8 minute read

BECH

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Bech

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Bech

Camille Kohn

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Bech den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

An der éischter Hallschent vun 2021 blouf den Alldag vun de Bierger a Biergerinne vun der Gemeng Bech duerch d‘Covid-19 Pandemie nach ëmmer staark ageschränkt. Vill geplangte Fester, Concerten an aner flott Initiative vun eisen Associatiounen oder vu Privatleit konnte leider net stattfannen oder nëmme begrenzt. D’Administratioun sou wéi och den techneschen Déngscht hunn awer wéi ëmmer gutt funktionéiert. D’Aarbechten déi geplangt ware, konnten ëmgesat a fäerdeg gemaach ginn, ech denken do spontan un d’Ënnerféierung op der Kräizenhéicht fir Foussgänger a Vëlosfuerer. Mir konnten och weider un de Projete fir 2022 plangen an hunn an dem Kader eng Rei Informatiounsversammlunge mat eise Bierger a Biergerinnen ofgehalen. Och 2021 konnte vill positiv Aktiounen an der Gemeng Bech verzeechent ginn, ënner anerem d’Hëllefsbereetschaft vun de Veräiner géintiwwer ville Leit aus eisen Dierfer.

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

2021 bleift dat zweet Joer wou d’Pandemie eis nach ëmmer am Grëff huet. Duerch d’Impfen ass et zwar méiglech ginn, lues a lues e bësschen Normalitéit an den Alldag ze loossen. Am Respekt vun de sanitäre Moossname ware Membere vu verschiddene Veräiner nees present an hir Generalversammlungen, esouweéi och Hochzäite goufe nogeholl, kleng Fester goufe gefeiert an d’Becher Jugend konnt hir beléiften Tunneldisco ofhalen. Et ass mir an dësem Joer nach eng Kéier bewosst ginn, wéi wichteg de sozialen Zesummenhalt an d’Zesummeliewe vun enger klenger Gemeng am ländleche Raum ass.

Grouss Verännerunge stinn 2022 an der Gemeng Bech net un. Déi Projeten, déi souwäit fäerdeg geplangt sinn, ginn ëmgesat, ech denken do un den neie Sall am Centre culturel Hanner Bra zu Bech, deen et erméigleche wäert kulturell a sozial Projete méi optimal ze erliewen. Den Ausbau ass awer och dofir wichteg well et ons an enger zweeter Phase erlabe wäert, eist Gemengenhaus ze moderniséieren a fir jiddereen zougänglech ze maachen. Natierlech hoffen ech, dass mir d’nächst Joer villes nohuele kënnen a wéi gewinnt flott Manifestatioune spontan an ouni Aschränkungen an der Gemeng Bech zesummen erliewen.

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Ech hunn et schonns an der virleschter Äntwert ugedeit, onbeschwéiert a spontan zesummenzekommen ouni 3G-Tester, Masken oder Distanzen. Besonnesch fir d’Kanner an déi Jugendlech ass dëst ganz wichteg. Natierlech hoffen ech och, dass ons nei Projete geléngen an dat zur Zefriddenheet vun de Leit aus der Gemeng Bech. 2022 soll e flott a liewegt Joer fir d’Gemeng ginn, wou mir onbeschwéiert vill schéi Momenter zesummen erliewe kënnen!

Är Gemeng am Wandel! Wéi eng Bauprojete sinn dëst Joer gutt virukomm oder konnten dëst Joer ugefaange ginn?

Norbert Classen Bauprojete sinn ëmmer am Zesummenhang vun Ëmwelt a Klimawandel ze gesinn. Z. B. eisen neie Waassertuerm op der Schanz (Altréier), vun deem eis Awunner aus allen Dierfer (ausser dem Geieschhaff) mat beschtem Drénkwaasser aus eegene Quellen versuergt ginn. Duerfir si mir aktiv am Quelleschutz a plangen, eis Quell zu Bech nei ze faassen. De Bau vun der Kläranlag zu Heeschbreg ass ofgeschloss, wat zu enger besserer Waasserqualitéit an eise Gewässer féiert. Di Becher Kläranlag, wou mir schonn 10 Jar um plangen an diskutéiere sinn, hoffe mir trotz alle Problemer a Schwieregkeeten an deenen nächste Joare mat bauen unzekommen. Gutt virukomm si mir mam Projet „Traversée ZëttegZëtteger Gare“, deen de Moment an der Ausschreiwung ass. D‘Fréijar soll de Chantier ugefaange ginn, dat ass dann dat lescht Duerf vun engem Erneierungsprogramm, deen 1982 ugefaange ginn ass. An enger Zesummenaarbecht mat der Post soll 2022-23 d‘Glasfasernetz wa méiglech an der ganzer Gemeng ausgebaut ginn. De gréisste Projet ass, de Multifunktiounssall „Hanner Bra“ mam Nowäermenetz fir d‘Versuergung vun der Gemeng, der Kierch an dem Gebai ,,Hanner Bra“. Dëst Wäermenetz gëtt versuergt vun enger Holzpelletheizung a warscheinlech Solarthermiekollektere mat engem grousse Pufferspäicher. Duerno kënnen 3 Mazoutheizungen ausser Betrib geholl ginn. Op den Daach vum neie Sall kënnt och eng PV-Anlag, dat ass dann die 3. Gemeinschaftsanlag mat Biergerbedeelegung. D‘Gemeng huet schonn ugefaangen de Furpark no an no duerch E-Gefierer ze erneieren. Bei der Vëlospist op der Becher Gare ass eng Vëloreparatur- an Drénkwaasserstatioun an eng E-Ladestatioun fir Vëloen an Autoen installéiert ginn. Weider Pläng fir d‘Zukunft sinn eis Gemeng barrierefräi ëmzebauen an energeetesch ze sanéieren. Mat all deenen lnvestitiounen an nei Gebaier-Technik an energeetesche Sanéierungen, hoffe mir vill Energie ze spueren an domat CO2 ze reduzéieren an erneierbar Energien ze produzéieren.

Steckbréif

Gemeng Bech

DIERFER Bech, Blummendall Geieschhaff, Grolënster, Heeschbreg, Hemstel, Kuebebuer, Rippeg, Schanz, Zëtteg AWUNNER 1.333 NATIONALITÉITEN 37

BUERGERMEESCHTER Camille Kohn SCHÄFFEN Emile Bohnenberger, Norbert Classen GEMENGERÉIT Gaby Biewer, Christian Friden, Gaston Gengler, Marc Pitzen, Nico Schmit

D’Gemeng Bech wënscht schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer 2022!

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Beefort

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Beefort

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Beefort

Camille Hof mann

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Beefort den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

Wéinst der Pandemie ass se mat Verspéidung mee awer pénktlech zur der Schoulrentrée, fäerdeg ginn: déi nei Spillschoul mat Maison relais. Des Weideren hunn d’Kanner direkt niewendrun eng nei Spillplaz an och bei der Äispiste gouf dëst Joer d’Spillplaz nei gestalt. Aktuell ginn et Schwieregkeete fir Material erbäizebréngen an dovunner sinn den neie Waasserbaseng op der Heed an d’Kläranlag besonnesch betraff. Hei feelt et un de spezielle Réier, déi dréngend gebrauch ginn. Allerdéngs si mer ganz frou eng nei Waasserleitung tëschent dem Grondhaff, Cloosbierg an Déiljen a Betrib geholl ze hunn.

Ee weidere Projet konnt am Summer fäerdeggestallt ginn. Am Keller vun der fréierer Jugendherberg gouf déi permanent Ausstellung vum Natur- a Geopark iwwerschafft an nei gemeet. Praktesch vis-à-vis ass de Sëtz vum Natur- a Geopark Mëllerdall an de Gemengerot huet virun e puer Méint ee grousse Projet gestëmmt: een Informatiounszenter. D’Naturparkhaus gëtt nei amenagéiert an och ausgebaut. Des Weidere goufen nach zwee grouss Investissementer gestëmmt an zwar een neie Waasserbaseng zu Déiljen an d’Transformatioun vun der fréierer Distellerie „Dussier” am alen Duerfkär. Hei kënnt ee Centre de rencontre mat Versammlungsraum a klenger Restauratioun.

Leider huet d’Pandemie och negativ Auswierkungen op d’Veräinsliewen. Wärend sech d’Sportsveräiner ewéi de Judo, den Äishockey an d’Scouten eenegermoossen iwwer Waasser gehalen hunn, huet d’Situatioun e puer Veräiner méi haart getraff: d’Senioren, de Gesank an d’Wanderfrënn hunn eng Rëtsch Membere verluer.

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

Ganz besonnesch freeë mir eis iwwert d’Gold-Auszeechnung vum „European Energy Award”. No iwwert engem Joer Waardezäit konnte mir dës Auszeechnung am Kader vum Klimapaktdag lo am Oktober an der Luxexpo entgéinthuelen. Uganks November war et dunn endlech souwäit. Beim „European Energy Award Gold Event 2021” zu Ravensburg gouf eis Gemeng fir hiren Asaz fir d’Ëmwelt op der grousser europäescher Bün ausgezeechent.

Mat eise 85,9 Prozentpunkte leie mir souguer an der europäescher Spëtzt an hu grouss Stied ewéi zum Beispill Lausanne, Montreux, Oochen, Bremen, Grenoble, Nantes, Bolzano, Firenze a Vaduz hannert eis gelooss.

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

Éier mer op 2022 kommen, fänke mer mam Schluss vun 2021 un. De Beeforter Äishockeyveräin spillt seng Heemmätcher zanter annerhallwem Joer erëm virun Zuschauer an et bleift ze hoffen, datt se och esou d’Saison komplett kënnen erfollegräich ofschléissen. Elo an der Wanterzäit hu mer de 4. Dezember déi éischt Editioun vum Wantermaart am ale Beeforter Duerfkär, deen an Zukunft soll méi valoriséiert ginn.

D’Jugend vu Beefort ka sech op eng drëtt Editioun vun de Graffiti-Workshops an der Härewiss freeën. Apropos Jugend. Vu que, datt d’nächst Joer dat Europäescht Joer vun der Jugend soll ginn, soll d’Jugend wëssen, datt am Moment Planunge vun engem Jugendhaus am ale Scoutschalet lafen an am ale Judossall Jugendwunnenge virgesi sinn.

Wann d’Situatioun et erlaabt, da wäerte mer d’Gebai vum Cycle 1 mat engem klenge Fest aweien.

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Steckbréif

Gemeng Beefort

DIERFER Beefort, Déiljen, Grondhaff AWUNNER 2.992 NATIONALITÉITEN 65

BUERGERMEESCHTER Camille Hoffmann SCHÄFFEN Jean-Luc Nosbusch, Emile Wies GEMENGERÉIT Sandra Drouet-Levy, Cindy Donneaux-Pereira, Marie-Ange Ivelj-Marson, Andreza Meester-Sanguessuga Néné, Lily Scholtes, Jean-Paul Stirn

Fir d’éischt Gesondheet an, datt mer d’Pandemie endlech hannert eis loossen. Et gëtt héich Zäit eise gewinnten normalen Alldag rëm liewen ze kënnen an dass d’Restriktiounen ewechfalen. Ee weidere Wonsch si méi niddereg Präisser wat Material an Energie betrëfft, déi jiddereen direkt oder indirekt a sengem Portmonni spiert. Zum Schluss géif ech mer wënschen, datt eis sëlleg Infrastrukturprojete kënne relancéiert ginn. Ären Aperitif fi r d'Feierdeeg ... Kir-Royal mat Beeforter Cassero

+352 621 279 506liqueurs-du-chateau.lu

This article is from: