InfoBlat °03 15

Page 45

becht maachen. Duerfir läit et mer och um Häerz, dass mer dat hi kréien. Ech hunn d‘Kannerkommissioun gefrot, sech Gedanken iwwert eng Veräinsfoire ze maachen fir d‘Rentrée 2016. Fir eng Aart Foire ze organiséieren, wou all Veräin, dee wëllt, e Stand hätt a säi Veräin virstelle géif. Wou d‘Léierpersonal souwéi d‘Maison Relaisen op déi Foire komme kënnten. Ech ka mer et net aneschters virstellen. Mer géifen net all Veräin an d‘Schoul oder an d‘Maison Relais kréien. Dat géif e risege Chaos ginn, an et wär net gutt, wann deen een oder deen aneren net kënnt ugeholl ginn. Mä dat heite wär eng Méiglechkeet, wou jiddwereen, dee wéilt, matmaache kënnt. An d‘Kanner géife während der Schoulzäit oder an hirer Fräizäit laanscht goen a sech déi verschidde Veräiner ukucken. Si géifen Erklärunge kréien an — wie weess — sech och vläicht dann direkt sur place aschreiwen. An der Kannerkommissioun si se amgaangen doriwwer nozedenken, hunn ech gesot kritt. An ech hoffen, dass se mer eng Kéier eng Propos maachen, wéi dat kënnt ausgesinn. Dat géif also net dës, mä déi nächst Rentrée, ulafen. Ech fannen där Pist sollt een emol nogoen. Dann ass e puermol hei ronderëm den Dësch d‘Zesummenaarbecht Enseignant/Erzéier ugeschwat ginn. Den nächste Punkt ass de PEP. Dat ass genau deen, deen zumindest emol den Encadrement an d‘Struktur fir déi Zesummenaarbecht gëtt. Dat ass déi eng Saach. Ech gesinn, Dir sidd méi skeptesch. Ech och. De Pabeier an d‘Strukturen alleng sinn et net. Et ass an de Käpp, wou déi Zesummenaarbecht wuesse muss. An do hu mer effektiv nach vill Aarbecht virun eis. Et ass hei gesot ginn: „Dat klappt net iwwerall. Och mam Précoce/Maison Relais“. Ech geheien dat elo an datselwecht Dëppen, well et eigentlech zesumme gehéiert. Déi Zesummenaarbecht ass net nëmmen de Raum. Mir kënnen dee schéinste Raum ariichten. Wann eng Éducatrice oder een Erzéier dat prinzipiell einfach net wëll, kënne mir dat net maachen. Mä ech mengen,

mir hunn awer hei d‘Méiglechkeet, zumindest bei den Erzéier d‘politesch Richtung unzeginn, wou de Gemengerot hi goe wëll. A wann do ee mengt, dat wär guer net seng Richtung, gëtt et och aner Gemengen, wou e ka schaffe goen. Dat soen ech hei ganz däitlech. Beim Léierpersonal hu mer dee Choix net onbedéngt. Da musse mer iwwert déi Aspekter kucken. Wann et wierklech Léierpersonal gëtt, dat esou Saache blockéiert, déi mir awer alleguerte wëllen, musse mer kucken, wéi mer domadder eens ginn. Mä et ass an de Käpp, wou et muss stattfannen. Ech mengen awer, dass mer och déi Hartnäckegst lues a lues dovun iwwerzeegt kréien. Dat ass e laangen an e schwierege Match. Do geet et ëm ganz vill Detailer, wou ee sech dann och herno freet, vu wat een eigentlech zwou Stonne geschwat huet. Mä et ass awer wichteg. An dat hëlt eis ganz vill Zäit. Um Woiwer si mer jo elo scho mat deem Exercice amgaangen. Et ass déi éischte Kéier, dass de Précoce an der Maison Relais ass. Dat ass ganz nei. Dat hate mer bis elo nach ni. Dat war och eng héich Hürd. Si hunn hiert Fest zesumme gemaach. D‘Zesummenaarbecht ass gutt, mä et gëtt awer nach Spannungen. Et gëtt nach Punkten, déi ee verbessere muss. Wéi den Här Ruckert och gesot huet, mir hunn e gutt Konzept, mä et muss een ëmmer erëm dru schaffen. Et muss een ëmmer erëm dru feilen, well dat kee Selbstläufer ass. Et ass wierklech eppes, wou mer permanent Energie dra stieche mussen. Maache mer och. Ech mengen, dass dat leeft. Mä et ass eppes, wat Zäit brauch a wou een net vun uewen erof forcéiere kann. Dat muss vun der Basis wuessen. Da kréie mer dat och ganz sécher hin. Den Här Ruckert hat nach gesot, mer misste méi Offer hunn. Dat ass eng politesch Décisioun. An et ass keng einfach Décisioun. Ech perséinlech sinn der Meenung, dass d‘Elterenhaus nach ëmmer déi beschte Maison Relais ass. Mä wann d‘Kanner soss eleng doheem wären, respektiv keen op se oppasse géif a se guer net encadréiert wären, mä just virum Fernseh sëtze géifen, ass d‘Maison Relais sécher eng

45

boration entre les enseignants et les éducateurs. Le PEP est le document qui offre le cadre et la structure pour cette collaboration. Certains conseillers communaux sont sceptiques. Il est clair que les documents et les structures ne suffisent pas. La collaboration doit se faire dans les têtes et sur ce point, il reste beaucoup de travail. Le collège échevinal peut construire les plus belles salles. Mais si un éducateur ne veut pas travailler avec un enseignant, cela ne sert à rien. Le collège échevinal peut cependant indiquer aux éducateurs dans quelle direction les responsables politiques souhaitent aller. Les éducateurs qui ne sont pas d’accord peuvent aussi choisir une autre commune. En ce qui concerne le personnel enseignant, le collège échevinal a moins le choix. Mais de toute façon, c’est une question de mentalité. Petit à petit, même les plus réticents devraient être convaincus, mais ce sera difficile. Il faut du temps. Au Woiwer, le précoce se trouve dans la maison relais. Cela n’a pas été facile non plus. La collaboration fonctionne, mais il y a des tensions. Comme l’a dit M. Ruckert, le concept est bon, mais peut être amélioré. Georges Liesch est optimiste, mais il sait qu’il ne faut pas forcer les temps. M. Ruckert souhaite développer l’offre des structures d’accueil. Il s’agit d’une décision politique difficile. L’échevin pense que la meilleure maison relais est celle où se trouvent les parents. D’un autre côté, si les enfants sont seuls chez eux devant la télévision, la maison relais constitue une bonne solution. On pourrait aussi inciter les parents à s’occuper de leurs enfants chez eux et à ne les envoyer que ponctuellement à la maison relais pour faciliter le contact avec les autres enfants. Bref, il est difficile de savoir exactement jusqu’où aller. Le «Weltatelier» n’est pas un concept que le collège échevinal veut imposer à tout prix. Mais c’est la voie dans laquelle il souhaite s’engager. Là aussi, il faudra beaucoup de travail pour convaincre les


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.