ënnerwee

Page 3

Vorwort Mam Bus an d’Vakanz ! Méi relax geet et net. Wann et dobausse kal an däischter ass, dreeme vill Leit vun der Sonn. Déi laang Wanterowender sinn ideal fir sech Gedanken iwwert déi nächst Summervakanz ze maachen. Mir hunn eise Summer- an Hierschtkatalog komplett iwwerschafft fir Iech déi verschidden Destinatiounen nach méi iwwersichtlech ze presentéieren. An dësem neie Katalog “ënnerwee” fannt Dir eis eemoleg Busreesen. Zousätzlech dozou, ginn et awer nach verschidde Broschüren, wéi beispillsweis eis Kulturreesen, eis Dagesreesen oder eis “Best Ager” Offer.

Mit der Bahn durch die Schweiz

S. 42

Oxford & Cambridge

S. 46

Et solle jo Leit ginn, déi net esou gär mam Bus fueren, well dat net esou bequem ass ewéi mam Auto. Fuert emol eng Kéier mat eisem Top Class Luxusbus aus eisem Limousineprogramm vun Exective Lane an d’Vakanz, ech garantéieren Iech, dono si Dir iwwerzeegt ! Matt dësem Bus, deen et esou nëmmen eemol op der Welt gëtt, bidde mir zwou kuerz Reesen un, während deenen Dir Iech verwinne loosse kënnt ewéi ee Prënz oder eng Prinzessin. Wann de Kascht gutt ass, ësst ee gär ze vill. Wéi wier et dann do mat enger klenger Vëlostour ? Ideal, wann een dat dann och nach an engem fantastesche Kader maache kann. Eise Choix ass op d’Vallée de la Loire mat senge weltberühmte Schlässer gefall. A wann de Vëlo näischt fir Iech ass, gëtt selbstverständlech och een Alternativprogramm ugebueden. Ganz spannend gëtt et fir eis Technikfans. Gläich e puer Reese stinn hei zur Auswiel. Op elo di Schwäizer Biergbunnen oder de Brenner Basistunnel, sicht Iech einfach äre Favorit eraus. Dir waart nach ni a Skandinavien ? Dann ass elo de Moment fir d’Wikinger kennen ze léieren ! Eis Ekipp huet e sensationelle Programm fir Iech opgestallt : Iwwert Göteborg a Schweden geet et eriwwer a Norwegen, op Lillehammer a Bergen duerch di aussergewéinlech Natur vun de Fjorde bis op Oslo. Geschicht an Traditioun pur erwaarden Iech op eise briteschen Destinatiounen : Stonehenge, Lord- a Grofschaften oder di eelsten Unisstied vun der Welt, Oxford a Cambridge.

Südnorwegen

S. 44 2018 CATALOGUE ENNERWEE Summer an Hiescht.indd 1

Mir freeën eis elo schonn Iech op enger vun eise beléifte Busreese begréissen ze dierfen a wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vun eisem Programm.

Paul Trierweiler Directeur Commercial

05/12/2017 11:23


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.