7 minute read

BIWER

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Biwer

Marc Lentz

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Biwer den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

E grousse Schrëtt fir d’Zukunft vun eiser Gemeng war d’Prozedur fir d’Neifaassung vun eisem Allgemenge Bebauungsplang (PAG). Am Mäerz vun dësem Jar hat de Gemengerot déi offiziell Prozedur lancéiert an esou de Kader gesat, wéi eis Gemeng sech an deene kommende Jare wäert entwéckelen. Mir wëlle weider eng héich Liewens- a Wunnqualitéit an eiser Gemeng erméiglechen, de ländleche Charakter vun eisen Uertschaften erhalen a gläichzäiteg abordabele Wunnraum schafen. Trotz Corona ass et an eiser Gemeng zu kengem Stëllstand komm a wichteg Projete konnte weider geplangt an duerchgefouert ginn.

Et freet een ze gesinn, datt eis Veräiner hir Aktivitéiten nees konnten ulafe loossen an och ganz gutt besicht sinn. Am Respekt mat de jeeweilege Coronamesuren duerfte mir als Schäfferot och nees eisen Awunner fir hir Gebuertsdeeg (85ten) oder Hochzäitsjubiläen (Gëllen- oder Diamantenhochzäit) gratuléiere goen an eis iwwerzeegen, datt d’Moral bei eisen Awunner gutt ass. Als Buergermeeschter hunn ech mech dann och iwwer déi vill Hochzäite gefreet, déi ech duerft zelebréieren: dat sinn ëmmer flott a perséinlech Momenter mat eisen Awunner!

Ech freeë mech och iwwer déi dësjäreg Ausgab vun der Aktioun ‘Adventsfënsteren’, déi eis Integratiounskommissioun nees organiséiert: vum 1. bis 24. Dezember wäerte rëm flott dekoréiert Fënsteren d’Wanterzäit an eisen Uertschafte verschéineren.

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Biwer

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

Wa mir am Ufank vun der Pandemie nach alleguerte landeswäit eng grouss Solidaritéit un den Dag geluecht hunn an owes aus eise Fënstere raus geklappt hunn, huet den Toun sech an deene leschte Méint leider verhäert. Ech hoffen, datt mir an Zukunft eis nees op dat Positiivt aus deem ganze Mëssel kënne konzentréieren an eis weiderhi staark maache fir eis Familljen, Frënn a Bekannten a besonnesch fir déi méi schwaach aus eiser Gesellschaft!

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

Mir schaffen am Moment äifreg un der Renovatioun vun eisem Gemengenhaus, fir esou eisen Awunner eis Servicer a beschtméigleche Konditiounen unzebidden an och den Zougang fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit ze verbesseren. Vun der Biwer Kierch bis bei d’Gemeng plange mir e „shared-space“ a wäerten eng nei Duerfplaz schafe mat engem ëffentleche WC an enger Méiglechkeet fir op där Plaz och Duerffester z’organiséieren. Eis Veräiner wäerten och an Zukunft bestëmmt nach méi Manifestatiounen am Fräien ubidden.

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Ech hoffen datt mir eis weiderhin déi Wäerter héichhalen, déi eis wärend der „Kris“ wichteg waren, wéi den Zesummenhalt, de Respekt, d’Famill an d’Frënn. Bleift all gesond a monter!

Steckbréif

Gemeng Biwer

DIERFER Biwer, Biwerbaach, Breinert, Bruch, Buddeler, Buddelerbaach, Haaster, Wecker, Weecker Gare, Weydeg AWUNNER 1.898

NATIONALITÉITEN 58 BUERGERMEESCHTER Marc Lentz SCHÄFFEN Marc Greis, Sylvie Steinmetz GEMENGERÉIT Martine Birkel, Claude Dupont, Ady Goebel, Nico Lemmer, Léa Mai, Fernand Weyer

D’GEMENG BIWER WENSCHT schèi Feierdeeg BLEIFT GESOND A MONTER AN E GUDDE RUTSCH AN DAT NEIT JOER!

Sylvie Steinmetz

Dank der Impfung kann ee sech nees zu méi gesinn an och an d’Veräinsliewe kënnt lues a lues méi Normalitéit eran. Wéi ass di aktuell Situatioun an Ärer Gemeng, wat déi verschidde Veräiner ugeet?

Mir hunn an der Gemeng Biwer folgend Veräiner: FC Jeunesse Biwer, DT Olympique Biwer, Biwer Fiederball Club, Biwer Bouleleeër, Fëscherclub Syrdall Wecker, Amicale Pompjeeën Biwer, Musek vun der Gemeng Biwer, Chorale Ste Cécile Biwer, Chorale Ste Cécile Wecker, Amiperas, Club des Jeunes, Elterevereenegung Biwer, Amis de la Croix Rouge Biwer, CTF Biwer, CTF Wecker an d‘Biwer Massendénger. Alle Veräiner stelle mir fir hir reegelméisseg Aktivitéite Lokaler/Terrainen zur Verfügung, sief et d’Sportshal fir den Dëschtennis, de Badminton oder am Wanter de Fussball, d‘Fitnesscourse vun der Amiperas, de Centre Culturel Fancy fir Theaterprouwen, a Baler oder soss Feiere vun de Veräiner. Ausserdeem kann all Veräin seng Comité- resp. Generalversammlung am Fancy ofhalen; de Schoul- a Gemengenhaff fir verschidde Fester steet zur Verfügung, e Clubsall am Centre Culturel fir de Club des Jeunes, eng Boulepiste fir déi nei gegrënnte Biwer Bouleleeër, 2 Fussballterraine fir is Jugend- Senior- an Dammenequippe an eng Schwemm fir de Public, fir is Schoulkanner a fir Schwammcourse vun der Elterevereenegung asw. Mir loossen kee Veräin am Ree stoen. Dat beweist d‘Gemeng Biwer och mat engem järleche Subside vun iwwer 30.000 € fir hir Veräiner. Säit dem Ausbroch vun dem Corona am Mäerz 2020 hu sech d‘Aktivitéite massiv reduzéiert. Wärend dem Lockdown war guer keng Aktivitéit méiglech, wat zur Folleg hat, dass verschidde Veräiner säit dem Lockdown bis Juli 2021 keng Einname méi haten, an de Benevolat an de Veräiner wärend deene Méint ausgefall ass. Mee no an no hu sech d‘Veräiner de Coronareegelen no organiséiert a probéiere sou gutt wéi méiglech d‘Veräinsliewen nees ze lancéieren. Ech wëll hei ausdrécklech all Comitésmember vun de Veräiner MERCI soen, déi, zesumme mat hire Sportfederatiounen a musikalesche Verbänn, no Léisunge gesicht hu fir d‘Verainsliewen am Respekt mat de jeeweilegen, ëmmer nees anere Coronareegelen, ze organiséieren. Doduerch dass sech ëmmer méi Leit impfe loossen, ass et méiglech mam „CovidCheck“ Trainingen, Prouwen, Championnater an aner Evenementer nees ze garantéieren. Et gëtt Zäit, dass Normalitéit ënner gewësse Reegelen nees entsteet, d‘Veräinsliewen nees grouss geschriwwe gëtt an sou de soziale Kontakt nees gefleegt gëtt, dee mir grad an dëser besonnescher Zäit extrem vermësst hunn.

D’Gemeng Biwer am Wandel! Wéi eng Bauprojete sinn dëst Joer gutt virukomm oder konnten dëst Joer uge-

faange ginn? Mir hunn zu Buddeler e Waasserbaseng mat enger Capacitéit Marc Gre is vun 2 x 250 Meterkibb gebaut an dofir e Budget vun 1,7 Mio. € investéiert. Leider gouf et bei dem Projet e Retard duerch d’Elektromechanik an duerch nei Erkenntnisser, déi mir duerch eis Quell zu Bruch kruten, wou mir eng Quellefaassung gebuert hunn (eng Investitioun vun 890.000 €). Verschidde Stroossebauprojeten an eiser Gemeng mat engem Gesamtvolume vun 3 Mio. € sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. Do huet d‘Post op verschidde Plaze och vun den Aarbechte profitéiert a LuxFiber verluecht. An der Zone d’activité zu Biwer hu mir kleng Betriber ugesidelt an di meescht Terraine si scho verlount. Niewendrun hu mir e Parking mat ca. 145 Parkplazen amenagéiert. Och a Punkto Wunnengsbau deet sech eppes bei eis an der Gemeng: An der Cité „an der Schmëdd“ sinn 147 Wunnenge geplangt an am Joer 2024 sollen déi éischt Haiser fäerdeg gestallt ginn.

Beweegung ass grad a Pandemie-Zäite wichteg, d’Veräiner leeschten do ee grousse Bäitrag, mee haten et duerch d’Restriktiounen och net einfach. Konnten an Ärer Gemeng awer sportlech Erfolleger gefeiert ginn?

Dëst Joer ware jo leider nach keng Championnater méiglech, mee wat eis immens gefreet huet, ass den Erfolleg, dee mir beim Biwer Fussball bei der Grënnung vun enger neier Dammenekipp haten: No engem Opruff hu sech méi wéi 30 Damme gemellt an elo spille si am Championnat mat!

D’Gemeng huet an dësem Joer den neie Multisport-Terrain ageweit. Och huet d’Gemeng nieft der Crèche an der Adventure Spillplaz e weideren Terrain kaf, wou mir mëttelfristeg weider Outdooraktivitéite fir eis Biergerinnen a Bierger plangen.

Bodenlegearbeiten Exklusive Spachtel- und Effekttechniken Individuelles Raumkonzept Maler-, Tapezier- und Lackierarbeiten Spachtelarbeiten Trockenbau Wasserschäden Beseitigung Renovierung/Umbau

Bürozeiten

Montag bis Freitag   08.00–18.00 Uhr Samstag & Sonntag Geschlossen www.peinture-teufel.lu Peinture Teufel S.à r.l.

73, Duchscherstrooss ∙ L-6868 Wecker +352 621 302 808 ∙ info@peinture-teufel.lu

Lebensraum gemacht für Menschen.

Unsere Produkte für ein sicheres Gefühl.

Seit über 50 Jahren geben wir Räumen Persönlichkeit. Und jedes mal ein bisschen von uns.

This article is from: