InfoBlat °04 15

Page 40

Lommelshaff liales de Differdange. Cela aussi contribue à protéger, entre autres, le patrimoine. Le collège échevinal dispose d’un dossier de près de 400 pages avec les bâtiments qu’il veut protéger. Il en sera question dans les commissions et au sein du conseil communal. La Ville de Differdange a sa part de responsabilité dans ce qui s’est passé. Dès 2008 ou 2009, il était clair qu’il fallait conserver la maison et les arbres. Le projet aurait dû être entamé à ce moment-là. Mais au fil du temps, des discussions ont vu le jour pour savoir s’il ne valait pas mieux construire des logements pour étudiants, des logements accompagnés, etc. Quelqu’un a demandé pourquoi la commune n’a pas acheté la ferme. Elle a été acquise pour 1,5 million d’euros. Le prix inclut les actes et tous les frais. (Interruption) Roberto Traversini constate qu’il y a une erreur dans le dossier. Le prix se monte bien à 1,5 million d’euros. Le bourgmestre ne dispose pas d’autres chiffres. L’année dernière, le collège échevinal a fait une offre d’acquisition au promoteur se montant à 1,75 million, soit 1,5 million plus les actes et les investissements effectués. Le promoteur a répondu qu’il voulait 2,65 millions d’euros. Cela aurait représenté une plus-value de plus d’un million d’euros en cinq ans. Moralement, c’était inacceptable. Le promoteur a dit alors qu’il réaliserait un nouveau projet. Celui-ci a été présenté au collège échevinal et Roberto Traversini en a été satisfait. Mais pendant les grandes vacances, le collège échevinal a reçu la lettre du ministre. Voilà pour l’historique. Il est vrai que le promoteur a pris des risques, mais la Ville de Differdange a une part de responsabilité dans les retards. La ministre n’a pas demandé au conseil communal de prendre une décision quant au classement, mais de soumettre un avis.

ALI RUCKERT (KPL) interrompt le bourgmestre à deux reprises.

aneren, fir de Patrimoine ze halen, awer net nëmmen de Patrimoine. Mir hunn en Dossier vun 300 bis 400 Säite vun deem, wat mer wëllen halen. Sief et d'Fassaden, de Gabarit, de Volumen… Mä doriwwer muss nach heibannen an och mat de Kommissiounen diskutéiert ginn. Déi wäerten nach stattfannen. Et ass wouer, datt mir als Stad Déifferdeng – dat wëll ech awer soen – en Deel mat verantwortlech sinn, datt et sech esou laang gezunn huet. Am éischte Projet waren Alterswunnenge virgesinn, wat am Fong scho gestëmmt war. 2008 oder 2009 war ganz kloer, datt d'Eefamilljenhaus an déi zwee Beem sollte stoe bleiwen. Dat war du gestëmmt ginn. Do hätt kënnten direkt ugefaange ginn. An där Meenung war a sinn ech nach ëmmer, datt een dat och soll esou weiderféieren. Am Laf vun der Zäit koum et dann ëmmer erëm zu Diskussioune mam Promoteur zesummen, ënner anerem: Ass dat vläicht net besser; da brauch een net esou vill Parkplazen; do brauch ee keng Parkplazen; ass betreit Wunne vläicht méi wichteg wéi Studentewunnengen? Bis mer zesummen décidéiert haten, fir Studentewunnengen ze maachen. Mä et gouf a kengem Moment – op jidde Fall net, wou ech perséinlech dobäi war – iwwert de Präis vum Terrain geschwat. Hei war d'Fro gestallt ginn, firwat mer deen Haff net kaf hunn. Ech kann iech dat ganz einfach soen. Dat Haus ass fir 1,5 Milliounen Euro kaf ginn. Dat hunn eis Servicer beim Notaire nogefrot, well ech ëmmer de Chiffer vun 1,7 Milliounen Euro gesot krut. Dat Haus ass fir 1,5 Millioune kaf ginn. Natierlech mat Akten an allen anere Käschten, déi domadder verbonne sinn.

Effektiv hate mer d'lescht Joer am Mee eng Propos gemaach, fir de Lommel ze kafen. Eis Propos war dee Moment 1.750.000 Euro. Well 1,5 Millioune plus d'Aktekäschten plus wat schonn investéiert war, war fir eis e räsonabele Präis. Du krute mer e Bréif vum Promoteur, hie wéilt 2.650.000 Euro. Domat ware mir awer net averstanen, fir engem Promoteur iwwer eng Millioun méi ze gi wéi den Akafspräis vu viru fënnef Joer. Dat konnt ech net acceptéieren. Moralesch hätt ech et souwisou net fäerdeg bruecht, datt een an esou enger kuerzer Zäit eng Plus-value op en Terrain mécht. Dat hate mir dem Promoteur esou matgedeelt. Doropshi sot hien, da maache mir en neie Projet draus. Esou war et gaangen. De Promoteur huet eis elo deen neie Projet virgestallt. An ech muss soen, en ass net schlecht. Am grousse Ganzen ass et eng Opwäertung vum Quartier. Mir hu gesot, mir géifen eis zesummesetzen a matenee schwätzen, wat mer vun deem neie Projet hale géifen. Dertëschent koum an der Vakanz dee Bréif vun der Ministesch, fir dat Ganzt ze klasséieren. Dat ass dee genauen Historique, wat bis elo geschitt ass. Mir sinn der Meenung, datt d'Gemeng deelweis mat dru schold ass, datt et sech esou verzunn huet. Quitte datt de Promoteur e gewëssent Risiko ageet. Dat ass ganz richteg. Mä mir sinn awer och en Deel mat verantwortlech. Een Deel vum Problem konnte mer net léisen. Ech hunn iech jo gesot firwat. D'Ministesch huet net ëm e Vote Jo oder Nee gefrot, mä ëm en Avis. An am Dossier op der Säit 2 – den drëttleschten Abschnitt – steet eisen Avis, dee mir bäigeluecht hunn an iwwert dee mer ofstëmmen. Ech verstinn awer ...

(Interruptioun)

ALI RUCKERT (KPL): 1,5 Milliounen. Am Dossier ass e Feeler. Do steet 500.000 Euro. Dat muss 1,5 Millioune sinn. Den Akafspräis war 1,5 Milliounen Euro. An dir kënnt jo alles noliesen, wat bis elo geschitt ass. Dir kënnt vun deene Chifferen halen, wat der wëllt. Et sinn op alle Fall déi Chifferen, déi mer kritt hunn.

40

Dat steet net am Bréif.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech verstinn awer…


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.