1 minute read

MISSIOUNE CIGL SUESSEM

De CIGL Suessem huet an eiser

Gemeng zwou wichteg Missiounen: d’Beneficiairë beschtméiglech encadréieren a forméieren an den eelere Leit aus eiser Gemeng eng alldeeglech Hëllef sinn.

Advertisement

Eng éischt Missoun ass den Encadrement vun eise Beneficiairë mam Zil, bannent zwee Joer e festen Aarbechtskontrakt ze fannen. De CIGL Suessem ass mam Aarbechtsministère konventionéiert a kann aktuell 34 Beneficiairë beschäftegen, déi a sechs Projeten agedeelt sinn. Déi fräi Poste gi bei der ADEM gemellt, déi dann dem CIGL d’Kandidaten zouweist. De Kontrakt vun engem Beneficiaire ass op maximal zwee Joer begrenzt. An dësen zwee Joer gëtt mam Beneficiaire eng Strategie ausgeschafft, déi et erlabe soll, ënner beschtméigleche Konditiounen e feste Kontrakt bei engem Patron ze fannen. Dëst geschitt dacks mat Formatiounen a Stagen.

D’Formatioune sinn e wichtege Bestanddeel an der Karriär vun engem Beneficiaire, fir sech weiderzebilden oder sech an engem komplett neie Beräich ze forméieren. Donieft bitt de CIGL Suessem och Stagë mat interesséierte Patronen un. Esou ee Stage dauert normalerweis tëschent zwou a véier Wochen. Duerch eng Konventioun tëschent dem CIGL an dem Patron kann de Salarié esou de Betrib kenneléieren an nom Stage kann zesumme mam Patron gekuckt ginn, ob de Beneficiaire déi néideg Kompetenze fir dëse Beruff matbréngt. Wärend dem Stage bleift de Salarié weiderhi beim CIGL affiliéiert a gëtt och weiderhi vum CIGL bezuelt, esou datt de Stage ouni Käschte fir de Patron ass. Am Joer 2022 konnten esou siwe Beneficiairen en neie Patron fannen.

Niewent de 34 Beneficiairë beschäftegt de CIGL Suessem aktuell och néng fest Mataarbechter·innen. Nieft dem Direkter

Dany Scholten sinn dëst zwee administrativ Mataarbechter·innen, ee Koordinator fir déi technesch Servicer a fënnef Ekippecheffen·innen, déi déi eenzel Servicer encadréieren. Geleet gëtt de CIGL Suessem vun engem Conseil d‘administration, deen de Moment aus 16 benevole Membere besteet.

Déi zweet wichteg Missioun ass et eng alldeeglech Hëllef fir eis

Bierger·innen iwwer 60 Joer an der Gemeng Suessem ze sinn. Leit ënner 60 Joer kënnen natierlech och vun eise Servicer profitéieren, brauchen dofir awer e Certificat vum Dokter, datt si déi Aarbechten net méi selwer maache kënnen.

D’Gemeng Suessem ass a bleift ee wichtege Partner vun eisem CIGL. Nieft der alljärlecher Subventioun, déi de CIGL vun der Gemeng kritt, si virun allem déi verschidde Projeten, déi zesummen ausgeschafft ginn, ervirzehiewen. An Zesummenaarbecht mat deenen eenzele Servicer vun der Gemeng, entstinn esou flott nei Projeten oder punktuell Aarbechten, déi vun eisen Ekippecheffe·inne mat hire Beneficiairen duerchgefouert ginn. Aktiv si si virun allem am Park Backes, um Gaalgebierg oder och nach am Matgesfeld.

This article is from: