InfoBlat °08 16

Page 12

2. Budget Bien sûr, il ne suffit pas d’investir pour investir. Les démocrates ayant analysé le budget de manière critique, ils constatent des choses qui ne leur plaisent pas. Certains projets ne figurent dans le budget qu’à travers de petits montants pour mémoire ou pour des études, et ce, depuis plusieurs années. Martine Goergen cite notamment le projet de la place de l’Église. D’abord, il a fallu attendre les études, puis le concours d’architectes, puis les ateliers citoyens. Ces procédures sont certes importantes. Mais qu’attend encore le collège échevinal? N’a-t-il pas le courage de prendre une décision? Le travail des représentants du peuple est pourtant celui de trancher. À moins que les trois partis au pouvoir n’arrivent pas à se mettre d’accord? La construction du parking du contournement n’avance pas non plus. Bien entendu, il y a des explications. Mais on est en droit de se demander si ces raisons ne sont pas plutôt des excuses pour retarder le projet. En outre, les démocrates ont l’impression que le budget 2017 est un budget de campagne électorale. En général, la fin d’une période de législature coïncide avec la conclusion de projets. Or ici, de nombreux projets sont annoncés. Martine Goergen ne parle même pas de démarrages de projets, car il ne s’agit que de promesses. Si ces projets démarraient vraiment avant les élections, il faudrait parler d’exploit. Les trois dernières années ont montré à quel point il est facile d’inscrire des projets dans le budget et puis de ne rien faire. Les démocrates doutent qu’il en aille différemment cette année. Martine Goergen cite plusieurs exemples: le parc de détente pour séniors, la maison relais et l’école de Niederkorn, la serre potagère, le pont de la galerie Honsbësch, les ateliers communaux, les terrains de football de Lasauvage et du Woiwer… Elle ne comprend pas pourquoi ces projets reviennent d’année en année, si ce n’est pour impressionner. Bien entendu, les démocrates savent que lorsqu’on réalise un projet, les plans peuvent changer en cours de route. Mais ici, les retards prennent

Mä dat soll um Enn vun esou engem Prozess awer stoen. Dat ass schliisslech d’Aufgab vun de Vertrieder vum Bierger, um Enn ze tranchéieren. Oder gi sech déi dräi Parteien an der Majoritéit ieren net eens, a wéi eng Richtung et soll mat dësem Projet weidergoen? Et dauert jiddefalls schonn ze laang.

ënnert anerem de Parc de détente senior, d’Projeten ëm d’Maison relais an d’Schoul vun Nidderkuer, d’Serre potagère, d’Foussgängerbrécke bei der Galerie Honsbësch an iwwert der rue de Hussigny, d’Gemengenatelieren oder och nach d’Futtballsterraine Lasauvage a Woiwer.

En anere Projet, zu deem et och scho Pläng ënnert der viregter Majoritéit gouf, deen och net esou richteg virugeet, an dee laut dem Budget och nach 2017 net substanziell wäert virugoen, ass dat wichtegt Parkhaus um Contournement, fir dat dee provisoresche Parking ageriicht gouf. Et falen engem natierlech ëmmer Grënn an, déi kéinte genannt gi bei der Fro, firwat et net virugeet. Et muss ee sech awer d’Fro stellen, ob déi Grënn wierklech esou wichteg sinn, wéi behaapt gëtt, fir ze veräntwerten, datt deen heite Projet esou schleeft. Oder ob se net ufänken, einfach Excusen ze ginn, fir et erauszezögeren.

Et ass net bei all Punkt ze verstoen, firwat elo an engem oder zwee Joer näischt geschitt ass. Wann déi Saachen eis natierlech all Joer erëm op en Neits als nei Projete verkaf ginn, wierkt dat impressionnant. Mä Pech gehat, eis ass et opgefall, datt d’Iddi dann awer net esou nei ass.

Weiderhi gëtt d’DP Déifferdeng d’Gefill net lass, datt dëse Budget awer e Wahlkampfbudget ass. Um Enn vun enger Legislaturperiod ass et üblech, datt vill Projeten ofgeschloss ginn. Kuckt een awer hei den Dossier, si vill Projeten, déi elo eréischt an d’Weeër geleet ginn. Vun Ufänke wëll ech nach net onbedéngt schwätzen, well bei verschiddene Projete si mer och 2017 mol nach net op deem Punkt. Vill Versprieche sinn dran. A wann dat alles nach an deem knappe Joer ka richteg däitlech ugefaangen oder souguer duerchgefouert ginn, ier déi nächst Equipe untrëtt, da wäerte mir eis et och net huele loossen, fir dat als Leeschtung unzëerkennen. An dat och, wa mer vläicht aner Iddien ëmgesat hätten. D’Erfarung aus deene leschten dräi Joren huet eis gewisen, datt et einfach ass, eppes an e Budget ze schreiwen an et dann awer net unzefänken. Méi wéi ee Projet schleefe mer, wéi gesot, elo schonn zwee, dräi Joer esou vu Budget zu Budget weider, ouni datt e Resultat Opweises wier? Mir zweiwelen drun, datt dat dëst Joer anescht wäert goen. A froen eis, firwat net éischter ugefaange gouf. E puer esou Beispiller vu Saachen, déi schonn am leschten oder virleschte Budget ugekënnegt goufen, sinn

12

D’Fro ass also ze stellen, wat d’Erklärungen dofir sinn, datt et hei net virugeet. Mir wëssen och, datt emol eng Plangännerung muss gemaach ginn oder eppes anescht dertëschent kënnt. Mä dat Weiderschleefen huet fir eise Goût awer bei ze ville Punkten eng ze vill wichteg Roll gespillt. An net iwwerall kënne mir eis mat den Excusen zefridde ginn. Et installéiert sech d’Gefill, wéi wann et net wierklech kloer wier, a wéi eng Richtung et sollt goen. An eng méi gréng Richtung, an eng méi rout Richtung oder awer an eng méi schwaarz Richtung? Schwéier soen. Awer gutt méiglech, datt dat bei deenen Diskussiounen ouni Enn eng Roll gespillt huet. Wann ech zum Beispill op d’Erklärung zréckkommen, déi dozou soll gefouert hunn, datt nach ëmmer keng Decisioun getraff gouf betreffend eis Gemengenatelieren, si mer awer net ganz averstane mat der Argumentatioun vun der Majoritéit. Datt e grousse Baumaart interesséiert ass, op Déifferdeng ze kommen, ass an éischter Linn net oninteressant. Datt dëse Baumaart anscheinend géif 100 Aarbechtsplaze bréngen, ass e wichtegt Argument. Eis Gemengenatelieren däerfen awer net vergiess ginn. Ech wëll mer elo net virwerfe loossen, datt ech déi 100 Aarbechtsplazen net wichteg fannen, well dat hunn ech definitiv net gesot. Ech fannen awer, datt mer mussen dat ganzt Ausmooss vun där Rechnung kucken. Installéiere mer eis Gemengenatelieren, wéi et virgeschloe gouf, an der Zone d’activité am Haneboesch, dierf een net vergiessen, datt do och erëm eng Parzell ewech-


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.