
3 minute read
Mike POIRÉ
44 Joer // Jurist // 1. Schäffen vun 2005 bis 2011 // Buergermeeschter zënter 2017 44ans//Juriste//PremierÉchevinde2005à2011//Bourgmestredepuis2017
D e Mike Poiré ass e Mäerzeger duerch an duerch. Hien ass do opgewuess an ab 1984 an d’Primärschoul gaang. Mam Vëlo ass hien als klenge Bouf vill duerch d’Duerf gefuer an huet e groussen Deel vun der Fräizäit um Fussballterrain verbruecht wou deemools 1987 mat him als Kapitän déi éischt PoussinsEquipe vum FC Sporting gegrënnt ginn ass. Haut denkt hie gären zréck un dës spannend Zäit mat der Nummer 10 um Réck als Spillmécher, wou hien och puer Joer an de Jugend-Nationalkader selektionéiert ginn ass.
Advertisement
Mat 10 Joer war de Mike de Batteur vun der Mäerzeger Musek a Solist beim Galaconcert 1989. Kuerz drop huet hien, op eegene Wonsch, mat sengem Papp a grousse Brudder ugefaang op de Kiermessen, Baler an Hochzäiten am ganze Land Danzmusek ze spillen: um Akkordeon, Keyboard an op der Batterie.
No der Première zu Dikrech am Kolléisch huet de Mike zu Nanzeg Droit a Politik studéiert. Seng berufflech Statiounen waren d’Affekoten-Etüd Wildgen an der Stad, d’Handwierkerkummer, de Wirtschaftsministère an zënter 2011 de Staatsrot wou hien als Jurist schafft.
No de Léierjoren an der Politik ass de Mike 2017 mat sengem Team an dem ambitiéise Walprogramm – E Neiufank fir Mäerzeg – immens ënnerstëtzt ginn an op de Buergermeeschterstull gewielt ginn. Mat der staarker Equipe am Réck sinn d’Projete konsequent ugepaakt ginn a no déck 5 Joer dono ass scho ganz vill erreecht ginn am onëmgängleche Moderniséierungsprozess vun der Gemeng Mäerzeg.
De Mike mécht leidenschaftlech gäre Politik fir seng Gemeng an huet, zesumme mam M-team, nach vill wëlles! Als Buergermeeschter vertrëtt hien d’Gemeng an den interkommunale Syndikater DEA a SIDEN, beim LEADER an am ORT. Zënter 2021 presidéiert hien de Comité de pilotage Natura 2000 Atert-Warkdall. 2022 ass hien vum Regierungsrot an de Nohaltegkeetsrot genannt ginn.
D’Rou an den Ausgläich fënnt de Mike doheem bei senger Fra an hiren zwou Kazen, wéi och beim Musekmaachen a méi rezent op der Vespa wou hie leschte Summer vu Mäerzeg bis op Pisa gefuer ass.
Mike Poiré estoriginaire de Mertzig. Ilyafréquenté l’École primaire à partir de 1984. Petit garçon, il a adoré parcourir le village à bicyclette et a passé beaucoup de temps sur le terrain de foot. En 1987, la toute première équipe de poussins avaitété créée etMikefûtdésigné le capitaine de l’équipe du FC Sporting. Il garde de beaux souvenirs de cette époque avec le numéro 10 au dos. Distributeur de ballon, il a été sélectionné pendant plusieurs années en équipe nationaledesjeunes.
À 10 ans, Mike était le batteur de la Fanfare locale et soliste lors du concert de gala en 1989. Peu après, le trio musical avec son père et frère aîné a été formé et l’orchestrefamilial a commencé à jouerlors des kermesses, bals populaires et mariagesàtraverstoutlepays.Sesinstrumentspréférésétaientl’accordéon,les claviers et la batterie.
Après le diplôme de fin d’études secondaires au Lycée classique de Diekirch, MikeaétudiéledroitetlessciencespolitiquesàNancy.Maîtreendroit,sesétapes professionnelles l’ont mené de l’étude d’avocats Wildgen à la Chambre des Métiers,auMinistèredel’ÉconomieetfinalementauConseild’Étatoùiltravaille depuis2011.
Après les années d’apprentissage en politique, Mike s’est lancé en 2017 avec le «M-team»undéfiavecleprogrammeambitieux–UnrenouveaupourMertzig – et l’équipe a connu un franc succès lors des élections. Premier élu, Mike a été désigné Bourgmestre.Avec les coéquipiers, le processus de modernisation de la Commune de Mertzig a été entamé et aujourd’hui, au bout de presque 6 ans de mandat,denombreuxprojetsontdéjàétéréalisés.
Mike est amoureux de son village et très motivé de poursuivre les travaux en cours. Il représente la Commune dans les syndicats intercommunaux DEA et SIDEN, ainsi qu’au LEADER et ORT. Depuis 2021, il est le président du Comité de pilotage Natura 2000 Atert-Warkdall et il a été nommé membre du Conseil supérieurpourundéveloppementdurableen2022.
Lecalmeetl’équilibre,illestrouveaufoyeravecsapartenaireetsesdeuxchats, toutcommeenfaisantdelamusiqueetdesrandonnéesenVespaquil’ontmené jusqu’àPisel’étédernier.
„Politik maachen ass kee Spill. Wann ee sech géigesäiteg respektéiert, wann un engem Strang gezu gëtt, wann ee fir d’Saach kämpft a wann ee weess wat ee wëll, da kann een a kuerzer Zäit immens vill bewierken. Ech sinn houfreg iwwert dat wat mir bis elo fir eis Gemeng erreecht hunn. D’Investitioune sinn héich, awer noutwendeg. Ech hu vill Freed un der Aarbecht a wëll zesumme mat der Equipe eis Gemeng weider no vir bréngen a moderniséieren. Mir iwwerhuele Verantwortung fir dat wat nach muss gemaach ginn an zielen dofir op Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen.“
« Faire de la politique n’estpas un jeu. En se respectantmutuellementetenvisantlesmêmesobjectifs, on peutaccomplirbeaucoup en peu detemps. Je suis fierdetoutcequenousavonsdéjàmisenœuvre pourla collectivité. Les investissements sontimportants, mais nécessaires. J’adore montravail etjeveux poursuivre le processus de modernisation indispensable de notre belle Commune. En équipe, nous assumons cette grande responsabilité etnous comptonssurvotresoutienetvotreconfiance.»
