1 minute read

4. ENG SÉCHER, PROPPER, INKLUSIV, GERECHT A LIEWENSWÄERT GEMENG

a. Sécherheet

D’Mäerzeger Pompjeeën. Am Pompjeeswiesen huet sech duerch d’Professionaliséierung an déi nei Gesetzgebung vum CGDIS (Corps grand-ducal d’incendie et de secours) zënter 2018 villes verännert. An deem Kader huet d’Gemeng z.B. mëttlerweil de Pompjeesbau un de CGDIS verlount an ass net méi zoustänneg fir d’Pompjeesgefierer. Fir eis ass et awer evident, dass d’Gemeng een zouverlässege Partner fir de CIS (Centre d’incendie et de secours) Mäerzeg ass a bleift. De CIS Mäerzeg soll zu all Moment op d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng ziele kënnen. All eenzele Pompjee verdéngt de Respekt vun der Gemeng a sengen Awunner fir säi fräiwëllegen Engagement. Besonnesch ervirzesträichen ass den Engagement och vum First Responder System wou d’Pompjeeën eng éischt medezinesch Betreiung garantéiere bis zum Antreffe vun enger Ambulanz, respektiv dem Samu. An d’Aarbecht am Jugendberäich ass impressionant, wou d’Mäerzeger Gemeng ganz houfreg op seng Jugendpompjeeën däerf sinn. Mir ënnerstëtzen a begleeden dës positiv Entwécklung gäre beschtméiglechst weider, och am Kader vu noutwendege Renovatiounsaarbechten, déi am Pompjeesbau virgeholl musse ginn.

Advertisement

Defibrillatoren. Fir a medezinesche Noutfäll Liewen ze retten, hu mir an zousätzlech automatesch Defibrillatoren investéiert. D’Installatiounen tëscht den zwee Fussballterrainen an an der Industriezon sinn ofgeschloss. Aktuell waarde mir op d’Liwwerung vun den Apparater, fir bei der „Aler Schoul“ an am Gemengenhaus ze installéieren. Domat hätte mir d’Offer vu engem op fënnef Defibrillatoren an eiser Gemeng eropgesat.

Wanterdéngscht. Mir hunn d’Gemengeservicer an der Regie komplett nei organiséiert mat d’Verdeelung vun de Responsabilitéiten op méi Schëlleren. Den alljärleche Wanterdéngscht gëtt mëttlerweil vun alle Mataarbechter vun der Regie assuréiert a beschtméiglechst organiséiert no engem Permanenceplang. Mir sinn a bleiwen awer eng kleng Gemeng an zielen weiderhin op d’Verständnis vun de Bierger wann an extreme Fäll de Service net nokomme kann.

Verstäerkt Zesummenaarbecht mat der Police. Wéi fir d’Verkéierssécherheet, striewe mir eng verstäerkt Zesummenaarbecht mat der Police un

This article is from: