1 minute read

1. ENG MODERN A BIERGERNO GEMENG

Next Article
Lex SCHWIND

Lex SCHWIND

a. Informatioun a Kommunikatioun

Traditionell a modern Kommunikatiounsmëttel. Mir hunn eis Gemeng kommunikatiounstechnesch mat engem neie modernen Internetsite an enger CityApp fir Android an iOS mat Push-up Funktioun nei opgestallt. Elektronesch Informatiounstafelen an den Haaptagäng vu Mäerzeg, eng digital Borne beim inklusiv renovéierten Gemengenhaus, den e-Reider, d’Noperschaftsnetzwierk Hoplr wéi och d’sozial Reseauen kompletéieren d’Offer. Donieft sinn a bleiwen déi traditionell Formen fir d’Kommunikatioun wéi eisen neie Gemengebuet „Martiaco“, Schoulbuet „Maarkollef“ wéi och d’Flyer „toutes-boîtes“ weiderhin wichteg Informatiounskanäl.

Advertisement

Et gëllt dës nei Outilen ze optimiséieren an auszebauen fir se ëmmer nees unzepassen un den technesche Fortschrëtt. An deem Sënn kombinéiere mir an Zukunft beschtméiglech eis traditionell a modern Kommunikatiounsmëttel wou an Zesummenaarbecht mam Gemengepersonal méi Regelméissegkeet a System geschaf ginn.

Nei Funktiounen wéi z.B. de Report-it um neien Internetsite an och der CityApp wou d’Bierger ganz einfach via Handy dem techneschen Service vun der Gemeng Mängel oder Defekter bei ëffentlechen Infrastrukturen kënne matdeelen optimiséiere mir, wéi och de Chantier-Management wou d’Gemeng nach besser iwwert aktuell a bevirstoend Chantieren kommunizéiere kann.

Personaltechnesch hu mir dofir och weider Aarbechtsplaze geschaf, wou ab Oktober eise techneschen Déngscht an der Verwaltung nach verstäerkt gëtt duerch eng Persoun, déi e.a. och d’Aarbechte vum „Travailleur désigné“ a Sécherheetsbeoptragten iwwerhëllt. Dëst wäert zu méi Effikassitéit tëscht de Gemengeservicer féieren.

Digitalisatioun. Mir hunn d’Buch „Mäerzeg 2000“, wat leider vergraff ass, digitaliséiere gelooss iwwert de LEADER-Projet ARNU (Archives régionales numérisées). D’Zil vun dësem Projet ass d’Erhale vum kulturellen an historeschen Ierwen duerch Digitaliséierung an Indexéierung vun Dokumenter. D’Asbl Autisme Luxembourg vu Biekerech krut esou den Optrag fir dëst eemolegt Wierk ze scannen. Dat ganzt Buch ass online disponibel op mertzig.lu. Am selwechte Kontext ass och d’Publikatioun „Eppes mateneen erliewen – 2011“ digitaliséiert ginn, wéi och d’Gemengeblieder déi ab 2005 eraus komm sinn. Mir setzen eis dofir an, dass dësen digitalen Archivage weider ausgebaut ka ginn.

Mediathéik. Dank dem Engagement an der Hëllef vu ville lokalen a regionalen Fotografen huet sech eng riseg Datebank opgebaut mat schéine Biller aus eiser Gemeng, déi mir an Zukunft an enger online Mediathéik op mertzig.lu zur Verfügung stelle fir esou och iwwer Joren een Abléck an Evenementer, Baustellen oder Veräinsaktivitéiten ze erméiglechen.

This article is from: