2 minute read

Stefano D’AGOSTINO

35 Joer // Politolog, Professer am Dikrecher Kolléisch // Gemengerot zënter 2011, 1. Schäffen zënter 2017

35ans//Politologue,ProfesseurauLycéeClassiquedeDiekirch//Conseillercommunaldepuis2011, PremierÉchevindepuis2017

Advertisement

De Stefano D’Agostino wunnt scho vu klengem un zu Mäerzeg. Hien ass zënter 2022 mam Anne Bidoli bestuet an si hunn 2 Kanner. Zënter zwielef Joer vertrëtt hien d’Bierger am Gemengerot – tëscht 2017 a 2023 als 1. Schäffen, tëscht 2011 a 2017 als Conseiller. Zënter 2017 vertrëtt de Stefano d’Gemeng Mäerzeg als Délégué an den interkommunale Syndikater SICONA a SIDEC.

No der Première am Dikrecher Kolléisch huet hien op der Université Libre de Bruxelles ee Master an de Politikwëssenschaften gemaach, mat Spezialisatioun op europäescher Legislatioun.

De Stefano ass Professer am Dikrecher Kolléisch (LCD). Hien enseignéiert d’Fach Vie et Société op ville Klassen a gëtt och d’Fach Lëtzebuergesch op enger CLIJAKlass. Donieft wäert hien ab September der Équipe vum Service d’orientation (SeO) am LCD bäitrieden. Virdrun huet hien als Beoptraagte fir Ëffentlechkeetsaarbecht am Europäesche Parlament geschafft. 2016 huet hie mam Viviane Reding um Buch „Roaming - Der Kampf von David gegen Goliath“ matgeschafft, nodeems hien zwee Joer am Ausseministère war. 2013-14 war hien Assistent vum Astrid Lulling am Europaparlament, als Beroder an de Beräicher Landwirtschaft, Fraerechter, Wirtschaft a Wärung.

Politesch ass de Stefano säit senge Studien engagéiert. Nieft der Gemengepolitik ass hien och parteipolitesch ënnerwee.

Méi wéi zéng Joer laang war hien zu Mäerzeg am Fussball an hien huet fënnef Joer laang bei de „Mäerzeger Fonkerten“ Theater gespillt. A senger Fräizäit liest de Stefano immens gären, ass gär an der Natur a verbréngt vill Zäit mat senger Famill.

Stefano D’Agostino est originaire de Mertzig. Depuis 2022, il est marié avec Anne Bidoli, avec qui il a deux enfants. Depuis douze ans, il représente les citoyensauConseilcommunal–entantquePremierÉchevinentre2017et2023, en tant que Conseiller communal entre 2011 et 2017. Depuis 2017, Stefano est le délégué de la Commune de Mertzig au sein des syndicats intercommunaux SICONA et SIDEC.

Aprèsavoirdécrochésondiplômedefind’étudessecondairesauLycéeclassique deDiekirch,StefanoafaitdesétudesdeMasterensciencespolitiques–avecune spécialisationsurlalégislationeuropéenne-àl’UniversitéLibredeBruxelles. Actuellement Professeur au Lycée Classique de Diekirch (LCD), il y enseigne le cours de « Vie et Société » dans de nombreuses classes et le luxembourgeois dans une classe CLIJA. À partir de septembre 2023, Stefano va en outre intégrer l’équipe du Service d’orientation (SeO) du LCD. Auparavant, il a été chargé desrelationspubliquesauBureauduParlementeuropéenàLuxembourg.Passionné par l’écriture, Stefano a assisté Viviane Reding dans la rédaction du livre « Roaming - le combat de David contre Goliath en 2016, après avoir travaillé pendant deux années au Ministère des Affaires étrangères et européennes ». Entre 2013 et 2014, il était l’assistant d’Astrid Lulling au Parlement européen en matièred’agriculture,droitsdesfemmes,économieetmonnaie.

L’engagement politique de Stefano date déjà de ses études. Outre la politique communale,ilaégalementunengagementpartisan.

StefanoapasséplusdedixansauFCSportingMertzigetajouéauthéâtrependantprèsde5ansauprèsdes«MäerzegerFonkerten».

Dans son temps libre, Stefano adore lire, se promener dans la nature et passer dutempsavecsafamille.

„Fir mech sti Wäerter am Mëttelpunkt. Mënschewierd, Toleranz, Solidaritéit, ökologesch Nohaltegkeet, … D’Verbesserung vun der sozialer Kohesioun féiert zu engem méi staarken Zesummenhalt, wat méi Liewensqualitéit bedeit. Enger Gemeng geet et gutt wann et dem Bier ger gutt geet. Tëschemënschlech Relatioune sinn op mannst genau sou wichteg wéi di technesch Aspekter. Meng bescheiden Origin nen, a virun allem meng béid Groussmammen, déi sech trotz Analphabetismus duerch d’Liewe gekämpft hunn, hu mech politesch gepräägt a mech dozou beweegt, eis Welt zu enger besserer Plaz wëllen ze maachen. Als Papp ass et mir besonnesch wichteg, eis Gemeng Kanner- a Familljefrëndlech ze gestalten. Fir alles dat wëll ech mech, zesumme mam M-team, engagéieren.“

This article is from: