6 minute read

KONSDREF

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Konsdref

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Konsdref

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Edith Je itz Wéi huet d’Gemeng Konsdref den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

Is Gemeng huet, dank all isen Acteuren, all di Lett, di fir a mat is schaffen, is Gemengepersonal, ise Service technique, de ganzen Enseignement, ise Feeschter mat senger Ekipp, déi ganz Zäit gutt funktionéiert. Et war een Zesummespill, wat net besser hätt kënne sinn. Ise grousse Chantier an der Route de Luxembourg mat den InfrastrukturAarbechte konnt viru gefouert ginn. De SIDEN-Projet (Kläranlag) an der Rue du Mullerthal geet a seng leste Phas. Di grouss SIDEN-Aarbechten an der Biersbach konnten ofgeschloss ginn. All déi Chantiere waren a sinn nach eng grouss Belaaschtung fir is Awunner. Mir hu Verkéiersberouegungs-Mesuren an der Rue Mélicksheck an an der Rue Hicht realiséiert, esou wi op der Hicht zu Präiteler. Fir is Bierger hu mir 2 Workshoppen mat isem urbanistesche Beroder a mat de Responsabele vun der Asta organiséiert, fir eng Bestëmmung an e Konzept fir is entweite Scheedges Kierch ze entwéckelen.

Positiv Momenter gëtt et der mi, virun allem datt is Veräiner lues mee sécher nees ufänke verschidde Manifestatiounen ze organiséieren. Et ginn nees Prouwen an Trainingen ofgehalen, ënner deene Mesurë wi et dann elo muss sinn!

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

2021 behalen ech als e gutt, awer e ganz schwiert Jar an Erënnerung. D‘Gemengen hunn duerch d’Pandemie manner finanziell Mëttel gehat wi soss. Mir hu musse kucken wi mer is Projete konnte viru féieren.

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

Den Duerf-Zentrum vu Konsdref, d’Route de Luxembourg an d’Route d‘Echternach ginn duerch eng 30er Zon berouegt. Mir wëllen en Duerfkär schafen, deen och d‘Duerfliewe soll frësch opbléie loossen. Mir sinn

amgaangen eng nei Schoul ze plangen, dat ass de grousse Projet fir is Gemeng. Mir plangen och virun an de Camping z’investéieren, fir dem Standard gerecht ze ginn, deen haut gefuerdert ass. Ech hoffen, datt mir 2022 nees isen Neijoerschpatt kënnen organiséieren, iwwerhaapt mol nees mat ise Bierger physesch zesumme sinn, dat feelt mir! Perséinlech freeën ech mech fir is kleng Matbierger op is nei Spillplaz um Buergkapp, eng schéi grouss Buerg-Spillplaz. Eng Buerg op de Buergkapp!

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Fir 2022 wënschen ech mir, datt d‘Zuele vun de Covid-Infektiounen zeréckginn, datt mir nees an d’Normalitéit erëmfannen. Ech wënsche mir, datt is Veräiner nees richteg ukomme mat hiren Aktivitéiten. Mir sollen alleguer, d‘Kanner, di Jugendlech, di Erwuessen an di eeler Persounen is aalt Liewen nees zeréckkréien. Virun allem wënschen ech mir keng Spaltung an iser Gesellschaft vun deene Geimpften an deenen Ongeimpften.

FITNESS-SCHEIER

Tel. 79 90 83 · Edith Jeitz RESERVEZ-VOUS LE SAUNA, LE SANARIUM, LA CABINE INFRAROUGE A PARTIR DE 2 PERSONNES BANC SOLAIRE + PÉDICURE

zënter 1989

Horaires d'ouverture: Lundi - Jeudi 18.15h - 22.00h · Samedi 13.00h - 18.00h

Steckbréif

Gemeng Konsdref

DIERFER Kolwent, Konsdref, Marscherwald, Präiteler, Scheedgen, Wuelper, en Deel vun der Kalkesbach a verschidde Bauerenhäff am rurale Raum

AWUNNER 2.130 NATIONALITÉITEN 41

BUERGERMEESCHTER Edith Jeitz SCHÄFFEN Willy Hoffmann, Henriette Weber-Garson GEMENGERÉIT David Arlé, Marco Bermes, Alain Fil, Michel Majerus, Tommy Urbing, Nicolas Vesque

En Tourist deen an Är Gemeng kënnt, kann um touristeschen a kulturelle Plang villes entdecken, wéi eng Plazen däerf en op kee Fall verpassen, fir sech unzekucken? Hutt Dir eng perséinlech Liblingsplaz an der Gemeng?

E Must sinn d’Kuelscheier, den Déiwepëtz an de Rittergang. De Schéissendëmpel an d’Kallektuffquell dierfen och net feelen. Meng léifste Plaz ass um Buergkapp, de Point de vue um Fiels fir erof op d‘Konsdrëffer Millen ze kucken.

De Klimawandel ass di gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächst Joren. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen?

Mir sinn eng gréng Gemeng a mir denke gréng, ganz klar. Am Kanal-Reseau realiséiere mer een Trenn-System, dat heescht d’Schmotz- an d’Reewaasser ginn a getrennte Kanalréier ofgeleet. Als Partner vum Energiepark Mëllerdall, hu mir eng Photovoltaik-Anlag op d‘Sportshal kritt. Hannert isem Gemengenhaus hu mir 2 Chargy Bornen installéiert. Mir hunn an is Kläranlag investéiert. Mat isem Partner Wandpark Mëllerdall hu mer eng Wandmillen a Planung.

Dat Joer 2022 soll dat Europäescht Joer vun der Jugend ginn (aktuell Propos vun der Europäescher Kommissioun), wat gëtt et bei Iech an der Gemeng als extra Offer fir d’Jugend? Wéi ee Projet an dem Kader wëllt Dir besonnesch ernimmen?

Fir d‘Jugend hu mir en neie Multisport bei isem Centre culturel Kuerzwénkel opriichte gelooss. Is Sportshal ass vill frequentéiert, ech denken, datt fir di meest Jugendlech eng Sportaart derbäi ass déi hinnen zouseet.

D’Gesellschaft gëtt ëmmer méi al a speziell fir eeler Leit brauch et Strukturen a Projeten, fir dass jiddwereen och am Alter gutt liewe kann. Wéi gesäit et bei Iech an der Gemeng aus, wat proposéiert Dir als Service oder speziell Offer den eelere Leit?

De Club „Seniore Gemeng Konsdref” ass ganz aktiv. Si ware virun e puer Wochen zesummen op Hamburg. Bei hinnen herrscht ëmmer eng ganz gutt Stëmmung. Mir si MemberGemeng vum Club Senior „An der Loupescht“, wou all méiglech Atelieren ugebuede ginn, do fënnt jiddereen eppes, dat en interesséiert.

Lëtzebuerg ass ee multikulturellt Land an och an Ärer Gemeng liewe vill verschidden Nationalitéiten zesummen. Ginn et bei Iech speziell Initiativen fir d’Integratioun vun neie Matbierger méi einfach ze maachen?

Mir hunn 41 Nationalitéiten an iser Gemeng. Mir maachen an net Corona-Zäiten, mat iser Integratiouns-Kommissioun 1 x pro Trimester e Poter-Café fir den Austausch tëschent ise Bierger ze fërderen.

Dank der Impfung kann ee sech nees ze méi gesinn an och an d’Veräinsliewe kënnt lues a lues méi Normalitéit eran. Wéi ass di aktuell Situatioun an Ärer Gemeng, wat déi verschidde Veräiner ugeet?

Di kulturell esou wi och di sportlech Veräiner hunn hir Relance geholl. Et ware schonn nees e puer Manifestatiounen an et stinn der och nach e puer um Programm fir den Dezember. Esou lues a lues komme mer nees zeréck an d‘Normalitéit.

This article is from: