2 minute read

2. SCHOUL, KANNERBETREIUNG A JUGEND

a. Een optimale Kader schafen

Zesummenaarbecht mat de Schoulpartner. Déi obligatoresch Gremien ronderëm d’Schoul an d’Educatioun hu mir nees aktivéiert. Am respektvollen Ëmgang an duerch den exemplareschen Engagement vun all den Acteuren hunn d’Schoulpartner, d.h. d’Léierpersonal, d’Educateuren, d’Schoulkommissioun an d’Elterevertrieder ënnert dem Impuls vum Schoulcomité an de Gemengeverantwortlechen erëm e positiivt Aarbechtsklima opgebaut, ganz am Interêt vun de Mäerzeger Kanner. D’Resultat ass de gemeinsame Projet: de Bau vum Projet intégré „Schoul & Maison Relais“ mat engem pedagogeschen Konzept wou sech déi komplett Planung an Architektur ronderëm d’Wuel vum Kand dréint. Eng Teamaarbecht wéi se am Buch steet a wou all d’Acteuren een immense Luef verdéngt hunn.

Advertisement

D’Mäerzeger Schoul kannergerecht gestalten. De Projet intégré „Schoul & Maison Relais“ ass de gréissten Investissement an der Geschicht vun der Gemeng Mäerzeg. Et ass déi Plaz wou d’Kanner de Bagage fir d’Zukunft kréien. Mir schafen eng kannergerecht schoulesch Infrastruktur fir ee méi motivéierend, gesond an altersgerecht Ëmfeld ze bidden. D’Qualitéit an d’Funktionalitéit vun den Infrastrukturen stinn dobäi am Fokus.

Héichwäerteg Container als Iwwergangsléisung. Mir si nei Weeër gaang fir der rasanter demografescher Entwécklung vun der Gemeng Rechnung ze droen an eis Loft ze ginn, fir déi nei Schoul a Maison Relais ze plangen. A kuerzer Zäit sinn 2018 qualitativ héichwäerteg Container opgeriicht ginn fir dass d’Schoul genuch Klassesäll hat a fir dass de legalen Agrément vun der Maison Relais gehéicht konnt ginn. Ab der Rentrée 2026 kann d’Gemeng déi zwee Containerbléck am Prinzip och zréck aus der Lokatioun ginn wat sech immens positiv op den ordinäre Budget wäert auswierken.

D’Schoul op engem Site. Et war de Wonsch vun all de Schoulpartner fir all d’Schoulklassen op engem Site ze regruppéieren. Fir dësem Wonsch nozekommen hu mir de Container wou d’Gemengeverwaltung vun 2020 bis 2022 installéiert ginn ass esou konzipéiert, dass dono 5 Klassesäll kéinten amenagéiert ginn fir dass de Cycle 4 dann aus der „Aler Schoul“ bei der Kierch op de Schoulsite mat der Maison Relais kéint plënneren. No der Fäerdegstellung vun der neier Gemeng ass de Cycle 4 dunn am Januar 2023 riwwergeplënnert, nodeems d’Bürosraim als Klassesäll ëmgestalt gi sinn. Dëst erlaabt der ganzer Schoulcommunautéit elo e bessert Zesummeschaffen, och am Hibléck op de „Projet intégré“ wou déi 1. Phas fir d’Rentrée 2026 ofgeschloss ka ginn, wann de Chantier no Plang verleeft.

3D-Maquette vum Masterplang. Eng digital 3DMaquette vum neie Schoulsite ass online a gëtt een Abléck an déi verschidde Phasen vun der Entwécklung déi nächst Joren. Deelweis erlaabt d’Maquette och bis an d’Gebaier era kucke ze goen. De Schoulpartner hu mir dës Maquette rezent presentéiert. Den offizielle Grondsteen vun der neier Schoul gëtt um Dag vum Schoulfest den 12. Juli 2023 geluecht, a Presenz vum zoustännege Minister a natierlech de Mäerzeger Schoulkanner.

Séchere Schoulwee. Bei der Ausschaffung vum „Séchere Schoulwee“ huet 2019 eng Ëmfro bei de Schoulkanner an den Elteren erginn, dass d’Sécherheet an de Stroossen net garantéiert ass. Déi heefegst Aussoen waren, dass ze séier gefuer gëtt an dass d’Automobiliste d’Prioritéit vun de Foussgänger

This article is from: