2 minute read

SIMONE ASSELBORNBINTZ

Buergermeeschtesch

Gemeng Suessem

Advertisement

Léif alleguerten,

De CIGL Suessem feiert 25 Joer. Säit 25 Joer gëtt de CIGL Mënschen eng zweet Chance um Aarbechtsmaart an hëlleft zäitgläich eisen eelere Matbierger·innen am Alldag. Als Buergermeeschtesch kéint ech net méi houfereg iwwer d’Entwécklung sinn, déi dëse soziale Projet geholl huet. Eleng, datt am leschte Joer 7 Mataarbechter·innen iwwert de CIGL en neie Patron fonnt hunn, ass e staarkt Signal. Dëst ënnersträicht, datt d’Approche vum CIGL genee déi richteg ass.

deenen Eelsten, dovunner profitéiert. Mam Projet ‚Suessem schmaacht‘ planze si säit 3 Joer lokal Geméis un, dat an eise Maison-relaisen an am CIPA verschafft gëtt. Dëse Projet ass elo schonn eng Succes Story, déi doniewent och nach nohalteg ass.

Mat eiser ganz neier ‚Spullkëscht‘, déi d’Gemeng Suessem Enn 2022

Niewent der Reintegratioun vu Beneficiairen, wëll ech awer och d’Offere vum CIGL ernimmen. De CIGL schafft fir eis Bierger·innen, déi op Hëllef ugewise sinn, sief dës bei den alldeeglechen Aufgaben am Haushalt oder bei klenge Reparature ronderëm d’Eegenheem.

Dem Dany Scholten seng Ekippe roue sech och net op hire Friichten aus an hunn an de leschte Joren hir Servicer esou erweidert, datt eis ganz Gesellschaft, vun deene Jéngste bis zu niewent dem neie Gîte Bieles-Réideng, um Parcours vum Minett Trail installéiert huet, exploitéiert d’Ekipp vum CIGL zanter Kuerzem déi éischte Becherwäschanlag am Süde vum Land. Och hei steet d’Nohaltegkeet op éischter Plaz. Dëse Projet, deen aktuell eréischt seng éischte Schrëtt mécht, huet enorm vill Potenzial an ech si mir sécher, datt de CIGL dëst mat sengem gewinnten Enthusiasmus an Dynamik ze notze weess.

Als Buergermeeschtesch wëll ech awer och deene Leit Merci soen, déi de CIGL zu deem gemaach hunn, wat en haut ass. Dës sinn déi laangjäreg Direktesch Beate Sander an hire Successeur Dany Scholten, de ganze Conseil d’administration mam President Marco Goelhausen a sengen zwee Virgänger Fred Sunnen a Robert Rings an déi ganz Ekipp vum CIGL. Ech freeë mech op nach vill weider Joren a si perséinlech op déi Projete gespaant, déi d’Zukunft nach brénge wäert.

D’Geschicht vum CIGL Suessem ass eng erfollegräich Geschicht, op déi een houfreg ka sinn.

Perséinlech sinn ech dann och frou, dass ech d’Entwécklung vum CIGL Suessem iwwer laang Joren als Buergermeeschter konnt begleeden. Zanter elo 25 Joer bitt Är Beschäftegungsinitiativ Déngschter un, déi virun allem deene Leit ze gutt kommen, déi besonnesch op Hëllef ugewise sinn. Mat Äre verschiddenen

Déngschtleeschtungen, déi Dir den Ament offréiert, ënnerstëtzt Dir dës Leit an hirem net ëmmer ganz einfachen Alldag andeems

Dir direkt bei hinnen doheem intervenéiert.

Doriwwer eraus setzt Dir mat Ärem Service ‚Suessem schmaacht‘ ee ganz wichtegt Zeechen. An Zäiten, wou lokal a regional Liewensmëttel ëmmer méi wichteg ginn an de Konsument ëmmer méi heefeg gezwongen ass seng Gewunnechten ze änneren, ass et flott ze gesinn, dass och an de Beschäftegungsinitiativen déi lokal Produktioun vu Geméis ëmmer méi wichteg gëtt.

Grad dëse Projet weist och wéi wichteg d’Initiativen an dësen Zäite sinn a firwat mir si brauchen. Och wann eisen Aarbechtsmaart sech vun de rezenten an deels nach aktuelle Krisen relativ gutt erholl huet, sou stelle mir awer fest, dass ganz vill Leit net déi néideg Kompetenzen hu fir um éischten Aarbechtsmaart nees Fouss ze faassen. Grad dëse Leit bidden d’Beschäftegungsinitiativen ee gereegelten Alldag, eng geziilt Weiderbildung an ëmmer méi heefeg och eng reell berufflech Perspektiv.

Aus all dëse Grënn ass d’Relatioun tëschent dem Ministère an de Beschäftegungsinitiativen eng immens enk. De Ministère an och d’ ADEM brauche Partner, déi um Terrain present sinn an déi de Leit dobäi kënnen hëllefen hir Kompetenzen ze erweideren. Dofir wäerte mär och um staarke Partenariat tëschent dem Ministère, der ADEM an de Beschäftegungsinitiativen festhalen, fir dass där an all déi aner Initiative mat Ärer wichteger Aarbecht am Interessi vun der Gesellschaft kënnt weiderfueren.

This article is from: