5. Actes et conventions ALI RUCKERT (KPL) répète que le KPL soutient ce projet. Il se demande cependant si l’on n’aurait pas pu trouver un autre site que la place du Marché. Il voudrait qu’à l’avenir, les conseillers communaux soient informés à temps de l’avancée du projet. Cette fois-ci, d’autres étaient au courant depuis des mois. MARCEL MEISCH (DP) revient sur les reproches de M. Traversini. Le DP compte sept conseillers communaux, qui n’étaient pas au courant du projet. En plus, ce n’est pas aux démocrates de poser des questions au collège échevinal, mais à celui-ci d’informer le conseil communal. Les démocrates ne peuvent pas approuver ce contrat dont ils ne savent rien. Il est juste qu’ils s’abstiennent. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rétorque que M. Meisch peut faire ce qu’il veut. Mais il ne peut pas reprocher au collège échevinal de ne pas innover et de ne pas vouloir dynamiser la place du Marché. Le collège échevinal veut louer le bâtiment. M. Meisch peut prendre le projet comme excuse, mais aujourd’hui, il est uniquement question de la location. Par conséquent, si les démocrates s’abstiennent, cela signifie qu’ils ne veulent pas que la commune loue le Petit Casino. Dans ces conditions, le DP ferait bien d’arrêter d’écrire que le collège échevinal n’innove pas et qu’il laisse mourir la place du Marché. Le collège échevinal est en train de développer un projet, mais le DP ne veut pas que la commune loue le bâtiment. (Interruption) Roberto Traversini répond que ce n’est pas à lui qu’il faut dire cela.
FRED BERTINELLI (LSAP) suppose que tout le monde n’a pas compris de quoi il s’agit. Aujourd’hui, le vote porte sur la location du bâtiment. C’est du gagnant-gagnant pour la commune et les commerçants. Or le DP a toujours demandé que les commerces restent dans le centre à la place de bureaux. Fred Bertinelli souhaite cependant apporter quelques précisions. Le collège échevinal disposait d’une
ALI RUCKERT (KPL): Da muss natierlech och séchergestallt ginn, dass wann dee Projet, wann déi Societéit geschaaft gëtt, dass d'Gemeng decidéiert, wat do geschitt. An dass net op eemol do Privater dann d'Soen iwwert dee Wee hunn, …
BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et gëtt e Verwaltungsrot.
ALI RUCKERT (KPL): … oder indirekt do mat kënne schwätzen. Wéi gesot, als Kommunistesch Partei ënnerstëtze mer dat prinzipiell, dass mer op dee Wee ginn. Et hätt ee sech natierlech och kéinten iwwerleeën, ob do net aner Plaze gënschteg wären, fir esou e Projet ze realiséieren an net onbedéngt d'Maartplaz. Mä dat ass eng aner Diskussioun. Mä ech géif awer wënschen, dass wann do weider Schrëtt kommen, dass am Gemengerot awer matzäit driwwer diskutéiert gëtt. Dass ee sech och seng Gedanke ka maachen an net just e puer Deeg virdrun, wann anerer scho méintelaang wëssen, wat do lass ass.
BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Här Meisch, w.e.gl.
MARCEL MEISCH (DP): Ech wollt just ganz kuerz eppes zu deem soen, wat Dir eis am Fong geholl virgeheit, Här Buergermeeschter. Mir sinn hei eng Fraktioun vu siwe Leit. A wa siwe Leit näischt dovu gewuer ginn, wat hannenerëm geschwat gëtt a wat do gemaach gëtt, dann deet et mer leed. Dir sot: Dir kënnt jo froe kommen. Neen, bei esou Projete wéi dat do, fannen ech, datt et einfach un Iech ass, fir un d'Demokratesch Partei erunzegoen a fir hir Meenung ze froen. Dir kënnt net vun eis haut hei verlaangen, datt mir dat do positiv begutachten, wat mer elo just hei gezielt kritt hunn. Mir mussen dat do och vis-à-vis vun eise Leit kënne vertrieden. Mir
58
hunn näischt géint de Kontrakt, datt Dir dat lount, mä mir hätten dat anert misste gewuer ginn. An dofir fannen ech et ganz richteg, datt mir eis enthalen.
BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mat der Enthalung maacht Dir natierlech, wéi Der wëllt. Mä Dir kënnt op alle Fall deem heite Schäfferot net méi virwerfen, datt mer net innovativ wieren, datt mer d'Maartplaz net wëllen erëm beliewen. Dat kënnt Der eis op alle Fall net virwerfen. An Dir kënnt eis och net virwerfen, datt mer net reagéieren. Och wa mer deen heite Projet net gemaach hätten, wäre mer awer der Mee nung, datt mer dat als Gemeng musse lounen. Dir kënnt Iech natierlech hannert deem Projet verstoppen. Mä haut geet et jo just drëm, fir dat Gebai ze lounen. Dee Projet hannendrun, do gëtt herno gekuckt, wéi mer et maachen, datt d'Gemeng net ze vill Onkäschten huet, fir en Hotel ze bedreiwen. Hei geet et just ëm e Kontrakt, fir dat dote kënnen ze lounen. Net méi an net manner. Wann Dir Iech haut enthaalt, da sidd Dir der Meenung, datt d'Gemeng dat net soll lounen. Ech hunn Iech erkläert, wat mer nach wëllen hannendru maachen. Mä kënnt Der awer dann, wann ech gelift, ophale mat schreiwen, mir wieren net innovativ a mir géifen d'Maartplaz ausstierwe loossen. Hei ass d'Gemeng am Gaangen, dee Bail ze huelen. Mir kucken, fir eppes Sënnvolles dorausser kënnen ze maachen. Dir kënnt natierlech soen, Dir wëllt net, datt d'Gemeng dat lount. Dat ass jo Äert gutt Recht. (Ënnerbriechung)
BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dir musst de Leit dat erklären, net ech. Här Bertinelli, w.e.gl.
SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Ech mengen, et si verschidde Saachen e