InfoBlat °08 16

Page 9

2. Budget wéi gesäit dat aus fir Leit mat engem Rollstull? Hei ass en Ëmdenke séier erfuerderlech. Ech weess, dass do natierlech scho vill Saache geschitt sinn. Ma et bleift awer nach ganz vill ze maachen. Dir Dammen, Dir Hären, wann een esou e Budget analyséiert, stellt ee sech dobäi ëmmer e puer ganz grondsätzlech Froen. Dat ass bei dësem Budget vläicht ëmsou méi de Fall, well et dee leschte vun der aktueller Majoritéit ass. Kuckt een déi sëlleche PAPen, déi nach ustinn, steet een ëmmer nees virun enger prinzipieller Fro, op déi och meng Fraktioun nach keng ofschléissend Äntwert fonnt huet: Mir soen zwar Jo zu enger Stad, déi wiisst. Mä wéi wäit wëlle mer nach goen? De Schäfferot huet mat punktuelle Mesuren éischt Äntwerten op dës Fro ginn. D’Decisioun, de Bauperimeter net ze erweideren, d’Decisioun, d’Eefamilljenhaiser ze schützen, an déi rezent Entscheedung, fir Deeler vum Rattem aus dem Bauperimeter erauszehuelen, si verstänneg Decisiounen. Och wa se natierlech nach keng definitiv Äntwert op d’Fro ginn, wéi vill d’Populatioun vun eiser Stad nach soll a wäert wuessen. An iwwerhaapt stellt sech am Kontext vum Logement d’Fro, op wéi ee Wee mer als Gemeng wëlle goen. D’Stéch­ wuert vun de soziale Mietwunnenge stellt sech hei. Hei komme mer zwangsleefeg bei d’Thema vun der Mixitéit vun eiser Populatioun. Wéi eng Mixitéit wëlle mer mëttel- bis laangfristeg? A wéi wëlle mer do d’Chancen notzen, déi sech zum Beispill duerch eng Lunex-Universitéit bidden? An deem Kontext meng Fro un de Schäfferot: Wéini kréie mer am Detail d’Resultater vun der Demographie-Etüd presentéiert? Dës Zuele géifen eng wichteg Indikatioun ginn, wéi et mat der Entwécklung vun eiser Stad virugeet. Déi nämmlecht Fro, wa mer bei den Etüde sinn, stellt sech och fir eis Verkéiersetüd. Wou si mer do definitiv drun, respektiv wéini gëtt et do éischt detailléiert Resultater fir de Gemengerot? Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, et géif sécherlech nach vil-

les zu dësem Budget an zum Bilan vun dëser Majoritéit ze soe ginn. Ënnert dem Stréch menge mir als LSAP, dass déi lescht Jore gutt Jore fir Déifferdeng waren. Sécherlech bleift nach villes ze maachen, an d’Entwécklung vun eiser Stad ass nach laang net ofgeschloss. A mat Sécherheet wäert et och ëmmer esou bleiwen, dass mir hei ronderëm deen Dësch ënnerschiddlech Meenunge bei ënnerschiddleche Punkten hunn. Mir wëllen awer – ech mengen, do si mer eis eens – alleguerten eis Stad Déifferdeng no vir bréngen. Déi lescht Jore waren immens ustrengend Jore fir eis Stad. Wéi dës Majoritéit ugetrueden ass, war nach keng Rieds vun enger internationaler Schoul oder enger Lunex-Héichschoul. Op all dës Projeten huet misse séier reagéiert ginn, mat alle Konsequenzen. D’Verleeë vum Recyclingspark, d’Plange vun enger neier Chiershal, d’Ëmbauaarbechten an der aler Schwämm: Villes gouf a kierzester Zäit realiséiert. E Beweis, wéi séier a flexibel d’Politik och heiansdo reagéiere kann.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Très bien!

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, Déifferdeng soll mëttel- bis laangfristeg e Bildungsstanduert ginn, an deem et sech gutt liewe léisst. Ofgeschloss ass dëse Prozess sécher nach net. Ma mir als LSAP mengen, dass mer um richtege Wee sinn. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): An ech soen Iech Merci, Här Hobscheit. D’Madame Goergen Martine, w.e.gl.

MARTINE GOERGEN (DP): Merci. Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäffen, Dir Dammen an Dir Hären aus dem Gemengerot, léif Vertrieder vun der Press, léif Nolauschterer a Lieser, et verwonnert Iech net, wann

9

d’un réseau de Diffbus électriques. Par ailleurs, chaque euro dépensé pour les pistes cyclables est bien investi. Pierre Hobscheit demande que le collège échevinal n’oublie pas les piétons et les personnes en fauteuil roulant. Depuis peu, il se promène avec un landau. Ainsi, il a pu constater que les trottoirs de Differdange représentent parfois un véritable défi à cause des bordures bien trop élevées. Avec un landau, on arrive encore à se débrouiller, mais pas avec un fauteuil roulant. Beaucoup a été fait dans ce domaine, mais il reste du pain sur la planche. L’analyse d’un budget entraine toujours des questions fondamentales. En ce qui concerne par exemple les nombreux PAP, les socialistes n’ont pas toujours trouvé une réponse satisfaisante. Oui, Differdange doit croitre. Mais à quel point? Le collège échevinal a apporté les premières réponses à travers des mesures ponctuelles: la décision de ne pas étendre le périmètre de construction, la protection des maisons unifamiliales, la décision de sortir le Rattem du périmètre de construction… Et qu’en est-il du logement et en particulier du parc locatif social? Cette question concerne aussi la mixité sociale de Differdange. Quelle mixité la commune veut-elle à moyen et long terme? Comment profiter des opportunités offertes par LUNEX? Quand le collège échevinal présentera-t-il les résultats de son étude démographique? Et où en est l’étude sur la circulation? Pierre Hobscheit aurait encore beaucoup à dire sur ce budget. Il estime que les dernières années ont été bonnes pour Differdange. Le développement de la ville se poursuit. Et même si les conseillers communaux ne sont pas toujours d’accord, ils ont tous un objectif commun: faire avancer Differdange. Les dernières années ont été riches en nouveautés. Lorsque la majorité a pris le pouvoir, il n’était pas encore question d’une école internationale ou de LUNEX. Le collège échevinal a dû réagir vite. Pierre Hobscheit cite également le déménagement du centre de recyclage, la planification du nouveau Hall de la


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.