5 minute read

BÄERDREF

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Bäerdref

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Bäerdref

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet Joé Nilles d’Gemeng Bäerdref den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

Eis Servicer op der Gemeng hu wärend der ganzer Pandemie weidergeschafft a mir konnten och mat eise Projete virufueren. Gelidden huet haaptsächlech d’Veräinsliewen, d’Leit konnten net zesumme kommen, keng Fester oder Concerte konnten organiséiert ginn an domat sinn d’Keese bei de Veräiner och eidel bliwwen. Positiv war zum Beispill, dass dëst Joer vill Touristen de Wee op Bäerdref an d’Häerz vum Mëllerdall fonnt hunn. Eise Camping Maartbësch konnt d‘lescht Joer 40.000 Iwwernuechtungen zielen an dëst Joer si mir bis wëll scho bäi 45.000 Iwwernuechtungen, wat rëm en neie Rekord ass! Am Joer 2020 gouf et am Mëllerdall 400.000 Iwwernuechtungen an 150.000 alleng an der Gemeng Bäerdref. Den Tourismus bei eis an der Regioun entwéckelt sech gutt, dofir waren d‘Investiounen an eng nei Touristinfo och sou wichteg: Am September goufen d’Infrastrukturaarbechten op eisem neie Site Maartbësch ofgeschloss, di nei Tourist Info konnt ageweit ginn an och den neie Restaurant ass säitdeem op. Mir waren immens frou, dass no engem Joer Paus d’Haupeschfest vun de Fraen a Mammen no all de sanitäre Virschrëfte konnt organiséiert ginn. An engem normale Joer konnte mer soss iwwer 7.500 Leit begréissen, mee dëst Joer haten trotz der Situatioun 5.500 Leit de Wee op Bäerdref fonnt.

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

Mir freeën eis drop, dass eise grousse Projet vum Bau vun enger neier Grondschoul, enger neier Maison relais an enger neier Crèche an di nächst Phas ka goen. Des Weideren hu mir dëst Joer am Gemengerot den Accord ënnerschriwwen, dass mir zesumme mat der Gemeng Konsdref Terraine wäerten tauschen, soudass dann d’Awunner vu Kalkesbaach alleguer an der selwechter Gemeng wunnen. Mir waarden elo, dass d’Gesetz an der Chamber gestëmmt gëtt, dass dësen Tosch dann och offiziell ass.

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Ech hoffen, dass mir am nächste Joer nees méi Normalitéit kréien an d’Pandemie hannert eis loosse kënnen. Dat mir mat all eise wichtegen Infrastukturaarbechten hei uewen, mee awer och op der Kalkesbaach an och op der Bollenduerfer Bréck gutt a schnell virukommen. An natierlech hoffen ech, dass mir erëm vill Touriste bei eis am Häerz vum Mëllerdall kënnen empfänken. Eise Matbiergerinnen a Matbierger wënschen ech alles Gutts am neie Joer, virun allem Gesondheet.

Susy Seyler-Grommes

Dank der Impfung kann ee sech nees zu méi gesinn an och an d’Veräinsliewe kënnt lues a lues méi Normalitéit eran. Wéi ass di aktuell Situatioun an Ärer Gemeng, wat déi verschidde Veräiner ugeet?

Mir läit dat soziaalt Liewen an eiser Gemeng immens um Häerz an dat ass leider wärend der Pandemie vill ze kuerz komm. An de Veräiner ass et roueg ginn, d’Leit konnte sech net vill gesinn an och keng Aktivitéite plangen. Eis Fest fir eis eeler Matbierger an eis Multikultifest konnten dëst Joer net stattfannen. Mir hoffen, dass mir dës Fester d’nächst Joer erëm nohuele kënnen a mir plangen e Pot d’accueil fir eis nei Matbewunner unzebidden.

Ech si ganz frou, dass d’Fraen a Mammen di vill Aarbecht op sech geholl hunn an dëst Joer d’Haupeschfest ënnert all de virgeschriwwene sanitären Oplagen organiséiert hunn an dass dëst Fest e grousse Succès war!

Wéi huet sech d’Situatioun no dem Héichwaaasser am Juli fir Iech an der Gemeng duergestallt? Wéi gesäit et elo aktuell aus?

Daniel Schar f Nom onerwaarten Héichwaasser am Juli ware mir als Gemeng gefuerdert! Mir hunn alles organiséiert fir de Knascht vun den Opraumaarbechten ze entsuergen a mir hunn als Gemeng en Noutlager am Centre culturel ageriicht, fir deene Familljen, déi hir Haiser hu misste verloossen, kuerzfristeg en Ënnerdaach ze ginn. Zesumme mam CIGR hu mir versicht, all deene Famillen ze hëllefen a si frou, dass haut all dës Familien erëm an hir Haiser zeréckkonnten an och schonn eng Partie Hëllefe vum Stat krutt hunn. D’Opraumaarbechte si sou wäit all ofgeschloss, mir waarden elo nach drop, dass eis Grondhaffer-Strooss, déi och beschiedegt ginn ass, endlech erëm opgeet. Mir sinn do als Gemeng de Moment schlecht drun, well vun deenen 3 Haaptstroossen, déi a Bäerdref eraginn, aktuell just 2 op sinn. Dovun eng am Chantier mat roude Luuchten. Dat huet virun allem och en Afloss op d’Schoulkanner, déi de Moment méi Zäit fir hire Schoulwee brauchen. A fir d’Leit, dei Richtung Beefort, Grondhaff, Dikrech fueren, mat langen Ëmweeër iwwert Iechternach verbonnen ass. Eis Waasserversuergungsleitung, dei ëmmer rëm bei Staarkreen fräigeschwemmt gouf, musse mir schnellstméiglech an efficace an d’Rei bréngen. Mir hoffen dass d’Aarbechte séier kënnen ofgeschloss ginn.

Steckbréif

Gemeng Bäerdref

DIERFER Bäerdref, Bollenduerfer Bréck, Grondhaff, Kalkesbaach, Weilerbaach

AWUNNER 1.972 NATIONALITÉITEN 50

BUERGERMEESCHTER Joé Nilles SCHÄFFEN Daniel Scharff, Susy Seyler-Grommes GEMENGERÉIT Guy Adehm, Carlo Bentner, Raoul Scholtes, Jean Schoos, Marc Wintersdorf

De Schä en- a Gemengerot wënscht all senge Betriber an Awunner eng gutt Gesondheet, schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2021

Réckbléck

D‘Highlights vum Joer 2021 an der Gemeng Bäerdref

BÄERDREF

1. Meefeier

ai161460587789_VIP_dent_94x66mm_RZ.pdf 2 01.03.21 14:37 ai161460587789_VIP_dent_94x66mm_RZ.pdf 2 01.03.21 14:37

ai161460587789_VIP_dent_94x66mm_RZ.pdf 2 01.03.21 14:37 ai161460587789_VIP_dent_94x66mm_RZ.pdf 2 01.03.21 14:37 ai161460587789_VIP_dent_94x66mm_RZ.pdf 2 01.03.21 14:37 Wir wünschen unseren Kunden ALTGOLD-ankauf ALTGOLD-ankauf ALTGOLD-ankauf ALTGOLD-ankauf ALTGOLD-ankauf eine schöne und besinnliche Weihnachtszeit!

This article is from: