Wunnengswiesen - Loyerskommissioun
Kollektivvertrag fir d’Gemengesalariéen
Vill Locataire wësse net, datt d’lëtzebuergescht Gesetz e maximale Loyer (5% vum investéierte Kapital) festleet an datt een d’Méiglechkeet huet fir géint ze héich Loyere bei der Loyerskommissioun, déi an all Gemeng obligatoresch ass, Beruffung anzeleeën. déi Lénk hunn de Gemengerot opgefuerdert all Awunner iwwer d’Existenz an den Aufgabeberäich vun der Loyerskommissioun opzeklären an och Informatiounen zu de Loyerssubventiounen ze ginn, déi säit Januar 2016 a Kraaft si mä wéineg ugefrot ginn. Dës Motioun vun déi Lénk gouf eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl. Dono gouf d’Informatioun iwwert d’Loyerskomissioun a -subventioun um Internet-Site vun der Gemeng verëffentlecht.
De Kollektivvertrag vun den 18 Südgemenge betrëfft 2.000 Fraen a Männer, déi als Salariéë bei de Gemenge schaffen. E gouf am Januar 2017 ënnerschriwwen a bleift an enger Linn mat de Verträg säit 2009: d’Léin bleiwe praktesch konstant, mat Ausnahm vun enger eemoleger Prime an Héicht vun 0,9%. Onpassenderweis bleiwe verschidde Buergermeeschteren, virun allem vun der CSV an déi Gréng, bei hirer Fuerderung d’Léin vun Neizougäng erof ze setzen. déi Lénk kënnen esou eng Politik, déi sech virun allem nodeeleg op déi Jonk auswierkt, op kee Fall akzeptéieren. Dofir bleiwe mär weiderhi virsiichteg wat d‘Verhandlungen iwwer d‘Léin ugeet.
Schoulorganisatioun 2016/2017 déi Lénk hunn gefuerdert datt de Kontigent vun Unterrechtsstonnen, déi vum Educatiounsministere zougestane ginn, eropgesat soll gi fir jidder Schülerin a Schüler méi Erfollegschancen ze ginn.
Biergerbedeelegung Nodeems d’Workshops iwwer d’zukünfteg Planung vun Diddeleng (neie PAG) ofgeschloss waren, hunn déi Lénk gefuerdert datt déi 158 Iddien a Virschléi vun den Awunnerinnen an Awunner op www.dudelange.lu verëffentlecht solle ginn. Dat gouf bis haut awer net gemaach.
Motioun Waasser Fir d‘Aktiounen ze ënnerstëtzen fir d‘Drénkwaasser um Diddelenger Territoire ze spueren, hunn déi Lénk ënner anerem virgeschloen eng progressiv Präisfestsetzung anzeféieren, déi vun enger gratis Quot oder engem Virzugspräis bis bei e méi héijen Tarif, bei iwwerméisseger Consommatioun, géif goen. Leider huet de Gemengerot dës Motioun verworf.
Géint TTIP a CETA Vun Ufank un hunn déi Lénk sech onmëssverständlech der Bewegung vun der Zivilgesellschaft ugeschloss an d’TTIP a CETA Accorden denoncéiert. Am Gemengerot hunn déi Lénk gefuerdert, datt Diddeleng sech soll géint dës ondemokratesch Ofkommes-Projeten, déi d’Interesse vun de Multinationale virun d’Allgemenginteresse stellen, ausschwätzen. Onglécklecherweis gouf d’Motioun vun déi Lénk net gestëmmt, mä huet awer d’LSAP Majoritéit derzou beweegt, eng ganz ähnlech Motioun ze presentéieren, déi dunn eestëmmeg ugeholl gouf.
Aktioune fir d’Atomzentralen Tihange 2 a Cattenom zouzemaachen
Chères Dudelangeoises, Chers Dudelangeois,
Well d’Schléisse vun de Risiko-Atomzentrale vun Tihange 2 (an der Belsch bei Huy, 80 km vun der Lëtzebuerger Grenz) a Cattenom eng grondleeënd Bedeitung fir d’Sécherheet an d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng huet, hunn déi Lénk dëse Punkt op d’Dagesuerdnung vum Gemengerot am Oktober 2016 setze gelooss. Dëst huet erlaabt zu folgende Conclusiounen ze kommen: D’Gemeng Diddeleng - bedeelegt sech finanziell un der gemeinsamer Klo géint den Neistart vun Tihange 2, déi vu Lëtzebuerg, Däitschland an den Nidderlande beim Geriicht zu Bréissel agereecht gouf; - werd sech un enger Studië bedeelegen, déi kläre soll, ob eng ähnlech juristesch Aktioun fir d’Zentral vu Cattenom zouzemaachen, Erfollegsaussiichten hätt.
Ce 8 octobre auront lieu les prochaines élections communales.
Budget 2017 A punkto Gemengebudget hunn déi Lénk ënnerstrach, datt se gréisstendeels d’Sozialpolitik (Lokale Beschäftegungsservice, CIGL, Chancegläichheetsservice, Ënnerstëtzung vun de Flüchtlingen a Sozialamt) an och d’Kulturpolitik vun der Stad Diddeleng ënnerstëtzen. Wann déi Lénk trotzdem géint de virgeschloene Budget gestëmmt hunn, dann haaptsächlech wéinst der schwaacher an net zukunftsorientéierter Politik a Saache Wunnengswiesen. Diddeleng huet haut ongeféier 0,5% Sozialwunnengen. Dat ass bei wäitem net genuch (am Verglach: esouguer Neuilly, Gemeng no bei Paräis, déi fir hir räich Awunner bekannt ass - Ex-Buergermeeschter Nicolas Sarkozy - huet 10 % Sozialwunnengen, also 20 Mol méi ewéi Diddeleng). Op eisem Internet-Site fand Där d’Motioun fir en Investitiounsplang Wunnengen, déi déi Lénk presentéiert hunn, déi awer vum Gemengerot verworf ginn ass.
k.lu
n e@dei-le g n la e d u info.d k.lu Kontakt: g.dei-len n le e d id www.d .lu www.lenk
En 2011 déi Lénk a présenté pour la première fois une liste à Dudelange et depuis un conseiller de déi Lénk siège au conseil communal. Parce que nous appliquons la rotation des mandats, après Marcel Lorenzini et Nathalie Haas, c’est actuellement Jos Thill qui représente les vues politiques de déi Lénk. Nous avons voté pour beaucoup de projets et voté contre d’autres en fonction du bénéfice ou non que ces projets étaient susceptibles d’apporter pour les citoyennes et citoyens de Dudelange. Nous avons posé des questions au collège des bourgmestre et échevins et nous avons présenté des motions sur différents projets. Ci-après vous trouvez quelques informations concernant les sujets abordés par déi Lénk Diddeleng au conseil communal.
Vous trouverez plus de détails sur nos actions sur
www.diddeleng.dei-lenk.lu