
1 minute read
Carine PIETTE
51 Joer // Sekretärin bei der Lëtzebuerger Arméi
51ans//Secrétaireauprèsdel’Arméeluxembourgeoise
Advertisement
D’Carine Piette ass gebierteg vu Biissen, wunnt zënter 2004 zu Mäerzeg an ass elengerzéiend Mamm vu sengem Meedche Kim.
D’Carine huet eng Léier fir Coiffeuse gemaach, uschléissend d’Meeschterprüfung fir Dammen an Hären. No 15 Joer Erfarung am Beruff huet hatt de Salon vu senger Cheffin iwwerholl a war 9 Joer laang selbstänneg.
2015 huet d’Carine bei der Lëtzebuerger Arméi als Coiffeuse ugefaangen, mee huet 2020 säi Beruff aus gesondheetleche Grënn missten opginn. Hatt huet sech doropshin am Sekretariat am administrative Beräich vun der Lëtzebuerger Arméi nei orientéiert an ass frou mat dëser neier Erausfuerderung.
D’Carine engagéiert sech immens gäeren benevoll, sou z.B. säit iwwer 20 Joer zu Groussbus an der Schankemännchen Asbl, an der Event-Kommissioun vun der Gemeng Mäerzeg, am Comité vun der Mäerzeger Musek, oder nach am Mäerzeger Turnveräin, wou hatt och iwwert 20 Joer aktiv war.
An der Fräizäit ass seng Passioun liesen, mat sengem Meedchen an de Kino Filmer a Musicals kucke goen, a vill Zäit an der Natur verbréngen mam Vëlo oder zu Fouss.
CarinePiettevitàMertzigdepuis2004,aprèsavoirhabitéàBissen.Elleélève seule sa fille Kim.
Carine a effectué un apprentissage en tant que coiffeuse, suivi d’un brevet de maitrisepourfemmesethommes.Après15annéesd’expériencedanscemétier, elle a repris le salon de sa patronne et est ainsi devenue indépendante pendant 9 années.
En2015,Carineacommencéàtravaillerentantquecoiffeuseauprèsdel’Armée luxembourgeoise, avant d’avoir été contrainte de quitter son métier pour des motifs de santé. Conséquemment, elle s’est réorientée vers le domaine administratif de l’Armée luxembourgeoise, à savoir son Secrétariat, un nouveau défi qu’ellearelevéavecjoie.
Carine se distingue parson immense engagement dans le domaine du bénévolat, par exemple au sein de la l’Asbl « Schankemännchen » pendant plus de 20 années, au sein de la commission « Event » de la Commune de Mertzig, dans le comitédela«MäerzegerMusik»,ouencoreauseindu«MäerzegerTurnveräin» oùelleaétéactivependantplusde20ans.
Dans son temps libre, elle adore lire, aller au cinéma ou assister à des comédies musicales avec sa fille, et passer beaucoup de temps dans la nature – à pied ou à vélo.
„No bei de Leit, dem Bierger nolauschteren, aktiv matschaffen, d’Problemer an d’Suerge vun de Leit eescht huelen, prett sinn fir d’Erausfuerderunge vun eiser Gemeng ze meeschteren – dofir set zen ech mech an. Ech wëll dofir matgestalten a Responsabilitéit fir d’Gemeng Mäerzeg a seng Awunner iwwerhuelen. Ech sinn houfreg Deel vun dëser jonker an dynamescher Equipe ze sinn an hoffen d’Chance ze kréien mech aktiv kënnen ze bedeelegen fir eis Gemeng.“
«Êtreprochedesgens,êtreàl’écoutedescitoyens, participeractivement, prendre au sérieuxles problèmes etles soucis des personnes, être prête à releverlesdéfisdenotreCommune–c’estpourquoi j’entends m’engager, je désire m’impliqueretassumerdesresponsabilités.Jesuisfièredefairepartiedecette équipe jeune etdynamique. J’espère obtenirla chance de m’engageractivementpournotreCommune.»
