
2 minute read
Marcel BARROS
53 Joer // Energieberoder // Gemengeconseiller zënter 2022
53ans//Conseillerenénergie//Conseillercommunaldepuis2022
Advertisement
D e Marcel Barros wunnt zënter 1992 zu Mäerzeg wou hien deemools ganz jonk d’„Säiterthaus“ um Butzebierg kaaft huet, wat hien dono jorelaang renovéiert huet. De Marcel ass bestuet a Papp vun 3 erwuessene Kanner. Am Kader vun der Komplementarwal ass de Marcel zënter Oktober 2022 am Gemengerot an zënter 2017 President vun der „Gringer Kommissioun“.
Berufflech huet de Marcel sech puermol nei orientéiert fir seng Kärkompetenze besser anzesetzen, an awer och fir senger Leidenschaft, alles wat sech ronderëm nohalteg Energieressourcen dréit, all Kéier ee Krack méi no ze kommen. Dat goung vum Bankesecteur iwwert Schräinerei a Miwwelrestauratioun, bis zum techneschen Déngscht am Behënnerteberäich fir schliisslech am edukativen Domaine ze landen. Do hält de Marcel als Energieberoder Couren an de Grondschoule fir déi Jonk fir erneierbar Ressourcen an d’Nohaltegkeet ze begeeschteren an ze sensibiliséieren. De Programm „Nachhaltigkeit macht Schule“ huet hien esou jorelaang begleet a ville Schoule vum Land, e.a. och zu Mäerzeg.
De Marcel huet souzesoen seng Passioun zum Beruff gemaach fir elo als Energieberoder am Optrag vun der KlimaAgence ze schaffen. Donieft organiséiert hien zënter méi wéi 10 Joer Atelieren an de Maisons Relaisen a Jugendhaiser queesch duerch d’Land, wou scho vill interessant a wäertvoll Projeten zustan komm sinn. Fir säi laangjäregen Engagement fir erneierbar Energie ass hien 2022 geéiert gi mat enger „Prime promotionnelle“ vum Fonds Nova Naturstroum.
De Marcel Barros huet duerch säin Asaz an der „Gringer Kommissioun“ an elo och am Gemengerot scho villes beweegt a war maassgeeblech bedeelegt un der Zertifikatioun vu Mäerzeg als éischt Gemeinwohlökonomie-Gemeng zu Lëtzebuerg an och beim Gold-Audit am Klimapakt. An och beim Repair Café Mäerzeg ass de Marcel de Mann vun der éischter Stonn!
Marcel Barros habite à Mertzig depuis 1992. Très jeune, il a fait l’acquisition du « Säiterthaus » au Butzebierg, la maison qu’il a rénovée durant beaucoupd’années.Marcelestmariéetpèrede3enfantsadultes.Suiteauxélections communales complémentaires d’octobre 2022, il siège au Conseil communal, et ilprésidela«Commissionverte»depuis2017.
Professionnellement,Marcelc’estréorientéplusieursfoispouracquérirtoujours plusd’expérienceafindeserapprochertoujoursplusdesonbutetdesapassion: tout ce qui concerne les énergies renouvelables et la durabilité. Débutant à la banque, puis passant par la rénovation de meubles, le service technique dans le domaine du handicap, pour arriver finalement dans l’éducation. Il donne des cours dans les écolesfondamentales en matière des ressources renouvelables et de durabilité. Il a ainsi accompagné durant des années le programme « Durabilité fait école » dans de nombreux établissements scolaires dans tout le pays et à Mertzig.
Marcel a ainsi fait de sa passion son métier en agissant comme conseiller en énergiepourl’«AgenceduClimat».Enplus,ilorganisedepuisplusde10ansdes ateliersdanslesMaisonsRelaisetMaisonsdeJeunesàtraverslepays.Fin2022, ilaétéhonoréavecune«Primepromotionnelle»duFondsNovaNaturstroum.
Marcel Barros s’est engagé de façon exemplaire dans les travaux de la « Commission verte » et siège également au Conseil communal depuis quelques mois suite à la vacance de postes. Il a contribué considérablement à la certification de Mertzig comme première « Commune de l’Économie pourle Bien commun » et dans le cadre du Pacte Climat où la Commune a atteint le plus haut degré, à savoirlacertification«or».Ilestaussil’hommedelapremièreheuredu«Repair Café»àMertzig.
„D’Liewensqualitéit vun den Awunner vu Mäerzeg läit mir besonnesch um Häerz an dofir war ech frou an houfreg wéi ech virun ca. 5 Joer d’Geleeënheet krut fir President vun der „Gringer Kommissioun“ ze ginn. Déi lescht Joren hu mir vill nohalteg an ökologesch Projete begleet an ënnerstëtzt, wéi z.B. de Bike4All, den Dag vum Bam, déi kleng a grouss Botz oder rezent och d’Infoversammlung zum Bau vun enger Minisolaranlag. Als Gemengerotsmember ass et mir wichteg fir mäi Bäitrag zu den Entscheedungen déi mus se geholl gi bäizesteieren. D’Verkéiersberoue gung am Duerf ass do z.B. e wichtegt Thema well d’Sécherheet vun de Bierger, vu jonk bis al, ëmmer garantéiert muss sinn.“
Marcel Barros
« La qualité devie des concitoyens metientà cœuretpourcelaj’étaisfieretcontentdedevenirleprésidentdela«Commissionverte». Durant ces 5 années, nous avons soutenu et accompagné de nombreuxprojets écologiques etdurablestelsquel’évènement«Bike4all», la«Journéedel’arbre»,le«petitetgrand nettoyage»,etplusrécemmentlaréunion d’information sur la fabrication et l’installation de mini-photovoltaïques. Entantque membre du Conseil communal, il m’estimportantde contribuerauxdécisionsàprendre.Àtitred’exemple, l’apaisementde la circulation estun sujetimportantcarla sécurité routière des habitants jeunes et moinsjeunesdoittoujoursêtregarantie.»
