1 minute read

AN DER VUM CIGL

De Suessemer Schäfferot gëtt gréng Luucht fir den Ëmbau vum neie Gebai an der Déifferdengerstrooss zu Zolwer.

Den 28. Abrëll 2018 ginn net nëmmen déi nei Raimlechkeete mat enger Porte ouverte ageweit, mee an engems och 20 Joer CIGL Suessem gefeiert.

Advertisement

De Service Suessem schmaacht entsteet duerch eng Iddi vum Service Écologique vun der Gemeng Suessem. D’Ufanksiddi war déi, datt Gäert, déi eis eeler Matbierger·innen net méi notze konnten, vum CIGL ënnerhale ginn. Mat der Zäit sinn ëmmer méi Terraine bäikomm, esou datt aktuell pro Joer ronn 7 Tonne Geméis op 13 Ar ugebaut ginn. 2017 ass awer och den Ëmbau vum Gebai an der Déifferdengerstrooss fäerdeg. Véier Joer laang hunn d’Ëmbauaarbechte gedauert, bis d’Mataarbechter·innen den neien Atelier an d’Bürosraim notze konnten.

D’ Spullkëscht, eng Initiativ vun der Gemeng Suessem, gëtt gegrënnt an ab 2022 vum CIGL Suessem geréiert. Virun allem eng Rei Pro-Sud Gemenge profitéiere vun der neier Spullstrooss a loossen hir Plastiksbecheren an enger professioneller Maschinn vun der Ekipp vum C IGL spullen.

Déi deemoleg Direktesch Beate Sander geet no 20 Joer beim CIGL Suessem an hir wuelverdéngte Pensioun a gëtt op den 1. August 2019 vum Dany Scholten ofgeléist.

This article is from: