Agenda Aalt Stadhaus 2021-1

Page 67

ME 19.05.2021 08:30 & 10:15 (séance scolaire)

ERZIELCONCERT

DE RATEFÄNKERT VUN HAMELN GEBRIDDER GRIMM | DAN TANSON

De Ratefänkert vun Hameln ass eng spannend Mëschung aus der originaler Geschicht a live Musek. Den Dan Tanson huet d’Geschicht selbstverständlech an engem zäitgenësseschem Mäntelchen iwwerschafft a ganz vill Situatiounswitz agebaut. Sou kéint Hameln genee esou gutt zu Lëtzebuerg leien a weist och Ähnlechkeete mam lokalpolitesche Colorit op. Esou mécht den Text de Kanner, ma genee esou den Erwuesse vill Spaass… eng richteg flott Familljevirstellung also. An och dem Vincent Biwer seng androcksvoll Illustratioune versprieche vill Genoss a Spannung. Ganz flott ass et och, dass d’Betsy Dentzer als Erzielerin de Juan Carlos Díaz Bueno un der Flütt an d’Louisa Marxen op der Perkussioun fir de Projet gewonne konnt ginn.

Aalt Stadhaus Salle de spectacle

Präis: 12 € Senioren & Jugend: 6 € Kulturpass: 1.50 € Erzielung a Spill: Betsy Dentzer Querflütt: Juan Carlos Díaz Bueno Perkussioun: Louisa Marxe Konzept, Iwwersetzung (L) a Regie: Dan Tanson Illustratiounen: Vincent Biwer Kostümer: Alexandra Lichtenberger Produktioun: Philharmonie Luxembourg Alter: 5 - 10 Joer Sprooch: lëtzebuergesch Dauer: 45 Minutten

67


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.