InfoBlat °03 15

Page 60

pas pu retrouver le propriétaire. Il a donc contacté un notaire. Au départ, le collège échevinal souhaitait construire un bassin de rétention sur ce terrain. Mais cela aurait empêché la construction de l’une ou l’autre maison. Comme la commune possède le terrain autour depuis plus de 30 ans et que le propriétaire des cinq ares ne peut pas être trouvé, le notaire a décidé que la commune pouvait en prendre possession. Le bourgmestre demande au conseil communal d’approuver l’acte. Le terrain sera revendu à la Société nationale des habitations bon marché. (Vote) Roberto Traversini passe à un point au sujet duquel il doit remercier la société Cofely, qui gère le centre de recyclage. Le centre de recyclage est destiné à déménager, éventuellement à Niederkorn ou derrière Kronospan. Mais il manque encore certaines autorisations. Le collège échevinal souhaite trouver une solution le plus vite possible. Un centre de recyclage n’a rien à faire près d’habitations. En plus, le site actuel accueillera le lycée européen et l’école primaire. Le contrat avec la société Cofely fixait le préavis à six mois. M. Bertinelli et M. Liesch ont entamé des négociations et ont obtenu que le contrat soit résilié dès que la commune trouvera un nouveau site. Bien entendu, Cofely pourra participer au prochain appel d’offres. Le préavis est passé de six à trois mois.

de Proprietaire ze fannen. Mir waren zréck bis an d‘Joer 1800 an eppes, mä kee Proprietaire fonnt. Do hu mer eis mat engem Notaire zesummegesat, fir eng Léisung ze fannen. Well mer awer dann net drop baue wollten, e Kanal leeën oder soss eppes drop setzen, wann den Terrain eis net gehéiert. Eis Iddi war am Ufank, de Rétentiounsbecken drop ze setzen. Mä dann hätte mer dat eent oder dat anert Haus net baue kënnen, well den Opfaangbaseng net um déifste Punkt gewiescht wier. Do hu mer mam Notaire geschwat. En hat eis gefrot, wéi laang d‘Stad Déifferdeng scho Proprietaire vun dem Terrain ronderëm wier a wéi laang mir dat schonn notzen. A vu datt dat wäit iwwer 30 Joer ass, si mer eis du mam Notaire eens ginn, datt d‘Stad Déifferdeng deen Terrain kritt, well mer dee schonn iwwer 30 Joer laang notzen a kee Proprietaire opzedreiwen ass. Dofir hu mer dann och deen Akt hei virleien. Mir géifen emol eng Kéier ganz bëlleg u Bauterrain kommen. Wat mer natierlech och erëm wäerte ganz bëlleg un d‘Sociétéit weiderginn, fir datt bëlleg Wunnenge kënne gebaut ginn. Ech wier natierlech frou, wann der deen Akt hei géift matstëmmen. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l‘unanimité d‘approuver la déclaration de propriété et de prescription acquisitive trentenaire d‘une parcelle de 5,4 ares située à Niederkorn au lieu-dit „Hinterst Lauterbann“.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) constate qu’un appel d’offres sera donc lancé.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui. GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) demande si le parc de recyclage ne pourrait pas être géré directement par la commune ou par un syndicat intercommunal.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique que le collège échevinal s’est informé auprès des communes voisines. Mais elles sont

Elo kënnt eppes, wou ech der Firma Cofely Services Merci soen. Dat ass déi Firma, déi am Recyclingspark schafft. Dir wësst jo, datt mer amgaange sinn, deen op eng aner Plaz ze kréien. Mir hunn awer nach net all d‘Autorisatioune kritt. Et sinn e puer Plazen, déi a Fro kéimen. Zum engen hannert der Kronospan oder eventuell zu Nidderkuer, wou d‘Stad Déifferdeng selwer nach Terrain huet mat verschiddenen Zorten Orchideeën a Päiperleken. Mir sinn nach amgaangen ze kucken, a

60

probéieren esou séier wéi méiglech eng Léisung ze fannen. Zu dësem Zäitpunkt kënne mer nach net soen, wou de Recyclingszenter hikënnt. Mir sinn op alle Fall amgaangen, eng nei Plaz ze sichen, well en do fort muss. Éischtens emol, well e bei den Haiser näischt méi verluer huet. An zweetens ass et ganz kloer, dass den Europalycée och eng Primärschoul kritt an déi Primärschoul natierlech op deemselwechte Site soll sinn. A firwat net do, wou elo de Recyclingszenter ass. Mir mussen elo schnell reagéieren. Mä wann een där Firma kënnege wëll, dauert dat sechs Méint. Dat fanne mir awer ze laang. Den Här Bertinelli an den Här Liesch hu sech dowéinst mat där Firma zesummegesat a mat hinnen ofgemaach, datt mer kënnege kéinten, soubal mer eng Plaz fanne géifen, an esou och d’Ausschreiwunge méi séier virukéimen. Déi Firma war domat averstanen. Dat wonnert mech e bëssen, mä ech fannen et awer gutt. Déi Firma kann natierlech och erëm bei deem neie Concours matmaachen. Dat heescht, de Préavis mat där Firma gëtt vu sechs op dräi Méint erofgesat. Här Diderich, w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Dat heescht, deen neie Recyclingszenter wäert ausgeschriwwe ginn?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Gëtt et keng Iwwerleeungen, dass d‘Gemeng dat selwer géréiert oder e Syndikat sech mat anere Gemengen zesummesetzt? Deemno wou en hikéim, géif et jo Sënn maachen, mat anere Gemengen zesummenzeschaffen.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.