Page 1

05 15 o

Den analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng

GEMENGEROTSSËTZUNG VUM 11 NOVEMBER 2015


o

05 15

L’AUDIO DES SÉANCES DU CONSEIL COMMUNAL EST DISPONIBLE SUR WWW.DIFFERDANGE.LU

COMPTE-RENDU DU 11 NOVEMBRE 2015 3-35

ÉDiteur Administration communale de la Ville de Differdange, B.P. 12, L-4501 Differdange Tél.: 58 77 1-11 | F. 58 77 1-1210 | www.differdange.lu | mail@differdange.lu rÉaliSation Service média et communication Imprimeur Imprimerie Heintz, Pétange

ÉTAT CIVIL 36-38

tirage 10 000 exemplaires © PhotoS Couverture: Claude Piscitelli infoBlat, imprimé sur du papier 100 % recyclé L’Infoblat est distribué gratuitement à tous les ménages de la commune de Differdange.

VËL’OK ÉDition 05/2015, ISSN: 1561-7262, titre clé: Informatiounsblat

39

Ville de Differdange


SÉANCE DU CONSEIL COMMUNAL DU MERCREDI 11 NOVEMBRE 2015 CONSEILLERS PRÉSENTS: Roberto Traversini, bourgmestre (déi gréng) Erny Muller, 1er échevin (LSAP) Tom Ulveling, échevin (CSV) Fred Bertinelli, échevin (LSAP) Georges Liesch, échevin (déi gréng) François Antony (LSAP) Pascal Bürger (DP) Jos Glauden (DP)

Martine Goergen (DP) Pierre Hobscheit (LSAP) Robert Mangen (CSV) Marcel Meisch (DP) Ali Ruckert (KPL) Pierrette Schambourg (CSV) Fränz Schwachtgen (déi gréng) Arthur Wintringer (DP)

ABSENTS/EXCUSÉS Carlo Bernard (DP) Gary Diderich (déi Lénk) Christiane Saeul (DP)

ORDRE DU JOUR SÉANCE PUBLIQUE 1. Communications du collège des bourgmestre et échevins. 2. Plan d’aménagement général et projets d’aménagement particuliers: a) modification ponctuelle du PAG, partie écrite, passage portant sur les règles relatives au degré d’utilisation des sols – vote du conseil communal suivant article 14 de la loi du 19 juillet 2014 concernant l’aménagement communal et le développement urbain; b) modification ponctuelle du PAG «rue du Gaz» à Differdange – saisine du conseil communal suivant article 10 de la loi précitée sous a); c) projet d’aménagement particulier au lieudit «Mathendahl» à Niederkorn présenté par le collège des bourgmestre et échevins pour le compte de la société Integra Investment SA; d) projet d’aménagement particulier au lieudit «Breitfeld» à Oberkorn – convention et plans d’exécution. 3. Actes et conventions: a) actes de vente de différents lots à bâtir au lotissement communal «Anciens Ateliers» à Niederkorn; b) cession gratuite de parcelles d’une superficie totale de 4,98 a aux lieudits «Auf der Oicht» et «Cité Kauffman» à Oberkorn; c) convention de mise à disposition pour l’hébergement de demandeurs de protection internationale au Centre Noppeney; d) contrats de bail d’un espace de création au 1535 °C; e) charte d’engagement pour un territoire naturel transfrontalier de la Chiers et de l’Alzette; f) convention de collaboration avec la Fondation Kannerschlass pour participer au projet «Eltereschoul». 4. Règlements communaux: a) règlement de circulation – introduction du stationnement résidentiel dans le quartier Belair et alentours directs; b) règlements temporaires de circulation. 5. Organigramme du personnel: création de trois postes d’aide-éducateur à mi-temps et suppression d’un poste d’éducateur à temps partiel au foyer de jour Kornascht. 6. Plan de gestion annuel des forêts pour l’année 2016. 7. Changements au sein des commissions consultatives. 8. Interpellation de M.  Ali Ruckert (KPL) portant sur la construction de logements dans la Ville de Differdange.

3


1. Communications / 2. PAG et PAP ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ouvre la séance. Il communique au conseil communal que le point 2e) sera retiré de l’ordre du jour, car il manque deux signatures. Une modification est également prévue au point 5. Il cède la parole à M. Muller pour le point 2.

ERNY MULLER (LSAP) explique qu’il sera question de modifications du PAG et de l’exécution d’un PAP. La première modification de la partie écrite concerne les règles d’utilisation des sols. Il rappelle que d’après une recommandation du ministère de l’Intérieur, dans une zone donnée, la moyenne des coefficients COS/CMU fixée dans le PAG doit être respectée. La commission d’aménagement ne s’oppose pas à cette modification ponctuelle, mais constate cependant que la procédure prévue par la loi du 22 mai 2008 n’a pas été respectée. Le collège échevinal estime, quant à lui, qu’il s’agit d’une modification de la partie écrite et qu’une analyse environnementale est sans objet. Le ministère de l’Environnement partage l’opinion du collège échevinal dans une lettre du 27 octobre. C’est pourquoi Erny Muller demande aux conseillers communaux d’approuver la modification du PAG. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) a oublié d’excuser Mme Saeul, M. Bernard et M. Diderich, qui sont absents aujourd’hui. Il passe au vote. (Vote)

ERNY MULLER (LSAP) passe à une modification ponctuelle du PAG dans la rue du Gaz au Fousbann. Il s’agit du terrain sur lequel se trouve le parc de recyclage. Une partie du terrain est aussi utilisée pour le stockage du matériel des ateliers communaux. Le collège échevinal propose de classer cette zone mixte en zone d’équipements publics, privés ou d’intérêt général. Ce reclassement est nécessaire à la planification du lycée provisoire pour 400 élèves. L’école primaire internationale ouvrira en face du campus. Elle reva-

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Schéine gudde Moie fir eis Gemengerotssitzung. Zwou kleng Saachen, wann der wëllt: de Punkt 2 e), de Projet d'aménagement particulier au lieu-dit: „zwësche Lauterbännen“ géife mer erofhuelen, well eis do nach zwou Ënnerschrëfte feelen. Mir wëllen dat dann och net diskutéieren. An am Punkt 5, am Organigramm, hätte mer eng kleng Ännerung ze maachen. Wann der domadder averstane sidd, géife mer dat esou unhuelen. Da géife mer direkt zum zweete Punkt kommen. Kommunikatiounen hu mer haut keng. Ech géif dem Här Muller dann direkt d'Wuert ginn. Här Muller, Dir hutt d'Wuert.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

tioun ëm eng Ännerung an der Partie écrite handelt an eng Ëmweltanalys fir dëse Fall «sans objet» ass. De Ministère de l'Environnement deelt eis Meenung a sengem Bréif vum 27. Oktober, wou et heescht: «Je partage l'appréciation du collège échevinal comme quoi des incidences notables sur l’environnement dans le sens de la loi du 22 mai 2008 relative à l'évaluation des incidences ne sont pas prévisible à travers la mise en oeuvre du projet». Ech bieden iech also, dëser Modifikatioun vum PAG definitiv zouzestëmmen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Muller. Da géife mer zum Vote kommen.

Merci, Här Buergermeeschter. Léif Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, haut hu mer eng Partie Modifikatioune vu PAGen an eng Exekutioun vun engem PAP um Ordre du jour.

Et hu sech zwee Conseilleren entschëllegt: d'Madame Saeul an den Här Bernard. Déi kënnen haut net dobäi sinn. An den Här Diderich huet sech och entschëllegt.

Direkt ënnert dem Punkt a) geet et ëm d'Modifikatioun vun der Partie écrite vum PAG. Do heescht et: Passage portant sur les règles d'utilisation des sols. De Gemengerot huet an der Sitzung vum 15. Juli 2015 dës Modifikatioun votéiert.

Le Conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la modification ponctuelle du PAG.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Ech erënneren drun, an et war eng Recommandatioun vum Inneminister no enger Jurisprudenz, dass an enger Zon oder en Deel vun enger Zon betreffend d'Densitéit vu verschiddene Loten d'Moyenne vun de Koeffizienter COS/CMU, déi am PAG virgeschriwwe sinn, musse respektéiert ginn.

Da fuere mer virun. An zwar kéime mer elo zum Punkt b). Dat ass eng Modification ponctuelle vum PAG an der rue du Gaz um Fousbann. Et handelt sech ëm den Terrain, wou zurzäit eise Recyclingspark drop ass. Awer och op engem Deel ass e Stockage fir eis Gemengenatelieren.

Den Avis vun der Commission d'aménagement seet, dass si sech dëser Modfication ponctuelle net opposéiert, weist awer drop hin, an ech zitéieren: «La commission constate néanmoins qu'en vue des documents insérés dans le dossier soumis pour avis, la procédure prévue par la loi du 22 mai 2008 relative à l'évaluation des indices de certains plans et programmes sur l'environnement n'a pas été respectée». Eis Meenung war a bleift, dass et sech bei dëser Modifika-

Mir proposéieren, dësen Terrain, deen elo Zon MHB4 „Mischgebiet“ ass, an eng ÖG, „Gebiet für öffentliche und private Einrichtungen“, ëmzeklasséieren.

4

Dir wësst, dass mir hei zesumme mat der Éducatioun amgaange sinn, de sougenannte «Lycée provisoire» fir 400 Schüler ze plangen. D'Ëmklasséierung erlaabt eis, op dëser Plaz en optimale Bauprojet ze kréien.


2. PAG et PAP Vis-à-vis vum Schoulcampus soll jo och bekanntlech déi international Primärschoul kommen. Dëst revaloriséiert de Quartier Fousbann ëm e Villfacht an dréit sécherlech wesentlech zu der urbanistescher Ubannung vum Quartier Fousbann un de Stadzentrum bäi. Mir maachen op dëser Plaz keng speziell Ëmweltanalys, well jo dee ganze Site makadammiséiert respektiv bebaut ass. Allerdéngs hu mir scho fir den zukünftege Bau Buedemanalyse gemaach, mä déi hu kee Bestand fir d'Modifikatioun vum PAG. Dir hutt d'Parties graphiques vum Terrain am Dossier. Et handelt sech ëm eng Surface vun am Ganze 60,41 Ar. Mir bieden de Gemengerot dëser Ëmklasséierung zouzestëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Da si mer beim Punkt c), de PAP Mathendahl zu Nidderkuer, dee mer an der Sitzung vum 15. Juli 2015 presentéiert haten. Et geet hei just ëm eng Formfro. Dëse Projet hate mer jo an der Gemengerotssëtzung vum 15. Juli gestëmmt a mir hunn en haut nach eng Kéier op den Ordre du jour geholl, well d'Prozedur vum PAP schonn agereecht war, ier mer de Vote vun der Modification ponctuelle vun der Partie écrite vum PAG virgeholl haten. Mir hunn déi jo elo grad nach eng Kéier confirméiert. Dofir recommandéieren déi Responsabel vum Ministère de l'Intérieur der Gemeng de Vote iwwert dee ganze PAP Mathendahl nach eng Kéier virzehuelen. Wat mir dann och heimadder maachen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Muller. Här Ruckert, w.e.gl. Merci, Här Muller. Da géife mer elo zum Vote kommen.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll ukënnegen, dass ech mech bei deem Vote enthalen, well ech ebe mat där Ausriichtung vun deem Lycée a vun där Schoul, déi soll gebaut ginn, net d'accord sinn.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’adopter le PAP au lieu-dit Mathendahl à Niederkorn.

Well ufanks gesot ginn ass, et géif e Lycée dohinner kommen an elo eng Europaschoul dohinner kënnt. Dofir wëll ech mech bei deem Vote enthalen.

Da kënnt Der weiderfueren, Här Muller.

Villmools Merci.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Da géife mer zum Vote kommen. Le conseil communal décide avec 15 voix oui et 1 abstention d’émettre un vote positif sur la modification ponctuelle de la partie graphique du PAG en vigueur concernant des fonds dans la rue du Gaz. Merci. An den Här Muller fiert weider.

Merci. Da kéime mer zum leschte Punkt – well mer jo den e) ewechloossen – vun dëser Serie vu PAGe respektiv PAPen. Dës Kéier handelt et sech ëm de PAP au lieu-dit „Breitfeld“ zu Uewerkuer. An zwar d'Convention d'exécution an d'Pläng do dervun. Dëse PAP gouf schonn den 10. Dezember 2009 hei am Gemengerot ënnert dem Numm BESCHA gestëmmt. Dat sinn net grad sechs Joer hier. Esou laang kann et daueren. Mä d'Ursaachen heifir sinn net bei der Gemeng ze sichen.

5

lorisera le Fousbann et facilitera son raccordement au centre-ville. Une analyse environnementale spéciale n’est pas nécessaire, car le site sera macadamisé. Des analyses du sol ont cependant été effectuées. Les parties graphiques figurent dans le dossier des conseillers communaux. Le terrain a une surface de 60,41 a.

ALI RUCKERT (KPL) s’abstiendra lors de ce vote, car il n’est pas d’accord avec la construction de l’école. Il avait été dit que Differdange aurait un lycée. Or il s’agit d’une école européenne. (Vote) ERNY MULLER (LSAP) passe au PAP Mathendahl, présenté le 15 juillet 2015. Ce projet figure à nouveau à l’ordre du jour, parce que la procédure avait été lancée avant l’approbation de la modification ponctuelle de la partie écrite du PAG. Le ministère de l’Intérieur recommande à la commune de soumettre le projet au vote une nouvelle fois. (Vote) Erny Muller passe à la convention d’exécution et aux plans du PAP Breitfeld à Oberkorn. Ce projet a été approuvé le 10 décembre 2009 sous le nom de BESCHA. Cela remonte donc à six ans.


2. PAG et PAP Le propriétaire du terrain a changé et les travaux pourront commencer au printemps. Les différentes fractions disposent du dossier complet. Le terrain se situe derrière la cité Kauffman en direction de la route de Belvaux. La commune se verra céder une bande de terrain de trente mètres en direction du chemin de fer, sur laquelle des espaces verts, des aires de jeux et un raccordement aux pistes cyclables et aux chemins piétonniers en direction de Belvaux sont prévus. La zone fait six hectares. 25,8 % seront cédés à la commune. Le PAP comprend 49 maisons unifamiliales, 21 maisons bifamiliales et 7 résidences, soit 142 unités. Les couts se montent à 3,7 millions d’euros. Le promoteur versera aussi 200 000 euros à la commune pour l’aménagement de l’aire de jeux, du mobilier urbain et de l’éclairage. Un corridor vert est prévu au centre. La zone comprend donc beaucoup d’espaces verts, des chemins de promenade et des aires de jeux et de détente. Cent-quinze arbres et des haies seront plantés. Erny Muller se réjouit que le projet BESCHA soit enfin réalisé.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) remercie M. Muller pour ses explications exhaustives. Il estime que le projet est adapté au quartier. Il comprend des aires de jeux et de la végétation. Il sera agréable d’y vivre. Comme le montrent les chiffres avancés par M. Muller, il ne s’agit pas d’un petit quartier. Avec l’arrivée de nouveaux habitants, il faudra prévoir des écoles, mais le collège échevinal y a sans doute déjà pensé. Pierre Hobscheit est convaincu que le collège échevinal va dans la bonne direction. La LSAP approuvera ce projet avec enthousiasme. FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) rappelle qu’il est question de ce projet depuis longtemps. La commission de l’environnement a réussi à le faire modifier au fil du temps jusqu’à ce qu’il devienne satisfaisant et qu’il contienne suffisamment d’espaces verts.

Mir si frou, dass dësen Terrain elo de Besëtzer gewiesselt huet an et endlech mat der Realisatioun am Fréijoer dat kommend Joer ugeet. Déi eenzel Fraktiounen hunn de kompletten Dossier mat de Pläng kritt an dir hutt sécherlech festgestallt, dass et sech ëm en interessante Bauprojet handelt. En ass situéiert hannert der Cité Kauffman Richtung Bieleser Strooss vun der Grenz zum Scheierhaff bis un d'Cité Breitfeld. Hannen zu der Eisebunn gëtt eng Sträif Terrain vun 30 Meter Déift un d'Gemeng ofgetrueden, wou Uplanzunge virgeholl ginn, an en Areal fir Spillplazen an och Verbindungsweeër zu der Foussgänger- a Vëlospist, déi vun Uewerkuer a Richtung Bieles verlafen, ageplangt sinn. Dee ganzen Areal vum PAP erfaasst Brutto 6 Ha. 25,8% vun dësem gëtt un d'Gemeng cedéiert. De PAP ëmfaasst 49 Eefamilljenhaiser an 21 bifamiliales. Dat heescht 70 Eenzelhaiser souwéi 7 Residenzen. Et sinn am Total 142 Unitéite geplangt. De gesamte Käschtepunkt vum Lotisséiere beleeft sech op ronn 3,7 Milliounen Euro, woufir de Promoteur eng Bankgarantie stelle muss. De Promoteur bezilt der Gemeng och eng Zomm vun 200.000 Euro fir d'Gestaltung vun der Spillplaz an dem Mobilier urbain a fir d'Stroossebeliichtung. Dir konnt sécherlech an de Pläng gesinn, dass am Mëtteldeel e grénge Corridor virgesinn ass an deem och d'Waasserrétentioun gemaach gëtt. Et ass eng Zon mat vill Vegetatioun, mat Spadséierweeër, souwéi Erhuelungs- a Spillberäicher. Am ganze PAP ginn 115 Beem geplanzt, déi mat de Gemengeservicer ofgestëmmt goufen, an och e groussen Deel Hecken.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, ech soen dem Här Muller Merci fir seng ausféierlech Explikatiounen. Wéi en eis erkläert huet, ass dat e Projet, dee scho relativ laang zréckgeet. Ech mengen, dass dat e ganz flotte Projet ass, dee fir dee Quartier gutt passt an eis do flotte Wunnraum wäert schafen. Et gouf un déi wichteg Saache geduecht, wéi Spillplaze fir eis Kanner a vill Vegetatioun, dass et sech liewenswäert wunne léisst. Et ass natierlech kee klenge Projet. Dat hunn d'Zuelen, déi den Här Muller eis elo genannt huet, gewisen. De Quartier wäert also weider wuessen. Mä mir mengen awer, dass dat op där doter Plaz eng gutt Saach ass. Et muss een natierlech drun denken – mä och do, mengen ech, dass de Schäfferot schonn déi Richtung Iwwerleeunge gemaach huet –, dass mat den Awunner, déi an deem Quartier bäikommen, natierlech d'Infrastrukture wéi Schoule mussen un déi nei Zuelen ugepasst ginn. Mä do goufe jo scho Saachen ënnerholl. An ech sinn iwwerzeegt, dass de Schäfferot an déi richteg Richtung goe wäert. Mir vun der LSAP wäerten dat op alle Fall mat Freed matstëmmen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Hobscheit. Den Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech proposéieren dem Gemengerot, déi virgeluechte Konventioun ze stëmmen a freeë mech, dass de Projet BESCHA elo endlech realiséiert gëtt. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mir hu jo scho laang iwwert dee Projet geschwat. Mir hunn et fäerdeg bruecht, mat der Ëmweltkommissioun eng ganz Partie Verännerungen an där Zäit, wou dee Projet leeft, eranzebréngen, déi – wéi een aus de Pläng elo gesäit – zefriddestellend ausgesinn, an déi deem Quartier dat néidegt Gréngs ginn.

Merci, Här Muller. Här Pierre Hobscheit, w.e.gl.

Wou nach eng Partie Punkten ze kucke sinn, ass natierlech wéi d'Verkéiersféie-

6


3. Actes et conventions rung, wou herno alles op d'Zolwerstrooss erofgeet, sech op de Quartier Breetfeld an d'Cité Kauffman Richtung Bieleser Rondpoint auswierkt. Wou mer zwar am Fong direkt en Deel vum Verkéier an eng aner Gemeng leeden. Wéi dat finalement verkéierstechnesch herno ka klappen. Dat sinn nach Inconnuen, wou mer keng Simulatiounen hunn a wou ee sech awer elo scho misst ganz staark Gedanke maachen, wat dat herno bréngt.

Da géife mer zum Punkt a) vun den Actes et conventions kommen. Do fänken un, déi éischt Akte vun eisen alen Atelieren an de Verkaf ze goen. Déi sinn dobäi. Et sinn nach e puer Terrainen ze kréien. En Opruff och un d'Press: Et ass nach Terrain ze kréien zu Déifferdeng fir 35.000 Euro den Ar. Et sinn nach e puer Bauplazen do.

Natierlech stëmme mer dee Projet.

PASCAL BÜRGER (DP):

Här Bürger, ganz gären.

Merci, Här Buergermeeschter.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Schwachtgen. D'Madame Schambourg, w.e.gl.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Merci, Här Buergermeeschter. De Projet ass an der Bautekommissioun positiv aviséiert ginn. Ech ka mech just den Ausféierunge vum Här Hobscheit uschléissen. Dat ass vill Gréngs an natierlech och ganz vill neie Wunnraum, déi derbäi kommen. Mir hate schonn an der Bautekommissioun iwwert d'Schoule geschwat, déi net ganz wäit ewech sinn a wou et nach Méiglechkeete gëtt, fir déi auszebauen. Well wann esou vill Leit bäikommen, kommen natierlech och eng ganz Rei vu Kanner bäi. Wat flott ass, ass, datt d'Foussgängerweeër direkt zu de Schoule féieren an de Projet effektiv zentral läit, soudatt een ze Fouss goe kann an net brauch mam Auto dohinner gefouert ze ginn. Wéi gesot, e flotte Projet. A mir wäerten natierlech och dofir stëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dir hutt elo ugeschwat, dass nach Terrainen ze kréie sinn. Mir wollten als Demokratesch Partei nofroen, wéi d'Evolutioun vun den Actes de vente ass a wéi d'Demandë sinn? An ob bei deene bestehende wéi bei deenen zukünftegen Akten och op déi Kritären opgepasst gëtt, déi am Gemengerot gestëmmt gi sinn?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech kann Iech iwwerall Jo soen. Natierlech, déi Kritäre si fest. Viru Kuerzem war nach eng Annonce an enger Zeitung an et sinn der sechs oder siwen, déi fort sinn. Et sinn zwee oder dräi Leit, déi reservéiert hunn an da missten nach zwou Bauplazen op sinn. Mä d'Kritäre sinn natierlech ëmmer déiselwecht, déi mir hei am Gemengerot festgehalen hunn. Här Ruckert, w.e.gl.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, souwéi ech dat matkritt hunn, si bis elo sechs vun deenen zwielef Compromisen ënnerschriwwen. Wéi erkläert Der Iech, dass dat esou lues geet?

Merci. Da géife mer zum Vote kommen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la convention et les plans d’exécution relatifs au PAP au lieu-dit Biensel à Oberkorn.

Et ass jo awer en interessante Projet. Et ass e Projet, wou de Bauterrain ganz bëlleg ass, fir net ze soe praktesch näischt kascht fir d'Leit. Wéi erkläert Der Iech dann, dass den Undrang net esou do ass, obscho jo awer vill Leit eng Wunneng brauchen? Kënnt dat domat

7

Il reste à évaluer les conséquences de la circulation en direction de la route de Soleuvre sur le quartier Breitfeld et la cité Kauffman. Il reste des inconnues à ce sujet. Il n’existe pas encore de simulations. Il faut réfléchir à la question. Les écologistes approuveront le projet.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) rappelle que la commission des bâtisses a remis un avis positif. Elle s’associe aux propos de M. Hobscheit. Le projet prévoit beaucoup d’espaces verts et de nombreuses habitations. Il y a des écoles à proximité, mais il faudra développer les infrastructures. Car le nombre d’enfants va augmenter. Les chemins piétonniers relient le quartier à l’école. Il ne sera donc pas nécessaire de prendre la voiture. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe aux actes et conventions, et notamment les actes relatifs aux anciens ateliers. Il reste des terrains. Roberto Traversini demande à la presse d’en parler.

PASCAL BÜRGER (DP) constate qu’il reste des terrains. Le DP se demande comment ce projet évolue. Les critères établis par le conseil communal sont-ils respectés? ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui. Un article a été publié récemment dans un journal. Six ou sept lots ont été vendus. Deux ou trois personnes ont réservé un terrain. Il devrait donc en rester deux. Bien entendu, les critères n’ont pas changé.

ALI RUCKERT (KPL) a entendu que seuls 6 des 12 compromis ont été signés. Comment le bourgmestre explique-t-il cela? En soi, le projet est intéressant puisque le terrain ne coute pratiquement rien. Comment le bourgmestre s’explique-t-il qu’il n’y ait pas plus d’enthousiasme alors que beaucoup de personnes ont besoin d’un logement?


3. Actes et conventions Est-ce éventuellement parce qu’une partie des maisons n’ont pas de garage?

zesummenhänken, dass nëmmen en Deel vun den Haiser eng Garage huet? Oder wéi gesitt Dir dat?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rappelle que la question des logements sociaux sera abordée au point 8. Tout d’abord, il semblerait que les gens soient sceptiques au sujet du prix. Comme l’a dit M. Ruckert, le terrain ne coute pratiquement rien. Plusieurs personnes se sont inquiétées du bruit en raison de la proximité de la voie ferrée. Pour le reste, Roberto Traversini n’a pas d’explication. Il ne comprend pas pourquoi plus de compromis n’ont pas été signés alors que la demande en logements sociaux est importante. La situation est bizarre, car un are à Differdange coute facilement le double. (Vote) Roberto Traversini passe à des terrains qui seront cédés à la commune par la Société nationale des habitations à bon marché. Differdange dispose actuellement d’un représentant au sein de la société. En tout, ces terrains représentent presque cinq ares. (Vote) Roberto Traversini passe à une convention avec l’État relative aux demandeurs de protection internationale. Le Centre Noppeney sera mis à disposition et des travaux de transformation ont commencé. Le bourgmestre propose d’organiser une visite. L’État prendra à sa charge tous les frais de transformation, le chauffage et l’accompagnement. La commune n’aura rien à préfinancer. La convention porte sur cinq ans et pourra être prolongée au maximum jusqu’à dix ans. Le collège échevinal répondra aux éventuelles questions.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) estime que la convention est extrêmement importante. Les défis sont historiques et ne vont pas disparaitre du jour au lendemain. Pierre Hobscheit se dit fier de vivre dans une commune prête à prendre ses responsabilités. Le weekend dernier, le bourgmestre a parlé de miracle. Pierre Hobscheit n’ira pas aussi

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Nee. Am Punkt 8 komme mer nach iwwert d'Sozialwunnengen hei zu Déifferdeng ze schwätzen.

Mer géifen dann och zum Vote kommen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la cession gratuite de parcelles d’une superficie totale de 4,98 a aux lieux-dits Auf der Oicht et Cité Kauffman à Oberkorn. Merci.

Éischtens emol sinn d'Leit am Ufank skeptesch wéinst dem Präis, well se dat komesch fannen. Wéi Der sot, et kascht am Fong geholl bal näischt. Et ass bal zum Nulltarif, well dat, wat se bezuelen, d'Aménagement vun där ganzer Plaz ass. Et waren e puer Leit, déi Angscht hate virun der Eisebunn. Ech fannen net, mä et ass awer eng Angscht do duerch de Kaméidi. A soss kann ech mer et och net erklären. Et wär jo net esou, wéi wann net vill Nofro am soziale Beräich wier. Et wier flott, wann et esou wier. Mä et ass net ze verstoen, datt net méi Leit bis elo e Compromis ënnerschriwwen hunn. Et si ganz vill Leit, déi interesséiert sinn. Mä et ass wierklech eng komesch Situatioun, wann ee bedenkt, datt ee soss hei zu Déifferdeng ganz gär méi wéi dat Duebelt fir den Ar bezilt. Mir géifen dann zum Vote kommen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver plusieurs actes de vente relatifs au lotissement communal Anciens Ateliers à Niederkorn. Merci. Da kréie mer eppes vun der Société Nationale Habitation à bon marché. Et ass scho laang hier, wou d'Cité Kauffman opgeriicht ginn ass. Do goufen elo Stékker cedéiert, déi dat bis ewell nach net waren. Wéi dir wësst, hu mer nach e Vertrieder bis Mëtt d'nächst Joer an der Société Habitation à bon marché. Mir hu gesot, datt mer déi Terrainen esou séier wéi méiglech wéilte kréien. Dat si bal ronn 5 Ar, déi mer vum Stat erëmkréien.

8

Da komme mer zu der Konventioun mam Stat iwwert d'Demandeurs de protection internationale. Dat heescht, eisen Noppeney, dee mer zur Verfügung gestallt hunn a wou d'Aarbechte schonn amgaange sinn. Mir kucken deemnächst eng Visite ze organiséieren, wéi et ausgesäit; well et ass schonn impressionnant, wat eise Service gemaach huet. Mir hunn elo schrëftlech, wat de Stat alles iwwerhuele wäert. Déi sämtlech Ëmbaufraise kritt de Stat direkt geschéckt. Am Prinzip brauche mer näischt virzestrecken. D'Facturë lafen direkt iwwert de Stat. Dir gesitt och, d'Heizkäschten, déi sämtlech Betreiung an alles, wat Iessen ass, iwwerhëlt de Stat zu 100%. Et ass elo emol fir fënnef Joer. An et ka bis op maximal zéng Joer verlängert ginn. De Rescht hutt der wahrscheinlech alles gelies. Wann et dozou Froe gëtt, sinn de Schäfferot an ech gäre bereet, iech ze äntwerten. Här Hobscheit, w.e.gl.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, déi Konventioun, iwwert déi mer haut ofstëmmen, ass en immens wichtege Pabeier. D'Erausfuerderunge mat deene mer de Moment konfrontéiert sinn, sinn historesch a wäerte sech net vun haut op muer a Loft opléisen; au contraire. Ech sinn houfreg an enger Gemeng ze wunnen, déi sech den Erausfuerderunge gestallt an d'Äerm konsequent eropgestrëppt huet. Ech géif net esou wäit goen, wéi de Buergermeeschter et de Weekend gemaach huet, vun engem Wonner ze schwätzen. Dat, wat an de


3. Actes et conventions leschte Wochen an eiser Gemeng geschitt ass, ass einfach d'Resultat vun haarder Aarbecht op där enger a ganz vill Mënschlechkeet op där anerer Säit. D'Déifferdenger Leit hu sech mobiliséiert a gewisen, dass hinnen d'Schicksal vun deene Leit, déi deemnächst hei wäerten ukommen, net egal ass. Mir däerfen awer net alles duerch de rosa-roude Brëll kucken. Och hei zu Déifferdeng gëtt et Leit, déi sech Suerge maachen. Suergen, déi ee muss eescht huelen. De Viruerteeler, déi et leider Gottes gëtt, muss een décidéiert entgéinttrieden a kloermaachen, dass vill Ängschten onbegrënnt sinn an dass et virun allem drëms geet, deene Leit, déi viru Krich a Gewalt hu musse fortlafen, ee sécheren Ënnerdaach ze bidden.

wann de Gemengerot kënnt Kloerheet kréien. Erlaabt mer zum Schluss nach e Wuert zu den Ursaache vun der aktueller Entwécklung: Natierlech muss een an de jeeweilege Krisegebidder kucken, wéi een d'Ursaache fir d'Flucht mëttel- bis laangfristeg ka bekämpfen. Am Mëttelpunkt steet awer elo, dass mer eis ëm déi Leit musse këmmeren, déi virun eiser Dier stinn an elo eis Hëllef brauchen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech soen Iech och Merci. D'Madame Goergen, w.e.gl.

D'Erausfuerderungen, déi op eis waarden, ginn awer vill méi wäit. An do sinn nach weider Efforte vun eis alleguerten erfuerdert. Déi Leit, déi den Ament zu Lëtzebuerg an domadder och zu Déifferdeng ukommen, wäerte wuel iwwert e längeren Zäitraum hei am Land bleiwen. Duerfir heescht et, dës Leit ze integréieren. Et geet drëms, de Leit Perspektiven ze bidden, hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, eis offiziell Sproochen ze léieren, a fir se un dat gesellschaftlecht Liewen an eiser Gemeng erunzeféieren. Ech weess, dass et Initiativen um Niveau vun de Gemengekommissioune gëtt, wat ech ausdrécklech begréissen. Vill Kommissiounen hu sech schonn hir Gedanke gemaach, well déi ganz Situatioun virun allem fir déi Jonk eng grouss Belaaschtung ass. Et geet drëms, de Leit eis Kultur, eis Geschicht an eist alldeeglecht Liewe méi nozebréngen. D'Situatioun wäert och zu enger grousser Erausfuerderung fir eis Schoul ginn. Ech sinn allerdéngs do verhältnisméisseg optimistesch, well d'Kanner esou Situatioune mat vill Mënschlechkeet a manner Skepsis ugi wéi déi Erwuessen. Wichteg schéngt et mer ausserdeem, dass mer esou séier wéi méiglech Kloerheet kréien, wat déi verschidde Froen ugeet, zum Beispill: Wéini kommen déi éischt Leit hei zu Déifferdeng un? Vu wou kommen d'Leit? Wéi al sinn d'Leit? Wivill sinn et der? Ech weess net, ob et an der Tëschenzäit schonn Äntwerten op déi Froe gëtt. Ech wär op alle frou,

MARTINE GOERGEN (DP): Merci. Ech fannen, den Här Hobscheit huet déi ganz Situatioun zimlech gutt erfaasst an zesummegefaasst, obwuel dat bei esou engem vill diskutéierten a komplizéierten Thema net einfach ass. En Thema, wat mat ganz vill Angscht an Ongewëssheet verbonnen ass. Déi feelend Informatioune bereeden net nëmmen eis, mä och de Leit dobausse Kappzerbrieches, fir dass mer eis kënne richteg op déi Situatioun virbereeden. Ech fannen dat ganz verständlech, dass vill Angscht an Onsécherheet domat verbonnen ass. Ech fannen, et ass eis Aufgab, soubal mir Informatiounen hunn, déi Informatioune weiderzeginn, opzeklären, vläicht och mat Viruerteeler opzeraumen an eis politesch Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Angscht muss een eescht huelen an et muss een drop reagéieren. Ech muss e grousse Luef un eis Populatioun dobaussen ausschwätzen, well un der Solidaritéit gesäit een, dass souguer wa se net ganz sécher sinn, wat op se duerkënnt, se trotzdeem bereet sinn, als Mënsch ze agéieren an hir eege mënschlech Verantwortung ze iwwerhuelen. Et ass eis Aufgab, weiderhi solidaresch mat deene Leit ze sinn. Dofir fannen ech et super mat dem Centre Noppeney,

9

loin. Ce qui a été réalisé au cours des dernières semaines est le fruit de beaucoup de travail et d’humanité. Les Differdangeois se sont mobilisés. Bien sûr, tout n’est pas simple. Il y a des gens inquiets et il faut en tenir compte. Il faut combattre les préjugés et expliquer qu’il s’agit avant tout de fournir un abri à des personnes fuyant la guerre. Les personnes arrivant au Luxembourg y resteront sans doute longtemps. Il sera nécessaire de les intégrer, de leur permettre d’apprendre les langues officielles et de les faire participer aux activités. Les commissions consultatives mettent en place des initiatives. La situation est particulièrement difficile pour les jeunes. Il faudra leur faire connaitre notre culture, notre histoire et notre mode de vie. L’école sera aussi confrontée à des défis, mais les enfants sont généralement moins sceptiques que les adultes. Quand les premiers réfugiés arriveront-ils à Differdange? D’où viennent-ils? Quel âge ont-ils? Combien sont-ils? Le collège échevinal a-t-il déjà des réponses à ces questions? À moyen et à long terme, il faut essayer de résoudre les conflits dans les territoires en guerre. Mais en ce moment, il faut secourir ceux qui en ont besoin.

MARTINE GOERGEN (DP) estime que M. Hobscheit a bien résumé la question bien que ce ne soit pas facile. Les incertitudes entrainent de nombreuses questions, car on ne sait pas comment se préparer à ce qui arrive. Les peurs et les inquiétudes sont normales. Le travail du conseil communal consiste à fournir les informations dès que celles-ci sont disponibles, lutter contre les préjugés et prendre ses responsabilités politiques. Les habitants de Differdange ont, quant à eux, démontré qu’ils sont disposés à agir de manière solidaire même s’ils ne savent pas encore exactement ce qui les attend. La solidarité est importante. C’est pourquoi Martine Goergen salue la mise à disposition du Centre Noppeney et le fait que les responsables politiques ne se laissent pas effrayer.


3. Actes et conventions La collaboration avec l’OLAI semble bien se passer. L’État est conscient des difficultés et prend ses responsabilités en soutenant les communes. Le DP approuvera la convention.

ROBERT MANGEN (CSV) salue à son tour la décision du collège échevinal. Cependant, l’accueil des 74 réfugiés dans le Centre Noppeney devra être limité. Si ces personnes obtiennent le droit de rester, il faudra leur trouver des appartements pour qu’elles puissent vivre dans de bonnes conditions. Le parvis du Centre Noppeney est dangereux et on risque de tomber. Il faut penser aux enfants. Des gens en bon état sont déjà tombés. (Rires)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que M. Mangen fait référence à un bon état de santé. (Rires)

TOM ULVELING (CSV) rappelle qu’une dizaine d’employés du service technique travaillent au Centre Noppeney. Un compartimentage a été réalisé. De nouvelles douches seront installées dans la cave. M. Mangen a souligné la dangerosité du parvis. L’escalier sera remplacé par une pente, car cela se révèlera moins cher et plus rapide que de construire un nouvel escalier. En plus, l’accès du site aux personnes handicapées en sera facilité.

datt mer als Politiker e wichtegt Zeeche setzen an dass mer eis net ofschrecke loossen. D'Zesummenaarbecht mam OLAI schéngt ganz gutt ze fonctionnéieren. Ech sinn och frou, datt den Devis, souwéi en elo ass, wäert fortgeschéckt ginn. Ech gesinn, d'Regierung huet d'Problematik erkannt an hëlt d'Konsequenzen, andeems se eis do finanziell ënnerstëtzt. Natierlech wäerte mir dee Punkt mat Jo stëmmen. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Madame Goergen. Den Här Mangen, w.e.gl.

ROBERT MANGEN (CSV): Meng Virriedner hu scho vill gesot. Mir begréissen d'Bereetschaft vun onser Gemeng, fir 74 Flüchtlingen opzehuelen. Dat Ophuelen am Centre Noppeney däerf nëmme begrenzt sinn. Wann déi d'Erlabnis kréien, am Land ze bleiwen, musse mer kucken, datt se awer esou séier wéi méiglech eenzel Wunnenge kréien, wou se ënner vernünftege Verhältnisser kënne liewen. Well dat gëtt soss e bëssen enk an deem Raum mat esou ville Leit. Do misst ee vläicht e bëssen oppassen.

souvient qu’il avait été dit qu’il serait difficile d’installer des douches et que les réfugiés devraient se rendre à la piscine. C’est pourquoi elle a été étonnée de voir que des douches seraient finalement aménagées.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

(Gelaachs)

plaisante en disant que c’est la raison pour laquelle il a parlé de miracle.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): Ech wëll fir d'Éischt emol soen, dass mer ongeféier zéng Leit vun eise Servicer de Moment do schaffen hunn. An et geet relativ gutt virun. Dat heescht, et gëtt e Compartimentage gemaach. D’Sanitäre ginn deelweis iwwerholl an et ginn deelweis nei Duschen am Keller installéiert. Den Här Mangen hat d'Gefor richteg erkannt. Mir hu se och erkannt. Do wäert eng Pente dohinner kommen. Et ass herno keng Trap méi do, mä eng Pente, wou een eropgeet. Et ass effektiv geféierlech, well déi Nuese vun deenen Trape futti sinn. Dunn hu mer gesot, et gëtt wahrscheinlech méi bëlleg an et geet méi séier, wann een dat einfach esou verzitt, dass dat eng Pente gëtt. Dann ass dee Geforepunkt ewech. En plus hu mer dann e besseren Zougang vun der Strooss an dat Gebai, fir wann Handicapéierter dobäi wären. Ech soe Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Madame Schambourg, w.e.gl.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Ech ginn net op déi ganz Problematik an. Ech wollt just eppes froen, wat ech am Devis net erausfonnt hunn. Baussen am Parvis besti Problemer fir eranzegoen, wou Gefor ass, datt ee fale kann. Ass doru geduecht ginn? Well et kënnen och Kanner falen, wann déi dohinner kommen. An et si scho Leit do gefall, déi awer nach an engem gudden Zoustand woren.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) se

Den Här Ulveling wëllt dorobber reagéieren.

Ech hu just eng Fro. Am Ufank ass gesot ginn, datt et net méiglech wier – oder technesch schwiereg –, fir Duschen ze installéieren. Et ass souguer geschwat ginn, fir d'Leit an d'Schwämm ze schékken. Duerfir sinn ech e bëssen erstaunt, wou ech elo gelies hunn, datt awer Dusche gemaach ginn. Wéi ass dat dann elo zustane komm?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dofir hunn ech jo vun engem Wonner geschwat.

Den Här Mangen mengt de gesondheetlechen Zoustand.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Ah okay.

(Gelaachs)

10


3. Actes et conventions BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat heescht, am Moment ass et éischtens emol ganz schwéier, Dusch-Containeren ze kréien. Well mir si jo net déi eenzeg, déi Dusch-Containere froen. Do si jo nach Gott sei Dank vill aner Gemengen, déi dat wëllen. Zweetens wësse mer nach ëmmer net kloer, ween a wivill der kommen. Mir wëssen net, ob et Famillje sinn an ob vill Kanner dobäi sinn oder net. Mir wäerten awer op alle Fall déi nächst Woche prett sinn. Dat eenzegt, wat am Moment am Centre Noppeney mat der OLAI fonctionnéiert, ass de Centre de tri. D'Leit kënne moies a mëttes Saachen ofginn. Gitt iech dat ukucken. Déi Solidaritéit ass schonn impressionnant. An de Sing-Loon mécht d'Koordinatioun, datt mer wierklech geziilt Saache froen. Soubal mer méi wëssen, kritt der et iwwer Mail matgedeelt. Well dat, wat hei gesot ginn ass, ass ganz richteg. Mir mussen dobaussen erklären, wat amgaangen ass ze geschéien. An ech mengen, datt ee roueg erëm eng Visite organiséiere kann. Mir haten dat jo och op der Versammlung gesot. Do hat en Här gesot: "Komm mir kucken no sechs Méint". Et ass absolutt kee Problem, fir dat ze maachen. Et ass schonn no bei engem Wonner. Här Ruckert, w.e.gl.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech hunn als Vertrieder vun der KPL derfir gestëmmt, dass Flüchtlingen an de Centre Noppeney erakommen. Et ass wichteg, dass dat elo séier realiséiert gëtt an dann och ka benotzt ginn.

Ech wëll just op en aneren Aspekt hiweisen. Et ass richteg. D’Solidaritéit an der Bevëlkerung ass ganz grouss. Dat ass ganz wichteg. Soss kann een esou Projeten net realiséieren. Wann et dacks Bemierkungen an deem Zesummenhang gëtt, déi net esou positiv sinn, wëll ech awer drop hiweisen, dass dat a ganz ville Fäll ganz wéineg mat Rassismus ze dinn huet. Mä dass et vill Leit gëtt, déi benodeelegt sinn an déi aus soziale Milieue kommen, wou net onbedéngt esou no hinne gekuckt gëtt. Déi keng Wunneng hunn oder eng schlecht Wunneng hunn. Déi keng Aarbecht hunn oder eng schlecht Aarbecht. An dass dat natierlech derzou féiert, dass se sech da Froe stellen. Firwat kréie mir net gehollef?

Roberto Traversini explique qu’en ce moment, il est difficile de trouver des douches sous la forme de conteneurs, car elles sont très recherchées. Ensuite, le collège échevinal ne sait toujours pas combien de réfugiés vont arriver, s’il s’agira de familles et s’il y aura des enfants. Pour le moment, seul le centre de tri est opérationnel. L’élan de solidarité est impressionnant. Sing-Loon assure la coordination des opérations. Dès que le collège échevinal disposera de plus d’informations, il les communiquera. En attendant, Roberto Traversini propose d’organiser une visite du Centre Noppeney pour voir comment avancent les travaux.

Ech mengen, dass ee parallel eben zu där Saach muss Efforte maachen, dass déi Leit och gehollef kréien.

ALI RUCKERT (KPL) soutient l’arrivée de réfugiés dans le Centre Noppeney. Il est important que les transformations soient réalisées rapidement. M. Mangen a souligné que cette situation ne pourrait être que provisoire et que les réfugiés ne pourraient pas rester des années dans le Centre Noppeney. Lorsque ces personnes recevront leur permis de séjour, il faudra les intégrer. Ce type de projets ne peut être réalisé que grâce à la solidarité de la population. Les commentaires négatifs ne sont, quant à eux, pas liés au racisme le plus souvent. Il s’agit de personnes défavorisées sans logement ni travail ou dans une situation précaire. Et c’est la raison pour laquelle elles se demandent pourquoi personne ne s’occupe d’elles. Parallèlement aux réfugiés, il faut aussi aider ces gens-là. D’après Caritas, un cinquième des habitants du Luxembourg se situent à la limite de la pauvreté. Si on ne s’occupe pas d’eux, il y aura des problèmes.

Wa Caritas seet "Mir hunn an der Tëschenzäit bal ee Fënneftel vun de Leit zu Lëtzebuerg, déi just iwwer oder op der Aarmutsgrenz liewen“, musse grouss Efforte gemaach ginn. Soss kréie mer vill méi grouss Problemer och am Zesummenhang mat der Flüchtlingsfro.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Mir komme jo nach eng Kéier um Punkt 8 drop ze schwätzen. Ech wëll just soen, datt d'Flüchtlingen hei kengem eng Wunneng ewechhuelen. Well wann Der kuckt, hu mer jo schonn iwwer 100 Demandeurs d'asile hei. A wann een zu dräi oder véier an engem Zëmmer läit, mengen ech net, datt dat e grousse Luxus ass. Ech ginn Iech Recht, datt dat eng Iwwergangszäit muss sinn. Ech mengen awer net, datt een, deen heihinner kënnt, engem aneren eppes ewechhëlt. Au contraire. Här Schwachtgen.

Den Här Mangen huet awer scho richteg gesot, dass dat nëmmen e Provisorium ka sinn an dass een net iwwer Jore Flüchtlinge kann do dran hunn, well déi Situatioun net gutt wär. A wann déi Leit eng Openthaltsgenehmegung zu Lëtzebuerg kréien, muss natierlech d'Fro vun der Integratioun ganz séier geléist ginn.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Vläicht kuerz e Schlusswuert vu mir. Mir maachen do eng gutt Saach. Mir maachen eng gutt Aktioun. Mer sinn amgaangen, eis gutt virzebereeden. Dat héiert een iwwerall. Leschte Méindeg op

11

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que cette question sera abordée au point 8. Cependant, il est clair pour le bourgmestre que les réfugiés n’enlèveront de logements à personne. Une centaine de demandeurs d’asile vivent déjà à Differdange. Et en plus, lorsqu’on vit à trois ou quatre dans une chambre, on ne peut pas parler de luxe.


3. Actes et conventions FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) constate que la commune fait une bonne action. Les clubs sportifs ont d’ores et déjà décidé d’organiser une journée du sport avec les réfugiés. En revanche, il faut éviter tout tapage médiatique. Les photos des autres pays sont dramatiques. Ici, la situation est maitrisée. Mais si l’on regarde ce qui se passe en Allemagne, c’est différent. Les salles de sport et les salles de gymnastique des écoles sont occupées pendant des mois. D’ailleurs, Fränz Schwachtgen se demande toujours comment le Luxembourg fait pour rester une ile. Apparemment, les réfugiés ne savent pas que le Luxembourg existe et veulent rester en Allemagne. Les discussions avec la population doivent être menées de manière professionnelle. En effet, les craintes sont là, et notamment celle de désavantager ceux qui sont défavorisés. Ce type de peurs se mélangent à de la xénophobie et il est parfois difficile de les dissocier. Fränz Schwachtgen ne sait pas comment aborder ce problème. Il faudrait peut-être des professionnels pour discuter avec la population et maintenir en vie la solidarité. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe aux contrats de bail pour le 1535 °C. Le bâtiment A est pratiquement plein. (Vote) Roberto Traversini passe à la charte transfrontalière. Il cède la parole à M.  Schwachtgen et lui demande d’être bref.

der Sportleréierung ass jo och déi Solidaritéit zum Ausdrock komm, dass eis Sportsveräiner schonn en Dag festgeluecht hunn, wou se mat deene Flüchtlinge wëllen e Sportsdag organiséieren. Ech warnen dervir, grouss Aktiounen unzekënnegen a mer wëssen emol nach net, wee kënnt. Mer däerfen eis Populatioun net esou op e Punkt setzen, dass se soen: „Hurra, elo kréie mer endlech eis Flüchtlingen. Elo kënne mer eppes mat deenen no Bausse weisen“. Mir ass et zuwidder, wann e Medierummel gemaach gëtt, wann effektiv Flüchtlingen elo aus Griichenland op Lëtzebuerg oftransportéiert ginn. An anere Länner, wou Zéngdausende pro Dag mateneen ukommen, gesi mer d'Fotoen. Dat ass dramatesch. Hei kommen elo geuerdnet Verhältnisser an d'Spill. Gott sei Dank fir déi 74. Mä mir kommen awer hei an eng „heile Welt“ eran. Wann ech vun Tréier schwätzen – ech hunn dat wéini eng Kéier gemaach – a wann der iech e bëssen informéiere gitt iwwert d'däitsch Grenzen, ass d'Situatioun eng ganz aner. Déi ass vill méi dramatesch. Do sinn d'Sportshalen an d'Turnsäll an de Schoule beluecht während Wochen a Méint, bis dass iergendwéi en Noppeney fonnt ginn ass. Ech hu mer ëmmer d'Fro gestallt: Wéi ass et méiglech, dass Lëtzebuerg nach op esou enger Insel sëtzt? Dass gesot gëtt: „Déi wëssen net, dass et och Lëtzebuerg gëtt. Si wëllen all an Däitschland bleiwen“. Dat geet mer vläicht als Explikatioun net duer. Mir mussen hei kucken, gewappnet ze sinn. Do maache mer eise Match elo. Mir mussen och kucken, mat eiser eegener Bevëlkerung déi Diskussiounen ze féieren an deen Austausch vläicht vill méi professionell ze féieren. Wann ee vill ronderëm kënnt, weess een, datt déi Ängschten do sinn. Och Ängschte vun enger Benodeelegung vun deene Leit, déi net vill hunn. Déi ginn dann awer och mat deene sougenannte „Brongen Ängschten“ oder „Bronge Virstellungen“ ganz staark vermëscht. An op engem Stammdësch kënnt net méi eraus, ween dann elo wat fir een Typus vu Mënsch ass a ween – esouguer vun Auslänner, déi scho méi laang hei wunnen – eng gewësse Feindlechkeet par rapport zu neie Leit mat enger anerer Relioun huet.

12

Ech weess och net, wéi een déi an de Grëff ka kréien. Do musse mer oppe mat de Leit diskutéieren a sech vläicht professionell Leit siche goen, déi een an d'Populatioun schéckt, dass do e permanenten Austausch entsteet an dorauser vläicht eng Solidaritéit um Liewe gehale gëtt. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Schwachtgen. Mir géifen dann elo zum Vote kommen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la convention de mise à disposition pour l’hébergement de demandeurs de protection internationale du Centre Noppeney. Villmools Merci. An da géife mer zum Punkt e) kommen. Dat ass eng Transfrontaliercharte…

ENG STËMM: Nach de 1535°C.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et sinn nach e puer Contrats de bail am 1535°C. Dann ass de Bâtiment A bal voll. Et ass just de Co-working, wou nach amgaangen ass mam Aarbechtsministère gekuckt ze ginn. Déi sinn dorun interesséiert, fir eventuell och dohinner ze kommen. An dann ass de Bâtiment A komplett voll, wat eng schéi Saach ass. Kënne mer déi all matenee stëmmen? Jo, Merci. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver les contrats de bail d’un espace de création au 1535 °C. Merci. Deen nächste Punkt ass dann d'Transfrontalier-Charte. Do ass den Här Schwachtgen scho laang engagéiert. Dofir géif ech him dann d'Wuert ginn, fir eis ze erklären, wat dat ass. Här Schwachtgen, a kuerze Wierder.


3. Actes et conventions FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Wann ech gewosst hätt, dass de Programm haut esou kuerz wier…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): En ass nach net fäerdeg, Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): …hätt ech natierlech kënne vill méi derzou soen. Dir hutt hei e Pabeier virleien. Eng Charte d'engagement pour un territoire naturel transfrontalier de la Chiers et de l'Alzette. Ech wäert kuerz beschreiwen, wat et domat op sech huet.

Mënschlech ass et scho vläicht virprogramméiert. Dat huet déi lescht Evolutioun gewisen. Déi lescht Joren a Jorzéngten. Déi vun doiwwer komme bei eis schaffen. A mir gi lues a lues ëmmer méi bei si wunnen. D'Sprooch ass eise gemeinsame Facteur. Ech mengen, franséisch schwätzt hei zu Déifferdeng souwisou bal jiddwereen, well et einfach eng Noutwendegkeet ginn ass. Soudass déi Beréierungsängscht vu Sprooch ëmmer manner gi sinn. Bei deem Dokument, wat virläit a wat hoffentlech vum ganze Gemengerot positiv beuerteelt gëtt, handelt et sech elo ëm en éischte méi grousse konkrete Schratt a Richtung vun engem Territoire naturel transfrontalier, dee mer am Ufank wollte Parc naturel nennen. Dir kennt de Parc naturel vun der Our. Dir kennt dee vun der Sauer. Dir kennt deen aus dem Mëllerdall.

Wéi der wësst, schaffe mir mat verschiddene Servicer – haaptsächlech mam Service écologique, awer och scho méi mam Tourismus, mat Verantwortlechen aus dem Schäfferot, dem Här Erny Muller – un engem Projet, deen zum Inhalt huet, eis emol deenen Nopeschgemengen zouzedréien, wou mer am Fong meeschtens mam Réck zur Grenz stinn, nämlech der franséischer Säit. Mir hunn d'Gewunnecht, alles no Lëtzebuerg ze kucken. An dat, obscho mer op där anerer Säit vun eiser Grenz déiselwecht Naturgebidder, deeselwechte Patrimoine industriel an dacks déiselwecht Bevëlkerungsstruktur gemëscht mat Migranten vun 1900 un hunn. Et ass ebe just en anere Pass an eng aner Sprooch.

Dat si Lëtzebuerger Parken, déi op Lëtzebuerger Territoire-Gréisst bemooss sinn. Mir konnten deen Ausdrock Parc naturel mat de Fransousen net maachen, well d'Fransousen e ganz anere Begrëff hunn. Do ass de Parc naturel de Lorraine 50 Mol méi grouss wéi ganz Lëtzebuerg. A fir dann dee klenge Minettseck domadder ze associéieren, wier e bëssen iwwerdriwwe gewiescht.

Ech war elo wéini am Ellergronn. Do hänkt eng grouss Maquette un der Mauer vun eisem ganze Süde vu Lëtzebuerg mat all sengen Atouten touristescher Natur. D'Grenz ass schéi propper erausgeschnidden. An duerno ass ee grousse Blanc no ënnen. Dat si Saachen, wou ech ëmmer soen, wa mir eis Jugend esou erzéien a wa mir mat eise Kanner dohinner ginn, soe mer: „Hei kuck, wéi schéin ass Lëtzebuerg“. Awer mir hunn en europäeschen Territoire hannendrun, deen heiansdo souguer vill méi Atouten huet wéi eis eege Géigend. A fir grad deem entgéintzewierken, koum déi Iddi, an Zukunft relativ vill mat deene Leit a Gemengen zesummenzeschaffen.

Fir de Perimeter ze beschreiwen: mir hunn eng Powerpoint-Affiche, déi mer eng Kéier an enger Pressekonferenz kënne weisen, wa mer dat offiziell wëllen actéieren. Dat ass am Fong d'ganzt Kor-Gebitt mat all den Nieweleef vun der Kor: d'Moulaine, d'Crosnière an d'Kalekerbaach, bis hanner Lonkech. Et ëmfaasst och e klengen Deel vum Uelzechtgebitt. Et kënnt vläicht e bësse schlecht eraus. Et ass just den Haut-Val d’Alzette déisäit bei Bieles bis erof op Bieles/Belval. Geologesch a landschaftlech betruecht, kann ee soen, dass et sech ëm d'Gebitt vum Westminett handelt. Also alles, wat ab Esch Richtung Rodange läit a geologesch a landschaftlech e bëssen eng aner Struktur huet.

An en plus wollte mer op eng relativ kleng Entitéit zréckkucken. Mä mat där relativ klenger Entitéit, komme mer – wéi der an ärem Dokument gesitt – awer schonn op 100.000 Leit op en Territoire vun zirka 16.000 Hektar. Dat ëmfaasst eng ganz Rei Gemengen.

13

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) répond que s’il avait su que l’ordre du jour était aussi court, il en aurait profité pour en dire beaucoup plus. Il est question d’une charte d’engagement pour un territoire naturel transfrontalier de la Chiers et de l’Alzette. Fränz Schwachtgen explique qu’il s’agit d’une collaboration entre les services communaux et le collège échevinal visant à se rapprocher des communes françaises voisines. La Ville de Differdange a tendance à ne considérer que le Luxembourg, alors que les communes de l’autre côté de la frontière ont les mêmes zones naturelles, le même patrimoine et souvent le même type de population. Récemment, Fränz Schwachtgen a vu une maquette à l’Ellergronn reprenant les atouts touristiques du sud du Luxembourg. Cette maquette s’arrête à la frontière. Or le territoire au-delà de cette frontière est au moins aussi intéressant. D’un point de vue humain, on constate que les Français viennent travailler au Luxembourg et que de plus en plus de Luxembourgeois vont vivre en France. La langue n’est plus un problème, car tout le monde à Differdange parle français. La charte est un premier pas vers un territoire naturel transfrontalier. Il n’est plus question de «parc naturel», car en France, ce terme désigne des parcs d’une tout autre envergure. Le parc naturel de Lorraine, par exemple, est cinquante fois plus grand que tout le Luxembourg. Ici, le territoire est plus petit, mais il fait tout de même 16 000  ha et concerne 100 000 personnes et de nombreuses communes. Cette zone englobe tout le territoire de la Chiers jusque derrière Longwy avec la Moulaine, la Crosnière, la Kalekerbaach et le Haut-Val d’Alzette jusqu’à Belval. Il s’agit de la zone entre Esch et Rodange et dont la structure géologique est un peu différente. La Ville de Differdange espérait que les 22 communes de l’agglomération de Longwy pourraient signer la charte aujourd’hui. Mais cela s’est avéré impossible, car les Français ont des structures territoriales et administratives complexes et qui chan-


3. Actes et conventions gent tout le temps. Sans oublier les élections départementales, régionales et nationales, qui entrainent des changements au sein des partis et des interlocuteurs. Les discussions doivent alors reprendre du début. Cela coute du temps et est très fatigant. La Ville de Differdange a finalement décidé de signer la charte avec Hussigny et Saulnes tout en espérant qu’un effet boule de neige se produira. Du côté luxembourgeois, Pétange, Belvaux et Käerjeng sont intéressées. En plus, il est possible en ce moment de demander des subventions européennes et il ne fallait donc pas perdre de temps. L’Europe soutient les communes faibles structurellement à réaliser ce type de projets. Les détails figurent dans le dossier des conseillers communaux. Fränz Schwachtgen espère que cette charte survivra aux futures coalitions, car il ne’s’agit pas de politique, mais de collaboration avec les voisins. Cette collaboration peut concerner la culture, l’environnement ou l’économie. Aux commissions consultatives du sport, de l’environnement ou de la circulation de réfléchir aux possibilités d’améliorer le territoire ensemble avec les communes françaises. Hussigny et Longwy sont prêtes. Dimanche auront lieu des entrevues avec ces communes et Chaudfontaine, qui souhaite également participer. Il faudrait aussi trouver une commune allemande, avec comme objectif d’obtenir des subventions européennes. Fränz Schwachtgen demande aux conseillers communaux d’approuver le projet et de ne pas ignorer les territoires au-delà de la frontière.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) rassure M. Schwachtgen, dont les explications ont été complètes: les socialistes approuveront la charte. Le territoire en question comprend 16 000 ha et 100 000 personnes, et a donc un potentiel énorme.

Mir wollten natierlech déi ganz Communautéit – haaptsächlech déi vun der Agglomération de Longwy mat 22 Gemengen – schonn haut zur Signature bréngen. Mä leider ass dat nach ëmmer net zustane komm, well et villfach dru läit, datt d'Fransouse ganz komplizéiert a sech dauernd ännernd territorial an administrativ Strukturen hunn, déi elo amgaange sinn, geännert ze ginn. Dertëschent kommen dann Departementswahlen, Régionalwahlen an Nationalwahlen, wou dann ëmmer erëm aner Parteien am Spill sinn a wou heiansdo dann dee gudde Gespréichspartner, deen een hat, op eemol net méi do ass an eng ganz nei Équipe do sëtzt. An da muss een erëm dohinner pilgeren. Dat huet elo effektiv zwee Joer Aarbecht kascht, déi ech gär gemaach hu mat verschidde Leit vun eis. Mä dat ass awer och ustrengend. Mir wollten net méi laang waarden. Dofir hu mer mat eisen Nopeschgemengen Héiseng an Zounen, déi bereet sinn, direkt matzemaachen, déi Charte hei ënnerschriwwen. A mer hoffen elo op de Schnéiballeffekt, dass déi aner Gemenge lues a lues oder en groupe bäikommen. Zu Lëtzebuerg betrëfft dat d'Kordallgemenge Péiteng a Bieles a vläicht e bësse méi am entfernteste Sënn och Käerjeng, well déi och en Interessi weisen, fir matzemaachen. Ausserdeem wollte mer net méi laang waarden, well grad elo och erëm grouss europäesch Fërdergelder unzefroe sinn. A wa mer dat erëm verpassen, si mer nees eng Kéier véier oder fënnef Joer hannendran. Et geet nämlech drëm, fir déi strukturschwaach franséisch Gemenge mat eis zesummen an e Boot ze kréien. Europa stécht Milliounen Euroen an esou Projeten, fir déi strukturschwaach Gemengen an alle Beräicher, déi hei am Pabeier opgelëscht sinn – wéi zum Beispill de sozioekonomeschen – héichgradeg ze ënnerstëtzen. Dofir proposéiere mer déi Charte. Dir kënnt d'Detailer dovunner am Dossier liesen. Ech proposéieren dee ganzen Text eventuell am Gemengeblat ze publizéieren. Wichteg ass, dass eng Volonté collective vun eis alleguerten erkannt gëtt. Ech hoffen, dass dat parteiiwwergräifend erkannt gëtt an dass och wann eemol eng Kéier en anere Schäfferot hei sëtzt esou

14

eng Charte awer iwwerlieft. Dass dat net eng politesch Saach ass, mä eng Zesummenaarbechtssaach mat eisen Noperen. D'Volonté collective misst also do sinn, «de faire connaître, de valoriser et de développer un patrimoine naturel, culturel, historique et socioéconomique commun». All déi aner Punkten hutt der hei am Text. Dat ass vläicht mat anere Wierder beschriwwen, wat een alles maache kann. Et gëtt eng sëllechen Aktiounen am Kulturellen, am Naturberäich an am Ekonomeschen, déi mer kënnen ugoen. An do sinn all eis Kommissioune gefuerdert – vun der Sportskommissioun bis d'Ëmweltkommissioun iwwert d'Verkéierskommissioun. Wat kënne mer mat deene Leit oder am franséischen Nopeschgebitt verbesseren? Héiseng a Lonkech sti prett. E Samschdeg hu mer dee ganzen Dag eng Entrevue mat de Gemengen a mat der Gemeng vu Chaudfontaine, bei Léck, déi an engem Interreg Grande Région sinn an déi eis opgesicht hunn, fir matzemaachen. Mer sichen nach eng däitsch Stad, wou mer am Fong an engem gemeinsamen Zil e Projet wëlle landen, dee vun Europa ënnerstëtzt gëtt. Mäin Appel ass, dat heite guttzeheeschen an eis net méi dauernd mam Réck laanscht d'Grenz ze bewegen, mä och op déi aner Säit ze kucken. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Schwachtgen. Här Hobscheit, w.e.gl.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, nom Här Schwachtgen sengen ausféierlechen Explikatiounen, kann ech den Här Schwachtgen direkt berouegen: mir wäerten dat als LSAP natierlech matdroen. Mir begréissen dee Pabeier ausdrécklech, well wéi aus deem ervirgeet, schwätze mer vun engem Gebitt mat engem enorme Potential. Mat 100.000 Leit a ronn 16.000 Hektar.


3. Actes et conventions Dass Pabeier gedëlleg ass, wësse mer natierlech alleguerten. Och wann ënnert dem Punkt Vocations et activités vill luewenswäert Initiative genannt ginn, wéi zum Beispill d'Promotioun vun der doucer Mobilitéit oder den Austausch op Schoul- a Veräinsniveau, esou hoffen ech, dass mer séier iwwer konkret Projete kënnen diskutéieren. Den Här Schwachtgen huet schonn ugedeit, dass eis Kommissiounen an der Gemeng an Zukunft méi wäerte gefuerdert sinn. Ech muss soen, déi lescht Sätz vun der Konventioun maache mer e bëssen Angscht – och wann dat vläicht dat falscht Wuert ass –, well se dach zimlech vag sinn. Wann do zum Beispill steet: «Les signataires s'engagent à s'investir dans la réflexion et à contribuer à un comité de travail», oder: «Les signataires apportent une contribution concrète à la réalisation des objectifs du territoire naturel transfrontalier», sinn dat op den éischte Bléck léifgemengten Absichtserklärungen, déi awer méiglechst séier musse mat Liewe gefëllt ginn. Duerfir meng Fro un den Här Schwachtgen an un de Schäfferot, wéi se sech dat Ganzt an Zukunft méi konkret virstellen. An ob et zu dësem Zäitpunkt scho konkret Initiative gëtt, fir dës Charte wierklech mat Liewen ze fëllen? D'LSAP stëmmt selbstverständlech fir dës Charte, well mer mengen, dass et grad an dësen Zäiten an deene mer am Moment liewen, wichteg ass, iwwert d'Grenze vun eisem Land eraus mat eisen Nopeschregiounen enk zesummenzeschaffen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Wa keng Stellungnahm méi do ass… Dach, den Här Mangen.

d'Konklusioune vun deem virgeschloene Groupe de travail virleien hunn, wéi dat richteg fonctionnéiere soll. Et ass elo nach net kloer, wien an deem Grupp richteg dru bedeleegt ass a wat do derbäi erauskënnt. Ech mengen, et soll een am Gemengerot doriwwer schwätzen. D'Onkäschte vum Projet si jo kuerz ugeschnidde ginn. Wann den Zäitraffer effektiv ass, soll ee kucken, datt een deen nëtzt an datt een och eng Ënnerstëtzung kritt fir dës Regioun. An net nëmme Lëtzebuerg, mä grenziwwerschreidend.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Här Ruckert, w.e.gl.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll als Vertrieder vun der KPL begréissen, dass en neien Ulaf geholl gëtt an der Zesummenaarbecht iwwert d'Grenzen ewech. Mer wëssen, dass dat net ëmmer ganz einfach ass aus villen Ursaachen. An dass schonn eng ganz Rei Initiativen an der Vergaangenheet geholl gi waren, op dee Wee ze goen. Ech wëll nëmmen drun erënneren – an da musse mer jo iwwert d'Grenze vun eiser Gemeng erauskucken, – dass an de 70er Joren zu Esch de Kommunistesche Schäffen Aloyse Bisdorff eng wäitgehend ekonomesch, kulturell an ëmweltpolitesch Zesummenaarbecht mat de franséische Gemengen ugereegt hat. Dat war deemools op franséischer Säit op groussen Interessi gestouss, mä op Lëtzebuerger Säit net esou, well et deemools an eisem Nopeschland vill Gemenge gouf, déi rout oder knallrout waren. Dat hat schonn direkt politesch Inzidenzen.

ROBERT MANGEN (CSV): Merci, Här Buergermeeschter. Dës grenziwwerschreidend Charte fir en Naturpark ze schafen, ass sécherlech interessant an ënnerstëtzungswäert. Ech kommen op dem Här Hobscheit seng Iddi zréck. Et gëtt sécherlech méi interessant fir onse Gemengerot, wa mir

La charte mentionne des initiatives intéressantes comme la promotion de la mobilité douce, des échanges scolaires et des collaborations entre associations. Pierre Hobscheit espère cependant qu’il sera bientôt question de projets concrets. M. Schwachtgen a parlé du rôle que joueront les commissions. La dernière phrase de la charte inquiète Pierre Hobscheit, car elle est très vague. Il est dit notamment que «les signataires s’engagent à s’investir dans la réflexion…». Il s’agit de déclarations d’intention qu’il faudra mettre en pratique rapidement. Comment M. Schwachtgen et le collège échevinal s’imaginent-ils la suite? Existe-t-il déjà des initiatives concrètes? Le LSAP approuvera la charte, car il est plus important que jamais de regarder au-delà des frontières et de collaborer avec ses voisins.

Ech hoffen, dass wa mer haut hei zu Déifferdeng en neien Ulaf huelen, esou Froen nëmmen eng kleng Roll spillen an dass et méiglech gëtt, konkret Projeten iwwert d'Grenz ewech ze realiséieren. Ech wëll op alle Fall soen, dass d'KPL dës Initiativ honnert Prozent ënnerstëtzt.

15

ROBERT MANGEN (CSV) trouve la charte pour la création d’un parc naturel intéressante. Mais comme M. Hobscheit, il attend les conclusions du groupe de travail pour savoir comment la collaboration fonctionnera. Pour le moment, Robert Mangen ne sait pas qui participe à ce groupe de travail ni ce qu’il compte faire. Il a été brièvement question des frais. Robert Mangen demande que l’on profite des subventions. ALI RUCKERT (KPL) se réjouit de cette nouvelle tentative de collaboration transfrontalière. Ce n’est pas la première fois et ce n’est jamais facile. Ali Ruckert rappelle que dans les années  1970 à Esch-sur-Alzette, l’échevin communiste Aloyse Bisdorff avait entamé une collaboration économique, culturelle et environnementale étroite avec les communes françaises. Les Français s’étaient montrés intéressés, mais pas le Luxembourg, car de nombreuses communes françaises étaient rouges, voire rouge vif. Ali Ruckert espère que ces considérations n’influenceront pas le bon déroulement du projet. En tout cas, le KPL soutiendra cette initiative à 100 %.


3. Actes et conventions GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique que dans un premier temps, la charte n’engage à rien. Mais elle constitue un premier pas. Il reste désormais à définir une forme juridique – par exemple une ASBL – permettant une telle collaboration. Ensuite, l’ASBL aura besoin de fonds pour réaliser ses projets. C’est-à-dire des subventions européennes, mais aussi d’un fonds de départ. Les autres communes n’étant pas aussi fortes que Differdange, ce fonds devrait être bas. Il s’agit, par exemple, d’envoyer des courriers et de créer un site internet. Une petite contribution sera fixée par tête d’habitant. De toute façon, il est encore trop tôt pour entrer dans les détails. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à une convention avec la Fondation Kannerschlass pour une école pour parents. Une convention similaire a été approuvée il y a quelques années.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique qu’il s’agit d’une convention avec l’école pour parents afin de soutenir les parents dont les enfants rencontrent, par exemple, des difficultés à l’école. L’école pour parents organise des ateliers, des conférences et des débats pour apporter une aide concrète. Differdange concentre de nombreuses nationalités et cultures. L’école pour parents traite ces questions. La convention porte sur deux ans et pourra être prolongée.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Dann hätt den Här Liesch nach eng Äntwert op dem Här Hobscheit seng Fro.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la charte d’engagement pour un territoire naturel transfrontalier de la Chiers et de l’Alzette. Merci.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Déi Charte engagéiert eis direkt emol zu guer näischt. Et ass eng Charte, wou mer zesumme schaffe wëllen. Dat ass en éischte Schratt. Natierlech stellt sech d'Fro: Wéi geet et elo konkret virun? Virun allem musse mer eis emol eng Form iwwerleeën, dass eng Zesummenaarbecht iwwerhaapt stattfanne kann.

Da komme mer zum Punkt f), zu enger Konventioun mat der Fondation Kannerschlass fir eng Eltereschoul. An dozou géif den Här Liesch eis d'Detailer ginn.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Merci, Här Buergermeeschter.

Do geet et vun Asbl iwwer EU-Asblen, wéi aner juristesch Formen, wou déi eenzel Gemenge sech emol mussen dran erëmfannen. Mir sinn amgaangen auszeschaffen, wat fir eng Form déi gëeegentst wär fir déi dräi Gemengen, souwéi fir déi Gemengen, déi bäikommen. Wann d'Form bis steet, brauch déi Asbl – oder wat et och ëmmer gëtt – natierlech Fongen, fir ze starte mam Zil Projeten auszeschaffen, déi dann och vun der EU subsidéiert ginn, wat eigentlech wesentlech méi wäert erabréngen. Mä et brauch een awer e Fonds de départ. Ech mengen, d’Gemeng kënnen ze berouegen: déi Gemengen, déi hei matmaachen, sinn net esou finanzkräfteg wéi Déifferdeng. Also wäerten déi Fonge ganz kleng gehale ginn. Et geet vläicht drëm, fir emol Courrieren ze maachen oder sech en Internetsite opzebauen. An domat huet et sech. Do gëtt et Pisten. Do geet ee pro Awunnerschlëssel e puer Cent an d'Dëppe geheien, fir dass déi Asbl – ech nenne se elo emol Asbl – eigentlech ka starten. Mä souwäit si mer nach net. Mir kommen natierlech domadder an de Gemengerot, soubal eppes geschitt. Dat musse mer jo och. Mä do si mer nach net konkret genuch. Dofir hu mer elo emol just d'Charte um Ordre du jour.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Da géife mer zum Vote kommen.

16

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et muss ee soen, mir hate schonn esou Konventioune virun e puer Joer. Dat hei ass eng weider.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Dëst ass eng Konventioun mat der Eltereschoul. Hei geet et drëm, mat den Elteren a Kontakt ze kommen, déi vläicht Schwieregkeeten um schoulesche Parcours vun hire Kanner begéinen, fir hinnen ze hëllefen a mat Rot an Dot zur Säit ze stoen. Si organiséieren zum Beispill Workshoppen, Conférencen an Débaten, wou et iwwer verschiddenen Theme geet, ënner anerem d'Kannererzéiung oder d'Problematike bei Kanner, fir da wierklech konkret kënnen ze hëllefen. Enorm wichteg ass, dass se sech an engem Ëmfeld bewegen, wou se mat Integratioun ze dinn hunn. Mir hunn extrem vill Kulturen. Mir hu vill Nationalitéiten. Och dat si Sujeten, déi se – wéi der an der Notatioun kënnt liesen – traitéieren. Et ass eng Konventioun, déi mer jiddefalls sollte mat hinnen agoen. Dat leeft elo emol op zwee Joer. Duerno ka se natierlech verlängert ginn.


3. Actes et conventions Dat wäert eis och net schrecklech vill kaschten. Si iwwerhuelen déi ganz Aarbecht dovunner. Mir iwwerhuele just den Deel vun de Soiréeën, déi se organiséieren a wou mer 200 Euro bäileeën. An eben d'Publikatioun dovunner, wat jo elo net enorm vill ass. Ech erhoffe mer heivunner wierklech e flotten Débat mat den Elteren zu de Sujete vun de Kanner.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Liesch. D'Madame Martine Goergen, w.e.gl.

Kascht dat déi Leit eppes, déi dorun deelhuelen? Souwäit ech weess, kann ee sech aschreiwen a gewéinlech bezilt een eng Participatioun. Ech weess elo net, ob dat fir Déifferdeng dee richtege Modell ass oder ob d'Gemeng seet, mir iwwerhuelen dat, well déi Investitioun eis dat wäert ass. Ech géif gären den Hiweis mat op de Wee ginn, déi Offer mat de Leit vum Terrain auszeschaffen. Also mat Leit, déi all Dag mat den Elteren ze dinn hunn, dass een do vläicht d'Léierpersonal oder d'Maisons relais mat an d'Boot hëlt. Ech hu gesinn, do soll eng Équipe, déi sech eventuell eemol d'Joer trëfft, zesummegestallt ginn. Dass een do Vertrieder aus deene Beräicher vläicht mat eranhëlt.

MARTINE GOERGEN (DP): Dir wësst all, datt ech vum Fach sinn. Dofir interesséiere mech esou Saache ganz besonnesch. Ech begréissen dës Initiativ a fannen d'Eltereschoul e ganz spannend d'Konzept. Ech hu mech schonn domadder ausenanergesat, ier mer dat hei kritt hunn. Et ass e flott Angebot. Ech hu just nach e puer oppe Froen, aus Interessi an och well aus der Konventioun net direkt alles esou ervirgeet. Ech hu mech gefrot: Ween däerf oder soll deelhuelen? Ass dat och fir Leit ausserhalb vun der Gemeng oder just fir Déifferdenger Leit geduecht? Gouf et vläicht eng speziell Demande dofir, wat Iech dozou bruecht huet, dës Konventioun mat der Eltereschoul bezéiungsweis mat der Fondation Kannerschlass anzegoen? Ech froe mech, ob et schonn Iddie gëtt vun Inhalter? Ass et e spezielle Programm, deen op Déifferdeng zougeschnidden ass oder ass dat nach alles an der Maach? Kënnt ee vläicht souguer Ureegunge ginn, fir dee Programm ze gestalten? Den Här Liesch huet iwwert de Käschtepunkt geschwat. Ech fannen, dat ass eng gutt Investitioun, well dat op laang Siicht ganz vill aner Problemer verhënnert. Et ass eng preventiv Investitioun. Wivill där Soiréeën a Workshoppe goufen ofgeschwat? Oder steet dat nach op? Wann een däers ze vill oder ze wéineg mécht, kann een do scho méi schlecht wéi recht maachen

Ech denken, dass déi Leit vun der Fondatioun wëssen, wat se maachen. Trotzdeem géife mech déi puer Saachen nach interesséieren. D'DP wäert dës Konventioun awer matstëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Et ass soss keng Wuertmeldung. Dann äntwert den Här Liesch op déi verschidde Froen.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Déi éischt Fro war: Fir ween ass et? Mir publizéieren et natierlech an eisem Diffmag. Domadder schwätze mer fir d'Éischt emol d'Elteren aus eiser Gemeng un. Ech hunn awer néierens gelies oder héieren, dass et fir Leit aus Nopeschgemengen zou wär. Wann een dat géif liesen a sech dofir géif interesséieren, kéint ee kommen. Souwisou kann ech mer dat net virstelle bei Soiréeën oder wa Konferenze sinn. Dat ass jo ëmmer fir jiddwereen op. Ob et eppes kascht. Do muss ee vläicht differenzéieren. An hirem Portfolio hu se ganz vill esou Soiréeën, Konferenzen a Workshoppen, déi natierlech gratis sinn. Mä si hunn awer och Coursen. Dat sinn dann x Owenter, wou se déi organiséieren. Do froe se dann heiansdo eng Participatioun. Mir hunn eis awer nach keng Gedanken doriwwer ge-

17

Les frais pour la commune seront faibles: 200 euros de participation à l’organisation des soirées et les frais de publication.

MARTINE GOERGEN (DP) s’intéresse particulièrement à ces questions, car c’est son métier. L’école pour parents est un concept intéressant. Il reste cependant encore quelques questions. À qui l’école est-elle destinée? Estelle ouverte aux habitants des autres communes? Comment l’idée d’une convention avec la Fondation Kannerschlass est-elle née? Le programme est-il déjà connu? M. Liesch a parlé des frais. Il s’agit d’un bon investissement, car l’école permettra de prévenir de nombreux problèmes. Combien de soirées sont prévues? En organiser trop ou trop peu peut avoir des conséquences néfastes. Les participants aux ateliers devront-ils participer aux frais? Ou bien la commune estime-t-elle que l’investissement en vaut la peine? Martine Goergen suggère au collège échevinal d’établir un programme en collaboration avec le personnel des maisons relais et les enseignants, qui sont en contact permanent avec les parents. Une équipe de travail sera créée. Il faudrait prévoir un représentant de ces groupes. Martine Goergen suppose que les spécialistes de la fondation savent ce qu’ils font. Il lui reste malgré tout des questions, mais le DP approuvera la convention. GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) répond que la commune annoncera les soirées dans le DIFFMAG. Mais cela ne signifie pas que les habitants des autres communes ne pourront pas y participer. Les soirées et les conférences sont toujours ouvertes à tout le monde. Qu’en est-il du prix? De nombreux ateliers, conférences et soirées sont gratuits. Pour les cours, en revanche, l’école des parents demande une participation. Le collège échevinal n’a pas encore réfléchi à la question de savoir si la commune prendra les frais à sa charge. Dans un premier temps, il faudra voir à combien se monteront les frais. En tout cas, la convention ne prévoit pas une prise


4. Règlements communaux en charge des frais de participation par la commune. Mais c’est possible. Le collège échevinal n’a tout simplement pas discuté de ce point jusqu’à présent. C’est l’école pour parents qui décide de la fréquence des soirées. Au départ, la collaboration sera limitée pour que le collège échevinal puisse voir comment les choses se passent. Car Differdange n’est pas comparable à une commune comme Bertrange, par exemple. Le programme devra donc être adapté. Georges Liesch espère recevoir un calendrier bientôt. Les ateliers sont tenus en différentes langues. Il y en a uniquement pour les Portugais ou les gens en provenance des Balkans, par exemple. Dès que Georges Liesch aura plus d’informations, il en informera le conseil communal.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rappelle qu’avec la commune de Sanem, Differdange avait été une des premières à ouvrir une école pour parents il y a sept ou huit ans. Mais l’intérêt avait été limité. C’est pourquoi le bourgmestre pense qu’il faudra des partenaires sous la forme de maisons relais, de maisons des jeunes ou d’autres associations. Car de nos jours, les tables rondes ne sont que peu fréquentées. L’école pour parents empruntera cette voie, ce qui réjouit le collège échevinal.

maach, ob mer déi Participatioun als Gemeng iwwerhuelen. Et muss een emol kucken, a wéi enger Gréisstenuerdnung déi leien. Da kann ee sech doriwwer Gedanke maachen, ob mer eis als Gemeng finanziell un deene Course bedeelegen. An der Konventioun ass net virgesinn, dass mer d'office missten. Wat awer net ausschléisst, dass mer et däerfe maachen. Dat ass eng ganz berechtegt Fro. Déi hate mer eis bis dato an deem Sënn nach net gestallt. Wéi oft dat ass, ënnerläit hinnen. Ech hoffen, dass se et effektiv net ze oft maachen, awer och net ze wéineg maachen. Dofir hu mer gesot, mir begrenzen elo emol déi Zesummenaarbecht, fir ze kucken, wéi et uleeft a wéi si op eisen Terrain duerginn. Well se si jo a verschiddene Gemengen aktiv. Mä Déifferdeng ass awer vläicht net vergläichbar mat enger Gemeng Bartreng oder soss enger anerer Gemeng. Dat heescht, et muss een awer adaptéiert un eis Leit erugoen, och wat d'Sproochen ugeet. A wéi een op déi Leit duergeet. Dofir wär et flott, wa se eis eng Kéier géifen e Kalenner ginn, wa se sech bis domadder befaasst hunn, wéi oft a wat fir eng Saache se hei zu Déifferdeng virgesinn. Si veranstalten zudeem Workshoppen a verschiddene Sproochen. Dat ass och interessant. Zum Beispill nëmme fir portugisesch Leit oder nëmme fir Leit aus de Balkanlänner. Dat ass wierklech adaptéiert. Ech erhoffe mer eigentlech zu Déifferdeng och esou ee Programm vun hinnen. Mä wa mer dee bis hunn, kënne mer dee gären hei am Gemengerot verschécken an ausdeelen.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP) lit dans la convention que chaque activité de l’école pour parents sera facturée à raison de 200 euros. Qu’entend-on par activité? Est-ce chaque soirée?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Merci.

répond que non. L’école devra en discuter avec la commune. En principe, les activités sont gratuites. Mais il se peut que certaines activités ponctuelles durent un weekend. Il faudra alors en discuter séparément. (Vote) Roberto Traversini passe au quartier Belair. Une réunion publique a eu lieu hier soir.

Ech wëll just soen, datt mir déi éischt Gemeng no der Gemeng Suessem waren, déi un enger Eltereschoul geschafft huet. Dat si vläicht siwen oder aacht Joer hier, wou déi Eltereschoul gegrënnt gi war. Do waren net extrem vill Leit drun interesséiert, bei deene Course matzemaachen. Dofir sinn ech och der Meenung, datt et sënnvoll wär, wann een esou Saache mécht, datt ee sech ëmmer Partner sicht.

18

Sief et Maisons relais, wéi Dir gesot hutt, Schoulen, Jugendhaiser a ganz vill aner Associatiounen, déi dann och erëm Leit matbréngen. Et ass gewosst, wann een hautdesdaags eng Table ronde organiséiert an et deelt een dann alles aus, weess een heiansdo zu wivill een do sëtzt. Mä dat bréngt ee just fäerdeg, wann ee mat Associatiounen zesummeschafft. Op dee Wee geet d'Eltereschoul och, wat eis natierlech immens erfreet. Well et ass awer wichteg, d'Leit vum Terrain mat eranzehuelen. Soss kriss du hautdesdaags einfach keng Leit méi op eng Table ronde. Här Antony Fränz, w.e.gl.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP): Et steet awer ganz däitlech hei am Artikel 5 ënner Financement: «Chaque activité de la «Eltereschoul» sera facturée à raison de 200 euros». Mä wat nenne si dann eng Aktivitéit? Heescht dat all Kéiers, wa si owes optrieden?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Nee. Dat gëtt zesumme mat eis beschwat. Da kréie si 200 Euro. Meeschtens gëtt dat net zréckfacturéiert. Mir hunn nach ni eppes fir eng Table ronde gefrot. Meeschtens ass alles gratis. Mä et gëtt och Saachen, déi spezifesch sinn an déi vläicht Weekender daueren. Dat muss een da separat kukken. Mir géifen dann elo zum Vote kommen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la convention de collaboration avec la FondationKannerschlass pour participer au projet Eltereschoul. Merci. De Punkt 4 um Ordre du jour vun haut ass e Punkt, op dee laang gewaart gi war. Gëschter Owend hate mer eng Biergerversammlung iwwert de Quar-


4. Règlements communaux tier résidentiel, de Quartier Belair. An elo huet eisen aktive Verkéiersschäffen, den Här Fred Bertinelli, d'Wuert.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Villmools Merci, Här Buergermeeschter. Léif Kolleegen, hei ass e weidert Stéck vun eisem groussen Effort, fir dee ganze Verkéier an eiser Stad ze reglementéieren an esou machbar hinzekréien, fir méi Liewensqualitéit eranzekréien. Hei handelt et sech ëm e schéinen historesche Wunnquartier aus eiser Gemeng, an zwar de Quartier Belair. Dee bezitt d'Rue Metzkimmert, d'Rue Pasteur, d'Rue Kondel an d'Saint Hubert, bis ënnen op den Eck iwwert d'Barrière ewech bis bei d'Gäertnerei Werding. Mir fueren an deemselwechte Konzept wéi bei deenen anere Quartiers résidentiels, déi mer iech virgestallt haten, fir alles esou hinzekréien, datt eis Leit e ganz groussen Undeel u méi Liewensqualitéit kréien. Dat heescht, datt mer an deene jeeweilege Quartieren déi Leit eraushalen, déi dagsiwwer dohinner parke ginn, well se am Zentrum oder soss enzwousch schaffen. An dofir hu mer och e groussen Effort gemaach, fir iwwerall do Alternativen u Parkméiglechkeeten unzebidden. Mir hu laang dorunner geschafft. Ech si frou, datt mer dat elo hikritt hunn. Des Weidere wäerte mer um Déifferdenger Kierfecht eng Dosen nei Parkinge schafen zu der Rue des Mines zou, fir wann et e Besoin gëtt.

Wann een d'Biergerversammlungen aus de vergaangene Méint kuckt, huet ee gemierkt, dass d'Parkplazen an de Quartieren eng grouss Suerg vun de Leit waren. Oft hat een d'Gefill, et wär d'Haaptsuerg. Ob dat elo gutt oder schlecht ass, doriwwer kann ee laang diskutéieren. Mä d'Leit maache sech natierlech vill Gedanken. An hei ass e weidert Puzzlestéck, fir dee Problem e bësse méi an de Grëff ze kréien a fir de Leit d'Méiglechkeet ze ginn, och am Dag eng Parkplaz an hirem Quartier ze fanne mat enger Vignette résidentielle, déi se kréien. Natierlech – dat gouf jo ugedeit – muss een deene Leit, déi dee Parking iwwert den Dag notzen, well se hei zu Déifferdeng schaffen, Alternative bidden. Dorunner gouf geduecht. Duerfir si mir als LSAP ganz frou, dass mer op deen dote Wee ginn, fir ebe méi Liewensqualitéit an deenen eenzelne Quartieren ze kréien. An ech sinn iwwerzeegt, dass den Här Bertinelli och an den nächste Méint nach weider wäert doru schaffen. Mir als LSAP stëmmen dat op alle Fall mat. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech sinn och dovunner iwwerzeegt. D'Madame Goergen, w.e.gl.

MARTINE GOERGEN (DP):

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Ech war gëschter op der Biergerversammlung an hat awer d'Gefill, dass dat duerchweegs gutt opgeholl gi war. De Belair ass e Quartier, dee mir vill um Häerz läit. Ech sinn do opgewuess. Ech hu vun den Nopere matkritt, datt d'Leit am Fong zefridde sinn. Se haten awer an deene leschte Méint deen een oder deen anere Mangel u Parkméiglechkeeten. An heimadder kréie se déi Liewensqualitéit erëm zréck, déi se haten.

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, ech wëll déi grouss Efforten, wéi den Här Bertinelli se elo genannt huet, déi hien a seng Équipe an de leschte Méint gemaach hunn, ausdrécklech begréissen.

E klengen Hiweis, bezéiungsweis Ureegung: Ech mengen net, dass elo all Gemengepersonal eng Parkplaz beim Kierfecht fanne wäert, well dat awer e klenge Parking ass. Da muss ee vläicht kucken, den ëffentlechen Transport re-

Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Bertinelli. Här Hobscheit, w.e.gl.

19

FRED BERTINELLI (LSAP) explique que Belair constitue une ultérieure pièce dans les efforts du collège échevinal pour règlementer la circulation à Differdange. Il est donc question du quartier Belair avec la rue Metzkimmert, la rue Pasteur, la rue Kondel et la rue Saint-Hubert jusqu’à la barrière. L’objectif est d’améliorer la qualité de vie des habitants, comme cela a été fait dans les autres quartiers, en empêchant les personnes travaillant dans le centre de se garer dans ces rues. Des alternatives ont été créées. Une douzaine de nouveaux emplacements seront aménagés dans le cimetière de Differdange du côté de la rue des Mines. PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) salue les efforts accomplis par M. Bertinelli et son équipe au cours des derniers mois. Les réunions d’information ont prouvé que le stationnement est une des grandes préoccupations des habitants, sinon la plus grande. M. Bertinelli vient de présenter une nouvelle pièce du puzzle permettant aux habitants de trouver une place de stationnement en journée grâce à la vignette résidentielle. Bien entendu, il faut proposer des alternatives aux gens qui travaillent à Differdange. Mais il y en a. Par conséquent, le LSAP est content du fait que la qualité de vie augmente dans les quartiers. M.  Bertinelli continuera à travailler sur cette question au cours des prochains mois. MARTINE GOERGEN (DP) a participé à la réunion publique d’hier soir et a eu l’impression que les gens ont bien pris la nouvelle. Elle a grandi dans le quartier du Belair. Ses voisins lui ont dit que ces derniers mois, il était difficile de trouver des places de stationnement. Martine Goergen doute que tous les employés communaux trouvent une place de stationnement au cimetière. Il faudrait donc développer les transports publics et le vélo. Des réflexions sont en cours concernant le Diffbus. Mais le collège échevinal devrait peut-être agir plus rapidement. Il ne faudrait pas que les employés communaux s’échinent à


5. Organigramme trouver une place. Le Diffbus pourrait constituer une solution.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ne trouve pas que le parking du cimetière soit petit puisqu’il comprend 70 places. Quinze viendront s’y ajouter. Sans oublier les autres parcs de stationnement à Differdange. Il n’y a jamais eu autant de places de stationnement à Differdange. Le contournement est toujours à moitié vide. Il y a la Grand-rue, le parking de l’hôpital et la place de France. Les gens doivent comprendre que marcher leur fait du bien, même s’ils travaillent dur.

ALI RUCKERT (KPL) s’abstiendra lors du vote bien qu’il sache qu’une partie de la population soutient le stationnement résidentiel. En réalité, on ne fait que déplacer le problème d’un quartier à l’autre. En plus, Ali Ruckert est d’avis que le stationnement sur la voie publique devrait être gratuit. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe aux règlements temporaires de circulation.

spektiv de Vëlosprojet auszebauen. Ech denken zum Beispill den Diffbus opzestocken. Ech weess awer och, dass schonn esou Iwwerleeunge lafen. Mä vläicht dann do nach méi schnell ze reagéieren, dass keng Zäit entsteet, wou d'Leit sech musse wierklech kristillegen, fir heihinner ze kommen oder soss enzwousch hinzekommen. Also vläicht den Diffbus ausbauen, bezéiungsweis aner Léisunge sichen, fir déi Leit, déi awer heihinner mussen, ze evakuéieren. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat ass kee klenge Parking beim Kierfecht. Do sinn iwwer 70 Parkplazen. A mir wäerten der nach eng 15 bäisetzen. Donidden an Déifferdeng gëtt et 80 Parkplazen. Mir hunn de Parking bei der Kierch mat der Diffkaart. Ech wëll just soen, datt d'Leit nach ni esou vill Parkméiglechkeeten hei zu Déifferdeng haten. De Contournement ass hallef fräi. D'Groussstrooss. De Parking beim Spidol. D'Place de France ass fir näischt. Mir hu wierklech ganz vill Parkplazen.

qu’il y en a 11. Il s’agit de travaux en face de maisons individuelles. Il n’y a donc pas de chantier nécessitant la fermeture de rues. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Den Här Ruckert.

passe à des modifications de l’organigramme. La première concerne la création de trois postes d’aides-éducatrices. La deuxième concerne la modification de l’ordre du jour que le bourgmestre a mentionné tout à l’heure. Le collège échevinal avait publié un appel à candidatures pour une tâche de 75 % au service à l’égalité des chances. Beaucoup de candidats ont répondu. Le collège échevinal propose d’embaucher une employée communale. Roberto Traversini fournira les explications dans la séance à huis clos.

Merci. Da géife mer zum Vote kommen. Le conseil communal décide avec 15 voix oui et 1 abstention d’approuver le règlement d’introduction du stationnement résidentiel dans le quartier Belair et ses alentours directs. Villmools Merci.

Et muss an d'Käpp vun de Leit goen, datt et och gutt ass fir d'Leit, wa se dee ganzen Dag schaffen – och vläicht schwéier schaffen – wa se e bëssen duerch d'Loft ginn an 200 oder 300 Meter ze Fouss ginn. Dat schuet hinnen op alle Fall net.

FRED BERTINELLI (LSAP) répond

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Da géife mer iwwert d'Règlements temporaires de circulation schwätzen. Här Bertinelli, Dir hutt d'Wuert.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Hei hu mer eelef Verkéiersreglementer. Zum gréissten Deel sinn et Aarbechten un eenzelnen Haiser oder Aménagementer virun den Dieren. Et ass deemno näischt Spezielles, wou eng Strooss eng länger Zäit misst zougemaach ginn. Et si Règlements temporaires fir kuerz Zäiten, wou an deenen eenzelne Quartiere geschafft gëtt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dozou gëtt et keng Froen. Da géife mer doriwwer ofstëmmen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver les règlements temporaires de circulation.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech wäert mech bei deem Vote enthalen, obschonn ech weess, dass en Deel vun de Leit mam Parking résidentiel zefridde sinn. En aneren Deel awer net. Well de Problem gëtt ëmmer nëmme vu Quartier zu Quartier verlagert. Dat betrëfft dee ganzen Transport an eiser Gemeng. Ech si prinzipiell der Meenung, dass een net dofir bezuele sollt, fir säin Auto am ëffentleche Raum ofzestellen. Dofir enthalen ech mech och hei beim Vote iwwert dee Quartier.

20

Da géife mer zum fënnefte Punkt kommen. Eng kleng Ofännerung vum Organigramm. Zum enge wär dat d'Kreatioun vun dräi Aide-Éducatricen. Dat anert, wat ech virdrun ugeschwat hat, wier ech frou, wa mer dat ännere kënnten. Ech wäert herno an der net-ëffentlecher Sëtzung méi Erklärunge ginn. Mir haten e Posten zu 75% an der Égalité des Chances ausgeschriwwen an ee Posten am Domaine social. Et hate sech vill Leit gemellt. Mir hunn eng Persoun


6. Plan de gestion des forêts erausgesicht a mer schloe vir, déi als Employée communale anzestellen. Ech wäert d'Erklärungen doriwwer herno an der net-ëffentlecher Sëtzung ginn. Ech wier frou, wa mer dat kënnten änneren. Ech wëll virausschécken, dass, wann der herno net dermat averstane wäert, dat an der nächster Gemengerotssëtzung réckgängeg gemaach ka ginn. Ech wëll iech näischt opzwéngen. Wann der domat averstane sidd, géife mer doriwwer ofstëmmen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver les modifications de l’organigramme. Merci. Da géife mer zum Bësch-Plang kommen. Här Liesch, w.e.gl.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Merci, Här Buergermeeschter. Wéi all Joers esou ëm dës Zäit, kritt der de Bësch-Plang virgestallt. D'Ëmweltkommissioun hat sech mam Fierschter getraff, wou de Bësch-Plang op de Leescht geholl an diskutéiert gouf. Den Avis vun der Ëmweltkommissioun hutt der am Dossier leien. Eech huelen un, dass den Här Schwachtgen als President och wäert e puer Detailer dozou ginn. Ech probéieren ze resüméieren. De Bësch huet ronn 450 Hektar. Quasi d'Halschent ass a Gemengenhand. Déi aner Halschent ass bal integral a staatlecher Hand. Nëmmen nach ganz wéineg ass Privatbësch. Mir sinn awer um Quivive, wann iergendwou e Stéck Privatbësch verkaf gëtt, deen als Gemeng opzekafen. Mir sinn do ëmmer erëm a Pourparleren, fir Bëscher ze kafen. Och wa se vum Wäert hier relativ geréng sinn, probéiere mer déi erëm opzepäppelen. Et si verschidden Aarbechten, déi an engem Bësch musse gemaach ginn. Dat eent sinn déi sougenannte «Coupes sanitaires», wou et ënner anerem drëm geet, déi bestehend Bëscher ze sécuriséieren. Zum Deel verschidden Aarten erauszehuelen, déi net dohinner passen.

Net einheimesch Gehëlzer duerch einheimesch Gehëlzer ze ersetzen. Dat ass ee groussen Deel vun den Aarbechten. En aneren Deel ass d'Exploitatioun, wou ee probéiert aus sengem Bësch eng gewësse Quantitéit Holz erauszekréien. Am Plang steet dann ëmmer do: «Pour chauffage». Dat heescht, mir benotze ganz vill vun eisem Bëschholz, fir d'Holzhackanlagen ze befeieren, déi mer zum Beispill an de Schoulen hunn. Am Avis gesitt der – dat ass net nei –, dass mer eigentlech op enger Limite ukomm sinn. Dofir huele mer nëmmen esou vill aus dem Bësch eraus, wéi de Bësch et verdréit. Eise Bësch ass komplett FSC-zertifizéiert. Mir ënnerleien do ganz strenge Kritären, wéi an eisem Bësch däerf geschafft ginn a wivill Holz mer däerfen eraushuelen. Dat respektéiere mer selbstverständlech zu 100%. Ervirzehiewe sinn déi ganz flott «Activités pédagogiques», déi de Fierschter ubitt a wou d'Kanner kënne bis erop op de Bierg kucke goen, wéi am Bësch geschafft gëtt. Ech erënneren do ëmmer un déi flott Aktivitéit mat den Ardennerpäerd, wou d'Holz vun de Päerd erausgeschleeft gëtt. Dat huet net nëmmen eng historesch Bedeitung, mä et ass eng Aart a Weis, fir de Buedem net ze vill ze verdichten. An et gesäit dobäi nach spektakulär aus. D'Kanner sinn ëmmer ganz begeeschtert, wa se dat gesinn. Ech ginn net ze vill op den Avis vun der Ëmweltkommissioun an. Ech denken, dass den Här Schwachtgen dat wäert maachen. Mä ech wëll awer nach betounen, dass eise Bësch, duerch déi Gestioun, déi an deene leschte 15 bis 20 Joer gemaach gouf, immens jonk ass. Dee Graphique, deen der an ärem Dossier leien hutt, weist ganz kloer, dass et zimlech jonke Bësch ass. Dat kënnt dohier, dass eben an der Zäit am Bësch net esou geschafft gi war, wéi dat haut de Fall ass. Op jidde Fall zënter déi Gréng mat am Schäfferot sinn a mer en neie Fierschter hunn, muss ech soen, besteet eng aner Vue, e Bësch ze verwalten. Mir hu ganz wéineg al Bëscher. An déi déi mer hunn, gëllt et natierlech ze schützen. Do gi mer dann net dra schaffen. Déi al Holzinselen, probéiere mer ze halen, esou wéi se sinn, ouni dra schaffen ze goen. Well mer där hei an

21

Si le conseil communal n’était pas d’accord, la décision pourrait être modifiée lors de la prochaine séance. (Vote) Roberto Traversini passe au plan de gestion des forêts.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique que comme tous les ans, la commission de l’environnement a rencontré le garde forestier pour discuter du plan de gestion forestier. L’avis de la commission figure dans le dossier des conseillers communaux. Differdange compte 450 ha de forêt. Presque la moitié appartient à la commune et le reste presque intégralement à l’État. La commune essaie d’acheter les parties privées en vente, même lorsque la valeur est faible. Parmi les travaux nécessaires dans une forêt, on retrouve les coupes sanitaires pour les sécuriser. Les espèces non autochtones sont remplacées. La commune exploite aussi les forêts pour en tirer du bois pour le chauffage, c’est-à-dire pour les chaudières dans les écoles, par exemple. Les forêts disposent du label FSC, qui établit des critères d’exploitation très stricts et que la commune respecte à 100 %. Le garde-forestier organise des activités pédagogiques avec les enfants, notamment lorsque le bois est transporté par des Ardennais. C’est spectaculaire, ce qui plait particulièrement aux enfants. M.  Schwachtgen reviendra sans doute sur l’avis de la commission de l’environnement. Georges Liesch se contente de mentionner que la forêt differdangeoise est très jeune à cause de la gestion qui en a été faite au cours des 15 ou 20 dernières années. Les choses ont changé avec l’arrivée des écologistes au collège échevinal et le remplacement du garde forestier. Les forêts anciennes doivent être protégées. Elles ne sont donc pas exploitées. Mais il n’en reste plus beaucoup, ce qui les rend d’autant plus précieuses.


6. Plan de gestion des forêts Georges Liesch demande au conseil communal d’approuver le plan.

eiser Gemeng wierklech net méi ganz vill hunn. Duerfir sinn déi esou besonnesch wäertvoll fir eis.

Merci, Här Liesch. Här Antony, w.e.gl.

Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäffen, léif Kolleegen, et ass vill gesot ginn. Ech kann dem Här Liesch nëmmen zoustëmmen. Dofir wëll ech elo net alles virliesen, wat ech preparéiert hunn. Op jidde Fall, d'DP seet dem Fierschter a sengen Aarbechter och e grousse Merci fir déi propper Aarbecht, déi hien an de Bëscher leescht, souwéi déi Aktivitéiten, déi hien an de Bëscher organiséiert entweder mat eelere Leit oder mat de Kanner.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP):

Op jidde Fall, d'DP stëmmt dat heite mat. Merci.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP) constate que des investissements de 168 000 euros sont prévus, dont 88 100 pour les salaires et 80 000 pour le matériel. Les recettes se montent, quant à elles, à 58 000 euros. Le déficit est donc de 110 000 euros, ce qui n’est pas dramatique pour une grande commune comme Differdange. Quarante-mille euros sont prévus en 2016 pour l’aménagement du chemin près du Hondsterrain. Les travaux commenceront dans quelques semaines. Douze-mille-cinq-cents euros sont prévus pour les manifestations et les activités pédagogiques. Le LSAP salue le travail de toute l’équipe du garde-forestier. François Antony le remercie pour son plan détaillé.

ARTHUR WINTRINGER (DP) concorde entièrement avec M Liesch. C’est pourquoi il ne présentera pas tout ce qu’il a préparé. Il remercie le garde-forestier et son équipe pour leur travail et pour les activités organisées pour les séniors et les enfants. Les démocrates approuveront le plan de gestion forestier.

Ech géif iech also bieden, dëse BëschPlang, deen d'Ëmweltkommissioun duerchaus positiv aviséiert huet, matzestëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Dir Dammen an Dir Hären, wéi mer am Dossier gesinn, sinn Investissementer am Wäert vu ronn 168.000 Euro virgesinn, déi mat 88.100 Euro zu Buch schloen, wat d'Lounkäschten ubelaangt vis-à-vis vun 80.000 Euro Materialkäschten. Mir hunn awer och Recettë vun 58.000 Euro, déi mer als Gemeng erakréien oder aspueren. Dat féiert zu engem Mali vu ronn 110.000 Euro, wat fir esou eng grouss Gemeng a fir esou ee grousse Bësch an Terrain awer net allze tragesch ass. Ze soe bleift, dass fir d'Joer 2016 ronn 40.000 Euro virgesi sinn, fir de Wee uewenaus an der Hiel bis bei den Hondsterrain ze aménagéieren, wat anscheinend iwwert e puer Joer wäert daueren.

ROBERT MANGEN (CSV) s’associe aux félicitations des orateurs précédents. Il est toujours surpris par le dynamisme du garde forestier. Son plan et son budget sont des modèles du genre. Robert Mangen tient aussi à saluer le travail de son voisin, le président de la commission de l’environnement.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

De Wee soll an deenen nächste Wochen ugefaange ginn, souwäit ech informéiert sinn. Des Weidere sinn 12.500 Euro fir verschidde Manifestatiounen a pädagogesch Aktivitéite virgesinn. Dofir, Coup de chapeau fir d'ganz Équipe am Numm vun der LSAP.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Exzellent. Merci. Här Mangen.

ROBERT MANGEN (CSV): Merci, Här Buergermeeschter. Mir schléissen ons deene Wënsch un. An ech sinn ëmmer erëm iwwerrascht, wéi aktiv onse Fierschter ass. De Budget, deen hie virgestallt huet, an d'Gestioun, déi hie mécht, ass wierklech ganz beispillhaft. Ech wëll mengem Noper, dem President vun der Ëmweltkommissioun, awer och e klenge Luef ausschwätzen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat fält Iech jo net schwéier.

ROBERT MANGEN (CSV): ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) plaisante sur le fait que cela ne doit pas lui être difficile.

ROBERT MANGEN (CSV) concorde. Il constate que le rapport est intéressant, et notamment la proposition d’aménagement d’espaces verts dans les quartiers pour les relier à la forêt. L’idée n’est pas nouvelle et il faut la poursuivre.

Ofschléissend wëll ech dem Fierschter am Numm vun der LSAP villmools Merci soe fir deen detailléierten an iwwersiichtleche Gestiounsplang vun 2016 a selbstverständlech och senger ganzer Équipe, ouni déi et net ëmzesetze wär. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Antony. Här Wintringer.

22

Nee. Dee Bericht wor ganz gutt a weist ganz interessant Punkten op. Ee vun deenen ass, zum Beispill, déi Begréngung, déi virgeschloe gëtt. Ons Quartiere mat onse Bëscher ze verbannen. Déi Iddi ass jo schonn oft ugeklongen. Dat sollt een op jidde Fall weiderféieren a si bei deem Projet ënnerstëtzen.


6. Plan de gestion des forêts D'Kafe vun de Bëscher ass ugeschwat ginn. Dat soll ee maachen, mä natierlech net ëm all Präis. D'Bekämpfung vun de Problemplanzen ass wichteg, alleng wéinst de Problemer vun Allergien, déi bei de Mënschen optriede kënnen. Dat däerf een net vernoléissegen a muss op jidde Fall konsequent bekämpft ginn. Do ass guer keng Diskussioun. Ech wëll just nach derbäifügen, wat ech ëmmer erëm soen: D'Zerstéierung vun engem Biotop, déi egal wou duerchgefouert gëtt, kann net duerch Planzen, déi op enger anerer Säit erëm ugeplanzt ginn, ersat ginn. Déi Biotopen, déi vernünfteg sinn, sollen an onser Gemeng erhale bleiwen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass schéin, wéi der zesummesëtzt. Här Schwachtgen.

Fierschter war natierlech mat am Coup. Mä leider war dat national ofgedeckt. A leider si ganz vill Bëscher total verjéngt, soudatt eis nächst Fierschter-Generatiounen ëmmer nëmmen däerfen a jonkem Bësch Holzhackschnitzel maachen an däerfe keng grouss Beem méi eraushuelen. Dat gesäit een och an de Recetten. Stammholz kënne mer keent méi verkafen, well mer keent méi hunn. A Bësch ass jo awer och do fir Holzproduktioun. Mir hunn all hëlze Miwwel. Mer brauchen Holz. A wann et einheimescht Holz ass, ëmsou besser. Ech maachen drop opmierksam, dass de Waldbau eng Problematik am ganze Land ass, well a verschiddene Forstrevéieren net esou geschafft gëtt, wéi et misst sinn. Mir sinn amgaangen, eise Lëtzebuerger Bësch fir en Apel an e Stéck Brout no China ze verschierbelen. Mer mussen do aner Weeër fannen a selwer eppes mat eisem einheimeschen Holz ufänken. Dat ass eng ganz ongesond Situatioun, mat där eise Fierschter liewe muss.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Gott sei Dank sinn d'Beem net politesch. Dofir ass kee Sträit an deenen Dossieren. Sträit hu mer heibanne jo souwisou net. Et ass einfach e passionnant Thema an de Fierschter huet eis dat och ganz flott an der Ëmweltkommissioun erkläert. Iwwregens invitéiert d'Ëmweltkommissioun zesumme mam Schäfferot den 28. November 2015 all interesséiert Leit, e puer Plazen am Bësch kucken ze goen, wou een déi verschidde Forstmethoden, déi hei am Dokument vum Fierschter beschriwwe sinn, erkläert kritt. Den Här Liesch huet et scho gesot. Dee Graphique, deen der virleien hutt, zeechent déi 450 Hektar op. An dee risege Balken – iwwer 120 Hektar – ass Bësch, deen tëschent 21 a 40 Joer al ass. Dee geet elo natierlech duerch déi nächst dräi oder véier Fierschter-Generatiounen. Dat heescht, datt e groussen Deel vun eisem Bësch total jonk ass. Esou ëm déi 20 bis 40 Joer. Dat ass duerch eng national falsch Forstpolitik geschitt. Eisen deemolege

Ech wëll kuerz zu e puer Punkte Stellung huelen. Déi «Couloirs écologiques», déi den Här Mangen ugeschwat huet, sinn eng ganz wichteg Saach. Duerch déi ganz Flora a Fauna, déi an d'Stad kënnt, kréie mer e bessert Klima a besser Loft. De Fierschter ass net nëmme fir de Bësch zoustänneg, mä en ass, zum Beispill, och zoustänneg fir all déi PAPen ze kontrolléieren, ob de Promoteur effektiv déi Kompensatioune gemaach huet, déi hien ze maachen huet. Do krute mer vum Ministère du Développement durable de béise Fanger gewisen, well mer bei ganz ville PAPen ellen hannendra sinn. Well heiansdo goufe keng Kompensatioune gemaach. An dann huet de Fierschter eng heeden Aarbecht, fir Drock ze maachen, dass dat dann och geschitt. Da kommen ech op de „Giele Botter“ ze schwätzen, e weidere Punkt am Listing. Do si mer amgaangen, iwwert d'Regelen ze diskutéieren, déi an eisem Naturschutzgebitt sollen agesat ginn. Zum Beispill, wéi kontrolléiert gëtt. Däerf ee mam Vëlo iwwert d'Haaptweeër fueren? Dat sinn Diskus-

23

Il a été question de l’acquisition de forêts. C’est bien, mais pas à n’importe quel prix. Il faut lutter contre les plantes pouvant occasionner des allergies. Ce problème ne doit pas être négligé. Robert Mangen rappelle ensuite que la destruction d’un biotope ne peut pas être compensée en plantant des plantes ailleurs.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) constate que les arbres ne font pas de politique. C’est pourquoi il n’y a pas de disputes dans ce type de dossiers. Le sujet est passionnant et le garde forestier a fourni toutes les explications à la commission de l’environnement. Le 28 novembre, la commission de l’environnement, le collège échevinal et les personnes intéressées se rendront dans la forêt pour assister à une présentation des différentes méthodes d’exploitation forestière. Cent-vingt hectares de la forêt differdangeoise ont entre vingt-et-un et quarante ans. Il s’agit donc d’une forêt jeune. Ce problème est dû à une politique nationale erronée soutenue par l’ancien garde forestier. C’est pourquoi les prochaines générations de gardes forestiers ne pourront pas couper d’arbres. Cela se ressent à propos des recettes puisque la commune ne peut pas vendre de troncs servant, par exemple, à la production de meubles. Ce problème n’est pas spécifique à Differdange, mais au pays, car sur certains territoires, la forêt n’est toujours pas exploitée correctement. Le Luxembourg doit trouver un moyen de profiter du bois autochtone au lieu de la brader en Chine. Les couloirs écologiques mentionnés par M. Mangen sont très importants. La faune et la flore à l’intérieur de la ville améliorent la qualité de l’air. Le garde forestier ne s’occupe pas seulement de la forêt. Il contrôle aussi les compensations réalisées par les promoteurs dans le cadre de PAP. Differdange a d’ailleurs pris du retard dans ce contexte, car certaines compensations n’ont toujours pas été réalisées. Des discussions sont en cours pour établir des règles pour le Giele Bot-


7. Commissions consultatives ter. Une des questions est celle de savoir si l’on peut rouler à vélo sur le chemin principal. Le cimetière forestier est pratiquement terminé. Le bourgmestre connait peut-être la date de l’inauguration. Les gardes champêtres effectuent aussi de temps en temps des contrôles dans les zones naturelles. Il y a trop de sangliers sur le territoire de Differdange. Le secrétaire du service écologique fait partie du syndicat de la chasse. La collaboration se passe bien. Dans l’ensemble, Fränz Schwachtgen est satisfait du plan. La collaboration entre le garde-forestier, la commune et le CIGL pourrait se passer mieux. Les projets du CIGL dans la forêt et les zones naturelles devraient passer plus rapidement par la commission de l’environnement. La forêt est un des atouts de Differdange. Les gens viennent de loin pour la visiter. Il faut la préserver pour les générations à venir. Fränz Schwachtgen recommande aux conseillers communaux de visiter le bois de Selomont en France. Sa superficie est presque équivalente à celle de la commune de Differdange. Fränz Schwachtgen plaisante en disant que la Ville de Differdange pourrait l’acheter. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe aux commissions consultatives. Pour le CSV, M. Roland Gaasch est remplacé par M. Roger Depienne à la commission sociale, M.  Jerry Hartung par M. Patrick Pereira à la commission des finances, Mme Nicole Gaasch par Mme Nathalie Vassalo à la commission de l’égalité des chances et Mme Anne Rion par M. Christophe Kinnen à la commission des logements. (Vote) Roberto Traversini passe à l’interpellation de M. Ruckert.

siounen, déi lafen a wou jiddweree sech soll dru bedeelegen. De Bësch-Kierfecht ass quasi fäerdeg. Den Datum vun der Aweiung hunn ech elo net am Kapp. Vläicht weess den Här Buergermeeschter deen a kann e bekannt ginn. Dee Beräich ass flott aménagéiert a wäert an Zukunft kënne benotzt ginn an deem Sënn. Eis «Gardes champêtres» – also eis Pecherten, wann ech se esou däerf nennen – kënnen och emol an eisem Naturgebitt optauchen an déi eng oder déi aner Sanktioun oder deen een oder deen anere béise Fanger weisen, wa Sauereien um Bierg gemaach ginn. En anere Volet ass d'Juegd. Mir hunn en Iwwerbestand u Wëllschwäin an u Réi. De Jeeër ass do de Régulateur. Dir wësst, dass d'Juegd an Diskussioun ass. Zënter eise Sekretär vum Service écologique am Juegdsyndikat ass, sinn déi Kontakter vill besser ginn. D'Zesummenaarbecht mam Fierschter an der Gemeng souwéi d'Informatioun fir de Publik klappt vill besser. Ech hunn e puer Punkten erausgeholl, déi net ugeschwat goufen. Am grousse Ganze si mer zefridde mat der Zesummenaarbecht. Am Dossier steet de CIGL als Partenaire dobäi. Do musse vläicht nach e puer Verbesserunge gemaach ginn. Dass zum Beispill déi CIGL-Projeten – haaptsächlech déi am Bësch-Beräich an am Naturberäich, ob Spillplazen an esou virun – och matzäiten an eng Ëmweltkommissioun kommen. Déi Zesummenaarbecht tëschent Fierschter, CIGL a Gemeng klappt duerchaus gutt, ass awer nach verbesserungsfäeg.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Eventuell kënne mer dee kafen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Schwachtgen. Mir géifen zum Vote kommen. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver le plan de gestion annuel des forêts pour l’année 2016. Merci. Da géife mer zum siwente Punkt – zu de Kommissiounen – kommen. Mir hunn eng Modifikatioun vun der CSV hei leien. Ass soss eng Partei, déi e Changement huet? Dat ass net de Fall. Da wier et den Här Roland Gaasch, deen duerch den Här Depienne Roger an der Commission sociale ersat gëtt. An der Commission des Finances ass et den Här Hartung Jerry dee vum Här Pereira Patrick ersat gëtt. An der Commission de l'Égalité des chances gëtt d'Madame Gaasch Nicole vun der Madame Nathalie Vassalo ersat. An an der Logementskommissioun gëtt d'Madame Anne Rion vum Här Christophe Kinnen ersat. Ass dat esou an der Rei? Merci.

Ee vun den Atoute vun Déifferdeng ass eise Bësch. Et komme vill Leit, zum Deel vu ganz wäit, fir douewen op eise Sitte ronderëm ze spadséieren. A mer sollen eis dat fir déi nächst Generatiounen erhalen. An deem Sënn: Gitt eng Kéier eriwwer op d'Héisenger op d'Zounener Säit. De Bois de Selomont ass dräimol méi grouss wéi eise Gemengebësch. En huet quasi d'Superficie vun der ganzer Gemeng Déifferdeng an en ass ganz spannend ze visitéieren. Ech soen Iech Merci.

24

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver les changements au sein des commissions consultatives. Da géife mer zum aachte Punkt kommen. Dat ass eng Interpellatioun vum Här Aly Ruckert. Hien huet dann och direkt d'Wuert.


8. Interpellation de M. Ali Ruckert ALI RUCKERT (KPL): Merci, Här Buergermeeschter. Ech kënnt hei déi allgemeng Erklärunge vun de Mënscherechter vun der UNO bemierken, wou am Artikel 25 d'Recht op eng Wunneng dra steet. Mä ech weess net, ob dat eis vill dénge géif, wann ech dat elo géif maachen, well an deene Verhältnisser, an deene mir liewen, ass dat eng Utopie. Well déi Gesellschaftsuerdnung, an där mir liewen eng kapitalistesch ass, wou eng Wunneng kee Recht, mä eng Wuer ass, déi dozou déngt, Gewënn ofzegeheien. De Wunnengsbau ass ee Beispill vu villen, déi weisen, datt d'Prinzipie vun dëser kapitalistescher Gesellschaft – an an dësem Fall de Prinzip vum Ugebuet an der Nofro – näischt mat enger humaner oder solidarescher Gesellschaft ze dinn hunn. Well d'Ugebuet an d'Nofro sech ëmmer nëmmen op déi Mënsche bezéien, déi och dat néidegt Geld hunn. Mat deene wierkleche Bedürfnisser vun engem groussen Deel vun de Mënschen, huet dat guer näischt ze dinn. Vill Leit hunn e Bedürfnis op eng eege Wunneng, awer se kënnen net op déi Ugebueter, déi bestinn, zréckgräifen, well se se net bezuele kënnen. Zu Lëtzebuerg ass et nach ëmmer esou, dass Wunnenge fir Räicher oder Besserverdénger gebaut ginn. Vill Leit hunn d'Bedürfnis op eng bezuelbar Wunneng, awer d'Ugebuet feelt dacks. Soudass se en deiere Loyer bezuele mussen. A well se awer nëmmen e bescheident Akommes hunn, sinn hir Bedürfnisser staark ageschränkt. D'Nofro ass grouss, awer d'Ugebuet ass kleng. Well Mietwunnenge mat Loyeren, déi ee bezuele kann, grousse Spekulanten net genuch Profit ofwerfen, soudass se an aner Beräicher investéieren. Et gëtt zwar staatlech a kommunal Wunnengsbaugesellschaften, déi zanter Jorzéngten am subventionéierte Wunnengsbau täteg sinn, an Eegentumswunnengen a Mietwunnenge bauen. Mä d'Mietwunnengen, déi gebaut ginn, bleiwen trotz alle Bauprogrammer, déi bis elo realiséiert goufen, eng Drëps op e waarme Steen. Eleng beim Fonds du Logement, wou et jo och eng ganz Rëtsch Wunnengen zu Déifferdeng gëtt, gëtt et zënter Jorzéngten a bis haut ëmmer nach ganz laang Waardelëschte

vu Mënschen, déi gär esou eng Wunneng hätten, déi se bezuele kënnten. Genau esou schlëmm wéi am Wunnengsberäich, wann net méi schlëmm, ass et am Beräich vum Bauland. D'Spekulatioun mam Bauterrain brécht all Rekorder. An dat ass mat ee Grond, wouduerch vill Leit sech keen Eegenheem uschafe kënnen. Allerdéngs gëtt op staatlecher Ebene bal näischt an op kommunaler Ebene wéineg géint d'Spekulatioun ënnerholl. Dat huet ganz vill mat der sougenannter „fräier Maartwirtschaft“ ze dinn, an där mir liewen, déi nom Prinzip funktionéiert, dass d'Bauléiwen an d'Spekulante fräi sinn, méiglechst vill Geld vun hire Matmënschen ze fuerderen, well et Gesetzer gëtt, déi hinnen dat erméiglechen. All dës Problemer fanne mer och an eiser „klenger Déifferdenger Welt“ erëm. Well Déifferdeng ass keng Insel. An et ass kee Geheimnis, datt de Mangel u bezuelbare Wunnenge grouss ass. Soudass eng ganz Rei Leit aus Déifferdeng, dorënner vill jonk Mënschen, déi eng Famill grënne wëllen, net zu Déifferdeng bleiwe kënnen, mä an eis Nopeschgemenge wunne ginn oder an d'Grenzregiounen vun eisen Nopeschlänner, well se hei keng Wunneng fannen, déi se kënne bezuelen, wa se e klengt Akommes hunn. Wann ech dorop hiweisen, dann ass dat net, well ech als Vertrieder vun der KPL un deene Wunnengsbauprojeten, déi an de leschte Joren hei verwierklecht gi sinn – déi eng besser anerer méi schlecht – wëll erëmnörgelen. Et sinn eng ganz Rei Projete verwierklecht ginn. An et kommen der jo deemnächst nach dobäi. An ech sinn iwwerzeegt, dass den Här Buergermeeschter oder den zoustännege Schäffen am Uschloss sech beméie wäerten, hei opzezielen, wat schonn alles gebaut ginn ass. Mä dat alles an den Tempo an deem dat geschitt, wäert net derzou féieren, datt de Wunnengsmangel an der Gemeng Déifferdeng an ofsehbarer Zäit behuewe géif ginn. Fir dëst Zil resolutt unzestriewen, hätt de Bau vu bezuelbare Mietwunnengen absolutt Prioritéit virun allen anere Saachen.

25

ALI RUCKERT (KPL) pourrait citer l’article 25 de la Déclaration des droits de l’homme de l’ONU portant sur le droit au logement. Mais il sait que cela ne servirait à rien, car dans une société capitaliste, un logement n’est pas un droit, mais un bien. Le principe de l’offre et de la demande dans une société capitaliste n’a rien à faire de l’humanisme ou de la solidarité. Il ne s’intéresse qu’à ceux qui ont assez d’argent. Les besoins des autres n’ont aucune importance. Ces personnes ne peuvent pas profiter de l’offre, car elles n’en ont pas les moyens. Au Luxembourg, les logements sont construits pour les riches. Les autres doivent payer un loyer. Leurs besoins sont limités à cause de leurs revenus modestes. L’offre est faible, car les appartements à louer abordables ne rapportent que peu d’argent aux spéculateurs. D’un autre côté, il existe des sociétés nationales et communales actives dans la construction d’habitations subventionnées. Mais les appartements à louer restent une goutte d’eau dans le désert. Les listes d’attente auprès du Fonds du logement sont longues. La spéculation sur les terrains à bâtir bat, quant à elle, tous les records. Cela explique pourquoi les gens ne peuvent plus s’acheter une habitation. Malheureusement, l’État et les communes ne font pratiquement rien. Les lois autorisent les spéculateurs à gagner autant d’argent que possible sur le dos de leurs concitoyens. Differdange n’étant pas une ile, les besoins en habitations abordables sont importants. Et les gens, dont de nombreuses familles jeunes, sont obligés d’aller vivre dans nos pays voisins. À travers ces propos, Ali Ruckert n’essaie pas de critiquer les projets de constructions entrepris au cours des dernières années ni ceux qui viendront. D’ailleurs, le collège échevinal ne manquera pas de les énumérer tout à l’heure. Mais ils ne suffisent pas à résoudre la pénurie en appartements. La construction d’habitations à louer abordables devrait être une priorité absolue. Or ce n’est pas une priorité du collège


8. Interpellation de M. Ali Ruckert échevinal actuel ni du précédent. Mais cela a toujours été une des revendications du KPL. Ali Ruckert tient aussi à aborder la question de la spéculation à travers les habitations vides et les terrains à bâtir inutilisés. Deux initiatives ont été entreprises. Le 1er octobre 2014, le conseil communal a décidé à l’unanimité d’interdire le remplacement de maisons unifamiliales par des résidences, ce qui a permis de freiner les requins de l’immobilier. Les communistes ont salué cette initiative et Ali Ruckert l’a approuvée. La deuxième initiative est celle de l’Agence immobilière sociale Kordall, qui contacte les propriétaires de maisons vides et leur propose de les louer à prix social avant de les sous-louer à des gens aux revenus faibles. Le KPL a soutenu cette initiative. Mais lors du recensement de 2011, Differdange comptait 400 habitations vides et il est probable que ce chiffre a augmenté au cours des dernières années. Ali Ruckert ne croit pas que l’AISK puisse inverser la tendance. C’est pourquoi d’autres mesures sont nécessaires. Le 1er octobre 2014 lors du débat sur le PAG, Ali Ruckert avait proposé l’introduction d’une taxe sur les habitations vides et sur les terrains à bâtir en friche pendant plus de trois ans. Il s’agirait donc de taxer les propriétaires qui ne veulent pas investir, louer ou vendre, ou qui cherchent à spéculer sur la valeur de leurs biens. On entend souvent dire qu’une telle taxe aurait pour seul but de soutirer de l’argent aux propriétaires de maisons et de terrains. Mais elle ne fait que viser ceux essayant de gagner de l’argent sur le dos des travailleurs. Une telle taxe ne concernerait ni les maisons dont il est prévu qu’elles soient occupées endéans les deux ans, ni celles dont les propriétaires sont en maison de retraite, ni les terrains exploités par les agriculteurs. D’autres exceptions sont possibles, et des communes comme Esch-surAlzette ont déjà introduit une telle taxe. Dans sa motion, Ali Ruckert demande l’approbation de principe de la part du conseil communal d’une

Dat steet net am Koalitiounsprogramm vun deem viregten an deem heitege Schäfferot. Dofir wäerte mer dat Zil och net erreechen. Dem Bau vu bezuelbare Mietwunnengen absolutt Prioritéit anzeraumen, war an der Vergaangenheet eng vun den Haaptfuerderunge vun der KPL, un där se bis haut festhält. Ech wëll hei awer en aneren Aspekt vum Wunnengsbau an de Mëttelpunkt vu menger Interpellatioun stellen. An zwar d'Fro vun der Spekulatioun mat eidelen Haiser a mat Baugrond an eiser Gemeng. Zwou Initiative vun ënnerschiddlecher Wichtegkeet waren an de leschte Joren an direktem oder indirektem Zesummenhang ergraff ginn. Déi eng Initiativ war den eestëmmege Beschloss vum Gemengerot vum 1. Oktober 2014, fir dem Ofrappe vun Eefamilljenhaiser e Rigel virzeschieben an dass sollen e puer Stäck vu Residenze gebaut ginn. Mat där Initiativ gouf d'Ofrappe vun Eefamilljenhaiser an enger ganzer Rei vu Wunnvéierele gestoppt a gläichzäiteg d'Immobilienhaie gebremst. D'KPL hat dës Initiativ ausdrécklech begréisst. An ech als hire Vertrieder hat och dofir gestëmmt. Déi aner Initiativ ass déi vun der Agence Immobilière Sociale Kordall, déi an de Gemengen Déifferdeng, Nidderkäerjeng, Péiteng a Suessem geschaf ginn ass. Dës Agentur hëlt mat Proprietairë Kontakt op a kuckt déi Wunnengen, déi eidel stinn, ze kréien. Si mécht Mietverträg iwwer dräi bis fënnef Joer a verlount déi Wunnengen dann zu méi engem klenge Präis weider u Leit, déi keng esou déck Akommessen hunn. Och dës Initiativ huet d'KPL ënnerstëtzt. Mä déi Initiativ, esou gutt se och ass, wäert net derzou féieren, dass d'Zuel vun de Wunnengen an Appartementer, déi eidel stinn an déi erschreckend héich zu Déifferdeng ass – an ech erënneren drun, dass 2011 bei der Volkszählung iwwer 400 där Wunnenge festgestallt goufen an an der Tëschenzäit déi Zuel souguer nach an d'Luucht gaangen ass – mat ganz grousser Wahrscheinlechkeet, net wäert erofgoen Dofir ass et an den Ae vun der Kommunistescher Partei noutwendeg, Begleet-

26

moossnamen zu all dësen Initiativen ze huelen. An der Debatt vum 1. Oktober 2014 iwwert eng punktuell Ofännerung vum Flächennotzungsplang – also vum PAG – hat ech mech schonn am Numm vun der KPL fir d'Aféierung vun enger Steier op eidel Wunnengen an op Bauland, deen no dräi Joer nach ëmmer brooch läit, ausgeschwat. Eng Steier, déi d'Besëtzer vun eidelen Haiser a Bauland an d'Flicht huele kéint, déi iwwer länger Zäit net investéieren, net verlounen oder net verkafe wëllen. Oder déi direkt aus Spekulatiounsgrënn handelen an déi domat massiv Gewënner wëllen erzilen. Mir ass bekannt, dass et vill Viruerteeler géintiwwer esou enger Steier gëtt, well se vun hire Géigner gär esou duergestallt gëtt, datt d'Privatinitiativ géif bestrooft ginn a mat alle Mëttele géif versicht ginn, de Besëtzer vun Haiser a vu Bauland Geld aus der Täsch ze zéien. Awer dat ass falsch. Si riicht sech ausschliisslech géint déi, déi sech d'Wunnengsnout an de Buedemwäertzouwuess zu Notze maachen a sech um Bockel vun de schaffende Leit eng gëllen Nues verdéngen. Net vun esou enger Tax betraff wären zum Beispill Haiser déi vum Besëtzer oder vun hire Kanner innerhalb vun zwee Joer géife selwer gebraucht ginn, Wunnengen oder Haiser, déi eidel stinn, well hir Besëtzer an Alten- oder Fleegeheemer sinn oder Akerland, dat vu Bauere bewirtschaft gëtt, déi domat hire Liewensënnerhalt verdéngen. Méiglech sinn eng ganz Rei vun Ausnahmen, déi näischt mat Spekulatioun ze dinn hunn. An anere Gemengen zu Lëtzebuerg, déi schonn esou eng Spekulatiounssteier hu wéi d'Gemeng Esch, sinn déi Ausnahmen do erëmzefannen. An där Motioun, déi ech iech am Numm vun der KPL virleeën, geet et ëm eng prinzipiell Zoustëmmung vum Gemengerot zu esou enger Spekulatiounstax. An et gëtt e Virschlag ënnerbreet, wéi et zur Ausaarbechtung vun esou engem Reglement komme soll. Dës Motioun ass ganz kuerz. Dofir liesen ech se och vir. «Considérant que la pénurie de logements abordables est grande malgré les


8. Interpellation de M. Ali Ruckert efforts entrepris pour y remédier, qu'un grand nombre d'immeubles sur le territoire de la commune de Differdange sont inoccupés, qu'une partie des terrains à bâtir ne sont pas utilisés comme tels, mais font l'objet de spéculation, que la spéculation immobilière est une entrave à la mission du service public du conseil communal, décide d'établir au profit de la commune de Differdange une taxe communale annuelle spécifique sur certains immeubles bâti inoccupés et certains terrains à bâtir situés sur son territoire. De charger la commission des finances et la commission du logement de rédiger un règlement portant à établir une taxe annuelle spécifique sur certains immeubles bâtis inoccupés et certains terrains à bâtir situés sur son territoire et de soumettre le règlement au conseil communal dans un délai de trois mois». Et geet also net drëms direkt iwwerstierzt nächste Mount esou eng Tax anzeféieren, mä eréischt doriwwer ze beroden an Ausféierungsbestëmmungen iwwert d'Héicht vun esou enger Tax festzeleeën, déi der Usiicht vun der KPL no, esou héich muss sinn, dass net méi zu Déifferdeng ka spekuléiert ginn. Et brauch Zäit fir d'Awunner am Allgemengen an d'Besëtzer vu Wunnengen, déi eidel stinn, a Bauland hunn, dat net genotzt gëtt, iwwer dës Tax ze informéieren. Wann de Gemengerot esou eng Spekulatiounstax guttheesche sollt, géif zu Déifferdeng nach net de Kommunismus ausbriechen, mä et wäert e bësse méi sozial Gerechtegkeet an eiser Gemeng ginn. An dat wär schonns e grousse Fortschrëtt. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Här Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, ech muss mech elo e bësse sammelen, well éischtens hunn ech mer eng falsch Versioun vu menger Interventioun ausgedréckt an zweetens huet den Här Ruckert ganz vill Saachen a senger Interventioun gesot, déi ech a

senger Motioun net erëmfannen. An dat bedaueren ech e bëssen. Den Här Ruckert huet ganz vill richteg Constate gemaach. Effektiv soll een de Leit d'Méiglechkeet ginn, bezuelbare Wunnraum ze fannen. Effektiv solle méi Mietwunnenge geschaf ginn. A mir sollen de subventionéierte Wunnengsbau weider verstäerken, fir dass d'Leit d'Méiglechkeet hunn, eng Wunneng zu engem abordabele Präis ze lounen oder eventuell souguer ze kafen. An deem Sënn, sinn ech mam Här Rukkert senge Constaten natierlech averstanen. An ech si frou, dass den Här Rukkert op d'mannst a senger Interventioun esou eng Initiativ wéi d'Agence Immobilière Sociale erwähnt huet, well a senger Motioun hunn ech dat, zum Beispill, guer net erëmfonnt. An dat huet mech gestéiert. Mir sinn der Meenung, dass dat eng ganz gutt Initiativ an ee ganz gudden Outil ass, deen eng effikass Aarbecht ka maachen, fir eben ze kucken, dass e Maximum u Wunnengen, déi am Moment eidel stinn, un d'Leit kënne weiderverlount ginn. D'Gemeng mécht jo do den Intermédiaire, respektiv d'Agence Immobilière Sociale. Dat ass an eisen Aen e gudde Wee, deen een an Zukunft vläicht sollt intensivéieren. An deem Sënn wär et luewenswäert, wann de Gemengerot regelméisseg géif informéiert ginn, wou mer dru sinn, wivill Wunnengen effektiv an eiser Gemeng eidel stinn a wivill Wunnengen effektiv der Agence Immobilière Sociale vun dësen eidele Wunnengen iwwerlooss ginn. Do wäre mir op alle Fall frou, wa mer an Zukunft déi Zuele regelméisseg géife genannt kréien. Iwwer eng Tax kann een natierlech diskutéieren. Si géif sécherlech Sënn maachen, fir Drock op déi Leit auszeüben, déi hir Wunnengen eidel stoe loossen aus deem engen oder anere Grond. Mir mengen awer, dass ee fir d'Éischt soll déi Moyenen, déi mer hunn an déi gutt sinn, intensivéieren, ier een iwwer esou eng Tax nodenkt. Den Här Ruckert sot, et sollt een déi Tax net iwwert de Knéi briechen an duerfir net bannent engem Mount aféieren. Ech muss Iech soen, wann een e Re-

27

telle taxe sur la spéculation et propose l’élaboration d’un règlement par la commission des finances et la commission des bâtisses. Ce règlement serait soumis au conseil communal dans un délai de trois mois. Ali Ruckert lit sa motion au conseil communal. Il insiste sur le fait qu’il ne s’agit pas d’introduire une telle taxe dans un mois, mais d’en discuter et d’en fixer les montants. Pour les communistes, ces montants devraient être tels qu’il ne serait plus possible de spéculer à Differdange. Il faut du temps pour informer la population et les propriétaires de maisons vides et de terrains à bâtir inutilisés. Une telle taxe n’est pas synonyme de communisme, mais de plus de justice sociale à Differdange.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) devra se concentrer, car il a imprimé la mauvaise version de son intervention. En plus, M. Ruckert vient de dire des choses qui ne figurent pas dans sa motion. C’est regrettable. Certains constats de M.  Ruckert sont justes. Les gens doivent pouvoir trouver des habitations abordables. Il faut construire des appartements à louer. La construction de logements subventionnés est nécessaire. Pierre Hobscheit est content que M. Ruckert ait abordé des initiatives comme l’Agence immobilière sociale dans son intervention. Malheureusement, elles ne figurent pas dans la motion. Les socialistes sont convaincus que l’AISK constitue un instrument efficace pour mettre en location des habitations actuellement vides. La commune sert d’intermédiaire. Cet outil doit être développé. Dans ce contexte, le conseil communal doit être informé régulièrement. Combien d’habitations vides y a-t-il à Differdange et combien l’AISK en gère-t-elle? Bien sûr, le conseil communal peut discuter d’une taxe permettant de mettre les propriétaires de logements vides sous pression. Mais le LSAP pense qu’il faut d’abord intensifier les mesures déjà prises et qui fonctionnent. M. Ruckert a dit qu’il fallait se laisser le temps… avant de parler de


8. Interpellation de M. Ali Ruckert trois mois. Or pour réaliser un règlement équilibré tenant compte de tous les critères, trois mois sont très courts. Pierre Hobscheit ne comprend pas pourquoi la motion contient un tel ultimatum. Par ailleurs, si une telle taxe devait être élaborée, la commission des bâtisses devrait figurer parmi les partenaires à côté des commissions des finances et du logement. Les socialistes ne sont pas entièrement convaincus par la taxe sur les terrains à bâtir inutilisés. Bien entendu, certains promoteurs n’investissent pas aussi rapidement qu’il le faudrait. Et ils essaient parfois de faire monter les prix. Mais il faut tenir compte de certaines situations. Que faire, par exemple, dans le cas d’une famille achetant un terrain qu’elle voudrait mettre à disposition de ses enfants dans dix ou vingt ans? Devrait-elle être punie? C’est pourquoi le LSAP ne peut pas approuver cette motion du KPL. Les socialistes n’ont pas déposé une motion amendée. Ils pensent cependant que M. Ruckert aurait dû mentionner l’AISK. Tout le monde concorde sur le fait que les habitations sont trop chères à Differdange et au Luxembourg. Mais la commune dispose d’autres moyens qu’une taxe en collaboration avec la Société nationale des habitations à bon marché et le Fonds du logement.

ROBERT MANGEN (CSV) estime que la motion est teintée de communisme, ce qui la rend difficile à approuver. Mais le principe est louable. Bien sûr, il faut discuter des habitations inoccupées, même si à Differdange le problème est limité. L’Agence immobilière sociale fonctionne bien. Il faut expliquer aux gens le principe de l’Agence immobilière sociale. Les propriétaires n’ont pas de frais, mais perçoivent un loyer. Ce loyer est plus bas que sur le marché de l’immobilier. Mais en contrepartie, les problèmes avec les locataires sont gérés par l’AISK. En plus, le fait que l’habitation ne reste pas inoccupée constitue une revalorisation du bien. Une maison vide n’apporte rien aux proprié-

glement aféiere wëll, dat équilibréiert ass an dat alle Kritäre Rechnung droe soll, fannen ech, dass dräi Méint och iwwert de Knéi gebrach ass. Deen Ultimatum, zum Beispill, an där Motioun, kann ech net novollzéien. A firwat ee mat Ultimatume kënnt. Dräi Méint fannen ech ze kuerz, fir sech Gedanken ze maachen, en équilibréiert Dokument auszeschaffen. Ech fannen och, dass, wann een iergendwann eng Kéier sollt zur Konklusioun kommen, dass esou eng Tax misst agefouert ginn, d'Bautekommissioun, zum Beispill, e Partner wär, deen och misst mat an d'Aarbecht abezu ginn. Hei ass just rieds vun der Finanz- a Logementskommissioun. Zwou Kommissiounen, déi natierlech hiert Wuert solle matschwätzen. Awer d'Bautekommissioun sollt awer och mat an déi Aarbecht abezu ginn.

leche Constat alleguerten eens sinn: d'Wunnen hei am Land an och hei an der Gemeng ass ze deier. Dat ass e grousse Problem virun allem fir déi jonk Generatioun. Mir denken awer, dass d'Gemeng hire Rôle och ouni esou eng Tax am Moment spille kann. Dat, an Zesummenaarbecht mat de Partner wéi, zum Beispill, enger Société nationale des habitations à bon marché oder och engem Fonds du Logement. Ech soen iech Merci fir d'Nolauschteren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Hobscheit. Här Mangen, w.e.gl.

ROBERT MANGEN (CSV): Mir als LSAP sinn net zu honnert Prozent vun där Tax op de Bauterrainen, déi proposéiert gëtt, iwwerzeegt. Natierlech gëtt et Spekulatioun. Promoteuren, déi iwwer vill Bauterrain verfügen an déi vläicht net esou séier zur Verfügung stellen, wéi mir eis dat wënschen. Respektiv domat spekuléieren an esou de Präis vun den Terrainen an d'Luucht dreiwen. Natierlech gëtt et dat. Mä och do menge mir, dass een dat méi differenzéiert muss gesinn. Dass een de verschiddene Situatiounen, déi et ka ginn, muss Rechnung droen. Wann, zum Beispill, Leit Terrain hunn, dee se hire Kanner an zéng oder 20 Joer zur Verfügung stelle wëllen, dass déi en Haus baue kënnen, froe mir eis, ob een déi Leit wierklech dowéinst bestrofe soll, well se en Terrain iwwer länger Zäit brooch leie loossen. Duerfir kënne mir déi Motioun vun der KPL esou, wéi se hei virläit, als LSAP net matdroen. Mir hunn drop verzicht, e Géigentext ze proposéieren. Mir sinn awer der Meenung, dass een hätt missen an der Motioun d'Initiative wéi d'AIS an – den Här Ruckert huet et jo gesot – déi luewenswäert Initiativ, fir d'Eefamilljenhaiser hei zu Déifferdeng besser ze schützen, op d'mannst och an dësem Text erwähnen. Zum Schluss wëll ech nach eng Kéier soen, dass mer eis iwwert de grondsätz-

28

D'Motioun ass e bëssen ze vill kommunistesch teintéiert mat der Spekulatioun an esou weider. Dat ass schwiereg nozevollzéien an net ze ënnerstëtzen. D'Grondiddi ass luewenswäert. Dat soll een awer ervirsträichen. Et sollt een op jidde Fall eng Kéier iwwer eidelstehend Haiser diskutéieren, wéi dat och an anere Gemengen de Fall ass. Dat ass hei zu Déifferdeng elo keen esou ee grousse Problem. Mä datt een awer eventuell op eidelstehend Haiser eng Tax aféiert. D’Agence Immobilière Sociale leeft ganz gutt. Mä dat geet net duer. Mir hunn am Office social honnert Familljen. Déi kënnte mer ënnerbréngen, wa mer genuch Wunnengen hätten. Et muss een de Leit dat Konzept richteg erklären. Déi ganz Struktur gëtt vun der Agence Immobilière iwwerholl. D'Leit brauche keng Käschten ze bezuelen. Si zéien de Loyer an. Wa Problemer mat de Locatairë sinn, gëtt dat iwwert d'Agence reguléiert. De Loyer dee se kréien, ass e bësse méi geréng wéi deen um normale Maart. Mä déi eidelstehend Wunnenge ginn awer versuergt. Déi gi kontrolléiert, datt déi richteg a Schoss bleiwen. Dat ass jo a sech och eng Opwäertung fir déi Wunneng, wann déi net méi eidel steet. Déi iwwer Joren eidel stoen ze loossen, bréngt hinne guer näischt an.


8. Interpellation de M. Ali Ruckert Wann awer vill Leit kënne logéiert ginn an en Ënnerdaach fannen, sollten déi verschidde Proprietairen sech och iwwerleeën. Mir hate virdru vun de Flüchtlinge geschwat. Déi brauchen iergendwa Wunnengen. Mä net nëmmen d'Flüchtlingen. Och vill Leit hei zu Lëtzebuerg hu keng Moyenen, Haiser ze bauen oder ze kafen. Déi musse mer och ënnerkréien. Et sinn zwou Populatiounen, déi dréngend Wunnengsraum brauchen. Ech maachen nach eng Kéier den Opruff: Déi Leit, déi Wunnengen eidel stoen hunn, solle sech a Kontakt mat der Agence Immobilière setzen, datt ee vläicht en Accord fënnt. Et verléiert een näischt. Si sinn héchstens Gewënner mat där Struktur. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Mangen. Schwachtgen, w.e.gl.

Den

Här

Wa mer vun eidelstoende Wunnengen an der Gemeng schwätzen, wivill sinn et der? Wou si se? A wat fir enger Qualitéit si se? Sinn et deier Wunnengen? Sinn et bëlleg Wunnengen? Sinn et Wunnengen à retaper? Ech hunn éierlech gesot keng Ahnung. Ech weess net, ob de Schäfferot eng Ahnung huet oder iergendeen aneren heibannen. Da misste mer déi Chifferen eng Kéier op den Dësch kréien. Ech denken nach ëmmer, dass e PAG och dofir do ass. Zu den Terrainen: Wivill fräie Bauterrain, deen engem PAP ënnerläit, hu mer de Moment an der Gemeng? Op wat fir Plazen? Wann ech d'Kaart oder eis Lëscht am Service écologique kucken, si ganz vill vun deene potentiellen Terrainen, déi nach fräi sinn, als Biotop agestuuft mat Fliedermais an allem drëm an drun. Ass dat nach Bauterrain oder net? Meeschtens si se als Terrain agricole agestuuft. Heiansdo ass et awer och e PAP. Dat Lotissement zu Uewerkuer hannert dem Braunshaff beim Lamborelle, wou ech elo net direkt op den Numm kommen, ënnerläit jo engem PAP. Mä dee PAP dehnt sech awer op privat Gäert aus.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Den Här Ruckert huet e Steen an de Weier gehäit. Dat ass ganz gutt. Dee soll och déi Welle schloen, déi e verdéngt. Meng Grondiwwerleeung dozou ass, dass mer am Moment amgaange sinn, erëm eng Kéier un engem PAG ze schaffen. Mir schwätze vu Wunnengsmangel. Ech kennen awer keng Statistiken iwwert de Wunnengsmangel an iwwert déi Auswanderung, vun där den Här Ruckert schwätzt. Vu Leit, déi net genuch Suen hunn, hei an der Gemeng ze bleiwen. Wivill Leit sinn dat? Dat gëtt einfach emol behaapt. Ech kann dat an eenzelne Gespréicher héieren. Mä ech hunn awer keng Estimatioun, ob dat vill oder net vill sinn. A wou se dann eng Wunneng kréien. An ob et zu Bieles oder zu Esch méi bëlleg ass wéi zu Déifferdeng. Ob do méi Wunnengen disponibel si wéi zu Déifferdeng. Eng Bestandsopnahm misste mer endlech eng Kéier maachen.

Wann déi Leit net verkafen, well se hire private Gaart hale wëllen, ass dat dann och Spekulatiounsterrain? Ass de private Gaart Spekulatiounsterrain, wann d'Leit soen: „Nee, ech wëll mäin Äppelbam nach halen, awer an zéng Joer wäert ech et vläicht verkafen?" Da gëtt de Präis natierlech och e bësse méi deier. Ech kann do net ënnerscheeden, ob et Spekulatioun ass oder ob et einfach d'Liewensqualitéit innerhalb vun eiser Uertschaft ass. Do feelt mer e Bestand, wivill där Terrainen do sinn a wivill där Terraine schonn am Besëtz vu Promoteure sinn, déi déi vläicht express zréckhalen. A wat fir een Afloss hu mer op d'Promoteuren, fir e Wunnengsbau ze schafen, dee mir wëllen, an net deen, dee si wëllen, an e méigleche Maximum u Suen erakréien? Déi Motioun ass u sech eng luewenswäert Initiativ, fir dat unzestoussen. Mä se ass fir mech awer elo net an deem Sënn ze stëmmen, well ech einfach nach ze vill Inconnuen dra gesinn. Ech soen Iech Merci.

29

taires alors qu’ils pourraient loger de nombreuses personnes. Tout à l’heure, il a été question des réfugiés, qui ont besoin de logements. Mais il y a aussi beaucoup de gens au Luxembourg n’ayant pas les moyens de s’acheter une maison. Robert Mangen profite de l’occasion pour lancer un nouvel appel aux propriétaires d’habitations inoccupées. Ils doivent se mettre en contact avec l’Agence immobilière sociale. Ils ne peuvent en tirer que des bénéfices.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) juge louable l’initiative de M. Ruckert. Mais il rappelle que la commune est en train d’élaborer son PAG. M. Ruckert parle de pénurie de logements et de Differdangeois obligés de quitter le pays par manque d’argent. Mais où sont les statistiques? Combien de telles personnes y a-t-il? Où achètent-elles leurs maisons? Les prix sont-ils plus bas à Esch-sur-Alzette ou à Belvaux? Il faut réaliser un état des lieux. Combien de maisons vides y a-t-il? Où sont-elles? Dans quel état se trouvent-elles? Coutent-elles cher? Fränz Schwachtgen n’en sait rien et aurait besoin de chiffres. C’est ce à quoi sert un PAG. Les mêmes questions se posent pour les terrains à bâtir. Combien y en at-il? Où? D’après le service écologique, de nombreux terrains libres ont un biotope à protéger. Peut-on encore parler de terrains à bâtir? En général, ces terrains constituent des terrains agricoles. Le lotissement derrière la ferme Braun dépend d’un PAP. Mais ce PAP englobe des jardins privés. Peut-on parler de spéculation si un propriétaire ne veut pas vendre son terrain parce que son jardin s’y trouve? S’il décide de garder son jardin dix ans, le prix du terrain va augmenter. Mais est-ce de la spéculation? Ne contribue-t-il pas aussi à améliorer la qualité de vie dans la localité? À côté, il y a sans doute aussi des promoteurs qui font exprès d’attendre. Quelle influence la commune at-elle sur ces personnes? La motion de M. Ruckert est louable. Mais Fränz Schwachtgen ne


8. Interpellation de M. Ali Ruckert peut pas l’approuver en raison des nombreuses inconnues.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate qu’en fin homme politique, M. Ruckert savait que le bourgmestre avancerait des chiffres. Il pourra les distribuer aux conseillers communaux tout à l’heure. Pour pouvoir fonctionner, une commune a besoin de la juste mixité sociale. Il faut des habitants de tous bords et des logements de tous types: de petites maisons, des studios, des appartements pour étudiants… Il y a deux ans, le collège échevinal a créé une commission du logement et un ressort du logement. Cela montre que le logement est une priorité. M. Ruckert a parlé de 400 habitations vides. C’est vrai en partie, car ce chiffre comprend les habitations en construction et en rénovation. Mais de toute façon, il y en a trop. Actuellement, Differdange compte 308 appartements en location à travers le Fonds du logement. Vingtquatre appartements ont été vendus et soixante-quinze sont en train d’être construits dans la Grand-rue. Trente-sept logements pour étudiants ont été inaugurés dans la rue Prince-Henri il y a quelques semaines. Les Anciens Ateliers accueilleront 55 logements pour étudiants. Des terrains à 35 000 euros l’are pour 12 maisons unifamiliales sont mis en vente. Il en reste six. Dans la rue Pasteur, six appartements à louer sont en train d’être construits. À Lasauvage, quatre maisons sont rénovées par le Fonds du logement. L’immeuble sur la place des Alliés comptera 28 appartements à louer. Neuf appartements et deux commerces sont prévus dans la rue de la Liberté en face de l’hôpital et vingt logements pour jeunes familles sont prévus sur place Jéhan-Steichen. Le Fonds du logement construira 15 appartements à louer et 8 à vendre au Mathendahl. Deux associations privées, Arcus et la Croix-Rouge, sont actives dans le domaine de la jeunesse. La commune les soutient, par exemple en leur mettant à disposition des places

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Den Tour de table ass gemaach. Ech wéilt e puer Prezisiounen op déi verschidde Froe ginn. Den Här Ruckert wousst schonn – do gesäit een, dass hien en alen Hues ass –, datt ech mat Chiffere kommen géif. Ech hu kee Problem déi Chifferen herno auszedeelen, och wat d'AIS ugeet. Eng Gemeng muss jo kucken, datt se fonctionnéiert. Dofir ass eng sozial Mixitéit, déi menger Meenung no all Gesellschaft brauch, immens wichteg. An enger Stad soll all Mënsch, aus alle Borden, sech erëmfannen. Leit, déi net esou vill verdéngen, Leit, déi gutt verdéngen, Leit, déi kleng Haiser brauchen, Leit, déi kleng Studioe brauchen, Wunnenge fir Studenten… Alles dat mécht eng liewenswäert Gemeng aus. An alles dat ass deen heite Schäfferot mat iech zesummen amgaangen ze maachen. Virun zwee Joer, wou mer eis nei zesummegesat haten, gouf eng Logementskommissioun gegrënnt. Ob déi elo gutt oder net esou gutt fonctionnéiert, sief dohigestallt. Mä op alle Fall wollte mer domat weisen, datt de Logement fir dëse Schäfferot extrem wichteg ass. Mir hunn e Ressort Logement gegrënnt. Ech soen dem Här Ruckert Merci, datt mer haut doriwwer schwätzen. Dir hutt gesot, mir hätte 400 al eidel Wunnengen. Dat ass deelweis richteg. Well verschidde Wunnengen, déi am Bau sinn, ginn och als eidel gezielt. Verschidde Wunnenge gi restauréiert. A verschiddene Wunnenge gëtt dra geschafft. Dat muss ee wierklech separat kucken. Mä mir hunn der vill ze vill, déi eidel stinn. Ech wäert herno nach eng Kéier dorobber zréckkommen. Just fir e puer Beispiller ze ginn: Mir hunn am Moment 308 Appartementer. Ënner mär, mengen ech d'staatlech Servicer, de Fonds de Logement an d'Société nationale d'Habitation à bon marché. Mir hunn am Moment 308 Appartementer a Locatioun iwwert de Fong. 24 Appartementer goufe verkaf. 75 Appartementer sinn an der Groussstrooss amgaange gebaut ze ginn. An der rue Prince Henri goufe virun e puer Woche 37 Studentewunnengen ageweit. Och dat ass sozial Hëllef. Wann ee weess,

30

wat e Student soss um fräie Marché bezilt, ass et wichteg, datt déi hei zu engem räsonabele Präis wunnen a studéiere kënnen. De Spuetestéch ass nach net gemaach. Mä d'Aarbechten an den «anciens ateliers» sinn amgaangen. Do komme 55 Studentewunnengen. Dann déi sëlleche Bauterrainen, wou d'Gemeng wierklech schrecklech Efforte gemaach huet, fir 12 Eefamilljenhaiser-Terrainen zu engem gënschtege Präis fir 35.000 Euro den Ar ze verginn. Do ass schonn d'Halschent fort. Et sinn der nach sechs ze verkafen. An der Pasteurstrooss si mer amgaangen, sechs Appartementer fir Locatioun ze bauen. Zu Lasauvage gi véier Haiser renovéiert, nach ëmmer iwwert de Fong. Dat Gebai, dat op d'Place des Alliés stoe kënnt, huet 28 Appartementer fir Locatioun. An der Rue de la Liberté vis-à-vis vum Spidol sinn néng Appartementer fir ze verlounen an zwee kleng Commercë geplangt. Dat ass emol dat, wat de Schäfferot virgesäit. Vun deene 36 Logementer op der Place Jehan Steichen, si +- 20 Logementer fir jonk Famillje geplangt, well mer och gär jonke Famillen, déi Schwieregkeeten hunn, eng Wunneng ze fannen, ënnerstëtze wëllen. Déi sollen dohinner kommen. An och Studentewunnengen. Am PAP „am Mathendahl“, dee mer haut gestëmmt hunn, huet de Fong och ganz vill Terrainen. Do entsti 15 Appartementer fir Locatioun an aacht fir an d'Vente. Locatioun a Vente sinn oft geduecht, fir eng Mixitéit hierzestellen. Gott sei Dank hu mer déi zwou privat Associatiounen – d'Arcus an d'Croix Rouge –, déi ganz vill am Jugendberäich maachen. Dat geet net alles iwwert de Gemengerot. Mä mir ënnerstëtzen déi ganz staark, ënner anerem andeems mer hinnen Ausnahme mat de Parkplaze maachen. An der Rooseveltstrooss – just fir déi ze nennen – huet d'Croix Rouge néng Studioen aménagéiert. Dat hat d'Stad Déifferdeng mat der Bautekommissioun hinne virun e puer Joer erlaabt. Arcus kafe ganz vill Haiser op, fir jonk Leit ze ënnerstëtzen.


8. Interpellation de M. Ali Ruckert Dat mat der Société d'Habitation à bon marché geet ze lues, mä dat ass net eis Schold. Mir wëllen zu Nidderkuer am Péitenger Wee 32 Haiser bauen. Ech hoffen, datt de PAP nach dëst Joer kënnt. Wann net, hoffentlech ufanks d'nächst Joer. Do kommen 32 Appartementer zur Locatioun. Mir hunn eng AIS Kordall, déi extrem gutt fonctionnéiert. Net grad innerhalb vun engem Joer, hate sech 51 Leit gemellt. Vun deenen 51, hunn der 31 eis hiert Haus oder Appartement zu engem ganz gënschtege Präis zur Verfügung gestallt. Dat heescht, tëschent 30 a 40% ënnert dem Marchéspräis. De Marchéspräis gëtt national gerechent. Dofir kann ee soen, wivill de Präis hei am Süden, an der Stad oder am Norden ass. Mir leie bei engem Präis vu 6 bis 10 Euro de Metercarré. Et gëtt ëmmer méi Leit déi op dee Wee ginn. Dat brauch nach e bëssen Zäit. Wéi den Här Mangen richteg sot, sinn 100 Leit op enger Waardelëscht. Déi waarden heiansdo méi, heiansdo manner laang. Do muss ee kucken, ob wivill Lëschten déi ageschriwwe sinn. De Fong féiert eng Lëscht. D'Habitation à bon marché féiert eng. An d'AIS féiert eng Lëscht. Wann d'Leit a Wunnengsnout sinn, gi se sech op e puer Plazen aschreiwen. Dofir muss de Stat kucken, déi Lëschte besser opgestallt ze kréien. Soss hues de op eemol de Problem, datt eng Persoun, déi eng Wunneng sicht, op véier Lëschten agedroen ass. Da kënns de ganz séier op ganz vill Leit, déi eng Wunneng sichen. Dat wëll awer elo net heeschen, datt et keng esou Leit gëtt. Den Här Ruckert huet ganz richteg gesot, datt nach ganz vill Leit op enger Waardelëscht stinn. Ech weess dat. Mat menge Kolleegen aus dem Schäfferot hu mer zwee grouss Problemer: Dat eent ass d'Wunnen, dat anert ass d'Schaffen. De Schäfferot hat eng sozial Moossnam décidéiert: d'Eefamilljenhaiser ze schützen. Mir hunn et fäerdeg bruecht, datt d'Leit sech erëm Eefamilljenhaiser a Wunnquartiere leeschte kënnen. Well si net iwwerbuede vu Promoteure ginn. Dat ass schonn eng sozial Moossnam, déi mer do gemaach hunn. Zum enge fir

eis Liewensqualitéit, mä awer och fir de Präis an de Grëff ze kréien. Ech muss awer op dëser Plaz soen, dass net all Promoteur schlecht ass. An der rue Pierre Gansen op der Spillplaz – den Här Ulveling kuckt déi ze placéieren – sinn eventuell 12 Appartementer virgesinn. Natierlech zu soziale Kritären. Awer mat privaten Investisseuren, fir déi 12 och op de Maart ze kréien. Um Plateau du funiculaire musse vill Logementer geschaf ginn, déi wéinstens 10% subsidiabel sinn. Mir wëllen och eppes fir d'Réfugiéë maachen. Ech soe Réfugié, well fir e Réfugié bezilt de Stat 75%. Mä de Rescht gëtt awer vun der Stad Déifferdeng bezuelt. Dat erlaabt eis, net nëmme Réfugiéen dran ze setzen. Dat erlaabt eis och Leit, déi hei wunnen, doranner ze setzen. Dat ass op alle Fall dat, wat de Schäfferot maache wëll. Dat sinn zwësche 25 a 35 Logementer. Do si mer an Diskussioune mam Logementsministère a mam OLAI eventuell, méi grouss Appartementer ze maachen. Dat ass wierklech eppes, wat vill feelt. Appartementer mat dräi oder véier Schlofzëmmeren. Dat si mer amgaangen ze kucken. Do leeft ganz vill. Mir sinn ausserdeem amgaangen, un neie Wunnformen ze schaffen. Viru Kuerzem hate mer e flotten an interessanten Owend, fir d'Leit ze motivéieren, Studente bei sech opzehuelen. Dat war eng Initiativ, fir de Leit d'Ängschten ewechzehuelen, datt se ee solle bei sech wunne loossen. Bei der Miami University fonctionnéiert dat schonn iwwer 20 Joer ganz gutt. Da kucke mer, fir eventuell Kooperativen ze schafen, wou Leit e puer Raim deelen. Wou ee méi Leit op enke Raum kritt. Och dat si mer amgaangen op d'Been ze stellen. Eppes, wat den Här Schwachtgen schonn ëfters gesot huet, ass, datt mer mussen oppassen, wéi schnell mer wuessen, ob mer wëlle weider wuessen a wéi mer wëlle wuessen. Wa mer wuessen, musse Schoulen, Maisons Relais an aner Strukturen nokommen. Et ass ganz richteg, datt mer oppassen, wéi schnell mer wuessen. Iergendwann huet een d'Limite erreecht. Et kann een net bis an

31

de stationnement. La Croix-Rouge gère notamment neuf studios dans la rue Roosevelt et Arcus achète des maisons pour soutenir les jeunes. Le projet avec la Société d’habitation à bon marché avance doucement, mais le collège échevinal n’y peut rien. Trente-deux appartements à louer sont prévus. L’Agence immobilière sociale du bassin de la Chiers fonctionne très bien. Trente-et-un propriétaires ont mis à disposition des logements pour un prix inférieur de 30 à 40 % à celui du marché, soit 6 à 10 euros le m2. M. Mangen a parlé d’une liste d’attente de cent personnes. Mais il faut voir sur combien de listes ces personnes s’inscrivent. Car autrement, les chiffres globaux sont faussés. À l’État de régler ce problème. Cela ne signifie bien sûr pas qu’il n’y a pas de gens en attente d’un logement. M. Ruckert a raison de dire que la liste d’attente est longue. Roberto Traversini le sait bien. D’ailleurs, le collège échevinal a deux grandes priorités: le logement et l’emploi. Grâce à la protection des maisons unifamiliales, les familles peuvent à nouveau s’acheter une maison dans les quartiers. Cette mesure permet d’améliorer la qualité de vie et de maitriser les prix. Il faut aussi comprendre que tous les promoteurs ne sont pas mauvais. Douze appartements sociaux sont prévus dans la rue Pierre-Gansen. Sur le plateau du Funiculaire, 10 % des logements seront subsidiables. Les logements pour réfugiés sont pris en charge par l’État à 75 % et par la commune à 25 %. Cela permet d’y accueillir aussi d’autres gens. Il est question de 25 à 30 appartements. Des discussions sont en cours avec l’OLAI pour aménager des appartements à trois ou quatre chambres. Le collège échevinal essaie aussi de convaincre les habitants d’accueillir des étudiants. Une soirée d’information a été organisée dans ce contexte. La Miami University a recours à cette forme de logement depuis vingt ans. Le collège échevinal réfléchit aussi à la création de coopératives de logements.


8. Interpellation de M. Ali Ruckert M. Schwachtgen parle souvent de la vitesse à laquelle Differdange croît. Plus la ville croît, plus il faut d’écoles et de maisons relais. Mais il y a des limites. Actuellement, 142 logements sont prévus au Breitfeld, 432 au Mathendahl, 50 à Soleuvre, 154 à Wuelmswiss, 69 aux Ronnwisen et 39 à Ouschterbuer. Il s’agit à chaque fois d’un mélange de maisons et de résidences. Chaque projet développé sur plus d’un hectare de terrain comprend 10 % de logements subsidiables. Les chiffres sont les chiffres. Dans 3 ou 4 ans, Differdange comptera quelque 900 logements sociaux pour 9306 ménages, soit près de 10 %. La Ville de Differdange fait donc un effort remarquable pour les démunis, les étudiants, les réfugiés et les séniors. Le collège échevinal est conscient des problèmes et essaie de les résoudre, mais Differdange seule ne peut pas régler les problèmes du Luxembourg. Aux autres communes de s’engager autant. Roberto Traversini trouve la motion de M. Ruckert sympathique. Mais le collège échevinal a décidé d’emprunter un autre chemin, notamment celui de l’AISK. D’ailleurs, un nouvel employé sera recruté dans ce contexte. Differdange veut se montrer plus active. Le collège échevinal veut motiver les propriétaires à mettre leurs biens sur le marché. Si cela ne fonctionne pas, on pourra toujours reparler d’une taxe, à condition que le flou juridique soit dissipé. Pour Roberto Traversini, la commission de l’environnement doit aussi faire partie des partenaires. Un groupe de travail sera aussi nécessaire. Mais pour le moment, le collège échevinal ne taxera pas les maisons inoccupées et les terrains inutilisés.

ALI RUCKERT (KPL) doute sincèrement que Differdange dispose de 900 logements sociaux dans un avenir proche. Il n’y croit pas. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) lui donnera les chiffres tout à l’heure.

d'Onendlecht wuessen. Net datt mer herno ze vill Schoulen hunn. Dat muss nach alles am Schäfferot diskutéiert ginn. Ech wäert iech elo matdeelen, wat alles an deenen nächste Jore geplangt ass: Um Breitfeld sinn 142 Logementer virgesinn. Am Mathendahl 432. Zu Zolwer nach eng Kéier 50. Wuelemswiss 154. Ronnwisen 69. An „Ouschterbuer“ lafen d'Leit scho bal Amok. Et si ganz vill Diskussiounen ëm den „Ouschterbuer“. Do sollen 39 Logementer hikommen. An ëmmer e Mix vun Eefamilljen- an Appartementshaiser. Net ze vergiessen: dovunner mussen all Kéiers 10% subsidiabel sinn. Alles, wat iwwert een Hektar Land ass.

gementer ze géréieren. Sief et d'Studentewunnengen, sief et d'Wunnenge fir Jonker. Do wäerte mer vill méi aktiv ginn. Dee Poste wäert och vun deenen anere Gemenge matgedroe ginn. Dat, wat mir als Schäfferot wëlles hunn, ass d'Leit ze mobiliséieren an ze motivéieren, hir Saachen op de Marché ze ginn. A wann eis dat net geléngt, kann een op esou eng Tax ze schwätze kommen. Dat misst dann awer juristesch ofgeséchert ginn, well dat nach an engem Flou ass. Dat misst an deene verschiddene Kommissiounen diskutéiert ginn. Et ass gesot ginn, et misst eng Bautekommissioun dobäi sinn. Ech gesinn awer och eng Ëmweltkommissioun dran. A firwat net en Aarbechtsgrupp, fir déi juristesch Formen hierzestellen, wann déi Tax géif agefouert ginn.

Wann een dat alles zesummerechent – déi Zuele kann een dréien a kéieren, wéi ee wëll –, kënnt ee bal op ronn 900 Sozialwunnengen, déi d'Stad Déifferdeng an deenen nächsten dräi bis véier Joer schaaft. Bei 9.306 Stéit zu Déifferdeng, mécht dat bal 10% u Sozialwunnengen, déi mer kréien. Elo kann ee soen, datt den Här Traversini Saache mat den Hoer erbäi zitt. Mä ech mengen, datt dat awer schonn en immens groussen Effort ass, deen d'Stad Déifferdeng mécht. Sief et fir sozial schwaach Leit. Fir Studenten. Fir Réfugiéen. Fir eis eeler Matbierger. Déi Wunnengen op der Place des Alliés sinn och spezifesch fir eeler Matbierger.

ALI RUCKERT (KPL):

Ech fannen, datt d'Stad Déifferdeng am soziale Beräich eng ganz gutt Aarbecht amgaangen ass ze maachen. Mir hunn de Problem erkannt. Mir ginn en och un. Ech wier frou, wann och ganz vill aner Gemenge sech esou géifen engagéiere wéi mir. Déifferdeng kann net alleng d'Problemer vun der Wunnengsnout hei zu Lëtzebuerg léisen. Ech mengen, datt mir als Stad Déifferdeng eise Rôle gutt iwwerhuelen. Mir wäerten deen och nach weider iwwerhuelen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Op alle Fall wäert deen heite Schäfferot zu dësem Zäitpunkt keng eidel Wunnengen oder Terrainen taxéieren. Ech wier fäerdeg. Här Ruckert.

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech hunn elo mat groussem Interessi dem Här Buergermeeschter seng Projeten, déi scho geschaf goufen an déi nach kommen, déi hien hei duergeluecht huet, verfollegt. Ech muss zwar soen, ech zweifelen drun, dass Déifferdeng an absehbarer Zäit 900 Sozialwunnenge kritt. Dat muss ech Iech ganz éierlech soen. Ech mengen, dass dat net stëmme wäert.

Ech ginn Iech d'Zifferen herno ganz gäre mat.

ALI RUCKERT (KPL): Zur Motioun. Déi Motioun fannen ech ganz sympathesch. Mä de Schäfferot geet op en anere Wee. Mir wäerten d'AISK, d'Agence Immobilière Sociale Kordall, weider ënnerstëtzen an ufanks Januar nach eng zousätzlech Persoun astellen. Net nëmme fir um Terrain méi präsent ze sinn, mä fir déi sämtlech Lo-

32

Hei ass gesot ginn, déi Motioun wär „kommunistesch teintéiert“. Ech sinn e frëndleche Mënsch. Dofir hunn ech net haart gelaacht, wéi ech dat héieren hunn. Ech liesen iech einfach e Saz aus där Motioun vir: «Il est établi au profit de la commune d'Esch-sur-Alzette une


8. Interpellation de M. Ali Ruckert taxe communale annuelle spécifique sur certains immeubles bâtis inoccupés et certains terrains à bâtir situés sur son territoire». Dat gouf am Escher Gemengerot de 15. Juni 2012 mat 16 Stëmme géint 1 Stëmm décidéiert. Déi sougenannt „kommunistesch teintéiert Motioun“. Do hat d'CSV derfir gestëmmt. All d'Conseilleren aus der CSV an all d'Conseilleren aus der LSAP haten derfir gestëmmt, souwéi all d'Conseillere vun deene Gréngen. Just d'DP net. Ech froe mech, wat do kommunistesch teintéiert ass. Et sief dann, d'CSV hätt sech esou gewandelt. Dat géif ech dann natierlech ausdrécklech begréissen. Et ass gesot ginn, d'Grondiddi vun esou enger Tax wär luewenswäert. Mä d'Realitéit ass déi: De Schäfferot an d'Majoritéit wëllen net op de Wee goen, eng Tax anzeféieren, fir d'Spekulatioun ze bekämpfen. Dat ass d'Realitéit. Dat muss een esou soen. Da ginn all méiglech Virwänn ausgebreet, fir dat net ze maachen. Et hätt een einfach kënnte soen: „Mir wëllen dat net“. Da wier d'Saach kloer gewiescht. Da kënnten d'Leit gesinn, dass de Schäfferot net méi wäit goe wëll. Sécher ass et eng ganz luewenswäert Aarbecht – dat war och gesot ginn –, déi d'Agence Immobilière Sociale Kordall scho säit iwwert ee Joer mécht. Op alle Fall beméit se sech, dass dat gutt leeft. Mä et muss een dobäi soen, dass déi Agence bis dato an deene véier Gemenge ganz genau 24 Wunnenge verwalt. Op véier Gemengen! Wa mer dat fir d'Gemeng Déifferdeng kucken, brauche mer honnert Joer bis mer erreechen, dass déi Haiser net méi eidel stinn, wann déi Agence sech dorëms këmmert. Dat ass also ganz onrealistesch, obschonn et eng gutt Initiativ ass. All déi Projeten, déi den Här Buergermeeschter genannt huet, zweifelen ech net u bis eben op d'Tatsaach, dass et net esou vill Sozialwunnenge sinn. Mä domat gëtt de Wunnengsproblem zu Déifferdeng och net geléist. Ech bleiwen derbäi, dass ee just iwwert esou eng Tax méi séier weiderkënnt, fir d'Spekulatioun um Wunnengsbau an

um Bauterrain iwwerhaapt ewechzekréien a fir de Leit méi séier iwwert dee Wee eng Wunneng ze beschafen. Dofir wäert ech natierlech meng Motioun bäibehalen an hätt gär, dass driwwer ofgestëmmt gëtt. Et ass kloer, dass déi Kolleegen, déi hei am Gemengerot sëtzen, géint d'Beschlëss stëmmen, déi hir Parteikolleegen zu Esch geholl hunn. Ech soen Iech Merci.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): D'Ëmfeld ass vläicht anescht.

ALI RUCKERT (KPL): D'Ëmfeld zu Esch ass genau d'selwecht wéi zu Déifferdeng oder an anere Südgemengen, wat d'Wunnengen ugeet, déi eidel stinn. Ech hat gesot, bei der Volkszählung 2011, gouf festgestallt, datt iwwer 400 Gebaier eidel stéingen. An der Tëschenzäit – laut mengen Informatiounen – sinn et der souguer nach méi. An net manner. Déi sozial Situatioune fënnt een och an anere Südgemengen erëm, ënner anerem zu Esch oder Diddeleng, déi vergläichbar mat Déifferdeng sinn. Zum Beispill, d'RMG-Bezéier oder déi niddreg Akommessen. Et kann een dat esou an d'Welt setzen a behaapten, d'Situatioun wär net d'selwecht. Dach, se ass d'selwecht. Wat besonnesch ze bedaueren ass, ass, datt an der Vergaangenheet zu kengem Moment Bestriewunge geholl goufen, iwwerhaapt emol e Kadaster opzestelle vun eidele Wunnengen a Bauterrainen. Dat ass bis haut net geschitt. An Dir hutt och nach net gesot, Dir géift et maachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dach, hat ech gesot.

ALI RUCKERT (KPL): Ech hunn net héieren, dass e Kadaster komme sollt. Ech halen déi Motioun awer oprecht.

33

ALI RUCKERT (KPL) a failli éclater de rire lorsqu’il a entendu que la motion était teintée de communisme. Le conseil communal d’Esch-sur-Alzette a approuvé une telle taxe le 15 juin 2012 par 16 voix oui et 1 voix non. Tous les conseillers du CSV, du LSAP et de déi gréng ont voté oui. Seul le DP a voté non. Ali Ruckert ne comprend donc pas où est le communisme, à moins que les chrétiens sociaux n’aient évolué. La majorité a beau dire que l’idée d’une taxe est louable. La vérité est qu’elle ne veut pas lutter contre la spéculation. Inutile de chercher des excuses. Il aurait suffi de dire non. Cela aurait été plus transparent. L’Agence immobilière sociale réalise du bon travail. Mais elle ne gère que 24 appartements dans 4 communes. En extrapolant, il faudrait cent ans pour résoudre le problème à Differdange. Croire que l’AISK est la solution est irréaliste. Ali Ruckert ne met pas en doute les chiffres avancés par le bourgmestre concernant la construction de logements. Mais il ne croit pas qu’il y aura autant de logements sociaux. Il estime en outre qu’une taxe permettrait d’aller plus vite dans la lutte contre la spéculation. C’est pourquoi il maintiendra sa motion et souhaite qu’elle soit soumise au vote. Les conseillers communaux de Differdange voteront donc différemment des membres de leurs partis à Esch-sur-Alzette. TOM ULVELING (CSV) répond que le cadre est peut-être différent. ALI RUCKERT (KPL) réplique que non. En 2011, 400 habitations étaient vides à Differdange. Aujourd’hui, il y en a probablement plus. La situation est semblable dans les autres communes du sud, comme Esch-sur-Alzette ou Dudelange. Inutile de prétendre autre chose. Ce qui est regrettable, c’est qu’à aucun moment, les collèges échevinaux précédents n’ont essayé d’établir un cadastre des habitations vides et des terrains inutilisés. Et M. Traversini n’a toujours pas confirmé qu’il le ferait.


8. Interpellation de M. Ali Ruckert ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond qu’il l’a fait.

ALI RUCKERT (KPL) ne l’a pas entendu confirmer un cadastre. Il maintiendra sa motion. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise que l’AISK gère 51 maisons, donc 31 sont sous-louées. Ce matin, il a signé deux nouveaux contrats. Le collège échevinal a décidé d’emprunter une voie différente de celle d’Esch-sur-Alzette, car il pense pouvoir convaincre les propriétaires. Certains ont peur de retrouver leur bien en mauvais état ou bien de ne pas percevoir de loyer. Ils préfèrent donc renoncer à quelques centaines d’euros en passant par l’AISK. Le collège échevinal pourrait approuver cette taxe. Mais il faudrait résoudre les problèmes juridiques. Que se passerait-il si les gens refusaient de payer? Roberto Traversini demande du temps à M. Ruckert. Si effectivement il y a des gens possédant plusieurs maisons vides ou des hectares de terrain, une telle taxe deviendrait nécessaire. Mais cela ne signifierait toujours pas une baisse des prix.

TOM ULVELING (CSV) prévoit au contraire une augmentation. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) pense que les promoteurs répercuteront la taxe sur les prix au m2. Il propose d’en discuter dans les commissions. Il est convaincu qu’une telle taxe n’est pas légale. En plus, il faudrait veiller à ne viser que les vrais spéculateurs. Si les autres mesures ne fonctionnaient pas, Roberto Traversini ne verrait pas d’inconvénient à discuter de nouveau d’une taxe.

ALI RUCKERT (KPL) ne comprend pas de quel flou juridique le bourgmestre parle. Le pacte logement autorise une telle taxe. GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) demande à M. Ruckert s’il connait le montant qu’Esch-sur-Alzette a perçu.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Ech wëll just zwou oder dräi Saache richtegstellen. Well esou schnell kann et goen: am Moment sinn 51 Haiser an der AISK an dovunner 31 ënner Kontrakt. De Moien hunn ech der nach zwee ënnerschriwwen. Dofir ass dat, wat den Här Hobscheit gesot huet, wichteg. Datt een zwee oder dräimol am Joer mat deene Chifferen an de Gemengerot kënnt.

E Promoteur, deen eng Tax muss bezuelen, verrechent dat herno erëm op de Meter-carrés-Präis.

Mir décidéieren op en anere Wee ze goe wéi d'Stad Esch, well mer der Meenung sinn, datt mer d'Leit dozou kréien, hir eidel Saachen op de Marché ze ginn. Dir kënnt vläicht mengen, dat wär naiv vun dësem Schäfferot. Mä ech sinn iwwerzeegt, datt dat dee richtege Wee ass. Wann d'Leit keng Angscht méi hunn, déi se hunn, well se vläicht Haiser oder Appartementer verlount haten, déi se herno an engem desolaten Zoustand zréckkruten oder de Loyer net era kruten, si se eventuell bereet, op 100, 200 oder 300 Euro ze verzichten an domat awer anere Leit ze hëllefen. Ech mengen, mer wäerten déi meescht Proprietairen iwwerzeegt kréien. Mir kënnten déi Taxe stëmmen. Dat wär jo ganz flott fir eise Koalitiounspartner a fir eis alleguerten. Ech sinn awer nach ëmmer der Meenung, datt dat juristesch net geet. Huele mer un, mir géifen esou eng Tax aféieren an d'Leit wéilten net bezuelen a géifen nach Recht um Geriicht kréien. Dofir, loosst eis dat a Rou kucken. Kommt mir ginn op deen heite Wee. A wann et wierklech Leit gëtt, déi absichtlech 10, 20 oder 30 Haiser – well där gëtt et – eidel stoe loossen oder Hektaren an Terraine leie loossen, solle mer dat maachen. Mir sollen awer net mengen, datt d'Terrainen domadder géife méi bëlleg ginn.

Dofir, kommt mir huelen dat mat an eis Kommissiounen an diskutéieren doriwwer. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass dat juristesch net geet. Op alle Fall wann, muss alles esou gemaach ginn, datt een déi richteg grouss Spekulanten an d'Viséier hëlt an net déi kleng Spekulanten, déi just hire Gaart respektiv een oder zwee Bauterrainen hunn, oder dat eent oder anert Appartement fir hir Kanner oder fir Ierfschaften halen. Wa mer et net fäerdeg bréngen, hunn ech – a mengem perséinlechen Numm – absolutt kee Problem iwwer Taxen ze schwätzen, wann dat natierlech op séchere juristesche Féiss steet an eng Stad dat maachen däerf. Jo, Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, ech weess net, wou Der op eemol op dee juristesche Flou do kommt. Déi Tax ass méiglech duerch de Pacte Logement.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Wivill huet Esch der dann agezunn?

ALI RUCKERT (KPL): Ech weess et net. Kënnt Dir mir dat vläicht soen?

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Esou vill.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): ALI RUCKERT (KPL): Déi gi méi deier. Da läit dat un der Gemeng Esch.

ALI RUCKERT (KPL) répond que non.

34


8. Interpellation de M. Ali Ruckert SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Nee.

ALI RUCKERT (KPL): De Pacte Logement gëtt eis d'Méiglechkeet, esou eng Tax ze schafen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat wëll awer net heeschen, datt dat juristesch op séchere Féiss ass.

ALI RUCKERT (KPL): De Pacte Logement ass en existenziellt Gesetz, wat vu kengem Mënsch bezweifelt gëtt. Also kann ee sech dorop beruffen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech wollt nach eng Kéier eppes kloerstellen an ech ginn net midd, dat hei säit zéng Joer ze widderhuelen: e PAG soll eis weisen, wou déi Terraine sinn, ënner wat fir engem Besëtz, dass se sinn, ob se an der Hand vu sougenannte Spekulante sinn, ob et Terraine sinn, déi mer halen oder aus dem Perimeter eraus huelen, an esou weider. Eng Bestandsopnahm iwwert d'Terraine musse mer endlech kréien. Wa mer déi hunn an et wär iergendwou e Blocage, kënnt een un eng Tax denken.

ALI RUCKERT (KPL) suppose que c’est dû à la commune, car le pacte logement autorise une telle taxe. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rétorque que d’un point de vue juridique, ce n’est pas certain.

ALI RUCKERT (KPL) insiste que personne ne remet en cause le pacte logement. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Ech denken och, dass d'Situatioun iwwerall déiselwecht ass. Mä eppes ass fir mech immens wichteg an eiser ëmmer méi enk zesummegebauter Stad: Net eppes ze provozéieren, wat mer net wëllen. Nämlech, dass nach méi zougebaut gëtt a méi séier zougebaut gëtt, wéi et eis léif ass. Dat ass meng Stellungnahm dozou.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Da géife mer elo zum Vote kommen.

Här Ruckert, ech hunn dat nogefrot. Ech hu kee Problem, an der Kommissioun mat Juristen driwwer ze diskutéieren. Menger Meenung no steet dat op wacklege Féiss. Eng Buergermeeschtesch an e Buergermeeschter sote mer, dat wär net evident.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) lui montre un zéro.

Le conseil communal décide avec 1 voix oui et 15 voix non de rejeter la motion de M. Ali Ruckert (KPL) portant sur la construction de logements dans la Ville de Differdange.

réplique qu’il en a discuté avec deux bourgmestres. Il ne voit pas d’inconvénient à s’informer auprès de juristes au sein d’une commission. En tout cas, une taxe n’est pas exclue à l’avenir.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) répète depuis dix ans que le PAG doit servir à mettre en évidence les terrains aux mains des spéculateurs. Il faut un état des lieux. À ce moment-là, le conseil communal verra si une taxe est nécessaire. Fränz Schwachtgen pense que la situation est identique partout. Mais il faut aussi penser aux conséquences de certaines décisions: personne ne veut d’une ville complètement bétonnée. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) Mä eng Tax ass net ganz vum Dësch. Dat gesi mer dann. Jo, Här Schwachtgen.

Ech soen der Press Merci fir d'Kommen. D'Presentatioun vum Budget ass de 4. Dezember 2015 um aacht Auer moies.

35

remercie la presse. Il annonce la présentation du budget le 4 décembre à 8 h.


ÉTAT CIVIL – NAISSANCES MEIRA AZEVEDO Anthoni ZAKHAROV JEFIMOVS Richard POMANTE Liam Charlie Ben DE OLIVEIRA MARTINS Joy Deolinda DINIZ PINA Lorenzo MATOS MARTINS Luka BAKIJA Usame LOPES Bryan Alessandro MEYER Hailey Hope BONADIMAN Neo Andrea DIAS Thomas DA SILVA SOUTO Davide Mathias MARTINS DELGADO Deyvan Alexis DOS SANTOS GONCALVES Dinis VON ARx Tabea MANCO Eliyah Raffaele SANTANA GARCIA Kauã Lucca PELLITTERIE Savio DA SILVA AFONSO Nuria RUPPERT Tyler Dane GLESENER Sam REUTER WAGNER Lenny ACER Ilhan MASI LÉONARD Elena SHKURENKO Mark DOS SANTOS FERNANDES Lyanna MILANO Kenzo JUNIUS Malo TEQUI Constance Marie Alice LOCOROTONDO Matteo AJDARPASIC Ilma SCHMIT RIBEIRO DA SILVA Laura Marie JESUS ALBARINO Gabriel Quirino CAMILO TEIxEIRA Yann SIMõES REBOREDO Iara WEYRICH Leia KURTOVIC Medina CORREIA LOPES Yara PARISOT Theo VALE DA SILVA Gabriel SKRIJELJ Emin ROBALO MONIZ Emilie

Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Luxembourg Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette Luxembourg Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette

36

01.09.2015 01.09.2015 01.09.2015 02.09.2015 02.09.2015 02.09.2015 03.09.2015 04.09.2015 08.09.2015 10.09.2015 11.09.2015 12.09.2015 14.09.2015 18.09.2015 20.09.2015 20.09.2015 22.09.2015 22.09.2015 25.09.2015 25.09.2015 26.09.2015 26.09.2015 29.09.2015 29.09.2015 29.09.2015 30.09.2015 05.10.2015 08.10.2015 08.10.2015 08.10.2015 12.10.2015 13.10.2015 17.10.2015 18.10.2015 19.10.2015 20.10.2015 23.10.2015 24.10.2015 25.10.2015 26.10.2015 27.10.2015 27.10.2015


ÉTAT CIVIL – MARIAGES PONCELET Nadia & REUTER Pascale Carole Léonie VALLENDER Ken & MESKENS Aude Christelle Noémie CRUZ DANTAS VILELA Mikael Mohamed & FERREIRA DA SILVA Anabela NURKOVIC Emir & SKRIJELJ Anisa PESCAROLO Sven William Stéphane & WICTOR Carole BOTERBERGE Gérard Mathias & DUMONT Marguerite RULOT Eric Jean François & CROCIANI Sabrina BRITO GOMES DA GARCA Júlio César & SANTO MONTEIRO Sandra Helena DESIRONT Christian & VIEGAS FIEL Angie Marie SALCICCIA Joseph Fernand & BIVER Nathalie CLEMENT Laurent & MEIER Laura FERREIRA DOS SANTOS Fábio Alexandre & FERNANDES CERQUEIRA Soraia Patrícia STROTZ Gilles Roby Jean & FABIAN Cristina RUSCITTI Germain Reiner & RAAB Monique MAZZETTO Pier Paolo & VINCI Laura SCHREDER Alain & PINTO Ana Maria SEYLER Georges Bernard Edouard Alfred & JADIN Gabrielle

37

04.09.2015 04.09.2015 12.09.2015 15.09.2015 18.09.2015 25.09.2015 25.09.2015 09.10.2015 09.10.2015 09.10.2015 16.10.2015 16.10.2015 17.10.2015 17.10.2015 17.10.2015 17.10.2015 23.10.2015


ÉTAT CIVIL – DÉCÈS TINOR Luigino, ép. de GAUB Marie-Louise Marcelle BERREND Jean Pierre, ép. de COLOMBARI Catherine BIEL Joseph Jean, ép. de GIAMPELLEGRINI Rita Claire SCHENAL Marie Eugénie, ép. de HOLZ Mathias

Esch-sur-Alzette Luxembourg Luxembourg Niederkorn

01.09.2015 04.09.2015 07.09.2015 14.09.2015

SCHAAL Robert, vf de CLEES Albertine HILGER François WEILER Eugénie, célibataire REIMBERGER Colette Germaine, vve THILMANY Charles MICELI Luca BERTEMES Pierre, célibataire MANAZZON Irène Marcelle, vve CARMEVALE Berardino STEICHEN Anne Eugénie, vve SCHAUS Antoine Nicolas Albert VO Hung Anh, ép. de VO Thi Kim Nhung BRANDENBURGER Jean Paul, ép. de WISELER Jacqueline Hélène PACCHIANA Marguerite Marie, ép. de POLLARINI Celestino Gino WELTER Arlette Josette Augustine, vve LANG Jules Nicolas FISCHBACH Léonie, ép. de BLESER Léon Joseph RICCI Maria, vve de PASSETTI Antonio SCHAAL Margot, vve de MASSON Lucien Jean-Pierre Nicolas FISCH Marguerite Laure, ép. VOLZ Charles Pierre ELS Georges Michel, ép. de KLEIN Marguerite Anne POTH Marie, vve de SCHMITT Henri Nicolas DA SILVA Lindoro, ép. de FERREIRA SOFIA Maria da Conceição KEIPES Marie Léonie

Niederkorn Niederkorn Differdange Differdange Niederkorn Luxembourg Differdange Niederkorn Stavelot (B) Luxembourg Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette Luxembourg Oberkorn Niederkorn Esch-sur-Alzette Esch-sur-Alzette Oberkorn Esch-sur-Alzette Luxembourg

14.09.2015 14.09.2015 18.09.2015 19.09.2015 20.09.2015 21.09.2015 25.09.2015 02.10.2015 05.10.2015 09.10.2015 09.10.2015 09.10.2015 15.10.2015 17.10.2015 18.10.2015 19.10.2015 21.10.2015 22.10.2015 23.10.2015 25.10.2015

38


LOCATION DE VÉLOS Depuis quelques semaines, la Ville de Differdange met à disposition de ses habitants des vélos traditionnels et des vélos électriques en location avec lesquels se déplacer dans le sud du pays dans le cadre du système Vël’OK avec les communes de Bettembourg, Dudelange, Eschsur-Alzette, Sanem et Schifflange.

Vël’OK, qu’est-ce que c’est? Vël’OK est un système de location de vélos. 250 vélos traditionnels et électriques sont mis à disposition de la population 24 h/24 et 7jours sur 7 dans les six communes participant au projet.

Combien coute Vël’OK? L’utilisation des vélos est gratuite.

Sur place, il faudra remplir un formulaire et autoriser un prélèvement de 150 euros sur le compte bancaire. Cette somme n’est pas débitée du compte, mais sert de garantie au cas où le vélo n’est pas rendu.

Et une fois inscrit? Une fois inscrit, l’utilisateur pourra se rendre à une station de son choix dans une des six communes partenaires et prendre un vélo. Le vélo se libère lorsqu’on pose la mKaart sur la borne. Pour rendre le vélo, il faudra le ramener à une des stations et le replacer dans la glissière de la borne.

Combien de temps peut-on garder un vélo? Le temps de location est limité à deux heures.

Où se trouvent les stations de vélos? Pour le moment, Differdange compte quatre stations de location situées dans l’avenue de la Liberté, à l’hôtel de ville, à Aquasud et au centre de créativité 1535 °C.

Y a-t-il des conditions?

Faut-il s’inscrire?

Et pour plus d’infos?

Oui. Pour pouvoir emprunter un vélo, il faut s’inscrire à un des points de souscription. À Differdange, il faut se présenter à l’hôtel de ville muni d’une pièce d’identité, d’une carte bancaire et d’une mKaart le cas échéant. La mKaart est une carte à puce rechargeable permettant d’utiliser les transports publics luxembourgeois. Elle est disponible gratuitement au Biergeramt.

Pour tout connaitre du projet et consulter l’emplacement exact des bornes à vélo dans les six communes partenaires, rendez-vous sur www.velok.agadev.net. Une ligne d’assistance téléphonique est disponible au 8006 2456. Application pour smartphone.

Il faut avoir 14 ans au moins. L’utilisateur est responsable du vélo jusqu’à ce qu’il le rende.


CENTRE CULTUREL RÉGIONAL

jouer communiquer vibrer rêver bouquiner

12. Januar 2016 | 20H00 | 25 EUROS +352 58 77 1-1900 | info@stadhaus.lu Vorverkauf: www.ticket-regional.lu www.luxembourg-ticket.lu

WWW.STADHAUS.LU

Centre culturel régional «Aalt Stadhaus» Differdange / 38, av. Charlotte / L-4530 Differdange / 58 77 1-1900

InfoBlat °05 15  

Den Analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng Gemengerotssitzunge vum 11. November 2015