1 minute read

DE CIGL

Nodeems de CIGL Suessem an deenen zwee éischte Jore staark gewuess ass, ginn d’ Carole Drauden an de Léon Woicik als éischt fest Mataarbechter agestallt.

Advertisement

Den deemolege Buergermeeschter Fred Sunnen iwwerhëlt den éischte Presidenteposte vum CI GL Suessem. D’ Beate Sander ass déi éischt Direktesch vum CIGL a bleift dësem Poste bis zu hirer Pensioun am Joer 2019 trei. Déi éischt Beneficiairë ginn an zwee Servicer, de Klengen Atelier an de Service Environnement, agedeelt.

Am Mee 2015 entsteet de Service Aide à la personne, dee virun allem eng Haushaltshëllef fir eeler Bierger·innen an der Gemeng Suessem ass.

No verschiddenen Turbulenze kënnegt den Aarbechtsministère d’Konventioun mam Objectif plein emploi a muss op den 1. Mee 2013 all seng Mataarbechter·innen entloossen. All déi sozial Initiative gi weiderhi vum Ministère ënnerstëtzt, sinn awer ab deem Zäitpunkt op sech gestallt. D’Gemeng Suessem ënnerstëtzt de CIGL an dëser Zäit mat alle méigleche Mëttel. Nodeems de Robert Rings aacht Joer laang un der Spëtzt vum CIGL stoung, iwwerhëlt den deemolege Schäffe Marco Goelhausen de Poste vum President vum CIGL Suessem.

De Robert Rings, Matgrënner an deemolege Vize-President, iwwerhëlt d’Presidentschaft vum CIGL Suessem.

This article is from: