1 minute read

ACCUEIL

Den administrative Service vum CIGL Suessem gëtt vun der Administratiounscheffin Carole Drauden geleet. Ënnerstëtzt gëtt si vum Isabel Wohl-Fontes an engem Beneficiaire, deen idealerweis eng éischt Erfarung an deem Beräich matbrénge soll.

Eis dräi Leit assuréieren den Telefons-Accueil vun eise Clienten, si fir d’ Comptabilitéit zoustänneg an iwwerhuelen och soss all administrativ Aufgaben déi ustinn.

Advertisement

Am Service ‚Aide à la Personne‘ schaffen de Moment fënnef Beneficiairen, déi vun der Ekippecheffin Catia Giovannini geleet ginn.

An dësem Service gi virun allem Haushaltsaarbechte bei eise Clienten iwwer 60 Joer duerchgefouert. Weider Servicer sinn awer och d’ Griewerbotz op de Kierfechter an eiser Gemeng, d’ Akafe goe mat eise Clienten oder d’ Begleede bei den Dokter.

De ‚Klengen Atelier‘ ass dee gréisste Service vum CIGL Suessem. Den technesche Coordinateur vum CIGL, de Luc Poos, ass fir dëse Service zoustänneg an encadréiert net manner ewéi 14 Beneficiairen . An der Haaptsaison, déi vu Mëtt Mäerz bis Oktober geet, ass d’Méien e grousse Bestanddeel vun dësem Service. Hei gi Méiaarbechten no engem festgeluechte Plang bei eise Clientë gemaach. Des Weidere bidde mir awer och Heckeschnëtt, Recyclage, kleng Kniwwelaarbechten (z. B. e Krunn oder eng Rolllued flécken) oder kleng Steemetzeraarbechten un. Am Wanter ass et dann un eiser Schnéitournée, wou de Service bei ronn 90 Clienten de Schnéi virum Haus schëppe geet.

Eisen Ëmweltservice, dee vum Ekippechef Pedro Gomes geleet gëtt, schafft enk mam Ëmweltservice vun der Gemeng Suessem zesummen. Hei gi virun allem Botzaarbechten op verschiddene Plazen an a Parke vun der Gemeng duerchgefouert. Mat senge fënnef Beneficairen ass de Pedro Gomes awer och zoustänneg fir de Bau vu verschidde klengen Anlagen, wéi zum Beispill dem flotte Paravant am Matgesfeld oder dem Héngerstall hannert dem Scoutshome zu Suessem.

De Service ‚Suessem schmaacht‘ gouf an deene leschten dräi Joer kontinuéierlech ausgebaut. Ugefaange mat e puer

Gäert am Matgesfeld, huet sech dëse Service ënnert der Leedung vun eisem fréiere Geméisgäertner

Florent Bourgey a sengem Assistent Silvio Rausa no an no vergréissert. Aktuell baue mir mat eise véier Beneficiairë

Geméis op enger Gesamtfläch vun 13 Ar un. Zu de Partner vu Suessem schmaacht gehéieren an der Gemeng

Suessem de CIPA REWA, d’Eis Epicerie, de Eis Brasserie

Boulodrome an d’Kiche vun der Maison

Relais um Kannercampus um Belval. Eng

Cooperatioun mat der Brasserie ‚Madame

Witzeg‘ gëtt aktuell ausgeschafft. 2022 huet de CIGL d’ Geméiskëscht agefouert, bei där eis Clienten dënschdes oder mëttwochs hir frësch a saisonal Geméiskëscht bestellen a freides am CIGL ewechhuele kënnen.

This article is from: