1 minute read

MARCO GOELHAUSEN

De CIGL feiert 25

Joer.

Advertisement

Léif Biergerinnen a Bierger,

De CIGL ass den 8. Abrëll 1998 gegrënnt ginn a feiert domat säi 25. Jubiläum. E Véierelsjoerhonnert nodeems aus der Iddi vum John Castegnaro eng staatlech Institutioun entstanen ass, déi net méi aus dem lokalen a mëttlerweil och regionalen Ëmfeld ewechzedenken ass.

Virop géif ech gären deene Mënschen e grousse Merci soen, déi an iergen - denger Form oder Funktioun un dëser Initiativ an dem domat verbonnen Erfolleg matgewierkt hunn. Ech wëll hinne mäin déifste Respekt ausdrécken.

Eis Associatioun setzt sech um lokale Plang fir eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun eise Matbierger·innen an. Esou steet d’Reintegratioun vu Mënschen ouni

Aarbecht, d’Schafe vun neie Plazen an d’Fërderung vum sozialen Zesummenhalt am Vierdergrond.

D’Offer vun eisem ‚Klengen Atelier‘, wéi de CIGL am Volleksmond genannt gëtt, am Déngscht vun de Bierger·inne vu 60 Joer un, ass vilfälteg, dat am Beräich Natur- a Fléckaarbechte ronderëm d’Eegenheem, wéi och kleng Reparature ronderëm d’Haus.

Och Projeten am Sënn vun der Allgemengheet gi vun der Ekipp Environnement an der Gemeng Suessem ëmgesat. Realiséiert goufen hei ë.a. d’Gestaltung vum Erhuelungsgebitt ,Op Gewäennchen‘ zu Éilereng, d’Ëmgestaltung vun der fréierer Spillplaz an der Rue de Lidice zu Zolwer an dem Park Backes zu Suessem a Wuelfilloasen an der Erneierung vum Industriedenkmal ‚Humpen‘ am Tippewee zu Zolwer.

Allgemeng stinn Ënnerhaltsaarbechten a Reparaturen an de Gréngzonen, wéi och op de Spillplazen an der Gemeng op eiser Dagesuerdnung.

Ausbau vun den Aktivitéiten

An de leschte Joren hu mir d’Panoplie vun eisen Offeren erweidert. Eis Ekipp ‚Aide à la personne‘ hëlleft Iech am Haushalt a begleet Iech op Rendez-vousen. D’Ekipp vu ‚Suessem schmaacht‘ notzt privat Gardeparzellen, déi eis zur Verfügung gestallt ginn, fir regional Geméis unzebauen. An an eiser neister Acquisitioun, der ‚Spullkëscht‘, ginn a groussen Zuele Mehrwegbecheren an enger spezieller Wäschstrooss gespullt.

Léif Biergerinnen a Bierger, de CIGL wäert och an Zukunft Mënschen, déi an Nout gerode sinn, et erlaben erëm Fouss an der Aarbechtswelt ze faassen.

Gläichzäiteg hu mir an de leschte Joren eis Offer am Déngscht vun der Bevëlkerung an der Gemeng konstant ausgebaut, dëst säit 25 Joer. A genee esou wëlle mir nach vill Jore weidermaachen.

This article is from: