Natioun ugeschwat hat. D‘Regierung géif maachen, wéi wann se géif bei sech spueren (wat mol net de Fall ass), fir da vun de Bierger ze verlaangen, datt och si Sacrificer misste bréngen.Datt den Defizit fir dëst Joer net esou héich ass wier praktesch nëmmen op d‘Recetten aus dem elektronesche Commerce an op d‘Taxe d‘abonnement zeréckzeféieren - an net op déi néideg Spuermesuren! Der ADR no ass et inakzeptabel, datt bei den

Etablissements publics gespuert gëtt ouni datt déi concernéiert Leit consultéiert ginn. D‘Regierung wëll zwar den Androck vermëttelen, datt se bei den Investitiounen a bei der Astellung vun de Staatsbeamte géif spueren, mä de Gast Gibéryen huet a senger Interventioun kloer bewisen, datt dat einfach net stëmmt. Den ADR-Deputéierten huet der Regierung virgeworf, kee Respekt virun der Geschicht vu Lëtzebuerg ze hunn, well se refuséiert, d‘Ausstellung zum Éischte Weltkrich ze finanzéieren. An den éischte Méint huet d‘Regierung bewisen, datt se weder fir Transparenz nach fir den Dialog ass. „Si huet och kee Respekt virun eiser

Identitéit, eiser Kultur. Si huet kee Respekt virun den nächste Generatiounen“, esou de Gast Gibéryen a senger Conclusioun. De Fernand Kartheiser huet a senger Ried erklaërt, datt d‘ADR sech zum Euro bekennt, mä net mat der aktueller Euro-Politik kann averstane sinn. Den ADR-Deputéierten huet sech intensiv zur Familljepolitik geäussert, a méi konkret zur Mammerent, zum Kannergeld, zu den Opfaangstrukturen, a méi allgemeng zur Unerkennung vun der Erzéiungsaarbecht vun den Elteren. All d‘Interventiounen op www.adr.lu

manner Europa, méi Lëtzebuerg


Säit 3

Europawalen 2014

Pefferkär

100 Deeg Regierung: „Op der ganzer Linn enttäuscht“

Um National- an Europakongress hunn d‘Membere vun der ADR d‘Parteispëtzt konfirméiert an de Walprogramm fir d‘Europawalen ofgeseent. De 6. Abrëll huet am Centre culturel „Schéiss“, an der Stad, den National- an Europakongress vun der ADR stattfonnt. Wat den nationale Volet ugeet, stoung ënnert anerem d‘Wiel vun der Parteispëtzt op der Dagesuerdnung. D‘Mandatairë goufen all op hirem respektive Poste konfirméiert. D‘Equipe, déi d‘Partei soll leeden, setzt sech aus dëse Leit zesummen: • Nationalpresident: Jean Schoos • Vize-Presidenten: Marceline Goergen, Roy Reding, Michèle Retter, Carlo Kirsch • Generalsekretärin: Liliana Miranda Den Nationapresident Jean Schoos ass nach eng Kéier op dat gutt Resultat vun der ADR bei de leschte Chamberwalen agaangen. Hien huet och fir e méi demokratesche Walsystem plädéiert. Dat eenzegt, wat déi dräi Regierungsparteie verbënnt, wier de Wëllen de fréiere Premier fort ze hunn an hir Positiounen zur Gesellschaftspolitik. An allen anere Froen (Soziales, Wirtschaft, Finanzen, asw) sinn si sech net eens, an aus deem Grond kann et just zu engem „regierungpoliteschen Eenheetsbräi“ kommen. D‘ADR bleift dem Jean Schoos no déi eenzeg kredibel Oppositiounspartei. D‘CSV wier nach ëmmer net an der Oppositioun ukomm, an déi Lénk stellen zwar héich sozial Fuerderungen, mä wëlle gläichzäiteg de ganze Wirtschaftssystem zerstéieren. D‘TVA-Erhéijung am Bausecteur géif dozou féieren, datt d‘Wunnen zu Lëtzebuerg ëmmer méi deier gëtt. D‘Famillje missten domadder rechnen, datt duerch dës Regierungsmoossnam de Loyer ferm an d‘Luucht geet. En Haus bauen ze loosse kéim souwisou just nach fir déi allermannst a Fro. Den Nationalpresident huet och betount, datt et

inakzeptabel ass, am Beräich Bildung ze spueren. Boursen ze kierzen hätt als Konsequenz, datt net jiddereen et sech kéint leeschten op d‘Uni ze goen.

„D‘Regierung

war

ugetratt

mat

ganz héijen Ziler an ass gelant am politeschen Eenheetsbräi“ Jean Schoos, Nationalpresident D‘Regierung mécht eng Politik géint d‘Familljen, esou de Jean Schoos, deen ënnerstracht huet, datt Lëtzebuerg doduercher nach méi staark op d‘Immigratioun ugewisen ass. „Den Tram léist net de Problem vun de Pendler“, sot den Nationalpresident. „Sollt den Tram gebaut ginn, stinn déi Leit, déi fir dee Projet hu misste bezuelen, nach ëmmer am Stau!“

Wat Aarbecht a Beschäftegung ugeet, hätt den zoustännege sozialistesche Minister net vill Opweises: d‘ADEM ass an en neit Gebai geplënnert, mä de Chômage-Taux klëmmt ëmmer weider, an dat virun allem bei de Jonken. D‘Beruffsausbildung, esou wéi se am Ament an de Schoulen ugebuede gëtt, géif doozu féieren, datt vill jonk Leit ouni Diplom op den Aarbechtsmarché kommen. De Jean Schoos huet dës Situatioun als „Katastroph“ bezeechent. „No den éischten 100 Deeg Dräiercoalitioun si mer op der ganzer Linn enttäuscht ginn“, esou d‘Conclusioun vum Nationalpresident. „D‘Regierung war ugetratt mat ganz héijen Ziler an ass gelant am politeschen Eenheetsbräi. Mä hätt een sech kënnen eppes aneschtes erwaarde vun enger Regierung, déi bal zur Halschent aus Leit besteet, déi zënter 9 Joer un der Muecht sinn an déi als Sozialisten och mat der CSV näischt op d‘Rei bruecht hunn?“ Aus deene Grënn missten d‘Bierger bei den Europawalen de Regierungsparteien déi rout Kaart weisen. Et wier un der Zäit, datt d‘ADR an Europa eng Stëmm kritt, esou wéi si et scho méi laang verdéngt hätt. De Generalcaissier Jean-Claude Strottner huet de Finanzrapport an d‘Generalsekretärin Liliana Miranda huet den Aktivitéitsbericht fir d‘Joer 2013 presentéiert. Wat den europapoliteschen Deel vum ADRKongress ugeet, goufen d‘Kandidate fir d‘Europawalen nach eng Kéier virgestallt (Säit 8 an dësem Pefferkär) De Roy Reding an d‘Liliana Miranda hunn de Walprogramm (Säite 4, 5 a 6 vun desëm Pefferkär) presentéiert, dee vun de Memberen ofgeseent gouf.

manner Europa, méi Lëtzebuerg


Pefferkär

Europawalen 2014

Säit 4

Wirtschafts- a Finanzpolitik D’ADR bekennt sech zum Prinzip vum Bannemaart an zu de véier Fräiheeten: de fräie Wuereverkéier, de fräie Déngschtleeschtungsverkéier, de fräie Persouneverkéier an de fräie Kapitalverkéier. Dës grouss Prinzipie mussen awer encadréiert ginn, fir Abusen ze vermeiden (Sozialdumping, Sozialtourismus, Liewensmëttelskandaler).

■■ Jo zum Euro, Nee zur Scholdenunioun Proportional gesinn (Awunnerzuel) ass Lëtzebuerg bei wäitem dat Land, wat am Kader vun der Euro-Rettung am meeschten zu deenen ënnerschiddlechen Hëllefsmechanisme bäigedroen huet. D’ADR huet schonns 2011 fir Griicheland e fräiwëllegen Austrëtt aus der Eurozon proposéiert; en Austrëtt, dee vu konkreten a massiven Hëllefsmesurë begleet wier. D’ADR schwätzt sech kloer fir den Euro aus, mä d’Länner aus der Eurozon mussen iwwert wirtschaftlech Kapazitéite verfügen an hir ëffentlech Finanzen esou geréieren, datt de Stabilitéits- a Wuesstemspakt respektéiert gëtt. D’ADR ass géint eng Transfertunioun, dat heescht, datt ee Land misst fir engem anere seng Scholden matbiergen. Aus deemselwechte Grond kann d’ADR och net de Prinzip vun den Eurobonds acceptéieren.

■■ Géint europäesch Taxen, fir méi Budgetsdisziplin D’ADR ass fir national Mechanismen, déi gesond Staatsfinanze garantéieren, besonnesch d’Scholdebrems. D’ADR ass awer géint d‘Amësche vun den internationalen Institutiounen an d’Budgete vun de Memberstaaten, mat der Ausnam vun deene Länner, déi a grousse Schwieregkeete sinn an déi finanziell ënnerstëtzt goufen duerch déi ënnerschiddlech Mechanismen. D’ADR ass géint d’Aféiere vun enger Tax oder Steier um europäeschen Niveau. Taxen a Steieren däerfen nëmme vun den eenzelne Memberstaate bestëmmt ginn. D’ADR ass géint eng Erhéijung vum EU-Budget.

■■ Fir weltwäit Handelsaccorden D’ADR ass fir weltwäit Handelsaccorden, déi all d’Kritären, déi am Traité vu Lissabon opgezielt ginn, respektéieren, an déi och déi berechtegt wirtschaftlech a sozial Interessie vun den EU-Memberstaaten a vun hire Partner respektéieren.

■■ Jo zum fräie Persouneverkéier, neen zum Sozialtourismus D’ADR ënnersträicht, datt den Traité vu Lissabon, d‘Conventioun vu Schengen an d’Direktiven zum fräie Persouneverkéier Dispositiounen enthalen, déi dozou bestëmmt sinn, de Sozialtourismus ze vermeiden. Dës Dispositioune mussen applizéiert ginn. Et muss ee souwuel d’Sozialsystemer vu Lëtzebuerg, ewéi och d’Bierger aus anere Memberstaate schützen, déi duerch falsch Verspriechen oder ganz kuerzfristeg Aarbechtskonkrakter ugezu ginn.

■■ Oppe Grenzen, mä nëmme fir éierlech Bierger D’ADR steet zum Accord vu Schengen, mä verlaangt och, datt, esou dacks wéi néideg, de Lëtzebuerger Staat vu sengem Recht, déi national Grenzen ze kontrolléieren, Gebrauch mécht. D’ADR wëll ënnert anerem, datt d’Grenzkontrollen da verschäerft ginn, wann d’Asyldemandë besonnesch héich sinn. Den Dublin III – Reglement, an deem festgehale gouf, datt d’Asyldemandë mussen am éischten EU-Land behandelt ginn, an deem den Demandeur ukomm ass, muss applizéiert ginn.

■■ Der EU-Erweiderung kloer Grenze setzen Et ass wichteg, d’Acquise vun der EU ze festegen an eng méi grouss Harmoniséierung tëscht de Memberstaaten ze garantéieren, ier nei Memberstaaten der EU bäitrieden. D’ADR ass strikt géint den EU-Bäiträtt vun der Tierkei, mä fir bilateral oder regional Accorde mat Länner aus dem Balken oder Osteuropa. D’ADR verlaangt, datt all Ratifizéierung vun engem neien EU-Bäitrëtt zu Lëtzebuerg per Referendum gestëmmt gëtt.

■■ Eng Roll fir d’EU an der Aussen- a Sécherheetspolitik D’ADR ass iwwerzeegt, datt d’EU muss eng méi kredibel Roll kënne spillen um internationalen Niveau, besonnesch an der Verdeedegung vun den demokratesche Wäerter, vun der sozialer Gerechtegkeet, vum Respekt vun de Mënscherechter a virun allem an der Verdeedegung vun de Grondrechter. Fir d’ADR muss sech d’Militärsécherheet vun den europäesche Staaten an éischter Stell an der Atlantescher Allianz organiséieren.

Immigratioun, Grenzen a Sécherheet manner Europa, méi Lëtzebuerg


Säit 5

Europawalen 2014

Pefferkär

Aarbecht & Beschäftegung: fir e soziaalt Europa ■■ De Chômage reduzéieren, de Sozialschutz erhalen

■■ Géint d‘Privatiséierung vun ëffentleche Servicer

D’ADR wäert alles asetze fir um europäeschen Niveau de Chômage ze reduzéieren a gläichzäiteg de Sozialschutz ze erhalen. D’Beschäftegungsmoossname musse besser koordinéiert ginn. Nom Beispill vun de Kritären fir eng Bedeelegung un der Eurozon plädéiert d’ADR fir d’Festhale vu Mindeststandarden.

D’Decisiounen zum Bedreiwer (Privatfirma oder Staatsbetrib) vu Servicer wéi Waasser-, Gas- an Elektreschversuergung oder ëffentlechen Transport mussen nees eng direkt Kompetenz vun de Memberstaate ginn.

D’ADR verlaangt, datt de Bannemaart och op eng staark sozial Reglementéierung baséiert. Fir de Sozialdumping ze verhënnere plädéiert d’ADR fir eng progressiv Harmoniséierung vum Aarbechtsrecht an der EU. Et muss sech progressiv un d‘Länner mat de virdeelhaftsten Normen ugepasst ginn.

■■ Fir d‘Aféiere vu soziale Mindestnormen D’ADR plädéiert fir d’Aféiere vu soziale Mindestnormen (z.B. e soziale Mindestloun, e garantéierte Mindestakommes, eng obligatoresch Sozialversécherung fir jiddereen, asw). Den Niveau vun deenen Norme gëtt vun den eenzelne Memberstaate bestëmmt an un d’Wirtschaftssituatioun vum Land adaptéiert.

Institutiounen & Demokratie ■■ Déi national Interessie verdeedegen

■■ D’Chamber am Mëttelpunkt vun EU-Decisiounen

D’ADR verlaangt, datt d’Regierung vill méi konsequent déi national Interessien um europäeschen Niveau verdeedegt an net dem Drock vun anere Memberstaaten, vun europäeschen Institutiounen oder vu supranationalen Organisatiounen nogëtt.

Fir déi national Interessien op eng efficace Manéier ze verdeedege mussen déi verschidde Vertrieder an den europäeschen Institutiounen iwwer kloer Mandater verfügen, déi am Accord mat der Chamber definéiert ginn. D’Chamber muss also bei wichtegen Decisiounen, déi am Conseil vun der EU ze huele sinn, am viraus informéiert ginn.

D’ADR erënnert drun, datt d’Fiskalitéit eng nationel Kompetenz ass an datt d’Decisiounen, déi déi indirekt Fiskalitéit betreffen, mussen eestëmmeg geholl ginn. D’ADR fuerdert d’Regierung op, vum Vetorecht Gebrauch ze maachen, wann déi vital Interessie vum Land um Spill stinn.

■■ D’Unanimitéit Reegel

als

■■ Eng nei Hierarchie fir déi europäesch Rechtsnormen Eng Rei Traitéë sinn d´Rechtsgrondlag vun der EU, mä déi national Verfassunge stellen hierarchesch gesinn an den eenzelne Länner déi stäerkst Rechtsnorm duer.

allgemeng

D‘ADR verlaangt, datt nees méi Kompetenze bei d‘Memberstaate kommen an datt déi europäesch Traitéen an deem Sënn reforméiert ginn.

D’ADR akzeptéiert net méi, datt Lëtzebuerg oder en anere Memberstaat ënner d’Tutelle vun iergendenger europäescher Institutioun gestallt gëtt. Fir d’ADR muss iwwert all Souveränitéitstransfert vum nationalen op den europäeschen (oder supranationalen) Plang per nationale Referendum ofgestëmmt ginn.

■■ Eng nei legal Basis gemeinschaftlecht Europa

fir

dat

Déi national Verfassung steet iwwert dem europäesche Recht; d‘Delegatioun vu souveräne Rechter ass temporär a limitéiert; dat europäescht Recht däerf net iwwert dem Wëlle vun der Chamber stoen.

De Prinzip vun der qualifizéierter Majoritéit, esou wéi am Traité vu Lissabon festgeluecht, erlaabt et, d’Decisioun ze huele géint de Wëlle vun enger grousser Unzuel u Memberstaaten. D’ADR verlaangt, datt d’Eestëmmegkeet beim Vote nees als allgemeng Reegel fir d’Decisiounen um EU-Niveau ageféiert gëtt.

Lëtzebuerg muss permanent an allen Entscheedungsgremie vun der EU vertruede sinn, d’EU-Commissioun mat abegraff.

■■ Déi europäesch Rechtsnorme besser ëmsetzen

■■ Lëtzebuerg als Sëtz vun den EU-Institutiounen

“Déi ganz Direktiv an nëmmen d’Direktiv”: d’ADR verlaangt, datt d’Regierung an d’Chamber beim Ëmsetze vun europäesche Rechtsakten an d’nationaalt Recht dëse Prinzip respektéiert. Et kann net sinn, datt de Bierger an den Entreprisë Mesuren imposéiert ginn, déi méi wäit ginn ewéi déi, déi um europäeschen Niveau bestëmmt ginn

D’Fro vum Sëtz vun den Institutioune muss weiderhin esou gereegelt bleiwen, wéi et an den aktuellen Traitéë virgesinn ass. De Sëtz vum Europäesche Parquet muss zu Lëtzebuerg sinn.

■■ Lëtzebuerg an allen EU-Institutioune vertrueden

manner Europa, méi Lëtzebuerg


Pefferkär

Europawalen 2014

Säit 6

Gesellschaft ■■ Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch D’ADR verlaangt, datt d’Lëtzebuerger Sprooch als offiziell EU-Sprooch unerkannt gëtt. D’Lëtzebuerger Bierger musse sech kënnen an hirer Nationalsprooch un d’Institutiounen adresséieren, wéi dat och fir all aner Nationalsprooch an der EU de Fall ass.

■■ Gesellschaftsfroen: eng national Kompetenz D’ADR verlaangt, datt all déi europäesch Institutiounen, d’Europaparlament an d’Europäescht Geriichtshaff mat abegraff, sech net an d‘Gesellschaftsfroen amëschen. Fir d’ADR muss all Land kënnen am Respekt vu sengen eegene Wäerter, Traditiounen a kulturell Wuerzelen iwwert dës Froen (Homo-Bestietnis, Euthanasie, Avortement, asw.) decidéieren.

■■ Enseignement supérieur a Fuerschung D’ADR wëll, datt d’Austauschprogrammer fir déi europäesch Studenten a Salariéen ausgebaut ginn.

■■ Europa, eng Gefor fir d’Meenungsfräiheet D’ADR bedauert, datt d’Meenungsfräiheet ëmmer méi limitéiert gëtt, virun allem am Kader vun Direktiven, déi als Zil hunn, Diskriminatiounen ze bekämpfen. D‘EU limitéiert ëmmer méi d’Grondrechter, amplaz se ze verdeedegen, a widdersetzt sech domadder ëmmer méi de Mënscherechter.

■■ D‘Gemeinsam Agrarpolitik Fir d’ADR ass d’Produktioun (an der néideger Quantitéit) vu Liewensmëttelen, déi gesond sinn and eng exzellent Qualitéit hunn, eng Prioritéit fir all national, europäesch an international Politik. Liewensmëttelen däerfen net wéi aner Produiten ugesi ginn. D’Baueren, d’Déierenziichter an d’Wënzer solle vun hire Produkter kënne liewen, an de Konsument soll zu engem faire Präis Produkter, déi enger kontrolléierter Qualitéit ënnerleien, kënne kafen. D’ADR verlaangt, datt déi national Regierung d’Interessie vun de Lëtzebuerger Baueren a Wënzer verdeedegt. De Regime vun de „benodeelegte landwirtschaftleche Gebidder“ muss fir d’ganzt Land bäibehale ginn, falls néideg andeems en Ënnerscheed gemaach gëtt tëscht de Qualitéite vun de landwirtschaftleche Flächen. D’ADR verlaangt, datt an Europa d‘OGMe verbuede ginn, a fuerdert d’Regierung op, dëse Verbuet um internationalen Niveau ze ënnerstëtzen.

■■ Fir déi nohalteg Entwécklung an Europa handelen D’ADR ass iwwerzeegt, datt d’EU kann eng wichteg Roll spillen an der nohalteger Entwécklung an am Klimaschutz. Si rifft awer déi europäesch Institutiounen op, den Equiliber tëscht nohalteger Entwécklung a wirtschaftlechem Wuesstem ze respektéieren.

Nohalteg Entwécklung

De Walprogramm a

La version intégrale du

senger integraler Form

programme électoral

fannt Dir op

se trouve sur

www.adr.lu

www.adr.lu

(franséisch a

(version française et

lëtzebuergesch Versioun)

luxembourgeoise)

manner Europa, méi Lëtzebuerg


Säit 7

Europawalen 2014

Pefferkär

De Juncker-Zickzack mat den Eurobonds Wann ee scho Kandidat ass fir e wichtege Posten ewéi dee vu President vun der Europäescher Commissioun, da misst een eigentlech och eng kloer Visioun hunn, wéi et soll mat der EU weidergoen. Am Fall vum fréiere Lëtzebuerger Premier misst awer d‘Fro gestallt ginn, wéi dacks en nach virhuet seng Meenung zu den Eurobonds ze änneren! Deen een Dag ass en dofir, deen aneren ass en dogéint. An iergendwéi bréngt de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei et fäerdeg, de Wieler - deem hien sech jo bekanntlech mol net stellt esou duercherneenzebréngen, datt séier vergiess gëtt, wéi geféierlech d‘Aféierung vun deenen Eurobonds wier. Ëm wat geet et? Eurobonds sinn eng Aart Staatsemprunt . D‘Memberstaate vun der EU géife gemeinsam Scholden ophuelen, fir déi se och géife solidaresch haften. An anere Wierder: Lëtzebuerg muss mat haften, wann aner Länner hir Scholden net méi kënnen zeréckbezuelen. D‘Konzept ass net nei, mä kënnt besonnesch zënter der Finanzkris ëmmer erëm op den Dësch.

An dat hu mir dem fréiere President vum Eurogrupp ze verdanken, dee kee aneren ass ewéi de Jean-Claude Juncker! Matzen an der Finanzkris huet hien sech fir d‘Eurobonds staark gemaach mam Argument, d‘EU bräicht einfach méi Suen. Et koum allerdéngs anescht ewéi geplangt.

E puer Joer méi spéit wëllt deeselwechte Jean-Claude Juncker President vun der EUCommissioun ginn, mä ouni d‘Ënnerstëtzung vu senger gudder Frëndin Angela Merkel hätt hien et mol net bis zum Spëtzekandidat vun

der Europäescher Vollekspartei gepackt. A well déi däitsch Schwësterpartei vun der CSV géint d‘Eurobonds ass, huet och de JeanClaude Juncker misste seng Meenung änneren. Um CDU-Kongress zu Berlin huet e missten offiziell deklaréieren, datt hien, deen ëmmer fir d‘Eurobonds war, elo dogéint ass. Zu wat verschidde Leit bereet sinn, fir esou e Posten ze kréien! Am Fall, wou de Jean-Claude Juncker Commissiounspresident gëtt, ass et elo scho kloer, datt en dann ze maachen huet, wat déi däitsch Kanzlerin him virschreift. D‘ADR ass a war schonn ëmmer géint de Prinzip vun den Eurobonds, dee souwisou géint d‘Traitéë verstéisst. Dofir ass d‘ADR ënnert anerem och géint en europäeschen Zentralstaat a fir en Europa vun den Natiounen. D‘Memberstaate musse fir déi Scholden, déi si maachen, verantwortlech sinn. Eng Konsequenz vun engem europäeschen Zentralstaat wier, datt d‘EU kéint Scholden ophuelen, fir déi déi eenzel Memberstaate misste riicht stoen. Dofir ass d‘ADR fir manner Europa a méi Lëtzebuerg!

D’ADR um zweete Sommet vun de konservative Parteie vertrueden Am Mäerz war den zweete Sommet vun der AECR, der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten. D’ADR, déi zënter 2010 Member an der AECR ass, war duerch den Nationalpresident Jean Schoos, den Deputéierte Roy Reding an d’Generalsekretärin Liliana Miranda vertrueden. Diskutéiert gouf ënenrt anerem iwwert eng Reform vun der EU, sief et um institutionnellen ewéi um wirtschaftlechen Niveau, Energiepolitik, den EU-Budget, d’Finanzkris an eng Rei international Dossieren. Nom Sommet huet de britesche Premierminister David Cameron mam Jean Schoos, dem Roy Reding an dem Liliana Miranda iwwert d’Europawalen diskutéiert. --------- ausschneiden an un d‘ADR 20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg schécken --------Gitt Member an der ADR, a frot och Är Familljememberen a Frënn, fir Member ze ginn. De Joresbäitrag ass fir eng Persoun 14.-€, fir e Stot 20.-€, a fir Schüler a Studenten 5.-€

de Pefferkär

Numm & Virnumm:

........................................................................

Oplag: 223 000 Stéck

Adress: Telefon:

.........................................................................

Verantwortlech fir dëse Pefferkär ass:

.........................................................................

Alternativ Demokratesch Reformpartei

Email:

.........................................................................

.........................................................................

manner Europa, méi Lëtzebuerg

20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg


Lëscht 4

Är Kandidate fir Europa

Gast Gibéryen

Fernand Kartheiser

Roby Mehlen

Deputéierten Éierebuergermeeschter Fréiseng Éierepresident NGL

Deputéierten Diplomat fréieren Arméioffizéier

Éierendeputéierten Éierepresident ADR Éierepresident FLB Gemengeconseiller Manternach

Liliana Miranda

Roy Reding

Jean Schoos

ADR-Generalsekretärin Attachée parlementaire Fréier Journalistin

Deputéierten Affekot Vize-President ADR Presentateur Emissioun Vu Fall zu Fall

Déierendokter ADR-Nationalpresident President AMVL Member Opsiichtsrot Convis

manner Europa, méi Lëtzebuerg

Profile for Liliana Miranda

Adr pefferkar2  

Adr pefferkar2  

Profile for adr_lu
Advertisement