7 minute read

MANTERNACH

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Manternach

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Manternach

Jempi Hof mann

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Manternach den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

Ech denken dass mir als Gemeng bis elo insgesamt relativ gutt duerch d´Pandemie komm sinn. Mir hunn och weiderhi probéiert eis Servicer oprecht ze erhalen an d´Leit iwwer all méiglech nei Entwécklungen ze informéieren. Och am Schoulbetrib zu Berbuerg si mir bis dato relativ gutt derduerch komm. Ech hoffen, dass dat esou bleift. Ech soen dofir eisem gesamte Personal vun der Gemeng, der Schoul an der Maison relais e grousse Merci fir hir vill Aarbecht an dëser schwiereger Zäit.

Mir hunn och wärend der ganzer Zäit vill un eise Projete geschafft an dës viru gedriwwen. Sou ass weider un de Projete fir eng nei Crèche zu Manternach an e Pompjeesbau zu Berbuerg geschafft ginn, an dës kënnen hoffentlech geschwënn an ëffentleche Versammlunge presentéiert ginn. Mam Ausbau vum Späicher am Gemengenhaus hu mir ugefaangen. Mat méi Bürosfläche kenne mir de Leit e bessere Service bidden. Positiv Momenter waren, dass mir erëm méi Eventer konnten organiséieren an och erëm Fester vun de Veräiner stattfonnt hunn. Et ass wichteg fir de sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft, fir sech méi kënnen ze gesinn.

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

Ganz besonnesch an Erënnerung bleift sécherlech, dass d´Liewen duerch de CovidCheck endlech rëm bësse méi Normalitéit kritt huet, och wann nach laang net alles gutt ass. Et ass wichteg, dass d´Sports- a Kulturliewen erëm lues a lues uleeft, zemools fir d´Kanner. Sou war 2021 och déi éischt Participatioun vun der Gemeng bei der „Nuit du Sport“, wat e groussen Erfolleg war. Weiderhi sinn ech houfreg iwwer d´Zertifizéierung am Klimapakt vun de Gemengen. Hei si mir fir eis vill Efforte fir eng méi klimafrëndlech an nohalteg Gemeng an de leschte Jore belount ginn. Des Efforte wëlle mir och an Zukunft weiderféieren.

Op der anerer Säit bleiwen awer och d´Héichwaasserkatastrophen an Erënnerung. Och wann eis Gemeng am Verglach zu anere Gemengen net grad sou vill betraff war, sinn et och bei eis vill Schied ginn. Hei well ech dem CGDIS besonnesch Merci soe fir hir vill Asätz. Des Katastrophen hunn eis gewisen, dass mir nach vill Efforte musse maachen, fir dës Héichwaasser an Zukunft besser an de Grëff ze kréien.

Steckbréif

Gemeng Manternach

DIERFER Berbuerg, Lelleg, Manternach, Mënjecker AWUNNER 2.173 NATIONALITÉITEN 48

BUERGERMEESCHTER Jempi Hoffmann SCHÄFFEN Alix Klein-Ungeheuer, Claude Theisen GEMENGERÉIT Fränky Hellers, Henriette Klein-Seil, Isabelle Krier-Steinmetz, Rosi Lehmann-Thoss, Roby Mehlen, Alice Schram-Petri

Wéi schonn ugedeit plange mir fir nächst Joer de Spuetestéch fir eise Pompjeesbau. Mir schaffen och weider un der „Mise en conformité“ vum Schoulgebai an der Sportshal zu Berbuerg. Dann gi weider wichteg Projete fir de Waasser- an Ofwaasserreseau zu Lelleg an zu Mënjecker lancéiert. A punkto Eventer hoffen ech, dass dat gesellschaftlecht Liewen erëm sou gëtt wéi virun der Pandemie a mir rëm flott Fester kënne feieren, natierlech am Respekt vun de sanitäre Mesuren.

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Virun allem wënschen ech eng gutt Gesondheet fir jiddereen, well dat ass dat Wichtegst. Doniewent hoffen ech fir jiddereen, dass seng Wënsch an Erfëllung ginn. Fir eis Gemeng hoffen ech, dass mir eis Projete kënne gutt virun dreiwen a lassleeë mat dem Bau vun den néidegen Infrastrukturen. Perséinlech freeën ech mech op eisen Nowuess.

D’Gemeng Manternach wënscht schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!

Natirlech geziicht a vum Veterinär kontrolléiert Fleesch Regionalprodukter

Famill Clemens-Schintgen

Freides 10.00 - 12.00 Auer 13.00 - 18.00 Auer Samsdes 9.00 - 14.00 Auer

Schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joer

Burwee 4 Tel.: 71 01 60 Mobil: 691 343 604 L-6839 LELLIG Fax: 71 92 03 E-mail: clemensf@pt.lu

Lust, Teil unseres Teams zu werden?

Mehrere Schreiner (m/w) für Werkstatt und Monteure (m/w) mit Berufserfahrung gesucht

Bitte schriftliche Bewerbung mit Lebenslauf an j.hilger@mhm.lu

Mir wënschen lech schéi Feierdeeg an e gutt Neit Joer 2022

Unser Betrieb ist vom 18. Dezember bis 2. Januar geschlossen

Schreinerei HILGER s.àr.l. 12, Iechternacherstrooss L-6850 Manternach Luxemburg

En Tourist, deen an Är Gemeng kënnt, kann um touristeschen a kulturelle Plang villes entdecken. Wéi eng Plazen däerf een op kengem Fall verpassen, fir sech unzekucken? Hutt Dir eng perséinlech Liblings-Alix Klein-Ungeheuer plaz an der Gemeng?

Net méi spéit wéi déi lescht 18 Méint hu ganz vill Leit eis Natur erëm nei entdeckt. Kommt an d‘Gemeng Manternach an iwwerzeegt Iech selwer vun eise gutt ënnerhaalene Wanderweeër, den Autopedesteren, der Traumschleife an eisem naturbeloossene Manternacher Schluchtwald. Fir dass eis Nokommen och nach laang dovu profitéieren, hoffe mir dass op der Klimakonferenz zu Glasgow déi richteg Mesurë kënne geholl ginn.

Dank der Impfung kann ee sech nees zu méi gesinn an och an d’Veräinsliewe kënnt lues a lues méi Normalitéit eran. Wéi ass di aktuell Situatioun an Ärer Gemeng, wat déi verschidde Veräiner ugeet?

Eng Gemeng ass lieweg duerch d‘Vilfalt vun de Veräiner. Bass du gär ënner Leit, wëlls du déi sozial Aglidderung an d´Gesellschaft, da mell dech un.

Ouni Benevolat funktionéiert d‘Veräinsliewen net, dofir engagéier dech an dengem Veräin.

3, Koulerstrooss L-6850 Manternach D’Gemeng Manternach am Wandel! Wéi eng Bauprojete sinn dëst Joer gutt virukomm oder konnten dëst Joer ugefaange ginn?

Zu Berbuerg konnt den Neibau vun der Strooss „um Bierg“ mat all den néidegen InfrastrukClaude T eisen ture wéi Kanal, Waasser, Reewaasser, Stroum a Glasfaser dëst Joer ofgeschloss ginn. Deemnächst wäert och als klengen Uschloss un dëse Projet d’Strooss an d’Trottoire virun der Kierch bis erof bei d’Bréck erneiert ginn. Am Kader vum „séchere Schoulwee“, deen d’lescht Joer presentéiert gouf, sinn och schonn eng Rei Mesuren ëmgesat ginn. Dozou gehéieren Zebrasträife mat Beliichtung, déi konform gesat gi sinn, genausou wéi op verschidden Duerfagäng Verengunge fir den Trafic ze bremsen. Där Portaler wäerten no an no an all Duerfagang gebaut ginn. Vun de Schoulkanner ass och e Logo (de Rénert) entworf ginn, deen de séchere Schoulwee markéiert. Déi nächst grouss Stroossebauprojete wäerten da sécherlech d’Erneierung vun der Strooss zu Lelleg vum Kierfecht bis an de Burwee sinn, genausou wéi och zu Mënjecker am Duerf. E weidere Projet, deen awer nach e bëssen dauere wäert, ass d’Erneierung vun der Syrdallstrooss vun der Gare bis zum Ausgang Richtung Wecker. Bei all dëse Projete sollen och, wann néideg, d’Infrastrukturen erneiert an d’Sécherheet verbessert ginn.

De Klimawandel ass di gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächste Joren. Wéi een Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen?

An de leschte 4 Joer konnte vill Projeten am Sënn vun der Ëmwelt ëmgesat ginn. E grousse Projet war do sécherlech den Ëmbau vun der Stroossebeliichtung an der Gemeng op d’LED Technik. Dëse Projet ass bal ofgeschloss. Zu Lelleg um Centre Kräitzstrooss genau esou wéi zu Berbuerg um Centre Beaurepaire an op der Schoul hu mir 3 Photovoltaikanlagen a Betrib geholl. Mam SIAS ass och vill fir d’Biodiversitéit an der Gemeng ëmgesat ginn. Et si Blummewisen ugeluecht ginn an d’Pläng wéi oft op verschidde Plaze geméint soll ginn, sinn adaptéiert ginn. Fir den Dag vum Bam 2020 hat d’Gemeng all Awunner e jonken Uebstbam fir doheem am Gaart ze planze geschenkt. Dëst Joer wäert e Kuerf mat verschidde Stauden offréiert ginn.

This article is from: